Skip to main content

Agenda Natur- & Geopark Mëllerdall 2020/21

Page 1

© NGPM A. Voelske

EISEN NATUR- & GEOPARK! FIR JIDDEREEN EPPES DOBÄI… September 2020 - Juni 2021


Naturpark Our

Naturpark Ă–ewersauer

Natur- & Geopark MĂŤllerdall

Reisdorf

Beaufort Berdorf Nommern

Echternach

Waldbillig Consdorf

Larochette

RosportMompach

Heffingen Fischbach

2

Bech


m Wëllkomm a all d r e l l ë M k r a eop Natur- & G Eis Regioun zeechent sech duerch e ganz besonnescht Kultur- an Naturierwen aus. Eis 11 Gemenge striewen eng gemeinsam nohalteg Entwécklung un. Ganz an dësem Sënn bidde mir mat eise ville regionale Partner eng ganz Rëtsch Coursen a Workshops un, déi sech alleguer ëm d‘Thema Nohaltegkeet dréien a Spaass maachen. Mir wënsche vill Freed beim Entdecken! Bleift um Courant op folgende Säiten: www.naturpark-mellerdall.lu/events www.agenda.naturpark.lu www.facebook.com/naturparkmellerdall naturpark.lu Naturparke Luxemburg Umeldunge w.e.g. un:

© NGPM E. Medinger

T +352 26 87 82 91 oder info@naturpark-mellerdall.lu Wann dir iech umellt kritt dir weider Detailer iwwer déi jeeweileg Aktivitéit. Et gëllen déi aktuell Restriktiounen am Kader vun der Pandemie. Wann d’Wieder schlecht ass oder mir net genuch Umeldungen hunn, kann et sinn dass emol eng Aktivitéit muss ofgesot ginn. Merci fir äert Versteesdemech! 3


19.9.2020 14:00-16:00

Juegdhar spillen Noumer

20.9.2020 14:00-17:30

Dag vum Geotop: Huel Lee Bäertrëf

26.9.2020 9:00-12:00

Natura 2000 Fotoworkshop: Fielsen Bäertrëf

S. 6 20 €

Oktober

Mount vum Bongert

S. 7

10.10.2020 14:00-18:00

Champignonstour Mompech

S. 7 7€

10.10.2020 15:00-19:00

Fermentatioun Beefort

S. 7 29 €

17.10.2020 9:30-17:00

Natura 2000 Achtsamkeetswanderung Beefort

S. 8 20 €

30.10.2020 9:00-17:00

Holzbild (fir Fraen) Waldbëlleg

S. 8 250 €

Hëlze Mauerdekoratioun Waldbëlleg

S. 8 350 €

6.11.2020 9:00-17:00

11.11.2020 9:30-13:00

Messer schäerfen Hierber

27.+28.11.20 9:00-17:00

Schaukelpäerd Waldbëlleg

S. 6 5€ S. 6 gratis

S. 9 60 € S. 9 600 €

6.1.2021 Dréihhocker S. 9 9:00-17:00 Waldbëlleg 360 € 7.+8.1.2021 9:00-17:00

Alt Handwierk: de Kéifer Waldbëlleg

S. 10 500 €

9./16.1.2021 13:30-17:00

Vum Lieder zum Rimm / zum Portmonni Hierber

S. 10 75 €

Vum Bam zum Briet Beefort & Manternach

S. 10 5€

Kierfméchercours Hemstel

S. 11 130 €

16.1.2021 9:00-16:00

23.+24.1.21 9:00-16:00

4

29.1.2021 Praffcours 19:00-22:00 Bäertrëf

S. 11 10 €

30.1.2021 9:00-12:00

Uebstbamschnëtt: jonk an al gemëscht Schrondweiler

S. 11 5€

6.2.2021 9:00-12:00

Upcycling: eng Dëschluucht bauen Bäertrëf

S. 14 30 €

20.2.2021 Flechtbänk 9:00-17:00 Steenem

S. 14 290 €

4.3.2021 9:00-16:00

Basiscours: Drechselen (fir Fraen) Waldbëlleg

S. 14 250 €

5.3.2021 9:00-16:00

Basiscours: Drechselen Waldbëlleg

S. 15 250 €

6.3.2021 9:00-12:00

Uebstbamschnëtt: jonk Beem Rouspert

S. 15 5€


6.3.2021 Motorseecours 8:30-16:30 Marscherwald

S. 15 75 €

12.+13.3.21 9:00-17:00

kleng Zär Waldbëlleg

S. 16 600 €

Taille d’arbres fruitiers: jeunes arbres Consdorf

S. 16 5€

20.3.2021 13:30-17:00

Uebstbamschnëtt: al Beem Hiefenech

S. 16 5€

17.4.2021 14:00-17:30

Geologesch Wanderung Fëschbech

S. 17 5€

17.4.2021 14:00-17:00

Wanderung duerch den Hierberbësch Hierber

S. 17 5€

13.3.2021 9:00-12:00

23.4.2021 Drëppendegustatioun 19:00-21:30 Rouspert

S. 17 42 €

S. 18 5€

24.4.2021 8:00-11:00

Vugelwanderung (fir blann a séihbeanträchtegt Persounen) Iechternach

25.4.2021 Drénkwaasserwanderung 14:00-17:00 Mëllerdall

S. 18 5€

15.5.+26.6.21 10:00-15:00

Kraideratelier Beefort

S. 18 80 €

17.-23.5.2021

Woch vum Natur- & Geopark

S. 19

Opbaucours: Drechselen Waldbëlleg

S. 19 270 €

Geologesch Rollstullwanderung Iechternach

S. 19 5€

4.6.2021 9:00-17:00

12.6.2021 14:00-17:30

19.6.2021 Drénkwaasserwanderung 14:00-17:00 Noumer

S. 20 5€

18.10.2020 10:00-13:30

Fir Kanner: Indian Summer Wanderung S. 20 Beefort 15 €/Kand – 30 €/Erwuessenen

12.12.2020 10:00-13:30

Fir Kanner: Adventswanderung S. 21 Beefort 15 €/Kand – 30 €/Erwuessenen

5.2.2021 Fir Kanner: Liichten am Bësch 18:00-20:00 Marscherwald

S. 21 5€

17.4.2021 Fir Kanner: Naturrallye 14:00-17:30 Beefort

S. 21 5€

9.5.2021 Fir Kanner: Iesel- & Gierschwanderung S. 22 10:00-13:30 Beefort 15 €/Kand – 30 €/Erwuessenen 5.6.2021 Fir Kanner: en Nomëtte bei de Beien 13:30-17:00 Iechternach

S. 22 10 €

26.6.2021 Fir Kanner: Réierxylophon 10:00-12:00 Iechternach

S. 22 33 €

Dréchemaueren gratis Wiefcoursen Weider Coursen

Kulturhaff Millermoler

Weider Coursen

Berdorfer Eck

150 € (op Ufro) Infos: www.kumimo.lu Infos: www.berdorfer-eck.lu 5


Egal op Ufänger oder Profi, hei ass jidderee wëllkomm! Optakt (19.9.): Wat ass e Juegdhar, wéi eng Zorte ginn et a wéi kléngt dat iwwerhaapt? Hei fannt dir et eraus. No engem Virtrag kënnt dir nach e Concert lauschteren. 4 Prouwen: Mir léieren zesumme mam Nicole Bertemes a John Mühlen d’Juegdhar kennen. Hei gëtt zesumme gespillt a geprouft. Dat Ganzt leeft natierlech an enger gemittlecher Ronn. 19.9.2020 + 4 Prouwen Noumer

© pixabay.com

Juegdhar spillen

14:00-16:00 ab 14 Joer 5 € (Optakt) 25 € (4 Prouwen)

Entdeckt mat eiser Geografin Birgit Kausch um Dag vum Geotop d’Huel Lee zu Bäertrëf bei enger flotter Wanderung duerch de Bësch.

20.9.2020 Bäertrëf

© NGPM R. Clement

Dag vum Geotop: Huel Lee

14:00-17:30 gratis matbréngen: fest Schong

De Mëllerdall ass bekannt fir seng wonnerbar Fielsen. Wann och dir gäre wësse wëllt wéi een eis Fielse kann op Foto festhalen, da kann d’Fotografin Caroline Martin iech bestëmmt hëllefen. Am Natura 2000-Gebitt zu Bäertrëf ginn et sécher genuch intressant Fielslandschaften ze entdecken. 26.9.2020 Bäertrëf

6

9:00-12:00 20 € matbréngen: Fotoapparat

© NGPM P. Haas

Natura 2000 Fotoworkshop: Fielsen


© M. Mersch, R. Clement, A. Voelske

MOUNT VUM BONGERT

De ganzen Oktober iwwer fannen Aktivitéite ronderëm eis Bongerte statt. Dëse Mount dréit sech alles ëm dës Deeler vun eiser Kulturlandschaft, déi esou wichteg fir eis Regioun sinn. Entdeckt eng ganz Panoplie u regionale Produiten, Aktivitéiten a Fester an hëlleft, eise Patrimoine ze erhalen. Weider Informatioune fannt dir op www.naturpark-mellerdall.lu!

Op dëser Wanderung gitt dir zesumme mam Champignonsexpert Norbert Valmorbida a mam Fierschter Tom Giefer op d’Sich no Iesschampignonen. Duerno gëtt et eng kleng Stäerkung - natierlech mat Champignonen zoubereet!

10.10.2020 Mompech

© NGPM A. Voelske

Champignonstour

14:00-18:00 7€ matbréngen: Kuerf, Messer

Ouni Zocker, gesond a lecker - dat sinn nei Fermentatiounsmethoden! Wie manner Liewensmëttel ewechgeheie wëll, dee sollt onbedéngt eng Kéier léiere wéi ee se fermentéiert, et ass guer net esou schwéier an dobäi och nach besonnesch gesond. Wéi dat geet weist iech d’Equippe vu Microtarians Luxembourg. Am Ufank vum Cours kritt dir eng Féierung duerch de Generatiounsgaart, vun dem och d’Geméis gestëft gëtt! 10.10.2020 Beefort

© Microtarians sarls

Fermentatioun

15:00-19:00 29 € matbréngen: Amaachglieser, Gewierzer

7


Bei dëser Wanderung mam Viviane Schmitz duerch d’Natura 2000 Gebitt gëtt den Alldag entschleunegt. Mat klengen Übunge gëtt sech entspaant an d’Natur mat alle Sënner opgeholl.

© NGPM P. Haas

Natura 2000 Achtsamkeetswanderung

Zum Schluss gëtt e Reecherritual mat heemesche Kraider ofgehalen. 17.10.2020 Beefort

9:30-17:00 20 € matbréngen: Picknick

Nodeems dir selwer eng Holzrumm gebaut hutt, maache mir en Holzbild aus verschiddenen Naturmaterialien. Opgepasst: handwierklecht Geschéck erwënscht!

30.10.2020 Waldbëlleg

© www.timbertime.de

Holzbild (fir Fraen)

9:00-17:00 250 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

Zesumme mam Schräiner Robi Baden ginn dekorativ Elementer fir un d’Mauer gebaut. Hei kann ee kreativ ginn an aus verschiddenen Holzzorten Déieremustere gestalten.

6.11.2020 Waldbëlleg

8

9:00-17:00 350 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

© NGPM E. Zepp

Hëlze Mauerdekoratioun


Léiert ënner professioneller Opsiicht an Ënner­ stëtzung vum Profi Andreas Schmitt, wéi een e Messer uerdentlech schläift! Dëst geschitt mat verschiddenen Zorte Schläif­ steng.

© pixabay.com

Messer schäerfen

Ausserdeem kritt dir gewise, wéi dir kleng Reparaturen un ärem Messer selwer maache kënnt. 11.11.2020 Hierber

9:30-13:00 60 € matbréngen: 3-4 Messer

Zesumme mam Schräiner Robi Baden baut dir äert eegent Schaukelpäerd. De Cours “Vum Bam zum Briet” kéint iech och intresséieren!

© NGPM Ch. Faust

Schaukelpäerd

Opgepasst: handwierklecht Geschéck ass néideg! 27.+28.11.2020 Waldbëlleg

9:00-17:00 600 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

Zesumme mam Schräiner Robi Baden baut dir een Dréihhocker. Den Hocker ass duerno iwwert eng Eisen Gewënnstaang héichteverstellbar. Opgepasst: den Hocker am Cours kritt eng hëlze Sëtzfläch ouni Pelz! De Cours “Vum Bam zum Briet” kéint iech och intresséieren! Opgepasst: handwierklecht Geschéck ass néideg! 6.1.2021 Waldbëlleg

© www.schnieder.com

Dréihhocker

9:00-17:00 360 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

9


An dësem Cours gëtt dat alt Handwierk vum Kéifer erëm opliewe gelooss. Zesummen mam Schräiner Robi Baden léiert dir wéi een een holzen Eemer baut a beschléit. De Cours “Vum Bam zum Briet” kéint iech och intresséieren!

© NGPM Ch. Faust

Alt Handwierk: de Kéifer

Opgepasst: handwierklecht Geschéck ass néideg! 7.+8.1.2021 Waldbëlleg

9:00-17:00 500 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

Liederverarbechtung ass en uraalt Konschthandwierk wat ëmmer méi rar gëtt. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, dann ass dëse Cours genau dat richtegt. Am Atelier Atout Cuir kënnt dir ënner professioneller Leedung selwer e Rimm oder e Portmonni hierstellen den dir natierlech nom Cours mat heem huele kënnt. 9.1. oder 16.1.2021 Hierber

© M. Guy

Vum Lieder zum Rimm / zum Portmonni

13:30 - 17:00 75 €

Bei engem Trëppeltour mat de Fierschteren Marc Hoffmann a Fränk Adam gitt dir alles iwwer d‘Bewirtschaftung vun engem Bësch gewuer. Hei sicht dir och zesumme mat hinnen e Bam eraus, dee vu professionelle Bëschaarbechter geha a geréckt gëtt. Am Nomëtte gitt dir an d‘Seeërei Scholtes a léiert de Betrib kennen, den aus ärem Bam Brieder schneit. Dëse Cours ass eng gutt Introduktioun wann ee bei engem vun den Holzbaucourse matmécht. 16.1.2021 9:00-16:00 Beefort & Manternach 5 €

10

©NGPM Ch. Faust

Vum Bam zum Briet


D‘Mënschen hu scho viru Joerdausende Kierf hiergestallt. An dësem Cours gitt dir vum Gabi Jacqué gewuer, wéi dat geet a maacht selwer e Kuerf.

© NGPM

Kierfméchercours

Donieft kënnt dir och nach vill iwwer d‘Geschicht vun der Kierfmécherei léieren.

23.+24.1.2021 Hemstel

9:00-16:00 130 € ab 16 Joer matbréngen: Secateur, Täschemesser, Hummer

Copy-Paste am Bongert? Jo dat geet! An dësem Cours weist de Wolfgang Schmitz vun der Bamschoul iech, wéi een en Uebstbam richteg prafft („veredelt“).

© NGPM

Praffcours

Natierlech kënnt dir nom Cours äre selwer gepraffte Bam mat heem huelen!

29.1.2021 Bäertrëf

19:00-22:00 10 € ab 12 Joer matbréngen: Praffmesser

Fir dass en Uebstbam eng Kéier richteg schéi gëtt an och vill Friichten dréit, muss ee mat Zäiten ufänken en ze schneiden. Och al Beem brauche reegelméisseg Fleeg. Wéi een dat richteg mécht an nach villes méi gitt dir an dësem Cours am Permakulturpark zu Schrondweiler gewuer.

30.1.2021 Schrondweiler

© NGPM A. Voelske

Uebstbamschnëtt: jonk an al gemëscht

9:00-12:00 5€

11


Natur- & Geopark Mëllerdall?

Wat ass den

Hannert dem Numm vum Natur- & Geopark Mëllerdall verstoppt sech méi, wéi Projet’en am Beräich vun Natur a Geologie. Op ganz ënnerschiddlech Manéiere ginn hei villfälteg Projeten ëmgesat an Berodungsdéngschter offréiert. Dëst a folgende Beräicher: Klima & erneierbar Energien | Drénkwaasserschutz | Wëssensvermëttlung | Schutz an Erhalt vum kulturellen Ierwen | Berodungsdéngscht fir regional Produzenten | Berodungsdéngscht fir kleng a mëttelgrouss Betriber | Geologie | Schutz vun Natur a Landschaft Den Natur- & Geopark Mëllerdall adresséiert sech haaptsächlech un d’Awunner aus der Regioun. Eng Partie Atelieren, Wanderungen, Kanneraktivitéiten an Informatiounsowenter ginn am Laf vum Joer organi­ séiert a lueden dozou an d’Regioun nach besser kennen ze léieren. Um Wee fir een UNESCO Global Geopark ze ginn Den Natur- & Geopark Mëllerdall (Kuerz: NGPM) reecht dësen Hierscht seng Kandidatur fir eng Memberschaft am internationale Programm vun den UNESCO Global Geoparks an. 2017 war eng éischt Kandidatur eragereecht ginn, déi allerdéngs d’lescht Joer net zréckbehale ginn ass. Obwuel d’Regioun de Label net kritt hat, huet d’UNESCO grousst Potenzial gesinn an een international bemierkenswäert geologescht Ierwe bestätegt.

12


Wat sinn iwwerhaapt UNESCO Global Geoparks a firwat wëll den NGPM dee Label? UNESCO Global Geoparks si Regioune mat Plazen a Landschafte vun international unerkannter geologescher Bedeitung. Dëse Wäert gëtt beispillsweis duerch Bildung, Schutz an nohalteg Entwécklung erliefbar gemaach. UNESCO Global Geoparks schaffe fir d’Awunner an d’Gemengen aus hirer Regioun, andeems si de Mënschen dat besonnescht geologescht Ierwe méi no bréngen. Dobäi spillen déi 17 Global Nohaltegkeetsziler vun der UN eng wichteg Roll.

www.geopark-mellerdall.lu naturparkmellerdall

naturpark.lu

Naturparke Luxemburg

13


Sicht dir och déi ideal Dëschluucht, mee hutt nach ëmmer net déi richteg fonnt? Am Berdorfer Eck weist d’Christiane Francisco vum Natur- & Geopark iech, wéi dir selwer eng eenzegaarteg Dëschluucht aus ale Saachen, déi dir bestëmmt doheem hutt, kënnt kreéieren.

6.2.2021 Bäertrëf

© NGPM E. Zepp

Upcycling: eng Dëschluucht bauen

9:00-12:00 30 € ab 18 Joer matbréngen: T-Shirt/Stoff fir de Schierm, Glasfläsch fir de Stänner

Zesumme mat der Schräinerei Thomé baut dir eng Bänk. Fir dass dës Bänk awer zur Flechtbänk gëtt, kënnt do nach eng Dréiplack drop. Op dëser Bänk kann een da ganz praktesch seng Kierf flechten! De Cours “Vum Bam zum Briet” kéint iech och intresséieren!

© G. Jacqué

Flechtbänk

Opgepasst: handwierklecht Geschéck ass néideg! 20.2.2021 Steenem

9:00-17:00 290 € matbréngen: Bläistëft, Meter

Theorie a Praxis: wéi fleegen ech mäi Geschiir? Wéi gëtt d’Geschiir geschäerft? Wéi benotzt een d’Geschiir? Duerno drechsele mir natierlech och zesummen. De Cours “Vum Bam zum Briet” kéint iech och intresséieren! Opgepasst: Fir dëse Cours si keng Grondkenntnisser erfuerderlech. 4.3.2021 Waldbëlleg 14

9:00-16:00 250 € ab 18 Joer

© R. Baden

Basiscours: Drechselen (fir Fraen)


Theorie a Praxis: wéi fleegen ech mäi Geschiir? Wéi gëtt d’Geschiir geschäerft? Wéi benotzt een d’Geschiir? Duerno drechsele mir natierlech och zesummen. De Cours “Vum Bam bis zum geschniddenen Holz” kéint iech och intresséieren!

© NGPM L. Hacken

Basiscours: Drechselen

Opgepasst: Fir dëse Cours si keng Grondkenntnisser erfuerderlech. 5.3.2021 Waldbëlleg

9:00-16:00 250 € ab 18 Joer

Fir dass en Uebstbam eng Kéier richteg schéi gëtt an och vill Friichten dréit, muss ee mat Zäiten ufänken en ze schneiden.

© NGPM

Uebstbamschnëtt: jonk Beem

Wéi een dat richteg mécht an nach villes méi gitt dir an dësem Cours vum Claude Petit vum Natur- & Geopark gewuer.

6.3.2021 Rouspert

9:00-12:00 5€

De Marc Hermes vum CNFPC weist an dësem Cours, wéi ee richteg a virun allem sécher mat enger Motorsee ëmgeet. Fir d‘éischt gëtt eng theoretesch Aféierung gemaach an duerno kënnt dir de prakteschen Ëmgang mat der Motorsee üben. Wien eng eege Motorsee huet, kann déi roueg matbréngen.

6.3.2021 Marscherwald

© NGPM A. Voelske

Motorseecours

8:30 - 16:30 75 € matbréngen: Sécherheetskleeder

15


An dësem Cours gëtt zesumme mam Schräiner Robi Baden eng Zär (ca 1.40 x 0.60 m) aus Massivholz gebaut. D’Beet an den Daach fir drop gi komplett eegestänneg opgebaut.

© pixabay.com

Zär

De Cours “Vum Bam zum Briet” kéint iech och intresséieren! Opgepasst: handwierklecht Geschéck ass néideg! 12.+13.3.2021 Waldbëlleg

9:00-17:00 600 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

Pour que les jeunes arbres fruitiers poussent bien et portent des fruits, il faut qu’ils soient taillés de façon correcte. Pendant ce cours en langue française, Claude Petit du Natur- & Geopark Mëllerdall va vous montrer comment cela se fait.

13.3.2021 Consdorf

© NGPM

Taille d’arbres fruitiers: jeunes arbres

9:00-12:00 5€

Fir dass är al Uebstbeem gesond bleiwen a weiderhi vill gutt Uebst droen, musse se reegelméisseg geschnidde ginn. Wéi een dat richteg mécht, weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.

20.3.2021 Hiefenech 16

13:30-17:00 5€

© A. Voelske

Uebstbamschnëtt: al Beem


D’Weiere bei Fëschbech erënneren haut nach un d’Industriegeschicht vum Duerf. Hei si vu 1768 bis 1857 d’Héichiewe gelaf. D’Wanderung gëtt vun eiser Geografin Birgit Kausch geleet. Kommt mat op e geologeschen Tour duerch d’Geschicht!

17.4.2021 Fëschbech

© NGPM B. Kausch

Geologesch Wanderung

14:00-17:30 5€ matbréngen: fest Schong

En Naturbësch (fr.: Réserve Forestière Intégrale oder kuerz RFI) ass e Bësch, an dem der natierlecher Successioun fräie Laf gelooss gëtt. Hei gëtt net geschafft an net gebotzt (bis op d’Sécherung vun de Spadséierweeër). Kommt mat op eng flott Wanderung mat de Fierschteren Tom Giefer an Luc Etringer a léiert vun den Experten wéi esou e Bësch fonctionnéiert a wéi eng Virdeeler dat huet. 17.4.2021 Hierber

© NGPM P. Haas

Wanderung duerch den Hierberbësch

14:00-17:00 5€ matbréngen: fest Schong

Am Natur- & Geopark Mëllerdall gëtt et eng grouss Diversitéit an de Bongerten an dofir och am Drëppeglas! An der Brennerei Tudors­ geeschter kënnt dir zesumme mam Drëppe­ sommelier Paul Thill eis regional Drëppe schmaachen a léieren op wat et ukënnt. Donieft gitt dir och gewuer wéi d‘Drëpp vum Bam an d‘Glas kënnt. Nom Cours gëtt nach zesummen eng Klengegkeet giess. 23.4.2021 Rouspert

© NGPM A. Voelske

Drëppendegustatioun

19:00-21:30 42 € ab 18 Joer

17


Entdeckt op enger Wanderung vun ca 3.6 km wéi eng Vigel ron­ derëm eis päiffen a genéisst d’Geräischer vum Bësch um Moien. De Mikis Bastian vum Natur- & Geopark ass selwer begeeschterte Vugelfrënd a leet d’Wanderung. De Wee ass flaach an esou gewielt dass e fir jiddereen accessibel ass. Special: fir blann a séihbeanträch tegt Persounen

© pixabay.com

VUGELWANDERUNG

24.4.2021 Iechternach 8:00-11:00 5€

De lëtzebuerger Sandsteen ass dee wichtegsten Drénkwaasserspäicher am Mëllerdall. Op dëser Wanderung ginn d’Entstehung vun de Fielsen an d’Notzung an de Schutz vum Grondwaasser thematiséiert.

© NGPM U. Fielitz

Drénkwaasserwanderung

D’Rachel Krier vum Natur- & Geopark Mëllerdall an den Tom Schaul huelen iech mat op dësen Tour laanscht d’Mëllerdaller Fielsen. 25.4.2021 Mëllerdall

14:00-17:00 5€ matbréngen: fest Schong

An a ronderëm de Generatiounsgaart zu Beefort entdecke mir Kraider a Wëllkraider, déi mir an engem éischte Workshop kennen a bestëmme léieren. Duerno dréchene mir se a verschaffen se zu engem Kraiderueleg, fir an engem 2. Workshop Produiten doraus hierzestellen: Salwen, Sirop, Deo, Duschgel... Mir schaffen dobäi ganz natierlech an ouni Konservéierungsmëttel an exklusiv um Feier. 15.5.+26.6.2021 Beefort 18

10:00-15:00 & 10:00-14:00 80 € matbréngen: kleng Amaachglieser, Picknick

© A. Feipel

Kraideratelier


© NGPM C. Martin, C. Petit

WOCH VUM NATUR- & GEOPARK

Vum 17. bis den 23. Mee ass am Mëllerdall d’Woch vum Natur- & Geopark. Hei fannen eng Rëtsch Aktivitéite statt, déi sech all em d’Theme vun engem Natur- & Geopark dréinen. Weider Informatioune fannt dir op www.naturpark-mellerdall.lu!

Viraussetzung fir un dësem Cours deelzehuelen ass d’Participatioun um Basiscours Drechselen.

© R. Baden

Opbaucours: Drechselen

Opbauend op de Grondkenntnisser, weist de Schräiner Robi Baden eng Rëtsch Tipps & Tricks am Ëmgang mat der Dréibänk.

4.6.2021 Waldbëlleg

9:00-17:00 270 € ab 18 Joer

Zesumme mat eiser Geografin Birgit Kausch entdeckt dir de Bësch “Ierelchen” um Plateau zu Iechternach. Op engem Wee den ca 3.6 km laang a fir jiddereen accessibel ass, kritt dir eng Féierung duerch d’Geologie vun eiser Regioun.

12.6.2021 Iechternach

© NGPM A. Voelske

Geologesch Rollstullwanderung

14:00-17:30 5€

19


De lëtzebuerger Sandsteen ass dee wichtegsten Drénkwaasserspäicher am Mëllerdall. Op dëser Wanderung ginn d’Entstehung vun de Fielsen an d’Notzung an de Schutz vum Grondwaasser thematiséiert.

© pixabay.com

Drénkwaasserwanderung

D’Rachel Krier vum Natur- & Geopark Mëllerdall an den Tom Schaul huelen iech mat op dësen Tour laanscht d’Mëllerdaller Fielsen. 19.6.2021 Noumer

14:00-17:00 5€ matbréngen: fest Schong

© A. Trentin, Ch. Thiry, M. Bloes

NEI: EIS KANNERAGENDA September 2020 - Juni 2021!

Mat der Geess Polly an den Iesele Schakkeline, Pablo & Co. an den Déierepedagoginne Conny Scholtes an Alex Trentin geet et duerch de Beeforter Bësch mat Picknick. Hei gëtt et och am Hierscht immens vill z’entdecken! Den Tour dauert gutt 2 Stonnen, ass mëttelschwéier a geet iwwer 5 km. Zum Schluss gëtt et eng kleng kulinaresch Iwwerraschung. 18.10.2020 10:00-13:30 Beefort 15 €/Kand – 30 €/Erwuessenen ab 6 Joer matbréngen: fest Schong, ugepasst Kleeder, Picknick 20

© A. Trentin

Indian Summer Wanderung


Mat der Geess Polly an den Iesele Schakkeline, Pablo & Co. an den Déierepedagoginne Alex Trentin & Conny Scholtes geet et duerch de Beeforter Bësch mat Picknick. Den Tour dauert gutt 2 Stonnen, ass mëttelschwéier a geet iwwer 5 km. Iwwer Mëtteg gëtt et eppes Defteges z’iessen a Punsch fir Kanner an Erwuessener.

© NGPM P. Haas

Adventswanderung

12.12.2020 10:00-13:30 Beefort 15 €/Kand – 30 €/Erwuessenen ab 6 Joer matbréngen: fest Schong, ugepasst Kleeder, Picknick

Am Bësch bastelt dir mat de Fierschtere Joé Mensen an David Farinon e Lampion an duerno gitt dir an de Bësch liichten.

© NGPM

Liichten am Bësch

Loosst iech iwwerrasche vun der spannender Atmosphär vum Bësch am Däischteren! Nom Liichte gëtt et eng Klengegkeet z‘iessen.

5.2.2021 Marscherwald

18:00-20:00 5€ matbréngen: fest Schong, ugepasst Kleeder

Um Naturpad zu Beefort kënnt dir op eng spannend Art a Weis d’Geschicht vun de Beeforter Millen an d’Déieren a Planze vun eiser Regioun entdecken. Zum Schluss gëtt et eng kleng Iwwerraschung.

17.4.2021 Beefort

© NGPM N. Mich

Naturrallye

14:00-17:30 5€ matbréngen: fest Schong, ugepasst Kleeder

21


Mat der Geess Polly an den Iesele Schakkeline, Pablo & Co., der Kraiderpedagogin Sandra Leoni an den Déierepedagoginne Conny Scholtes & Alex Trentin geet et duerch de Beeforter Bësch mat Picknick beim Klingelbour. Den Tour dauert gutt 2 Stonnen, ass mëttelschwéier a geet iwwer 5 km. Zum Schluss gëtt et eng kleng Gierschiwwer­ raschung. 9.5.2021 10:00-13:30 Beefort 15 €/Kand – 30 €/Erwuessenen ab 6 Joer matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder, Picknick

© A. Trentin

Iesel- & Gierschwanderung

An dësem Workshop weisen iech d’Imker Marc Thiel vum SIAS an de Peter Kraus vun der ANF d’Liewe vun de Beien an dem Imker. Dir gesitt wéi eng Beiekëscht opgebaut ass, wéi d’Vollek fonctionnéiert, wat d’Aarbechte vum Imker sinn a villes méi.

© NGPM A. Voelske

en Nomëtte bei de Beien

Zum Schluss kritt dir e Glas Hunneg mat heem.

5.6.2021 Iechternach

13:30-17:00 10 €

Wie gäeren am Holz schafft a musizéiert, dee kann hei säin eegent Réierxylophon bauen. De Charel Faust vum Natur- & Geopark hëlleft iech dobäi! Wann et fäerdeg ass übe mir zesumme fir duerno e klenge Concert fir eis Elteren am Trifolion ze spillen! Natierlech ka jidderee säi Xylophon mat heem huelen. 26.6.2021 Iechternach

22

10:00-12:00 33 € 7-10 Joer

© NGPM Ch. Faust

Réierxylophon


er:

www.kacom.lu

n t r a P s i e n u Merci

Sie finden alle Informationen auf deutsch auf unserer Internetseite. Vous trouverez toutes les informations en franรงais sur notre site web. You can find all the information in english on our website.

www.naturpark-mellerdall.lu 23


Foto: Huel Lee © NGPM/Uli Fielitz

Natur- & Geopark Mëllerdall

Geotourismus am

D’Huel Lee zu Bäertrëf begeeschtert vill Visiteuren, mee wat ass d’Geschicht hannert dëser besonnescher Plaz? Fréier sinn an der Huel Lee aus enger besonnesch resistenter Schicht vum Lëtzebuerger Sandstee Stécker erausgebrach ginn, fir doraus Millesteng ze fäerdegen. Dat Ganzt war ee Prozess vu geféierlecher Handaarbecht, ganz ouni Asaz vu Maschinnen. Eng Partie Millen aus der Mëllerdaller Regioun si mat Millesteng aus der Huel Lee ekipéiert ginn. Aus dësem Grond hu mir dëse Site an d’Lëscht vun de Geotoper vum Natur- & Geopark Mëllerdall opgeholl.

Wat ass een UNESCO

Global Geopark?

UNESCO Global Geoparks si Regioune mat Plazen a Landschafte vun international unerkannter geologescher Bedeitung. Dëse Wäert gëtt beispillsweis duerch Bildung, Schutz an nohalteg Entwécklung erliefbar gemaach. UNESCO Global Geoparks schaffe fir d’Awunner an d’Gemengen aus hirer Regioun, andeems si de Mënschen dat besonnescht geologescht Ierwe méi no bréngen.

www.naturpark-mellerdall.lu naturparkmellerdall

naturpark.lu

Naturparke Luxemburg


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Agenda Natur- & Geopark Mëllerdall 2020/21 by naturpark.lu - Issuu