Skip to main content

Agenda Natur- & Geopark Mëllerdall 2021/22

Page 1

© NGPM H. Ragnasdottir

EISEN NATUR- & GEOPARK! FIR JIDDEREEN EPPES DOBÄI… September 2021 ­ Juli 2022


© Foto: NGPM/C. Martin

Natur- & Geopark Mëllerdall Expo Re­Ouverture vun der interaktiver Ausstellung iwwer d’Entstehung vun der Landschaft aus der Regioun Mëllerdall an hirem eenzegaartege Natur­ & Kulturierwen.

gratis Entrée

8, rue de l’Auberge zu Beefort

Déi aktuell Ëffnungszäite fannt Dir op www.naturpark-mellerdall.lu

www.geopark-mellerdall.lu naturparkmellerdall

naturpark.lu

Naturparke Luxemburg


m Wëllkomm a all d r e l l ë M k r a eop Natur- & G An dëser Broschür bidde mir eng sëllegen Aktivi­ téiten ronderëm eise Patrimoine un. Besonnesch d’immateriellt Kulturierwen, och nach liewege Patri­ moine genannt, spillt eng grouss Roll. Hei geet et z.B. em Gebräicher, Uluechten, Wëssensschätz oder Fangerfäerdegkeeten, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn (www.iki.lu). Eis Offer ass villfälteg – ganz nom Motto „fir jiddereen eppes dobäi”. Mir wënsche vill Freed beim Entdecken a Matmaachen! Bleift um Courant op folgende Säiten: www.naturpark-mellerdall.lu/events www.agenda.naturpark.lu www.facebook.com/naturparkmellerdall Umeldunge w.e.g. un: T +352 26 87 82 91 oder info@naturpark-mellerdall.lu Wann dir iech umellt kritt dir weider Detailer iwwer déi jeeweileg Aktivitéit. Et gëllen déi aktuell Restriktiounen am Kader vun der Pandemie. Wann d’Wieder schlecht ass oder mir net genuch Umeldungen hunn, kann et sinn, dass emol eng Aktivitéit muss ofgesot ginn. Merci fir äert Versteesdemech! 3


4.9.2021 9:30-12:00 4.9.2021 14:00-17:00 18.9.2021 9:30-12:00 28.9.2021 19:00 30.9.2021 19:30 Oktober 2021 9.10.2021 14:00-18:00 22.10.2021 16:00-19:00 23.10.2021 9:00-12:00 23.10.2021 9:00-17:00 12.11.2021 9:00-16:00 13.11.2021 9:00-16:00 27.11.2021 9:00-17:00 8.1.2022 13:30-17:00 15.1.2022 13:30-17:00 15.1.2022 9:00-16:00 22.+23.1.22 9:00-16:00 12.2.2022 9:00-12:00 19.2.2022 13:30-17:00 19.2.2022 9:00-12:00 25.2.2022 19:00-22:00 26.2.2022 9:00-12:00 Ab Mäerz 2022 4.+5.3.2022 9:00-17:00 4

Geoheritage Days: Wollefsschlucht Iechternach Geoheritage Days: Champignon Noumer Natura 2000 Achtsamkeetswanderung Infoowend: Repair Café Iechternach Virtrag: D’Wollefsschlucht am Wandel vun der Zäit Iechternach Mount vum Bongert an der ganzer Regioun Champignonstour Mompech Fermentatioun: Uebst haltbar maachen (Mount vum Bongert) Beefort Fermentation: conservation de fruits (mois du verger) Beaufort Dréihhocker Waldbëlleg Basiscours: Drechselen (fir Fraen) Waldbëlleg Basiscours: Drechselen Waldbëlleg Opbaucours: Drechselen Waldbëlleg Vum Lieder zum Rimm / zum Portmonni Hierber Vum Lieder zum Rimm / zum Portmonni Hierber Vum Bam zum Briet Beefort/Bäertrëf & Manternach Kierfméchercours Hemstel Taille d’arbres fruitiers: jeunes arbres Larochette Uebstbamschnëtt: al Beem Bäertrëf Upcycling: eng Dëschluucht bauen Bäertrëf Praffcours Bäertrëf Uebstbamschnëtt: jonk Beem Reisduerf Naturcoach & Kräuterpädagoge Beefort Zär Waldbëlleg

S. 6 gratis S. 6 gratis S. 7 20 € S. 7 gratis S. 7 gratis S. 8 S. 8 10 € S. 9 29 € S. 9 29 € S. 9 360 € S. 10 250 € S. 10 250 € S. 10 270 € S. 11 75 € S. 11 75 € S. 11 5€ S. 11 135 € S. 14 5€ S. 14 5€ S. 14 30 € S. 15 20 € S. 15 5€ S. 15 S. 16 600 €


5.3.2022 8:30-16:30 27.3.2022 11:00-17:00 22.4.2022 19:00-21:30 23.4.2022 8:30-11:00 24.4.2022 14:00-17:30 29.4.2022 14:00-15:30 7.5.2022 9:00-12:00 14.5.2022 14:00-17:00 15.5.2022 10:00-13:30 30.5.-5.6.22 4.6.2022 9:00-15:00 18.6.2022 9:30-14:00 25.6.2022 8:30-12:00 25.6.2022 9:00-12:00 2.7.2022 14:00-16:00 9.7.2022 14:00-18:00 4.2.2022 18:00-20:00 26.2.2022 14:00-17:00 23.4.2022 16:00-17:30 8.5.2022 11:00-12:30 14.5.2022 16:00-17:30

Motorseecours Marscherwald Weltwaasserdag am Aquatower Bäertrëf Drëppendegustatioun Rouspert Vugelwanderung (fir blann a séihbeanträchtegt Persounen) Iechternach Drénkwaasserwanderung Mëllerdall Geologesch Rollstullwanderung Bäertrëf Natura 2000 Fotoworkshop: Bongerten Drénkwaasserwanderung Noumer Iesel- & Gierschwanderung Beefort Woch vum Natur- & Geopark an der ganzer Regioun Geologesche Velostour Méischdrëf-Iechternach Natura 2000 Waldbaden

S. 16 75 € S. 16 gratis S. 17 42 € S. 17 5€ S. 17 5€ S. 18 5€ S. 18 20 € S. 18 5€ S. 19 20 €/Kand – 40 €/Erwuessenen S. 19

Mam Mountainbike d’Natur entdecken Beefort Natura 2000 Fotoworkshop: Fielsen Bäertrëf Uebstbamschnëtt: Spaléierbeem Waldbëlleg Drénkwaasserwanderung mam Aquatower Bäertrëf Fir Kanner: Liichten am Bësch Marscherwald Fir Kanner: Wëllbeien hëllefen Beefort Fir Kanner: Theater am Bësch: de Grénge Mann Fëschbech Fir Kanner: Theater am Bësch: de Grénge Mann Marscherwald Fir Kanner: Theater am Bësch: de Grénge Mann Hierber Dréchemaueren Wiefcoursen

Weider Coursen

Kulturhaff Millermoler

Weider Coursen

Berdorfer Eck

S. 20 5€ S. 20 20 € S. 20 gratis S. 21 20 € S. 21 5€ S. 21 10 € S. 22 5€ S. 22 5€ S. 22 gratis S. 22 gratis S. 22 gratis

gratis (verschidden Datumer) 150 € (op Ufro) Infos: www.kumimo.lu Infos: www.berdorfer-eck.lu 5


Geoheritage Days

© NGPM/Pierre Haas

A Kooperatioun mat der Minett UNESCO Biosphere fannen de 4. a 5. September d’Geoheritage Days statt. Un dësen Deeg kann een d’geolo­ gescht Ierwe vum Land besonnesch gutt entdecken. Am UNESCO Global Geopark Kandidat Mëllerdall fannen an dësem Kader zwou geféiert Wan­ derunge mam Birgit Kausch vum Natur­ & Geopark statt.

WOLLEFSSCHLUCHT: 9:30­12:00 matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder © Carmen Weisgerber

4.9.2021 Iechternach

CHAMPIGNON: 14:00­17:00 matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder © Robert Weis

4.9.2021 Noumer

De 5. September geet et weider am Programm an der Minett UNESCO Biosphere. Dir fannt den Detail vun hire Veranstaltungen op: www.minett­biosphere.com/agenda/!

6


Bei dëser Wanderung mam Liliane Schmitz duerch d’Natura 2000 Gebitt gëtt den Alldag entschleunegt. Mat klengen Übunge gëtt sech entspaant an d’Natur mat alle Sënner opgeholl. Zum Schluss gëtt e Reecherritual mat heeme­ sche Kraider ofgehalen.

18.9.2021 Déi genau Plaz gëtt bei der Umeldung matgedeelt

© NGPM/Halldóra Ragnarsdottir

Natura 2000 Achtsamkeetswanderung

9:30­12:00 20 € matbréngen: Picknick

Gitt gewuer wat hannert engem Repair Café stécht a wéi dir iech als Benevole engagéiere kënnt. Dir hutt Spaass dru Saachen ze flécken an anere Leit äert Wëssen ze vermëttelen oder dir wëllt eng Hand bei der Organisatioun mat upaken, da kommt bis laanscht! D’Zil ass et, ee Reseau vu Benevollen opzebauen, fir reegel­ méisseg Repair Cafés an der Regioun ze orga­ niséieren. 28.9.2021 Iechternach

© Repair Café asbl.

Infoowend: Repair Café

19:00 gratis

Am Kader vun de Feierlechkeeten zum 140. Jubiläum vun der Wollefsschlucht fënnt ënnert dem Patronnage vun der Stad Iechternach an Zesummenarbecht mam Tourist Office Iechter­ nach e Virtrag am Trifolion statt. Dësen Owend gitt dir alles iwwer d’Geologie, d’Botanik an d’Geschicht vun der Wollefsschlucht gewuer. D’Virträg gi gehal vum Birgit Kausch, dem Yves Krippel an dem Jos Massard. 30.9.2021 Iechternach

© NGPM/Pierre Haas

Virtrag: D’Wollefsschlucht am Wandel vun der Zäit

19:30 gratis

7


© NGPM/ C. Martin,R. Clement

OKTOBER 2021 - MOUNT VUM BONGERT

© Marc Mersch

D’Bongerte sinn en essentielle Bestanddeel vun der Regioun vum Natur­ & Geopark Mëllerdall. Si sinn en zentralt Element vun eiser Kulturland­ schaft an en immens wichtege Liewensraum fir eng ganz Rëtsch Déieren a Planzen. Den Natur­ & Geopark setzt sech fir d’Erhalen an d’Neiplanze vun dësen aarteräiche Biotopen an a wëll de Mount Oktober notzen, fir de Liewens­ raum Bongert esou richteg ze feieren. Och wärend dësem Mount vum Bongert ginn erëm eenzel Aktivitéite ronderëm d’Thema Bongerten ugebueden. Ausserdeem informéiert den Natur­ & Geopark iwwer traditionell Fester wéi d’Quetschefest an d’Viz­ fest, déi och an dësem Zäitraum stattfannen. Natierlech ginn all d’Aktivi­ téiten den aktuelle Restriktiounen ugepasst. All d’Aktioune fannt Dir op eisem Internetsite.

Op dëser Wanderung gitt dir zesumme mam Champignonsexpert Norbert Valmorbida a mam Fierschter Tom Giefer op d’Sich no Iess­ champignonen. Duerno gëtt et eng kleng Stäerkung ­ natierlech mat Champignonen zoubereet!

9.10.2021 Mompech

8

14:00­18:00 10 € matbréngen: Kuerf, Messer

© NGPM/Anna Voelske

Champignonstour


Wie manner Liewensmëttel ewechgeheie wëll, dee sollt onbedéngt eng Kéier léiere wéi ee se fermentéiert. Wéi dir selwer Esseg & co hierstel­ le kënnt, weist iech d’Equippe vu Microtarians Luxembourg a Kollaboratioun mam Genera­ tiounsgaart Beefort.

22.10.2021 Beefort

© NGPM/Anna Voelske

Fermentatioun: Uebst haltbar maachen (Mount vum Bongert)

16:00­19:00 29 € matbréngen: Messer, Briet, Amaachglieser, Fläschen

Si vous voulez gaspiller moins de nourriture, vous devez absolument apprendre à fermen­ ter. L‘équipe de Microtarians Luxembourg en collaboration avec le jardin des générations à Beaufort vous montrera comment faire votre propre vinaigre et co.

23.10.2021 Beaufort

© Pixabay

Fermentation: conservation de fruits (mois du verger)

9:00­12:00 29 € apportez: couteau, plaque à découper, bocaux, bouteilles

Zesumme mam Schräiner Robi Baden baut dir een Dréihhocker. Den Hocker ass duerno iwwert eng Eisen Gewënnstaang héichteverstellbar. Opgepasst: handwierklecht Geschéck ass néideg!

23.10.2021 Waldbëlleg

© Robi Baden

Dréihhocker

9:00­17:00 360 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

9


Theorie a Praxis: wéi fleegen ech mäi Geschiir? Wéi gëtt d’Geschiir geschäerft? Wéi benotzt een d’Geschiir? Duerno drechsele mir natierlech och zesummen.

© Robi Baden

Basiscours: Drechselen (fir Fraen)

Fir dëse Cours si keng Grondkenntnisser erfuer­ derlech.

12.11.2021 Waldbëlleg

9:00­16:00 250 € ab 18 Joer

Theorie a Praxis: wéi fleegen ech mäi Geschiir? Wéi gëtt d’Geschiir geschäerft? Wéi benotzt een d’Geschiir? Duerno drechsele mir natierlech och zesummen.

© Liz Hacken

Basiscours: Drechselen

Fir dëse Cours si keng Grondkenntnisser erfuer­ derlech.

13.11.2021 Waldbëlleg

9:00­16:00 250 € ab 18 Joer

Viraussetzung fir un dësem Cours deelzehuelen ass d’Participatioun um Basiscours Drechselen. Opbauend op de Grondkenntnisser, weist de Schräiner Robi Baden eng Rëtsch Tipps & Tricks am Ëmgang mat der Dréibänk.

27.11.2021 Waldbëlleg

10

9:00­17:00 270 € ab 18 Joer

© Robi Baden

Opbaucours: Drechselen


Liederverarbechtung ass en uralt Konschthand­ wierk wat ëmmer méi rar gëtt. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, dann ass dëse Cours genau dat richtegt. Hei kënnt dir am Atelier Atout cuir ënner professio­ neller Leedung selwer e Rimm oder e Portmonni hierstellen den dir natierlech nom Cours mat heem huele kënnt. 8.1. oder 15.1.2022 Hierber

© Philippe Fettes

Vum Lieder zum Rimm / zum Portmonni

13:30­17:00 75 €

Bei engem Trëppeltour mat de Fierschteren Marc Hoffmann a Fränk Adam gitt dir alles iwwer d‘Bewirtschaftung vun engem Bësch gewuer. Hei sicht dir och zesumme mat hinnen e Bam eraus, dee vu professionelle Bëschaarbechter geha a geréckt gëtt. Am Nomëtte gitt dir an d‘Seeërei Scholtes a léiert de Betrib kennen, den aus ärem Bam Brieder schneit. 15.1.2022 Beefort/Bäertrëf & Manternach

© NGPM/Charel Faust

Vum Bam zum Briet

9:00­16:00 5€ matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder

D‘Mënschen hu scho viru Joerdausende Kierf hiergestallt. An dësem Cours gitt dir vum Gabi Jacqué gewuer, wéi dat geet a maacht selwer e Kuerf. Donieft kënnt dir och nach vill iwwer d‘Geschicht vun der Kierfmécherei léieren.

22.+23.1.2022 Hemstel

© NGPM

Kierfméchercours

9:00­16:00 135 € ab 16 Joer matbréngen: Secateur, Täschemesser, klengen Hummer, Picknick

11


Natur- & Geopark Mëllerdall?

Wat ass den

Hannert dem Numm vum Natur­ & Geopark Mëllerdall verstoppt sech méi, wéi Projet’en am Beräich vun Natur a Geologie. Op ganz ënner­ schiddlech Manéiere ginn hei villfälteg Projeten ëmgesat an Berodungs­ déngschter offréiert. Dëst a folgende Beräicher: Klima & erneierbar Energien | Drénkwaasserschutz | Wëssensvermëttlung | Schutz an Erhalt vum kulturellen Ierwen | Berodungsdéngscht fir regional Produzenten | Berodungsdéngscht fir kleng a mëttelgrouss Betriber | Geologie | Schutz vun Natur a Landschaft Den Natur­ & Geopark Mëllerdall adresséiert sech haaptsächlech un d’Awunner aus der Regioun. Eng Partie Atelieren, Wanderungen, Kanner­ aktivitéiten an Informatiounsowenter ginn am Laf vum Joer organiséiert a lueden dozou an d’Regioun nach besser kennen ze léieren. Um Wee fir een UNESCO Global Geopark ze ginn Den Natur­ & Geopark Mëllerdall huet seng Kandidatur fir eng Member­ schaft am internationale Programm vun den UNESCO Global Geoparks eragereecht. An dësem Kader freeë mir eis drop dëst Joer fir zwee Gutachter aus aneren UNESCO Global Geoparks eist besonnescht geo­ logescht, natierlecht, kulturellt an immateriellt Ierwen an déi vill Projete fir eng nohalteg Regionalentwécklung ze weisen a si gespant op d’Resultat, wat mir am Fréijoer 2022 matgedeelt kréien!

12


Wat sinn iwwerhaapt UNESCO Global Geoparks a firwat wëll den NGPM dee Label? UNESCO Global Geoparks si Regioune mat Plazen a Landschafte vun international unerkannter geologescher Bedeitung. Dëse Wäert gëtt beispillsweis duerch Bildung, Schutz an nohalteg Entwécklung erliefbar gemaach. UNESCO Global Geoparks schaffe fir d’Awunner an d’Gemengen aus hirer Regioun, andeems si de Mënschen dat besonn­ escht geologescht Ierwe méi no bréngen. Dobäi spillen déi 17 Global Nohaltegkeetsziler vun der UN eng wichteg Roll.

www.geopark-mellerdall.lu naturparkmellerdall

naturpark.lu

Naturparke Luxemburg

13


Pour que les arbres fruitiers restent en bonne santé et portent de bons fruits à un moment donné, vous devez déjà les tailler à un jeune âge. Claude Petit du Natur­ & Geopark Mëllerdall vous montrera comment cela se fait correcte­ ment dans ce cours.

12.2.2022 Larochette

© NGPM

Taille d’arbres fruitiers: jeunes arbres

9:00­12:00 5€

Fir dass är al Uebstbeem gesond bleiwen a weiderhi vill gutt Uebst droen, musse se reegel­ méisseg geschnidde ginn. Wéi een dat richteg mécht, weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.

19.2.2022 Bäertrëf

© NGPM/Anna Voelske

Uebstbamschnëtt: al Beem

13:30­17:00 5€

Sicht dir och déi ideal Dëschluucht, mee hutt nach ëmmer net déi richteg fonnt? Am Berdorfer Eck weist d’Christiane Francisco vum Natur­ & Geopark iech, wéi dir selwer eng eenzegaarteg Dëschluucht aus ale Saa­ chen, déi dir bestëmmt doheem hutt, kënnt kreéieren. 19.2.2022 Bäertrëf

14

9:00­12:00 30 € (inkl. Gedrénks & Klengegkeet ze iessen) ab 18 Joer matbréngen: T-Shirt/Stoff (Schierm), Glasfläsch (Stänner)

© NGPM/Christiane Francisco

Upcycling: eng Dëschluucht bauen


Copy­Paste am Bongert? Jo dat geet! An dë­ sem Cours weisen d’Profis iech, wéi een en Uebstbam richteg prafft („veredelt“). Nom Cours kënnt dir dräi selwer gepraffte Beem mat heem huelen!

25.2.2022 Bäertrëf

© NGPM

Praffcours

19:00­22:00 20 € ab 12 Joer matbréngen: Praffmesser

Fir dass en Uebstbam eng Kéier richteg schéi gëtt an och vill Friichten dréit, muss ee mat Zäiten ufänken en ze schneiden. Wéi een dat richteg mécht an nach villes méi gitt dir an dësem Cours vum Claude Petit vum Natur­ & Geopark gewuer.

26.2.2022 Reisduerf

© NGPM

Uebstbamschnëtt: jonk Beem

9:00­12:00 5€

Wëllt dir alles iwwer eenheemesch Kraider a Planze léieren an äert Wëssen anere viruginn? D’Gundermannschule bitt zwee zertifiéiert Course fir „Kraiderpedagog“ an „Naturcoach“ un. Hei gidd dir villes iwwer eis Planzewelt, traditio­ nellt Kraiderwëssen, wëssenschaftlech Erkennt­ nisser an ökologesch Zesummenhäng gewuer. Ab Mäerz 2022 Beefort

© Gundermannschule

Naturcoach & Kräuterpädagoge

Umeldung: www.gundermannschule.de

15


An dësem Cours gëtt zesumme mam Schräiner Robi Baden eng Zär (ca 1.40 x 0.60 m) aus Massivholz gebaut. D’Beet an den Daach fir drop gi komplett eegestänneg opgebaut.

© Robi Baden

Zär

Opgepasst: handwierklecht Geschéck ass néideg!

4.+5.3.2022 Waldbëlleg

9:00­17:00 600 € ab 18 Joer matbréngen: Bläistëft, Meter

De Marc Hermes vum CNFPC weist an dësem Cours, wéi ee richteg a virun allem sécher mat enger Motorsee ëmgeet. Fir d‘éischt gëtt eng theoretesch Aféierung gemaach an duer no kënnt dir de prakteschen Ëmgang mat der Motorsee üben.

© NGPM/Anna Voelske

Motorseecours

Wien eng eege Motorsee huet, kann déi roueg matbréngen. 5.3.2022 Marscherwald

8:30 ­ 16:30 75 € ab 18 Joer matbréngen: Sécherheetskleeder

Feiert de Weltwaasserdag mat der ganzer Fa­ mill a gidd méi gewuer iwwert dëst wichtegt Element Waasser: zesumme mam Natur­ & Geopark Mëllerdall bei enger Drénkwaasser­ wanderung, bei enger Féierung duerch d’Ausstellung vum Aquatower oder bei villen anere, flotten Aktivitéiten. Op der Plaz wäer­ ten och Iess­ a Gedrénksstänn sinn. Umelle kënnt dir iech direkt beim Aquatower (+352 26 78 40 05). 27.3.2022 Bäertrëf

16

11:00­17:00 gratis

© Tom Fielitz Photography

Weltwaasserdag am Aquatower


Am Natur­ & Geopark Mëllerdall gëtt et eng grouss Diversitéit an de Bongerten an dofir och am Drëppeglas! An der Brennerei Tudors­ geeschter kënnt dir zesumme mam Drëppe­ sommelier Paul Thill eis regional Drëppe schmaachen a léieren op wat et ukënnt. Do­ nieft gitt dir och gewuer wéi d‘Drëpp vum Bam an d‘Glas kënnt. 22.4.2022 Rouspert

© NGPM/Anna Voelske

Drëppendegustatioun

19:00­21:30 42 € ab 18 Joer

Entdeckt op enger Wanderung vun ca 3 km ronderëm den Iechternacher Séi wéi eng Vigel ronderëm eis päiffen a genéisst d’Geräischer vum Moien. De Mikis Bastian vum Natur­ & Geopark Mëllerdall ass selwer begeeschterte Vu­ gelfrënd a leet d’Wanderung. De Wee ass flaach an esou gewielt, dass 23.4.2022 e fir jiddereen accessibel ass. Iechternach Special: fir blann a séihbeanträchtegt 8:30­11:00 | 5 € Persounen

© Pixabay

VUGELWANDERUNG

De lëtzebuerger Sandsteen ass dee wichtegsten Drénkwaasserspäicher am Mëllerdall. Op dëser Wanderung ginn d’Entstehung vun de Fielsen an d’Notzung an de Schutz vum Grondwaasser thematiséiert. D’Rachel Krier vum Natur­ & Geopark Mëllerdall an den Tom Schaul vum Ministär fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwéck­ lung huelen iech mat op dësen Tour laanscht d’Mëllerdaller Fielsen. 24.4.2022 Mëllerdall

© NGPM/Halldóra Ragnarsdottir

Drénkwaasserwanderung

14:00­17:30 5€ matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder

17


De ronn 1 km laange, flaache Wee féiert bis bei den Aussiichtspunkt Ruetsbesch bei de Bord vum Sandsteenplateau, wou een iwwer den Dall vun der Schwaarzer Iernz ka bis op Beefort kucken. Ënnerwee gëtt et Erklärungen zum geologeschen a kulturellen Ierwe vun der Re­ gioun. D‘Gefäll vum Wee ass max. 7%/4° an et sinn eng behënnertegerecht Toilette a Parkpla­ zen do. 29.4.2022 Bäertrëf

© NGPM/Caroline Martin

Geologesch Rollstullwanderung

14:00­15:30 5€

De Mëllerdall ass bekannt fir seng vill Bonger­ ten. Wann dir och gäre wësse wëllt, wéi een d‘Uebstbeem an der Bléi kann op Foto fest­ halen, da kann d‘Fotografin Caroline Martin iech bestëmmt hëllefen. An engem Natura 2000­Gebitt am Natur­ & Geopark ginn et sécher genuch interessant Bongerten ze entdecken.

7.5.2022 Déi genau Plaz gëtt bei der Umeldung matgedeelt

© NGPM/Raymond Clement

Natura 2000 Fotoworkshop: Bongerten

9:00­12:00 20 € matbréngen: Fotoapparat

De Lëtzebuerger Sandsteen ass dee wich­ tegsten Drénkwaasserspäicher am Mëllerdall. Op dëser Wanderung ginn d’Entstehung vun de Fielsen an d’Notzung an de Schutz vum Grondwaasser thematiséiert. D’Rachel Krier vum Natur­ & Geopark Mëllerdall hëlt iech mat op dësen Tour an d’Gemeng Noumer.

14.5.2022 Noumer

18

14:00­17:00 5€

© NGPM/Halldóra Ragnarsdottir

Drénkwaasserwanderung


Mat den Ieselen Schakkeline, Pablo & Co. an ënnerstëtzt vun zwou Déierepädagoginnen wandere mir duerch de Beeforter Bësch. Op der Sich no Giersch gëtt et Erklärungen vun der Kraiderpädagogin. Ënnerwee maache mir eng kleng Paus fir ee gemittleche Picknick. Zum Schluss gëtt et eng kleng Gierschiwwer­ raschung. Fir Famillje mat Kanner ab 6 Joer. 15.5.2022 Beefort

© Alex Trentin

Iesel- & Gierschwanderung

10:00­13:30 20 €/Kand – 40 €/Erwuessenen ab 6 Joer matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder, Picknick

© NGPM/Caroline Martin

WOCH VUM NATUR- & GEOPARK MËLLERDALL

30.5.-5.6.2022 Vum 30. Mee bis de 5. Juni ass am Mëllerdall d’Woch vum Natur­ & Geopark. Hei fannen eng Rëtsch Aktivitéite statt, déi sech all em d’Themen Nohaltegkeet, liewege Patrimoine, an eist geologescht, natierlecht a kulturellt Ierwen dréinen. Den Detail vun der Programmatioun a ganz vill weider Informatiou­ nen iwwer eis flott Regioun fannt dir op eisem Internetsite.

© NGPM/C. Martin, C. Weisgerber

Mir wënsche vill Freed beim Entdecken!

19


D’Streck vu Méischdref op Iechternach (ca 35 km) féiert gréisstendeels iwwer al Eise­ bunnstrassen op der lëtzebuergescher an der däitscher Säit vun der Sauer. Op dësem Tour ginn et Erklärungen iwwer déi verschidde geologesch Couchen, hir Eegeschaften an hir Notzung.

4.6.2022 MéischdrëfIechternach

© NGPM/Caroline Martin

Geologesche Velostour

9:00­15:00 5€ matbréngen: Velo, Picknick

D‘Iddi vum Waldbade kënnt aus Japan a gëtt do Shinrin Yoku (lux.: an d‘Bëschatmosphär antau­ chen) genannt. Kommt mam Liliane Schmitz an de Bësch a genéisst am Natura 2000­Gebitt ganz bewosst déi wonnerbar Atmosphär. Duerch kuerz, gezielt Übunge léiert dir den Entspanungszoustand ze verdéiwen. Zesumme probéiere mir d‘Natur mat all onse Sënner op­ zehuelen. 18.6.2022 Déi genau Plaz gëtt bei der Umeldung matgedeelt

©NGPM/Pierre Haas

Natura 2000 Waldbaden

9:30­14:00 20 € matbréngen: Picknick

Zesumme mam Fierschter entdeckt dir d’Bë­ scher an d’Natura 2000­Gebitt ronderëm Beefort. Dësen Tour ass näischt fir Ufänger: et geet iwwer Bëschweeër mat uerdentlechen Héichtenënner­ scheeder! Opgepasst: den Helm ass Flicht!

25.6.2022 Beefort

20

8:30­12:00 gratis matbréngen: MTB, Helm, Picknick

© David Farinon

Mam Mountainbike d’Natur entdecken


De Mëllerdall ass bekannt fir seng wonnerbar Fielsen. Wann dir och gäre wësse wëllt wéi een eis Fielse kann op Foto festhalen, da kann d’Fotografin Caroline Martin iech bestëmmt hëllefen. Am Natura 2000­Gebitt zu Bäertrëf ginn et sécher genuch intressant Fielslandschaf­ ten ze entdecken.

25.6.2022 Bäertrëf

© NGPM/Pierre Haas

Natura 2000 Fotoworkshop: Fielsen

9:00­12:00 20 € matbréngen: Fotoapparat

Fir vill a schéint Uebst ze kréie, mussen och Spaléierbeem reegelméisseg richteg ge­ schnidde ginn. Wéi dat geet weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.

2.7.2022 Waldbëlleg

© NGPM

Uebstbamschnëtt: Spaléierbeem

14:00­16:00 5€

Op engem flotten Tour duerch eis impressionnant Fielslandschaft gitt dir vum Rachel Krier vum Natur­ & Geopark méi iwwer d‘Drénkwaasser­ versuergung gewuer. Uschléissend gëtt eng kleng Paus op 50 Meter Héischt am Aquatower mat regionale Produkter gemaach. Den Of­ schloss mécht eng geféiert Visitt duerch d’Aus­ stellung vum Aquatower. Umelle kënnt dir iech direkt beim Aquatower (+352 26 78 40 05). 9.7.2022 Bäertrëf

© Tom Fielitz Photography

Drénkwaasserwanderung mam Aquatower

14:00­18:00 10 € matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder

21


Kannereck Liichten am Bësch

4.2.2022 Marscherwald

© NGPM

Am Bësch bastelt dir mat de Fierschtere Joé Mensen an David Farinon e Lampion an duerno gitt dir an de Bësch liichten. Loosst iech iwwer­ rasche vun der spannender Atmosphär vum Bësch am Däischteren! Nom Liichte gëtt et eng Klengegkeet z’iessen. 18:00­20:00 5€ matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder

Wëllbeien hëllefen

26.2.2022 Beefort

© Pixabay

Zesumme bastele mir verschidde Saache, déi de Wëllbeien Liewensraum bidden, sougenannten Insektenhoteler. Mir kucken eis och un, wat een do sou alles beobachte kann. 14:00­17:00 5€ ab 6 Joer

Theater am Bësch: de Grénge Mann © Pierre Weber

Op dësem Tour invitéiert de Grénge Mann iech a säi Räich: de Bësch. Hien ass de Wiechter vun der Natur a weist iech d’Geheimnisser an d’Heel­ kräfte vun de Beem an de Planzen. Hei gitt dir vill gewuer iwwer Biodiversitéit an natierlecht Gläichgewiicht, Kreesleef vun der Natur a wéi déi verschidden Aarte matenee liewen. Bei dësem Spektakel ka jiddereen interaktiv matmaachen an dobäi seng Ëmgéigend, d’Ge­ schicht an d’Legende ronderëm Flora & Fauna entdecken. Dat Ganzt gëtt op spilleresch Manéier vum Biolog an Acteur Lex Gillen vun der Kultrun asbl begleet. Zum Schluss gëtt et nach eng Iwwerraschung ze schmaachen! 23.4.2022 Fëschbech 16:00­17:30

8.5.2022 Marscherwald 11:00­12:30

14.5.2022 Hierber 16:00­17:30

gratis, 7­11 Joer, matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder

22


Merci!

RE

Drucksache myclimate.org/01-18-619125

www.kacom.lu

Jeter ? Pas question !

Sie finden alle Informationen auf deutsch auf unserer Internetseite. Vous trouverez toutes les informations en français sur notre site web. You can find all the information in english on our website.

www.naturpark-mellerdall.lu 23


© illustration: Alan Johnston

Geosite vum Joer 2021 De „Champignon“ zu Noumer huet säin Numm senger spezieller Form ze verdanken. Dës huet hien doduerch kritt, datt säin ieweschten Deel vun enger Sandsteenschicht gebilt gëtt, déi der Erosioun besser standhält ewéi seng Basis. Ronderëm de Geosite „Champignon“ si weider Sandsteenbléck ze fannen, op deenen ee Schläifspuere vu virun iwwer 5000 Joer ka gesinn, déi weisen, wou d’Mënschen an der Jongsteenzäit hir Aaxte geschlaff hunn. Déi käreg Struktur vum Sandsteen war dofir nämlech ideal. Aus dëse Grënn hu mir dës Plaz an d’Lëscht vun de Geositte vum Natur­ & Geopark Mëllerdall opgeholl. Weider Geositten op www.geopark-mellerdall.lu

Wat ass en UNESCO

Global Geopark?

UNESCO Global Geoparks si Regioune mat Plazen a Landschafte vun international unerkannter geologescher Bedeitung. Dëse Wäert gëtt beispillsweis duerch Bildung, Schutz an nohalteg Entwécklung erliefbar gemaach. UNSECO Global Geoparks schaffe fir d’Awunner an d’Gemengen aus hirer Regioun, andeems si de Leit dat besonnescht geologescht Ierwe méi no bréngen.

www.geopark-mellerdall.lu naturparkmellerdall

naturpark.lu

Naturparke Luxemburg


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Agenda Natur- & Geopark Mëllerdall 2021/22 by naturpark.lu - Issuu