waasserfest 2022
Naturpark Öewersauer T. +352 89 93 31-1 info@naturpark-sure.lu www.naturpark-sure.lu Naturpark Öewersauer
D'Waasserfest am Naturpark Öewersauer Bei der Editioun 2022 vum Waasserfest am Naturpark Öewersauer wäert den ëffentlechen Transport eng wichteg Roll spillen. Déi meescht Aktivitéiten déi mir dëst Joer ubidden, kënnt dir mat der Stauséi-Navette (Buslinn 690) erreechen, déi den Tour ronderëm de Stau all Stonn a béid Richtunge mëscht. Vereenzelt Aktivitéiten déi net ronderëm de Stau leien, kënnen awer och ganz bequeem mat Bus & Zuch ereecht ginn. Äere Wee kënnt dir bequem iwwert www.mobiliteit.lu plangen. Et sinn Aktivitéiten ouni Umeldung, souwéi mat Umeldung dobäi. D'Auerzäiten vun den Aktivitéiten si mam Horaire vun der Stauséi-Navette ofgestëmmt. Vir jiddereen ass eppes dobäi: Erwuessener, Kanner, Sportler, Kulturintresséierter, Naturbegeeschterter, … Vir Eessen a Gedrénks ass op 3 Platze gesuergt: zu Esch-Sauer, Bauschelt an Béiwen. E klenge Challenge kënnt a Form vun engem Rallye dee jidderee selwer (oder als Ekipp) ka maachen. D‘Gewënner vun dëser Challenge gi nom Waasserfest bekannt ginn. De Rallye funktionéiert iwwert d’App „Actionbound“, déi dir gratis erofluede kënnt. Duerno sicht dir nom Bound „Waasserfest 2022“ oder scannt einfach dëse QR Code. Weider Informatioune kritt dir dann ugewisen.
2
Naturpark Öewersauer
Wiltz Schleef
Winseler Wiltz
Pommerloch
Goesdorf
Lac de la Haute-Sûre Bavigne
Goesdorf
Kaundorf
Esch-sur-Sûre Lultzhausen Insenborn
Boulaide
Esch-sur-Sûre Boulaide
Eschdorf
Arsdorf Bigonville
Eessen Aktivitéit Stauséi-Navette 690 Uertschaft Gemeng Naturpark Öewersauer
3
Iwwerbléck:
4
1
Visite guidée : Duchfabrik Esch-Sauer
6
2
H2Only: Spektakel « Professor Aqua-Wass »
7
3
H2Only: Waasserdegustatioun - Faarwen- a Geschmaachschaos
8
4
H2Only: Textil - Stoffer bestemmen
9
5
Kanneratelier Jugendhaus
10
6
Kanu-Tour um Stauséi
11
7
Mam Solarboot iwwert de Stauséi
12
8
Baachënnersichung (fir Kanner)
13
9
Floossbau & Zäitcourse
14
10
Visite guidée Pompelstatioun SIDEN
15
11
Magesch Verwandlunge vun Insekten am a beim Waasser
16
12
Insekteräich
17
13
Visite guidée : Téimanufaktur « Téi vum Séi »
18
14
Visite guidée : Drénkwaasser an Epidemien am 19. Jh.
19
15
Antimonminn zu Géisdref
20
16
Waasserfest-Safari zu Esch-Sauer
21
Guide am Bus
22
Actionbound
23
5
Esch-Sauer, Duchfabrik Esch-sur-Sûre, An de Gäert 10h00-11h00, 13h00-14h00, 15h00-16h00 Umeldung (max. 30 Leit)
6
1 Visite guidée :
Duchfabrik Esch-Sauer
Bei dëser guidéierter Visitt kënnt Dir dovu profitéieren ee Bléck hanner d'Kulisse vun der Produktioun vum Duch vum Séi ze werfen. Hei gitt Dir intressant Detailer iwwert déi fréier Duchwiewerei gewuer a kënnt déi al Maschinnen an Aktioun erliewen.
2 H20nly : Spektakel
«Professor Aqua-Wass»
Den exzentresche Professer "Aqua-Wass" preparéiert sech op seng éischt Welttournée fir d’Wichtegkeet vum Waasser z'erklären. Haut invitéiert hien d'Kanner op seng Generalprouf. Hie benotzt verschidden Elementer vu sengem portabele Labo an deelt seng Faszinatioun fir dëst aussergewéinlecht Element.
Esch-Sauer, Duchfabrik Esch-sur-Sûre, An de Gäert 10h30 – 11h00, 13h30 – 14h00, 15h30 – 16h00 Zesumme mat Kultrun a.s.b.l.
7
Esch-Sauer, Duchfabrik Esch-sur-Sûre, An de Gäert 11h00 – 11h30, 14h00 – 14h30, 16h00 – 16h30
8
3 H20nly
Waasserdegustatioun Faarwen- a Geschmaachschaos
Hutt dir iech schonn emol gefrot, firwat net all Waasser t’selwecht schmaacht? Wärend dëser Waasserdegustatioun fannt dir Äntwerten op dës Fro. Zousätzlech, entdeckt dir Charakteristike vun ärem Geschmaachssënn a wéi äert Gehier iech Tricke spille kann.
4 H20nly : Textil Stoffer bestemmen
E Workshop fir Kanner an Erwuessener iwwer d‘Zesummesetzung an d’Bestëmme vu verschiddenen Typpe vu natierlechen a syntheetesche Stoffer.
Esch-Sauer, Duchfabrik Esch-sur-Sûre, An de Gäert 10h00 – 17h00 20 min
9
Béiwen, Zentrum Bavigne, Gemeng 10h00 – 17h00 Zesumme mam Jugendhaus Wolz
10
5 Kanneratelier Jugendhaus
Hei erwaarden Eech d'Animateure vum Jugendhaus Wolz mat spannend Aufgaben zum Thema Waasser. Entdeckt op spilleresch Aart a Weis verschidden Aktivitéiten a beweist äert Geschéck mat der Kraaft vum Waasser.
6 Kanu-Tour um Stauséi
Op enger entspaanter Kanu-Tour paddele mir zesummen mam SNJ iwwert de Stauséi. De Startpunkt as zu Lëlz bei der Base nautique. Hei gëtt et eng Aweisung an d’Kanu fueren. Ënnerwee kucke mir eis d’Natur ronderëm de Stauséi un a schwätzen driwwer.
Lëlz, Base nautique Lultzhausen, Driicht 10h30 – 12h00, 13h30 – 15h00, 15h30 – 17h00 Umeldung (max. 20 Leit) Zesumme mam SNJ (Service national de la Jeunesse)
11
Ënsber, Plage 1 Insenborn, Duerf 10h40 – 12h10, 13h40 – 15h10, 15h40 – 17h10 Umeldung (max. 20 Leit) Zesumme mam ORT (Office regional de Tourisme)
12
7 Mam Solarboot
iwwert de Stauséi
Entdeckt wärend enger geféierter Solarboottour de Stauséi aus enger neier Perspektiv. Hei gi dir intressant Saachen iwwert Flora a Fauna vum Stauséi, souwéi Fakten zur Geschicht vum Séi an der Regioun an zum Thema Drénkwaasserschutz gewuer. Ënnerwee wäert d‘Solarboot beim Bëscherliewniszenter uleeën, sou dass d’Solarboottour och mat engem Trëppeltour ka verbonne ginn.
8 Baachënnersichung (fir Kanner)
Gitt zu richtege Fuerscher an entdeckt de Liewensraum „Baach“ op dëser spannender Expeditioun an der Natur. Fannt eraus wéi eng Déieren a Planzen an oder bei der Baach liewen, bestëmmt Insekten a beobacht d’Natur.
Béiwen, Zentrum Bavigne, Gemeng 10h00 – 17h00
13
Béiwen, Zentrum Bavigne, Gemeng 10h00 – 17h00
14
9 Floossbau & Zäitcourse
Wéi all Joer, wäerte mir och fir d’Waasserfest 2022 eng Flooss-Course organiséieren. Dëst Joer kënnt dir am Atelier Floossbau äert eegent Flooss bauen, an et dann och direkt duerno testen. Et gëtt eng definéiert Streck, op der d’Zäit gestoppt gëtt. Zum Schluss vum Waasserfest ginn déi séiersten Zäite bekannt ginn. Déi schnellste Floosser gewannen ee Präis.
10 Visite guidée
Pompelstatioun SIDEN
Firwat sollt een net all méiglech Saachen an der Toilette erofspullen? Wou leeft d’Waasser hin wat mir am Haushalt benotzen? Wat geschitt domat ënnerwee? Gitt op dëser Visitt vun der neier Pompelstatioun Boellerbuch zu Bauschelt gewuer wéi eng Roll déi eenzel Maschinnen an Deeler am Ofwaassersystem spillen. Hei kënnt dir all méiglech Froen zu dëser Thematik stellen.
Bauschelt, virun der Gemeng Boulaide, Post 11h30 – 12h20, 13h30 – 14h20 Umeldung (max. 15 Leit) Zesumme mam SIDEN (Syndicat des eaux résiduaires du Nord)
15
Bauschelt, virun der Gemeng Boulaide, Post 10h00 – 17h00 Zesumme mam Naturpark Our
16
11 Magesch Verwandlunge vun Insekten am a beim Waasser
De Liewenszyklus vun Insekte vum Ee bis zum erwuessenem Déier ass faszinéierend. Waasserinsekte verbréngen hier komplett Larvenzäit ënner Waasser vir dann eréischt no hirer Verwandlung als erwuessent Insekt duerch d'Loft ze fléien. Gidd gewuer wéi eng Tricken si dobäi notzen a wéi eng Erausfuerderungen si meeschteren. Mat all dem Wësse wäert et iech net schwéier falen een eegene klénge Liewenszyklusmodell ze bastelen.
12 Insekteräich Fannt eraus firwat Insekten wichteg an der Natur sinn, wat déi aktuell Geforen fir d‘Insekten sinn, an wat een als Bierger ënnerhuelen kann fir sech um Insekteschutz ze bedeelegen. Hei gin och kleng Aktivitéiten zum Thema Insekten a Waasser ugebueden. Dir kënnt enner aanerem Somenbommen (Seedbombs) bauen oder och Wëllplanzensom kafen.
Bauschelt, virun der Gemeng Boulaide, Post 10h00 – 17h00
17
Schleef, Parking Schleif, Schleef 14h00 – 16h00 Umeldung (max. 20 Leit) Zesumme mam Téi vum Séi
18
13 Visite guidée
Téimanufaktur « Téi vum Séi »
Entdeckt d’Téimanufaktur an der Schleef, wou den „Téi vum Séi“ verschafft gëtt. Déi meescht Kraider déi hei zu Téi verschafft ginn, kommen direkt vun de Felder am Naturpark Öewersauer. Hei gëtt besonnesch vill Wäert op de Schutz vun Natur an Ëmwelt geluecht woufir sech d’Naturpark Kraidergenossenschaft Öewersauer säit 1993 asetzt.
14 Visite guidée :
Drénkwaasser an Epidemien am 19. Jh.
Eng geféiert Wanderung op der Sich no der Waasserversuergung an der Fräiheet Wolz am 19. Joerhonnert, iwwert déi schlecht Waasserqualitéit Deemools an déi doraus entstanen Epidemien, an déi wéineg Mëttel déi d'Doktere vu Wolz haten, fir der Bevëlkerung ze hëllefen.
Wolz, Schlass Wiltz, Clinique 10h30 – 12h30, 13h30 – 15h30 Umeldung (max. 20 Leit) Zesumme mam Syndicat d‘initiative Wiltz
19
Géisdref, Bus Arrêt „Pompjeën“ Goesdorf, Pompjeën 10h30 – 12h00, 13h30 – 15h00 Umeldung
20
15 Antimonminn zu Géisdref
Bis virum zweete Weltkrich ass an der Géisdrëffer Antimongrouf nach de Metalloid Antimon erausgeholl ginn. Den Uwendungsberäich vum seelenen Element ass grouss: Vum fréieren Heelmëttel vir divers Krankheete bis zum Notzen a Legéierunge mat Bläi oder Koffer. Zanter 2017 ass d’Grouf op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter. En wichtege Bestanddeel vun der Minn sinn d’Entwässerungsgalerien. Op engem Tour vun 5 km ronderëm d’Antimongrouf gitt dir villes iwwert des Thematik gewuer.
16 Waasserfest-Safari -
Biodiversitéit ronderëm Esch-Sauer
Blumm ass net gläich Blumm a Kiewerlek ass net gläich Kiewerlek. D’Mataarbechter vum Naturpark huelen iech mat op d’Sich no de Planzen an Déieren ronderëm Esch-Sauer. Mat der Smartphone-App „iNaturalist“ dokumentéieren mir zesummen alles wat mer ënnerwee begéinen a léieren d’Aarten an hir Liewensraim kennen.
Esch-Sauer, Duchfabrik Esch-sur-Sûre, An de Gäert 10h30 – 11h30, 12h00 – 13h00, 14h00 – 15h00, 15h30 – 16h30 Umeldung (max. 15 Leit) App am Virfeld installéieren a Konto erstellen
21
Guide am Bus Fir vun Atelier zu Atelier ze kommen, kënnt dir entweder d'Stauséinavette (Buslinn 690) huelen oder natierlech iech ze Fouss oder mam Vëlo deplacéieren. Wann dir d'Stauséinavette huelt, profitéiert dir vun engem Guide, dee wärend dem Waasserfest am Bus setzt an iech do interessant Fakten iwwert den Naturpark erziele kann an dem dir och Froe kënnt stellen.
22
Actionbound Du wëlls selwer d’Géigend entdecken an dobäi Rätsele léisen an däi Wësse mat Froen iwwert d’Regioun testen? Dann luet dir d’Actionbound App vir däi Smartphone erof. Duerno sichs du nom Bound “Waasserfest 2022” oder scanns folgende Code vir de Rallye ze starten. De Rallye ass an e puer Abschnitter (jee eng Uertschaft) agedeelt an du kanns déi an enger belibeger Reiefolleg maachen. Du kanns op verschiddene Platze starten, jee nodeems op wéi engem Busarrêt vun der Stauséi-Navette dass du rausklëmms. Pro Abschnitt ginn et verschidden Aufgaben a Quiz-Froe wou s du Punkte sammele kënnt. Et ass normal, dass een d’Aufgaben net all an engem Dag léise kann, well dat zäitlech net machbar ass. Mir wäerten den Actionbound Samschdes 07.05, Sonndes 08.05 a Méindes 09.05 aktivéiere vir dass du méi Zäit hues vir souvill wéi méiglech Deeler ze maachen. Vergiess net deng Resultater herno anzeschécke vir beim Klassement dobäi ze sinn.
23
Informatiounen an Umeldungen: Naturpark Öewersauer T. +352 89 93 31-1 info@naturpark-sure.lu
www.naturpark-sure.lu Naturpark Öewersauer