2 minute read

Claude FISCHER

58 Joer // Berodungs-Expert an der Liewensmëttelveraarbechtung

58ans//Expert-Conseilentransformationalimentaire

Advertisement

De Claude Fischer ass zu Dummeldeng, Viruert vun der Stad Lëtzebuerg, grouss ginn. Hie wunnt zënter 1998 zu Mäerzeg wou seng zwee grouss Kanner, déi geschwënn hir Uni-Studien ofschléissen, opgewuess sinn.

No der Hotelsschoul zu Dikrech huet de Claude zu Grenobel Hotel-Management studéiert a war déi éischt Hallschent vu senger berufflecher Carrière Gerant am Horeca-Secteur vu Betriber an Däitschland, am Frankräich, an der Belsch an zu Lëtzebuerg. Déi lescht 20 Joer war seng Beruffung d’Entwécklung vun de Liewensmëttel aus der regionaler a Bio Landwirtschaft. Hien huet do enorm dozou bäigedroen dass sech de Label „Produit du Terroir“ an d’Lëtzebuerger Mark „BIOG“ (Bio-Bauere-Genossenschaft) um Marché etabléiert huet mat haut méi wéi 100 frësche Bio-Produiten an de Butteker.

Elo um Enn vum Beruffsliewe wëll hie seng Erfarung a Kenntnisser an den Déngscht vun der Allgemengheet setzen. Grënnungsmember a Member vum Verwaltungsrot vun der „Gemeinwohlökonomie Lëtzebuerg Asbl“ huet hien immens engagéiert matgeschafft am Zertifikatiounsprozess vun der Gemeng Mäerzeg am LEADER-Projet #mertzig4all. De Claude ass donieft och Grënnungsmember an am Verwaltungsrot vun der „Greenergy Mäerzeg-Feelen“, eng Société coopérative, déi sech engagéiert fir d’Produktioun vun erneierbaren Energien.

Claude Fischer a grandi à Dommeldange, faubourg de Luxembourg. Il habite depuis 1998 à Mertzig et ses deux enfants, qui termineront bientôt leurs étudesuniversitaires,yontgrandi.

Après l’École hôtelière à Diekirch et ses études en gestion hôtelière à Grenoble, ilatravailléentantquegérantHorecapendantlapremièrepartiedesacarrière, ceci en Allemagne, France, Belgique et au Luxembourg. Les vingt dernières années,ilétaitresponsabledudéveloppementdeproduitsalimentairesrégionaux et bio au Luxembourg. Il a entre autres énormément contribué au développement des produits sous le label « Produit du Terroir » et de la marque luxembourgeoise«BIOG»,avecplusde100produitsfraisbio,prêtsàl’emploi.

Arrivé à la fin de sa vie professionnelle, il veut mettre ses expériences multiples auservicedelasociété.Ilestmembrefondateuretmembreduconseild’administrationdelasectionluxembourgeoisedela«Gemeinwohlökonomie»(Économie pourleBiencommun),ets’estinvestibeaucoupdanslecadreduprojet LEADER #mertzig4all où notre Commune œuvre pour une société et une économie plus justes. Également membre fondateur et membre du conseil d’administration de la société coopérative Greenergy Mertzig/Feulen, il participe activement au développementrégionaldelaproductiond’énergiesvertes.

„Ech hunn déi kleng Mäerzeger Revolutioun viru 6 Joer ënnerstëtzt a si net enttäuscht gi vum Resultat. Natierlech kann nach villes verbessert ginn, an dorunner géif ech mat menger Erfarung gäre matschaffen. Ech sti fir mënschlech Wäerter an nohalteg Wirtschaften. A menger laanger Beruffserfarung hunn ech geléiert, dass Éierlechkeet an Transparenz, kombinéiert mat Qualitéitsaarbecht, sech ëmmer duerchsetzen. Dëse Grondsaz gehéiert och an déi kleng a grouss Politik, an d’gesellschaftlech Zesummeliewen am Allgemengen. Als gebuerene Gestionnaire an Entrepreneur setzen ech mech e.a. a fir eng gutt Finanzgestioun a fir d’Wuel an d’Zesummeliewe vun alle Mäerzeger.“

« J’ai déjà soutenu la petite révolution de Mertzig ilya 6 ans, etle résultatme plaît. Bien sûr, il yauratoujours des améliorations possibles, et jevoudraisycontribuerentirantprofitdemes expériencesvariées. Je milite pourlesvaleurs humaines etune gestion durable. Durantma longueexpérienceprofessionnelle,j’aiappris que latransparence, assortie à dutravail de qualité, sontla base de la pérennité d’un projet. Je suis d’avis que ces principes devraientrégirla petite etla grande politique, ainsi que lavie communautaire en général. Gestionnaire etentrepreneur toutemavie,labonnegestiondesfinancesmetient autantà cœurque le bien-être etla cohésion sociale desMertzigeois.»

This article is from: