Skip to main content

HMDifferdange - Trait d'Union N°80

Page 1

TRAIT D’UNION N°80 | PAGE OFFERTE PAR LUXEMBOURG SCIENCE CENTER (WWW.SCIENCE-CENTER.LU)

Préface

3

Léif Frënn vun der Déifferdenger Musek, Als neie President vun dësem Veräin sinn ech besonnesch stolz, Iech eng Jubiläumsausgab vun eiser Brochure virstellen ze kënnen. Zanter dem Joer 1972 wosst den Trait d’Union duerch seng Qualitéit ze iwwerzeegen an huet säin Objektiv fir d’Musek mat den Déifferdenger Bierger ze verbanne voll a ganz erfëllt. Dëst war awer nëmme méiglech duerch ganz vill Idealismus vun de Realisateuren, mä virun allem och duerch d’Hëllef vun de villen Annonceuren an Donateuren, déi eiser Musek zanter laangem trei bliwwe sinn. Iech gëllt e grousse Merci. Dir wäert an dëser Ausgab vill Informatiounen zu eisen zukünftege Projete fannen. Eis grouss Musek spillt ënner anerem e Concert, deen zesumme mat der Déifferdenger Bibliothéik organiséiert gouf an ënnert dem Patronage vum Kulturministère steet. „LiteraTour“ heescht et den 13. Mee 2018 ab 17.00 Auer am Kulturzentrum „Aalt Stadhaus“. Do spillen eis Musikanten déi bekannteste Melodien am Zesummenhang mat de wuel gréisste literaresche Wierker. Ënnerstëtzt gëtt eisen Orchester dobäi vum Mike McQuaide, dee besser bekannt ass ënnert dem Titel „An American in Luxembourg“ an sech e Spaass draus mécht, déi lëtzebuergesch Sprooch ze analyséieren. De Concert gëtt vun der Déifferdenger Autorin Mireille Weiten presentéiert. Niewent eisen traditionelle Sortien a lokale Concerte stécht eis Concertsrees op Ahlen eraus. Den 1. September wäerte mir ënnert der Leedung vun eisem Chef, dem Gilles Krein an der „Ahlener Stadthalle“ e grousse Concert fir eis Partnerstad spillen. Et ass fir eng Musek an hir Musikante wichteg sech och am Ausland ze presentéieren. Ufank 2018 konnte mir schonn zu Homécourt an engem ausverkaafte Sall zesumme mat eise Frënn vum Accordéon Club Lorrain optrieden. Dëst war fir eise Veräin e

grousse Succès. Wéi soss loosse sech déi vill Zugaben a Standing Ovations erklären? Och an eisem Jugendberäich gëtt weiderhi ganz vill geschafft. D’Altersmoyenne an eisem Orchester gehéiert zu den nidderegsten am Land. Wou aner Museke sech iwwer Nowuessproblemer bekloen, kënne mir op eng gutt Basis vu jonke Musikante verweisen. Mir wëllen eis domat awer net zefridde ginn a wäerten och an Zukunft massiv an eis Jugend investéieren, ouni dobäi aner Generatiounen ze vergiessen. Elo scho stelle mir jonke Musikanten aus eisem Veräin awer och aus der Déifferdenger Museksschoul iwwer 50 Instrumenter gratis zur Verfügung. Mir wäerte versichen de Blosmusekberäich an der Museksschoul ze ënnerstëtzen an an de Schoulen a Maisons Relais fir dës Instrumenter besonnesch Reklamm maachen. Datt eis Harmonie Prince Guillaume bei hirem Chef dem Leroy Vandivinit a gudden Hänn ass, kënnt Dir Iech den 19. Mee op der Braderie oder de 17. Juni um Floriansfest bei den Déifferdenger Pompjeeën iwwerzeegen. Ech wënschen Iech vill Spaass bei der Lektür vun eisem Trait d’Union an hoffen Iech op engem Concert vun der HMDifferdange oder der HPG ze begéinen. Meisch Michel President vun der HPG & HMDifferdange


TRAIT D’UNION N°80 | PAGE OFFERTE PAR MONSIEUR FRÄNZ GOERGEN

Agenda DATUM 13. Mee

AUERZÄIT 17h00

MANIFESTATIOUN

5

PLAZ

Concert « LiteraTour »

Aalt Stadhaus

18. Mee

Ouverture Kermesse Lasauvage

Place de Saintignon

19. Mee

Concert HPG Déifferdenger Braderie

Zentrum Déifferdeng

21. Mee

Hämmelsmarsch

Lasauvage

25.-26. Mee

Live am Park

Parc Gerlache

3. Juni

15h00

Concert HMDifferdange

Maison des Soins Differdange

17. Juni

10h30

Concert HPG Floriansfest

Maartplaz Déifferdeng

22. Juni

Cortège Nationalfeierdag

Zentrum Déifferdeng

30. Juni

Concerten HPG & HMDifferdange End Aalt Stadhaus of Season Party Déiff. Museksschoul

14. Juli

20h00

Concert HMDifferdange

Place d’Armes

27.-28. Juli

Hämmelsmarsch

Fousbann

31. August 3. Septembre

Concertsrees

Ahlen

5.-6. Oktober

Hämmelsmarsch

Uewerkuer

18. November

Concert de la Sainte-Cécile

Aalt Stadhaus

1. Dezember

Cortège Kleeschen

Zentrum Déifferdeng

4. Dezember

Cortège Sainte-Barbe

Lasauvage

13. januar 2019

Concert du Nouvel An 2019

Aalt Stadhaus


6

HMDIFFERDANGE - HPG | PAGE OFFERTE PAR


TRAIT D’UNION N°80 | PAGE OFFERTE PAR MONSIEUR MICHEL MEISCH

Mike McQuaide Seattle-area writer, Mike McQuaide, is excited when his wife accepts a job that requires his family relocate to Luxembourg. But he has a few questions. Like, where the hell is Luxembourg? And, what’s the difference between Luxembourg and Lichtenstein? Perhaps most importantly: do they have crunchy peanut butter in Luxembourg? Nonetheless, in early 2013, the McQuaides, including 14-year-old son Baker, pick up and move 8,000

7

kilometers east to the world’s only Grand Duchy. (‘What’s the hell’s a grand duchy?’ Mike wonders.) In time, all of Mike’s questions are answered as he discovers that Luxembourg is truly the green heart of Europe, a magical land of castles, epic cycling spots and a super-welcoming citizenry able to speak just about any language that’s thrown at them. He discovers too, that Luxembourg is a place he just might never want to leave.

Mireille Weiten-De Waha Mireille Weiten-de Waha est l’auteur de plusieurs contes illustrés pour enfants, mais elle écrit aussi des récits pour adultes, adaptés en lectures scéniques, et des textes de chansons. Ses histoires, ayant principalement des animaux comme protagonistes, insistent sur l’importance de l’amitié. Le volume Klenge roude Léiw pour lequel elle reçut, lors du Salon du livre d’enfant et de la jeunesse en 2006, le prix de la littérature pour enfants De Fiischen, est écrit en luxembourgeois, français, allemand et portugais. En 2009, le Parc merveilleux de Bettembourg dédie un pavillon permanent, créé par son mari, le dessinateur Marco Weiten, à son petit lion rouge. Kouhandel matt der Wiederhex existe en version tri-

lingue (luxembourgeois, allemand et français), tandis que 2:1 fir de Kinnek Mo est une traduction luxembourgeoise de la version originale en allemand par Jens Jörg Rieck. Op der Sich no der Mëllechstrooss et la suite Op der Botterfahrt, tous deux édités par la laiterie Luxlait, racontent l’histoire fantastique d’une vache de la planète Lulax qui apprend à connaître l’industrie laitière luxembourgeoise. Starallüren um Krautmaart, un livre accompagné d’un enregistrement sur CD, remporte, en 2011, le Lëtzebuerger Buchpräis. L’histoire de Noël D’Chrëschtkëndche streikt (2016) existe en version bilingue avec une traduction en anglais par J.P. Thilges. Des récits de Mireille Weitende Waha ont été publiés entre autres dans les anthologies des Walfer Bicherdeeg, le livre pour enfants Lëtzibuch (2014) ainsi que les recueils Fester feieren (2014) et Esou schreiwen d’Déifferdanger (2013). Un texte de l’auteur a été présenté en 2014 dans la production Mat Leif a Séil au Théâtre du Centaure. Source: www.autorenlexikon.lu


Le choix durable.

rosedeclaire.lu

Écologique - confortable - fiable


9

TRAIT D’UNION N°80 | PAGE OFFERTE PAR Concert sous le patronage du Ministère de la Culture

13

mai

LiteraTour 2018

17H00

PARTICIPEZ au concert et GAGNEZ peut-être un

Harmonie Municipale Differdange

Aalt Stadhaus Invité spécial: -

Présentation: -

Direction: -

Écrivain

Écrivaine

Chef d’orchestre

Mike McQuaide

Mireille Weiten

Gilles Krein


10

HMDIFFERDANGE - HPG | PAGE OFFERTE PAR MONSIEUR CLAUDE FRISCH

Interview mam Raphaël Mosar Vizepresident vun der HMDifferdange

SCHO FRÉI AN DENGER KANDHEET HUES DU DECH FIR MUSEK INTERESSÉIERT. WAT WAREN DEEMOOLS D’GRËNN FIR MAT DER MUSEK UNZEFÄNKEN, A WAT NIERT DENG MOTIVATIOUN NACH HAUT? Also éierlech gesot war dat net sou richteg en Choix fir mech. Meng Elteren hu mech einfach sou am éveil musical ageschriwwen, do wäert ech 5 Joer gehat hun. Ech kann mech awer nach un den éischten Cours erënneren: Meng Mamm huet mech dohinner gefouert an ass mat mir an den Sall gaangen, do stoung ech dann do mat lauter anere Kanner a mengem Alter an engem Sall wou puer Instrumenter stoungen an Nouten un der Mauer hungen. Sou huet amfong alles ugefaangen, an bis haut kann ech mengen Elteren nëmme Merci soen, datt sie mech dohi geschleeft hunn. Wat mech haut nach motivéiert ass de Fait, datt ech dat lo schonn sou laang maachen, datt et fir mech schwiereg wäer dat alles einfach opzeginn. Ech maachen dat lo scho vu Klengem un, dat as mir mëttlerweil zimlech un d´Häerz gewuess.

WAT VERBËNNT DECH MAM SAXOFON, A WÉISOU ASS DÄI CHOIX OP DËST INSTRUMENT GEFALL? Ech hu mech fir den Saxofon décidéiert, well ech dat am « coolste » fonnt hunn. Klarinett a Flütt ware fir mech Meedechersinstrumenter, dowéinst hunn déi zwee mech net sou richteg interesséiert. Beim Saxofon war dat anescht. Et huet mech ëmmer zimlech impressionnéiert, wann ech um Radio oder op der Tele en Saxofonssolo héieren bzw gesinn hunn, dowéinst hunn ech mech dofir entscheed. WAT HUES DU AN DENGER MUSIKALESCHER CARRRIÈRE BIS HAUT ERREECHT, A WOU GEET D’REES NACH HIN? WAT SINN DENG ZILER? Ech hu bis elo den zweeten Accessite um Saxofon zu Déifferdeng an der Museksschoul beim Olivier Sliepen gemaach. Wéinst der Schoul hunn ech duerno mam Cours opgehal a net erëm ugefaang. Ech spille bis haut awer mam Gedanken fir fläit erem unzefänken an den éischten Accessite ze maachen. Dann hätt ech mam Saxofon nämlech alleguer d’Examen gemaach, déi een ouni Conservatoire maache kann. WAT VERBËNNS DU MAT DER HMDIFFERDANGE?

De Raphaël Mosar an den André Pereira am Cours an der Déifferdenger Museksschoul

Villes. Ech sinn Ufank 2004 duerch d’Musekschoul an d’Jugendmusek komm, 3 Joer méi spéit bei déi grouss an d’HMDifferdange. Ech hunn hei vill Leit kennegeléiert, vun deene verschiddener haut zu menge beschte Kolleegen zielen. D’Liewen am Veräin huet mech bis


TRAIT D’UNION N°80 | PAGE OFFERTE PAR LA FAMILLE KIEFFER-SCHMITZ

haut zimlech gepräägt. Vue que datt ech dat alles bei der HMD geléiert hunn, géif et mir zimlech schwiereg falen, de Veräin ze verloossen. WAT HUET DECH DOZOU BEWEEGT DENG KANDIDATUR ALS VIZEPRESIDENT ZE STELLEN? Dat as eng gutt Fro, déi ech mer lo nach stellen. Nodeems bekannt gouf, datt eisen aalen President, den Roland KAYSER, géif zerécktrieden, ass d’Sich no engem Nofolger ugaangen. Wéi dee bis fonnt war, gouf och e neie Vizepresident gesicht. Zu dem Zäitpunkt do, war mer dat awer zimlech egal. Ech wäer ni op d’Iddi komm, mat mengen 23 Joer als Vizepresident ze kandidéieren. Schliisslech huet eise Chef et no laanger Discussioun awer fäerdeg bruecht, mäer anzerieden datt dat awer fläit eppes fir mech kéint sinn, an do hunn ech mer einfach geduet „Firwat net“. Ech bereien meng Décisioun awer net a si mëttlerweil zimlech frou, datt ech mech gemellt hunn. WAT GÉIFS DU DIR FIR ZUKUNFT VUN DER HMDIFFERDANGE / HPG WËNSCHEN? Ech wenschen mir, datt mir irgendwann erëm op e Niveau kommen, datt mer eis kënnen op Concoursen weisen, parallel dobäi

11

awer net de Spaass un der Saach ze verléieren... WAT WËLLS DU ALS VIZEPRESIDENT VUN DER MUSEK EREECHEN?

Ech perséinlech hunn ëmmer e gewëssenen Drang a mir mech wëllen ze verbesseren. Als Vizepresident wäer ech frou wann ech et géif fäerdeg brengen, deen Drang op meng Kolleegen an der Musek an am Comité ze iwwerdroen. WAT WAREN DÉI MOMENTER AN DER MUSEK, DÉI DECH GEPRÄÄGT HUNN? Do falen mer der zwee an: Den éischte war, wéi ech 2010 d’Chance hat, zesumme mat verschiddenen anere jonke Museker e Concert mat der Militärmusek zu Uewerkuer an der Sportshal ze spillen. Als klengen Hobbymusikant war et schonn zimlech interessant ze erliewen, wéi sou Prouwen oflafen, bzw wéi dat ass, mat professionelle Museker op der Bühn ze stoen. Als zweet denken ech do un eis Concertsrees a Portugal am September 2015. Do hu mir e Concert gespillt an engem Duerf net wäit vun Porto ewech. De warmen an häerzlechen Acceuil dee mir do vun der Duerfmusek kritt hunn, bzw déi Begeeschterung mat däer d’Leit eis nogelauschtert hunn, ass fir mech bis haut onbeschreiwlech.

Sechs Musikanten vun der Déifferdenger Musek déi zesumme mat der Militärmusek gespillt hunn: (vlnr: Sam Hermes, Louis Elsen, Raphaël Mosar, Stéphanie De Sousa, Nicolas Elsen an Aaron Conrardy)


#DISCOVERSCIENCE 12

HMDIFFERDANGE - HPG | PAGE OFFERTE PAR

EXPLORATION | WORKSHOPS | SHOWS

LUXEMBOURG

SCIENCE CENTER

Bienvenue au Luxembourg Science Center Un endroit ou vous découvrez les sciences et la technologie sur une manière innovante et excitante. Pour les adultes ou jeunes de tous les âges. A côté de notre Exploration avec une 60ène de stations expérimentales, on vous propose à découvrir nos shows/workshops sur les fluides, matériaux, mécanique, cuisine moléculaire, etc... Pour le grand public | tarifs: 10€ (+18) / 7€ (-18) / Gratuit (-6)

HORAIRES Semaine: 09h00 - 17h00 Weekend: 10h00 - 18h00

www.science-center.lu /lusciencecenter 50 rue Emile Mark L-4620 Differdange.


Vous transporter, c’est notre mÊtier.

T. +352 266 511

www.sales-lentz.lu


14

HMDIFFERDANGE - HPG | PAGE OFFERTE PAR MONSIEUR ROLAND KAYSER

Differdinger Blumenuhr dank der Differdinger Stadtmusik 85-jähriges Jubiläum der Blumenuhr

Vom 27. Juni bis zum 1. Juli 1931 unternahm die Differdinger Stadtmusik in Begleitung von 30 Ehrenmitgliedern und 120 zusätzlichen Personen eine Konzertreise in die Schweiz. Die Reise führte die Musikanten von Bettemburg über Straßburg nach Basel, Zürich, Luzern, Interlaken und schlussendlich in die Hauptstadt Bern. Die Schweizer Reise kostete den Verein damals 63.000 Franken. Die Konzerte fanden unter der Leitung von Herrn Lucien Louis in Zürich und Basel statt und waren viel bejubelt. Die „Neue Züricher Zeitung“ schrieb: „Im Garten der Tonhalle veranstaltete dieses Musikkorps am 27. Juni ein Konzert und legitimierte sich damit als eine der besten hier in den letzten Jahren gehörten

auswärtigen Musikgesellschaften. Schon nach dem Verklingen der als ersten Nummer auf dem Programm figurierenden Tell-Ouverture, hatte man die Gewissheit ein erstklassiges Blasorchester vor sich zu haben.“ In Luzern konnte man im illuminierten Floragarten vor 1200 Zuhörern aufspielen. Auch hier wussten die Differdinger Musikanten zu überzeugen. „Sämtliche Werke wurden mit bemerkenswert entwickelter Technik und teilweise rassigem Vortrage gespielt. Wir danken Herrn Louis und seinem stramm disziplinierten Musikkorps für die genussreichen Stunden“, konnte man in den „Luzerner Nachrichten“ nachlesen. Nach dem Reise- und Konzertstress kam das Vergnügen. Neben


TRAIT D’UNION N°80 | PAGE OFFERTE PAR MONSIEUR EMMANUEL GOERGEN

dem Züricher See, machte man Ausflüge auf den Uetliberg, eine Dampferfahrt auf dem Vierwaldstättersee und einen Abstecher nach Interlaken. Letzterer sollte sich für die Stadt Differdingen besonders lohnen. Unter den geladenen Ehrengästen war auch der damalige liberale Bürgermeister der Stadt Emile Mark. Dieser entdeckte im dortigen Park eine Blumenuhr und war davon dermaßen begeistert, dass er nach seiner Rückkehr nach Differdingen sofort ein Modell dieser Uhr im damals neuen Differdinger Park Gerlache nachbauen ließ. Entworfen wurde das hiesige Modell vom Differdinger Schmuck- und Uhrenhändler Jean Schwickerath.

Die Blumenuhr wurde 1933 offiziell eingeweiht und entwickelte sich später zum inoffiziellen Wahrzeichen der Stadt. Wäre die Differdinger Stadtmusik also nie zu ihrer Konzertreise in die Schweiz aufgebrochen, dann wäre die Stadt Differdingen heute um eine Attraktion ärmer. Der Zwerg, sowie dessen Häuschen und Schlagwerk wurden erst 1935 endgültig fertiggestellt. Ein trauriger Zufall ergab, dass der Zwerg erstmals am Tag des Begräbnisses von Emile Mark zur Stunde schlug.

Dampferfahrt auf dem Vierwaldstättersee

Zurück in Differdingen

15


TRAIT D’UNION N°80 | PAGE OFFERTE PAR

LIVE

AM

AM PARK GERLACHE

ZU DÉÉEIFFERDENG

25. & 26. MEE

17

PARK

25. MEE 2018 18H00 19H00 20H00 22H00

BIELESER MUSEK FANFARE DE LA COMMUNE DE DALHEIM HARMONIE MUNICIPALE ''LES ECHOS DE L'ALZETTE'' RÉISERBANN

PROJEKTIOUN VUM FILM - COCO FRANSÉISCH VERSIOUN

GRATUITE TRÉE N E

26. MEE 2018

HARMONIE MOUTFORT-MEDINGEN 20H00 SOCIÉTÉ DE MUSIQUE ''ST. LAMBERT'' PERLÉ 19H00

HM

PROJEKTIOUN VUM FILM - CARS 3 DÄITSCH VERSIOUN

Déifferdeng

22H00

HARMONIE MUNICIPALE DE LA VILLE DE DIFFERDANGE

www.differdange.lu www.hmdifferdange.lu


Nous tenons à remercier tous nos annonceurs et tous nos membres pour la confiance que vous nous accordez depuis 80 éditions. Sans vous, la parution semestrielle du Trait d’Union serait impossible.

Merci beaucoup


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
HMDifferdange - Trait d'Union N°80 by hmdifferdange - Issuu