25 Joer CIGL Suessem

Page 1

LU

25 JOER

MOIEN

gouf den 8. Abrëll 1998

gegrënnt an ass säit September 1999 am Déngscht vun de Bierger·innen aus der Gemeng Suessem.

CIGL Suessem - 4 -
De CIGL Suessem
25 Joer Inhalt - 5INHALT
Engel 08 De CIGL 13
Projete CIGL Suessem
Service Accueil • Service à la Personne
Klengen Atelier • Service Environnement
Suessem schmaacht • Spullkëscht 21
Virwuert Georges
Virstellung
06
Virwuert Marco Goelhausen
10
Virwuert Simone Asselborn-Bintz
17
Missioune CIGL Suessem

MARCO GOELHAUSEN

De CIGL feiert 25

Joer.

Léif Biergerinnen a Bierger,

De CIGL ass den 8. Abrëll 1998

gegrënnt ginn a feiert domat säi 25. Jubiläum. E Véierelsjoerhonnert nodeems aus der Iddi vum John Castegnaro eng staatlech Institutioun entstanen ass, déi net méi aus dem lokalen a mëttlerweil och regionalen Ëmfeld ewechzedenken ass.

Virop géif ech gären deene Mënschen e grousse Merci soen, déi an iergen -

denger Form oder Funktioun un dëser Initiativ an dem domat verbonnen Erfolleg matgewierkt hunn. Ech wëll hinne mäin déifste Respekt ausdrécken.

Eis Associatioun setzt sech um lokale Plang fir eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun eise Matbierger·innen an. Esou steet d’Reintegratioun vu Mënschen ouni

CIGL Suessem - 6 -
President CIGL Suessem

Aarbecht, d’Schafe vun neie Plazen an d’Fërderung vum sozialen Zesummenhalt am Vierdergrond.

D’Offer vun eisem ‚Klengen Atelier‘, wéi de CIGL am Volleksmond genannt gëtt, am Déngscht vun de Bierger·inne vu 60 Joer un, ass vilfälteg, dat am Beräich Natur- a Fléckaarbechte ronderëm d’Eegenheem, wéi och kleng Reparature ronderëm d’Haus.

Och Projeten am Sënn vun der Allgemengheet gi vun der Ekipp Environnement an der Gemeng Suessem ëmgesat. Realiséiert goufen hei ë.a. d’Gestaltung vum Erhuelungsgebitt ,Op Gewäennchen‘ zu Éilereng, d’Ëmgestaltung vun der fréierer Spillplaz an der Rue de Lidice zu Zolwer an dem Park Backes zu Suessem a Wuelfilloasen an der Erneierung vum Industriedenkmal ‚Humpen‘ am Tippewee zu Zolwer.

Allgemeng stinn Ënnerhaltsaarbechten a Reparaturen an de Gréngzonen, wéi och op de Spillplazen an der Gemeng op eiser Dagesuerdnung.

Ausbau vun den Aktivitéiten

An de leschte Joren hu mir d’Panoplie vun eisen Offeren erweidert. Eis Ekipp ‚Aide à la personne‘ hëlleft Iech am Haushalt a begleet Iech op Rendez-vousen. D’Ekipp vu ‚Suessem schmaacht‘ notzt privat Gardeparzellen, déi eis zur Verfügung gestallt ginn, fir regional Geméis unzebauen. An an eiser neister Acquisitioun, der ‚Spullkëscht‘, ginn a groussen Zuele Mehrwegbecheren an enger spezieller Wäschstrooss gespullt.

Léif Biergerinnen a Bierger, de CIGL wäert och an Zukunft Mënschen, déi an Nout gerode sinn, et erlaben erëm Fouss an der Aarbechtswelt ze faassen.

Gläichzäiteg hu mir an de leschte Joren eis Offer am Déngscht vun der Bevëlkerung an der Gemeng konstant ausgebaut, dëst säit 25 Joer. A genee esou wëlle mir nach vill Jore weidermaachen.

25 Joer Virwuert - 7 -

SIMONE ASSELBORNBINTZ

Buergermeeschtesch

Gemeng Suessem

CIGL Suessem - 8 -

Léif alleguerten,

De CIGL Suessem feiert 25 Joer. Säit 25 Joer gëtt de CIGL Mënschen eng zweet Chance um Aarbechtsmaart an hëlleft zäitgläich eisen eelere Matbierger·innen am Alldag. Als Buergermeeschtesch kéint ech net méi houfereg iwwer d’Entwécklung sinn, déi dëse soziale Projet geholl huet. Eleng, datt am leschte Joer 7 Mataarbechter·innen iwwert de CIGL en neie Patron fonnt hunn, ass e staarkt Signal. Dëst ënnersträicht, datt d’Approche vum CIGL genee déi richteg ass.

deenen Eelsten, dovunner profitéiert. Mam Projet ‚Suessem schmaacht‘ planze si säit 3 Joer lokal Geméis un, dat an eise Maison-relaisen an am CIPA verschafft gëtt. Dëse Projet ass elo schonn eng Succes Story, déi doniewent och nach nohalteg ass.

Mat eiser ganz neier ‚Spullkëscht‘, déi d’Gemeng Suessem Enn 2022

Niewent der Reintegratioun vu Beneficiairen, wëll ech awer och d’Offere vum CIGL ernimmen. De CIGL schafft fir eis Bierger·innen, déi op Hëllef ugewise sinn, sief dës bei den alldeeglechen Aufgaben am Haushalt oder bei klenge Reparature ronderëm d’Eegenheem.

Dem Dany Scholten seng Ekippe roue sech och net op hire Friichten aus an hunn an de leschte Joren hir Servicer esou erweidert, datt eis ganz Gesellschaft, vun deene Jéngste bis zu

niewent dem neie Gîte Bieles-Réideng, um Parcours vum Minett Trail installéiert huet, exploitéiert d’Ekipp vum CIGL zanter Kuerzem déi éischte Becherwäschanlag am Süde vum Land. Och hei steet d’Nohaltegkeet op éischter Plaz. Dëse Projet, deen aktuell eréischt seng éischte Schrëtt mécht, huet enorm vill Potenzial an ech si mir sécher, datt de CIGL dëst mat sengem gewinnten Enthusiasmus an Dynamik ze notze weess.

Als Buergermeeschtesch wëll ech awer och deene Leit Merci soen, déi de CIGL zu deem gemaach hunn, wat en haut ass. Dës sinn déi laangjäreg Direktesch Beate Sander an hire Successeur Dany Scholten, de ganze Conseil d’administration mam President Marco Goelhausen a sengen zwee Virgänger Fred Sunnen a Robert Rings an déi ganz Ekipp vum CIGL. Ech freeë mech op nach vill weider Joren a si perséinlech op déi Projete gespaant, déi d’Zukunft nach brénge wäert.

25 Joer Virwuert - 9 -

D’Geschicht vum CIGL Suessem ass eng erfollegräich Geschicht, op déi een houfreg ka sinn.

Perséinlech sinn ech dann och frou, dass ech d’Entwécklung vum CIGL Suessem iwwer laang Joren als Buergermeeschter konnt begleeden. Zanter elo 25 Joer bitt Är Beschäftegungsinitiativ Déngschter un, déi virun allem deene Leit ze gutt kommen, déi besonnesch op Hëllef ugewise sinn. Mat Äre verschiddenen

Déngschtleeschtungen, déi Dir den Ament offréiert, ënnerstëtzt Dir dës Leit an hirem net ëmmer ganz einfachen Alldag andeems

Dir direkt bei hinnen doheem intervenéiert.

Doriwwer eraus setzt Dir mat Ärem Service ‚Suessem schmaacht‘ ee ganz wichtegt Zeechen. An Zäiten, wou lokal a regional Liewensmëttel ëmmer méi wichteg ginn an de Konsument ëmmer méi heefeg gezwongen ass seng Gewunnechten ze änneren, ass et flott ze gesinn, dass och an de Beschäftegungsinitiativen déi lokal Produktioun vu Geméis ëmmer méi wichteg gëtt.

Grad dëse Projet weist och wéi wichteg d’Initiativen an dësen Zäite sinn a firwat mir si brauchen. Och wann eisen Aarbechtsmaart sech vun de rezenten an deels nach aktuelle Krisen relativ gutt erholl huet, sou stelle mir awer fest, dass ganz vill Leit net déi néideg Kompetenzen hu fir um éischten Aarbechtsmaart nees Fouss ze faassen. Grad dëse Leit bidden d’Beschäftegungsinitiativen ee gereegelten Alldag, eng geziilt Weiderbildung an ëmmer méi heefeg och eng reell berufflech Perspektiv.

CIGL Suessem - 10 -
Dir Dammen, Dir Hären,

Aus all dëse Grënn ass d’Relatioun tëschent dem Ministère an de Beschäftegungsinitiativen eng immens enk. De Ministère an och d’ ADEM brauche Partner, déi um Terrain present sinn an déi de Leit dobäi kënnen hëllefen hir Kompetenzen ze erweideren. Dofir wäerte mär och um staarke Partenariat tëschent dem Ministère, der ADEM an de Beschäftegungsinitiativen festhalen, fir dass där an all déi aner Initiative mat Ärer wichteger Aarbecht am Interessi vun der Gesellschaft kënnt weiderfueren.

GEORGES ENGEL

25 Joer Virwuert - 11 -
Aarbechtsminister

DE CIGL

Nodeems de CIGL Suessem an deenen zwee éischte Jore staark gewuess ass, ginn d’ Carole Drauden an de Léon Woicik als éischt fest Mataarbechter agestallt.

Den deemolege Buergermeeschter Fred Sunnen iwwerhëlt den éischte Presidenteposte vum CI GL Suessem. D’ Beate Sander ass déi éischt Direktesch vum CIGL a bleift dësem Poste bis zu hirer Pensioun am Joer 2019 trei. Déi éischt Beneficiairë ginn an zwee Servicer, de Klengen Atelier an de Service Environnement, agedeelt.

Am Mee 2015 entsteet de Service Aide à la personne, dee virun allem eng Haushaltshëllef fir eeler Bierger·innen an der Gemeng Suessem ass.

No verschiddenen Turbulenze kënnegt den Aarbechtsministère d’Konventioun mam Objectif plein emploi a muss op den 1. Mee 2013 all seng Mataarbechter·innen entloossen. All déi sozial Initiative gi weiderhi vum Ministère ënnerstëtzt, sinn awer ab deem Zäitpunkt op sech gestallt. D’Gemeng Suessem ënnerstëtzt de CIGL an dëser Zäit mat alle méigleche Mëttel. Nodeems de Robert Rings aacht Joer laang un der Spëtzt vum CIGL stoung, iwwerhëlt den deemolege Schäffe Marco Goelhausen de Poste vum President vum CIGL Suessem.

CIGL Suessem - 141998 1999 2013 2001 / 2002 2015 DATUMER GESCHICHT De CIGL Suessem gëtt den 8. Abrëll 1998 offiziell gegrënnt. © Jana Heide

De Robert Rings, Matgrënner an deemolege Vize-President, iwwerhëlt d’Presidentschaft vum CIGL Suessem.

AN DER VUM CIGL

De Suessemer Schäfferot gëtt gréng Luucht fir den Ëmbau vum neie Gebai an der Déifferdengerstrooss zu Zolwer.

Den 28. Abrëll 2018 ginn net nëmmen déi nei Raimlechkeete mat enger Porte ouverte ageweit, mee an engems och 20 Joer CIGL Suessem gefeiert.

De Service Suessem schmaacht entsteet duerch eng Iddi vum Service Écologique vun der Gemeng Suessem. D’Ufanksiddi war déi, datt Gäert, déi eis eeler Matbierger·innen net méi notze konnten, vum CIGL ënnerhale ginn. Mat der Zäit sinn ëmmer méi Terraine bäikomm, esou datt aktuell pro Joer ronn 7 Tonne Geméis op 13 Ar ugebaut ginn. 2017 ass awer och den Ëmbau vum Gebai an der Déifferdengerstrooss fäerdeg. Véier Joer laang hunn d’Ëmbauaarbechte gedauert, bis d’Mataarbechter·innen den neien Atelier an d’Bürosraim notze konnten.

D’ Spullkëscht, eng Initiativ vun der Gemeng Suessem, gëtt gegrënnt an ab 2022 vum CIGL Suessem geréiert. Virun allem eng Rei Pro-Sud Gemenge profitéiere vun der neier Spullstrooss a loossen hir Plastiksbecheren an enger professioneller Maschinn vun der Ekipp vum C IGL spullen.

Déi deemoleg Direktesch Beate Sander geet no 20 Joer beim CIGL Suessem an hir wuelverdéngte Pensioun a gëtt op den 1. August 2019 vum Dany Scholten ofgeléist.

25 Joer - 152005 2010 2018 2022 2017 2019

D’MISSIOUNEN

MISSIOUNE CIGL SUESSEM

De CIGL Suessem huet an eiser

Gemeng zwou wichteg Missiounen:

d’Beneficiairë beschtméiglech encadréieren a forméieren an den eelere Leit aus eiser Gemeng eng alldeeglech Hëllef sinn.

CIGL Suessem - 18 -

Eng éischt Missoun ass den Encadrement vun eise Beneficiairë mam Zil, bannent zwee Joer e festen Aarbechtskontrakt ze fannen. De CIGL Suessem ass mam Aarbechtsministère konventionéiert a kann aktuell 34 Beneficiairë beschäftegen, déi a sechs Projeten agedeelt sinn. Déi fräi Poste gi bei der ADEM gemellt, déi dann dem CIGL d’Kandidaten zouweist. De Kontrakt vun engem Beneficiaire ass op maximal zwee Joer begrenzt. An dësen zwee Joer gëtt mam Beneficiaire eng Strategie ausgeschafft, déi et erlabe soll, ënner beschtméigleche Konditiounen e feste Kontrakt bei engem Patron ze fannen. Dëst geschitt dacks mat Formatiounen a Stagen.

D’Formatioune sinn e wichtege Bestanddeel an der Karriär vun engem Beneficiaire, fir sech weiderzebilden oder sech an engem komplett neie Beräich ze forméieren. Donieft bitt de CIGL Suessem och Stagë mat interesséierte Patronen un. Esou ee Stage dauert normalerweis tëschent zwou a véier Wochen. Duerch eng Konventioun tëschent dem CIGL an dem Patron kann de Salarié esou de Betrib kenneléieren an nom Stage kann zesumme mam Patron gekuckt ginn, ob de Beneficiaire déi néideg Kompetenze fir dëse Beruff matbréngt. Wärend dem Stage bleift de Salarié weiderhi beim CIGL affiliéiert a gëtt och weiderhi vum CIGL bezuelt, esou datt de Stage ouni Käschte fir de Patron ass. Am Joer 2022 konnten esou siwe Beneficiairen en neie Patron fannen.

Niewent de 34 Beneficiairë beschäftegt de CIGL Suessem aktuell och néng fest Mataarbechter·innen. Nieft dem Direkter

Dany Scholten sinn dëst zwee administrativ Mataarbechter·innen, ee Koordinator fir déi technesch Servicer a fënnef Ekippecheffen·innen, déi déi eenzel Servicer encadréieren. Geleet gëtt de CIGL Suessem vun engem Conseil d‘administration, deen de Moment aus 16 benevole Membere besteet.

Déi zweet wichteg Missioun ass et eng alldeeglech Hëllef fir eis

Bierger·innen iwwer 60 Joer an der Gemeng Suessem ze sinn. Leit ënner 60 Joer kënnen natierlech och vun eise Servicer profitéieren, brauchen dofir awer e Certificat vum Dokter, datt si déi Aarbechten net méi selwer maache kënnen.

D’Gemeng Suessem ass a bleift ee wichtege Partner vun eisem CIGL. Nieft der alljärlecher Subventioun, déi de CIGL vun der Gemeng kritt, si virun allem déi verschidde Projeten, déi zesummen ausgeschafft ginn, ervirzehiewen. An Zesummenaarbecht mat deenen eenzele Servicer vun der Gemeng, entstinn esou flott nei Projeten oder punktuell Aarbechten, déi vun eisen Ekippecheffe·inne mat hire Beneficiairen duerchgefouert ginn. Aktiv si si virun allem am Park Backes, um Gaalgebierg oder och nach am Matgesfeld.

25 Joer Missiounen - 19 -

D’PROJETEN

ACCUEIL

Den administrative Service vum CIGL Suessem gëtt vun der Administratiounscheffin Carole Drauden geleet. Ënnerstëtzt gëtt si vum Isabel Wohl-Fontes an engem Beneficiaire, deen idealerweis eng éischt Erfarung an deem Beräich matbrénge soll.

Eis dräi Leit assuréieren den Telefons-Accueil vun eise Clienten, si fir d’ Comptabilitéit zoustänneg an iwwerhuelen och soss all administrativ Aufgaben déi ustinn.

CIGL Suessem - 22 -
Service
25 Joer Projeten - 23 -
CIGL Suessem - 24Service AIDE À LA PERSONNE

Am Service ‚Aide à la Personne‘ schaffen de Moment fënnef Beneficiairen, déi vun der Ekippecheffin Catia Giovannini geleet ginn.

An dësem Service gi virun allem Haushaltsaarbechte bei eise Clienten iwwer 60 Joer duerchgefouert. Weider Servicer sinn awer och d’ Griewerbotz op de Kierfechter an eiser Gemeng, d’ Akafe goe mat eise Clienten oder d’ Begleede bei den Dokter.

25 Joer Projeten - 25 -

De ‚Klengen Atelier‘ ass dee gréisste Service vum CIGL Suessem. Den technesche Coordinateur vum CIGL, de Luc Poos, ass fir dëse Service zoustänneg an encadréiert net manner ewéi 14 Beneficiairen . An der Haaptsaison, déi vu Mëtt Mäerz bis Oktober geet, ass d’Méien e grousse Bestanddeel vun dësem Service. Hei gi Méiaarbechten

CIGL Suessem - 26 -
Service
KLENGEN ATELIER

no engem festgeluechte Plang bei eise Clientë gemaach. Des Weidere bidde mir awer och Heckeschnëtt, Recyclage, kleng Kniwwelaarbechten (z. B. e Krunn oder eng Rolllued flécken) oder kleng Steemetzeraarbechten un. Am Wanter ass et dann un eiser Schnéitournée, wou de Service bei ronn 90 Clienten de Schnéi virum Haus schëppe geet.

25 Joer Projeten - 27 -

Eisen Ëmweltservice, dee vum Ekippechef Pedro Gomes geleet gëtt, schafft enk mam Ëmweltservice vun der Gemeng Suessem zesummen. Hei gi virun allem Botzaarbechten op verschiddene Plazen an a Parke vun der Gemeng duerchgefouert. Mat senge fënnef Beneficairen ass de Pedro Gomes awer och zoustänneg fir de Bau vu verschidde klengen Anlagen, wéi zum Beispill dem flotte Paravant am Matgesfeld oder dem Héngerstall hannert dem Scoutshome zu Suessem.

CIGL Suessem - 28 -
Service ENVIRONNEMENT
25 Joer Projeten - 29 -

De Service ‚Suessem schmaacht‘ gouf an deene leschten dräi Joer kontinuéierlech ausgebaut. Ugefaange mat e puer

Gäert am Matgesfeld, huet sech dëse Service

ënnert der Leedung vun eisem fréiere Geméisgäertner

Florent Bourgey a sengem Assistent Silvio Rausa no an no

vergréissert. Aktuell baue mir mat eise véier Beneficiairë

Geméis op enger Gesamtfläch vun 13 Ar un. Zu de Partner vu Suessem schmaacht gehéieren an der Gemeng

Suessem de CIPA REWA, d’Eis Epicerie, de Eis Brasserie

CIGL Suessem - 30 -
Service SUESSEM SCHMAACHT

Boulodrome an d’Kiche vun der Maison

Relais um Kannercampus um Belval. Eng

Cooperatioun mat der Brasserie ‚Madame

Witzeg‘ gëtt aktuell ausgeschafft. 2022 huet de CIGL d’ Geméiskëscht agefouert, bei där eis Clienten dënschdes oder mëttwochs hir frësch a saisonal Geméiskëscht bestellen a freides am CIGL ewechhuele kënnen.

25 Joer - 31 -

SPULLKËSCHT

D’‚Spullkëscht‘ ass e Projet vun der Gemeng Suessem, dee vum CIGL Suessem ausgefouert gëtt an am Joer 2022 entstanen ass. Aktuell schaffen dräi Beneficairë mat der Ekippecheffin Jessica Birklé am neien Atelier, deen zu Bieles-Réideng steet. Bei dësem nohaltege Projet geet et an enger éischter Phas dorëm, Bechere fir Fester vun eise Partner an eiser ‚Spullkëscht‘ ze botzen an ze stockéieren. Eis Partner bei dësem Projet sinn aktuell sämtlech Pro-Sud Gemengen. E Pilotprojet gëtt de Moment mat der Valorlux ausgeschafft. Aner Partner sollen no an no bäikommen.

CIGL Suessem - 32 -
25 Joer Projeten - 33 -

CONSEIL D’ADMINISTRATION

VIISCHT REI V.L.N.R. 1ÈRE RANGÉE

Aly Biver, Albert Menghi, Nathalie Morgenthaler Vizepresidentin vice-présidente , Marco Goelhausen President président , Ronny Koster Tresorier trésorier , Norbert Munkler, Patrizia Arendt

HËNNESCHT REI V.L.N.R. 2E RANGEÉ

Yves Dahm, Jean-Pierre Schlesser, Jerry Kraetzer Sekretär secrétaire , Serge Faber, Marco Denuit, Nico Oehmen

OP DER FOTO FEELEN ABSENT E

Patricia Speck-Braun, John Kass

FR

25 ANS

BONJOUR

a été fondé le 8 avril 1998 et c’est depuis septembre 1999 qu’il est au service des citoyennes et citoyens de la Commune de Sanem.

CIGL Sanem - 4 -
Le CIGL Sanem

Les missions du CIGL

Présentation des projets

• Service Accueil • Service à la Personne

• Klengen Atelier • Service Environnement

• Suessem schmaacht • Spullkëscht

25 ans Contenu - 5CONTENU
CIGL
Préface Georges Engel
Le
Préface Marco Goelhausen Préface Simone Asselborn-Bintz
08 13 21 06 10 17

MARCO GOELHAUSEN

Le CIGL célèbre

ses 25 ans.

Chères citoyennes

chers citoyens,

Le CIGL a été créé le 8 avril 1998 et célèbre ainsi son 25ème anniversaire.

Ça fait déjà plus d’un quart de siècle que John Castegnaro a eu l’idée de créer une institution étatique, qui est devenue entretemps incontournable dans le

domaine local et même régional. Avant tout, je voudrais exprimer mes sincères remerciements et ma plus profonde gratitude à toutes les personnes qui ont contribué de quelque manière que ce soit à ce projet et à son succès.

CIGL Sanem - 6 -
Président CIGL Sanem

Notre association travaille localement pour améliorer la qualité de vie de nos concitoyen·e·s. Nous nous concentrons sur la réintégration des personnes sans emploi, la création de nouveaux emplois et la promotion de la cohésion sociale.

Les offres de services du «Klengen Atelier», comme on appelle familièrement le CIGL , propose une variété de services pour les citoyen·ne·s de plus de 60 ans, tels que des travaux de jardinage, de réparation à domicile, etc.

L’équipe Environnement de la Commune de Suessem mène également des projets dans l’intérêt général, tels que l’aménagement de la zone de détente « op Gewäennchen » à Ehlerange, la transformation de l’ancienne aire de jeux de la rue de Lidice à Soleuvre et le parc Backes à Sanem, ainsi que la restauration du monument industriel « Humpen » au « Tippewee ». En général, les travaux d’entretien et de réparation dans les espaces verts, ainsi que sur les aires de jeux de la commune, font partie de nos tâches quotidiennes.

Au cours des dernières années, nous avons élargi la gamme de nos services. Notre équipe « Aide à la personne » vous aide dans les tâches ménagères et vous accompagne à vos rendez-vous. L’équipe « Suessem schmaacht » travaille sur des parcelles de jardin privées mises à disposition pour cultiver des légumes régionaux. Et avec notre nouveau projet, la « Spullkëscht », des gobelets réutilisables sont traités en grande quantité dans une station de lavage spéciale.

Chères citoyennes et chers citoyens, le CIGL permettra également à l’avenir à ceux qui sont dans le besoin de retrouver leur place sur le marché du travail. Dans le même temps, nous avons constamment développé nos offres au service de la population de la commune au cours des dernières années, depuis 25 ans. Dans cet esprit, nous voulons continuer à avancer pendant de nombreuses années encore !

25 ans Préface - 7 -

SIMONE ASSELBORNBINTZ

- 8 -
CIGL Sanem
Bourgmestre Commune de Sanem

Chères toutes, chers tous,

Le CIGL Sanem célèbre ses 25 ans. Depuis 25 ans, le CIGL offre aux gens une seconde chance sur le marché du travail et aide en même temps nos concitoyen·ne·s âgé·e·s dans leur vie quotidienne. En tant que bourgmestre, je ne peux être que fière du développement que ce projet social a connu. Rien que le fait que sept employé·e·s aient trouvé un nouveau patron via le CIGL l’année dernière est un signal fort. Cela souligne que l’approche du CIGL est la bonne.

Outre la réintégration des bénéficiaires, je tiens également à souligner les services que le CIGL offre à nos citoyen·ne·s qui ont besoin d’aide, que ce soit pour les tâches ménagères quotidiennes ou pour de petites réparations autour de la maison.

L’équipe de Dany Scholten ne se repose pas sur ses lauriers et a étendu ses services ces dernières années de sorte que notre société dans son ensemble, des plus jeunes aux plus âgés,

en bénéficie. Avec le projet « Suessem schmaacht », ils cultivent des légumes locaux depuis trois ans qui sont ensuite distribués dans nos maisons relais et au CIPA. Ce projet est déjà une successstory et il est également durable.

Avec notre nouveau projet « Spullkëscht », exploité par l’équipe du CIGL à côté de la « Gîte Bieles-Réideng » sur le parcours du « Minett Trail », nous gérons depuis peu la première installation de lavage de gobelets dans le sud du pays. Ici aussi, la durabilité est en première place. Ce projet, qui ne fait que ses premiers pas, a un énorme potentiel et je suis sure que le CIGL saura le mettre à profit avec son enthousiasme et son dynamisme croissant.

En tant que bourgmestre, je tiens également à remercier ceux qui ont fait du CIGL ce qu’il est aujourd’hui : la première directrice Beate Sander et son successeur Dany Scholten, le conseil d’administration avec le président Marco Goelhausen et ses prédécesseurs Fred Sunnen et Robert Rings, ainsi que toute l’équipe du CIGL

Je me réjouis encore de nombreuses années à venir et suis personnellement impatiente de voir les projets futurs.

- 9 -
25 ans Préface

Mesdames, Messieurs,

L’histoire du CIGL Sanem est une histoire couronnée de succès dont on peut être fier. Je suis personnellement très content d’avoir pu accompagner l’évolution du CIGL Sanem pendant de longues années en tant que bourgmestre. Depuis maintenant 25 ans, votre initiative sociale offre des services dont profitent surtout les personnes qui ont particulièrement besoin de support. Avec vos différents services, vous soutenez ces personnes dans leur quotidien pas toujours facile en intervenant directement à leur domicile.

Avec votre service « Suessem schmaacht », vous donnez également un signal très important. Dans une

période où la production locale et régionale d’aliments devient de plus en plus importante et où les consommateurs sont de plus en plus contraints à changer leurs habitudes, il est rassurant de constater que la production locale de légumes gagne également en importance chez les initiatives sociales.

Ce sont justement des projets comme celui-ci qui montrent à quel point les initiatives sont importantes de nos jours et pourquoi on a besoin d’eux. Même si le marché du travail s’est rapidement redressé face aux crises récentes et actuelles, force est de constater que beaucoup de personnes ne disposent pas des compétences nécessaires afin de prendre pied sur le premier marché du travail. C’est à ces personnes que les initiatives sociales offrent un quotidien réglé, une formation continue ciblée et de plus en plus souvent une réelle perspective professionnelle.

- 10 -
CIGL Sanem

C’est pour toutes ces raisons que la relation entre le ministère et les initiatives sociales est très étroite. Le ministère et l’ ADEM ont besoin de partenaires qui sont présents sur le terrain et qui peuvent soutenir les bénéficiaires dans l’acquisition de nouvelles compétences. Voilà pourquoi le ministère et l’ ADEM vont poursuivre le partenariat fructueux avec les initiatives sociales afin que les initiatives puissent poursuivre leur travail important dans l’intérêt de la société.

GEORGES ENGEL

Ministre du Travail

- 11 -
25 ans Préface

LE CIGL

Après une forte croissance du CIGL Sanem pendant les deux premières années, Carole Drauden et Léon Woicik ont été les premiers employés bénéficiant d’un contrat à durée indéterminée.

Fred Sunnen, le bourgmestre de l’époque, occupe la première présidence du CIGL Sanem. Beate Sander en devient la première directrice et reste en poste jusqu’à sa retraite en 2019. Les premiers bénéficiaires sont répartis en deux services : Le « Klengen Atelier » (Petit Atelier) et le « Service Environnement ».

LES MOMENTS L’HISTOIRE

Mai 2015 voit la création du service « Aide à la personne », qui assume avant tout l’aide aux ménages pour les citoyen·ne·s plus âgé·e·s de la Commune de Sanem.

À la suite de certaines turbulences, le Ministère du Travail résilie la convention avec l’ Objectif plein emploi et le CIGL se voit obligé de licencier tous les employés au 1er mai 2013. Les initiatives continuent à être soutenues par le ministère, sont pourtant livrées à elles-mêmes à partir de ce moment. Pendant ce temps, la Commune de Sanem soutient le CIGL avec tous les moyens à disposition. Après que Robert Rings a passé huit ans à la tête du CIGL , l’échevin de l’époque, Marco Goelhausen, reprend le poste de président du CIGL Sanem.

CIGL Sanem - 141998 1999 2013 2001 / 2002 2015 Création officielle du CIGL Sanem le 8 avril 1998 © Jana Heide

Robert Rings, co-fondateur et vice-président à l’époque, reprend la présidence du CIGL Sanem.

CLÉS DANS DU CIGL

Le Conseil échevinal de Sanem donne le feu vert pour la transformation du nouvel immeuble dans la rue de Differdange à Soleuvre.

Le 28 avril 2018, les nouveaux locaux sont inaugurés lors d’une cérémonie de porte ouverte lors de la laquelle le CIGL Sanem fête également ses 20 ans d’existence.

Le service « Suessem schmaacht » voit le jour sur une idée du Service Écologique de la Commune de Sanem. Au départ, l’idée était de faire maintenir par le CIGL les jardins de citoyen·ne·s plus âgé·e·s qui n’étaient plus en mesure de s’en occuper. Au fil du temps, de plus en plus de terrains se sont ajoutés, si bien qu’à l’heure actuelle, environ 7 tonnes de légumes sont cultivées par an sur une surface de 13 ares. 2017 marque également la fin des travaux de transformation du bâtiment dans la rue de Differdange qui ont duré quatre ans. C’est alors que les collaborateurs·trices ont pu utiliser le nouvel atelier ainsi que les bureaux.

D’ Spullkëscht, une initiative de la Commune de Sanem, est créée et à partir de 2022, le CIGL Sanem en assure la gestion. Ce sont avant tout une série de communes Pro-Sud qui profitent des installations et font laver leurs gobelets en plastique dans une machine professionnelle de l’équipe du CIGL.

La directrice en poste, Beate Sander, prend une pension bien méritée après 20 ans au service du CIGL Sanem et le 1er août 2019, Dany Scholten la remplace.

25 ans - 152005 2010 2018 2022 2017 2019

LES MISSIONS

MISSIONS DU CIGL SANEM

Le CIGL Sanem remplit deux missions importantes au sein de notre commune.

La première mission est d’assurer l’ encadrement de nos bénéficiaires avec l’objectif de trouver un CDI sur une période de deux ans. Le CIGL Sanem est conventionné avec le Ministère du Travail et peut actuellement occuper 34 bénéficiaires, répartis sur six projets. Les postes qui se libèrent sont enregistrés auprès de l’ ADEM qui attribue les candidats au CIGL

CIGL Sanem - 18 -

Le contrat d’un bénéficiaire est limité à une période maximale de deux ans. Pendant cette période, l ’objectif est d ’élaborer une stratégie pour que le bénéficiaire puisse trouver un contrat fixe chez un patron dans les meilleures conditions possibles. La démarche se fait souvent par le biais de formations et de stages.

Les formations représentent une part importante dans la carrière d’un bénéficiaire et lui permettent de suivre une formation continue ou de se former à partir de zéro dans un domaine tout à fait nouveau. Raison pour laquelle le CIGL Sanem propose aussi des stages auprès d’employeurs intéressés. Un tel stage dure en général entre deux et quatre semaines. Grâce à une convention entre le CIGL et le patron, le salarié a ainsi la possibilité d’apprendre à connaître l’entreprise et, après le stage, on fait le point avec l’employeur afin de déterminer si le bénéficiaire est en possession des compétences nécessaires pour la profession en question. Pendant la durée du stage, le salarié reste affilié auprès du CIGL et se fait payer par ce dernier, si bien que le stage n’entraîne aucuns frais pour le patron. En 2022, sept bénéficiaires ont pu trouver un nouveau patron de cette manière.

En dehors des 34 bénéficiaires, le CIGL Sanem occupe actuellement aussi neuf encadrants en CDI Dany Scholten fait office de directeur et se fait accompagner de deux employé·e·s administratifs·ves, d’un coordinateur pour les services techniques et de cinq chef·fe·s d’équipes encadrant les diffé -

rents services. La direction du CIGL Sanem est assurée par un conseil d‘administration comprenant à l’heure actuelle 16 membres bénévoles.

La deuxième mission la plus importante consiste à assurer une aide quotidienne à nos citoyen·ne·s de plus de 60 ans au sein de la Commune de Sanem. Les personnes âgées de moins de 60 ans peuvent également profiter de ces services, pourvu qu’elles disposent d’un certificat de leur médecin attestant l‘incapacité d‘effectuer eux-mêmes les tâches en question.

La Commune de Sanem est et reste un partenaire important du CIGL . Mise à part la subvention annuelle que la commune attribue au CIGL , il faut absolument souligner avant tout les différents projets qui sont élaborés ensemble. En collaboration avec les différents services de la commune, des projets intéressants ou encore des travaux ponctuels voient ainsi le jour, projets que nos chef·fe·s d’équipes mènent à bien avec les différents bénéficiaires. Ils sont surtout très actifs dans le Parc Backes, au Gaalgebierg ou encore au Matgesfeld.

25 ans Missions - 19 -

LES PROJETS

Le service administratif du CIGL Sanem est dirigé par Carole Drauden. Elle est assistée par Isabel Wohl-Fontes et un bénéficiaire, qui est supposé amener une première expérience dans le domaine.

Ces trois personnes assurent l’ accueil téléphonique de nos client·e·s, sont responsables de la comptabilité et gèrent toutes les autres tâches administratives qui restent à faire.

CIGL Sanem - 22 -
Service ACCUEIL
25 ans Projets - 23 -
CIGL Sanem - 24 -
Service AIDE À LA PERSONNE

Le « Service Aide à la Personne » occupe actuellement cinq bénéficiaires sous la direction de la cheffe d’équipe Catia Giovannini.

La mission de ce service consiste principalement à effectuer des travaux ménagers auprès de nos client·e·s âgé·e·s de plus de 60 ans. S’y ajoutent encore le nettoyage des tombes sur les cimetières de la commune, ainsi que l’ accompagnement de nos client·e·s lors de leurs courses et des visites médicales.

Projets - 25 -

KLENGEN ATELIER

Le « Klengen Atelier » (petit atelier) est un des plus importants des services gérés par le CIGL Sanem. Luc Poos, le coordinateur technique du CIGL, en assume la responsabilité et encadre pas moins de 14 bénéficiaires. Pendant la haute saison, qui va de la mi-mars à octobre, la tonte des pelouses est la principale tâche de ce service. Les coupes des pelouses sont exécutées suivant un plan prédéfini auprès de nos client·e·s.

CIGL Sanem - 26 -
Service

De plus, nous proposons aussi la taille de haies, le recyclage, de petits travaux de bricolage (p. ex. la réparation d’un robinet qui coule ou d’un volet qui coince) ou encore de la maçonnerie. En hiver, nous partons en tournée hivernale, déblayant la neige devant les maisons d’environ 90 client·e·s.

25 ans Projets - 27 -

ENVIRONNEMENT

Le Service Environnement, avec le chef d’équipe Pedro Gomes à la tête, travaille en étroite collaboration avec le service du même nom de la Commune de Sanem. Sa principale tâche consiste à effectuer des travaux de nettoyage sur les différentes places et les parcs de la commune. Pedro Gomes et ses cinq bénéficiaires sont également responsables de la construction de petites installations telles qu’un sympathique paravent au Matgesfeld ou encore un poulailler derrière le home des scouts à Sanem.

CIGL Sanem - 28 -
Service
25 ans Projets - 29 -

SUESSEM SCHMAACHT

Le service « Suessem schmaacht » a connu une expansion continue au cours des trois dernières années. Au départ, le service a commencé par exploiter quelques jardins au Matgesfeld, puis, il s’est agrandi petit à petit sous la responsabilité de notre ancien maraîcher Florent Bourgey et de son assistent Silvio Rausa. Aujourd’hui, ensembles avec nos quatre bénéficiaires, nous cultivons des légumes sur une surface totale de 13 ares. Les partenaires de « Suessem schmaacht » dans la Commune de Sanem sont le CIPA REWA , Eis Epicerie, Eis Brasserie

CIGL Sanem - 30 -
Service

Boulodrome et la cuisine de la Maison Relais au « Kannercampus » à Belval. Une coopération avec la Brasserie « Madame Witzeg » est actuellement à l’étude. En 2022, le CIGL a introduit la « Geméiskëscht », une caisse de légumes frais et saisonniers que nos client·e·s commandent le mardi ou mercredi et qu’ils peuvent venir chercher le vendredi au CIGL.

- 31 -

SPULLKËSCHT

La « Spullkëscht » est un projet de la Commune de Sanem, exécuté par le CIGL Sanem. Sa création remonte à l’année 2022 et, actuellement, trois bénéficiaires travaillent, conjointement avec la cheffe d’équipe Jessica Birklé, dans le nouvel atelier situé à BelvauxRédange. Il s’agit d’un projet durable qui vise, dans une première phase à laver et stocker les gobelets utilisés lors des fêtes de nos partenaires, dans la « Spullkëscht » Pour le moment, nos partenaires de ce projet sont les communes de Pro-Sud. À l’heure actuelle, un projet pilote est mis au point ensemble avec Valorlux. D’autres partenaires sont supposés s’ajouter petit à petit.

CIGL Sanem - 32 -
25 ans Projets - 33 -

TARIFFER TARIFS

16,85€ /Stonn a Mataarbechter·in

/heure par travailleur∙euse

2,97€ /Stonn a Material

/heure et matériel

11,89€ Forfait fir d’Entsuergung vu Gréngschnëtt forfait pour l’élimination des tontes de pelouses et coupes de haies

* Präisser · Prix 2023 TTC

LEESCHTUNGEN PRESTATIONS

Gaardenaarbechten · Travaux de jardinage

Méien, Heckeschnëtt, Mulchen, Gaart ëmgruewen asw.

Tondre les pelouses, tailler les haies, pailler les platebandes, bêcher les jardins etc.

Sanitärsaarbechten · Travaux sanitaires

E Krunn reparéieren, e verstoppten Offloss fräimaachen asw.

Réparer un robinet, libérer une évacuation bouchée etc.

Saisonal Aarbechten · Travaux saisonniers

Schnéi schëppen, Blieder sammelen, Kärcheraarbechten

Déblayer la neige, ramasser les feuilles, passer le Kärcher

Handwierklech Aarbechten · Travaux artisanaux

Eng Rolllued flécken, kleng Usträicheraarbechten asw.

Réparer un volet, effectuer de petits travaux de peinture etc.

Recycling · Recyclage

Haushaltshëllef · Travaux ménagers

Botzaarbechten, bei den Dokter begleeden, akafen, strecken, Griewerbotz asw.

Travaux de nettoyage, accompagnement chez les médecins, courses, repassage, nettoyage des tombes etc.

Articles inside

SPULLKËSCHT

1min
pages 66-67

SUESSEM SCHMAACHT

1min
pages 64-65

KLENGEN ATELIER

1min
pages 60-61

LES PROJETS

1min
pages 56-59

MISSIONS DU CIGL SANEM

2min
pages 52-53

CLÉS DANS DU CIGL

1min
page 49

LES MOMENTS L’HISTOIRE

1min
pages 48-49

SIMONE ASSELBORNBINTZ

2min
pages 42-45

MARCO GOELHAUSEN Le CIGL célèbre

1min
pages 40-41

ACCUEIL

1min
pages 22-31

MISSIOUNE CIGL SUESSEM

1min
pages 18-19

AN DER VUM CIGL

1min
page 15

DE CIGL

1min
pages 14-15

SIMONE ASSELBORNBINTZ

2min
pages 8-11

MARCO GOELHAUSEN

1min
pages 6-7

SPULLKËSCHT

1min
pages 67-68

SUESSEM SCHMAACHT

1min
pages 65-66

KLENGEN ATELIER

1min
pages 61-62

LES PROJETS

1min
pages 57-60

MISSIONS DU CIGL SANEM

2min
pages 53-54

CLÉS DANS DU CIGL

1min
page 50

LES MOMENTS L’HISTOIRE

1min
pages 49-50

SIMONE ASSELBORNBINTZ

2min
pages 43-46

MARCO GOELHAUSEN Le CIGL célèbre

1min
pages 41-42

ACCUEIL

1min
pages 22-31

MISSIOUNE CIGL SUESSEM

1min
pages 18-19

AN DER VUM CIGL

1min
page 15

DE CIGL

1min
pages 14-15

SIMONE ASSELBORNBINTZ

2min
pages 8-11

MARCO GOELHAUSEN

1min
pages 6-7
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.