L
Aktiounsplang fir Chancëgläichheet an Diversitéit 2026 – 2030
Aleedung
Aleedung D’Gemeng Suessem ass houfreg Iech hiren drëtten Aktiounsplang fir Chancëgläichheet an Diversitéit ze presentéieren. An dëser Editioun kënnt Dir noliesen, wat d’Gemeng alles ëmgesat huet, u wat se festhale wëll a wat hir nei Ziler, Objektiver a Moossname sinn. Donieft wëlle mir och drop hiweisen, dass sech den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem op all Genre bezitt, och wann e sech op déi europäesch Charte bezitt, déi explizit Fraen a Männer benennt.
1. D’Gläichberechtegung vu Fraen a Männer ass e fundamentaalt Recht.
geMeng SueSSeM 60, rue de la Poste mail@suessem.lu fb/gemengsuessem
L-4477 Belvaux / Tel. (+352) 59 30 75 - 1 www.suessem.lu instagram/gemengsuessem
IMPReSSuM Redaktioun Service à l’Égalité des chances et diversité Layout kousca design Studio – kousca.com Unzuel 100 Stéck Bieles, Januar 2026
2. Fir d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ze garantéieren, mussen déi verschidden Diskriminatiounen an Hindernisser mat erfaasst ginn. 3. Eng Viraussetzung fir eng demokratesch Gesellschaft ass eng equilibréiert Participatioun vu Fraen a Männer a méi héijen Aarbechtspositiounen.
Zënter dem Plang 2021–2025 huet sech vill gedoen. Net nëmmen um lokalen, ma och um nationale Plang si Fortschrëtter ze verbuchen. 30 lëtzebuergesch Gemengen hunn d’Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale ënnerschriwwen. D’Charte selwer huet 9 nei Artikele begréisst, déi d’Gemeng Suessem 2024 ratifizéiert huet. Tatsächlech verflicht sech d’Gemeng Suessem mat der Ënnerschrëft vun der Charte no de 6 fundamentale Prinzippien ze handelen, op deenen déi mëttlerweil 39 Artikele vun der Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie
4. D’Eliminatioun vu Geschlechter stereotyppen ass erfuerderlech fir d’Erreeche vun der Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer. 5. Fir d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer virunzebréngen, ass et noutwendeg d’Dimensioun vum Genre an allen Aktivitéitssecteure vu lokalen a regionalen Autoritéiten ze integréieren. 6. Adequat finanzéiert Aktiounspläng a Programmer sinn néideg Instrumenter fir d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ze fërderen. 3
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
D’CHARTE EUROPÉENNE POUR L’ÉGALITÉ
„ D’Gläichberechtegung vu Fraen a Männer ass e fundamentaalt Recht.“
Allgemeng Informatiounen iwwer d’Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale
Conseil vun den Euro päesche Gemengen a Regiounen (Conseil des Communes et Régions d’Europe) De Conseil vun den Europäesche Gemengen a Regiounen (CCRE) gouf 1951 gegrënnt. Haut ass en déi eelst a gréisst Organisatioun vu lokalen Autoritéiten. An anere Wierder ass den CCRE eng Federatioun vun nationalen Associatiounen, déi lokal a regional Niveaue vun Europa representéiert. Bis haut zielt dëse Conseil 60 Memberverbänn, déi fir méi wéi 110.000 Communautéiten an 41 europäesch Länner stellvertriedend sinn.
4
An deem Sënn si beispillsweis déi lëtzebuergesch Stied a Gemengen am CCRE duerch de Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises (SYVICOL) vertrueden. Am Kader vun engem Projet, dee finanziell vun der Europäescher Kommissioun ënnerstëtzt gouf, huet den CCRE d’Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie communale et régionale, déi 2006 vun de Responsabelen autoriséiert gouf, ausgeschafft. Fir op déi gesellschaftlech, politesch an technologesch Entwécklunge vun de leschte Joren ze reagéieren, gouf d’Charte 2022 mat 9 neien Artikelen ergänzt. Se ënnersträicht op dës Aart a Weis d’Wichtegkeet vun enger gendersensibeler Politik, besonnesch am Kontext vun der Digitaliséierung a vu Krisen, wéi der COVID-19-Pandemie oder dem Krich an der Ukrain. D’Charte bleift domat e wichtegt an aktuellt Instrument fir Gläichberechtegung an Diversitéit an eiser Gesellschaft.
Ursprong a Kontext vun der Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale Trotz der Tatsaach, dass d’Gläichberechtegung vu Fraen a Männer e fundamentaalt Recht ass an eng entscheedend Valeur fir d’Demokratie duerstellt, ass dëst nach net an allen Aspekter vum Alldag Realitéit, zum Beispill, wat den Ënnerscheed an der Pai ugeet oder d’Ënnerrepresentatioun vu Fraen a méi héije Positiounen um politeschen a wirtschaftlechen Niveau.
Dës Kontinuitéit a Reproduktioun vun Ongläichheete sinn d’Resultat vu soziale Konstruktiounen op Basis vu Stereotyppen, déi vun der Famill, de Kulturen, de Medien, der Beruffswelt an der Ausbildung vermëttelt ginn. D’Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale geet dovun aus, datt lokal a kommunal Gouvernementer méi no un de Bierger·inne sinn. An dësem Sënn sinn se am beschte placéiert, fir eng wierklech egalitär Gesellschaft ze promovéieren a géint Inegalitéiten ze kämpfen.
5
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
De Service à l’Égalité des chances et Diversité
De Service freet sech iwwert konstruktiven Input.
Wann Dir eng Iddi, Froen oder e perséinlecht Uleies hutt, da kënnt Dir gären d’Annick Spellini, d’Responsabel vum Service à l’Égalité des chances et Diversité, kontaktéieren: service.secd@suessem.lu oder T. 59 30 75-501 oder um T. 59 30 75-654
De Service à l’Égalité des chances et Diversité Entwécklung vum Service à l’Égalité des chances et Diversité
Ëm wat këmmert sech de Service à l’Égalité des chances et Diversité?
Partner·inne vum Service
suessem.lu/fr/service/ service-a-legalite-des-chances-et-diversite/
De Service à l’Égalité des chances et Diversité vun der Gemeng Suessem huet zanter senger Grënnung 1999 verschidden Evolutioune matgemaach. Wat als eng vun de Pionéiergemengen zu Lëtzebuerg ugefaangen huet, ënnert dem Numm Service à la Condition féminine, gouf 2005 virunentwéckelt. Et war d’Gebuertsstonn vum Service à l’Égalité des chances.
Dës Oplëschtung, déi net komplett ass, resüméiert a groussen Zich d’Projeten an d’Missioune vum Service:
De Service à l’Égalité des chances et Diversité schafft enk mat enger Rei vu Partner·innen zesummen, souwuel um lokale wéi och um nationalen Niveau, fir seng Ziler a Missiounen effektiv ëmzesetzen. D’kontinuéierlech Ënnerstëtzung a Vertraue vum Schäff·inn·ena Gemengerot erméiglechen dem Service gutt ze funktionéieren.
Um nationale Plang kooperéiert de Service ënner anerem reegelméisseg mam Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA), dem Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises (SYVICOL), dem Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL), an dem Réseau national des Chargé·es à l’Égalité des genres (REGA).
Um Gemengenniveau fannen eng Rëtsch interdisziplinär Zesummenaarbechte mam Service à l’Égalité des chances et Diversité statt. D’Servicer an déi thematesch Kommissioune si beméit, fir d’Genderpolitik, dat interkulturellt Zesummeliewen an dat intergenerationellt Zesummekommen an der Gemeng beschtméiglechst ëmzesetzen.
Als Member vum REGA setzt de Service sech dofir an, d’Zesummenaarbecht mat anere Gemengen, souwéi mat nationalen an internationalen Acteur·innen ze stäerken. Dëst erlaabt bestoend Relatiounen ze verdéiwen, nei Synergien opzebauen a gemeinsam Projeten ze entwéckelen, déi d’Missioune vum Service ënnerstëtzen an d’Gläichstellung op villen Niveaue fërderen.
Bis dohi stoung d’Chancëgläichheet tëscht Fra a Mann am Virdergrond. Well awer och schonn déi Zäit weider Theeme vum Antidiskriminatiounsgesetz opgegraff goufen, koum et no de Gemengewale vun 2017 zu engem nächste logesche Schratt. De Volet Diversitéit koum dobäi an de Service heescht esou, wéi Dir en haut kennt.
6
― Sensibiliséieren an informéieren iwwert d’Theeme vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit ― Babysitterformatioun ― Formatioun Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet ― Service Écrivain·es Public·ques ― Koordinatioun vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ― Sensibiliséieren an informéieren am Kader vun der Journée internationale du sport féminin ― Uspriechpartner·in am Kader vun der Kollaboratioun mat Zarabina Asbl ― Uspriechpartner·in fir d’Plattform vum Benevolat ― Member an der Chancëgläichheetsan Diversitéitskommissioun
Zousätzlech besteet eng aktiv Kollaboratioun mat Associatiounen aus dem nationale wéi och lokale Kontext, déi sech fir Gläichstellung
7
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Success Stories aus de leschte Joren
Success Stories aus de leschte Joren
8
Baséierend op eisen Objektiver a Mooss name vum leschten Aktiounsplang, wëlle mir gären op e puer Success Stories vun 2021 bis 2025 opmierksam maachen.
Dëst ass keng komplett Lëscht vun allen Aktiounen aus deene leschte Joren, mee et handelt sech ëm Highlights, déi besonnesch ze ervirzehiewe sinn.
― Den 18. Juni 2021, als Reaktioun op d’LGBTIQ+ Free Zones an Ungarn a Polen , huet d’Gemeng Suessem sech als LGBTIQ+ Freedom Zone deklaréiert. Eise Gemengerot war dann och den éischten, deen d’Formatioun iwwer LGBTIQ+ vum Cigale an Alter Ego suivéiert huet, fir esou e bessert Verständnis ze kréie fir wat den Akronym genee steet a fir op dës Manéier déi betraffe Leit nach besser verstoen ze kënnen.
― Zanter dem Hierscht 2021 bitt d’Gemeng Suessem mat groussem Erfolleg d’Formatioun Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet fir Awunner·innen a Gemengepersonal un. D’COVID19-Pandemie huet däitlech gemaach, wéi wichteg et ass, déi psychesch Gesondheet eescht ze huelen. Schonn 2020 gouf d’Suessemer Gemeng vun der Ligue Santé Mentale als Pilotgemeng invitéiert, fir un der éischter Formatioun deelzehuelen, nach ier dës fir déi breet Ëffentlechkeet zougänglech war. 2021 war et esouwäit an d’Gemeng Suessem war déi éischt Gemeng, déi dës Offer hirer Populatioun ugebueden huet. Zanterhier gëtt d’Formatioun Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet zwee Mol d’Joer fir d’Awunner·innen ofgehalen. D’Gemeng Suessem huet dobäi och hir eegen intern Formatrice, déi d’Formatioun fir d’Awunner·innen an d’Personal hält.
„ D’Gemeng Suessem setzt sech bewosst dofir an, hir Kommunikatioun esou ze gestalten, dass all Persoun sech ugeschwat fillt – onofhängeg vum Genre.“
― E wichtege Projet vum Service à l’Égalité des chances et Diversité ass d’Babysitterformatioun, déi zënter 2006 existéiert an iwwer d’Jore weiderentwéckelt gouf, orientéiert um Feedback vun de Jonken an den Elteren. 2023 gouf dës Initiativ mam Diversity Award ausgezeechent – eng grouss Éier fir eis Gemeng, déi als éischt am Land eng Formatioun fir d’Gard vu Kanner mat spezielle Besoinen zesumme mam Office House Capellen offréiert. Wéinst dem groussen Interessi, ginn zanter e puer Joer zwou Formatiounen am Summer organiséiert, déi ëmmer direkt ausgebucht sinn.
9
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
― E bedeitende Fortschrëtt an eisem Engagement fir Inklusioun ass d’Fro vun der genderinklusiver Kommunikatioun. D’Gemeng Suessem setzt sech bewosst dofir an, hir Kommunikatioun esou ze gestalten, dass all Persoun sech ugeschwat fillt – onofhängeg vum Genre. Och wann Texter a liichter Sprooch heiansdo eng Ausnam bilden, bleiwe si en Deel vun eiser inklusiver Approche, fir dass Informatioune fir jiddereen·t zougänglech a verständlech sinn. ― Am Abrëll 2023 stoung zu Suessem d’Fraegesondheet am Mëttelpunkt: Zesumme mat der Associatioun Lipödem Lëtzebuerg hu mir am Hall Polyvalent den nationale LipödemDag organiséiert. Dësen Dag huet dobäi gehollef, fir d’Populatioun an och d’Gesondheetspersonal iwwert d’Lipödemkrankheet ze sensibiliséieren. De Lipödem ass eng Erkrankung, déi leider nach ze wéineg erkannt a verstan gëtt. Mir sinn immens houfreg, d’Associatioun Lipödem Lëtzebuerg an hirer Missioun fir méi Opklärung iwwert dës Krankheet ze ënnerstëtzen.
10
― Nodeems d’Gemeng Suessem schonns um Pilotprojet Pakt vum Zesummeliewe vum Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil (MiFa) matgemaach huet, gouf am Mäerz 2024 den offizielle Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen. Zil ass et eng gréisser Bierger·inne·bedeelegung ze fërderen an dat interkulturellt Zesummeliewen ze promovéieren. De Comité de pilotage, dee vum Gemengerot zesummegesat ginn ass, wielt eng Prioritéit
Success Stories aus de leschte Joren
zu der e Bierger·innen·atelier organiséiert gëtt. Hei kënnen d’Awunner·innen hir Iddie matdeelen, déi spéider esou gutt et geet ëmgesat solle ginn. Eng Evaluatioun erfollegt an eng nächst Prioritéit gëtt gestëmmt. Op deem Wee geet den Oflaf nees vu vir un. ― Eis éischt Prioritéit stoung ënnert dem Theema Wëllkomm vun neien Awunner·innen. Hei goufen zwee Quartiersfester organiséiert, déi lokal e Succès waren, well nei Awunner·inne sech kenneléiere konnten a méi iwwert d’Gemeng gewuer goufen. ― Eis zweet Prioritéit sinn de Benevolat an déi interkulturell/intergenerationell Treffen. Eisen zweete Bierger·innen·atelier (26/04/2025) huet eng 120 Leit erreecht, déi eis wäertvollen Input ginn hunn. D’Aktivitéite wäerten hei am Laf vun der zweeter Hallschent vun 2025 an Ufank 2026 ausgefouert ginn. ― Mat Musék vun IRINA a Kanner animatioun vun eisem Jugendtreff Saba an der tatkräfteger Ënnerstëtzung vum Service Écologique an dem Service à l’Égalité des chances et Diversité, huet d’Gemeng Suessem den 29. Juni 2024 zesumme mat der Chancëgläichtheetsministesch Yuriko Backes eist Matgesfeld als Safe Space fir jiddereen·t feierlech ageweit. ― Der Gemeng Suessem hiert Engagement fir eng Egalitéit tëscht de Genrë gouf nach eng Kéier verstäerkt an duerch d’Deklaréieren als Lieu Sûr pour les Femmes am Gemengerot vum 21. Mäerz 2025.
11
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Struktur vum Aktiounsplang
Struktur vum Aktiounsplang
„ Den Aktiounsplang ënnersträicht d'Prioritéite vun der Gemeng Suessem am Domän vun der Chancëgläichheet an der Bekämpfung géint all Zort vun Diskriminatioun“
Den Aktiounsplang ënnersträicht d’Prioritéite vun der Gemeng Suessem am Domän vun der Chancëgläichheet an der Bekämpfung géint all Zort vun Diskriminatioun. D’Objektiver vun der Gemeng baséiere sech op follgend Artikelen aus der Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale an dem Guide d’Accompagnement pour les Communes Luxembourgeoises, opgestallt vum SYVICOL:
1
2
12
Artikel 1
Demokratesch Responsabilitéit
D’Gemeng erkennt d’Wichtegkeet un, fir eng egalitär Gesellschaft opzebauen an där all Persoun, onofhängeg vun hirem Geschlecht oder hirem Genre, sech entfale kann. D’Gemeng engagéiert sech fir d’Promotioun vun der Chancëgläichheet an all hire Kompetenzberäicher. Artikel 2
Déi politesch Representatioun
D’Gemeng verflicht sech déi entspriechend Moossnamen ze huelen, fir aktiv eng equilibréiert Representatioun vun all Genre an de politeschen Entscheedungsprozesser ze verdeedegen an ze ënnerstëtzen.
3
Artikel 3
5
Participatioun um politeschen a soziale Liewen
D’Gemeng fërdert d’Participatioun vun de Bierger·innen un der Gouvernance an um ëffentleche Liewen.
4
Artikel 5
Collaboratioun mat verschiddene Partner·inne fir d’Chancëgläichheet ze promovéieren
D’Gemeng versicht aktiv d’Gläichberechtegung tëscht all Genre ausserhalb vun de kommunale politesche Strukturen ze promovéieren.
Artikel 4
Dat ëffentlecht Engagement fir Gläichberechtegung
D’Gemeng verflicht sech ëffentlech fir de Prinzip vun der Gläichberechtegung tëscht all Mënsch onofhängeg vu sengem·hirem Geschlecht oder sengem·hirem Genre anzesetzen.
6
Artikel 6:
Stereotyppen entgéintwierken
D’Gemeng verflicht sech géint Virurteeler a Praktiken, grad esou ewéi géint d’Benotze vu verbalen Expressiounen a Biller, déi d’Iddi vun der Superioritéit oder der Ënnerleeënheet vun deem engen oder anere Geschlecht ausdrécken, entgéint ze wierken an ze ënnerbannen.
7
Artikel 10 + Artikel 34
Multipel Diskriminatiounen an Hindernisser & Intersektion alitéit an Diversitéit
D’Gemeng trëtt fir d’Gläichberechtegung vun all Persoun onofhängeg vun hirem Geschlecht oder hirem Genre an. Se verflicht sech géint all Form vun Diskriminatioun, baséierend op der Nationalitéit, der sozialer an ethnescher Hierkonft, der Sprooch, dem Glawen, de politesche Meenungen, dem Handicap, dem Alter oder der sexueller Orientatioun anzesetzen. Des Weideren erkennt d’Gemeng d’Problematik vun der Intersektion alitéit un, déi mécht dass dacks Fraen a Meedercher Affer vu multipelen an iwwergräifende Forme vun Diskriminatiounen ginn. 13
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
8
Artikel 11 + Artikel 35
D’Roll als Patron·ne & Flexibilitéit vu wou ee schafft
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
11
Artikel 16
12
Artikel 18
D’Gemeng integréiert d’Recht op Gläichberechtegung fir all Genre an hirer Personalpolitik. D’Gemeng setzt sech fir eng gréisser Flexibilitéit op der Aarbechtsplaz an.
9
10
Artikel 13
Educatioun a Formation continue
Bannent de Grenze vun hire Kompetenzen, fërdert d’Gemeng d’Gläichberechtegung am Beräich vun der Bildung an der Weiderbildung. Artikel 14 + Artikel 37
D’Gesondheet & Rechter am Beräich vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet
D’Gemeng engagéiert sech, fir gesond Liewensstiler fir all Persoun, onofhängeg vun hirem·sengem Geschlecht oder hirem·sengem Genre, ze promovéieren. Des Weideren engagéiert sech d’Gemeng, d’Populatioun iwwer déi sexuell an déi reproduktiv Gesondheet opzeklären.
14
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
Kannerbetreiung
D’Gemeng stellt Kannerbetreiungsstrukturen zur Verfügung, déi et den Elteren erlaben, hiert berufflecht, ëffentlecht a privat Liewen ze arrangéieren.
Déi sozial Inklusioun
D’Gemeng Suessem fërdert d’Inklusioun vu sozial marginaliséierte Persounen an erkennt un, datt d’Besoine vun de Fraen a Männer an all weider Persoun sech ënnerscheede kënnen.
13
Artikel 22
14
Artikel 32
Geschlechterspezifesch Gewalt
D’Gemeng bedeelegt sech aktiv um Kampf géint geschlechterspezifesch Gewalt.
Cybergewalt
D’Gemeng Suessem setzt sech géint Cybergewalt an.
1 Artikel 1
OBJEKTIV
Demokratesch Responsabilitéit
― Engagement vun der Gemeng fir d’Fërderung vun der Gläichberechtegung tëscht alle Genren an all hire Kompetenzberäicher.
D’Gemeng verstäerkt hiert Engagement MOOSSNAMEN fir eng egalitär Gesellschaft, an där all ― Ënnerschrëft vun der Charte européenne Mënsch onofhängeg vu sengem·hirem pour l’égalité des femmes et des hommes Geschlecht oder sengem·hirem Genre dans la vie locale de 14. Januar 2010. sech entfale kann, an engagéiert sech ― 2018: Ënnerschrëft vun der Charte fir d’Promotioun vun der Chancë de la Diversité Lëtzebuerg. gläichheet an all hire Kompetenzberäicher. ― Entwécklung vun engem neien, pluriannuellen, kommunalen Aktiounsplang fir Chancëgläichheet vun all Mënsch, onofhängeg vu sengem·hirem Geschlecht oder sengem·hirem Genre am lokale Liewen. ― Ëmsetzung vun de Moossname vum pluriannuelle kommunalen Aktiounsplang.
15
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
3
2
Artikel 3:
Artikel 2
OBJEKTIVER
Déi politesch Representatioun
― D’Promotioun vun der Representatioun vun auslänneschen Awunner·innen. ― Bierger·innen fir eng equilibréiert Representatioun no Genre bei politeschen Entscheedungsprozesser ze sensibiliséieren.
D’Gemeng verflicht sech all entspriechend Moossnamen ze huelen, fir aktiv eng equilibréiert Representatioun MOOSSNAMEN vun all Genre an de politeschen Entscheedungsprozesser ze verdeedegen ― Promovéiere vun enger equilibréierter Representatioun vun de Genren op de an ze ënnerstëtzen.
Wallëschte bei de Gemengewale vun 2029.
Verschidde politesch Parteien hu ― Fërdere vun enger equilibréierter mëttlerweil eege Quotereegelungen Representatioun vun de Genren an de agefouert, wat als positiven Entwécklungs Kommissioune vun der Gemeng Suessem. schratt am Sënn vun der Geschlechter ― Organiséiere vun Informatiounsowenter gerechtegkeet ze bewäerten ass an an/oder Formatioune fir Leit, déi sech dozou bäidréit, dass e schrëftleche Bréif politesch engagéiere wëllen. mat entspriechender Ureegung net méi néideg ass.
Participatioun um politeschen a soziale Liewen Duerch verschidde Forme vun der ëffentlecher Participatioun, wéi beispillsweis duerch berodend Kommissiounen, engagéiert d’Gemeng Suessem sech fir d’Participatioun vun de Bierger·innen un der Gouvernance an um ëffentleche Liewen ze fërderen. D’Bierger·innebedeelegung gëtt och duerch de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewe promovéiert. D’Awunner·inne si reegelméisseg invitéiert u kommunale Bierger·innenatelieren deel ze huelen an hir Meenung an Iddien ze deelen.
OBJEKTIVER
― Eng equilibréiert Vertriedung no Genre an de berodende Kommissiounen. ― Eng net-stereotypesch Verdeelung vu Verantwortung um Niveau vun de berodende Kommissiounen. ― Eng Erhéijung vun der Representatioun vun auslänneschen Awunner·innen a Kommissioune. 16
― Auslännesch Awunner·innen encoura géiere fir sech op d’Wieler·innelëschten anzeschreiwen. ― Bierger∙innebedeelegung fërderen duerch d’Aktivitéiten am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen. MOOSSNAMEN
― Eng equilibréiert Vertriedung vun de Genren an de Kommissioune fërderen. ― Eng net-stereotypesch Verdeelung vu Verantwortung a Missiounen a berodende Kommissioune promovéieren. ― Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnen, déi vun de Kommissiounen organiséiert ginn. ― De Populatiounsbüro vun der Gemeng Suessem mécht bei der Umeldung vun netlëtzebuergeschen Awunner·innen d’Leit drop opmierksam, dass si sech op d’Wielerlëschte kënnen aschreiwen. ― D’Multiplikateuren·tricë vun der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen sensibiliséieren déi net-lëtzebuergesch Awunner·inne fir sech op d’Wielerlëschten anzeschreiwen. ― De Bierger·innepakt am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ervirhiewen an ënnerstëtzen. ― D’Bierger·innenatelieren am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewe promovéieren an déi doraus follgend Aktioune fërderen. 17
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
4 Artikel 4
Dat ëffentlecht Engage ment fir Gläichberech tegung 2010 gouf d’Ënnerschreiwe vun der Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale grouss gefeiert. D’Ratifikatioun vun den néng neien Artikele gouf den 23. September 2024 am Gemengerot gestëmmt an den Awunner·innen aus der Gemeng matgedeelt.
5 OBJEKTIVER
― D’Visibilitéit vun der Politik vun der Chancë gläichheet an der Diversitéit vun der Gemeng Suessem assuréieren. MOOSSNAMEN
― D’Kommunikatioun ronderëm Sensibiliséierungsaktiounen an Evenementer op de verschiddene Kanäl vun der Gemeng Suessem assuréieren. ― D’Benotzung vun enger net-stereotyppescher visueller a schrëftlecher Kommunikatioun. ― Mat verschiddene Partner·innen un ënnerschiddleche Projeten am Beräich vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit zesummeschaffen.
Donieft setzt sech d’Gemeng Suessem och visibel fir d’Gläichberechtegung fir all Mënsch an, z.B. duerch d’Schafe ― Op eng Paritéit vu bekannte Fraen a Männer vun enger LGBTIQ+ Freedom Zone 2021 bei der Benennung vun neie Stroossennimm oppassen. an d’Ernennung vum Matgesfeld als Safe Space fir jiddereen·t. ― Der Gemeng Suessem hir Ënnerstëtzung visibel maache fir beispillsweis de Pride Month, d’Orange Week, etc. ― Analysë fir weider méiglech Safe Spacen ze promovéieren.
Artikel 5
OBJEKTIV
Collaboratioun mat ver ― Weider Collaboratioune mat de Partner·innen aus dem Domän vun der Chancëgläichheet schiddene Partner·inne an der Diversitéit um internen an externen Niveau ustriewen. fir d’Chancëgläichheet ze promovéieren MOOSSNAMEN ― Mat verschidden interne Servicer vun D’Gemeng Suessem schafft op der Gemeng, wéi zum Beispill dem Service internen an externen Niveaue mat des Relations publiques et de la Culture, verschidde Partner·innen zesummen, Service Écologique, Service Senior+, Service fir Eventer wéi d’Semaine de la Santé Technique, Service Sécurité et Santé au travail, etc. u verschidde Projeten am Beräich Mentale, d’Orange Week an eng Rei vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit aner Aktivitéiten an Aktiounen ze zesummeschaffen. organiséieren, déi der Gläichberechtegung vun de Genren an der Fërderung vun ― Mat verschidde Kommissioune vun der Gemeng, wéi zum Beispill der der Diversitéit déngen.
Chancëgläichheets- an Diversitéitskommissioun, der Jugendkommissioun, der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen, asw. u verschidde Projeten am Beräich vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit zesummeschaffen.
― Bestoend Partenariater verstäerken, wéi beispillsweis d’Organisatioun Office House Capellen, d’Initiativ Liewensufank, den CNFL, dem MEGA, dem REGA, etc. ― Nei a pertinent Partenariater entwéckele mam Zil d’Missioune vum Service à l’Égalité des chances et Diversité ze erfëllen.
18
19
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
6 Artikel 6:
Stereotyppen entgéintwierken D’Gemeng verflicht sech géint Virurteeler a Praktiken, grad esou ewéi géint d’Benotze vu verbalen Expressiounen a Biller, déi d’Iddi vun der Superioritéit oder der Ënnerleeënheet vun deem engen oder anere Genre ausdrécken, entgéintzewierken an ze verhënneren. OBJEKTIVER
― Aktiounen a Campagnen, fir Stereotyppen a Virurteeler entgéintzewierken, respektiv ze vermeiden. ― Déi alljärlech Organisatioun vun der Babysitterformatioun soll méi Jongen en Impuls ginn, fir eventuell e Beruff am sozioedukative Beräich anzeschloen. MOOSSNAMEN
20
― Sensibiliséierungs- an Informatiounscampagnen iwwer LGBTIQ+Communautéiten (lesbesch, homosexuell, bisexuell, trans*, intersex, queer an all aner sexuell Orientéierung) fir géint Stereotyppen a Virurteeler unzekämpfen, déi se ëmginn. ― D’Benotzung vun enger net-stereotyppescher visueller a schrëftlecher Kommunikatioun.
„ D’Gemeng verflicht sech géint Virurteeler a Praktiken, grad esou ewéi géint d’Benotze vu erbalen Expressiounen a Biller, déi d’Iddi vun der Superioritéit oder der Ënnerleeënheet vun deem engen oder anere Genre ausdrécken, entgéintzewierken an ze verhënneren.“
― Verschidden Aktiounen a Sensibiliséierungs campagnen a puncto Stereotyppen a Virurteeler baséierend um Genre, Geschlecht, Handicap, der Sexualitéit, Hierkonft, asw.
― Am Kader vun der Babysitterformatioun wëll d’Gender Game, zesumme mat de Jugendlechen d’Stereotyppen duerchbriechen, ― Formatioune fir d’Populatioun an d’Gemenge déi als typesch Fra, respektiv typesch personal ze sensibiliséieren. Mann gëllen. D’Gender Game gouf vum Fuerschungszentrum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) entwéckelt.
21
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
7 Artikel 10 + Artikel 34
OBJEKTIVER
Multipel Diskriminatiou ― D’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch fir auslännesch Awunner·innen ënnerstëtzen. nen an Hindernisser & ― Interkulturell Kommunikatioun verbesseren. Intersektionalitéit an Diversitéit ― Interkulturellen Austausch an Integratioun Laut dem Gesetz vum 28. November 2006 iwwer d’Gläichbehandlung verflicht d’Gemeng sech géint all Form vun Diskriminatioun virzegoen. Heirënner falen d’Diskriminatioun baséierend op beispillsweis der tatsächlecher oder vermeintlecher Zougehéiregkeet zu enger Nationalitéit oder Ethnie, dem Geschlecht an dem Genre, der sexueller Orientéierung, der Relioun oder den Iwwerzeegungen, der Behënnerung an dem Alter. Mam Ënnerschreiwe vun der Charte de la Diversité ënnersträicht d’Gemeng Suessem hiert Engagement fir sech géint all Form vu multipelen an dacks iwwergräifenden Diskriminatiounen anzesetzen.
22
ënnerstëtzen.
― D’Kanner fir d’Kulturen an d’Traditiounen aus anere Länner sensibiliséieren. ― De Projet Eng Gemeng fir Jiddereen, deen d’Gemeng fir jiddereen·t accessibel wëll maachen: D’Infrastrukture vun der Gemeng fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit zougänglech maachen. ― De Stereotyppen an Diskriminatioune baséierend op dem individuelle Choix vun der sexueller Orientéierung an / oder dem Genre entgéintwierken.
MOOSSNAMEN
― D’Gemeng Suessem organiséiert all Joer lëtzebuergesch an englesch Sproochecoursë fir d’Niveauen A.1.1, A.1.2 an A.2.1. ― Direkt mëndlech Iwwersetzunge bei ëffentleche Sitzungen, Konferenzen an aner ëffentlechen Eventer assuréieren. ― D’Sproochecoursen, déi d’Gemeng Suessem ubitt, sinn accessibel fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. ― Scho virum Accessibilitéitsgesetz vum 7. Januar 2022, huet d’Gemeng Suessem domat ugefaangen d’Recommandatioune vun der Adapto-Etüd „Eng Barrièrefräi Gemeng“ ëmzesetzen. ― D’Gemeng Suessem mat hirem Service Technique si beméit d’Gemengegebaier accessibel ze maachen wéi et vum Accessibilitéitsgesetz um 7. Januar 2022 virgesi gëtt. ― De Service d’Éducation et d’Accueil (SEA) vun der Gemeng Suessem organiséiert verschidden Aktivitéite fir d’Integratioun ze verbesseren. ― Projet Graffiti an aner Projeten: Promotioun vun der Integratioun an der Zesummenaarbecht mat Partnerorganisatiounen.
― Dem Schoulprojet Zesumme si mir staark nees Liewen anhauchen, an deem d’Kanner Aktivitéite matmaachen, déi hiren Horizont erweideren. ― Aktiv Programm: eng grouss Panoplie u Coursë ginn offréiert a sinn op fir jiddereen·t. ― Intergenerationell Aktivitéiten organiséieren, beispillsweis am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen. ― Aktivitéiten an Aktiounen, déi vun de berodende Kommissiounen organiséiert ginn. ― Stereotyppen an Diskriminatioune baséierend op der sexueller Orientéierung an / oder dem Genre entgéintwierken. ― Mat Associatioune wéi ITGL, Rosa Lëtzebuerg, Cigale, an aneren zesummeschaffen. ― Visualiséiere vun eiser Ënnerstëtzung fir d’LGBTIQ+ Communautéiten (lesbesch, homosexuell, bisexuell, trans*, intersex, queer an all aner sexuell Orientéierung) andeems de Progressive Pride Fändel opgehaange gëtt fir de Pride Month an d’Luxembourg Pride Week. ― Organisatioun vu verschidde Formatioune fir d’Personal vun der Gemeng Suessem.
23
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
8
― D’Diversitéit an den Ekippen encouragéieren. ― Congé sans soldes, Hallefzäit / Deelzäit Aarbecht, Congé parental erméiglechen.
Artikel 11 + Artikel 35
D’Roll als Patron·ne & Flexibilitéit vu wou ee schafft D’Gemeng integréiert d’Recht op Gläichberechtegung fir all Genre an hirer Personalpolitik.
― Den Employé·e·ën d’Méiglechkeet ginn aus hirer Hallefzäit-/ Deelzäit-Aarbecht erëm Vollzäit schaffen ze goen. OBJEKTIVER
― Moossnamen definéieren, déi geholl ginn, fir déi berufflech Gläichberechtegung tëscht de Genren an der Verwaltung ze promovéieren.
― Flexibel Aarbechtszäiten, déi un déi wiesselend Konditiounen ugepasst ginn an Zesummenaarbecht mat der Personaldelegatioun, fir d’Gemengepersonal dobäi ze ënnerstëtze Familljena Beruffsliewen ze verbannen.
― Den Teletravail gouf etabléiert fir dem Gemengepersonal d’Méiglechkeet ze ginn e bessert Gläichgewiicht tëscht Familljena Beruffsliewen ze hunn. Inklusioun vun der Diversitéit an den Ekippen. ― ― D’Gläichberechtegung tëscht all Genre beim Rekrutement garantéieren.
― Moossname fir gerecht an transparent Méiglechkeeten fir den Avancement an den Developpement vun der Karriär ze garantéieren. ― D’Gemengepersonal beim Ausgläich vum Familljen- a Beruffsliewen ënnerstëtzen. MOOSSNAMEN
― D’Analys vun der Personalstruktur nom Geschlecht vun der kommunaler Verwaltung vum Personalbüro, dem Chancëgläichheets- an Diversitéitsservice an der Personaldelegatioun aktualiséieren.
24
― De Prinzip vun der Paritéit beim Astellen a bei der Invitatioun op en Entretien beuechten.
― Dem Personal vun der Gemeng weider Formatiounen an de Beräicher vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit ubidden. ― De Service à l’Égalité des chances et Diversité an d’Personaldelegatioun sinn zwee Uspriechpartner·innen, déi Mobbingfäll traitéieren an der Gemeng hiert Engagement géint Mobbing stäerken. ― Budget fir d’Promotioun vum Bien-être op der Aarbecht fir d’Gemengepersonal virgesinn. ― Réinsertion professionnelle vu Leit, déi scho länger aus der Aarbechtswelt eraus sinn, dank der Konventioun mat der Associatioun Zarabina. 25
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
9 Artikel 13 :
Educatioun a Formation continue
― Formatioune fir d’Enseignanten am Precoce an an der Primärschoul. ― Formatioune fir d’Educateuren an d’Educatricen aus eisem SEA, wéi beispills weis Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet, Die Rolle des Erziehers·der Erzieherin, Spielgestaltung (4–12 Joer), Éischt Hëllefcours, asw.
Mat Projete wéi beispillsweis d’Aktioun Zesumme si mir staark an der Babysitterformatioun, fërdert d’Gemeng d’Gläichberechtegung am Beräich vun der Bildung an der Weiderbildung. OBJEKTIVER
― Allgemeng Preventioun, wéi och e globaalt Bewosstsi fir d’Chancëgläichheet an d’Diversitéit fir d’Schüler·innen aus der Primärschoul duerch verschidde Schoulprojeten, wéi zum Beispill den Zesumme si mir staark. ― Eng inklusiv Pedagogik garantéiert d’Participatioun vun alle Kanner am Service d’Éducation et d’Accueil (SEA). ― Allgemeng Preventioun, wéi och e globaalt Bewosstsi fir d’Gläichberechtegung an d’Diversitéit duerch Formatiounsoffere fir d’Enseignanten. ― D’Chancëgläichheet duerch déi alljärlech Babysitterformatioun fërderen: Babysitter26
Intensiv-Formatioun an Zesummenaarbecht mat de verschiddene Partner·inne vum Chancëgläichheets- an Diversitéitsservice. ― D’Chancëgläichheet an d’Gesondheet fërderen duerch ëmfaassend Formatiounsofferen, wéi beispillsweis d’Formatioun Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet. ― D’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer fërderen duerch déi järlech Participatioun um Weltfraendag an um Weltmännerdag. ― Ubidde vu Berodungen a Formatioune fir Leit, déi erëm wëllen um Aarbechtsmaart aktiv ginn (no enger Paus an der professioneller Karriär aus familiäre Grënn, Chômage, etc.).
― Eng Pedagogik am SEA aféieren, déi den Aspekt vun de Geschlechter beuecht. ― Stereotyppen um Niveau vun der Beruffswiel entgéintwierken, andeems Meedercher a Jongen atypesch Beruffer méi no bruecht kréien. MOOSSNAMEN
― D’Offer vum Schoulprojet Zesumme si mir staark enthält all Joer verschidden Aktivitéiten, déi d’Chancëgläichheet an d’Diversitéit fërderen. D’Zil ass et, den Horizont vun de Kanner ze erweideren a Stereotyppen ofzebauen. ― Schüler·innen, déi spezifesch edukativ oder speziell Besoinen hunn, no enger inklusiver Approche begleeden duerch spezialiséiert I-EBS Léierpersonal.
― Formatioune fir d’Personal vun der Gemeng Suessem, wéi beispillsweis d’Formatioun mat der Hörgeschädigten Beratung Smh. ― D’Chancëgläichheet fërderen duerch déi alljärlech Babysitterformatioun fir Babysitter·innen an Zesummenaarbecht mat de Partner·inne vum Service à l’Égalité des chances et Diversité. ― Formatiouns- an Informatiounsowenter fir d’Familljeliewen an d’Aarbecht besser ze kombinéieren, an en Informatiounsowend fir zukünfteg Eltere mat der Associatioun Initiativ Liewensufank beispillsweis. ― Kollaboratioun mat Zarabina Asbl fir Leit ouni Aarbecht ënnert d’Äerm ze gräifen duerch Berodungen a Formatiounen. ― Kommunikatiounen an / oder Eventer ronderëm den internationalen Dag vun de Fraen an den Internationalen Dag vun de Männer op d’Bee stellen. 27
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
10 Artikel 14 + Artikel 37
D’Gesondheet & Rechter am Beräich vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet D’Gemeng engagéiert sech fir gesond Liewensstiler fir all Persoun onofhängeg vun hirem·sengem Geschlecht oder hirem·sengem Genre ze promovéieren. Mat hirer Participatioun un der Semaine de la Santé Mentale, organiséiert vun der Ligue Santé Mentale, ënnerstëtzt vum Ministère de la Santé, kënnt den Aspekt vun der mentaler Gesondheet bei dee vun der physescher Gesondheet dobäi.
OBJEKTIVER
― Mental a physesch Gesondheet an Hygiène promovéieren. ― Sensibiliséieren an informéieren iwwer déi verschidde Krankheeten, déi geschlechterspezifesch kënne sinn. ― Sensibiliséieren iwwer déi sexuell a reproduktiv Gesondheet.
― Organisatioun vu verschiddenen Aktivitéiten oder Kommunikatioune fir iwwer verschiddene Krankheeten ze sensibiliséieren, déi haaptsächlech Männer betreffen, wéi z.B. Prostatakriibs, Hodekriibs, asw. ― Organisatioun vu verschiddene Sensibiliséierungsaktiounen oder Kommunikatiounen am Kader vu Weltdeeg iwwer verschidde psychesch a kierperlech Krankheeten, déi d’Populatioun beaflossen.
MOOSSNAMEN
― Participatioun un der Semaine de la Santé Mentale duerch verschidden Aktiounen (Kommunikatiounen an / oder Eventer). ― Organisatioun vu verschiddenen Aktivitéiten oder Kommunikatioune fir iwwer verschidde Krankheeten ze sensibiliséieren, déi haaptsächlech Frae kréien, wéi beispillsweis Kriibs un den Eeërstäck, Broschtkriibs, asw.
― Sensibiliséierung fir d’Thematik vun der Kierper- an Zännhygiène an de Schoulen/dem Service d’Éducation et d’Accueil (SEA). ― Sensibiliséierungsaktiounen iwwer déi sexuell a reproduktiv Gesondheet mam Centre national de référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle (Cesas).
Des Weideren engagéiert d’Gemeng sech d’Populatioun iwwer déi sexuell an déi reproduktiv Gesondheet opzeklären.
28
29
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
11 Artikel 16:
Kannerbetreiung D’Gemeng Suessem stellt Kanner betreiungsstrukturen zur Verfügung, fir et den Elteren ze erméiglechen hiert berufflecht, ëffentlecht a privat Liewen ze arrangéieren. Donieft engagéiert sech de Service d’Éducation et d’Accueil (SEA) fir eng ëmfaassend qualitativ an inklusiv Kannerbetreiung unzebidden, déi d’Gläichberechtegung tëscht de Genrë garantéiert.
― Strukturen, déi de Besoine vun de Kanner gerecht ginn.
― Gläichberechtegung fërderen. ― Eng gesond Alimentatioun ubidden. MOOSSNAMEN
OBJEKTIVER
― Bei all neiem Schoulkomplex e Service d’Éducation et d’Acceuil (SEA) vun der Gemeng matplangen.
― Adaptéiere vun der non-formeller Bildung un d’Kapazitéiten an d’Interesse vun de Kanner.
― Eng inklusiv Pedagogik garantéiert d’Participatioun vun alle Kanner am SEA an an de Vakanzenaktivitéiten.
― Beuechte vun der Diversitéit vun de Kanner, déi aus verschiddene spezifeschen an diverse Situatioune kommen, mat Hibléck op d’Respektéiere vun all Mënsch.
― Integratiounsmoossnamen ëmsetzen.
― Weiderféiere vum Sportsprojet, un deem iwwer 150 Kanner pro Woch deelhuelen, mam Zil d’Kanner fir de Sport ze begeeschteren.
― D’Offer vun engem qualitativen Encadrement vun de Kanner.
― Erweidere vun der Unzuel vu Plazen an de Maison-relaisen, duerch den (Aus-)Bau vun neie Strukturen.
― D’Applizéiere vun de véier allgemenge pedagogesche Prinzippien: Individualiséierung an Differenzéierung, Diversitéit, Inklusioun a Méisproochegkeet.
30
― Eng Rei vu psychomotoreschen, kulturellen an Aktivitéiten, déi d’Entwécklung fërderen, ubidden.
― D’Ekipp Inklusioun këmmert sech ëm Kanner mat spezielle Besoine fir dass si esou vill ewéi méiglech an d’Gruppeliewen integréiert sinn an hiert Potenzial entwéckelen.
― Reegelméisseg Echangen tëschent der Ekipp Inklusioun an externe professionellen Associatiounen, wéi beispillsweis PAMO (Projet d’action en milieu ouvert), La Main Tendue, Asbl Angela, Asbl Alive Plus, Service F.A.M.I.L, de Service RASE (Relais d’Accompagnement Socio-Educatif), etc. ― Kanner vu Geflüchteten an der Maison Relais integréieren. ― De Prinzip vun der Méisproochegkeet an dem Multikulturalismus applizéieren, fir de Kanner an de Mataarbechter·inne vun de Strukturen aus der Gemeng d’Prinzippie vum Respekt a Versteesdemech méi nozebréngen. ― D’lëtzebuergesch Sprooch fërderen an de Kanner e gläichberechtegt Zesummeliewen tëscht Lëtzebuerger·innen an Auslänner·innen erméiglechen.
― Verschidde Strukturen hunn eng Salle psychomotrice, en Airtramp, eng Kloterhal an eng Schwämm beispillsweis. ― Offer un Aktivitéite fir e Sënn fir d’Ästheetik, d’Kreativitéit an d’Konscht ze stimuléieren. ― En Theaterprojet ubidde fir d’Kanner ze encouragéieren, fir virun hire Kolleeg∙innen opzetrieden a méi Selbstvertrauen ze tanken. ― Natur- a Bëschpedagogik promovéieren. ― Eng positiv Bezéiung mat den Elteren opbauen op Basis vum Dialog an Informatiounsaustausch. ― Oppassen, dass e Gläichgewiicht tëscht Spillsaachen, Medien asw. fir Meedercher a Jonge besteet. ― Kachatelieren organiséiere fir d’Kanner ze encouragéieren eng gesond Iessgewunnecht ze kréien. 31
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
12 Artikel 18
Déi sozial Inklusioun D’Gemeng Suessem fërdert d’Inklusioun vu sozial marginaliséierte Persounen an erkennt un, datt d’Besoine vun de Fraen a Männer sech ënnerscheede kënnen. OBJEKTIVER
― Op d’Thematike vun den LGBTIQ+-Communautéite agoen. ― Ënnerstëtze vun elengerzéienden Elteren. ― Promotioun vun der Inklusioun vu weiblechen a männleche Migrant·innen a Geflüchteten. ― Asetze fir d’Reinsertioun an d’Beruffswelt. ― Preventioun vum Déguerpissement. MOOSSNAMEN
― Participatioun un der/um Luxembourg Pride Week/Month organiséiert vu Rosa Lëtzebuerg. ― Visibilitéit fir d’LGBTIQ+-Communautéiten duerch d’Ophänke vun de Pride-Fändele virum Gemengegebai am Kader vun der Luxembourg Pride Week. 32
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
„ D’Gemeng bedeelegt sech aktiv um Kampf géint geschlechterspezifesch Gewalt.“
― Organisatioun vun enger Konferenz fir gläichgeschlechtlech Koppelen, déi iwwerleeën e Kand ze adoptéieren. ― Sensibiliséierungscampagnë fir jonk Leit an Zesummenaarbecht mat Rosa Lëtzebuerg an/oder Cigale. ― Aktivitéiten organiséiert vun der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen ewéi dat järlecht Colorissimo-Fest. ― Organisatioun vun engem Informatiounsowend iwwer d’Reinsertioun an d’Beruffswelt mat Zarabina. ― Permancë vun Zarabina an der Gemeng Suessem fir d’Reinsertioun an d’Beruffswelt ënnerstëtzen. ― Organisatioun vun enger Job-Foire mat Zarabina. ― Informatiounsowenter an de Geflüchtete foyeren organiséieren als Preventioun vun engem Déguerpissement, zesumme mam Office Social an dem Service Logement et Patrimoine Immobilier vun der Gemeng Suessem.
13 Artikel 22
Geschlechterspezifesch Gewalt D’Gemeng bedeelegt sech aktiv um Kampf géint geschlechterspezifesch Gewalt. Am Kader vun der Orange Week hänkt d’Gemeng Suessem de Fändel „Lëtz say no to violence against women and girls“ vum Zonta an dem CNFL op. Donieft gouf ënnert anerem den interaktiven Theaterforum zum Sujet haislech Gewalt vum MEGA opgefouert.
MOOSSNAMEN
― Participatioun un der Orange Week organiséiert vum CNFL an Zesummenaarbecht mam Zonta International, ënnerstëtzt vum MEGA. ― Ophänke vum Orange-Week-Fändel virum Gemengegebai am Kader vun der Orange Week. ― Organisatioun vun enger Konferenz iwwer e spezifescht Theema am Zesummenhang mat der Gewalt géint Kanner. ― Organisatioun vun enger Konferenz iwwer e spezifescht Theema am Zesummenhang mat der Gewalt géint Jugendlecher.
― Organisatioun vun enger Konferenz iwwer e spezifescht Theema am Zesummenhang D’Bierger·innen iwwer d’Hëllef, déi d’Gemeng mat der Gewalt géint erwuesse Leit. ― ubitt, informéieren. ― Organisatioun vun enger Konferenz iwwer Sensibiliséierungscampagnë géint e spezifescht Theema am Zesummenhang ― geschlechterspezifesch Gewalt. mat der Gewalt géint Senior·innen. OBJEKTIVER
― Sensibiliséierungscampagnë géint sexuell Gewalt. ― Organisatioun vun Aktioune géint psychologesch Gewalt a géint geeschteg Belästegung.
33
AKTIOUNSPLANG 2026-2030
Den Aktiounsplang vun der Gemeng Suessem
14 Artikel 32
Cybergewalt D’Gemeng Suessem setzt sech géint Cybergewalt an. OBJEKTIV
― Sensibiliséierungscampagnë géint Cybergewalt. MOOSSNAM
― Organisatioun vun Informatiounsowenter mat Bee Secure oder änleche Partner·inne fir iwwert Cybergewalt opzeklären a wéi ee sech schütze kann, respektiv, wéi een dogéint virgoe kann.
34
QR-Code fir den Online-PDF vun der europäescher Charte fir d'Gläichberechtegung vu Fraen a Männer am lokale Liewen charter-equality.eu/the-charter Site, wou een déi 28 Sprooche ka fannen an deenen d’Charte geschriwwen ass.
35