Info Ell 4/2012

Page 1

4/2012

INFO ELL

15.12.2012

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger, Et freet mech Iech déi véiert a lescht Editioun 2012 vun eiser Zeitung « INFO ELL » ze presentéieren. « Eis Zeitung » gëtt et elo scho säit bal 20 Joer an eiser Gemeng, an déi Lektür ass mëttlerweil ganz bekannt a beléift, an och nit méi aus eiser Mëtt ewechzedenken. Mat ville faarwege Fotoen aus Schoul, Sport, Kultur a Veranstaltunge ka jidderee sech mat eiser Zeitung indentifizéieren. Léif Awunner, D’Joer 2012 geet op een Enn, an domat och national dat 4.Krisejoer hannereneen, an ech hoffe fir eis all, dass déi Ziffer 13, also d’Joer 2013, eiser Gemeng an eisem Land Gléck bréngt an et nees mat der Wirtschaft a mat den Aarbechtsplazen a mat de Finanze biergop geet. Fir dass och mir als Eller Gemeng déi néideg Mëttel hu fir eis Projeeën déi ustinn ze realiséieren. Ech sinn awer trotzdem der Meenung dass mir als Eller Gemeng ganz gutt opgestallt sinn a wa mir eis Pro-Kapp-Verschëldung vu 5000 Euro viru 6 Joer elo op +/- 3000 reduzéiert hunn, da beweist dat, dass mir trotz villen Investitiounen an trotz Wirtschaftskris ganz gutt geschafft hunn an duerfir kann een awer positiv no vir kucken. Eis Gemeng huet, wéi dir wësst, ganz vill Veräiner déi gutt funktionéieren an eng immens wichteg Roll fir eis Gemeng a virun allem fir eis Jugend spillen. Grad wéi um sportlechen sou och um kulturelle Plang sollen eis Veräiner ouni Ausnahm gelueft ginn. Si verbreeden eis ee gudde Numm och iwert d’Grenzen eraus. BRAVO! Mengem neie Gemengerot Merci fir déi konstruktiv Zesummenaarbecht. Alle Leit, déi fir eis Gemeng schaffen, e grousse Merci fir hiirt Engagement fir all Bierger aus der Gemeng. Iech alleguer, léif Lieser vun dëser Zeitung, wënschen ech virun allem eng gutt Gesondheet, besënnlech Feierdeeg an ee frout Joer 2013. Buergermeeschter Jos Thill

Sommaire : 

Gemengerot / Conseil Communal



Informations utiles /

Schéi Chrëschtdeeg a vill Gléck am Neie Joer! Joyeux Noël et bonne et heureuse année!

Wichtige Mitteilungen 

Schoul



Maison Relais



Veräinsliewen / Clubs



Divers



Etat civil

Frohe Weihnachten und ein glückliches neues Jahr! Merry christmas and a happy new year!


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.