deScout No 603 - Bonne Action

Page 1


DeScout

105. Joergang • 06/2025
n°603

Dans un environnement économique et financier de plus en plus complexe, prendre les bonnes décisions pour gérer votre patrimoine ne s’improvise pas. Depuis plus de 100 ans, nos experts vous accompagnent dans la préservation, la valorisation et la transmission de votre patrimoine.

www.banquedeluxembourg.com/investir

Den Iwwerbléck

05. DenEdito

07. - 20. DThema

Bonne Action : Aneren hëllefen = sech selwer hëllefen?

Wéisou BA? Interview mam Commissaire au programme Tom Leclerc

BA am Grupp

World Scout Foundation : For Scouting. For Good. Together. Scouts for SDG’s : Firwat ass dat wichteg?

48h Scoutmain : Un élan collectif pour un monde meilleur

Tag der guten Tat in der Schweiz

21. Eemol Scout Ëmmer Scout

Amicale FNEL

Conveniat FNEL

24. De Chef Scout

De bronze Wollef fir de Chef Scout

26. - 35. De Gebuertsdag

50th Anniversary : Telstar Scouts are celebrating

111 Joer Eechternoacher Quaichleken

100 Joer Les Aigles

20 Joer Deckelsmouken : Geschicht vun de Stengeforter Deckelsmouken

30 Joer Wëll Säi : Steesel brauch nees eng Scoutsgrupp

36. - 37. Den Interview

Lynn Kraus : Eng spannend Aarbecht an der Natur

Claudine Scheeck : 25 Joer Permanent bei der FNEL

DenImpressum

deSCOUT n°603

Périodique officiel de la FNEL

Éditeur :

FNEL Scouten a Guiden

61, rue de Trèves

L-2630 Luxembourg

Rédaction :

Jil Krier, Philippe Dauphin, Sam Conklin, Gilles Mausen, Bob Schimberg, Julie Bové, Lara Schneider

Corrections:

Jil Krier, Bob Schimberg, Julie Bové

Mise en page :

Sam Conklin, Jil Krier, Claudine Scheeck

Photos : Philippe Dauphin, Maison du Grand-Duc, Archives FNEL, Pixabay,

Impression : Imprimerie Centrale

Nombre d’exemplaires : 4000

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation

AGGL FNEL

CCPL LU85 1111 0000 4343 0000

Tous ces dons sont fiscalement déductibles.

denEdito

5 Joer ass et hier datt eise Chef Scout ons fir d‘Initiative #AllDagengBa felicitéiert huet an eis encouragéiert huet weiderhin um Prinzip All Dag eng gutt Dot festzehalen. Trei eise Prinzippien ass der FNEL hiert Thema vum Joer B.A.? Dat kann ech!

Dofir dréit sech an dësem deScout alles ronderëm d’Bonne Action.

Wéi ass eigentlech de Lien tëscht dem Scoutismus an der B.A. entstanen? Et muss een net wäit siche goen. Am Baden Powell sengem Buch Scouting for Boys, dat 1908 erauskomm ass, liese mir:

A Scout's Duty is to be Useful and to Help Others. And he is to do his duty before anything else, even though he gives up his own pleasure, or comfort, or safety to do it. When in difficulty to know which of two things to do, he must ask himself, «Which is my duty?» that is, «Which is best for other people?»—and do that one. He must Be Prepared at any time to save life, or to help injured persons. And he «must do a good turn» to somebody every day.

Do hu mer et also, wat de B.P. a good turn nennt, ass bei eis zur B.A. ginn. Esou verbreet, datt een alt dacks am Sproochgebrauch elo hunn ech meng B.A. awer gemaach fir haut héiert, an dat esou guer vun net Scouten. Mä fir ween maache mir se eigentlech, fir een aneren oder awer fir eis selwer? That’s a deep and very human question , mengt de ChatGPT. Mä komm mir froe mol deScout, d‘Äntwert fënns du direkt op der nächster Säit.

An dëser Editioun kriss du och ee Bléck hannert d’Kulissen, wéi et zum Thema vum Joer komm ass an direkt ee puer Iddie fir d‘B.A.en an dengem Grupp ëmzesetzen.

Déi mof Fleur de Lys déi mir op eisem Hiem droen, erënnert eis datt mir en Deel vun der World Organization of the Scout Movement , WOSM (allgemeng WUSM ausgeschwat) sinn. Um Weltniveau ass et d’Initiative Scouts for SDG s (Sustainable Development Goals) déi illustréiert wéi een sech fir eis Matmënsche kann asetzen. Eng weider wichteg Roll spillt d’ World Scout Foundatioun . Och hier Strategie kriss du hei präsentéiert. Zu gudder Läscht hu mir bei eise Belschen a Schwäizer Kolleegen nogefrot fir gewuer ze ginn ob d’Konzept vun der B.A. iwwerhapt nach aktuell ass a wéi d‘Scouten an hiere Länner et emsetzen.

Happy birthday! 111 Joer Eechternoacher Quaichleken, 100 Joer Les Aigles, 50 Joer Telstar Scouts, 30 Joer Wëll Sai, 20 Joer Stengeforter Deckelsmouken. Phenomenal! Si all loossen eis Deel huelen un hirer Geschicht. deScout felicitéiert de Gruppen häerzlechst an all deenen déi onermiddlech am Asaz vun dëse Gruppe stoungen a stinn. Mir wënschen hinnen, datt si all déi wonnerbar Erfarungen déi se erlieft hunn nach laang un déi nächste Generatioune kënne weiderginn. Hip hip! Hooray!

Um Cover de feierleche Moment wou den Daniël Corsen, Chairperson of the World Scout Committee, dem Ierfgroussherzog Guillaume, eisem Chef Scout d‘Urkund iwwergëtt déi zertifiéiert datt hien offiziell ee Bronze Wolf Awardee ass. De Bronze Wolf ass déi héchsten Auszeechnung vu WOSM.

Tiens bon a vill Freed beim Liesen!

Lénks Patt

dThema

Bonne Action

Wisou BA? Aneren hëllefen = sech selwer hëllefen?

Altruismus an Egoismus schénge reng biologesch enk matenee verbonnen ze sinn. Déi selwecht Gléckshormoner gi souwuel fräigesat op een sech selwer oder engem aneren hëlleft. Op mer also selwer eng Tablett Schockela iessen oder se engem anere gi wier deemno hormontechnesch an eisem Kapp zimmlech änlech. Mais eeben net am Kapp vun deem dee kee Schockela krut. „Leave the world a better place than you found it“ gëtt och schwiereg wa jiddereen nëmmen no sech kuckt.

Ze vill BA kann awer op Käschte vum eegene Gléck goen. Aneren hëllefe geet nëmmen sou laang wéi ee selwer Ressourcen huet. Dofir muss den BA-philen Scout sech eventuell un d’Beaverlektion: Deelen, Deelen, Deelen erënnere fir net an d’Fal vum exzessiven Altruismus ze kommen. E gesonden Equiliber tëscht Egoismus an Altruismus ass deemno de beschte Wee. Sou kann een aneren hëllefen ouni auszebrennen; ee vun

de Risike vun iwwerméisseger Selbstlosegkeet, an sou nach vill méi Guddes an der Welt verbreeden.

Ausserdeem kann eis BA aner Leit nodenke loossen och eng eegen BA ze maachen.

Sou bass du e Virbild fir anerer.

Mënsche, déi sech an der Konscht vun der BA Praxis versiche, schéngen och méi en Drot fir Empathie an d’Wäertschätzung vun de klenge Saachen am Liewen ze hunn.

Perséinlech denken ech ass de beschte Grond fir eng BA ze maache well et Spaass mëscht anere Léit e Laachen an d’Gesicht ze zauberen (och bewisen dat dat gesondheetsfuerdernd ass; also nees pueren Egoismus;) ) an een sech sou an de Scouten als klengen Deel vun eppes Groussem fillt.

Der ideale Mensch verspürt Freude, wenn er anderen einen Dienst erweisen kann.  (Aristoteles)

dThema

Wéisou BA?

Interview mam Commissaire au Programme Tom LECLERC

Maral Songeur, Mamer Wiselen

« BA! Dat kann ech ». Wéi ass et zu dësem Thema vum Joer komm?

D’Thema vum Joer gëtt ëmmer graff duerch d'Aktualitéiten an der FNEL virginn. Dëst Joer hu mir eis vun der neier Strategie, déi säit September 2024 ëmgesat gëtt, inspiréiere gelooss an zesummen am Commissariat au programme (ComPro) gebrainstormed.

D'ComPro, also alleguerten d'Commissairen aus de Branchen, zesumme mat hire Responsable au programme, trëfft sech all Summer e ganze Weekend laang, fir de Programm vun der FNEL an seng inhaltlech Ziler ze bestëmmen an eben och d’Thema vum Joer mat den ënnerschiddlechen Challengen auszeschaffen - änlech ewéi Cheffenekippen dat och an de lokal Gruppen maachen. Mir hunn eis nom Brainstorming dofir entscheet, mat eisem Thema direkt méi Piliere vun der neier Strategie unzeschneiden. Dorausser ass dunn no längeren Diskussiounen de Slogan « BA! Dat kann ech » ginn.

E Scout mécht jo bekanntlech all Dag eng BA. Firwat ass grad an der FNEL dës Devise esou wichteg? An wat erhoffs du dir laangfristeg vun dësem thematesche Schwéierpunkt?

Genau, an eisem Scoutsgesetz an an eisem Verspriechen stinn d'Referenzen zu der BA an eise Valeuren, déi eis dozou verpflichten, all Dag engem eng Freed ze maachen, jidderengem ze hëllefen an d'Welt besser ze hannerloossen ewéi mir se virfonnt hunn. Mir probéieren, dat natierlech dagdeeglech esou ëmzesetzen an awer geléngt eis dat net ëmmer. Ech menge jidderengem ass d'Pandemie an eis Aktioun All Dag eng BA gutt am Gediechtnes bliwwen. D’BA als solches krut heiduerjer ponktuell en neit Opliewen an awer huet een eng besonnesch Aktioun domadder verbonnen. Doduerch koum eis dann d'Iddi fir de Grondgedanke vun der BA, a virun allem déi Wäerter, déi domadder anhir ginn, rëm an de Vierdergrond ze réckelen. Et muss net ëmmer eng riseg Aktioun sinn, et kann och eng Klengegkeet sinn an dat zu all Moment. Et soll rëm zum Reflex ginn, fir jidderengem weiderzehëllefen an do ze ënnerstëtzen, wou et geet. Doduerch kënne mir eis Wäerter bei eis am Grupp héisch

dThema

halen, se no bausse weisen an eis Gesellschaft fir eis Wäerter an déi Selbstverständlechkeet sensibiliséieren - an am beschte Fall och begeeschteren. Well doduercher kënne mir eis Welt nohalteg verbesseren an se besser hannerloossen, ewéi mir se rëmfonnt hunn.

Gëtt et e besonnesche Moment oder eng Geschicht ronderëm eng BA, un déi’s du dech gären erënners?

E ganz schéine Moment ronderëm eng BA war fir mech - an ech denken ech schwätze fir vill Leit - déi Dynamik, déi eis solidaresch Aktioun All Dag eng BA bewierkt huet. Bei dëser Aktioun hu mir fir déi Eeler an Vulnerabelst aus eiser Gesellschaft déi Tâchen iwwerholl, bei deenen de Risiko ze erkranken oder ze verstierwen am héchsten war. Wéi mir et vun haut op muer fäerdeg bruecht hunn, zesummen e performante System op d'Been ze stellen, eis jonk a manner jonk Memberen ze mobiliséieren a Verantwortung an eiser Gesellschaft ze iwwerhuelen. Et héiert ee ganz oft: ‘ Déi Jonk haut des Daags kënnen dat net méi ’, oder ‘ Fréier hu mir dat an dat gemaach ’. An genau an dësem Moment huet ee gesinn, dass eis jonk Cheffe Verantwortung an eiser Gesellschaft kënnen iwwerhuelen, wann se dann nëmmen gelooss ginn a Vertraue kréien - ganz nom Motto Leading by example . An genau dësen Geescht wëlle mir och no dësen schwéiere Joere weider héichhalen an d'Leit dozou opfuerderen, weider ze maachen.

Wat ass eng BA, déi – denger Meenung no – all eenzelen, och ausserhalb vun de Scouten, am Alldag ka maachen?

Ech mengen den wichtegste Message vu menger Säit aus ass, dass et keng Grenze ginn an déi kleng Gesten am Liewen oft genau sou ee groussen Impakt kënnen hunn, ewéi déi grouss Aktiounen. Dofir géing ech mir wënschen, dass jiddereen sech Moies als Zil setzt, eppes fir een aneren ze maachen, egal ob eng Klengegkeet oder eppes Grousses. Well finalement kënne mir als déi gréissten Jugendorganisatioun op der Welt zesummen ëmmer Grousses bewierken.

dThema

BA am Grupp

Merci-Kaarten vun de Piwitschen

Beaver

• Bonne Action (BA) an der Natur (Beem planzen, Blumme séinen, Grouss Botz, Insektenhotel, Villercher iwwert de Wanter fidderen)

• Biller molen an u Leit aus dem Duerf verschenken

• Merci Kaarten u Leit déi am Duerf aktiv si molen/schreiwen (Pompjeeën, Gemengenaarbechter, Police, etc.)

• Eppes baken an un d'Leit am Altersheem verschenken

Bëschbotzaktioun vun de Grénge Scouten

Wëllefcher

• BA an der Natur (Beem planzen, Blumme séinen, Grouss Botz, Insektenhotel, Villercher iwwert de Wanter fidderen)

• Recycling (Fläschestëpp sammele fir d’Muppen, Sammelaktioune vun z.B. Kleeder oder Spillsaachen) an Upcycling (Bastel)

• Mat ale Leit schaffen (Altersheem besichen, Spiller spillen)

• Mat lokalen Associatiounen zesummeschaffen

dThema

Theater vun den Eechternoacher Quaichleken Baamplanzaktioun vun de Kiewerlecken

Scouten

• BA an der Natur (Beem planzen, Blumme séinen, Grouss Botz, Insektenhotel)

• Organiséiert eng Campagne fir Recycling an eng propper Ëmwelt an dengem Grupp

• Sammelaktioune vun z.B. Kleeder, Bicher oder Spillsaachen organiséieren

• Mat ale Leit schaffen (Altersheem besichen, Spiller spillen, Geschichten erzielen)

• Mat lokalen Associatioune zesummeschaffen

• Theaterstéck organiséieren an d’Suen un e gudde Zweck spenden

Explorer

• BA an der Natur (Beem planzen, Grouss Botz, Insektenhotel)

• Erstellt nei Saache vu recycléierte Materialien

• Sammelaktioune vun z.B. Kleeder, Bicher oder Spillsaachen organiséieren

• Eng Mauer, mat engem sozial wichtege Message, legal bemolen

• Mat ale Leit schaffen (Altersheem besichen, Spiller spillen, Geschichten erzielen, zesummen un engem Quiz deelhuelen)

• Mat lokalen Associatiounen zesummeschaffen

• Op engem Maart selwer gemaachte Saache verkafen an d’Suen un e gudden Zweck spenden

• Spiller an Atelieren organiséieren fir e Kannerheem

dThema

D’Castors hu fir d’ukrainesch Kanner, hier Beaver, souwéi hier Wëllefcher e gemeinsame Spillnomëtteg organiséiert.

Rover

• BA an der Natur (Beem planzen, Grouss Botz)

• Erstellt nei Saache vu recycléierte Materialien

• Sammelaktioune vun z.B. Kleeder, Bicher oder Spillsaachen organiséieren

• Mat ale Leit schaffen (Altersheem besichen, Spiller spillen, Digital Hëllef, zesummen un engem Quiz deelhuelen)

• Mat lokalen Associatiounen zesummeschaffen

• Kachaktioune fir Mënschen a Nout

• Spiller an Atelieren organiséieren fir e Kannerheem

• Organiséiert e Benefiz-Event fir eng gutt Saach

• Mat den Hënn aus dem Déierenasyl spadséiere goen

• Hëlleft Noperen oder Gemengememberen beim Akafen

D’Eechternoacher Quaichleken hunn nom Héichwaasser gehollef opzeraumen an ze botzen.

Tembo

• BA an der Natur (Beem planzen, Grouss Botz)

• Erstellt nei Saache vu recycléierte Materialien

• Blutt spende goen

• Sammelaktioune organiséieren

• Mat ale Leit schaffen (Altersheem besichen, Spiller spillen, Digital Hëllef, zesummen un engem Quiz deelhuelen)

• Mat lokalen Associatiounen zesummeschaffen

• Kachaktioune fir Mënschen an Nout

• Marche gourmande fir Noperschaft

• Organiséiert e Benefiz-Event fir eng gutt Saach

• Mat den Hënn aus dem Déierenasyl spadséiere goen

• Hëlleft Noperen oder Gemengememberen beim Akafen

World Scout Foundation

In 2024, the World Scout Foundation advanced its 2022–2030 Strategy, with key moments including the World Scout Conference and the first Baden-Powell Fellowship Event in South America. With 57 million Scouts in 224 countries, the Foundation believes in empowering youth through community action. Continued support helps expand this impact, building a more peaceful, sustainable world.

For Scouting. For Good. Together.

Ticket to Life – Scouting for Vulnerable Children

Ticket to Life brings Scouting to children in vulnerable communities. In Kenya, Scouts launched a fish farming project to teach practical skills like entrepreneurship, agriculture, and teamwork. The initiative tackles food insecurity, boosts employability, and generates income for families. It empowers youth through hands-on experience while promoting sustainability and inclusion. For many participants, it’s more than Scouting—it’s a

pathway to stability and dignity. This project proves how Scouting can adapt to real-life challenges and offer meaningful, life-changing opportunities for marginalized youth.

Link for more information and videomaterial: https://annualreport. worldscoutfoundation.org/2024/impact/ ticket-to-life/

dThema

Humanitarian Action – Global Scout Solidarity

In 2024, Scouts responded to global crises with powerful acts of humanitarian service, supported by the World Scout Foundation and WOSM. From natural disasters to local emergencies, young people took action—providing relief, psychosocial care, and solidarity. Through WOSM Services, Scout experts supported local efforts to ensure safety, structure, and impact. One featured consultant

showed how expertise and Scout values combine to lead effective responses. For Scouts, humanitarian work isn’t just a reaction—it’s a core expression of their values: to help others at all times.

Link for more information and videomaterial:https://annualreport. worldscoutfoundation.org/2024/impact/ strengthening-resilience/

International Leadership Training – Building Global Youth Leaders

The International Leadership Training develops the next generation of global Scout leaders. It goes beyond national programs, offering intensive training in governance, advocacy, and leadership. Young people from Senegal and Vietnam applied their learning in real-world projects, leading change in their communities. The program encourages participation in decision-making bodies—both within Scouting and in society. It promotes

confidence, civic engagement, and inclusion. With this training, Scouts gain tools to lead today and shape tomorrow, grounded in values like integrity, cooperation, and responsibility.

Link for more information and videomaterial:https://annualreport. worldscoutfoundation.org/2024/impact/ impactful-leadership-training/

Scouts for SDGs

Firwat “Scouting for d'SDGs” wichteg ass

Mat iwwer 57 Millioune Scouten a 176 Länner, droe Scouten staark zu de SDGs (Sustainable Developpment Goals vun der UN) bäi. Duerch méi wéi 2,5 Milliarde Stonne benévol Projeten, ënnerstëtze mir zesummen, als Scouten ënnert

Verdeelung vu Wanterkleeder (SDG 01 - Géint Aarmut)

Scouten hu Kleeder gesammelt an u Mënschen an Nout verdeelt. D’Aktioun ënnerstëtzt SDG 1 (No Poverty) an huet Solidaritéit an der Noperschaft gestäerkt. Si weist, wéi lokal Aktiounen e groussen Ënnerscheed fir vill eenzelner ka maachen, an doduerch d’Aarmut bekämpft gëtt.

anerem de Fridden, d’Bildung, de Klimaschutz, d’Gläichberechtegung an esou weider.

D’Scouten erméiglechen et, jidderengem Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Welt aktiv matzegestalten duerch kleng a grouss Aktiounen.

Special Lunch Aktioun (Géint Aarmut & Honger)

An dësem Projet hu Scouten gesond Iessen u Schoulkanner verdeelt. Si hunn dobäi net nëmme konkret Hëllef geleescht, mee och e Bewosstsinn fir Nohaltegkeet entwéckelt. Déi Aktioun verbënnt Erzéiung mat Déngscht um Mënsch.

Iessensverdeelung a Bangladesch (Zero Hunger & Good Health)

Hei hu Scouten iwwerschësseg Liewensmëttel gesammelt a verdeelt, fir géint den Honger virzegoen. Dëst bekämpft net nëmmen Liewensmëttelverschwendung, mee verbessert och d’Liewenssituatioun vu ville Familljen. Dobäi léiert den Scout Verantwortung fir anerer ze iwwerhuelen, an sech z’organiséiere fir Liewensmëttel vun enger Platz op déi aner ze kréien.

D’Internetsäit Scouts for SDGs riicht sech un d’Scouten weltwäit, déi jonk Mënschen dozou inspiréiere wëllen, duerch konkret Aktiounen zu de Ziler fir nohalteg Entwécklung (SDGs) bäizedroen. Et fënnt een Inspiratioun a prett Projet’en, déi een ëmsetze kann, fir d’Welt zesummen ze verbesseren.

48h Scoutmain

Un élan collectif pour un monde meilleur

À l’occasion de la Journée mondiale du scoutisme, les 22 et 23 février 2025, la fédération “Les Scouts” de la Belgique a lancé un grand défi collectif: les 48h Scoutmain.

L’objectif ? Encourager chaque unité à poser un geste concret pour sa communauté et pour l’environnement, en organisant une action de service locale et fédérale.

Un évènement national, un impact local

Si de nombreux groupes mènent déjà de belles actions tout au long de l’année, ils souhaitaient, avec cette initiative, proposer un moment fort, commun à l’ensemble de leurs membres. Une manière de renforcer le sentiment d’appartenance, tout en mettant en pratique l’engagement dans la communauté — une priorité de leur mandat actuel.

Les unités étaient donc invitées à organiser un Clean Walk de proximité, en mobilisant les scouts, les parents, les voisins, les associations… autour d’un objectif partagé : ramasser les déchets et parcourir 1000 km dans toute la Wallonie et Bruxelles.

Un succès au-delà des attentes

Les chiffres parlent d’eux-mêmes :

• 7 651 participants ont répondu à l’appel ;

• plus de 2000 kilomètres nettoyés sur l’ensemble du territoire.

Il s’agit tout simplement du plus grand Scoutmain collectif jamais organisé par la fédération “Les Scouts”.

Mais au-delà de ces résultats chiffrés, c’est surtout l’ambiance, l’enthousiasme et les nombreux retours positifs qui étaient mémorables. De nombreuses unités, mais aussi des personnes extérieures au mouvement, ont salué l’initiative, preuve que ces actions de service rencontrent un réel écho dans la société.

Tag der guten Tat in der Schweiz

Pfadibewegung Schweiz (PBS) | www.pfadi.swiss

Die Pfadibewegung Schweiz (PBS) ist der nationale Verband der Pfadis. Die PBS zählt rund 51’000 Mitglieder und ist in 22 kantonalen Verbänden und 530 lokalen Gruppen organisiert.

Die Pfadi in der Schweiz gibt es schon seit 1910, 1913 wurde der nationale Schweizerische Pfadfinderbund gegründet, 1919 der Bund Schweizerische Pfadfinderinnen.

In der Schweiz gibt es zwei internationale Pfadizentren, das KISC in Kandersteg und das Our Chalet in Adelboden, in beiden sind internationale Gästen und Helfer*innen herzlich willkommen!

Name: Fabienne Engbers v/o Tweety

In der Pfadi seit 1999

Meine lokale Gruppe heißt Pfadi Seesturm aus Neukirch-Egnach

In der Pfadibewegung Schweiz bin ich in der Fachstelle

Kommunikation auf der Geschäftsstelle

Ich bin 31 und mein Lieblings-Pfadi-Essen sind Omeletten (Crêpes) mit Apfelmus.

Pfadfinderinnen und Pfadfinder wollen „die Welt ein bisschen besser hinterlassen, als sie sie vorgefunden haben.“ Was bedeutet dieser Satz für dich – und glaubst du, dass kleine Taten im Alltag wirklich eine große Veränderung bewirken können?

Für mich ist das ein toller Leitspruch, er begleitet mich schon mein ganzes Pfadi-Leben, also schon rund 25 Jahre lang! Ich glaube auf jeden Fall, das kleine Taten im Alltag eine große Veränderung bewirken können. Wenn viele Menschen viele kleine Dinge in ihrem Alltag verändern, bewusster leben und bewusster wahrnehmen, dann hat das in der Gesamtheit eine riesige Auswirkung auf unser Zusammenleben und unsere Umwelt.

Welchen Stellenwert hat die „Gute Tat“ im Alltag eines Pfadfinders oder einer Pfadfinderin in der Schweiz? Ist sie eher ein moralischer Leitgedanke – oder wird sie durch konkrete Aktivitäten im Pfadialltag aktiv gefördert?

Im Schweizer Pfadigesetz steht "Wir Pfadi wollen Sorge tragen zur Natur und allem Leben" und "Wir Pfadi wollen Freude suchen und weitergeben". Am Tag der guten Tat leben wir diese zwei unserer Pfadigesetze ganz intensiv und setzen uns mit ihnen auseinander. Ich weiß nicht, ob man das in Luxemburg auch kennt, aber in der Schweiz sagt man auch "jeden Tag eine gute Tat", also eine gute Tat hat sowohl einen moralischen Wert als auch ganz konkret habe ich in meinem Alltag das Ziel, gute Taten zu vollbringen.

Könntest du ein oder zwei Beispiele nennen, wie das Prinzip der Guten Tat in den verschiedenen Altersstufen umgesetzt wird? Vielleicht Aktivitäten, die dich persönlich besonders berührt oder beeindruckt haben – zum Beispiel bei den Bibern, den Wölfli oder den Pios?

Viele Pfadigruppen in der Schweiz setzen sich in verschiedener Art und Weise mit guten Taten auseinander. Unsere Wölfe haben beispielsweise das Seeufer in meiner Gemeinde von Abfall befreit und dabei gelernt, Abfall richtig zu trennen.

Ich war einmal mit meiner Rovergruppe in einem Heim für Menschen mit Beeinträchtigung und wir haben mit den Bewohnenden einen Ausflug gemacht und Kaffee getrunken. Es ist mir noch heute in

dThema

Erinnerung, wie sehr sich diese Menschen darüber gefreut haben, mit uns etwas unternehmen zu können!

Eine ganze Pfadiabteilung hat letztes Jahr ihre Gemeinde von Abfall befreit. Sie haben insgesamt 55 Säcke voll mit Müll gesammelt - an einem einzigen Tag!

Was genau ist der „Tag der Guten Tat“? Wer hat ihn ins Leben gerufen, wie ist die Pfadibewegung Schweiz dazu gekommen mitzumachen – und welche Rolle spielt ihr an diesem Tag?

Der Tag der guten Tat ist eine Aktion von Coop, einer der grössten Detailhändler in der Schweiz. Die Pfadibewegung Schweiz ist einer der Hauptpartner. Wir wurden vor sechs Jahren angefragt und sind seitdem jedes Jahr dabei.

Pfadis in der ganzen Schweiz können sich für den Tag anmelden und gute Taten vollbringen. Als Dankeschön bekommen sie einen z'Vieri (einen Nachmittags-Snack) geschenkt.

Und abschliessend eine persönliche Frage: Was war deine letzte „Gute Tat“, die du bewusst gemacht hast – und was hat sie dir bedeutet?

Tatsächlich war ich letzte Woche im Kiosk und habe mir am Morgen einen Kaffee vor der Arbeit gekauft. Vor mir an der Kaffeemaschine war ein älterer offensichtlich bedürftiger Mann. Ich habe ihn zu seinem Kaffee eingeladen. Es war ein schönes Gefühl, jemandem eine Freude zu machen.

Carole Hartmann, Eechternoacher

Quaichleken

Wat bedeit d'B.A. fir dech?

D‘B.A.‘en sinn ee vun de Markenzeeche vun all Scout : all Dag eng „Bonne Action“ fir engem aneren ze hëllefen, esou wéi de Baden Powell eis et geléiert huet.

U wéi eng B.A. denks de gären zeréck?

Wann ech u meng aktiv Scoutszäit zeréckdenken, denken ech un eng järlech B.A. déi haut ëmmer nach vun den Eechternoacher Quaichleken weidergefouert gëtt. Mir spillen em d‘Fueszäit an e puer Altersheemer leidenschaftlech gären e Playback-Theater fir eisen eelere Matmënschen an de Strukturen eng Freed ze maachen.

Djuna Bernard, Mamer Wiselen

Huet d Konzept vun der B.A. däi Charakter iwwer d'Jore verännert?

Ganz sécher, op bei der Stëmm vun der Strooss, Aktioune fir d'ALAN oder der ONGD - d'BA'en hu mech fir Theme sensibiliséiert zu deenen ech virdru sécher net dee selwechten Zougang hat.

Huet een eng B.A. fir dech gemaach déi s du ni vergëss?

Ech wäert ni déi Scoutsfrënn vergiessen déi an deene Momenter fir mech do waren a mech ënnerstëtzt hu wou ech et am meeschte gebraucht hunn.

Mengs de haut hätte mir vergiess wéi wichteg kleng Aktiounen am Alldag sinn?

Ech mengen et ass wichteg sech dat ëmmer erëm an Erënnerung ze ruffen. Heiansdo gëtt een, an heiansdo kritt een - mee als Scout soll een ëmmer u seng "Duty to others" denken - se mëscht aus eis méi wéi en einfacht Hobby.

Eemol Scout Ëmmer Scout

Amicale FNEL

Ufank Dezember huet en Treffe vun der Amicale FNEL um Fetschenhaff um Cents stattfonnt. Dësen Event zitt ëmmer erëm al Bekannter aus der Federatioun un, mat villen verschiddene Facetten, fir sech erëmzegesinn. D’Strategie vun der FNEL fir déi nächst 6 Joer, vun 2024 bis 2030, gouf kuerz virgestallt, fir dass jidderee weess, u wat mer schaffen a fir wat mer eis momentan asetzen – och hei komme sécherlech vill Sujet’en ëmmer erëm zeréck.

Besonnesch interessant sinn d’Gespréicher doriwwer, wou d’FNEL virun e puer Jore stoung an déi kleng perséinlech Erënnerungen, déi motivéieren, sech weider z‘engagéieren.

Engagement funktionéiert just duerch Austausch,

géigesäitegt Motivéieren an Ënnerstëtzen – dat gesäit een och un deene verschiddenen Treffen. Dësen Dezemberowend war eng gemittlech Ronn mat engem Iessen a gudde Gespréicher, déi d’Begeeschterung fir d’FNEL an de Scoutismus kloer gewisen hunn.

Et ass wichteg, dass jonk Leit sech an der Federatioun engagéieren, fir Kanner a Jugendlecher déi Scoutswäerter weiderzeginn. Mee et ass och wichteg, vun deenen ze léieren, déi virun eis do waren, a vun allen – jonken a manner jonken –Ënnerstëtzung ze kréien.

Nëmmen esou kënne mir zesumme staark ginn, eis weider entwéckelen duerch Austausch, verschidden Erfarungen a gemeinsam Erliefnesser.

Conveniat FNEL

Mëtt Mäerz gouf fir d’éischt eng Reunioun vun de fréiere Comité de Direction ofgehalen. Et war net einfach, esou vill Leit aus de leschte 35 Joer zesummenzebréngen, well d’Zesummesetzung vun de Comité’en ëmmer erëm ugepasst gouf un de Besoin vun där jeeweileger Zäit. Ongeféier 50 FNEL-Memberen hunn sech am Quartier Général um Cents erëmfonnt, fir al Erënnerungen opzefrëschen a sech iwwer hir Erfarungen auszetauschen.

D’Commissaire Généraux vun de leschte 35 Joer, 7 am Ganzen, hu mat hire fréiere Comité-Kolleegen en informativen a flotten Austausch, bei engem Patt an enger Schmier gehat. D’Strategie vun der FNEL fir déi nächst Jore gouf erëm virgestallt,

zesumme mat engem Bléck op déi aktuell Organisatiounsstruktur. Et ass wichteg ze wëssen, wou mer hiwëllen a wat mer hunn, fir zesummen op engem gemeinsamen Zil unzekommen.

Et geet drëm, vuneneen ze léieren, sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen a seng Wuerzelen net ze vergiessen – mee och d’Zukunft ze gestalten. Mir freeën eis op déi nächst Editioun. D’Fotoe vun deemools an haut hu gewisen: Mir hunn eis vläicht vu bausse verännert, mee bannen droe mir nach ëmmer déi selwecht Wäerter. An dat mécht d’FNEL zu eppes eenzegaartegem a wäertvollen.

TB-Keelen

EX-Kachdag

BA op der Rhum Stëmm vun der Strooss

Kuck d’Fotoen op Flickr

Formatioun

EXPLORER

Cheffe CityTrip
BFD
Sixplo

De bronze Wollef fir de Chef Scout

«Mir sinn houfreg Scouten ze sinn – jo, als Guiden a Scouten, allzäit bereet, loosse mir keen am Stach!»

De 17. Mee 2025 hunn sech d’Scouten aus dem SIL zu Neihaischen fir en aussergewéinlecht Event zesummefonnt: Eisen Ierfgroussherzog Guillaume krut déi héchst Scoutsauszeechnung weltwäit – de Bronzene Wollef. Dës Auszeechnung éiert säin onermiddlechen Asaz am nationale wéi och internationale Scoutismus.

Zanter senger Kandheet, am Alter vun 8 Joer, ass den Ierfgrossherzog e Scout mat schéine Scoutserfarungen. Säi Liewe laang ass hien de Scoutswäerter trei bliwwen an huet sech ëmmer mat dem Mouvement identifizéiert.

2019 huet hien, an der Traditioun vu sengem Grousspapp, dem Groussherzog Jean, d’Roll vum Chef Scout iwwerholl. Zënterhier ënnerstëtzt hien eis reegelméisseg bei groussen Aktivitéiten, hëlleft och mol aktiv mat an hält de Kontakt zu de Membere vum SIL, den LGS an der FNEL, bäi.

D’Zeremonie selwer war eng flott Mëschung aus Theater, Danz an Erënnerungen un déi wichtegst Momenter aus sengem Scoutsliewen: De Camp am Nepal, de Pow Wow zesumme mat sengem Grousspapp, dem Chef Scout Jean an d’Assermentatioun zum Chef Scout am Oktober 2019.

Déi offiziell Iwwerreechung vum Bronzene Wollef duerch WOSM, mat Vertrieder aus dem Weltcomité, war ganz feierlech. De Chefscout huet d’Auszeechnung vum Lars Kolind iwwerreecht kritt. Chrissy Polithy an Daniel Corsen hunn säin Asaz zu Lëtzebuerg ervirgehuewen an och säi Bäitrag als President a Member am Comité vun der World Scout Foundation gewäertschätzt.

An engem lockeren Interview huet de Chef Scout seng Iddien iwwert d’Zukunft vum Scoutismus zu Lëtzebuerg gedeelt. Seng emotional Ofschlossried huet seng Verbindung zum Scoutismus nach eemol kloer gewisen:

„Haut war wierklech e ganz emotionalen Dag fir mech, mat engem ganz spezielle Gedanken u mäi Grousspapp natierlech, dee laang Joren de Bronzene Wollef och gedroen huet. Et beweist dee ganz staarke Lien, dee mer mam Scoutismus hunn, an et beweist awer och, wéi staark de Scoutismus hei zu Lëtzebuerg ass a wéi stolz, wéi houfreg mer op dee Mouvement kënne sinn.“

No der offizieller Iwwerreechung gouf et e kulinareschen Highlight mat Outdoor-Cooking: vill fräiwëlleg Kichenekippen hunn d’Gäscht mat Leckereie wéi Chili con a sin Carne, Croque Monsieur, Flammlachs, Spare Ribs, Pizzabrout a Fondue verwinnt. Den Owend ass mat interessante Gespréicher am Keltenhaus ausklénge gelooss ginn, begleet vun akustescher Gittarmusek – e perfekte Schluss fir e ganz besonneschen Dag.

(c) Maison du Grand-Duc

50th anniversary

Telstar Scouts are celebrating a Big Anniversary this Year

• 8th November 2024 marked a milestone for Telstar International Scout Group as it celebrated its 50th anniversary.

• Established in 1974, Telstar has grown from a single Scout Section into one of Luxembourg's largest Scout groups, with over 250 members from diverse nationalities. The group has played a key role in fostering international communication and promoting Scouting values in the English-speaking community.

• Telstar’s name, inspired by the world’s first active communications satellite, perfectly captures its mission of promoting international understanding. The name received royal approval on November 8th, 1976 – as chance would have it, the second anniversary of the Troop’s first meeting – when Queen Elizabeth II, who was on a visit to Luxembourg also visited the Troop. She is said to have remarked “How marvelous. I wish there were more like it”.

The group decided to celebrate the anniversary over the weekend 14th/15th June 2025, rounding the weekend off a with a barbecue for all group members on Sunday afternoon at the Les Loutres campsite in Mersch.

A group of Explorers and Scouts hiked 50km from Kautenbach to Mersch starting on Saturday morning and camping in Ettelbruck overnight. They were met in Colmar Berg by an additional group of Scouts and Explorers and the whole group hiked together to Les Loutres.

The hikers were joined by the Cubs and Beavers who had camped at Les Loutres the night before.

The whole group was greeted by Telstar members both past and present and some special guests

Once everyone had been served at the barbecue Beverley Atkinson, the group lead volunteer led the speeches together with two Explorer co-hosts Chaira De Santis and Daniel Holmes.

They started by explaining the history of Telstar and by thanking the schools and FNEL that have supported the group with places to meet. They then handed over to the special guests Julie Bove, Comissaire General of FNEL, Danial Shaikh, Deputy head of Mission at the British Embassy in Luxembourg and Phil Wright, District Lead Volunteer for British Scouting Overseas NE. In addition to these speeches some of the recent Telstar achievements were celebrated notably Etienne Combeleran for earning the Kings Scout award, the Explorers who have completed their Explorer Belt awards and Merite Jeunesse awards and the leaders who have recently earned their wood badges and long service awards.

The speeches were rounded off by David Heal who was one of the original Telstar Troop leaders in 1974 and who remembered the visit of Queen Elizabeth II. David spoke about the importance of scouting as a way of building skills that can open many doors in the future. He then closed the formal part of the afternoon by cutting the anniversary cakes.

It is important to note that, in addition to celebrating,Telstar has been using the anniversary year to raise money for two specific charities.

The charities which the group selected are.

Kanner Jungend Telefon, a charity based in Luxembourg which supports young people

Rhuhanga Scout Group in Uganda who need help with uniforms, equipment and camp fees.

We are hoping that we will raise plenty of money for them from the sponsorship for the 50km hike and donations received at the celebration.

So what is next for Telstar ?

2026 will see the group move into their own Scout home in Hamm which has been generously provided by the Ville de Luxembourg. It will be wonderful to have our own place at last and allow us to provide our Beavers, Cubs, Scouts and Explorers with even more fun and adventures.

We are also actively recruiting for a new Group Lead Volunteer so if you are interested or would like to learn more about the role please contact gsl@telstar.lu

111 Joer Eechternoacher Quaichleken deGebuertsdag

De 27. Mee 1914 hu 16 Bouwen aus dem Eechternoacher Kolléisch de Grupp «Eclaireurs du Gymnase d’Echternach» gegrënnt, dëst op Initiative vum Professer Limpach. E Joer méi spéit huet de Grupp fir Jonge schonn 32 Membere gezielt.

Bai der Grënnung vun der FNEL am Joer 1916, waren d’1st Echternach Scouts ënnert de Grënnungsmembere.

1922 huet den éischte Pow-Wow zu Iechternach stattfonnt, dëse gouf leider wéinst Héichwaasser ofgebrach.

Den 9. Juni 1930 war d’Inauguratioun vum Blockhaus, dat ab 1927 gebaut gouf.

Iwwerrascht vum Ausbroch vum 2. Weltkrich, sinn d’1st Echternach Scouts am Joer 1939 mam leschten Nuetszuch vum Camp zu Saint Jorioz um Lac d’Annecy heemkomm.

1940 huet dunn déi leschte Sortie an Uniform stattfonnt. D’Aktivitéite vun de Boy Scouts halen ënnert dem Naziregimm op. Dat komplett Material an och den Home ginn am Krich verluer an zerstéiert.

No der Befreiung, vu Lëtzebuerg an och der Stad Eechternoach, stinn d’Jongen déi éischte Kéier rëm an tipptopper Uniform do, fir de Chef de Troupe Robert Schaffner bäi sengem Retour aus dem Konzentratiounslager ze empfänke. Leider sinn net all d’Eclaireuren aus dem Krich heem komm an dofir gouf 1953 beim haitege Chalet Robert Schaffner (Scout Camp Echternach) e Monuments aux Morts opgeriicht fir hinnen ze gedenken. Um Blockhaus gëtt ëmmer weider renovéiert an de Grupp wiisst a wiisst.

Nach wärend dem Krich, ab 1944, hu Meedercher sech am Ënnergrond getraff. 1945 ass offiziell fir d’Meedercher de Grupp Lûssig Quaichleken gegrënnt ginn, dee bis 1966 bäi der AGGL affiliéiert war an dunn der FNEL bäigetrueden ass.

1984 huet a Präsenz vum Chef-Scout dem GrandDuc Jean d’Aweiung vum Chalet Robert Schaffner stattfonnt. Am selwechte Joer fënnt de Jubiläums PowWow am Kader vun der FNEL hirem 70. Anniversaire statt. D’Lûssig Quaichleken wuesse Joer fir Joer.

Ab 1997 schaffen d’Meedercher vun de Lûssige Quaichleken an d’Jonge vun de 1st Echternach Scouts méi zesummen. Um Pabeier sinn et zwar nach 2 Gruppen, mee Versammlunge, Sortien a Campe ginn awer trotzdeem zesumme gemaach.

Der offizieller Fusioun steet am Joer 2008 naïscht méi am Wee : gegrënnt ginn d’Eechternoacher Quaichleken mat hirem giele Foulard (1st Echternach Scouts) an dem Quaichlek (Lûssig Quaichleken). No ville Jore Versammlungen am Keller “um Vulpert”, fannen si och en neit Doheem “am Lokal” um 31 rue de la Montagne, matzen an Eechternoach.

De Grupp wiisst weider a feiert 2014 seng 100 Joer!

Ab 2015 fannen etlech Erneierungen a Renovatiounen um Scout Camp Echternach a ronderëm d’Blockhaus statt.

Am Joer 2020 huet de Grupp, trotz Pandemie, all seng Aktivitéiten duerchgezunn, huet sech em d’Wuel vu senge Membere gesuergt a konnt duerch déi positiv Präsenz an Astellung ëmmer weider Membere gewannen.

2021 war e weidert schwéier Joer fir d’Stad Eechternoach, bäi schlëmmen Iwwerschwemmunge vun der Stad an an den Nopeschdierfer, waren d’Quaichleken sech net ze schued fir wärend e puer Deeg bäi den Opraum- a Botzaarbechten ze hëllefen, ganz nom Motto «all Dag eng B.A.».

Lo am Joer 2025 si mir Quaichleken 111 Joer al ginn! Mat iwwer 150 Memberen, 6 aktive Branchen an enger ganzer Rei motivéierte jonken a manner jonke Cheffe sti mir weider fir Asaz a sinn ëmmer bereet. D’Defie sinn nei, an awer do! Geleet gëtt eise Grupp duerch eise Präsident, de Jean Bohnenberger souwéi seng Gruppecheffen d’Anne-Caroline Berscheid mam Jeanne Tibesart.

No 1922, 1931, 1935, 1951, 1955, 1965, 1972, 1984 an 2005, organiséiere mir am Kader vun eisem 111. Anniversaire den 102. Pow-Wow vun der FNEL als 10. Pow-Wow zu Eechternoach um Séi.

Text vum Anne-Caroline Berscheid & Sam Conklin (Guanaco), EQ

deGebuertsdag

100 Joer Les Aigles 100 Joer Les Aigles

Et ass 2025 an endlech esou weit, mir feieren eis 100 Joer! Am schnellen Iwwerbléck fannt dir hei déi Eventer déi eis als Grupp am stärksten markéiert hunn an d’Aigles zu dem gemaach hu wat se haut sinn.

4 - 6 AUGUST 1928

D’Aigles ginn offiziell an der FNEL opgeholl um Pow Wow 1928

12. - 26. MEE 1940

Nodeems den 10 Mee déi däitsch

Wehrmacht Lëtzebuerg iwwerfall a besat huet, gouf de Süde vum Land als Sperrgebiet erkläert an ass evakuéiert ginn D’Aigles hunn dunn dem Roude Kräiz gehollef déi Evakuéiert mat Iessen ze versuergen an op Lëschten anzedroen Hier Zelter a Kichematerial sinn och zum Asaz komm

D’AIGLES SI BACK!

Wéi déi meescht Scoutsgruppen am Land hunn d’AIGLES sech nom Dag vun der Befreiung erëm zesummefonnt, fir déi duerch d’Nazi’en ënnerbrachen Aktivitéiten nees opzehuelen. November 1944: +/- 20 Aigles bréngen eise Grupp nees zum Liewen a ginn him den Elan vun der Virkrichszäit

1920er

1925 - DEN UFFANK

Am Juni 1925 huet den Tunn MARSON (deemools 17 Joer) mat 2 Frënn “L’Aigle” gegrënnt aus deenen duerno “Les Aigles” ginn ass

24 Dezember 1925: éischt offiziell Versammlung beim Tunn doheem ënnert dem Beemchen zu 5 Aigles.

Januar 1926: d’Troupe huet 22 Jongen an trefft sech reegelméisseg Sonndes am Café Fixmer (éischte Sëtz) an der Woch, wor den Treffpunkt am Bësch

Mee 1926: éischten Péngschtcamp zu Iechternach

ËNNERT DEM NAZIREGIME

6. August 1940: No enger Veruerdnung vum Gauleiter Simon sinn d’Aigles zu “Die Adler” ginn, éier all Lëtzebuerger Veräiner missten opgeléist ginn

8. Oktober 1940: provisoresch duerft de Grupp erëm mat sengen Aktivitéiten ufänken

23 Januar 1941: Definitiivt Enn vun den Aigles ënnert dem Naziregime

Dëst Joer stellt e wichtege Meilestee vun den AIGLES duer: no laangen Zweiwel huet d’FNEL eis erlaabt, endlech jonk Meedercher an eise Grupp opzehuelen an domat d’Mixitéit anzeféieren. 1967 - GIRLS RULE

deGebuertsdag

D’Aigles am Iwwerbléck

1975 - 50 JOËR

1969 - HOME MORICE

PESCATORE

D’Aigles hunn hiert éischt Home am Val St. André inauguréiert wou d’Scoute bis 2012 hire Versammlungssall haten

1992 - EICHT SCOUTSKIIRMES

Mir hunn eis éischt Scoutskiirmes organiséiert, déi duerno zur Traditioun am Grupp ginn ass an all September stattfënnt

HOME LES AIGLES

No laangem Waarden kréien d’Aigles endlech hiert neit Home am Rollengergronn, hei si mir bis haut dran

2020-2021 - COVID

Wou am Mäerz 2020 d’Quarantäne ugekënnegt gouf hunn och mir eis

Aktivitéiten en présentiel missen ofsoen

Trotz Ufanksschwieregkeeten hunn eis

Cheffe mat flotten Homescouting Aktivitéiten d’Kanner weider all Woch ënnerhale krut

2008 2012

AIGLES

Eise Grupp zielt 64 aktiv Memberen – e Rekord zënter 1925 a feiert seng 50 Joer grouss Och de Pow wow gëtt am Rollengergronn organiséiert

2015 Covid

Eise Président ass de Marc Eyschen, an eis Chef(s) de Groupe sinn d’Sarah Schiltz (CG), de Nicolas Klop (ACG) d’ Anouk Kayser (ACG) an de Lino Donven (ACG) 100 JOËR

Eise Grupp huet sech déi läscht 100 Joer staark entwéckelt a verännert Duech déi ganz Erfarung si mir prett a motivéiert, och nach déi nächst 100 Joër eis Passioun an Scoutswäerter un weider Generatiounen ze vermëttelen Haut zielt d'AIGLES Famill iwwer 300 Memberen, mat 6 aktive Branchen déi mat Freed vun eisen engagéierte an motivéierten Cheffen geleed ginn

Mee 2008 markéiert den Ufank vum Engagement um ING Marathon Den éischte Stand kréien d’Aigles an der Groussgaass, epuer Joër méi spéit plënnert de Stand bei d’Gëlle Fra ING MARATHON 2021 2025

2015 sinn d’Aigles dunn 90 Joer al ginn. Deel vun de Feierlechkeete war de Pow Wow dee mam Thema Comic mat vill Succès an eisem Home stattfonnt huet 90 JOËR AIGLES

BIG, BIGGER, THE BIGGEST

2021 markéiert net nëmmen d’Joer wou d’Aigles offiziell zum gréisste Grupp an der Fnel ginn, mee och d’Joer wou mir eisen éischte Camp mat iwwer 100 Memberen ofgehalen hunn

Dëse war eis Montée zu Kayl

Cactus soutient la jeunesse.

20 Joer Deckelsmouken deGebuertsdag

Geschicht vun de Stengeforter Deckelsmouken

Et war am Joer 2005 wou e puer Jugendlecher vu Stengefort zesummen am Jugendhaus souzen an diskutéiert hunn. Sie wollten der Gesellschaft eppes erëm gi, eppes Guddes, sou wei et hinnen och gutt ergaangen ass, an sou ass Iddi vun engem Scoutsgrupp bei der FNEL opkomm.

Déi 5 hu mat der FNEL Kontakt opgeholl, déi och ganz begeeschtert war. Di jonk nei FNEListen hunn sech an d'Scoutsliewen era geschafft a Formatioune bei der FNEL gemaach.

Ab September 2007 sinn déi éischt Kanner encadréiert ginn.

Nodeems déi eicht Treffen an engem Schachsall statt fonnt hu, wou se och den Embleem an de Numm vun den Deckelsmouke fest geluecht hunn, konnten se op Klengbetten a Spillschoul plënneren, déi d‘Gemeng de Scouten zur Verfügung gestallt huet.

Fir als Scouten op sech opmierksam ze maachen, hunn si Toilettëpabeier akaf a sinn den an der ganzer Gemeng vun Dier zu Dier verkafe gaangen. Leit ware begeeschtert, hu vill kaf an doduerch sinn och vill nei Kanner bei Deckelsmouke bäikomm.

2015 krute si vun der Gemeng, déi si ëmmer gutt

ënnerstëtzt, déi al Spillschoul zu Stengefort zur Verfügung gestallt, wou och eng schéi Spillplaz ass. De Grupp huet vill Plaz am Home fir Versammlunge mat bastelen, spillen, kachen an och mol e Filmowend z’ organiséieren. Als gutt Scoute gi mer och vill mat de Kanner eraus an de Bësch, Schlittschong fueren, e Feier maachen a reegelméisseg kleng a grouss Camps am Inland an och am Ausland.

Présent sinn d’Deckelsmouken och op den Evenementer vun der FNEL, 100 Joer Scoutismus, 100 Joer Wëllefcher, Beaver Fun Day a Pow Wow, fir de just e puer vu sëllegen ze nennen. Sozial sinn d’Scoute vu Stengfort och ënnerwee,z b bake si Kichelcher a verkafen se fir e gudden Zweck a wärend Corona si se fir Awunner aus der Gemeng akafe gaang. Grousse Succès hunn si um Chrëschtmaart mat Panecher a Spëtzele, wat och kleng a grouss, nieft der viller Aarbecht, vill Freed mécht.

Haut ginn et d‘Branchen : Beaver, Wëllefcher a Scoute an de Grupp zielt iwwer 60 Memberen.

Fir dass dat awer alles esou ronn leeft, kann de Groupe houfreg sinn, op de Comité an d’Cheffen, déi ëmmer am Sënn fir dass et de Scouten u näischt feelt déi richteg Decisioun huelen an sech engagéieren.

30 Joer Wëll Sai deGebuertsdag

Steesel brauch nees eng Scoutsgrupp,

mat där Iddi ass den deemolege Steeseler Buergermeeschter am Juni 1995 un d´FNEL rugetrueden. Net mol dräi Méint méi spéit war de Scoutsgrupp „Wëll Sai“ gegrënnt an déi alleréischt Versammlung war schonn de 16. September dat selwecht Joer zu Steesel. Ouni Chalet, dofir awer mat 35 Kanner. Mëttlerweil zielt de Grupp méi wéi 100 Memberen.

Vun der Iddi zum Grupp

Nodeems den deemolege Steeseler Buergermeeschter sech un d´FNEL gewant huet, waren et ugangs virun allem Aktiver aus der FNEL, déi gehollef hunn de Grupp opzebauen. Relativ séier hunn sech vill Steeseler fonnt fir sech ze engagéieren. Et huet ee mat der Wëllefchersbranche ugefaangen. Déi éischt Cheftaine de Meute war d´Ginette Guillon. Ee Joer drop sinn d´Beaver dobäi komm. D´Fränzi Diederich, d´Margot Guillon an d´Betty Welter vun der FNEL hunn d´Branche gegrënnt. E puer Méint méi spéit haten dunn och d´Scouten hir éischt Versammlung.

„Bleift Sai, Bleift Wëll“

„Bleift Sai, bleift Wëll“, dat waren dem Raoul Wirion seng Wieder, déi hien a senger Rôle als Commissaire Général adjoint vun der FNEL virun 10 Joer, also wéi de Grupp 20 Joer geféiert huet, a senger Ried un de Grupp gericht huet. Hannert dem Numm stécht och eng kleng Geschicht. De Grupp esou ze nenne war d´Iddi vun der éischter Chef de Grupp, dem Jacquie Betzen. Ganz no FNEL Traditioun bei där d´Gruppen no Deiere benannt ginn, huet d´Jacquie „Wëll Sai“ virgeschloen. D´Iddi koum him well eng Strooss zu Steesel „rue des sangliers“ heescht. Domadder war och de „Stoinki“ gebuer, d´Wëllschwäinmasskottchen vun de Well Sai. Et ass och de Stoinki, deen een op de Pulloveren a Jackette vum Grupp gesäit. De Stoinki gëtt et och als Petzi an ass dacks an de Reuniounen an och op Campe mat dobäi. (An zanter Jore muss hien och ëmmer nees aus mëssleche Situatioune vun eise Beaver, Wëllecher, Scouten, Explorer, Rover an Tembo gerett ginn. Zoufälleg ëmmer da wann ee Camp oder eng Sortie ass.)

Steesel a seng Scouten

D´Wëll Sai waren net déi éischt Scouten an der Gemeng Steesel. 1944 ass schonn eng Kéier eng Sektioun vun der FNEL zu Steesel gegrënnt ginn. D´“Schlau Fex“ waren awer just ganz kuerz aktiv. Schonn zwee Joer drop sinn et keng Aktivitéite méi ginn. 1946 gouf dunn eng nei Sektioun gegrënnt: den Trupp „SaintPierre“. Si waren aktiv bis 1988. 7 Joer drop sinn d´Wëll Sai gegrënnt ginn.

Keng Grouss Botz, kee Cortège, keng 1. Mee Feier zu Steesel ouni d´Scouten. An zanter 8 Joer sinn et och d´Wëll Sai, déi d´Buergbrennen an der Gemeng organiséieren. A wärend der Pandemie hunn d´Scoute wéi vill anerer och am Land de Vulnerabelen aus eiser Gesellschaft gehollef. Zu Steesel sinn d´Scoute mëttlerweil ee wichtege Pilier am Veräinsliewen.

Een Doheem fir d´Wëll Sai

Déi éischt Reunioun war 1995 am „Stempesch Haus“, haut éischter als „Galerie „am Duerf“ bekannt. Et ass awer séier kloer ginn, dass d´Scouten eng Plaz fir sech brauchen. E puer Joer hunn si d´Versammlungen am Keller vun der Heeschdrefer Primaireschoul gehalen. An 2002 kruten d´Well Sai hire Chalet. En ass uewen um Steeseler Bierg, direkt beim Bësch. D´Well Sai hu vun do un een eegent Doheem.

30 Joer Scoutismus, Benevolat a Frëndschaften

„Weess du nach de Jamboree a Japan? De Féderalscamp an Ungarn? De Gruppecamp zu Toodler? Zu Kolpech? Zu Miersch? Oder de Chreschtrally zu Tréier?“, egal wien ee géif froen, Geschichten an Anekdote gi bal all Weekend um Terrain geschriwwen. Wann een de gréng, groe Foulard em den Hals leet, d´Biergschong zou stréckt, dann ass dat meeschtens de Ufank vun engem gudden Dag. An dat zanter 30 Joer an hoffentlech kommen der nach ganz vill dobäi.

Lynn Kraus:

denInterview

Eng spannend Aarbecht an der Natur

Interview mam Lynn Kraus

Säit Januar 2024 ass d’Lynn Kraus Deel vun der FNEL an engagéiert sech mat vill Begeeschterung fir d’Natur- an Erfarungspedagogik. Mir hunn him e puer Froen zu senger Aarbecht a sengen Ziler gestallt.

Programme Equipe vum Odyssey.

Wat sinn deng Haaptaufgaben?

d’Konzepter vum „Zesummen an der Natur“

Och mäin selwergebautent Hochbeet ass Resultater weist.

ëmmer eppes an der Aart maachen?

Theorien am Büro auszeschaffen an direkt d‘Mëschung aus Naturpédagogik, Musek an am Kielener Theatergrupp aktiv. Ech bleiwen sportlech aktiv.

Ech schaffen hallefzäit um Misärshaff, wou ech fir Primärschüler a 7ème-Klassen Aktivitéiten entwéckelen an duerchféieren. Jugendgruppen, déi um Haff iwwernuechten, profitéieren och dovun. Déi aner Zäit sinn ech an der GREE N-Ekipp aktiv an erstellen Aktivitéitsmaterial fir Scoutsgruppen, wéi z. B. de Solarkoffer an Naturaktivitéitsfichen. Ausserdeem hëllefen ech bei neie Projeten a bei de federalen Aktivitéite mat, wéi och elo an der Programmekipp vum Odyssey

Op wat bass du besonnesch houfreg?

Besonnesch houfreg sinn ech op de Solarkoffer an d’Konzepter vum Zesummen an der Natur , déi ech mat Hëllef vun der Programmekipp vum Misärshaff ausgeschafft hunn. Och mäi selwergebautent Hochbeet ass e klengt perséinlecht Highlight, wat elo déi éischt Resultater weist.

„Odyssey“-Programm an engem Aktivitéitsheft fir „Zesummen an der Natur“ an zwee Joer

Wat häls du vun dengem Job? A wollts du schonn ëmmer eppes an där Aart maachen?

Aarbecht?

Naturschutzgebitt ass et oft ee bessi mei schwéier mat de Kanner ass et kee groussen

D’Aarbecht ass ofwiesslungsräich an erméiglecht mir, Theorien am Büro auszeschaffen an direkt um Terrain ëmzesetzen. Besonnesch gutt gefält mir d’Mëschung aus Naturpedagogik, Musek an Theater bei Aktivitéiten ewéi dem Explorerbrevet

Wéi verbréngs du deng Fräizäit?

Ech spillen an der Simmer Musek Perkussioun a sinn am Kielener Theatergrupp aktiv. Donieft verbréngen ech gären Zäit am Bësch, observéieren Déieren a bleiwe sportlech aktiv.

Wat sinn deng Ziler?

Aktuell schaffen ech un engem coolen OdysseyProgramm an un engem Aktivitéitsheft fir Champions for Nature . Op laang Siicht wëll ech, dass Zesummen an der Natur an zwee Joer gutt etabléiert ass.

Gëss du duerch politesch Reegelungen an dengem Job ageschränkt?

Heiansdo, virun allem bei Bauprojeten am Naturschutzgebitt. Mee fir den Alldag an d’Aktivitéite mat de Kanner ass et kee groussen Handicap.

Merci fir dësen Abléck an däin Alldag!

Interview mam Claudine:

25 Joer Engagement bei der FNEL

Wéi bass du bei d’FNEL komm?

25 Joer Permanent bei der FNEL

Interview mam Claudine Scheeck

Ech si laang Scout bei de Panthères Noires gewiecht an och am Wëllefcherskommissariat an an der Wëllefchersekipp. Am InfoScout hunn ech iergendwann eng Annonce gesinn a mech spontan gemellt. Ouni wierklech no engem neien Engagement aktiv gesicht ze hunn. 1999 hunn ech da bei der FNEL ugefaangen a war am Ufank fir de Programm zoustänneg.

Toucan étourdi, Panthères noires

Wat sinn deng Haaptaufgabe bei der FNEL?

Wéi bass du bei d’FNEL komm?

Ech si säit 1976 Scout bei de Panthères Noires an war am Wëllefcherskommissariat an an der Wëllefchersekipp. Am InfoScout hunn ech iergendwann eng Annonce gesinn a mech spontan gemellt, ouni wierklech aktiv no engem neien Engagement gesicht ze hunn. 1999 hunn ech da bei der FNEL ugefaangen a war am Ufank fir de Programm zoustänneg.

Mëttlerweil këmmeren ech mech virun allem ëm d’Kommunikatioun an zënter ongeféier annerhallwem Joer och ëm den FNEL-Shop. Doriwwer eraus beaarbechten ech och de DeScout. Meng Aufgaben änneren sech awer dacks jee nodeem wéi grouss d’Ekipp ass, mat där ech zesummeschaffen. Ech maachen och vill grafesch Saachen, wéi Flyeren oder Postkaarten. All Joer bréngt dëst nei Erausfuerderunge mat sech woubäi et keng richteg Routine gëtt.

prokrastinéieren, mee ënner Drock funktionéieren ech am beschten. Wat de kreative Fräiraum ugeet, hänkt vill vun de Leit of, mat deenen een zesummeschafft.

Wéi hues du d’Entwécklung vun der FNEL an deene leschte 25 Joer erlieft?

Mat wiem schaffs du am meeschten zesummen? Meeschtens eleng. Heiansdo mam Generalsekretär oder mam Commissaire Général an der Kommunikatiounsekipp. Et gëtt awer keen, deen direkt mäi Job kéint iwwerhuelen.

Wéi vill Fräiraum hues du bei dengem Schaffen?

Wat sinn deng Haaptaufgabe bei der FNEL?

D’Aarbecht ass mat der Zäit vill méi intensiv ginn, a mir sinn och méi professionell ginn. D’Permanenten hunn haut méi Verantwortung, an et et si vill nei Aufgabefelder derbäikomm.

Ech genéisse vill Fräiraum, wat ech immens schätzen. Ech tendéieren dozou, ze prokrastinéieren, mee ënner Drock, funktionéieren ech am beschten. Wat de kreative Fräiraum ugeet, hänkt vill vun de Leit of, mat deenen een zesummeschafft.

Mëttlerweil këmmeren ech mech virun allem ëm d’Kommunikatioun an zënter ongeféier annerhallwem Joer och ëm de FNEL-Shop. Doriwwer eraus beaarbechten ech och de DeScout

Wéi hues du d’Entwécklung vun der FNEL an deene leschte 25 Joer erlieft?

D’Aarbecht ass mat der Zäit vill méi intensiv ginn, a mir sinn och méi professionell ginn. Permanenten hunn haut méi Verantwortung, an et bleift vill méi un hinnen hänken.

Meng Aufgaben ännere sech awer dacks, jee nodeem wéi grouss d’Ekipp ass, mat där ech zesummeschaffen. Ech maachen och vill grafesch Saachen, wéi Flyeren oder Postkaarten. All Joer bréngt dëst nei Erausfuerderunge mat sech, woubäi et keng richteg Routine gëtt.

D’Organisatioun ass gewuess, d’Personalzuel ass geklommen, an domat och d’Erwaardungen. Vill Aspekter si mëttlerweil administrativ. Dobäi huet sech d’Kommunikatioun grondsätzlech verännert: Viru 25 Joer war Social Media keen Thema. Haut spillt Digitaliséierung eng grouss Roll. Fréier hate mir dräi Fotoen op engem Floppy Disk. Haut kritt een Dausende vu Fotoe mat engem Coup.

Wat géifs de Scoute mat op de Wee ginn?

D‘Organisatioun ass gewuess, d‘Personalzuel ass geklommen, an domat och d‘Erwaardungen. Vill Aspekter si mëttlerweil administrativ. Dobäi huet sech d‘Kommunikatioun grondsätzlech verännert: viru 25 Joer war Social Media keen Thema. Haut spillt Digitaliséierung eng grouss Roll. Fréier hate mir dräi Fotoen op engem Floppy Disk. Haut kritt een dausende vu Fotoe mat engem Coup.

Mat wiem schaffs du am meeschten zesummen?

Wat géifs de Scouten mat op de Wee ginn?

Ech schaffe mat vill verschidde Leit zesummen, mam Generalsekretär oder mam Commissaire général a mat der Kommunikatiounsekipp.

Kommunizéiert op Aenhéicht! Hierarchie huet am Scoutismus näischt verluer. Ech setzen op eng horizontal Struktur, an dat erwaarden ech och vun all Scout. Et geet ëm Teamwork, a jidderee gëtt säi Bescht. Dat ass fir mech de Kär vum Ganzen.

Ongeféier: „Kommunizéiert op Aenhéicht!“ Hierarchie huet am Scoutismus näischt verluer. Ech setzen op eng horizontal Struktur, an dat erwaarden ech och vun all Scout. Et geet ëm Teamwork, a jidderee gëtt säi Bescht dat ass fir mech de Kär vum Ganze.

Wéi vill Fräiraum hues du bei dengem Schaffen?

Ech genéisse vill Fräiraum, wat ech immens schätzen. Ech tendéieren dozou, ze

Be a responsible employer

At Elvinger Hoss Prussen, we believe that creating a supportive and friendly work environment enables everyone to thrive. We are dedicated to providing a better work-life balance for all. Real success comes from valuing and supporting our team members.

L’assurance qui s’adapte à mon style de vie

MA VIE. MON STYLE. MON ASSURANCE.

Vous possédez le dernier smartphone à la mode et vous aimez les nouvelles technologies ? Avec mozaïk , choisissez les garanties adaptées à votre style de vie et profitez d’une assurance flexible et évolutive pour protéger vos appareils nomades, chez vous et ailleurs. Rendez-vous sur mozaik.lu ou chez votre agent Foyer

Pascal GRETER

Agence Principale d’Assurances

13, av. Lou Hemmer

L-5627 Mondorf-les-Bains

Tél.: 23 69 65-1

Email: 0778@foyer.lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.