2 minute read

DENEDITO

Next Article
EISDELÉGÉIERT

EISDELÉGÉIERT

Léif Scouten,

léif Scoutsfrënn,

Advertisement

Et ass schonn déi fënneft Editioun vun eisem Trombinoskop, also no engem aussergewéinleche Joer e klenge Jubiläum.

Et ass eis wichteg, mat dësem „Facebook“ bekannten Nimm e Gesiicht ze ginn, bekannte Gesiichter en Numm ze ginn an esou d’intern Kommunikatioun an Zesummenaarbecht ze stäerken an ze valoriséieren. Hei kënnt der noliesen, wien fir wat responsabel ass, wien sech fir wat asetzt a wie bei wéi engem Projet hëlleft, aus Visiounen Realitéiten ze maachen.

Lo weess DU och genau, wou’s du dech melle kanns, fir deng Kompetenzen do anzesetzen wou’s du interesséiert bass.

Dëst Joer sinn eis Ekippen nach weider gewuess, et sinn nei Projet’en entstanen an mer sinn als Federatioun nach méi enk mat de Gruppen zesummekomm. Zesummen hu mer d’läscht Joer 2019-2020 Bierger versat an en klengen Deel vun de Leit am Hannergrond fannt der an dëser Broschür erëm.

Eisen Trombinoskop gëtt all Joer méi komplett, et kommen nei Gesiichter bäi an jiddereen dréit säin Deel dozou bäi, dass de Scoutsmouvement zu Lëtzebuerg ëmmer besser gëtt an nach méi no baussen gedroen gëtt. Niewent eisen federalen Ekippen, sinn och d’Representanten vun der Conférence des Groupes säit dem leschten Scoutsjoer an eisem Trombinoskop vertrueden. Dëst war e wichtegen Schrëtt, fir e weidert staarkt Organ virzestellen. Hei ass all Grupp vun der FNEL vertrueden an zesummen diskutéieren an decidéiere mer nei Schrëtt, déi op der Assemblé Générale vun de Gruppevertrieder gestëmmt kënne ginn.

Duerch d’Fondatioun AGGL-FNEL an d’ONGD-FNEL sinn zwee weider staark Partner vun der FNEL. Déi eis representéieren duerch eenzegaarteg Projet’en an en bemierkenswäerten Asaz!

Eis verschidde Strukturen ginn duerch är Energie an ärt Engagement weiderentwéckelt, an no dësem leschte Scoutsjoer kënne mer eis just nacheemol felicitéieren an e grousse BRAVO u jiddereen ënnert iech. Duerch de Scoutsgeescht an är Motivatioun fir de Scoutissem hu mir no baussen gewisen, wat et heescht zesummen ze halen, sech fir anerer staark ze maachen an awer och zesummen d’Assermentatioun vun eisem ChefScout ze feieren.

Och wann an dësem Heft schonn vill flott an motivéiert Käpp vertrueden sinn, et gëtt ëmmer eppes ze maachen, ze verbesseren an virun allem zesummen ze laachen. Wann dech ee Beräich interesséiert, mell dech einfach bei deene jeeweilegen EkippenResponsabel: Jiddereen ass wëllkomm an zesummen kënne mer nach méi Freed hunn an nach méi erreechen.

Hannen am Trombinoskop, an eisem Scouts-ABC, sinn wéi ëmmer eis Ofkierzungen fir déi verschidden Begrëffer erkläert an opgezielt. Sou fënnt jiddereen sech eventuell am Djungel tëschend CoGro, CoDir, ComPro, GREEN a Co. erëm a versteet vu wat geschwat gëtt.

Als Ofschloss, falls du dech engagéiers, dech awer hei net fënns oder en Feeler an iergendenger Form fënns, wëlle mer eis direkt entschëllegen an bieden dech, dech bei eis ze mellen. Et ass sécherlech net express geschitt, mee de Feelerdäiwel schläicht sech warscheinlech ëmmer op en Neits an dëst Heftchen eran.

Vill Spaass beim Liesen a beim Kucken.

Raoul (Kea), Julie (Kolibri) & Tom (Caracal) Commissariat général

This article is from: