Skip to main content

deSCOUT No 567

Page 1

No 567 / 97. Joergang

Abrëll 2017

. o-System verstoen Ec am l ol R s ei léiere mir géieren. a mat der Natur, d’Ëmwelt z’engaScoutsmethod an fir en tiv ew ak Li s d’ ei an an ektéieren Duerch d’Spill rt, d’Natur ze resp ie lé ge u em ng le Mir gi vu K


D’KONSCHT SENG SUE SELWER ZE GERÉIEREN

Den Alter spillt keng Roll, wann et dorëms geet, seng Suen intelligent ze geréieren, egal op dat d’Täschegeld oder déi éischt Pai aus engem Vakanzenjob ass. Mat Startin’ vu BGL BNP Paribas hues du däi Gratis-Kont fir d’alldeeglech Gestioun vun denge Bankenoperatiounen, deng eegen V PAY Debitskaart fir zu Lëtzebuerg an iwwerall an Europa anzekafen a vill weider Virdeeler wéi: 1) •

Gesécherte Web a Mobile Banking fir deng Konten ze suivéieren

•

Gratis Suen ophiewen op alle Bankomater vu BGL BNP Paribas zu Lëtzebuerg, dem Groupe BNP Paribas an der Eurozone a bei der Deutsche Bank an Däitschland.

•

Eng Reduktioun vun 3 Euro op all Trajet mam Night Rider-Bus wann’s du deng Kaart vu BGL BNP Paribas weis

•

Eng Reduktioun vu 5 % op den Cours’en vun EF Language Schools 2)

E weidere Virdeel: Mat der Kaart Startin’ Schüler leeft ee keng Gefor, säi Kont z’iwwerzéien. D’Kaart huet eng Sécherheetslimite vun 250 Euro pro Woch, fir Suen opzehiewen a fir an de Geschäfter anzekafen. Egal ob vun Doheem aus oder Dobaussen, deng Bank ass un denger Säit fir dir ze hëllefen, dass du deng Suen selwer geréiere kanns. Informéier dech op startin.lu.

1) Eng Offer mat Konditiounen an ënnert der Reserve vun der Akzeptatioun vum Dossier. 2) D’Offer vun EF ass valabel wann’s du eng gëlteg BGL BNP Paribas Bankkaart virweis. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Communication Marketing Mäerz 2017


DENIWWERBLÉCK DENINDEX 05 06 10 12 14 16 18 20 22 24 26 27 28 30

DENEDITO DCOVERSTORY DNEWS DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT DEROVER DECHEF DENHAFF DBILLERBUCH DFORMATIOUN DONGD-FNEL DESERIÖ DPINWAND

DENIMPRESSUM deSCOUT No 567 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg

descout@fnel.lu

Redaktioun & mise en page : Anne Simon, Lea Schwartz, Claudine Scheeck, Fotoën : FNEL Archive Drock : printsolutions s.à.r.l. Oplo : 4100

03


arend’t you‌ interested in a law firm

international?

leading & independent

in the teams

in Luxembourg? curious?

multilingual?

at your

spoken

knowledge

4 languages ambitious?

fingertips

internally

development

and mobility

proactive? a dynamic

collaborative?

an exchange

environment

of know-how

Administrative

25 nationalities

available for you

Law,

Property,

Construction

&

Environment | Bank Lending & Structured Finance | Banking & Financial Services | Capital Markets | Commercial & Insolvency | Corporate Law, Mergers & Acquisitions | Dispute Resolution | Employment Law, Pensions & Benefits | EU & Competition Law | Insurance & Reinsurance Law |

join us

Investment

Management | IP, Communication & Technology |

Please send your application via our careers page

www.arendt.com 41A, avenue J.F. Kennedy n L-2082 Luxembourg

Private Equity & Real Estate | Private Wealth | Tax Law LUXEMBOURG

DUBAI

HONG KONG

LONDON

MOSCOW

NEW YORK


DENEDITO NATIERLECH NATUR. NATURE NATURALLY. NATURELLEMENT NATURE. Well ouni si, gëtt et eis net. A wann Naturbewosstsinn a -Schutz nach ëmmer wichteg Pilieren am Scoutissem waren, ass dat Element haut méi wichteg wéi je. Laang Joerzéngte, wësse mer als Gesellschaft, dass mer musse manner Dreck maachen, eis asetzen derfir, eis negativ “Ofdréck” an der Natur ze reduzéieren an eis Ëmwelt mat méi Respekt ze behandelen. D’Fro ass awer ob dat duer geet, an op net esouguer e Paradigmewiessel muss kommen: manner negativen Impakt op eis Ëmwelt ze hunn ass schéin a gutt, mee et wier dach besser dat Stéck mi wäit ze goen: carrément e positiven Impakt op Natur an Ëmwelt ze hunn: net méi mussen ze recycléieren, mee alles an engem onendlechen Zyklus ze benotzen: déi sougenannten Circularitéit ass d’Zukunft op déi mer solle bauen.

Si la nature et le respect de celle-ci étaient depuis toujours un pilier du scoutisme, il faut s’en approcher un peu différement aujourd’hui: il ne suffira à long terme pas de juste essayer de réduire nos empreintes négatives, mais au contraire, d’avoir un impact positif sur notre environnement: le papier sur lequel j’écris ne devra plus être recyclé, mais prendra à 100% une nouvelle forme, par exemple sera composté en fleurs, l’assiette “jetable” du pic-nic est en fait mangeable et sera mon dessert… Il s’agit ici de changer radicalement notre manières de penser au sujet de la protection de la nature: la circularité au lieu de la simple recyclabilité. If the respect and preservation of nature have always been a main theme in scouting, they certainly have become more important than ever. Reducing our negative footprints will soon not suffice in the long term. It will be necessary (and a lot more fun) to actually have a positive impact on our environment instead of just lessening the negative ones. Ideas for circularity are endless, but they do ask for a change of mind: a disposable plate doesn’t have to bee thrown away or recycled: it can be made out of an edible sweet and serve as desert, for example. This it takes another form and purpose in a circular existence and lives on, without ever creating waste. Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000 Tous ces dons sont fiscalement déductibles.

05


DCOVERSTORY::FORMATIOUN DCOVERSTORY Eis Journalistin in spe Lea Schwartz, huet sech mat engem Deel vun der Natur- an Ëmweltekipp vum Misärshaff getraff fir e bessi ze poteren. Mat derbai waren d’Trixy Feider, de Ben Kremer an d’Martine Bouché. Nature and Environment are this DeScout’s coverstory. Here’s a

Nature et environnement: notre Coverstory de ce mois.

short interview with Trixy, Ben and Martine, who are in charge of

Le Scout a rencontré Trixy, Ben et Martine qui font partie de

the Nature and Environment Programs at Misärshaff.

l’équipe qui s’occupe des activités « nature et environnement » au Misärshaff.

Trixy, du bass een vun de Volontairen aus der Misärshaff Equipe. Dir engagéiert iech fir Aktivitéiten um an ronderëm de Misärshaff. Dobäi gëtt vill Wäert op Natur an Ëmwelt geluecht, wéi koum et dozou, dass du dech grad fir dës Ekippe gemellt hues? De Misärshaff ass e wichtege Bestanddeel vu menger Roll als Ëmweltbeoptraagten an der FNEL. Als SCENES Zenter (= Scouts Center of Excellence for Nature and Environment) huet de Misärshaff sech engagéiert sech aktiv fir d’Ëmwelt anzesetzen, an se ze schützen andeems en nohalteg geréiert gëtt. Ausserdeem huet en d’Missioun d’Scoute fir d’Natur an hir Ëmwelt ze begeeschteren. Jonk Cheffen déi hir Formatioun hei maache sollen och mat konkreten Ideeën a Méiglechkeeten ausgestatt ginn fir hirt dozou bäizedroen an dat Geléiert mat an hire Grupp ze huelen an och an hirem Alldag unzewenden. De Misärshaff ass e Bestanddeel vun der Identitéit vun der FNEL a läit ville Leit immens um Häerz, dorënner ebe mir. Aus dem Grond ass et mer wichteg mech dofir anzesetzen dass neess Liewen op den Haff kënnt.

Comment s’est développée l’idée de proposer l’EmweltBadge et le SolarBadge au Misärshaff ? Le EmweltBadge remplace le PandaBadge et a été introduit, il y a un certain temps, par Lea Bonblet. Les badges Nature et Solar sont des badges internationaux. Le badge sur l’uniforme signifie que le scout s’est intéressé et s’est engagé pour la nature. Le SolarBadge est tout nouveau. Il s’agit d’apprendre ce que le soleil, en tant que source d’énergie renouvelable, peut nous apporter. Le sujet des énergies renouvelables est plus important que jamais. Les activités proposées permettent de comprendre ces techniques de manière fun et intéractive. Le Luxembourg n’étant pas le pays le plus ensoleillé au monde, le badge peut seulement être fait dans les mois d’été pour l’instant.

“SCENES” ass u sech e Qualitéits-Label, e Certificat dass de Misärshaff no gewësse Kriterien gemanaged gëtt. An de Rôle vum Ëmweltbeoptragten ass et ze kucken dass all dës Punkten esou emgesat ginn dass mer d’Bezeechnung SCENES weiderhi kënne behalen. Iwwregens: Mir hunn eréischt dëst Joer de Label nees erneiert kritt!

06


NATUR Ënner anerem bass du Letzebuerger Ambassadeur fir den SolarBadge. Wéi eng Viraussetzung muss een fir des Roll erfëllen an wat bedeit dat elo fir Letzeuerger Scouten, deen den maache wëllen? Fir Solar-Ambassadeur ze ginn war ech leschte Summer op enger Formatioun zu Kandersteg an der Schwäiz. Hei hu mer Workshopen gehat iwwert Solartechniken an hir Uwendungen. An dann ass natierlech gebastelt, gebaut an getüftelt ginn. Et war super spannend. A vu dass ech déi eenzeg Europäerin op der Formatioun war, hunn ech nach lauter interessant Leit kenne geléiert a konnt mech mat hinnen austauschen wat erneierbar Energiequellen a méi sonnege Länner ewéi Mexiko, Korea, Thailand oder Tadschikistan fir e Stellewäert hunn.

HOW TO SOLARBADGE ? The SolarBadge is an exclusive@MisärsHaff activity Write to misaershaff@fnel.lu and tell us : 1) date 2) number of participants 3) your selection of activities (page 23 or fnel.lu)

misaershaff@fnel.lu

Ben, wéi kënne Scouten sech ausserhalb vun de Badger fir d’Ëmwelt engagéieren? How can we make ourselves strong for nature? Jidderee soll sech an sengem Emfëld an desem Beräich engagéieren. Dat kann doheem sinn (manner Knascht maachen, recycléieren, seng Gewunnechten hannerfroen, oppasse wou d’Kleeder hierkommen, mat akafe goen an un der Akafslëscht bedeelegen ...), an der Schoul (aktiv matschaffen dass an de Schoulkantinnen de Plastik verschwënnt, recycléierte Pabeier benotzen, Bidon mathuelen, ... ) an och a senger Fräizäit sou vill méiglech dobausse sinn, egal zu wéienger Joerszäit, da gëtt een sech senger Emwelt vill méi bewosst an et léiert een se ze respektéieren. Everyone should make an effort about nature, even when not doing the badge. At home you can produce less garbage, recycle, question your habits, check where the clothes you buy are produced… In school you can get involves in getting rid of disposable plastic cutlery, use recycled paper, take a re-usable water bottle… and try to spend as much time as possible outside, because that’s the best way to get to know nature. Martine, wéi bréngt een d’Thema am beschten un d’Kanner erun? Ëmwelt, Natur an Nohaltegkeet sollen zu eisem Alldag gehéieren a sollen normal sinn. Mir als Cheffe solle mam gudde Beispill virgoen, eis mam Thema beschäftegen fir dass mer de Kanner hir Froen beäntweren kënnen. No deene Prinzipie soll an all Versammlung, op all Weekend an op all Camp gelieft ginn, esou dass dat net nëmmen eng Aktivitéit vun 2 Stonnen ass, mee dass et ëmmer do ass a wou een sech keng Gedanke méi muss driwer machen, well et selbstverständlech ass. Et fänkt ee kleng domadder un, a lues a lues geet dat an d’Blutt iwwer an et kennt een et net méi anescht.

07


DCOVERSTORY::FORMATIOUN DCOVERSTORY An eiser Gesellschaft gëtt engersäits ëmmer méi op eis Ëmwelt opgepasst, een nohaltegen Liewensstil ass ganz modern, et gëtt ëmmer méi op nohalteg Energien gebaut. Anerersäits geet et awer och grad esou séier an di aner Richtung, ëmmer méi kuerz Liewenszyclen vun Elektrogeräter (zum Beispill Handyen), wichteg Féierungspositiounen déi vu Leit iwwerholl ginn, déi net un de Klimawandel glewen, an esou weider. Wéi gesäis du d’Entwécklung vun Nohaltegkeet an Ëmweltschutz an eiser Gesellschaft am Moment an fir d’Zukunft?

TIPPS AND TRICKS AM ALLDAG • saisonal a regional akafen • Plastik a Verpackungsmaterial sou gutt wéi et geet vermeiden • Dreck trennen a recycléieren • nëmmen dat kafe wat ee wierklech brauch • keen Dréck an d’Natur geheien • probéieren e positiven Impakt ze hunn am Plaz

Ben: De Klimawandel ass am gaangen, ob e vum Mënsch gemaach ass oder net, muss eis an dëser Diskussioun egal sinn. Wa mir awer en Afloss op seng Geschwindegkeet huele kënnen, esou solle mer dat och probéieren. Onofhängeg dovun ass et ëmmer sënnvoll op nohalteg Energien zréckzegräifen, well déi verknaschten eis Loft net déi mir elo otmen, déi vergëften eist Waasser net wat mir haut drenken an se maachen eise Buedem net futti op deem eist Iesse wuesse soll. A virun allem: Se kënnen net eidel ginn. Et ass awer wichteg fir drop opzepassen, wou a wéi déi Solarzellen, Wandrieder, Batterien asw. produzéiert ginn an och wéi se neess um Ënn recycléiert kënne ginn. Dat misst weltwäit Prioritéit bei de Politiker an aneren Féierungspersounen ginn, fir dee Problem global unzegoen. Wat d’Schnellliewegkeet vun den Apparater ugeet, do soll jidderee fir sech selwer entscheeden, wéini et onbedéngt en neien Handy muss sinn. Leider diktéiert d’Gesellschaft wéini an net de gesonde Mënscheverstand, well et muss jo awer schliesslech ëmmer deen neitste sinn... Fir richteg nohalteg ze liewe brauche mir vill Courage an Energie an et muss ee sech géint vill Virurteeler a Clicheeë wieren. Mee et ass fir e gudden Zweck an dofir ass all Eenzelne wichteg!

08

deen negativen mussen ze reduzéieren.

Le bon geste / the good gesture • buy local and seasonal achète régional et saisonal • avoid plastic and packaging évites les emballages • recycle • only buy what you really need achètes seulement ce dont tu as vraiment besoin • don’t throw waste into nature ne jettes pas les déchets dans la nature • try to make a positive impact rather than to having to avoid making a negative one essaies d’avoir un impact positif, au lieu de devoir reduire les gestes négatifs


NATUR AER SCHÉINSTE MOMENTER AN DER NATUR You best moments in nature / Vos meilleurs moments nature Castors Amélie an Julie (LX) Um Udaca 2016 am Zelt ze schlofen. Dormir en tente pendant l’Udaca. David (LX): um Explo 2017 zu Klierf am Bësch de Bierg eropzeklammen Kai (LX): op der Beavermontée 2016 duerch d’Baach ze trëppelen. Walking through a creek during the Beavermontée. Rowan (LX): E Survivalparcours duerch de Bësch ze maachen. Faire un parcours de survie en forêt. Martine (RO): zu Sori an Italien ënnert dem Stärenhimmel ze schlofen Schilu (RO): a Kanada an der voller Natur nieft engem Floss ze zelten an dran ze raften

Als Wëllefche beim Strategospill am Bësch stoung op eemol e risegen Hirsch viru mir (den Hirsch wor wuel ëm sou méi grouss well ech méi kleng wor). Dat war wierklech en markant Erliefniss

Wellëfcher vun den Diables rouges Am Wanter ass et méi einfach no Spueren ze sichen, et gesäit ee se am Schnéi an am Bulli :-) It’s easier to find tracks and traces in the snowy winter. En hiver il est plus facile de trouver les traces car on les voit mieux dans la neige.

Traditionnellt Hike-Zitat vun den Piwitschen: Der Weg ist das Ziel!

Anne Buchler, Kiewerlecken). Rammericher Fräschen: Wann een d’Aen op mécht, d’Ouere spëtzt an all déi onnëtz Saachen lass léist, gëtt all Moment an der Natur zu eppes Besonnegem When you open your eyes and ears and let go of all the useless things, every moment in nature become unique Gilles Mausen, Dippecher Dachsen

Zu Zellhof, dem Donnerwieder an dem Reen nozekucken, wéi dat iwwert de Bierger houng. To observe the rain an thunderstorm hanging in the Zellhof mountains. Moies, dem Sonnenopgank nozekucken, wann een aus dem Zelt klemmt. Watching the sunrise when crawling out of your tent. De Geroch, nom Reen, wann ee moies duerch d’Wise geet. L’odeur de la pluie en traversant la prairie le matin Frësch geméiten Gras, Hee, wann een um Hike ass.

09


DNEWS MARATHON CHALLENGE

EIS NEI LOCATAIRE SINN UKOMM Säit e puer Deeg hu mir nei Locataire beim homeFNEL. Si sinn direkt zu e puer Dausend erageplënnert. Den éischte Kontakt mat hinnen ass ganz gutt verlaf, et sinn immens fein a roueg Noperen, déi vu Moies fréi bis Owes schaffen. An e puer Méint, wann se sech bis agelieft hunn, invitéiere si eis op e séisse Maufel.

Fir all déi di de 27. Mee NET matlafen: Spill, bei all Grupp vun der FNEL deen e Stand huet, a gewann den exklusive FNEL Marathon Spill Badge. If you don’t run, you can still win: complete a challenge on each FNEL Group Stall and get the exclusive FNEL Marathon Game Badge. Gagner sans courir, c’est possible en passant chez tous les stands des groupes FNEL lors du marathon: un jeu par stand te fera porteur du badge jeu marathon FNEL.

Votre garant de qualité www.provencale.lu

L’adresse des chefs 10


EN AVANT VERS LA VISION 2023 - MESSAGE DU SECRÉTAIRE GÉNÉRAL Neie Generalsekratär vum Weltscoutsverband nomméiert: den Ahmad Alhendawi, en 33 Joër jonke Jordanier. D’FNEL as frou iech alleguerten z’annoncéiren dass den Ahmad Alhendawi, en 33 Joër jonke Jordanier, den 1. März 2017 zum neie Generalsekratär vum Weltscoutsverband (WOSM) ernannt gouf. De Generalsekretär vum Weltverband as den héchste Posten deen et op Scoutsniveau gëtt.

Beim Weltscoutsverband ënnerstëtzt hien natierlech d’Visioun 2023 vum Verband: WOSM wëll als gréissten edukativ Organisatioun fir Jonker et iwwer 100 Milliounen jonke Mënschen erméiglechen e positiven Impakt op hir Communautéit ze hunn, am Respekt vun de Scoutswärter.

De Georges Krombach, Commissaire Général vun der FNEL, ass frou dass een ewéi den Ahmad dëse Poste krut: “Den Ahmad Alhendawi ass dee jéngste Generalsekretär deen de Weltscoutsverband je hat. Dëss ass nieft dem Chairmen vum Weltscoutscomite, dee wichtegste Posten bei WOSM, a fir d’éischt Kéier an der laanger Geschicht vum Weltscoutissem gëtt aus dem Wuert “Youth Empowerment” eng Realitéit op Weltniveau. Och an der FNEL schléisse mer eis deem natierlech un, well mir wëlle Scoute vu Jonke fir Jonker maan. Mir wënschen dem Ahmad vill Courage fir an dëse weltpolitesch schwieregen Zäiten de positiven Esprit vum Scoutissem weider ze verbreeden an eise Weltverband gutt ze leeden.”

Den Ahmad schreift an engem Message un iech all: “En collaboration avec le Comité Mondial du Scoutisme, nous continuerons à embrasser l’esprit du Mouvement, à incarner ses valeurs et à célébrer sa diversité. Nous réaliserons notre Vision en encourageant l’innovation et en continuant à développer nos programmes et nos événements afin d’être en phase avec notre monde en constante évolution. Nous mobiliserons nos atouts pour soutenir la croissance du Mouvement, tout en approfondissant notre impact social dans les communautés. Nous voulons nous ouvrir aux enfants et aux jeunes les plus vulnérables pour leur offrir l’espoir et la promesse d’une éducation. Nous travaillerons avec d’autres pour développer des partenariats stratégiques et investir dans le capital le plus important du monde : nos enfants et nos jeunes.”

Den Ahmad, dee säit dem Alter vun 12 Joër Scout ass an aus enger Famill vun 10 Kanner kënnt, wor zanter 2013 als éischten UN Jugend Envoyé täteg, wou e sech intensiv fir déi Jonk op Weltniveau agesat huet. Den Ahmad ass gutt forméiert: hien as Titulaire vun enger Maîtrise am Fach “Relations internationales et européennes supérieures” vum Institut Européen des Hautes Études Internationales zu Nice, en huet den Diplom “Agent des politiques dans les organisations internationales et européennes” vun der Uni Bilgi aus der Türkei an en Diplom an der Informatik vun der Uni Al Balqa a Jordanien. Den Ahmad Alhendawi bei senger Assermentatioun

11


DEBEAVER POST VUM BIBU

Léif Beaver, Wéi der wësst liewen d’Beaver ganz enk mat aneren Déieren an der Natur zesummen. Si brauchen d’Waasser fir gutt ze schwammen, d’Beem fir hiren Damm an d’Blieder an d’Schuel vun de Beem fir ze friessen. Dofir ass et och immens wichteg, dass mir all gutt op d’Natur oppassen a léieren an der Natur ze liewen. De Grelli Gréng beschwéiert sech, dass esou vill Knascht an der Natur läit. Kanns du all dee Knascht sichen an duerchsträichen, dass d’Déieren erëm gutt an hirem Doheem liewe kënnen? A vläit kanns du jo och soss an der Natur hëllefen opzepassen, däin Dreck mathuelen an esou den Déieren e proppert doheem schenken? Lo scho Merci, Als Belounung kanns du dir déi gréng Krall faarweg molen.

„De Beaver denkt un d’Natur“

12


Cher Castors, Comme tu le sais, les castors vivent en proche relation et en plein dans la nature. Ils ont besoin de l’eau pour nager, les arbres pour construire leurs barrages et l’écorce et les feuilles pour se nourrir. C’est pour cela qu’il est très important que nous aussi prenons soin de la nature! Commence par trouver toutes les saletés qui se trouvent autour de Grelli Gréng et biffe les. Puis essaie de penser à ne pas laisser trainer tes ordures dans la nature. Grelli, Bibu et les autres te remercieront. Tu pourras alors colorer ta griffe verte: “le beaver prend soin de la nature” Dear Beaver, As you know, beavers live in close relation with nature. They need water to swim in, the trees to build their dams, and the bark and leaves to eat. That’s why it is very important that we take care of nature and learn how to live in it. Start by finding all the dirt that has ended up in Grelli Gréng’s pond and strike it out. Then, try to not leave your own garbage lying around in nature. Grelli, Bibu and his friends will thank you. You can then color the green claw: “a beaver takes care of nature”

BEAVERFUNDAY Gläich ass et erëm esou wäit a mir ginn zesummen op eng kleng Aventure. Dës Kéier brauch ech är Hëllef fir d’Jolly erëm ze fannen. Hatt war enges Moies net méi bei eisem Damm an elo muss ech mech duerch d’Welt op d’Sich maache, fir hatt ze fannen.

BEAVERFUNDAY 20. Mee 2017

Markéiert iech den 20. Mee an ärem Kalenner, well do gi mer zesummen op Schëtter fir zesummen nom Jolly ze sichen. Maacht iech bereet fir vill Spaass, Spiller a Laachen. Weider Informatioune kritt der vun äre Cheffen.

Cette fois ci, j’ai besoin de votre aide pour retrouver Jolly. Un matin je me suis réveillée et elle n’était plus au barrage. Marquez bien la date du 27 mai dans vos calendrier, c’est le jour du Beaverfunday à Schuttrange et on va la retrouver tous ensemble.

This time I will need your help to find back Jolly. One morning, I woke up and she’d disappeared from the dam. Mark the 27th May in your agendas, because that’s the day of the Beaverfunday, where we’re going to find her back!

ADVENTURE DAY UM HAFF Beaver & Wëllefcher 1. Juli 2017 13


DEWËLLEFCHEN LX EXPLO 2017 Grouss Feierlechkeeten um Haff vu Luxemburgesien.

De Kinnek, seng Prinzessin an den Hofstaat

Fun-Posten um Explo

De Kinnek Tomasius hat all d‘Meute vun der FNEL op seng Verlobungsfeier mat der Prinzessin Carolyna aus dem gréngen Irland agelueden. Zu Klierf hu sech Routkäppchen, Rapunzel, Schneewittchen, Maus Ketti, Melusina an nach vill anerer aus dem Märcheland zesummefonnt fir där léiwer Koppel hir Geschenker ze iwwerreechen. Mee wéi op all Feier, sollt net alles ewéi geplangt verlafen : béis Hexen hunn dat romantescht Zesummekomme gestéiert a sämtlech Geschenker geklaut. Elo waren d’Märercher op eemol net méi komplett. Wéi eng Geschichte soll een dann erzielen a Luxemburgesien wann e Stéck Inhalt fehlt ? Op deene villen a richteg flotte Posten hunn d'Wëllefcher trotz dem schlechte Wieder e formidabelen Dag mat villen Aktivitéite verbruecht a konnten esou sämtlech Märercher an och d’Hochzäit retten andeems si all déi verschwonnen Objete zeréckeruewert hunn. Déi béis Hexe sinn du vu Roserei fortgeflunn a wäerten esou bal net méi a Luxemburgesien optauchen. De Kinnek konnt senger Prinzessin endlech d´Jo-Wuert virun den 350 Gäscht ginn a wann se net gestuerwe sinn, da liewen si nach haut. D´Wëllefcherséquipe seet alle Meutecheffen e grousse Merci, fir déi vill flott Posten an déi originell Verkleedungen. E ganz grousse Merci och dem Lena Frisch an dem Emma Darné fir de flotten Entworf vum Badge. Vive den Tomasius, Vive d‘Carolyna, a Vive Luxemburgesien !

Fun-Posten um Explo

14


DEN THA Ech sinn den Tha, de Virfare vum Hathi an ech hunn den Djungel gemaach. Mat mengen Zänn hunn ech Grief gezunn, duerch déi dunn d’Waasser gefloss ass. Wann ech fest mat menge Féiss op de Buedem getrëppelt sinn, ass excellent Waasser erauskomm. Wann ech duerch mäi Rüssel geblosen hunn, hunn d’Beem geziddert a sinn ëmgefall, fir ë bësse Plaz ze kréien. Je suis l’ancêtre d’Hathi et j’ai créé la jungle il y a très longtemps. Mes trompes ont permis de creuser des fossés dans lesquels se mettait à couler l’eau.Quand je frappais de mes pattes sur le sol, une eau excellente en sortait. Quand je soufflais avec ma trompe, les arbres tombaient pour avoir un peu d’espace vide.

I am one of Hathi’s ancestors and I created the jungle a long time ago. I dug pits through which irrigation water flows. When i stomp my feet on the ground, excellent water comes out of the ground. When i whistle through my trunk, the trees fall in order to have some wide open space.

Hei 2 Biller, wéi dat kéint ausgesinn, wat den Tha geschafft huet. Voici 2 images qui pourraient montrer le travail de Tha. Here’s 2 pictures that show what Tha’s work might have looked like Fann d’Fehler (5) trouve l’intrus/find mistakes. (5)

the

15


DESCOUT DENG KLENG GESCHICHT DENG FOTO(E) Schéck ons deng Geschicht an /oder deng Foto(e) vun der leschter Scoutsaktivitéit eran. Mir publizéieren déi hei am „deScout“.

PATRULL VUM JOER Denkt drun, dat dir äre „SCOUTSBLOG“ bis den 01. Juni an der FNEL kënnt ofginn.

Geschicht (Rapport) a Foto(e) si Bestanddeel fir „D‘PATRULL VUM JOER“

scout@fnel.lu

Merci fir Äert

Vertrauen!


USB-STICK AUS HOLZ En USB-Stick derbäi ze hunn ass ëmmer praktesch. Och als Scout kanns du ee gebrauchen, an hei kriss du eng kléng Beschreiwung wéis du däin eegene coole Stick kanns bastelen : Fir éischt muss du an engem Elektrikergeschäft en USB-Stick kafen. Huel keen ze groussen, well du muss hannenno e passend Stéck Holz siche goen.

Hues du e Stéck Holz fonnt wou den USB dra passe kann, da mëss du en am Schraufstack fest a buers mat der Buermaschinnen 2 Lächer niefteneen.

Wann s du Lächer mat der Buermaschinne gemaach hues, probéier op den USB erapasst. Deemno wei muss du nach eng kéier e bësse mat der Buermaschinn Lach fir den USB méi grouss maachen.

Lo muss du just nach den USBStick mat Sekundenkleber an Holz stiechen. D’Seemiel, wat vum bueren entstanenen ass, vermëschs du mat dem Holzkleber a fëlls Lach ronderëm den USB propper aus.

Lo muss du just nach alles dréchene loossen a fäerdeg ass däi perséinlechen hëlzenen USBStick. Alternativ dozou kanns du gären den Deckel vum USB och an e Stéck Holz pechen. Déi selwecht Methode kanns du och fir en holzene Bic oder Bläistëft benotzen. MATERIAL : • USB-Stick • en Aascht • Buermaschinn • Schraufstack • Sekundenkleber • Holzkleber

http://boyslife.org/hobbies-projects/projects/150171/ make-a-rustic-usb-drive-case/

17


DEROVER ROVERQUIZ 2017 Nodeems et nom Roverquiz vun 2016 zwou fräiwëlleg Gruppe goufen, déi de Quiz vun 2017 wollten organiséieren, hunn d’Stengeforter Deckelsmouken an di Gréng Scoute vun Diddeleng sech zesummegedoen an dobäi erauskomm ass de Roverpursuit 2017 am Atelier. No enger bis op di lescht Minutt spannender Preparatioun vum Quiz, ass et gemittlech um 7 Auer lass gaang mat enger klenger Stäerkung.

18

Am Stil vun Trivial Pursuit gouf a 6 Kategorien dorëms gekämpft, seng Kéiser voll ze kréien. Kleng interaktiv Spiller, déi dotëschent komm sinn, hu fir vill Aktioun an eng super Stëmmung gesuergt. Um Enn gouf et e Gläichstand tëschent de Caper Piwitschen an de Panthères Noires. Ee läscht Spill sollt hei e kloere Gewënner ervirbréngen. Bis op di läscht Sekonn gouf am ,,Flip Cup’’ gekämpft bis du beim Ofpaff d’Panthères Noires nach deen allerleschte Becher konnten opstellen. Domat war de Gewënner kloer, d’Panthères Noires vu Luerenzweiler.

E super Owend op enger cooler Plaz mat exzeptionell gudder Stëmmung goung géint Mëtternuecht lues op en Enn. Mir freeën eis elo schonn op d’Editioun 2018 vun de Panthères Noires an de Wëlle Sai vun Stesel, déi spontan op d’Opfuerderung vun de Pantheren zougesot hunn deen neie Quiz ze organiséiren. Ech wëll op dësem Wee och de Grénge Scouten e grousse Merci soe fir dës super Zesummenaarbecht, et war sécherlech net déi lescht . Nadia


ROVER-CITY-TRIP VUN DE PRD Vum 25. bis de 26. Februar 2017 war eisen traditionelle Rover-City-Trip. Den Départ war Samschdes Moies um 9 Auer op der Diddelenger Gare, an bis zu deem Zäitpunkt wossten eis Rover net wou et hi géif goen. Eis 6 Rover kruten dunn e knifflegen Rätsel deen si léisen missten fir eraus ze fannen wéi een Zuch si als nächst huele missten a wou d‘Destinatioun vum City-Trip wier. D’Opléisung vum Rätsel war kuerz résuméiert: Paräis. Mam TGV ware mär dunn fir Mëttes zu Paräis ukomm an do hate mär direkt mat engem City-Rally ugefaangen fir Paräis z‘entdecken.

Géint der Owend war de Rally fäerdeg an nom Owes-Iessen an der Jugendherberge, kruten d’Rover Fräizäit. De Sonndeg ware mär fréi opgestanen, well mär fir Moies eng kulturell Aktivitéit um Programm haten; d’Visite vum Musée du Louvre. Mëttes ware mär dann als Ofschloss an engem Restaurant gutt iesse gaangen an um 3 Auer haten mär dann och schonn den TGV geholl fir zeréck op Lëtzebuerg.

ROVERMONTÉE BEI DE WËLL SÄI

19


DECHEF CITY TRIP 2017

Léif Cheffen, Fannt an eisem FACEBOOK Grupp: WËLLEFCHERS-BRANCHE FNEL d’Emfro zu dem Datum vum Weekend nëmme fir d’Cheffen 2018. Dëse Weekend erméiglecht iech net nëmmen aner Wëllefcherscheffen kennen ze léieren, mee och iech kënnen auszetauschen iwwert sëllegen Aktivitéiten, an natirlech e bëssen eppes bäizeléiren. Hei steet awer virun allem e coole Weekend ënner Cheffen um Programm ! Trouvez sur notre page facebook: Wëllefchers-Branche FNEL le sondage pour la date pour le weekend exclusif pour chefs 2018. On our facebook page: WëllefchersBranche FNEL find a survey to find a date for the exclusive 2018 chef weekend. SIXERDAG Mir erënneren iech och nach eng Kéier un de Sixerdaag den 21te Mee 2017.

FNEL2020 +++ nächst grouss Reunioun +++ next big meeting +++ prochaine réunion commune +++ 15/05/2017 +++ 19h00 +++ homeFNEL

20

An denkt un eis SUPER100 CHALLENGE, dir wësst, iech erwaard e MEGA Cadeau deen hei an deeër Këscht verstoppt ass � Rappel pour la Journée Sixers le 21. Mai 2017 & n’oubliez pas le SUPER100 CHALLENGE Don’t forget about the Sixer Day 2017 on May 21st nor the SUPER100 CHALLENGE.


ËMWELTBADGE Den Ëmweltbadge ass en internationale Badge fir all d’Scouten déi sech fir hir Ëmwelt interesséieren a sech fir se asetzen. Dëse Badge besteet aus zwee Deeler: En éischten Deel, wou ee flott Aktivitéiten an der Natur mécht fir dës besser kennen ze léieren. Doduerch soll en awer och

op Problemer opmierksam ginn an driwwer nodenken (Entdecken an Nodenken). Am zweeten Deel soll een dann aktiv e Projet fir de Schutz oder den Erhal vun der Natur ëmsetzen (Aktiv Hëllefen). Fannt di sellege Méiglechkeeten vun Aktivitéiten di am Kader vum Badge méiglech sinn op der S.22.

The EmweltBadge is an international badge for all scouts that are interested and care about their environment. It encompasses two parts. The first of which aims at getting to know our environment through activities in nature and understanding different environmental issues. During the second, you should actively execute a project for the preservation of nature. Find all the possible activities to be done at Misärshaff in the context of the badge on page 22.

Le EmweltBadge est un badge international pour tous les scouts qui s’intéressent à leur environnement et veulent s’engager à ce niveau. Il y a deux parties : 1) des activités dans la nature, pour mieux comprendre celle-ci et pour sensibiliser 2) développement d’un projet concret pour la protection de la nature Trouvez les activités proposées au Misärshaff à la page 22.

SOLARBADGE

https://fnel.lu/emwelt-a-soziales/

De SolarBadge ass en aneren internationale Badge bei deem et drëms geet, duerch flott Aktivitéiten ze léieren wat d’Sonn ons als erneierbar Energiequell alles ze bidden huet. Fir de Solarbadge ze maachen muss een aus all Kategorie eng Aktivitéit maachen (Tablo S. 23),

déi e bei senger Reservatioun vum Misärshaff mat bestelle kann. Et handelt sech heibäi em sougenannt “Box-Aktivitéiten”, d.h. d’Material an détailléiert Fiches Techniques ginn zur Verfügung gestallt. Hëllef beim Duerchféieren muss awer extra ugefrot ginn.

The Solarbadge is another international Badge. It teaches us about the sun as source of sustainable energy. For the badge, you need to chose an activity from each category (p.23), an book it upon your reservation for Misärshaff. These are so-called “box-activities” - the material and fiches techniques are at your disposition, but if you need extra help, that needs to be clarified in advanced

Le Solarbadge est un autre badge international sur le soleil en tant que ressource d’énergie renouvelable. Pour faire le SolarBadge on doit choisir une activité de chaque catégorie (cf. page 23) et nous en informer d’avance. Il s’agit de “Boxactivities” ce qui veut dire que le matériel et les fiches techniques seront à votre disposition, mais que de l’aide spécifique pourra être demandée

21


DENHAFF : EMWELTBADGE Hei eng sëlleg Aktivitéiten déi um Misärshaff am Kader vum EmweltBadge méiglech sinn: Beaver, Wëllefcher

Eng Plaz fir all Déier & all Planz

• das grosse Suchen (Spill) • Adlerauge (Spill) • Art Attack • Borkenkäferspiel (Spill) • Das grosse Suchen • Geräuschkarte

• Mein Baum • Riechspur legen • Spuren suchen • Vogelpärchen (Spill) • Vogelschnabel (Spill) • Wer bin ich?

Ökologesch Praktiken

• Portemonnaie aus Tetrapak (Bastel) • Aussaattopf aus Tetrapak (Bastel)

• Ich achte auf

Proppert Waasser / propper Loft

• Bestimmung von Waasertieren • Modell eines Wasserkreislaufes bauen • Windspiel (Bastel)

• Versickerungsspiel (Spill) • Waldboden als Filter beobachten (Experiment) • Wasserkreislauf

Geforen duerch Gëftstoffer

• Auf der Jagd nach Kohlendioxyd (Spill) • Giftstoffe im Altag

• Photosynthese – Spiel • Reaktionen von Pflanzen auf Giftstoffe

Naturkatastrophen & Ëmweltrisiken

• Vulkan bauen

• Was bin ich?

Scouten, Explorer, Rover Eng Plaz fir all Déier & all Planz

• das grosse Suchen (Spill)

Ökologesch Praktiken

• Wévill Holz ass am Bësch? • Saisonal a regional kachen an iessen • Nistkästchen bauen

Proppert Waasser / propper Loft

• Waasser analyséieren • Trajet Natur pur & Wasser analyséieren • CO2-Fußabdruck

Geforen duerch Gëftstoffer

• Abfall & Recycling

Naturkatastrophen & Ëmweltrisiken

• Lief en Dag ouni ... (Challenge) • Läffel selwer schnëtzen

22

ebumhaff@fnel.lu


INTERNATIONAL BADGER

3. Notze vu Solar energie

2. Gesondheet an Emwelt

1. d’Sonn ass Liewen

SOLARBADGE BEAVER / WËLLEFCHER

SCOUTEN

Entdecken a Verstoen vun der Wichtegkeet vu Sonn fir onse Planéit

Erkenn déi verschidde Formen vun Energie, hier Produktioun an Notzen

• Shadow Thief • Chasing light • Solar Art • Sonn a Faarwen • Sonnenauer bastelen • Sonnekompass bauen

• Chasing light • Solar Art • Sonn a Faarwen • Sonnenauer bastelen • Sonnekompass bauen

Entdecken a Verstoen dass d’Sonn e negativen Impakt op d’Gesondheet kann hunn

Entdecken a Verstoen dass d’Sonn e negativen Impakt op d’Gesondheet kann hunn

Verstoen dass den Treibhauseffekt a Global Warming duerch menschlech Aktivitéiten klammen

• Sonnebrëll bastelen • Bastel deng Serre • Ozone a Sonnebrand • Verbrenn dech net

• Sonnebrëll bastelen • Bastel deng Serre • Ozone an Sonnebrand • Ozone an Otmung • Verbrenn dech net • 1. Hëllef bei SonnebrandSonnestëch

• Sonnebrëll bastelen • Bastel deng Serre • Ozone an Sonnebrand • Ozone an Otmung • 1. Hëllef bei SonnebrandSonnestëch - Sonnebrëll bastelen • UV rays and SPF

Erkläre kënnen wéi mer am Alldag Sonnenenergie notzen

Entdeck déi verschidde Formen vu Sonnenenergie a Sonnentechnologien an hieren Notzen

Entdeck déi verschidde Formen vu Sonnenenergie a Sonnentechnologien an hieren Notzen

• Solar box cooker/Uewen bauen • Waasser drenkbar maachen (SODIS Method) • Waasser sammelen • Solar quiz • Solar Täscheluucht bauen*

• Solar box cooker/Uewen bauen • Waasser drenkbar maachen (SODIS Method) • Waasser sammelen • Solar quiz • Solar Täscheluucht bauen*

• Sun one day-every day • Solar box cooker/Uewen bauen • Waasser drenkbar maachen (SODIS Method) • Waasser sammelen • Solar quiz

EXPLORER / ROVER Weis wéi d’Produktioun vu verschiddene Formen vun Energie sech op ons Emwelt auswierkt • Solar- & aner Energiequellen • Solar art • Sonn a Faarwen • Sonnenauer bastelen • Sonnekompass bauen

4. Scouts Go Solar

Weis dass de Sonnentechnologien verstanen hues duerch eng praktesch Uwendung oder Experiment • Solar-Dusch bauen • Waarm Waasser Kollektor installéieren • Solar Koffer bauen (eng flott Ausrüstung fir mat op de Summercamp, Solar panel, Luuchten, Batterie, Uschlëss fir z.B. den Handy ze lueden) • Kachen mam Solarkocher • Use clean water • Organiséier e Solar-Atelier

misaershaff@fnel.lu

* kascht 7-9 Euro je no Modell

23


DBILLERBUCH

24


ADVENTURE DAY UM HAFF BV & LX 1. Juli 2017

CONSTRUCTION DAY EX & RO 1. Juli 2017 25


DFORMATIOUN REMISE DU MÉRITE JEUNESSE 2017 De Mëttwoch 8. Mäerz war d’Remise vum Mérite Jeunesse 2017 am Forum Geesseknäppchen a Präsenz vun S.A.R. Le Grand-Duc Jean an S.A.R. le Prince Guillaume. Ënnert den Éieregäscht war de Claude Meisch, Minister vum der Education National et de la Jeunesse an de Georges Metz, Direkter vum Service National de la Jeunesse a Member am Conseil d’Administration vum Mérite Jeunesse. Mir felicitéieren de Peaux Rouges fir hir excellent 2. Platz beim Prix du Mérite. Si gi belount mat enger Visite vun S.A.R. le Prince Guillaume am Laf vum Joer.

D’Lauréate vun der FNEL mam Prënz Guillaume

Gratulatioun un all Participante fir hiren Diplom. Bronz: Nina Berton (PI) Christine Guirsch (PI) Alina Noll (PI) Marion Petesch (PI) Désirée Tousch (PI) Anya Willems (RF)

Sëlwer: Hong Kiu Choi (PN) Lea Jemming (MW) Felix Weber (CS) Gold: Paulo Fell (KS) Lynn Schintgen (PI)

https://fnel.lu/formation B.R.A.V.O. Folgend Cheffen hunn hieren (Aide) Animateursbrevet mat Succès ofgeschloss ACC : ACT : CC : CM : CT : RUE :

26

Rony OBRY Louis van der Elst, Cyril WAGENER Claire ALBRECHT Hester OOSTHOEK, Yannick STREITZ Philippe BRAUSCH, Eduardo EISCHEN Eric MACE, Michel POIRE

Léif Formatiounskandidaten, dat zweet Trimester geet esou lues op en Enn. Denkt w.e.g. drun äer perséinlech Aarbeschte bis de 15. Juni ze maachen an se och korrekt ze declaréieren.


DONGD-FNEL RENOVATIOUN VUN DER SCHOUL ZU BAGLUNG Nom Camp an no enger Visite an der Schoul hu mir ons engagéiert des Schoul ze ënnerstëtzen an si ze renovéieren. Mir bauen, nei zousätzlech, Klassesäll an och Toiletten. De ganze Projet huet eng Envergure vun +/- 50 000 €. Et wier flott wann deen een oder aneren Groupe / Scouten a Guiden, déi um Camp waren, ons mat enger Aktioun bei dësem Projet gengen ënnerstëtzen

De Projet vun der Renovatioun.

Scouten bei hiere Renovatiounsaarbechten an der SHRE RUDERPIPAL Schoul

ongd-fnel.lu CCPL LU10 1111 1003 3032 0000

27


DESERIÖ MIR SOE MERCI Ee grousse MERCI un Iech alleguer. Mat ärem Don oder Ordre permanent ënnerstëtzt Dir d’Aktivitéiten an d’Formatioun vun onse Cheffen a Scouten.

AACH-HERTZ Guy, ACKERMANN Charles Louis, ADAM-FELTES Daniele, AERNOUT-BODENLOSOVA Jean - Jacques, AGOSTINI-PLAZZOTTA Gilbert, AHNEN Jacqueline, ALS Claudine, ANDREOLLI Maurice, ANEN Edmée, ANGEL Marc, ANGEL Tom, AREND-PESCHON Norbert, ARENDT David, ARENDT Georges, AUDRY-OLINGER Paule, BARTHELMY-KOPPES Mariette, BEDDALL-HOLSTE James, BEISSEL Jean, BERG Charles, BERGER Eugène, BERNARD Georges, BERNARDY-WURTH René, BERSCHEID-DELL Nico, BICHEL-SCHEECK Claudine & Guy, BIEL Martine, BILLONJACQUEMART Andrée, BIRMANN Martine, BIRMANN-TOUBA Monique, BLESER-PETERS Chantal, BRAHMS Pierre, BRAQUET Michel, BRASSEUR Anne, BREEDIJK-WARDENBURG Paula, BUSCA Alessandro, BUTSCHER Karin, CERF Francis, CLASEN Bernard, COLBACH-CRUCHT Philippe, COLMAR-BERG Commune de, COLOMBO-BRENNER Josiane, CONKLIN-MEYER Larry, CONTER Yvette, CORDIER Fernand, CZIBULA-ZENNER Peter, DE MUYSER Guy, DEGRAUX Jean - Claude, DELVAUX Cosita, DEVILLERS David, DISIVISCOUR Léon, DOLIZY Pit et GUILLON Margot, DONVEN Michel, DUPONT Marco, DUPONT Philippe, ELVINGER Martine, ELVINGER Thierry, ELVINGER Tom, ENTRINGER-SCHMITT Patricia, ERNSTER-WEICHERDING Josée, ERNZEN Liliane, ESCH René, EYSCHEN-CONTER Francis, FABER André, FABER Malou, FABER Robert, FABER-SCHMIT Martine, FABER-VERMEULEN Carlo, FEDERMEYERVOLTMANN Paul, FEIDER Marc & ROHEN Shirley, FELLER Sandra, FERRES Olivier, FIEDLER-TRIERWEILER Marc, FISCHER Georges, FLIES - JAAS Thierry & Carole, FOURNIER-ZINS Bertrand, FRANCK Adrienne, FRITZ-HEINEN Viola, GALOWICH Marc, GEDITZ Paul, GEDITZ-PETERS Yvette, GEORGES Alain, GILLEN Françoise, GINSBACH Claude, GIVER Monique, GLAESENER - LENTZ Thierry, GODART Claude, GOEBBELS Raymond, GOEBEL Karsten, GOTTLIEB Roby, GUILLON Pierre, GUIRSCH- ROEDER Nadine, GUT Roland, HAAS Christiane, HALSDORF Antoine, HALSDORF Charles, HAMILIUS Jean, HARTMANN - BEMTGEN André, HASTERT Guy, HAUENSTEIN-MAYER Michael, HAUSEMER Georges, HEINTZ-MATHIEU Tom, HELMINGER-SCHINTGEN Karin, HETTO-GAASCH Françoise, HIERZIG Sus, HINTERSCHEID Henri, HIPPERT Danielle, HITZKY Tanja, HOELTGEN Jean, HOFF Roland, HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence, HOSS Philippe et Reicherzer Judith, HOUDREMONT Famille, HUBERTYMARSON Christine, HUPPERT-BUCHHOLTZ Henri, IANNIZZI Marcel, IMMA Coiffure, JACOBS Marie-Josée,

28


KASS-BLAISE Marianne, KATER-FREYLINGER Serge, KIEFFER Elisabeth, KIEFFER Jean-Claude, KIOES-SCHAEFER Nicole, KLEIN-BIRTZ Pierre, KNEIP-SCHMITZ Nadine, KOELLER Richard, KOHL-CHRISTOPHE Tom, KONSBRUCK Claudine, KREMER Célestin, KREMER Claude et Faber Danielle, KREMER-WAGNER François, KREMER-WURTH Remy, KRIEPS Alexandre, KROMBACH- MEYER Charles, KUFFER Claude, KUFFER Victorine, KUFFER-SCHOLTES Jean, KUSKE Joachim, LAMESCH Maggy, LANGLAIS Jean - Michel, LARSEN Tine, LECORSAIS Liette, LECORSAIS Reggie, LEESCH Max, LEMMERWEBER Liette, LEMOGNE-REDING Robert, LENERT-BERTRAND Marc, LESCH Guy, LINSTER Gaston, LINSTER-HILGER Simone, LIONTI Lucie, LOESCH Tom, LORANG-SCHUMACHER Nadia, LOUTSCH- WEYDERT Josannette, LUX Alexandra, MACHOWSKI-JOZWIAK Michal, MARCUS David, MARGANI Alfredo, MATAGNE Pierre, MATHIAS- BRAM Fernande, MATHIEU Monique, MERTENS Joseph, METZLER-HOFFMANN Laurent, MEYER Max, MINELLI-HEUSBOURG Marguerite, MINES Guy, MOITZHEIM Julien, MULLER Frank, MULLER Yvonne, NEGRETTI Anne, NEUMAN Christiane, NEUMAN Reginald, PAQUET- MULLER Andrée, PAQUET Sylvie, PAUL Hans-Egon, PESCHON Adolphe, PETIT Michel Architecte, PETRE Guy, PFEIFFER Paul, PLEBANI Giancarlo, POTOCKI-SCHOTS Barbara, PROBST Denis, PRUM Pit, PRUM-FRIEDRICH Tony, RAUS Jacques, RECKINGER Georges, RECKINGER Josette, REDING Camille, REDING Joseph, REICHLING Carmen, ROSEREN Corinne, SAHL Nicole, SCHAACK André, SCHAACK-HIRSCH Albert, SCHAMBOURG Robert, SCHEUER-BAULER Elisabeth, SCHILTZ Félix, SCHINTGEN Claude, SCHMITZ-THOELKES Gabi, SCHNEIDER Jean-Claude, SCHNEIDER - SPELLER Pierre, SCHOCK-SCHMITZ Uschi, SCHOCKWEILER Carlo, SCHORTGEN Anny, SCHROEDER Florent, SCHROEDER Isabelle, SCHROEDER Mathias, SCHROEDER-HOFFMANN Luc, SCHROEDER Joé & JOACHIM Patrice, SCHUMACHER-WAMPACH Edmond, SCHWINNEN Josette, SEIDEL- REILES Marie - Reine, SIMON-HENGEMUEHLE Marc, SIMONIS Michel, SIMONJUNIUS Coryse, SINNER Robert, SLONGO-GEORGES Ronny, SMALL Talks SA, STEFFEN Frank Boucherie, STEINMETZHALL Luc, STEMPER Carlo, STOLL-BAULER Robert, STOLL-STOLL Nelly, STOLTZ-STEINHAUSER Andrée, STROTZ Bob, STUMPER Joseph, TAPIS HERTZ, TECKES-FABER Steve, THEISEN-SCHRAMER Tom, THIBO Charel, THOM-BIREN Gisèle, THOME Georges, TISSIER Christophe, TOZZI Loretta, TRAXER Sophie Barbara, TURK François, TURK-GAILLOT Philippe, VAEISAENEN-FERNANDES Famille, VAN DEN BULCKE Jean, VENNIN-HUANG Jérôme, WAGENER Frank, WAGENER-BEAUVENT Nicolas, WAGNER- HENRICY Fernand, WALLENDORFF Gilles, WATGEN Armand, WEBER Dany, WEBER Frederic et LIESENBEIN, WEBER Ronald et KANUENGNIT Lauvittaya, WEILER Théo, WELTER Annette, WELTER-GAUL Betty, WETZEL Bob, WETZEL Françoise, WEYLAND Sam, WIES-MENNE Georges, WIESWEYRICH François, WITRY Claude, WOLTER Diane, WOLTER Thierry, WOLTER-MEYSEMBOURG Guy, WORRE Philippe, WURTH- RECKINGER Michel, ZENS Fernand, ZIGRAND-MOSSONG Bernadette, ZIMMER John, ZIMMER-BIWER Jacqui, ZINE Stephane,

Lëscht vum 01. Januar 2016 - 31. Dezember 2016

29


DPINWAND /Guiden Scouten « s le t bierg e on Kräiz Fondati ges » ECH ux-Rou TE SPE Les Pea E NO HA L rg R U O Kräizbie BLE P ndation ENSEM o F la rnée s et la jou x-rouge r u u a s e p le Les ensemb uvertes entent ortes o s P é r t p e t s se isé Brékefe , organ nelle « ai 2017 M 1 2 tradition mes rg » le es Infir Kräizbie ts et d n e r a Ateliers p des er aux e montr ociation d s s t s A e l’ t r pa roje é ctif du p e activit liser un . L’obje a s é e r lt e u d d A , de possible es d’âge qu’il est ifférenc d s enfants le importe le, peu mental. ensemb de l’état u o té li a nation sexe, de

GS en di OPENIN ember INESS S M U k B n jo NEW p all eis tzen: ufreg o ’Bee se o d h p n o in n vering Mir s prise age, co i Entre r e tt n le ir , h sion selwer f bei de (impres ch, Che age.lu it r t w t e e k .l s a www Felix B ,…) vum s e r u it o v AUSEN r Mais LES M fe IL e G r e n thie Mun théopa ech. t d’Os e in b a u Dikkr z C ) n e s h her Dac (Dippec

TROUV

EZ L’IN

30

TRUS

D’Jugendkonferenz

(CGJL) ass Jugendorganisatiounen zu Lëtzebu

vertrueden an ass op der Sich no

den

Daachverband vun de erg. D’FNEL ass natierlech och do

engem zousätzleche Vertrieder dee n eise Mouvement no bausse vertrëtt . Wann s du dech dozou beruff fills, dech ze engagéieren (all 6 Wochen Reunioun), da schéck eis eng Lett re de motivation (300-400 Wieder) an däin CV bis den 11. Juni 2017 un Pitt.Sietzen@outlook.com FNEL is looking for one more delegate at the youth conference. If you want to represent our movement towards othe r youth movements and national politics, work on thematic dossiers conc erning youth, are interested in natio nal youth politics and international yout h work, want to exchange ideas with interesting people from different backgrou nds and are ready to meet up every 6 weeks, send your motivational letter and CV to Pitt.Sietzen@outlook.com FNEL est à la recherche d’un délé gué supplémentaire pour la conféren ce jeunesse . Si tu veux représenter notr e mouvement vis-à-vis d’autres mou vements jeunes et la politique nationale , travailler sur de dossiers thématiqu es concernant la jeunesse, si la politique jeunesse et la collaboration internationale t’intéressent, si tu es prêt à rencontrer d’intéressantes personne s et te réunir toutes les 6 semaine, envo ie ta lettre de motivation et ton CV à Pitt. Sietzen@outlook.com

ARS! HILES FROM 12-14 YE CALLING YOUNG CINEP réunira un nombre A Young Audience Award EF 6e le 7, 201 i ma 7 Le s participera pour la t le Luxembourg. Le pay record de 31 pays don Luxembourg City Film ement, sur initiative du én l’év à s foi me xiè deu e Luxembourg. n avec la Cinémathèqu Festival, en collaboratio blic âgé de 12 à 14 ans s seront projetés à un pu Les trois films nominé Journée du Jeune s à l’occasion de cette ne éen rop eu es vill 31 dans nt unique les y) Lors de cet événeme Film Day). Public (Young Audience ectement après les reront et voteront dir ibè dél t, ron ne ion vis jurés jury européen transfilm préféré. Ce jeune projections pour leur ence à Erfurt (Alnational via vidéoconfér at ult rés son rs alo mettra ur sera annoncé. lemagne) où le vainque it our website for r@luxfilmfest.lu and vis REGISTER NOW: registe /en/event/europeanhttp://www.luxfilmfest.lu more information: udience-award-2017 film-academy-young-a


P. GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances (Succ. WELTER) 2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
deSCOUT No 567 by FNEL Scouten a Guiden - Issuu