Skip to main content

deSCOUT No 559

Page 1

No 559 / 96. Joergang

SCOUT TOUJOURS

Juni 2016


VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,

SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT

Prêt Cedies an exklusiv Avantagen* startin.lu

*

Offer u Konditioune gebonnen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication Janvier 2015


DENEDITO SCOUT TOUJOURS Vill vun eise Gruppe kommen esou lues awer sécher an e räiffen Alter. Dorënner och di Gréng vun Diddeleng. Fir hiere 70. Gebuertsdag ze feieren ass de Pow-Wow, dat grousst FNELs Treffen dëst Joer och bei hinnen. Well di Gréng nawell eng zimmlech aussergewéinlech Entstehungsgeschicht hunn - well si waren net ëmmer scho gréng - huet de Scout sech mat engem vun de Grënnungsmembere vum Grupp vum Bierg getraff, dem Néckel Benassuti, Joergang 1922 an dee weess nach esou Munches ze erzielen.

deSCOUT No 559 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg

Dësen Interview, vill Infos iwwert de Pow-Wow an aner Zukunftsmusék an dësem Scout. Vill Spaass beim Liesen, a mir gesinn eis spéidstens den 10. Juli. Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication

COVERFOTO Patrull vun de Grénge Scouten am Joer 1948, kuerz nodeem d’Jongen deemolos hier 1. Uniform kritt haten.

DENIMPRESSUM

Wat d’Grënnung vum Grupp mat schwaarzem a wäissem Damp ze dinn huet a vill aner lëschteg Anekdoten a mi seriö Reflektiounen huet hien eis am Interview verroden.

DENINDEX 04 06 08 09 10 11

DCOVERSTORY DEPOW-WOW DNEWS DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT

12 14 15 16 18 20

DEN EXPLORER DEROVER DEGLOBETROTTER DECHEF DONGD-FNEL DESERIÖ- FNEL2020

Redaktioun & mise en page : Anne Simon, Claudine Scheeck, Felix Retter, Nicolas Wurth, Philippe Hanck Fotoën : Gréng Scouten, FNEL Archive Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600

03


DCOVERSTORY: SCOUT FORMATIOUN ... INTERVIEW MAM NICOLAS BENASSUTI

Den Nicolas Benassuti, Joergang 1922 ass säit 1933 Member bei de Scouten. Déi Gréng huet hie mat op d’Bee gesat. Ech hu kee Gruppecamp verpasst bis ech 80 Joer hat. Dat hat ech mer awer als Limite gesat. An och nach haut ass den Néckel bei guddem Wieder all Samschteg um Bierg. An och an der Woch kribbelt et en emol dacks, da rifft en sech an Taxi, léisst sech eropféieren an da kann ech tiermen, iwwer fréier, an ech denken och iwwer di vill flott aktuell Projeten no, ginn Tuyauen a kucken ob alles an der Réi ass mam Home. An den Néckel, do brauche mer eis keng Suergen ze maachen, gesäit alles, an da rabbelt och scho mol gäre bei de Responsabelen den Telefon. Well him war an ass Uerdnung, an de Respekt virum Material wichteg an déi zwou Tugenden huet hien als Bouf bei de Scouten geléiert a speiderhinn weidervermëttelt. Gëtt dat dann haut net méi esou weiderginn? Well immens vill Programm gebuede gëtt, kommen dacks di wesentlech Saachen ze kuerz. D’Scoute si “gestresst” haut. Dat hu mer fréier net kannt. D’Chargen, d’Kachen um Camp waren en Deel vum Programm. Et ass sech Zäit geholl gi fir dat ze erleedegen, an dono och ze kontrolléieren ob et fäerdeg a gutt gemaach gouf. Kontroll ass wichteg a positiv an eng Méiglechkeet engem ze weisen wéi et besser maachen.

04

Läit den Desiquiliber tëscht Programm a Chargen, dann och vläicht drunn, dass mer haut als Scouten, fir mat de riseger Offer un Aktivitéiten matzehalen, eis jo och permanent nei erfanne mussen? Absolutt net. D’Cheffe mussen d’Rad net all Dag nei erfannen. Dat wesentlecht ass d’Basis vum Scoutismus, eis Method, eis Traditiounen a Ritualer, eis Vielfalt: mir maache vun allem, a fir jiddereen. Bei eis setzt keen op der Ersatzbänk. Dat war schonn ëmmer esou. Dat sinn eis Atouten. D’Chargen sinn e wichtegen Deel vun eiser Method, well mat Spillen alleng mécht een aus Jonge keng responsabel Matbierger. Fréier ass zwar Programm gemaach ginn, mee laang net esou vill ewéi haut. Extra Aktivitéite, wéi Schwammen zum Beispill waren eng extra Belounung. Scoute war deemools eppes Aussergewéinleches fir d’Leit, well do ass jo net Jänni a Männi permanent an d’Vakanz gefuer. Deemno war e Camp an d’Eisléck fir eis Diddelenger Jonge scho wéi eng Vakanz. An d’Leit am Eisléck hunn nawell och gekuckt wa mir mat der Trompett duerch Duerf gezu sinn a gefrot hu fir um Feld ze schlofen. Mee och haut sollte mir op eis Basis vertrauen, op dat wat an eisem Gesetz a Versprieche steht -DAT ass haut (an der Gesellschaft an deeër mer liewen) aussergewéinlech. Wéi huet dann e Schlofsak an eng Carrymatt fréier ausgesinn? D’Mammen hunn Housse gebitzt, da si mer bei de Bauer Stréi froe gaangen, dat hu mer doranner gestoppt an eis dropgeluecht. An iwwert eis koum eng Decken. Dono krut de Bauer säi Stréi erëm zeréck. Dat schéngt op alle Fall fir den Néckel déi schéinsten Zäit ze sinn. Doriwwer erzielt en am léifsten. Vrun allem wéi dat deemools gaange war nom Krich. Während dem Krich haten d’Nazien alles Material vun eis beschlagnahmt, se wollten och keng Scouten. Mir sinn dunn, wa mer op Heimaturlaub waren, heemlech an de Bësch


... TOUJOURS gaangen an hunn eis Uniformen ugedoe fir dat Bild zesummen an eise Gedanke festzehalen, well dat war dat Schéinst wat mer haten, d’Scouten. Wéi de Krich dunn eriwwer war, si mer erëmkomm a mir wollten d’Scouten erëm opbauen, mir wollten op de Camping goen, mee mer hate jo kee Material. Dunn hu mer decidéiert e Bal ze organiséieren.

hu missen ausserhalb vum Camp eis Zelter opschloen a konnte keng Aktivitéite matmaachen.

Wann den Néckel “mir” seet, da schwätzt e vum haarde Kär: sech selwer, dem Jupp, dem Fumi, dem Jengi, Ben a Jos, an dem Mimm. De Problem war awer dass si déi Zäit bei de “Bloe” waren, der LGS, an de Bal an d’Faaschtenzäit geluecht haten. Doriwwer waren den Aumônier a seng Leit natierlech net ameséiert, well an der Faaschtenzäit e Bal maachen, goung jo net, mä de Camp war méi wichteg. Owes, just ier et sollt lassgoen koum en Telegramm aus der Staadt, dass, wann de Bal géing stattfannen “sämtliche Scouts auf Weiteres suspendiert wären ”. Mir haten awer d’Musek bestallt an d’Thüringer kaf, an hunn de Bal dunn awer gemaach. Déi, déi dogéint waren, sinn dorops hi mat engem Gefier duerch ganz Diddeleng gefuer fir de Leit ze soen se sollen op kee Fall op dee Bal kommen. Dat war di allerbeschte Reklamm fir eis. Et war strubbelvoll. (Hie laacht)

Mir souzen zu e puer am Home um Bierg ze verhandele mat der FNEL, a fir dass all eis Kollegen dobaussen, doheem an op der Schmelz, um Lafenden ze halen, wéi d’Verhandlunge lafen, hu mer d’Uewepäif zur Fënster erausgeluecht an esou laang mer net weiderkoumen hu mer schwaarzen Damp erausgeblosen, a wéi mer eis dunn eenz waren, hu mer Botzwoll an d’Flam gepaakt an du koum wäissen Damp eraus. Du wousst ganz Diddeleng Bescheed.

Di blo gouf et dunn net méi, well quasi all hier Cheffe vun der Federatioun suspendéiert waren, mee Scoutissem hu se awer weider gemaach: Den Néckel huet d’Scoutsversammlungen doheem am Keller gehalen, de Josy hat d’Wëllefcher a sengem eidelstoende Buttek an de Fumi, d’Rover an der Stuff. Den 28. September 1946 hu mer du beim Maire s Néckel am Café eng Versammlung aberuff fir eis nei ze forméieren, an dorausser ass d’Jeunesse Libre et Patriotique ginn. Dat ass als Numm haut net méi zäitgeméiss, mee deemools, mir koumen aus dem Krich, war fräi ze sinn, an dem Land nozestoen, dat wichtegst wat et gouf. Mer hunn eis eng nei Uniform gesicht, khaki mat gréngem Foulard an do ware mer. Deen eenzege Problem war, dass mer net affiliéiert waren. Esou si mer op den Jamboree gaangen, mee mer

An dorops hin hu se decidéiert der FNEL bäizetrieden. Do huet awer misse verhandelt ginn, well si wollten ënner anerem hire Foulard an hier Uniform halen.

Néckel, ech menge fir all di aner flott Geschichten nach ënnerzekréien, misst ech e Buch schreiwen, well hei hunn ech elo gläich keng Plaz méi. Wat wier awer, als Ofschloss, nach eppes wou’s Du géings soen, dass een haut erëm méi an de Virdergrond sollt stellen? E SCOUT E WUERT, dat héiert ee manner haut. Iwwert d’Bedeitung dovunner misst ee vläicht emol erëm méi genau schwätzen. Ech muss dem Néckel do leider Recht ginn: an eiser gesamter Gesellschaft schéngen Ofmaachungen, ausser se sinn un e legale Vertrag gebonnen, ëmmer manner wichteg. Sech op ee verloossen, ass e Wäert, deen schéngt u Stellewäert an der Gesellschaft verluer ze hunn, deemno kann eise Gesetzespunkt deem vläicht entgéintwierken. An de Scouten, awer och soss am Liewen. Mir wënschen dem Néckel, dass en nach dacks kann op de Bierg goen a konstruktiv Kritik esou wéi vill Luef ausschwätzen.

05


DECOVERSTORY: FORMATIOUN DEPOW-WOW 93e POW-WOW BEI DE GRENGE SCOUTEN De Grupp invitéiert den 10. Juli op säi 70 te Gebuertsdag’s Pow Wow zu Diddeleng bei den Home Belvedère op der Haart. Et sief och dozou gesot, dass si de Pow-Wow scho fir di 8. Kéier organiséieren.

POW ! ! W W10O . JULI 2016 Greng

scouten

diddeleng Luxembourg

www.facebook.com/grengscouten www.grengscouten.lu

Ausser den aktive Scoute sinn natierlech och all al an nei Frënn op d’Partie officielle an d’Mëttegiessen agelueden. Den Umeldungsdelai fir dëst VIPIessen ass de 24. Juni 2016. De Präis fir d’Iessen ass 20€. Umelden gëtt iwwert d’FNEL gemaach: carolyn@fnel.lu, Iwwerweisung op FNEL Programme CCPL LU56 1111 2166 1009 0000 Dëst ass just fir Gäscht. All aktiv Beaver bis Rover si jo schonn iwwert hire Groupe ugemellt!!!

Parken Et kann een sech um Parking beim Match parken. Dësen ass och Sonndes gratis. Fir Leit déi net gutt zu Fouss sinn, gëtt eng Navette organiséiert déi vu moies 9:30 bis Owes 16:00 funktionnéiert.

Votre garant de qualité www.provencale.lu

L’adresse des professionnels des métiers de bouche


DE PROGRAMM 9:30 – 10:00 10:00 – 11:30 11:30 – 15:30 12:00 – 14:00 15.30 15:30 – 16:00

POW-WOW CUP Arrivée Partie officielle Poste fir Branchen Mëttegiessen Chaîne des Adieux Départs

Wéi vill, méi gestane Scouten, sech wäerten erënneren, gouf et um PowWow ëmmer en Challenge, deen déi lescht Joeren duerch de Foulard d’or ersat gouf. Fir awer weiderhinn en Challenge um Pow-Wow z’organiséieren ass d’lescht Joer de Pow-Wow-Cup an Liewen geruff ginn: All Branche esou wéi de Chef de groupe musse speziell Poste meeschteren. All Posten gëtt bewäert an an engem Gesamtklassement opgefouert. De beschte Grupp mat de meeschte Punkten huet de POW-WOW-CUP gewonnen. Fro emol däi Chef de Groupe ob dir schonn ugemellt sidd!!! Bonne Chance!

POW-WOW 10. Juli 2016

07


DNEWS ENG ZILL FIR ENG ZILL

D’SCOUTEN HËLLEFEN HIRE FRËNN AM NEPAL Eng Zill fir eng Zill fir den Erëmopbau nom Erdbiewen. Merci den 18 Gruppen, déi sech aktiv un dëser Atkioun bedeelegt hunn. Zesumme si fir 10.139€ Zille verkaf ginn. M.E.R.C.I.

08

FEST VUN DER NATUR

FAKELZUCH 2016

D’FNEL ass dëst Joer och erëm um Fest vun der Natur vertrueden. Mir bidden do e puer flott Spiller un a maache Reklamm fir de Scoutismus. Ob mat Famill, Frënn oder dem ganze Grupp, jiddereen ass wëllkomm fir kucken ze kommen oder fir eng Hand mat unzepaken.

Fir hir 50 Joer, bauen d’Panthères Noires de Won fir de Fakelzuch! En décke MERCI un d’Gebuertsdaagskand. De Cortège geet an der Avenue de la Gare fort a léist sech bei der Gelle Fra op.

Samschdes den 18. Juni vun 14h00 – 18h00 a Sonndes den 19. Juni vun 10h00-18h00 Natur an Emwelt op der Kockelscheier

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000 Tous ces dons sont fiscalement déductibles.


DEBEAVER POST VUM BIBU Léiwe Beaver, Mir sinn erëm vum Beaverfunday an et war immens flott mat iech alleguer! Et huet mir gutt gefall, iech all meng Welt ze weisen an iech meng Frënn virzestellen. Ech hoffen dir hutt vill schéin Erënnerungen u meng Frënn aus dem Bësch an den Lord Baden Powell. An natierlech un en Dag mat vill Spaass a Laachen. VLÄIT HUTT DIR JO OCH NEI FRËNN KENNEGELÉIERT? Als kleng Erënnerung gesitt der hei nach e puer Fotoën vun eisem schéinen Dag am Bambesch. A vläicht kënnt dir och probéieren d’Bild vum Beaverfunday esou faarweg ze molen, wéi op ärem Badge? Probéiert eemol… Ech freeë mech op alle Fall immens, fir iech alleguerten um Pow-Wow erëm ze gesinn, mat iech ze spillen, ze lafen an ze laachen, an dës Kéier am Thema vun de WIKINGER. Beaverklack, Äre Bibu

Maacht iech prett fir op eng nei Aventure ze goen. Ech sinn och do.

POW-WOW 10. Juli 2016

09


DEWËLLEFCHEN DEM KAA SÄI MEESCHTERSPROCH E COURAGÉIERT HÄERZ AN ENG ÉIERLECH ZONG BRÉNGT DECH WÄIT DUERCH DEN DJUNGEL! Hues du de Film vum Dschungelbuch am Kino gesinn? Vergläich emol d´Kaa aus dem Film mat hirer Geschicht am Vademecum an ziel dat denger Sixaine!

De POW-WOW ass den Ofschloss vum Joer wou all Gruppe vun der FNEL zesumme kommen – mir soen eis Äddi virun der Vakanz an dem Summercamp – dofir sange mir e Lidd – Weess du wéi et geet? Soss fro emol deng Cheffen.

LEAPING WOLF

POW-WOW 10. Juli 2016 Um Pow-wow ginn och dëst Joer déi Wëllefcher mam Leaping Wolf ausgezeechent déi hirt Bescht gemaach hunn an di jonk Wëllef op hirem Wee begleet hunn.

10

A WAT KRITT ENG GANZ MEUTE WANN SE GUTT GESCHAFFT HUET?


DESCOUT RAPPORT VUM CP/SP-WEEKEND Samschdes, den 16 Abrëll hu sech eng 28 Chefs de Patrouille (CP) & Seconds de Patrouille (SP) aus de verschiddenste Gruppen um P+R Bouillon getraff. Déi éischt Etape wor fir eraus ze fannen wéi d’Patrullen opgedeelt wieren. Heifir hunn d’CP & SP misse faarweg Filmdousen fannen an deenen eng Nummer dra wor. Soubal jiddereen eng Nummer hat, stoung och schonn Patrull fest an se sinn an hire Gruppen op eng Schnitzeljuegd queesch duerch Staadt geschéckt ginn. Nodeems si all Hiweiser fonnt hate, stoung um Treffpunkt eng verschlosse Këscht fir si prett. Hei krute si déi nächst Hiweiser wéi et mam Trajet viru géng goen. An enger Zeitung stoung e Message dass all Patrull soll selwer den Zuch bis op Esch/Uelzecht huelen. Do ukomm ass et iwwert e puer Etappen mam Trajet weidergaange bis si op der Nuetsplatz ukomm sinn.

Matten am Bësch gouf och direkt e Feier ugemaach, de Biwak opgeriicht, an d’Owesiessen preparéiert. Nodeems eise Moo gutt vun der Raclette & dem Stockbrout mat Gehacktes gefëllt wor, ass de Racoon bis laanscht komm fir mat e puer Geschichten den Owend roueg ausklengen ze loossen. Den Dag dono si mir gemittlech opgestanen an et gouf Pain perdu fir z’iessen. Den Dag selwer sollten d’CP & SPe méi Zäit fir sech hunn an sech besser ënnerteneen kenne léieren. Natierlech konnten si net mat eidelen Hänn heem goen an hunn de Foulardsknuet vun de Cheffen geléiert. No Mëtteg ass et dann och erëm Zäit gi fir sech op de Wee zeréck ze maachen. All zesummen si si op d’Escher Gare getrëppelt fir den Zuch a Richtung Staadt ze huelen. Mat e bësse Verspéidung si si och um P+R Bouillon ukomm, an no der Chaîne des Adieux hunn d’Eltere si freedeg an den Aarm geholl, an jiddereen ass midd awer frou heem gefuer.

11


DENEXPLORER KACHDAG 2016 BEI DE MAMER WISELEN Den Kachdag ass en Dag wou d’Wiselen e 4-GängeMenu fir d’Elteren an d’Frënn kachen, an dat maache mer scho säit e puer Joer. D’Thema ännert vu Joer zu Joer, meeschtens passt et sech deem vum Summercamp un. Scho moies um 10 gung et lass mat opprichten, woubäi d’Beaver sech em d’Deko vum Sall gekëmmert hunn an d’Wëllef, d’Scouten an d’Rover d’Platen preparéiert hunn. Um Menu stungen als Entrée Kéisbällercher, dono gouf et e Lënseräis mat Curry an als séissen Ofschloss e karibeschen Draamduo. Et war erëm, wéi all Joer e groussen Erfolleg an d'Leit sinn en Masse komm, se waren och ganz zefridden. Déi gesammelt Sue gi benotzt fir de Summercamp ze ënnerstëtzen deen dëst Joer an Holland zesumme mat de Lions Bleus an den Dachse stattfënnt. Mike Leclerc RUE bei de Wiselen

Léif Explorer an Explorerresponsabel, Dëst ass äer Säit, wann dir och e flotte Rapport, Fotoen, Rezepter oder eng cool Technik hudd a mat deenen aneren deele wëllt, schéckt eis dat op descout@fnel.lu eran.

12


Umelldung bis den 24.Juni op

wellsai@pt.lu

Rover an Explorer Beachvolleyball Tournoi

13


DEROVER HUNT-IT Et war net keen, esou de Gaston Vogel zum Bommeleeër Prozess. Esou muncher een huet sech d’Fro, ween de Bommeleeër ass, schonn dachs genuch gestallt. 5 Rover Gruppe ware sech eenz dass et elo duer géing goen. Si wollte wëssen ween de Bommeleeër ass. Den Hunt-it huet dëst Joer seng Première gefeiert. Eng gutt organiséiert Schnitzeljuegt uechtert d'ganz Land huet op Indicen gefouert, dei zur Opdeckung vum Mystère Bommeleeër gefouert hunn. D'Regele ware ganz einfach: et huet ee sech nëmmen dierfe mat Bus an Zuch vu Koordinat zu Koordinat viru beweegen. Fir weider Punkten ze sammelen huet ee bei der Sich no den Indicen eng sëllegen Aktivitéite misse maachen. Vun enger Foto mam Kapp an engem Sprangbuer, bis hin zur Hesperkutsch virum Palais sangen, hunn d'Participanten genuch Blamage iwwert sech ergoen gelooss fir um Schluss en Iessensbong ze gewannen. 5 Clanen an insgesamt 35 Rover hu sech dëser Aufgab gestallt. Alles an allem gouf et weder e Gewënner nach e Verléierer, well mir hunn alleguerten en flotten Dag mat ville witzegen Erënnerungen gehat, a mir soen den Organisateuren op dëser Plaatz nach eemol Merci. Olivier Prosperi

MOOT 2017 Infoversammlung 7.Juli 2016 um 20h an der FNEL


DEGLOBETROTTER Léiw Scoutsfrënn, D’FNEL huet sech dëst Scoutsjoer intensiv mam Thema „Strategie“ ausernee gesat. Mir wëllen eis eng Struktur an en Aarbechtsoptrag ginn, a gemeinsam un engem oder méi Ziler schaffen. Fir eng Organisatioun ewéi eis, ass et wichteg esou een „Exercice“ ze maachen. Dozou gehéiert eng Analyse vun eis selwer, wou mer stinn, wou eis Stäerkten a Schwächten sinn a wéi mer vu baussen gesi ginn.

WOSM mécht esou eng Strategie säit längerem, an huet am Joer 2014 eng nei Visioun, an d’Strategie 2023 gestëmmt. Dës dräi Saile ginn d’Richtung vun der Weltorganisatioun vir, eng Richtung déi fir all Regioun an all Land soll ähnlech sinn. An deem Sënn ass et schonn emol gutt dës 3 Saachen ze kennen,a sech ze froen ob a wéi mir als Scoute vu Lëtzebuerg do mat zéien...

LA MISSION « Le Scoutisme a pour mission - en partant des valeurs énoncées dans la Promesse et la Loi scoutes - de contribuer à l'éducation des jeunes afin de participer à la construction d'un monde meilleur peuplé de personnes épanouies, prêtes à jouer un rôle constructif dans la société. » LA VISION « D’ici 2023, le Scoutisme sera le principal mouvement éducatif pour les jeunes dans le monde, permettant à 100 millions de jeunes de devenir des citoyens actifs capables d'apporter un changement positif au sein de leur communauté et dans le monde sur la base de valeurs partagées. » PRIORITÉS STRATÉGIQUES Engagement des jeunes Méthodes éducatives Diversité et Inclusion Impact social Communication et Relations extérieures Gouvernance

méi dozou op :

scout.org/node/110 15


DECHEF BÉNÉVOLES RECHERCHÉS : POUR L’ÉQUIPE I.T. PROFIL :  Informaticiens, Ingénieur système, Ingénieur réseau diplômé, développeur en cours d’études ou autodidacte, [travail à distance (p.ex. Univ) possible] COMPÉTENCES ou INTÉRÊT POUSSÉ :  OS Windows (windows 7 et serveur), linux, synology  Connaissances IP, Ethernet, Firewalls, IPSec, SSL, VoIP, Wifi  Compétences en scripting ou développement software  Compétences en gestion de parc informatique NOUS OFFRONS :  un environnement très varié qui peut servir de référence dans le monde du travail  la possibilité de travailler avec une assez grande autonomie et d’acquérir de l’expérience

ngn@fnel.lu


NOTE IT Wéi ass dem Bagheera säi Meeschtersproch? Wat kann een am Thema vum Kaa sengem Sproch organiséieren? MODELLREUNIOUN ZUM THEMA fënnt den 18.6. um 10.00 bei de Wëll Sai statt – interesséiert Cheffe kënnen deelhuelen an et als FC ugerechent kréien! Umellen op louveteaux@fnel.lu CHARGENTABLEAU Schonn eng Foto vum coolste Chargentableau gepost? Da séier.

Wëllefchers-Branche FNEL NÄISCHT VERGIESS? Leapingwolfs ugemellt a Cahier de Meute fir Bonne Meute agereecht? louveteaux@fnel.lu SCOUTSBICHELCHEN Ewéi dir op der Réunion semestrielle mat krut gëtt eist Scoutsbichelchen iwwerschafft. Mir lancéieren gären op dësem Wee en Opruff fir eng Aarbechtsgrupp op ze bauen. Wanns du interesséiert bass mat ze schaffen, da schreiw bis de 15 Juli eng mail scout@fnel.lu.

POW-WOW Gruppecheffen, denkt drunn äere Grupp bis spéidstens den 23. Juni beim Carolyn unzemellen carolyn@fnel.lu

POW-WOW CUP Umelldung mécht de Chef de Groupe beim Carolyn: carolyn@ fnel.lu wann hie säi Grupp fir de Pow Wow umellt.

DENKT UN ÄR WICKINGERVERKLEEDUNG & ÄR GAMELLE!!!!

FAKELZUCH De Rendez-vous ass um 20h00 an der avenue de la Gare vun der rue Origer bis erof op Gare. De Cortège léist sech bei der Gëlle Fra erëm op. (RV groupes - 20h00, av. de la Gare - entre rue Jean Origer et Place de la Gare)

Dir kënnt awer och schonns Samschdes op d Pow Wow Veillée kommen an do schloofen. (ab Explorer Alter an selwer Zelt matbréngen) De Präis fir d’Owesiessen ass 15€ déi dir mat op Plaz bréngt, de Moieskaffi gëtt vun de Grénge Scoute gestallt. Fir Sonndes Owes de Pow Wow ofzeschléissen kënnt dir iech fir d’Grillade de l’Amitié umellen. Hei ass de Präiss och 15€ déi dir mat op d’Plaz bréngt. Fir béid Owender mellt iech beim carolyn@fnel.lu un.

FILM IT

SAUVAGE 2017 D’Equipe vum Camp fédéral sicht 6 SOUS-CAMP CHEFFEN Konditiounen :  Formation CU  aktiv engagéiert am Scoutsliewen Erfahrung :  eng federal Aktivitéit matorganiséiert hunn ass e Virdeel  Erfahrung am Programm fir Scouten, Explorer oder Rover Mell dech beim : anderschmit@web.de

KREEÉIERT DEE COOLSTE CAMPVIDEO & GEWANNT ENG GO-PRO FIR ÄERE GRUPP !

NET VERGIESSEN ? maacht e Campfilm vu min. 30 s. a max. 3 Minutten a schéckt en un: claudine@fnel.lu (vimeo, wetransfer, dropbox,...) Focus op: Scouts-typesch Aktivitéiten Deadline: de 15. August 2016 Détailer : kuck am Scout No 556 aus dem Februar.

17


DONGD-FNEL UNE TRÈS GRANDE MOBILISATION POUR L’ING NIGHT MARATHON 2016

Le samedi 28 mai dernier a eu lieu la 11ème édition de l'ING Night Marathon dans les rues de Luxembourg. Le maillot "Solidarité Népal" de l'ONGD-FNEL était bien présent: 33 personnes l'ont porté, que ce

soit sur le Marathon, le Semimarathon ou lors du Team-run ! De plus, tout au long de la soirée, une équipe de bénévoles de l’ONGD était également présente dans le quartier de Belair pour assurer la sécurité de la course.

Félicitations aux coureurs, et un immense merci à tous les supporters, donateurs et bénévoles : grâce à vous, cet évènement a été un vrai succès !

*Nous vous garantissons que Marcel n’a pas été maltraité...

UN OBJECTIF À ATTEINDRE? Cactus vous soutient! MA ALLE RC Z EL !

*

MA ALLE RC Z EL !

16


“PA NEPAL IS MY FAMILY” «ENCOURAGER L’APPRENTISSAGE PAR L’EXPÉRIENCE»

C’est avec cette affirmation que mon entretien avec Umes et ses copains de PA Nepal (Prisoners Assistance Nepal) a commencé. Cela fait un an qu’Umes, Bimal, Suzan et Shrigal ont quitté le foyer de PA Nepal à Sanku (banlieue de Kathmandu) pour venir vivre ici au foyer Madanpokhara dans le district de Palpa et ils sont très contents de leur choix. Ce groupe de copains s’est connu à Sanku où ils ont été placés suite à l’internement de leur mère en prison. Si Umes est parfois triste de ne plus voir sa petite sœur qui est restée à Sanku, il est content d’être avec ses amis et d’être plus libre dans ses activités :

A l’âge d’Umes (17 ans) et de ses copains (14 ans), les envies sont nombreuses et PA Nepal encourage la participation active et la responsabilisation des bénéficiaires, ce qui lui permet de favoriser leur réinsertion sociale. Les enfants et adolescents sont dans un environnement familial et bénéficient d’un suivi sanitaire, nutritionnel et scolaire. Les séismes de 2015 ayant accentué les traumatismes des enfants dont PA Nepal à la charge, PA Nepal a dû renforcer, grâce à l’appui de l’ONGD-FNEL, son travail d’accompagnement et de soins dans ses 4 centres d’hébergement et au sein des prisons. Voir ces adolescents aussi épanouis confirme que l’approche de notre partenaire est la bonne.

Propos recueillis par Cécile Godfroy Tansen le 15/04/2016.

« J’ai décidé de venir ici pour apprendre des choses. J’aime m’occuper des animaux, traire les vaches et aller pêcher à la rivière en bas » Umes a appris à jouer de la guitare et il a transmis sa passion à Bimal. Si la présence des filles leur manque (le home n’accueille pour l’instant que des garçons) ils se rattrapent à l’école.

19


DESERIÖ

FNEL Scouting in Luxembourg- Tableau Memberen

2492

Gruppen

27 +3 en 2015 24 en 2005

+ 18% vs 2015 + 44% vs 2005

Nationalitéiten 75% LU 6% GB 5% FR 3% PT 11% autres 29 % pas d'indication

1,77%

Scoute bei Jonken teschend 6-26 Joer

18,22% vs 2015 22,56% vs 2005

Cheffen

483

+ 3% vs 2015 + 72% vs 2005

25,9 115

Cheffen pro 100 Scouten

Cheffen (ACU & CU) an der Formatioun

+ 42% vs 2015 81 brevets + 194% vs 2005 39 brevets


DFNEL2020

u de bord 2016

D’MEENUNG VUN DER POPULATIOUN IWWERT DE SCOUTISSEM ZU LËTZEBUERG 2016

Scoute pro Grupp

95

+ 4% vs 2015 + 11,5% vs 2005

Membere pro Branche 170 Rv - 5% vs 2015 - 15% vs 2005

186 Ex

327 Bv + 7% vs 2015 vs 2005 + 75% 7

+ 15% vs 2015 + 27% vs 2005

586 Sc + 11% vs 2015 + 36% vs 2005

Top 5 Gruppen

EIS FEDERATIOUN ZESUMMEN NEI GESTALTEN

+ 0% vs 2015 + 25% vs 2005

595 Lx Telstar (186) Aigles (168) Wiselen (166) Piwitschen (157) Daereldéieren (147)

Am Kader vum Programm FNEL 2020 hu mir als Federatioun, nodeems mer en Audit vu WOSM matgemaach hunn, och nach d’Lëtzebuerger Populatioun gefrot wéi si d’Scoute gesinn, wat se vun eis halen, wat hier Froe sinn, ob se hier Kanner géifen an de Scouten umellen wa se kéinten an ob se wéilten eng Hand mat upaken. Dëst alles fir eng objektiv Meenung ze kréien iwwert eis an ze kucken ob dat wat mir iwwert eis zielen och dobaussen ukënnt. Dëse representative Sondage gouf mat 500 Leit tëscht 18 a 50 Joer duerchgeféiert, per Internet a per Telefon, vun enger professioneller Firma. Firwat deen Alter? Ma well mer déi Leit wollte froen deenen hier Kanner am Scoutsalter sinn oder geschwënn dra kommen. Déi wichtegst Resultater an hier Interpretatioun: Alles an allem hunn d’Leit en immens positiivt Bild vun eis, an d’Leit gesinn an eis d’Liewen am Grupp an an der Natur. “Vill Firma’e géife vun esou engem super Bild dobaussen dreemen” huet den Här gesot deen de Sondage virgestallt huet. Just 46% vun de Leit kennen d’FNEL. Hei gëllt et also nach méi Reklamm ze maachen a Präsenz ze weisen. Gefrot wéi eng Fräizäit-Aktivitéite dat beschtent Bild no baussen huet, kommen d’Scouten op déi 2. Platz mat 66% Zoustëmmung, nom Sport (84%), a virun der Musek (65%) an dem Panda Club & Co (63%). D’Leit hunn also eng zimlech gutt Meenung iwwert eise Mouvement. Dat ass eng Stäerkt. Flott wier et de Sport nach ze toppen.

21


DESERIÖ Déi 4 wichtegst Eegeschaften, déi een an de Scoute léiere soll, sinn: 1) D’Liewen am Grupp (89%); 2) sech fir d’Natur anzesëtzen (88%); 3) d’gemeinsamt Léieren am Grupp (88%); 4) d’Solidaritéit (87%). Hei gesäit een dat d’Scoute bei de Leit fir d’Zesummeliewen an d’Natur stinn. Mat eiser Devise “Zesumme fir eng besser Welt” si mer also goldrichteg. Déi 4 gréisste Kritiken, déi d’Leit un de Scouten hu, sinn: 1) de Scoutissem ass flott fir Kanner ma Jugendlecher wëllen aner Saache maachen (32%); 2) de Scoutissem hänkt ze vill vun der kathoulescher Kierch of (31%); 3) de Scoutissem inspiréiert sech ze vill un der Arméi (Uniform,Ofzeechen,...) (31%); 4) de Scoutissem wierkt steif an ze vill hierarchesch (30%). All déi Kritike kenne mer, un eis ze kucke wéi mer dogéint steieren. Am Allgemengen sinn déi Prozenter u Kritik zimlech kleng a stelle keng Gefor duer, ma et sinn awer Saachen déi mer verbessere kënnen. 65% vun de Leit géifen hier Kanner direkt an de Scouten umelle wann d’Kanner géife froen. Dat ass en immens héije Wäert a weist d’Potenzial wat mer nach hunn...wann d’Kanner da géife froen bei eis ze kommen...oder wa mir d’Kanner froen ze kommen. Ze bemierken dat d’Lëtzebuerger zu 72% d’Accord sinn, an d’Auslänner just zu 58%, ass also do nach Nachholbedarf. 32% géifen hier Kanner eréischt aschreiwen nodeems se sech nach méi informéiert hätten. Déi 65% déi hier Kanner direkt an d’Scoute géifen aschreiwen, hunn dofir virun allem dës dräi Grënn: 1) fir dass d’Kand an der Natur Saachen erlieft (71%); 2) fir dass d’Kand méi onofhängeg a responsabel soll ginn (60%); 3) fir dem Kand Wäerter wéi Respekt, Toleranz a Solidaritéit bäizebréngen (58%). Déi dräi Haapt-

22

grënn - déi jo genau dat duerstelle, wat mer souwisou maachen - sinn also déi Saachen déi mer nach méi no bausse musse kommunikéieren fir d’Leit unzezéien an ze motivéieren hier Kanner an d’Scouten ze ginn. Déi 32% déi hier Kanner net direkt géifen aschreiwen, hu virun allem folgend Froen: 1) Wat sinn d’Kompetenzen an d’Formatioune vun de Benevolen? (64%); 2) wat leeft konkret an de Scouten a wéi ass d’Qualitéit vun den Aktivitéiten? (60%); 3) wat sinn d’Wäerter an d’Konzepter vum Scoutissem zu Lëtzebuerg? (56%). Dës Froe weisen dass mer dobaussen nach méi mussen zielen iwwert eis Formatioun a wat mer konkret maache während eisem Programm, fir Vertrauen, Kompetenz an Qualitéit ze vermëttelen. Zu gudder läscht: 12% vun der Populatioun tëscht 18 a 50 Joer géife sech als Fräiwëllege melle wann een se géif froen. Mir hunn also ronn 30.000 potenziell Cheffen a Komiteesmemberen dobausse ronderëm lafen (!!!!!). Et gëllt se just ze fänken... Fazit: mir hunn e méi modernt a positiivt Bild dobausse wéi mer ëmmer mengen. D’Leit gesinn an eis eng Bewegung déi de Jonken et erlaabt eens ze ginn am Grupp, an dobaussen flott Aktivitéiten a positiv Wäerter ze erliewen. Mir musse just nach méi erziele wat mer maachen, an eventuell d’Sportlechkeet vun eisen Aktivitéiten ervirsträichen, fir och déi Pluspunkten ze kréien. Et gëllt elo bis 2020 d’Kommunikatioun, d’Strukturen an de Programm vun der FNEL zesummen esou z’adaptéieren, dass et fir d’Elteren, lëtzebuergesch an net-lëtzebuergesch, nach méi evident gëtt d’Kanner an de Scouten unzemellen a fir dass déi Jugendlech Loscht hu méi laang an de Scouten ze bleiwen. D’Ekipp FNEL 2020


P. GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances (Succ. WELTER) 2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
deSCOUT No 559 by FNEL Scouten a Guiden - Issuu