No 553 / 95. Joergang
“The only way s is s e in p p a h in a g to BP ” s r e h t o o t it e iv to g
Oktober 2015
VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,
EIS SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT Prêt Cedies1), exklusiv Avantagen an 10 x 1.000 EUR ze gewannen2)
startin.lu
Offer u Konditioune an d’Acceptatioun vum Dossier gebonnen. 2) Valabel fir déi éischt Soucriptioun vum Pêt. D’Suen ginn op däi Compte Courant vu BGL BNP Paribas iwwerwisen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication September 2015
1)
DENEDITO BA - GROUSSGESCHRIWWEN Se gehéiert zum Scoutissmus, ewéi den Deckel op d’Dëppe, wéi de Buedem an d’Faass an de Knuet un de Foulard. D’BONNE ACTION. Se ass eng vun eisen alen an ëmmerwährenden Traditiounen, ass esou guer an eisem Versprieche festgehalen. Eng sëlleche gutt Aktioune lafen an all Scoutsjoer, brancheniwwergräifend an an alle Faarwen
a Formen. Ma ech mengen awer ze spieren, dass dëst Joer, extra vill Wäert a ville Gruppen a Branchen drop geluecht gëtt. Ugefaange mat deem aussergewéinlechen Hëllefscamp vun de Rover an Tansania am Summer (D’Coverstory op Säiten 4-5) bis de Camp am Nepal, nächste Summer, iwwer eng Hellewull Aktioune vu Gruppe fir d’Flüchtlinge, weist, dass mir eis Charge als Scouten eescht huelen.
DENIMPRESSUM
DENINDEX
deSCOUT No 553 Périodique officiel de la FNEL
03 04 06 07 08 09
Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg
DENEDITO DCOVERSTORY DNEWS DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT
Et heescht awer och, dass mer an enger Zäit liewe, wou et ville Leit net esou gutt geet ewéi eis, an dofir wäerten déi Zort vu grousse BAe, zwar ëmmer méi wichteg ginn, ma vergiessen solle mer dofir awer net, dass all kleng alldags BA och e wichtege Schrëtt fir eng besser Welt ass. Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication
10 11 12 13 16 18
DENEXPLORER DEROVER DECHEF DESERIÖ DEGLOBETROTTER DONGD
Redaktioun & mise en page: Anne Simon, Claudine Scheeck, Felix Retter, Nicolas Wurth, Philippe Hanck Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600
03
DCOVERSTORY: DENEDITORIAL D’Jill Kohl huet am Summer e super Rover Hëllefscamp an Tansania organiséiert an hatt ass fir säi viregt Engagement an deem Land och mam Mérite Jeunesse ausgezeechent ginn. Zu 16 Rover aus 8 Gruppen hu si Tafelen ugestrach. D’Jill huet 26 Joer an ass säit 19 Joer e Panther zu Luerenzweiler. Wann hatt net grad als Chef oder Gruppechef, oder a soss enger Funktioun fir d’Scouten ënnerwee ass, ass hatt Schouljoffer zu Steesel. Den Nicolas Wurth huet d’Jill Kohl interviewt. Wat huet dech dozou beweegt fir dëse Projet an Tansania unzegoen an d’Responsabilitéit vum Chef de Camp ze iwwerhuelen ? No menger Uni an ier ech ugefang hu mat Schaffen war ech e Joer op d’Rees. Déi huet mech ënnert anerem 3 Méint an Tansania gefouert, wou ech an engem Weesenheem benevol geschafft hunn. Ech krut do d’Geleeënheet vill an d’Nopeschdierfer ze kommen an hunn do de katastrofalen Zoustand vun de Klassesäll an den Tafelen gesinn. Nodeems meng Elteren mer en Dëppchen Tafellack erofgeschéckt hunn an ech d’Kanner vun enger Schoul ganz vill frou gemaach hunn. Ewéi ech dunn 1 (!) Tafel renovéiert hat, duecht ech mer ech misst mat enger ganzer Ekipp zerék goen an nach méi Tafele frësch maachen. Heiheem zu Lëtzebuerg huet sech och ganz schnell eng Ekipp vu supermotivéierte Leit fonnt an zesumme mam Elodie Longo, dat sech ëm den Transport vum Material gekëmmert huet, hu mir dunn dëse super Camp op d’Been gestalt! Wat war däin éischten Androck, wéi der an Tansania ukomm sidd ? Mäin éischten Androck war wuel e bëssi anescht wéi dee vum Rescht vun der Ekipp; éischtens war ech mat 2 Leit schonn 1 Woch méi fréi do ënnen an zweetens wosst ech jo genau wat mech géing erwaarden. Den éischten Androck vun er Ekipp war wuel e bëssi negativ: Bal all d’Gepäck war zu Istanbul um Fluchhafen verluer gaangen an um 3 Auer an der Nuecht da mussen op der Hand Ziedelen auszefëllen ass net super. Mee jiddereen huet et gutt geholl an dunn hate mer eben 2 ongeplangte, mee flott Deeg zu Dar es Salaam ;)
04
A wat huet äere Projet genau bestanen ? Et goung drëm fir Tafelen a Schoulen am Ëmkrees vun Ilula ze renovéieren. Den Tafellack, dee mer zesummen mat 84 Këschten Kleeder a Schoulmaterial erofgeschëfft hunn, hate mer zu Lëtzebuerg gesponsert kritt; genau esou ewéi d’Pinselen, d’Kleeder an d’Schoulmaterial. Och finanziell Donen hunn eis vill gehollef, soss hätte mer de Schëffstransport an dono d’Locatioun vum Auto dee mer gebraucht hu fir an d’Schoulen ze fueren. net kéinten bezuelen. Mir hunn d’Tafelen als éischt ofgewäsch, dunn ofgeschlaff, du gegipst (Lächer zougemaach), dunn erëm ofgewäsch a schlussendlech mat enger oder zwou Couchen Faarf ugestrach. Um Enn hu mer an 7 Schoulen eng 50 Tafelen renovéiert an de Schoulkanner e bessert a méi einfacht Léieren erméiglecht. Wéi huet en typeschen Dag bei iech um Camp ausgesinn ? Dat ass schwéier ze soen, mer haten nämlech 2 Deeler: Am Ufank hate mer en 3-Dages-Camp matt de lokalen Scouten. Hei si mer un e puer Traditiounen erënnert ginn: Moies um 6 Fändel erop, um Punkt 6 Owes erof. An d’Nuecht duerch hu mer misse Waach halen. Dat heescht all 2 Stonnen hu mer gewiesselt an dann hunn 3 aner Leit misse beim Feier waachen. Net einfach um 4 opzestoen ;) Wéi mer du bis geschafft hunn, hu mer net méi selwer um Féier gekacht. Moies si mer um 7 opgestan, haten um hallwer 8 d’Begréissung an d’Moiesgebied mam Staff am Zenter, hunn am Zenter zu Moien giess a sinn ab 9 lass gefuer op eis Aarbechtsplazen. Deemno wéi
#ROVERTANZANIA wäit mer ewech waren vum Zenter, hu mer Mëttes e Stéck Brout picknickt, oder sinn an den Zenter mat de Volontären iesse gaang. Owes ware mer da géint 5 oder 6 zréck, hunn mat de Volontären zu Owend giess an hunn no enger Partie UNO dann den GBS beim Féier genoss. Wat war den absoluten Highlight ? Uh, dat ass schwéier! Mer hate wierklech vill flott Momenter. Entweder war et wou ee vun de Schouldirekteren eis net konnt genuch Merci soen a schlussendlech souguer eng Foto vun a mat eis gemaach huet, fir all de Schüler ze weisen ween dat fir si gemaach huet. Oder fir mech, wou mer dem Staff Äddi gesot hunn: Jiddereen (de Staff a mir) huet e Wuert gesot, an ech krut d’Bestätegung dass et Jidderengem gefall huet an et fir déi Einheimesch esou wéi fir eis eng super Erfahrung war a mir vill geleescht hunn. Do krut ech deelweis Gänsehaut.
Wann s de elo zeréck kucks op äre Projet, bass de zefridden ? Jo, absolut! Den Teamgeescht war net ze iwwertreffen, d’Stëmmung war genial a vläicht grad dowéinst hu mer praktesch non-stop geschafft (Zum Schluss huet ee gesot: mer haten awer wierklech net vill Fräizäit!) an vill geleescht. Fir mech war et ee vun deenen beschten Campen déi ech jee hat (trotz vill Stress an Arbecht :) ) All dat wier allerdéngs net méiglech gewiescht, wa mer net déi enorm materiell a finanziell Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg kritt hätten. Et ginn esou vill Leit, deenen e gewaltege Merci entgéint kënnt, fir all hir Arbecht an Hëllef. Och dëst war super ze gesinn: wéi vill Leit sech hei heem mobiliséiert hu fir dëse Projet. An deem Sënn: ASANTE SANA!
Mat dobäi waren: Auraujo Alex Backes Annick Bega Alessandro Bove Julie Christen Bob Gasperi Emanuelle Kerschen Louis Kohl Jill Kremer Jamila Longo Elodie Marson Claude Milne Carolyn Piron Nicolas Rollinger Maripol Thill Megan Wies Anne
05
DNEWS ENG ZILL FIR ENG ZILL
#ROVERTANZANIA
D’SCOUTEN HËLLEFEN HIRE FRËNN AM NEPAL Eng Zill fir eng Zill fir den Erëmopbau nom Erdbiewen. Mat all klenger Zill, déi dir fir 2 € kaaft, komme mir dem Bau vun engem Haus, enger Schoul méi no. Méi Informatioune kirtt dir bei ärem Grupp.
JAMBO! MIR HUNN NACH ENG JETT T-SHIRTEN ZE VERKAFEN. • Super Qualitéit: Fairtrade a recycléiert Material. • Super Logo: Rover Tanzania2015: eng Erfollegsstory! • Präis: 20€ Wann dir interesséiert sidd respektiv fir weider Informatiounen, schreift ons eng Mail op rovertanzania@gmail.com
KALENNER 2016 LIVE IT, DATE IT, SCOUT IT. Dëse flotten a praktesche Kalenner kritt ee, vu mëtt November un, bei folgende Gruppen ze kafen: Les Aigles, Bisons futés, CBDM, Castors, Daereldéieren, Dippecher Dachsen, Deckelsmouken, Eechternoacher Quaichleken, Hoga, KIewerlecken, Munnerefer Mais, Panthères noires, Peaux rouges, PIwitschen, Rammericher Fräschen, Wiselen, Wëll Säi an am Sekretariat vun der FNEL.
LE PREMIER MINISTRE DU BOUTHAN EN VISITE À LA FNEL
22 septembre 2015. La FNEL était fière d’accueillir en son siège au Fetschenhaff Son Excellence TSHERING TOBGAY, Premier ministre du Bhoutan pour une visite informelle.
OCCASIOUNSMAART AM SCOUTSHOP - 21. November ‘15
fnel.lu
HAPPY BIRTHDAY Et geet weider mat feieren. PANTHÈRES NOIRES vu Luerenzweiler hunn, de 25. September, 50 Käerzen um Kuch ausgeblosen. Den Dag drop war et un de WËLLE SAI vu Steesel fir den 20. Gebuertsdag ze feieren.
06
DEBEAVER POST VUM BIBU Léiwe Beaver, Ech hoffen du hues däi Scoutsjoer ugefaangen an hues scho vill flott Erënnerungen an den éischte Versammlungen an op der Montée gesammelt. Vläit hues du och missten denge Frënn, déi elo an d’Wëllefcher gaange sinn, Äddi soen? Dëst Scoutsjoer ass voller flotter Aktivitéiten an Iwwerraschungen, also maach dech prett op dëst Joer, mat mir zesummen. Beaverklack, de Bibu
Hei huet de Bibu sech verstoppt. Fënns du hien op dem Bild?
Hei nach eng kleng Bastel vun eis fir dech, dass du mech och all Dag kanns iwwerall hi mathuelen!
07
DEWËLLEFCHEN
Ka
r
E WËLLFECHEN ASS SPORTLECH
SPIL
CYCL IS
L
TE
ER
ER el
SECOND & SIXER
R
Knéc h
LE
E WËLLFECHEN ASS GESCHÉCKERLECH AR
SPOR T
h m me r wë
Ë
e rt
r
Sc
STE TI
ateur rv
Re p o
ch
en d fr
E
L
WOLF 2015 G N I EA P
er
Hëllef Natu
el
ht
ELTBAD G MW
E
SELCHEN ËS Éisc
Een neit Scoutsjoer ass ee gudde Moment ze kucken wou’s du stees a wou’s du hi wëlls. Wéi eng Badger hues du schonn? A wéi eng wëlls du nach maachen?
Sa mm
GU ID
K
e
HA N D
Ech léieren de Mowgli d’Juegd a begleeden och dech op dengem Wee.
E WËLLFECHEN MÉCHT D’AEN OP A SPËTZT D’OUEREN Ob s
E WËLLFECHEN HËLLEFT WÉI A WOU E KANN
FEILER
De Second an de Sixer erkennt een un enger oder zwou giele Sträifen, déi op de lénken Aarm vun der Uniform gebitzt sinn. LEAPING WOLF De Leaping Wolf ass eng ganz besonnesch Auszeechnung, déi s du nëmmen um Pow-Wow kriss. Kuck am Vademecum op S. 156
08
DESCOUT Léif Scouten,
VU
M
JO
ER
G O L B S SCOUT
L
UL
NE I É D
I
T PA
R
Hutt der scho vum „ScoutsBlog“ héieren, der neier „Patrull vum Joer“. Hei kenn dir Iech mat äre Patrullen austoben, sidd kreativ a weist eis dass et är gemeinsam Arabescht ass. Vergiesst net ärem Chef ze soen, hien soll iech pünktlech umellen.
Mir freeën eis lo schonn ob äre "Scoutsblog"! UMELLE bis den 1. Dezember 2015 op scout@fnel.lu (Patrullennumm, Numm vum CP/SP & Nimm vun de Memberen)
KRITERE fir matzemaachen: Patrull soll op all de Federalsaktivitéite vun der Scoutsbranche Präsenz weisen. FORM? Dierf alles sinn! Loosst ärer Imaginatioun fräie Laf! Classeur, Homepage, Buch, Digital, Link, Stick/CD...)
WAT MUSS DRAN? 3 Trimesterprogrammen Patrulliarden Progressionstableau vun de Patrouillarden Präsenzlëscht vun denger Patrull (all Trimester) Rapport, Fotostory, Video .... iwwert • 6 Patrullenaktivitéiten (Sortie, Weekend, Versammlung), • 4 Gruppenaktivitéiten (Camp, Sortie, Versammlung...) • an iwwert Federalaktivitéit(en) vun de Scouten Scoutstechnik virstellen (molen, bastelen, filmen, Fotostory....) Presentatioun vum Patrullennumm a Kreesch eng B.A.
Et gëtt kee Punktesystem! Et soll de Wee zu der perfekter Patrull sinn.
MANNER SCHOUL MANNER GRENZEN
DELAI Muss bis den 1. Juni 2016 an der FNEL sinn.
MÉI SCOUT!
Attraktiv Präisser an eng flott Auszeechnung ginn um Pow-Wow iwwerreecht.
09
DENEXPLORER EXPLORER BA 17. Dezember 2015 iwwert d’Joeren ass et zur Traditioun ginn, dass d’ Rover eng BA op der Krëschtfeier vun der STËMM VUN DER STROOSS maache fir hei ze kachen. Den Undrang hëlt ëmmer méi zou, sou, dass mer Iech brauchen fir hei eng Hand mat unzepaken. De 17. Dezember ass et esou wäit, ob als eenzelnen Explorer oder an der Unitéit kennt dir ab 10.30 hëllefen eng flott Krëschtfeier ze gestalten. Umellen oder weider Informatioune kritt der iwwert exporer@fnel.lu.
EXPLORER SPORTSDAG 10. Januar 2016 Dëst Joer zitt et eis fir den Explorer Sportsdag op Munneref bei d‘Mais. Den 10. Januar kënnt dir de ganzen Dag iwwer verschidde Sportaarten maachen an Iech hei mat deenen aneren Unitéiten moossen.
RAID + 18. - 20.03.2016 Déi éischt Editioun vum Raid+ steet an d'Haus, deen dir als Unitéit op kee Fall sollt verpassen, duerfir reservéiert Iech lo schonn den 18-20 Mäerz 2016.
Wann s du tëscht dem 14. August 1994 an dem 3. August 2000 gebuer bass, dann hues du 2016 d’Méiglechkeet beim ROVERWAY a Frankräich dobäi ze sinn!
roverway2016.org 10
WAT MUSS ECH WËSSEN? DATUM: 3. - 14. August 2016 KONZEPT: Camp Volant iwwer 6 Deeg duerch verschidde Regiounen (au Choix) a Frankräich an duerno Camp zu Jambville bei Paräis
ROVERWAY 03. - 14.08.2016 KÄSCHTEN: De Camp kascht 550 €, dobäi kommen nach Frais de Transport, Preparatioun etc. (ongeféier 800€)
THEMEN: Engagement, Citoyenneté Européenne, Co-Constructioun
DEROVER JUST FIR IECH AN ÄR ROVERSCOUTSFRËNN!
17/12/2015 ROVER BA
27/02/2016 ROVERQUIZ
02/07/2016 VOLLEYBALL
Kachen & hëllefen bei der Krëschtfeier vun der Stëmm vun der Strooss - Centre culturel de Bonnevoie (2, rue des Ardennes) - RDV 8h fir ze kachen / 10.30 fir all déi aner - Dresscode Uniform - Umeldung bis den 10. Dezember op rover@fnel.lu
bei de Wiselen - Infos kommen a.s.a.p.
bei de Wëlle Sai
19/12/2015 SOIRÉE SUISSE Relaxen Owend @ Home CBDM zu Merl - RDV 19h - 15€ Raclette à gogo + 1 Gedrénks - Umeldung bis den 10/12 op rover@fnel.lu - wee ka, W.E.G. eng Raclettemaschinne matbréngen (M.E.R.C.I.)
WÉI GEET ET ELO VIRUN ? Oktober 2015 - Infobréif un all d’potenziell Participanten 9. November 2015 - 18h00 Info-Versammlung an der FNEL 1. Dezember 2015 - Umeldungsdelai mat der Inscriptiounsfiche op roverway@fnel.lu oder per Post an d’FNEL Du wëlls méi Informatiounen, dann kuck op : www.roverway2016.org oder schreif eis eng mail op roverway@fnel.lu
A last but not least, proposéieren d’Laure an de Sven vun de Bisons all de Rover déi reiden / e Päerd am Virgäertchen stoen hunn, en ***NEW***AWESOME***FRIE NDS***FUN***DISCOVERLUX* **MYSTERY***WHO’sTHEBOM MELEER***
ORIENTÉIERUNGSLAF/RËTT z’organiséieren. Falls Interessi besteet, w.e.g. mellen op laureelsen@googlemail.com
30/04/2016 HUNT-IT 12HourChallenge duerch Lëtzebuerg
queesch
ROVER-AGORA 24. - 28. 02.2016 Wollts du Rover schonn ëmmer mol op en INTERNATIONAALT ROVERTREFFE goen a Rover aus anere Länner kenneléieren? Dann ass den 1. däitschsproochege Rover-Agora genau dat Richtegt fir dech!! MÉI KONKRET : et handelt sech ëm eng Formatioun fir Rover a Rovercheffen wou een Iddien austausche kann, wat de Roverprogramm ugeet, wéi een dee ka plangen, wat an anere Länner ugebueden gëtt, wéieng Themen ee kann am Roverprogramm ëmsetzen an nach villes méi... Dat Ganzt ass mat enger klenger Online-Preparatioun verbonnen an d'Haaptevenement ass vum 24. - 28. Februar 2016 zu Westernohe bei Frankfurt. D'FNEL ka bis zu 5 Rover matschécken an iwwerhëlt d'Onkäschten. Ween elo virwëtzeg ass, soll sech bis den 1. November mellen, op international@fnel.lu .
11
DECHEF NOTE IT WËLLEFCHER - Wichteg Datumer 24.11. 2015 - EXPLO Préparatioun 29.01.2016 - KACHDUELL Umellen : louveteaux@fnel.lu +++ Ekippe vun 3 – 5 Persounen +++ Pro Ekipp gëtt et ee Budget fir de Plat (Entrée, Haaptplat oder Dessert) +++ No der Umeldung gi mer u, fir wéi vill Leit dir äre Plat kacht +++ a wéi äre Budget ass +++ Dir kritt 20 Minutte fir ze preparéieren +++ Gidd bei der Umeldung är Preferenz fir e Plat (Entrée, Haaptplat oder Dessert) un +++ Wie keng Ekipp zesumme kritt, awer wëll derbäi si, soll sech trotzdem umellen +++
louveteaux@fnel.lu
SCOUTEN Léif Cheffen, op der Journée des Chefs gouf mat Majoritéit vun de Gruppen fir en EXPLO ofgestëmmt +++ Eng éischt Versammlung war den 19.10.2015 Auer um Fetschenhaff +++ Wann Troupen hei hier Präsenz net gewisen hunn, gëtt wéi ugekënnegt en Hike organiséiert +++ Well Ouni är Hëllef geet et net +++ Merci fir äert Verständnis +++
ENG ZILL FIR ENG ZILL hutt dir scho vill vun aeren Zille verdeelt, an hudd Loscht op méi. D’Aktioun eng Zill fir eng Zill ass bis d’Reunion semestrielle verlängert an et sinn nach genuch Zillen do fir nach emol opzestocken: mellt iech beim carolyn@fnel.lu
FORMATION CONTINUE
FORMATIOUN Déi jugendlech Flüchtlingen D’Erausfuerderunge fir dat edukativt Personal Aus Aktualitéitsgrënn bidde mir mam SNJ zesummen dës Formatioun un Datum : 10. an 11. November 2015 jeweils vun 9h00 bis 15h30 Wou ? home FNEL 61a rue de Trèves L-2630 Luxembourg Infos: http://www.enfancejeunesse.lu/node/7960 Umeldung: mat der Fiche d’inscription (iwwert de Gruppechef) un formationcontinue@snj.lu Deadline: 6. November 2015 Congé Jeunesse ass méiglech. Infos an demande beim claude@fnel.lu
enfancejeunesse.lu/node/7960
SAVE DATE
THE
12
PROST IT - 23. Dezember 2015 Notéier dir dësen Datum elo schonn an dengem Agenda. Eng perséinlech Invitatioun, mat den Detailer, kriss du nach geschéckt .
DESERIÖ CADRES FNEL 2014-2015
Als Scoutsfederatioun schaffe mir vill un eise Methoden, luewen a kritiséieren ënnertenee vill. Ma heiansdo geet dat, wann ee sech wëll konsequent recycléieren, net duer.
François TURK, Président national Yvy KREMER-OBERTIN, Vice-Présidente Nathalie de la FONTAINE, Commissaire générale Georges KROMBACH, Commissaire général adj. Raoul WIRION, Commissaire général adj. Pit DOLIZY, Secrétaire général Pierre DAX, Trésorier général Djuna BERNARD, Commissaire internationale Laurence VERVIER, Commissaire internationale adj. Anne SIMON, Chargée à la Communication Tom GIRARDIN, Commissaire à la formation André SCHMIT, Commissaire au programme Mike KREMER, Commissaire au programme adj. Julie BOVE, Commissaire aux beavers Max STAUS, Commissaire aux beavers adj. Lea BONBLET, Commissaire aux louveteaux ff Laure ELSEN, Commissaire aux louveteaux adj. Jessica REDING, Commissaire aux scouts Lex KILBURG, Commissaire aux explorers Caroline PROST, Commissaire aux rovers Nora HEINEN-SENDEL, Commissaire aux rovers adj. Sophie REINERS, RAP rovers François PRUM, Conseiller juridique Dr Jojo MERTENS, Conseiller médical Mariette KILL, Responsable Scout-Shop Henri SCHREINER, Responsable logistique
Sou en « Assessment » muss ee sech ewéi e Besuch vun der Scoutsfederatioun zu Sandweiler op der Kontrollstatioun virstellen: um Enn kritt ee gesot wat alles ok ass, esouguer och ganz ok, oder ob ee muss d’Fënstersprutzmëttel opfëllen oder eventuell nei Bremse brauch. Et war e flotte Weekend, voller neier Iddien, Inspiratiounen, eegener Afrostellung a guddem Feedback an Tipps vu Scoute mat immens vill Erfahrung. Heiansdo muss ee sech teste, extern Kritik zouloossen a sech am Spigel bei heller Luucht ukucke. Nëmmen esou kann ee Verbesserunge gesinn, nei Konzepter an Iddien fannen an unhuelen. Dëst war e wichtege Schrëtt fir d’FNEL a fir de Scoutismus zu Lëtzebuerg. Djuna Bernard Internationale Kommissär vun der FNEL
N
AG: ASSER
Dofir hu mir, am Kader vum Programm « FNEL 2020 – Eis Federatioun zesummen nei gestalten », dem Weltscoutsbüro (WOSM) säin “Internal Auditors Training Programme” fir e Weekend ageluede, fir dass si eis emol seriö op de Leescht huelen. Fir WOSM war dëst d’Geleeënheet fir hiren Evaluatiouns-Programm ze testen an hier Leit ze schoulen, a fir eis war et eng extern Analyse vun eise Strukturen, Programmer, Methoden an interne Prozeduren.
MEN TAT IO
STEPPING OUT OF YOUR COMFORT ZONE
13
L’adresse des professionnels des métiers de bouche
Tél. +352 49 89 1 www.provencale.lu
DESERIÖ RAPPORT 2014/2015 +++ édition ALMANACH du Centenaire en décembre 2014 +++ éditon BOOK-IT: le livre clef de la FNEL +++ FORMATION: 186 formations accomplies; 73 formateurs; pas d’explorerbrevet, faute d’équipe +++ formations proposées: leadership; Bosses et Bobos; Tronc commun; formations spécifiques branches, Woodbadge à l’étranger; formation formateurs (en collaboration avec SNJ) +++ FORMATION CHEFS DE GROUPE: introduction d’un cycle de formation plus adapté (Assurances; Subsides/règlements/administration; Public speaking; Succession planning; Running safe activities; conflict solving; leadership-teambuilding, thèmes d’actualités) +++ PROGRAMME: déclarations: 602 (année précédente: 569); Sorties: 82 dont 5 fédérales (vs. 170 dont 7 fédérales); weekends 99 dont 4 fédéraux (vs 114 dont 1 fédéraux); camps: 111 (vs 83 dont 2 fédéraux); activités internationales: 34 (vs 23) activités déclarées: 210 (vs 202) +++ PROGRAMME THÈME: rituels et traditions: activités et groupes de travail, formations continues +++ INTERNATIONAL: 4 participants FNEL à l’Academy à Belgrade; ateliers WOSM (Topics: Active Citizenship; Organisation; Values and Life-skills; Volunteering; Youth Empowerment); Jamboree Japan: 34 000 participants total - Joint venture FNEL-LGS, 207 participants luxembourgeois, dont 132 de la FNEL; FNEL Rovers help IOP Tanzania: 18 participants+++DESCOUT: nouveau contenu spécifique branches et autres thèmes +++ FICHIER ADDRESSES: gestion en ligne d’un nouveau fichier à gérer et à mettre à jour par le chef de groupe +++ signature CHARTE DU BÉNÉVOLAT +++ HOME FNEL: décompte remis en mai 2015 au MEN +++ dossier TOUR MALAKOFF gestion commune LGS (1er & 2e étage) / FNEL (cave & r.d.ch.), demande au ministère pour une rénovation et une mise en conformité +++ RIPPIG: home plus viable pour scouts; loué à l’OLAI - 2017 - Fondation AGGL-FNEL (FAF) envisage mise en vente (Etat ou autre) +++ COLPACH: gestion par FAF depuis janvier 2015 +++ RESPECT’IT: groupe de travail lancé dans le cadre de la Protection de la Jeunesse (Jonker Stäerken): établissement du dossier/charte: Respect it: à intégrer dans la formation, sensibilation au sein de chaque groupe; publication d’une affiche à signer par tout chef dans son groupe +++ Le rapport annuel détaillé de 2014-2015 sera disponible, online, sur notre site internet www.fnel.lu, à partir du mois de novembre.
OUTLOOK 2015/2016: FNEL 2020: élaboration d’une stratégie de développement accompagnée par WOSM (après de premiers ateliers et un audit par WOSM - mai 2015-septembre 2016), mise en place de groupes de travail (avis aux amateurs!!!!) +++ FERME MISÈRE: Plan d’action pour une location et une gestion améliorées: Publicité (ciblés sur le public); Groupe activités au profit des groupes FNEL; Abandon du projet des classes vertes +++ COLPACH: gestion commune des chalets Ferme Misère/Colpach au niveau de la communication (site Internet, dépliant, publicité) +++ NÉPAL: Camp en été 2016 pour les jeunes de 15-26 ans +++ ACTION COLLECTE D’ARGENT: eng Zill fir eng Zill +++ COMMUNICATION: lancement d’un nouveau site Internet pour la FNEL prévu en décembre 2015.
15
DEGLOBETROTTER SEGELCAMP 2015 SEEGELCAMP 2015 (8. AUGUST – 14. AUGUST) Samschdeg, 1. Dag : Mir, Les Loutres vu Miersch, fueren elo fir déi 4. Kéier op e Seegelcamp an Holland. Zu 36 si mer, déi eng hunn de Blatz nach an den An, bei anere waren d'An nach net zou. Séier ass Sak a Pak am Bus a lass et geet! Zu Harling ukomm, gesi mer scho vu Wäitem eist Schëff, et passt bei d’Loutres: d'Maste si giel a schwaarz. Frëndlech gi mer begréisst vum Daan, eisem Skipper a senger Matrousin Belinda. Nom éischten Erstaune wéi vill Material mir fir 7 Deeg dobäi hunn, hu mer de Skipper awer séier op eiser Säit wéi e bis gesinn huet, wat mer vun Iessen a seng Frigoe stoppen an hie mellt e sech u fir di nächst Deeg bei eis z'iessen. Bis op e puer al Huese, sinn déi meescht fir d'Éischt derbäi an hu scho Problemer fir déi 3 Masten auserneen ze halen. Trotzdeem klappt d'Seegelen eropzéie fir déi 1. Kéier esou gutt dass mer schonns den éischte Luef vun eiser Matrousin kréien. Et soll net déi leschte Kéier sinn, dass mer gesot kréien dass mer super als Grupp fonctionnéieren. Dat läit vläicht dorunner dass mer Scoute sinn... Mir leeën am Hafe vun Texel un a jiddereen ass frou owes a seng Koje ze klammen. Mee wéi de laangen Änder sech iwwerhaapt do eragefaalt kritt bleiwt fir vill e Rätsel.
16
Sonnden, 2. Dag - Leider spillt haut de Wand net esou richteg mat, gemittlech nëmme geet et Richtung Vlieland. Mee op hallwer Streck kënnt op eemol eng gewëssen Onrou op. Mir hunn en feindlecht Schëff gesinn an eis Pirate mussen dëst lo enteren. Gläich scho gi Waasserballonen gefëllt an d'Schleider gespaant. Gekonnt manövréiert eise Skipper d'Schëff un dat vu sengem Kolleg erun, a scho fléien d'Ballonen eriwwer op déi aner Grupp, déi net op eis Attack gefaasst ass. Séier hunn déi d'Lag gecheckt an d’Ballonen, déi net direkt platze, well se am Segel landen, kommen zeréckgeflunn. De Skipper vum anere Schëff ass sech och net ze schued, paakt de Waasserschlauch aus a pompelt kräfteg Mierwaasser a Richtung vun eisem Schëff. Natierlech probéiert eise Skipper deem Ganzen ze entkommen, wat awer net ganz klappt, esou dass d'Nora gutt geduscht gëtt, mee Haaptsaach, dem Buch wat hat grad amgaange war ze liesen, ass näischt geschitt. Dënschdeg, 4.Dag - Haut léisst de Skipper eis drëche falen. Séier setzt d'Boot, gewollt, op enger Sandbänk op. Wéi bis di eng oder aner Krabb gesi ginn ass, gëtt d'Netz ausgepaakt fir déi Déiercher anzefänken an d'grousst Dëppe mat Salzwaasser opgesat an de ganze Fang gekacht. Well et nach net genuch Eewäiss gouf, geet d'Mannschaft mam Belinda Austere sichen. Eis jéngsten Hëllefsmatrousen genéissen déi glëtscheg Gesellen zum Erstaune vun deenen déi ronderëm stinn. Méi frësch kann een se och net kréien.
Mëttwoch, 5.Dag - Déi eng oder aner Aen sinn nach kleng de Moien an de Kurs NNO ass nach net bei jidderengem ugepeilt. D'Reess Richtung Hafen Ameland soll e bësse kniwweleg ginn. Hei ass d'Waddenzee relativ niddreg mat ville Sandbänken an eist Schëff ass grouss. Mir kommen awer sécher u fir neie Proviant huelen: e bësse Mëllech sollt et sinn, mee leider hu mir 20 Liter Bottermëllech akaf. Dës Nuecht wëlle mer, um Mier verbrénge fir Stäreschnäizen ze kucken. Iwwerall um Boot leie Grouss a Kleng um Réck a kucke Richtung Stärenhimmel fir dem Naturschauspill nozekucken. Iergendwann mussen awer nees d'Luuchten ugemaach ginn, mir wëlle jo net vun engem anere Schëff iwwerrannt ginn...
Mir hu keen Drénkwaasser méi : Iwwer Nuecht muss eng Toilette-Spülung hänke bliwwe sinn, esou dass eist ganzt Waasser duerchgelaf ass. Mir decidéieren, am nächsten Hafe vu Makkum kuerz unzeleeën an den Tank neess opzefëllen. Kuerz drop heescht et schonns Äddi soen, dem Belinda, dem Daan an eisem Schëff dem GroteBeer. Ech menge, kee vun eis wollt schonn heem goen. Zum Schluss wëll ech jidderengem Merci soen, dee mat op dëse Camp war an dozou bäigedroen huet, dass mir eng flott a lëschtegt Aventure hate, wou Grouss a Kleng gutt gelaacht hunn an Holland, d'Mier an d'Segele besser kennegeléiert hunn. Eppes ass sécher wann et d'nächste Kéier nees heescht seegelen, ech sinn derbäi an du?... Marc Laux
17
DONGD-FNEL CHERS AMIS SCOUTS, Les projets de l’ONGD-FNEL ont fait preuve de succès extraordinaires. Avec votre soutien le succès de l’ONGD sera garanti pour les années à venir.
NOUS AVONS BESOIN DE VOUS TOUS AUSSI DANS LA NOUVELLE ANNEE SCOUTE. ING MARATHON 28 mai 2016
ING SOLIDARITY AWARDS 2015 Chaque année plus de 40 associations participent à ce concours en ligne pour gagner un prix de 1.000€. Du 29 octobre au 19 novembre 2015 il s'agit non seulement de remporter la victoire aux ING Solidarity Awards 2015, mais aussi d'accroître notre notoriété auprès des internautes. Le vote en ligne commencera le 29 octobre. Rendez vous sur https://www.ing.lu/solidarityawards et soutenez l’ONGD par un simple « click ». Retrouvez une description détaillée de la procédure sur le site de la ONGD www.ondg-fnel.lu et sur la page facebook de la FNEL.
rathon: Bénévole a M G s-O IN
NGD
FN
Et au printemps, l’ONGD-FNEL encourage tous les sportifs de participer à nouveau en son nom à l’ING MARATHON 2016. Après le succès de l’année dernière, l’ONGD FNEL a le plaisir de vous informer qu’elle participera à nouveau à l’ING MARATHON 2016. Dans l’objectif de collecter des fonds pour financer notre Projet 006 nous comptons sur nos amis sportifs. Ce projet est un de nos programmes qui nous tient le plus au cœur. Il est destiné à apporter du soutien aux mères et enfant atteints du SIDS/VIH à Katmandou et à Trakughat au Nepal. Inscrivez vous à la course choisie auprès de l’ING Night Marathon sur le site www.ing-night-marathon.lu tout en écrivant dans la case Club / Société : « ONGD FNEL» et de payer les frais d’inscription. Confirmez par la suite votre participation à Paule Lemmer
EL
(email: paule.lemmer@team.lu ou mobile : +352 621 306 918).
Et n’hésitez pas de faire passer l’invitation à vos amis coureurs.
D’AVANCE MERCI POUR VOTRE SOUTIEN FORMIDABLE ! A très bientôt
18 18