DeScout 101. Joergang • 12/2021
MIR ALL HU RECHTER
Image by Sharon McCutcheon from Pixabay
n°591
MIR BLEIWEN ENGAGÉIERT FIR D’PASSIOUN A PROJETEN DÉI IECH UM HÄERZ LEIEN Z’ËNNERSTËTZEN. bgl.lu
BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B6481) Communication Marketing Juni 2019
LOOSSEN SECH ALL EMOTIOUNEN DEELEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT
DenIwwerbléck 05.
Den Edito
06. › 13.
Den Dossier
Kannerrechter
Respect-it
Méi léieren iwwert d’Rechter vum Kand mat der ONGD-FNEL
15. › 18.
De Fotoalbum
19. › 21.
D News
Europäesche Biergerpräis
Asaz vun de Scouten beim Héichwaasser
Mowglica - 100 Joer Wëllef
World Scout Foundation
22. › 23.
Den International
Weltkonferenz & Jugendforum
24.
ZesummeWuessen
Gruppen hu JO gesot
25. › 27.
D Fondation AGGL-FNEL
Home Rippig
Misäershaff
Le-Pot-au-feu : PIT
28. › 29.
D ONGD-FNEL
Agir pour un monde meilleur: la promess de l’ONGD-FNEL
et de ses partenaires
30. DeKommentar
Wat ass fir mech an de Scoute wichteg?
Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000 Tous ces dons sont fiscalement déductibles.
DenImpressum deSCOUT n°591 Périodique officiel de la FNEL
Image by XXXXXX
Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61, rue de -Trèves L-2630 Luxembourg Rédaction : Julie Bové, Fabienne Abens, Claudine Scheeck, ONGD-FNEL, Comité de direction, Fondation AGGL-FNEL
Mise en page : Claudine Scheeck Photos : Archives FNEL, pixabay.com Impression : Imprimerie Centrale Nombre d’exemplaires : 4500
3
bring value, get value, be valued arendt.com/careers
DenEdito Kannerrechter D’Kannerrechter, déi säit dem 20. November 1989 existéieren, sollen d’Wuelbefanne vu Kanner a Jonke garantéieren an eis all Richtlinne ginn, wéi mer eisen Deel kënnen dozou bäidroen, dass d’Kanner a Jugendlech richteg behandelt ginn. Bei de Scoute maache mir villes vun dëse Kannerrechter an eisem Alldagsprogramm an awer ass et ëmmer erëm wichteg all eis verschidde Methoden, Konzepter, Programmer a Valeuren eemol ënnert dësem Volet méi genau ënnert d’Lupp ze huelen.
D’Kannerrechter ginn an der Formatioun indirekt ugeschwat, andeems eis jonk Cheffe léieren, wat e Kand wéini brauch a wëll. Eis Membere kréien en altersgerechten an differenzéierte Programm op hiren Aktivitéiten ugebueden. Doriwerraus setzt d’ONGD-FNEL sech am Nepal fir d’Anhalen vun de Kannerrechter an a kläert dohannen, mee och zu Lëtzebuerg a Schoulen oder Scoutsgruppen doriwwer op.
Mee och international an national probéiere mer eise Memberen, wéi och alle Kanner aus eisem Ëmfeld e sécheren Zougang zu Aktivitéiten an e sécheren Alldag ze bidden, andeems mer eist Bescht maachen, fir se virun negativen Aflëss ze schützen an als Cheffen all Respect-it-Charte ënnerschreiwen. Vill Spaass beim Liese vun dësem neien De Scout, Raoul, Tom a Julie
5
DenDossier
Kannerrechter Kannerrechtskonventioun (Convention on the Rights of the Child, CRC) ass en internationale Menscherechtskontrakt vun de Vereenegten Natiounen (UN) an ass dat wichtegst internationalt Menscherechtsinstrument fir Kanner iwwerhaapt. Dës Konventioun gouf den 20. November 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl. Sie huet also schonn 32 Joer an hire Gebuertsdag gëtt all Joer den 20. November um internationale Kanerrechtsdag op der ganzer Welt gefeiert. Zanterhier hunn all d’Memberstaaten vun de vereenegten Natiounen, bis op ee Land, dës Konventioun ratifizéiert an och verschidden Net-Memberstaaten hunn dëst gemaach. Ëm déi 200 Länner halen sech un dëse wichtege Kontrakt fir Kanner. Mee wien ass iwwerhaapt mat „Kanner“ gemengt; woufir ass et sou wichteg, nieft de Mënscherechter nach extra Rechter fir Kanner ze hunn; wat steet an dësem Kontrakt; an ëm wéi eng Rechter genau geet et?
Wien ass iwwerhaapt mat „Kanner“ gemengt? Jiddereen, deen nach keng 18 Joer al ass, also virum Gesetz nach net erwuessen ass, ass vun der CRC betraff.
Woufir ass et sou wichteg, nieft de Mënscherechter nach extra Rechter fir Kanner ze hunn?
6
Fir datt Kanner a Jonker sech gesond entwéckelen a voll entfale kënne, brauche si eng besonnesch Opmierksamkeet a Schutz. D’CRC setzt de Kader fir genau dëst ze garantéieren: hei sinn d’Mindestufuerderungen dra festgehalen, déi noutwenneg sinn, fir datt Kanner a Jonker gesond an a Sécherheet opwuesse kënnen. De Kanner a Jonken hier ganz eege Bedierfnesser an Interessie ginn hei respektéiert.
Wat steet an dësem Kontrakt? D’CRC berout op 4 elementare Grondsäz (Entwécklung an Iwwerliewen, keng Diskriminatioun, Bedeelegung vun de Kanner a Jonken, Schutz vun hiren Interessien) a besteet aus 54 Artikelen, déi de Kanner hir Rechter festhalen. Si sinn alleguer d’selwecht wichteg a kee Recht dierf engem Kand oder Jonken ewech geholl ginn.
D‘Rechter kënnen a verschidde Beräicher ënnerdeelt ginn, wéi zum Beispill Schutz, Gesondheet, Famill, sozialt Wuelbefannen a Verpflichtunge vum Staat vis-àvis vun de Kanner a Jonken. Zousätzlech zum initialen Text sinn an de leschten 30 Joer nach 3 Fakultativprotokoller entstanen.
Ëm wéi eng Rechter genau geet et? An der Kannerrechtskonventioun steet zum Beispill, datt all Kand e Recht op eng Identitéit, en Numm an eng Privatsphär huet. D‘Konventioun seet awer och, datt kee Kand dierf diskriminéiert ginn, all Kand viru Gewalt geschützt muss ginn, an datt all Erwuessenen, - virun allem d’Elteren-, duerfir suerge muss, datt et de Kanner gutt geet. Mir stellen iech hei méi am Detail puer Rechter vir, déi besonnesch gutt an de Scoutissem passen, an déi eis all wichteg sinn: Artikel 12 Recht op Berücksichtegung vum Wëlle vum Kand Kanner a Jonker hunn d’Recht, hier Meenung fräi ze soen zu Allem, wat si betrëfft. Déi Erwuesse sollen hinnen nolauschteren a si eescht huelen. Artikel 13 Recht op Meenungs- an Informatiounsfräiheet Kanner a Jonker hunn d’Recht matzedeele wat si denken a fillen, sief et duerch schwätze, molen, schreiwen oder op eng aner Manéier. Dobäi dierf awer keen anere verletzt oder gekränkt ginn. Dës zwee Artikele gi bei de Scoute vum Beaver u geléiert an aktiv ëmgesat. Zesummegehéiregkeet a géigesäitege Respekt gi bei de Scoute ganz grouss geschriwwen an dozou gehéiert, datt een sech aktiv abréngen dierf, engem nogelauschtert gëtt a kee stoë gelooss gëtt.
Artikel 29 Recht op eng beschtméiglech Bildung Kanner a Jonker hunn d’Recht op eng beschtméiglech Bildung, sou datt si hier Perséinlechkeet, Fäegkeeten an Talenter vollstänneg entwéckele kënnen. Eng gutt Bildung erméiglecht et hinnen, hir Rechter ze kennen, verschidde Kulture kennenzeléieren an d’Ënnerscheeder tëscht de Mënschen ze respektéieren. Bildung kann och derzou bäidroen, d’Ëmwelt ze schützen an de Fridden ze erhalen. De Scoutismus ass eng Schoul fir d’Liewen. Mir vermëttele Wëssen iwwer d’Zesummeliewe mat aneren, d’Liewen an der Natur a bitt jidderengem d’Méiglechkeet, sech weider ze entwéckelen a säi Bescht ze ginn. E Scout hëlleft wéi a wou e kann a respektéiert déi aner a seng Ëmwelt. Artikel 31 Bedeelegung u Fräizäit, kulturellem a kënschtlereschem Liewen, staatlech Fërderung Kanner a Jonker hunn d’Recht op Fräizäit, Spill, kulturell a kreativ Aktivitéiten. An dëst ass genau dat, wat an de Scoute gemaach gëtt: schéi Momenter zesummen an der Fräizäit erliewen, nei Saache léieren, zesumme spille, bastelen, Konstruktioune bauen, op de Camp goen, nei Géigenden a Länner entdecken, sech mat Scouten aus der ganzer Welt austauschen an nei Erfarungen fir d’ganzt Liewe sammelen.
Weider Artikelen aus der CRC ginn am Deel „Respect-it“ virgestallt. Wann iech d’Kannerrechter interesséieren, an dir weider Informatiounen dozou wëllt hunn, da kënnt dir kannergerecht Versioune vum Text vun der Konventioun op de Websäite vum OkaJu http://www.ork.lu an der UNICEF Lëtzebuerg http://www.unicef.lu fannen. Och den Educatiouns-Ministère huet eng Websäit, wou dir Informatiounen zu de Kannerrechter hei zu Lëtzebuerg fannt: rechtervumkand.men.lu oder droitsdelenfant.men.lu
7
DenDossier
Respect-it D Respect-it Charte gëtt eis, als Jugendorganisatioun am Beräich vun der non-formeller Bildung, d’Méiglechkeet nach méi op d’Konformitéit vu Mënschen- a Kannerrechter anzegoen an e Bewosstsinn ze kreéieren wéi wichteg et ass, fir d’ Kanner a Jugendlecher ze schützen. D’Scout’smouvement soll all Jonken ermächtegen an him e Kader bidden an deem e sech ka fräi entwéckelen mat senge Matmënschen an dëst no sengen individuelle Besoinen a Fäegkeeten. D’Respect-it Ekipp, bestoend aus Benevolen déi a verschiddenen psychosozio-edukativen Beräicher schaffen an och externen Experten, gëtt et säit dem Joer 2014. Se huet eng Charte ausgeschafft, déi verschidde Punkte soll ënnersträichen fir dëse Kader ze ënnerstëtzen.
D’Charte besteet aus 8 Punkten an all Chef engagéiert sech mat senger Ënnerschrëft all Joers op e Neits :
8
•
dem Scout seng physesch, moralesch a psychesch Grenzen ze respektéieren
•
Aktivitéiten z’organiséieren déi op Vertrauen, Respekt a Bridderlechkeet opbauen.
•
e léierräiche Programm, deen en Challenge fir de Scout duerstellt, z’organiséieren an dobäi d’Sécherheet am A ze behalen.
•
dem Scout Wäerter virzeliewen an him eng gesond Liewensweis ze vermëttelen.
•
zu all Moment seng Responsabilitéit kënnen z’iwwerhuelen.
•
en oppenen an éierlechen Austausch mat den Elteren ze féieren.
•
en oppent Ouer fir de Scout ze hunn a net ewech ze kucken.
•
beduecht a vertrauensvoll mat perséinlechen Donnéeën a Medien ëmzegoen an
•
dës Prinzippien dem Scout mat op de Wee ze ginn.
*D’Cheffeverspriechen : “Ech verspriechen op Eier a Gewëssen, méng Charge am Geescht vum Scoutsgesetz, an am Sënn vun de Statute vun der FNEL voll a ganz ze erfëllen a bridderlech iwwert déi mir uvertraute Jongen a Medercher ze waachen.”
Esou kënnen déi Jonk hir emotional, intellektuell, physesch, sozial a spirituell Kompetenzen entwéckelen an zu responsabelen a selbstbewosste Membere vun eiser Gesellschaft eruwuessen. Eis Memberschaft ass multikulturell a mir setzen eis a fir gemeinsam Wäerter a Rechter. All Chef engagéiert sech duerch säi Cheffeverspriechen*, d’Kanner viru potentiell geféierleche Situatiounen ze schützen, a sech an ze setze fir e positive Changement an e séchert Ëmfeld. Doriwwer eraus gëtt um Niveau vun der Respect-It Ekip konstant un neie Ressourcen an Aktivitéiten geschafft fir och deene jéngste Scouten dësen Abléck an esou wichteg Thematiken ze erméiglechen. De Respect-it ass eng grouss Ressource a bitt virun allem eng Ulafstell fir Kanner, Elteren, Cheffen a Gruppen.
Ausserdem gehéiert dëse Projet och zum Kader “Safe from Harm” vu WOSM - World Organization of the Scouting Movement.
Am Beräich vun der Formatioun kréien di jonk Cheffen engersäits, déi wichtegst Besoin’en an Interête vum Kand a Jugendleche vermëttelt. D’Formatioun erméiglecht eise Cheffen e qualitativ héichwäertege Programm z‘organiséiere an domat, eise Beaver, Wëllefcher, Scouten, Explorer a Rover en altersgerechte Kader fir sech weider ze entwéckelen unzebidden. Op der anerer Säit ginn déi jonk Cheffen ab 16 Joer enk vun hire Formateure begleet a bei hirer Entwécklung duerch reegelméissegen an transparente Feedback zum selbststännege Chef ënnerstëtzt. Der Formatioun hir Ambitioun ass et eng nohalteg Vertrauensbasis tëschent den Tuteuren an de Kandidaten opzebauen; si ginn zur Ulafstell fir Suergen a Froen.
9
10
DenDossier
Méi léieren iwwert d’Rechter vum Kand mat der ONGD-FNEL Am Joer 2020 huet d’ONGD-FNEL un engem neie Sensibilisatiouns Workshop geschafft iwwer Kannerrechter. D’Sensibilisatioun fir Mënscherechter hëlt an onse Projeten am Nepal eng ëmmer méi grouss Wichtegkeet un. Dofir wëlle mer an dësem Beräich eng Aktivitéit zu Lëtzebuerg opbauen. Den Objektiv vun dësem Workshop ass, datt d’Kanner hir Rechter erkennenn a verstinn an esou och nodenken, wéi dëss Rechter an Entwécklungslänner wéi am Nepal applizéiert ginn. Iwwer de Wee vun der Konscht encouragéiert den Workshop d’Kanner, hir Bedürfnisser, hir Meenungen an hir Erliefnisser auszedrécken.
De Workshop riicht sech haaptsächlech u Jonker vun 8 bis 13 Joer (Wëllefcher a Scouten). E kann opgedeelt ginn an dräi Workshops vu jeeweils 2 Stonnen oder iwwert ee ganze Moien. Zéckt net de Büro vun der ONGD-FNEL ze kontaktéieren, wann dir mat ärem Grupp esou en Workshop wéilt organiséieren. Tel. : +352 26 48 04 41 Email : ongd@ongd-fnel.lu
De Workshop funktionéiert an 3 Deeler: •
Am éischten Deel geet et drëm méi iwwert d’Kannerrechter ze léieren. Déi Haaptrechter an hiren Uersprong ginn un Hand vu Filmer a verschiddene Spiller virgestallt.
•
Déi zweet Partie ass méi artistesch ausgeriicht. Mir hunn ons do vun onsem nepalesesche Partner « Right4Children » inspiréiere gelooss, dee scho säit Joren an den nepalesesche Schoulen mat engem Projet « Child rights through arts » schafft. Mir invitéieren d’Kanner, dat Recht oder Rechter, déi hinnen am wesentlechsten schéngen oder déi si am meeschten nodenken gedoen hunn, auszedrécken duerch eng Zeechnung, e Bild oder eng Collage
•
Am leschten Deel vum Workshop kritt all Kand d’Geleeënheet säi Wierk virzestellen an ze erklären wat et domat wëll ausdrécken. Da kënnen hir Biller mat de Biller verglach ginn, déi vun de jonken Nepalesen zum selwechten Thema realiséiert goufen. Bei dëser Geleeënnheet profitéiere mir fir Explikatiounen zu de Kannerrechter am Nepal ze ginn an zesummen iwwer d’Ënnerscheeder zu der Situatioun zu Lëtzebuerg ze diskutéieren.
11
DenDossier
D’Lag vun de Kannerrechter am Nepal Am Nepal representéieren déi jonk Leit ënner 18 Joer 40% vun der ganzer Bevëlkerung. Si ze schützen an an hir Zukunft z’investéieren ass deemno essentiell fir d’Zukunft vum Land. Et ass e bësse méi wéi 30 Joer hir, datt déi nepalesesch Regierung d’Konventioun vun den Vereenten Natiounen iwwer Kannerrechter ratifizéiert huet. Zënterhier ass den Taux net vun der Scolarisatioun an der Grondschoul vu 64% op ongeféier 97% eropgaangen. D’Geschlechter si quasi gläich vertrueden. D’Stierfrat vun Neigebuerenen, Kanner a Jugendlechen huet däitlech ofgeholl. D’Programmer a Servicer fir Kanner a vulnerabele Situatiounen si wesentlech verbessert ginn. Zënter der Erstellung vun der Verfassung am Joer 2015, huelen d’Aschreiwungen am Etat civil zou. Virdrun haten nëmmen 58% vun de Kanner ënner 5 Joer eng Identitéitskaart, wat en direkten Impakt op den Zougang zur Bildung an zur Gesondheet hat. Déi jonk Leit waren och net genuch geschützt géint fréit Bestueden, Ausbeutung a Mënschenhandel.
12
Trotz all dëse Fortschrëtter, bleift de Bilan am Nepal gemëscht an d’Kanner stinn nach viru villen Erausfuerderungen wat de Schutz vun hire Rechter ugeet. •
Den Taux de scolarisation an d’Ofschléissen vun engem Secondaire sinn nach schwaach.
•
Déif verwuerzelt gesellschaftlech Normen favoriséieren nach ëmmer Bestietnisser tëscht Kanner. D’Meedercher ginn an enger staark patriarchalescher Gesellschaft nach ëmmer benodeelegt. Wa si fréi bestuet ginn, riskéieren si och d’Schoul fréi ofzebriechen, fréi Kanner ze kréien an haislecher Gewalt ausgesat ze sinn.
•
Disziplin erzwéngen duerch Uwendung vu kierperlecher Gewalt gëtt a verschiddene Communautéiten nach vill ze oft praktizéiert.
•
D’Kanneraarbecht huet net ofgeholl. Déi national Zuelen informéieren, datt ee Kand op dräi vun deene 5-17jäeregen schafft.
•
Den Nepal bléift eng Dréischeif an en Zilland fir Mënschenhandel.
•
Trotz verschiddenen ëffentlechen Initiative fir de Sozialsystem ze verbesseren, feelt et nach un Hëllefsstrukturen an Investissementer op lokalem Plang fir vulnerabel Persounen, wéi z. B Prisonéier, krank Léit a Persounen, déi en Handicap hunn.
•
D’Kanner ginn nëmmen a begrenztem Mooss vun der Justiz geschützt.
On Youtube This movie is about a girl named Maina and her struggle to get a notebook so that she could do her school homework.
De wirtschaftlechen Impakt vun der Pandemie Covid-19 grad esou wéi d’Schléissung vun de Schoulen wärend 74 Wochen hunn onglécklecherweis bestëmmte Probleemer verschäerft, besonnesch um Niveau vun der Bildung an der Kanneraarbecht.
13
votre garant de qualité depuis 1969
www.provencale.lu
vew_modif-fnel-2.pdf 1 02/07/2019 09:39:02
ÉTÉ comme HIVER, vos plus belles C
vacances sont chez Emile Weber !
M
Y
CM
MY
CY
MY
K
14
Infotel: 35 65 75-1 – www.emile-weber.lu
AG FNEL 15.09.2021
o t o F e D bu m l A
Tea mbu il di
ng
15
Mon tée AT H ti o J a t o J
Mow glica 2
16
2021
H u n t Mi s ter X
Rover Produz en ten Tour
Rover Hu n t-i t
o t o F eD bum l A 17
o t o F e Dl b u m A E x p l o re r K
E u ro
18 18
a chdu ell
g r e i B e h c s e pä
DNews
Europäesche Biergerpräis 2020 Den 21. Oktober 2021 krute mir, zesumme mat den LGS, den Europäesche Biergerpräis 2020 fir eist Engagement wärend der COVID-19 Pandemie iwwerreecht. Den Europäesche Biergerpräis gëtt säit 2008 vum Europaparlament fir Projet’en an Initiativen iwwerreecht, déi positiv Valeuren an den europäesche Geescht widerspigelen.
Den 9. November krute mer dëse wichtege Präis och nacheemol zu Bréissel iwwerreecht, wou de Raoul Wirion eis als President vum SIL vertrueden huet. Och d‘Scouten aus Portugal a Kroatien kruten e Präis fir hiert Engagement. Dëst ass fir déi 1000 Lëtzebuerger Scouten, déi am Ufank vun der Pandemie Asaz fir hier Matmënsche gewisen hunn, eng grouss Wäertschätzung.
A Presenz vun eisem Chef Scout Guillaume, dem Chambersprésident Fernand Etgen, dem Europadeputéiere Christophe Hansen, der Presidentin vun de Scoutsparlamentarier Djuna Bernard an eise Frënn vun den LGS hu mer voller Freed dëse wonnerbare Mérite entgéint geholl. D‘ Ried vun eisem Chef Scout iwwert den Asaz, de Respekt an d’Solidaritéit vun de Scouten an och der Jugend war immens wäertschätzend an de Message: “Ech well iech alleguerten, Guiden a Scouten, e grousse Merci soen. Als Chefscout, als Ierfgroussherzog, mee virun allem als Lëtzebuerger Bierger” soll eis alleguerte motivéiere weiderhin eist Bescht ze maachen.
Solidaresch ze sinn a mat Leit deenen et manner gutt geet matzefillen, hinnen ënnert d’Äerm ze gräifen an heiansdo einfach mol fir een do ze sinn an nozelauschtere, sinn d’Basis vun enger fonctionéirender Gesellschaft an eng vun de Kärvaleure vum Scoutismus. Wärend der Kris ass op ville Platzen uechtert d’Welt Guddes geleescht ginn, dëst vu Scouten a vun NetScouten, a mir si frou datt eist Engagement mam europäesche Biergerpräis extra valoriséiert gëtt. De Präis ass allerdéngs sinnbildlech fir all d’Initiativen déi et gi sinn an déi beweisen datt en «Mateneen» méi schéin ass a méi bréngt wéi e «Jidderee fir sech»!
E grousse Merci geet un de Christophe Hansen deen eis nominéiert huet an de Bureau vum Parlement européen au Luxembourg fir déi flott Zeremonie!
19
Superscout 2021
POUR N ENTATIO L UNE A IM E ET LOCALE, LE SAIN VÉGÉTA ON DE SAIS PILLAGE S A G S ET SAN TAIRE. ALIMEN
Changeons ! Agissons ! Une cuisine simple, de tous les20 jours, mais durable.
DNews Asaz vun de Scoute beim Héichwaasser Wéi just virun der Summerpaus heftege Reen verschidden Dierfer a Stied zu Lëtzebuerg a Nopeschlänner iwwerschwemmt huet, hunn d’Scouten net laang gezéckt. D’Gummisstiwwelen an d’Händche goufen ugedoen, fir de Leit an den Iwwerschwemmungsgebidder ënnert d’Äerm ze gräife – an hei war et egal, wéi eng Faarf de Foulard hat – iwwerall hu lokal Gruppen opgeruff fir beim Raumen a Botzen eng Hand mat unzepaken.
Mowglica – 100 Joer Wëllef Dëse Summer huet d’Wëllefchersbranche endlech hire Centaire konnte feieren, a Form vun engem grousse Camp. Dësen huet 2020 leider net konnte stattfannen, ëmsou méi frou waren d'Wëllefcher, hier Cheffen an dee ganze Staff fir no villen Programmännerungen, Ofsoen an verschiddene Konzepter op Déifferdeng ze kommen fir do vum 20. – 27. Juli e flotte Camp ze verbréngen. Ganzer 200 Kanner, 50 Cheffen a 25 Leit Staff konnten dank dem CoVidCheck mol rëm endlech en halbwegs normale Camp erliewen. D‘Participant’en wéi och d’Cheffen hunn eng onvergiesslech Zäit op verschiddenen Aktivitéiten uechtert de Süde vum Land verbruecht an e ganze Koup nei Frëndschaften geschloss. An trotz heftegem Reen op der Ofschlosszeremonie: A Scout smiles and whistles under all circumstances.
World Scout Foundation Op dem 72. Board Meeting vun der World Scout Foundation zu Stockholm huet eise Chef Scout, den Ierfgroussherzog Guillaume, d’Positioun vum President vun der World Scout Foundation fir déi nächst 2 Joer ugeholl. Dëst an der Presence vum Kinnek Carl XVI. Gustaf vu Schweeden, den Éierepresident vun der World Scout Fondatioun säit 1977. D’Weltscoutsfondatioun ënnerstëtzt d’Entwécklung vun dem Scoutismus weltwäit a vill verschiddenen Initiative, fir d’Valeuren an de Message vun de Scouten no baussen ze droen. Mir sinn immense houfreg, dat eise Chef Scout des Missioun an Ënnerstëtzung vum weltwäite Scoutismus ugeholl huet, a kënnen d’Wichtegkeet net besser ausdrécken, wéi mat dem Ierfgroussherzog sengen eegene Wieder: « As we slowly come out of the pandemic, it is crucial to provide youth with opportunities. I am all the more proud to serve world scouting by taking on this new responsability.»
21
22
DenInternational
Weltkonferenz & Jugendforum Vum 18.-22. August war de YouthForum , wou Jonker aus der ganzer Welt iwwert den Dräijoeresplang vu WOSM diskutéiert hunn an hir Ideeën a Bedenke festgehalen hunn. Dëse 14te World Scout Youth Forum, mat 700 Participant‘en ass wichteg, well hei jonk Scouten d’Méiglechkeet kréien, hir Stëmm anzesetze fir d’Ziler vum WOSM mat ze diskutéieren. Et goufen och 6 nei Youth Advisors gewielt, déi de Weltcomité vu WOSM mat den Ideeën a Bedenke vun de Jonken ënnerstëtze sollen. Vum 25. Bis 29. August war d’Weltscoutskonferenz online. D’FNEL, zesumme mat de LGS, hunn als Scouting in Luxembourg gemeinsam vu Kandersteg aus un der 42. Welt Scouts Konferenz deelgeholl. Wéinst der Pandemie ass des Konferenz online ofgehale ginn, wat awer keen dru gehënnert huet, wichteg Sujet’en unzeschwätzen an d’Welt vum Scoutismus erëm méi no beieneen ze bréngen. 2.300 Participant’en hunn doheem oder als joint venture mat aneren Länner virun hire Bildschiermer deelgeholl an dat aus 170 verschiddene Scoutsorganisatiounen. Et war déi gréisste Welt Scouts Konferenz an der Geschicht vu WOSM an déi éischt virtuell Konferenz. Mer hunn zeréckgekuckt op d’Resultater an d’Projet’e vun de leschte 4 Joer, säit der leschter Weltkonferenz zu Baku (Azerbaijan) an Ziler fir den DräiJoeresplang 2021-2024 festgeluecht. D’Scoutsmouvement ass säit 2017 gewuess an de kollektive Support vu ville Scoutsorganisatioune wärend der Pandemie an awer och den Emwëltkatastrophen ass ervirgehuewe ginn. 3 nei Scoutsorganisatiounen (Solomon Islands, Afghanistan a Vietnam) sinn elo säit 2021 Member vu WOSM an esou ziele mer elo 172 Memberorganisatioune mat 57 Millioune Jonken duerch d’Welt. Et gouf en neie Weltcomité gewielt, mam Andy Chapman (USA) als Chair an d’Sarah Rita Kattan (Libanon) an den Jo Deman (Belge) als Vice-Chair vum neie Weltcomité 2021-2024. Am Triannial Plan vun 2021-2024 geet et vill ëm Safe from Harm, wat och bei eis an der FNEL e ganzt wichtegt Thema ass, sou dass Jonker an engem sécheren a positiven Ëmfeld wuesse kënnen. Och wäerte mer eis an den nächste Joere verstäerkt mam Klima- an Ëmweltschutz befaassen an och d’Jugendparticipatioun weider fuerderen fir de Jonken nach méi Méiglechkeet ze ginn, dass hier Stëmm geheiert gëtt. D’Djuna Bernard, Vice-Chairperson vun der 42. Weltscoutskonferenz an eemolegen IC vun der FNEL, huet dat resuméiert, wat mer all geduecht hunn: “Scouting is about empowerment, intercultural learning, and building bridges within our own communities and around the world. During the 42nd World Scout Conference, Member Organizations made key decisions that will guide the Scout Movement for the next triennium. This event has been truly inspirational to see us come together virtually to shape the future of Scouting for years to come.”
23
ZesummeWuessen
Gruppen hu JO gesot Säit 2017 stoung d’Entwécklung vun der Strategie an der FNEL ënnert dem Motto „Zesumme Wuessen.“ Mir hunn deemools analyséiert, wisou verschidde Jonker dem Scoutismus de Réck zoudréinen a wollten deem Trend entgéintwierken. Esou goufen eis Programmer wärend de leschte 4 Joer nei opgeschafft, et gouf gekuckt wat d’Gesellschaft an d’Kand an de Jugendleche vun haut brauch. Verschidde Sujet’e si fortgefall an nei Sujet’e si bäikomm, fir esou e modernen an en ugepasste Programm fir jiddereen unzebidden. An op der Assemblée Générale 2021 zu Foulscht (organiséiert vun de Rammerecher Fräschen) gouf de Projet « Zesumme Wuessen » mat enger grousser Majoritéit vun de Gruppen ( > 80% ) gestëmmt. An esou huet d’FNEL säit deem Owend adaptéiert Programmer an ugepassten Altersstrukturen!
De Message vum Scoutismus bleift natierlech deen nämlechten an d’FNEL steet ëmmer nach fest hannert hire Wäerter: Spiritualitéit, Solidaritéit, Onofhängegkeet, Laïzitéit, Toleranz an Demokratie. Just goufen de Programm ëm nei Inhalter an Aktivitéite beräichert, woubäi d’Aventure, den Zesummenhalt an d’Erfarungen ëmmer nach op éischter Platz stinn. Et gouf sech u verschidde Modeller vu WOSM, un de Sustainable Development Goals vun de Vereenten Natiounen an awer och den Ideeën an der Demande vun den aktive Cheffen orientéiert. De Branchenalter gouf bei de Scouten ëm 1 Joer reduzéiert (11-13) an d’Explorer hunn eng ganz nei Altersstruktur: vu 14-15 erlieft een elo 2 gefëllte Joer voller Action a Scoutstechniken. Vun 16-21 ginn eis Rover op Trapp gehalen, mat nationalen, wéi och internationale Projeten, wou si sech engagéiere kënnen an och zesummen an hirem Clan nei gréisser Ziler kënnen ugoen.
24
Ganz nei ass d’Branche iwwer 22 Joer, d’Tembosbranche soll all Scout iwwer 22 Joer uschwätzen an hinnen en Netzwierk ginn, wou si sech engagéiere kënnen, ouni Chef ze sinn. Et geet ëm d’Weiderentwéckele vu Wëssen a Kënnen, d’Ausbaue vu Frëndschaften an einfach zesumme, mat Foulard onvergiesslech Erënnerungen ze erschafen.
DFondation AGGL-FNEL
Home RIPPIG Do hate mer dach gemengt mir hätten eisem Home Rippeg eng nei Zukunft fonnt!! 2020 hat den ONA säin Interêt um Terrain vu Rippeg matgedeelt. Am Juli 2020 souze mer zesummen op der Gemeng Bech: de Buergermeeschter an 2 Schäffen, Vertrieder vum ONA mat engem Architekt fir en avant-projet virzestellen a Vertrieder vun der FAF. Dem ONA säi Projet fir eng Struktur fir 40 Flüchtlingen z’etabléieren ass op Ufro vun der Gemeng op 28 Persounen / 6 Familljen erof geschrauft ginn. Virgesi war dass de Staat den Terrain kafen oder pachte géing, de bestoenden Home ofrappen an adaptéierte Wunnraum fir d’Flüchtlinge géing opriichten. An der Ausschaffung vun hirem PAG hat d’Gemeng een Deel vun onsem Terrain an eng Zone Hab-1 ëmklasséiert. Fir dësen neie Projet sollt des Zone dann awer an eng Zone BEP (Zone de bâtiments et d'équipements publics) ëmklasséiert ginn. D’Gemeng huet do keen Problem gesinn an huet sech bereet erkläert mat op dëse Wee ze goen. Et ass och ënnerstrach ginn wéi gutt d’Flüchtlingen sech bis elo an d‘Duerfgemeinschaft agefüügt hunn (mir hunn ëmmerhin zënter 1998 Flüchtlingen do wunne gehat). Mat dëse positiven Aussiichten huet den ONA an d’FAF de Projet an hir jeeweileg Instanzen matgeholl fir ze kucken wéi dat konkret soll weidergoen. Fir eis war d’Fro: Verkafen oder en droit de superficie mat engem fixe Joresakommes? Den CA huet sech fir déi zweet Versioun entscheet an et dem Comité d'acquisition vum Finanzministère matgedeelt. Am Mäerz 2021 krute mer eis Propose confirméiert an engem Projet de convention, ënnert der Konditioun dass den Terrain vun Zone Hab-1 an Zone BEP ëmklasséiert gëtt. Super! Ma dunn am Summer d’Noriicht: neen d’Gemeng Bech ass net méi averstane fir den Terrain ëmzeklasséieren... Lo si mer dann also erëm an der case départ! Wëssentlech datt héchstwarscheinlech och privat Interessenten fir eisen schéine Südhang zu Rippeg gëtt, musse mer eis awer d’Fro stellen ob mer dat iwwerhaapt wéilten. Eisen éischten Chalet, e Scoutschalet, sollt deen net eng aner Ausriichtung kréien, eng déi eisem Scoutsgeescht an eise Valeuren entsprécht ... ? Mir bleiwen elo mol op fir all Demande vun engem sozialen Acteur deen eppes mat de bestoenden Konditiounen ufänke kéint.
25
DFondation AGGL-FNEL
Misärshaff Mir waren deck erliichtert wéi mer eis Geneemegung fir ze zelten erëm bis d‘Joer 2028 verlängert kruten. Trotz Corona war eisen Zenter vill gefrot dëse Summer. De Pow-Wow konnt zwar net ewéi geplangt do uewen ofgehale ginn wëll et net kompatibel war mat den Oploen déi mer dee Moment nach vum Ëmweltministère haten, ma och an deem Dossier sinn elo no villen Concertatiounen tëschent Ëmweltministère, FNEL an LGS, gemeinsam Richtlinnen ausgeschafft ginn mat deenen eisen Haff weiderhi liewe kann. D’Terrasse ass elo ersat an ass deemno erëm stabil a sécher. D’Bamplanzaktioun déi den 20. November virgesinn war huet leider missen op den 9. Januar 2022 verluecht ginn well d’Beem net mat Zäiten ukomm sinn. Zanter dem 4. Dezember stinn elo 18 nei Beem um Site an domadder si mer dann och un de Limitten vun der Bambeplanzung ukomm! Deen 4. Dezember war dann och nach eng ganz Equipe deck beschäftegt fir massiv ze botzen, ze flecken, futtis Luuchten ze ersetzen etc. Eng 13 Leit waren do am Asaz!! E spezielle Merci de Rammericher Fräschen an de Loups blancs fir hiren effikassen Asaz. An dann nach eng grouss Ännerung déi usteet: ab dem 1. Februar stinn eis aktuell Gardien’en vum Misärshaff d’Sarah Cattani an den John Taye eis net méi zur Verfügung! Domadder ass de Poste vum Gardien Misärshaff erëm disponibel! E weideren Posten dee mer deemnächst ze besetzen hunn ass dee vum Tresorier vun der Fondatioun AGGL-FNEL. Also: wann s du interesséiert bass un engem vun dësen interessanten, villsäitegen a relationalen Posten an enger flotter Ekipp - da mell dech beim Philippe Berscheid op philippe@fnel.lu
Gardien um Haff
26
wär dat eppes fir dech?
Le pot-au-feu………. ……..se rapportant au patrimoine de notre fédération.
Pit Am « DeScout » N°589 hu mer iech mat Tréinen an den Aen matgedeelt dass de Pierrot Matagne sech zeréck gezunn huet aus der FAF.
hien d’Saachen ugepaakt, ëmmer am Sënn vum Wuel vun der FNEL an trei zu hire Prinzippien a Wäerter. Seng Rou a Gemittlechkeet si seng Mierkmoler.
An elo an der N°591 muss d’FAF Abschid huele vun engem aneren Dinosaurier aus der FNEL : de PIT Dolizy
Elo ass eng Ära op en Ënn, fir eis – a fir de Pit.
Mir kënne wuel de Pit net als „Patrimoine“ vun eiser Federatioun ugesinn, an dach........ Et gëtt der wuel wéineg an der FNEL fir déi de Pit net einfach „Bestanddeel“ vun der FNEL ass. Säit dem 1. Mee 1978 steet en am Fichier vun der FNEL. Engagéierte Scout/Chef bei de Kiewerleken. Vun 1984 un huet en sech als Formateur agesat. Et ass kee Camp oder Pow-Wow ofgelaf wou en net derbäi war. Natierlech war en derbäi fir d’ONGD-FNEL ze grënnen, 75 Joer FNEL ze feieren, 100 Joer Weltscoutismus, 100 Joer FNEL, de FNEL’s Home an der Hollerecher Strooss ze vergréisseren, de Misäershaff un d‘rullen ze kréien, den neien FNEL‘s Home um Fetschenhaff ze plangen a mat Liewen ze fëllen, bei der Fusioun AGGL-FNEL an esou Villes méi. Bis 1991 war dem Pit säin Asaz, esou wéi bei all de Scouten, am Benevolat. Ma d’FNEL huet dréngend e Permanent gebraucht, fir de sëllegen Tâchen no ze kommen an do war de Pit genau de richtege Kandidat. Den 1. September 1991 ass en vun der Amicale des Anciens Guides et Scouts Luxebourgeois (AAGSL) agestallt ginn an huet sech vun do un net nëmmen als Permanent, ma och nach als Benevole voll a ganz dem Scoutismus vun der FNEL hi ginn.
Dat wat bleift, ass eng wonnerbar gemeinsam Zäit, vill Frëndschaft, Laachen, Schweessen, Plangen, Ëmsetzen, Feieren... De Pit hannerléisst eis e bemierkenswäerte „Patrimoine“ (an all sengen Hisiichten), d’Virbild vun engem Scout duerch an duerch. An iwwregens, den Titel „Le Pot-au-feu“ ass e leschte Leg vum Pit un den „DeScout“ A wat hannerloosse mir dem Pit? Mir hoffen, denken: en onvergiesslechen, eemolegen Job an eng grouss Famill. Mir wënschen dem Pit: seng Pensioun ze genéissen, an endlech Zäit ze hu fir déi Saache fir déi bis elo keng oder net genuch Zäit war.
DePit
MERCI PIT Mir bleiwen am Kontakt
Gott sei Dank hat de Pit niewent sech eng ganz engagéiert an nosiichteg Fra. Merci Margot!!! 30 Joer genau, bis den 1. September 2021 war de Pit eise Permanent, eise Secrétaire général (vu 2001 un)eis gutt Séil, eis Memoire, eise “Kumpel“. Keen Dossier war em ze komplizéiert, keng Demarche ze vill beschwéierlech, keen Asaz ze ermiddend, kee Ministère oder Minister onerreechbar. Zielstrebeg, gewëtzt, pragmatesch, kreativ an haaptsächlech – ganz mënschlech/positiv huet
27
eng Scouts Karriär
DONGD-FNEL Projet 022 Formation des femmes Musahar à la couture et à l’art Mithila avec SAATH Avec le soutien de l’ONGD-FNEL, SAATH a formé 67 femmes de la communauté Musahar depuis 2019, soit à l’art Mithila, soit à la couture. L’art Mithila est originaire de cette communauté et est utilisé depuis des générations par les femmes pour décorer leurs maisons au moment des festivals. Ces peintures sont naïves et très colorées, et représentent des animaux, des divinités hindoues ou des scènes de la vie quotidienne. Avec ces deux formations combinées, les femmes formées à la couture pourront produire des vêtements et pièces en textile qui seront ensuite décorés par les femmes formées à l’art Mithila. Les pièces seront ensuite vendues dans leurs propres petites entreprises locales ou par Danfe Works, l’entreprise sociale de SAATH.
Le projet a pour objectif d’autonomiser les jeunes femmes locales en leur donnant les capacités d’être indépendantes dans leur propre communauté, financièrement capables et jouant un rôle actif dans la prise de décision.
Notre partenaire SAATH viendra au Luxembourg en 2022 pour partager le témoignage des bénéficiaires dans le cadre de nos actions d’éducation au développement. Budget du projet : 251 878€ de 2019 à 2023.
28
Projet 021
Projet 017
Création d’un logiciel d’alphabétisation avec OLE Népal
Encadrement social et scolaire des enfants de prisonniers avec Prisoners Assistance Nepal
Il existe plus d’une centaine de dialectes au Népal, qui sont souvent la langue maternelle des enfants. Selon un rapport récent, 34% des élèves de 2ième année et 19% des élèves de troisième année ne peuvent pas lire un seul mot de népalais. Notre projet avec OLE Nepal a pour but de concevoir et développer un logiciel en ligne qui permettra aux enfants d’améliorer leurs compétences en lecture et compréhension du népalais. La plateforme regroupe des jeux, des histoires illustrées et des animations audio-visuelles, afin de décoder des phrases et des mots, apprendre du vocabulaire et former des mots à partir de lettres. Les enfants peuvent également apprendre l'alphabet, écouter les sons et être guidés sur la façon d'écrire les lettres. Le contenu sera ensuite disponible gratuitement en téléchargement sur le site et pourra être utilisé dans toutes les écoles népalaises.
Au Népal, il n’existe pas de structure publique de protection sociale qui prenne en charge les enfants dans le cas où leurs parents seraient placés en prison. Prisoners Assistance Nepal a été fondé dans le but de fournir aux enfants de prisonniers un accueil et un cadre familial et stable, en attendant la réinsertion de leurs parents ou leur indépendance. Avec ce projet, nous soutenons 80 enfants dans des Homes d’accueil où il reçoivent un soutien médical, psychologique, alimentaire et une éducation de qualité adaptée à leurs besoins spécifiques. Nous soutenons également 3 garderies au sein des prisons, pour les enfants de prisonniers trop petits pour être séparés de leur mère. Budget du projet : 335 354 € de 2019 à 2023.
Budget du projet : 150 074 € de 2019 à 2023.
Pourquoi soutenir l’ONGD-FNEL ? Donner à l’ONGD-FNEL, c’est soutenir l’éducation des enfants défavorisés au Népal, levier de développement dans un des pays les plus pauvres.
29
DeKommentar allen Alteren « ... Dass vill Leit vun schaffen an ach Sa er dd gu r un enge nn! » hu ss aa Sp dobai mega vill
« ... Natu
Clair e
r ver b onn
Scout b ei den Eechterno acher Q ua ic
CHEID Anne- Carol ine BERS Gruppechef bei den hlecken Eechternoacher Quaic
enhe et »
hlecken
“Wat ass fir mech an de Scoute wichteg?” « ... Ze sum
menhalen
» « ... Frën
P it G. i den E xplorer be ken er Q uaichlec ch oa rn te Eech
Ee
« ... Jugend
Max
Toni i den ve Bea r be lecken Q er uaich chternoach
aarbecht »
Tembo bei de n Eechternoa cher Q uaichl ec
De Micro war dës Kéier bei den Eechternoacher Quaichlecken um Tour.
dschaft »
ken
« ... Zesummenhalt » Charlotte Chef bei den Eechternoacher Quaichlecken
« ... Gemeinschaft » Oli Tembo bei den Eechternoacher Quaichlecken
30
« ... Abenteuer » Pit S. Explorer bei den hlecken Eechternoacher Quaic
Proud to play our part We sponsor the “Kankan Digital Village” in Guinea established in collaboration with SOS Villages d’Enfants Monde. Since 1964 LUXEMBOURG l HONG KONG Elvinger Hoss Prussen www.elvingerhoss.lu
NEW YORK Elvinger Sàrl PLLC www.elvinger.us
L’assurance qui s’adapte à mon style de vie
MA VIE. MON STYLE. MON ASSURANCE. Vous possédez le dernier smartphone à la mode et vous aimez les nouvelles technologies ? Avec mozaïk, choisissez les garanties adaptées à votre style de vie et profitez d’une assurance flexible et évolutive pour protéger vos appareils nomades, chez vous et ailleurs. Rendez-vous sur mozaik.lu ou chez votre agent Foyer.
Agence Principale d’Assurances 13, av. Lou Hemmer L-5627 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1 greter-schumacher@agencefoyer.lu
Produit distribué par Foyer Assurances S.A., 12 rue Léon Laval, L - 3372 Leudelange