
12 minute read
› 13. DENDOSSIER
Ech wëll e gudde Beaver ginn, deelen, ëmmer fläisseg sinn.
Ech versprieche, mäi Bescht ze man, fir e gudde Wëllefchen ze ginn an all Dag engem eng Freed ze man.
Advertisement
Ech versprieche, mäi Bescht ze dinn, fir meng Flichte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer z’erfëllen, fir no onse Prinzipien vum Scoutissem ze liewen a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt.
CHEFFEN FORMATION
Ech verspriechen op Éier a Gewëssen, FNEL meng Charge am Geescht vum Scoutsgesetz, an am Sënn vun de Statute vun der FNEL voll a ganz z’erfëllen a bridderlech iwwert déi mir uvertraute Jongen a Meedercher ze waachen.
DenDossier
Verspriechen
Dat wat d’Scoute matenee verbënnt, op a senger Branche, a sengem Grupp, a senger Scoutsfederatioun mee och weltwäit, ass d’Scoutsverspriechen. D’Scoutsverspriechen ass ee vun de Kärelementer vun der Wäerteerzéihung déi mir am Scoutismus an eiser non-formaler Bildung vermëttelen.
Wat ass e Verspriechen?
Mat engem Versprieche verflicht e Scout sech géintiwwer engem oder méi aneren eppes ze maachen oder z’ënnerloossen. Et ass also eng Ausso déi de Scout un een oder méi Leit bënnt.
E Scout engagéiert sech domat fräiwëlleg vis-à-vis vu sech an deenen aneren, vu senge Frënn bei de Scouten, am Grupp, bei der FNEL, zu Lëtzebuerg, an an der Welt. E Scout deen d’Verspriechen net anhält, gëtt net bestrooft, mee steet domat ganz eleng virun all senge Frënn an och viru sech selwer.
Wat heescht “Mäi Bescht ze dinn”?
Jiddereen ass verschidden, huet méi oder manner Méiglechkeeten oder Kraaft fir eppes ëmzesetzen. Mir sinn och net perfekt, mee jidderee versicht aus sech dat Bescht erauszehuelen, eventuell esouguer iwwert sech eraus ze wuessen, an da steet en domat gutt virun all senge Frënn a viru sech selwer.
Mir sinn all Membere vun enger Gesellschaft: eisem Land, der Europäescher Unioun, der Mënschheet als Ganzt. Do hu mir Verflichtungen, z.B. Gesetzer, Reegelen anzehalen, di eis erlaben zesummenzeliewen. Mee all Gesellschaft ass eppes Lieweges, dat sech verännert. Do kënnen a sollen all Membere vun deeër Gesellschaft matmaache fir di Ännerungen ze gestalten, well et ass jo hir Gesellschaft.
Och de Scout soll versichen, sech an der Gesellschaft z’engagéieren an d’Scoutswäerter anzebréngen, a sech net einfach passiv matrappen ze loossen.
Wat heescht „ Meng Flichte géintiwwer mir selwer z’erfëllen“ ?
All Mënsch kann u sech schaffen, bäiléieren, sech verbesseren, well mir hunn an eis vill Fähegkeeten, déi mir ganz oft ongenotzt loossen. Déi kënne mer gebrauche fir un eis ze schaffen, eis Eegestännegkeet ze vergréisseren, eis Perséinlechkeet ze stäerken an esou besser ze liewen. Mir solle versichen eis doriwwer kloer ze ginn, dobäi kann a soll de Scoutissem eis hëllefen.
All Mënsch, a besonnesch di Jonk, stellt sech och Froen iwwer d’Liewen, den Doud, d’Universum an d’Existenz oder d’Nëtexistenz vun enger Muecht di iwwer all deem steet. Well mer eis di Froe stellen, solle mer eis och domat ausenaner- setzen. Dat maache mer och bei de Scouten.
Mee mir gi bei der FNEL keng Äntwerten op déi Froen, well déi jidderengem iwwerlooss sinn, esouwäit wéi se net géint d’Scoutswäerter verstoussen.
Fir eis Flichten z’erfëllen ass et méi einfach Prinzippien a Wäerter ze hunn, di eis de Wee weisen, wéi mer dat kënnen erreechen. Di Prinzippien a Wäerter sinn am Scoutsgesetz, Scoutsverspriechen a Charte FNEL festgehalen. Et sinn einfach Reegelen, di mer am Alldag liicht kënnen ëmsetzen.
Wat heescht „Mech mat iech zesummen anzesetze fir eng besser Welt“ ?
Mir stinn net eleng do mat eisem Verspriechen. Mir deelen et mat all de Scouten, vun eisem Grupp, eisem Land, der ganzer Welt. De Scoutissem wëll, dass mir d’Scoutswäerter zesumme mat all eise Bridder a Schwësteren op der ganzer Welt ëmsetzen. De B.P. sot 1937 um Jamboree zu Vogelenzang (Holland): Go throughout the world, make friends together. De Scoutissem kritt säi ganze Sënn doduerch, dass en en internationale Mouvement ass. Nëmmen esou kann e säin eigentlecht Zil och erreechen: Try to leave this world a little better than you found it. Jidder Eenzele vun eis a mir all zesummen, kënnen dozou bäidroen, d’Welt e bësse besser ze verloosse wéi mer se virfonnt hunn. Dat war de Message vum B.P. un d’Scoute vun der ganzer Welt.
Photos © Jean-Pierre POUTEAU 2019
8

Por mi honor prometo hacer cuanto de mi dependa para: * Cumplir mis deberes para con Dios y la Patria, * Ayudar al projimo en toda circunstancia y * Cumplir fielmente la Ley Scout. On my honor, I promise that I will do my best: To do my duty to God and the country, To help other people at all times and To obey the Scout Law
On my honor I will do my best to do my duty to God and my country and to obey the Scout Law; to help other people at all times; to keep myself physically strong, mentally awake, and morally straight.
DenDossier
Versprieche weltwäit
Ich verspreche, mein Möglichstes zu tun, um... … mich immer von neuem mit dem Pfadigesetz auseinander zu setzen, … nach dem Sinn und Ziel meines Lebens zu suchen, … mich in jeder Gemeinschaft einzusetzen, in der ich lebe (Im Vertrauen auf Gott und) Zusammen mit euch allen, versuche ich, nach diesem Versprechen zu leben.

I promise to do my best, to do what I have to do towards Allah, then my country, then my Amir. And to help people in all circumstances and to obey the Scout Law. On my honour, I promise To do my best, To be true to my spiritual beliefs, To contribute to my community and our world, To help other people, And to live by the Scout Law.
On My Honour, I promise that I will do my best to: Fulfill my obligation to God and the Republic of Indonesia, and to obey Pancasila Help other people and get involved in community building Obey the Scout Law.

DenDossier
D’Scouten hu sech eng MISSIOUN ginn
De Scoutissem huet als Missioun, mam Wäertesystem ewéi en am Scoutsverspriechen an am Gesetz festgehalen ass, zu der Erzéiung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen, mat Leit, déi sech fräi entwéckelt hunn, a prett sinn, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen. An fir déi ze erfellen, vermettelt d’FNEL Wärter a Prinzipien duerch eis Scoutsmethod:
Wäerter a Prinzipien
Spiritualitéit
All Mënsch denkt, huet Gefiller a Wäerter, ass sech senger Individualitéit bewosst a stellt sech Froen iwwert sech a seng Welt. D’FNEL respektéiert déi Dimensioun vum Mënsch a nennt se seng Spiritualitéit. Mir wëllen déi Dimensioun an eis, esou wéi an deenen aneren, entdecken, respektéieren a weider entwéckelen.
Solidaritéit
Mir sinn ee fir deen aneren do, d’Hëllefen ënertenee gëtt gefuerdert, a mir engagéiren eis an nationalen ewéi an internationalen Hëllefsprojeten.
Onofhängegkeet
D'FNEL steet zu den demokratesche Grondwäerter, ass politesch onofhängeg an encouragéiert jidder Eenzelen sech seng eege Meenung ze bilden an zu senger perséinlecher Iwwerzeegung ze stoen. De Scout soll kritesch si vis-à-vis vu gesellschafts- politesche Froen, op si fir nei Iddien an sech géint mënsche- veruechtend Tendenze wieren.
Laïzitéit
D’FNEL ass e laïzistesche Mouvement. Mir léiere moralesch an ethesch Wäerter op der Basis vum fräien Denken a vu géigesäiteger Toleranz. Philosophesch a reliéis Iwwerzeegungen si jidder eenzelem perséinlech iwwerlooss.
Toleranz
Duerch d’Zesummeliewen am Grupp si mir tolerant ee vis-à- vis vun deem aneren. Duerch international Aktivitéiten entsti Frëndschaften an Oppenheet géintiwwer anere Kulturen.
Demokratie
Mir sinn demokratesch, jiddereen däerf a soll matschwätzen.
Scoutsmethod
Learning By Doing
Duerch Selwermaachen léiert e Scout seng Talenter a Fähegkeeten entwéckelen, an engem dem Alter ugepasste Programm. E léiert sech an all sengen Dimensiounen, Kierper, Geescht a Charakter kennen. Heibäi hëllefen him Virbiller an d’Léiren aus Feeler, perséinlech Fortschrëtt ze maachen. Een Deel vun der Method Learning by doing ass d’Spill.
Natur
Duerch d’Spill an d’Liewen an a mat der Natur, léiere mir eis Roll am Eco-System verstoen. Mir gi vu Klengem u geléiert, d’Natur ze respektéiren an eis aktiv fir d’Ëmwelt z’engagéieren.
Zesummeliewen
D’sozial Dimensiounen erliewe mir am klenge Grupp. Jongen a Meedercher erliewe bei eis de Scoutissem an engem gemeinsame Programm. Jonk an Al schaffen am géigesäitege Respekt mateneen a profitéire vun den ënnerschiddlechen Iddien, Erfarungen an Opfaassungen. Doduerch si mir e staarke Mouvement, deen ni stoe bleift.
Selbstännegkeet
De Scoutissem bidd d’Méiglechkeet, Selbststännegkeet z’entwéckelen an Entscheedungen mat ze treffen.
„SPIRITUALITY MEANS GUIDING ONE’S OWN CANOE THROUGH THE TORRENT OF EVENTS AND EXPERIENCES OF ONE’S OWN HISTORY AND OF

THAT OF MANKIND“ (Lord Baden-Powell of Gilwell)


DenDossier
De klenge Prënz
Dee fënnefte Planéit war e ganz komeschen. T war dee klengste vun en all. T war just Plaz genuch fir eng Lanter an e Lantermännchen. De klenge Prënz konnt sech net erklären, firwat et iergend anzwousch um Himmel, op engem Planéit ouni Haiser an ouni Leit, eng Lanter an e Lantermännche géif. En huet sech awer gesot: “Dee Mann ass vläicht e wéineg verréckt. Mä en ass bestëmmt net esou verréckt wéi de Kinnek, de Geck, de Geschäftsmann oder de Sëffer. Seng Aarbecht huet op d’mannst e Sënn. Wann e seng Lanter ufänkt, dann ass et, wéi wann en neie Stär gebuer géif, oder eng Blumm. Wann en d’Lanter nees ausmécht, da geet d’Blumm oder de Stär schlofen. T ass och wierklech nëtzlech, well et schéin ass.” Wéi en op deem Planéit ukoum, huet en de Lantermännche ganz héiflech begréisst : « Gudde Moien! Firwat hues de d’Lanter lo just ausgemaach ? » « T ass Virschrëft », sot de Lantermännchen. « Gudde Moien! » « Wat ass dat, eng Virschrëft ? » « D’Lanter auszemaachen. Gudden Owend ! » Iwwerdeems huet en se nees ugefaangen. « Firwat fänks de se nees un ? » « T ass Virschrëft », huet de Lantermännche geäntwert. « Dat verstinn ech net”, sot de klenge Prënz. « Do ass och näischt ze verstoen. Virschrëft ass Virschrëft. Gudde Moien! » Dobäi huet en d’Lanter nees ausgemaach an sech duerno d’Stier mat engem routkaréierten Duch ofgebotzt. “ Ech hunn e schreckleche Beruff. Fréier goung et ganz normal hei zou. Mueres hunn ech d’Lanter ausgemaach, an owes hunn ech se nees ugefaangen. Fir de Rescht vum Dag konnt ech raschten, a fir de Rescht vun der Nuecht konnt ech schlofen …” “An zënterhier huet d’Virschrëft geännert?” “Dat ass et jo! D’Virschrëft huet eben net geännert”, sot de Lantermännchen. “Mä de Planéit huet sech vu Joer zu Joer méi séier ronderëmgedréint, an d’Virschrëft ass déi selwecht bliwwen.” “Jo, an?”, sot de klenge Prënz. “Majo, lo wou e sech en enger Minutt ganz ronderëmdréit, hunn ech keng Sekonn méi Rou. All Minutt maachen ech d’Lanter eng Kéier aus an un.” “Da’s awer komesch! Dann dauert bei dir en Dag jo nëmmen eng Minutt!” “Dat ass guer net komesch”, sot de Lantermännchen, “mir schwätze lo schonns e ganze Mount mateneen.” “E ganze Mount?” “A jo! Drësseg Minutte sinn drësseg Deeg! Gudden Owend!” En huet d’Lanter nees ugefaangen. De klenge Prënz huet dem Lantermännchen nogekuckt an hat e gär, well deen sech esou exakt un d’Virschrëft gehalen huet. En huet sech un déi Sonnenënnergäng erënnert, déi hie fréier opsiche gaangen ass, wann e säi Stull geréckelt huet. Hie wollt sengem Frënd hëllefen: “Weess de … ech wéisst e Mëttel, wéis de dech ausroue kënns, sou dacks wéi s de wëlls.” “Ech wëll ëmmer”, sot de Lantermännchen. T kann een nämlech an engems trei a liddereg sinn. De klenge Prënz ass virugefuer: “Däi Planéit ass sou kleng, datt s de mat dräi Schréck ronderëm bass. Du muss just ganz lues goen, fir ëmmer an der Sonn ze bleiwen. Wann s de dech wëlls ausrouen, da brauchs de nëmmen ze goen … an den Dag dauert sou laang wéi s du wëlls.” “Dat hëlleft mer net virun”, sot de Lantermännchen. “Wat ech fir mäi Liewe gär maachen, dat ass schlofen.” “Dann huet alles keen Zweck.” Sot de klenge Prënz. “Alles keen Zweck”, sot de Lantermännchen. “Gudde Moien!” An en huet seng Lanter nees ausgemaach. “Deen doen”, sot de klenge Prënz sech, wéi e virugereest ass, “dee géif vun all deenen anere veruecht ginn: vum Kinnek, vum Houfert, vum Sëffer a vum Geschäftsmann. Dobäi ass hien deen eenzegen, deen ech net lächerlech fannen. T kënnt vläicht dohier, well e sech mat anere Saachen ofgëtt, wéi mat sech selwer.” En huet vu lauter Bedauere gekeimt a sech nach eppes gesot: “Da’s deen eenzegen, dee mäi Frënd hätt kënne ginn. Mä säi Planéit ass wierklech ze kleng. Fir zwee ass do keng Plaz …” Wat de klenge Prënz sech net agestanen huet, dat war, datt en dësem gléckleche Planéit nogetrauert huet; besonnesch wéinst sengen däusendvéierhonnertvéierzeg Sonnenënnergäng a véieranzwanzeg Stonnen!
„Covid-19 mécht mer Angscht!“
– an elo?
D'Virus- Pandemie huet dat alldeeglecht Liewe vun de Mënschen a besonnesch vun de Kanner a Jonken drastesch verännert. D'Gesondheetsmesuren (Barriären, Quarantainen an Isolatioun) an d'Ongewëssheet hannerloossen däitlech Spueren bei de Kanner a Jugendlechen. - Child Trends Insitute
1. Informéier dech!
Schwätz mat dengen Elteren, Schoulpersonal oder denge Scoutsfrënn iwwer de Virus an deng Froen. op de Säiten http://www.zeit.de/gesellschaft/ familie/2020-03/fragen-coronavirus-kinder-einfacherklaert-viren-homeoffice-ansteckung Oder http://www.zdf.de/kinder/logo/fragen-undantworten-zum-coronavirus-100.html fënns du och vill nëtzlech Informatiounen
2. Sich der Gesellschaft
Heiansdo hu mer d’Gefill dass de Plaffong eis op de Kapp fält, a mer eleng net alles meeschtere kënnen. Dat muss du och net, an et hëlleft schonn deng Suergen mat denger Famill an denge Frënn ze deelen.
3. E Stéck Normalitéit
an engem Joer wou naischt ass, wéi et war, deet et eis all gutt wa mer verschidde Gewunnechten kënne bäibehalen a mer wéi gewinnt Samschdes Mëttes an eis Scoutsversammlung goe kënnen.
4. Alles a sengem Rhythmus
Wanns du dech emol net wuel fills an enger Situatioun, wou et der mol ze schnell geet, ze haart ass oder ze vill Leit beienee sinn, huel der deng Zäit an de Rhythmus deens du brauchs. Lauschter op däi Bauchgefill.
Huel eng eidel Fixfeierkëscht a mol se schéi faarweg an dekoréier se. Wann et dir emol net gutt geet, dann hëls de d’Këscht a mëss e klenge Kiselsteen dran.
Dëse Stee steet fir deng Angscht, wou et ganz ok ass, dass de se hues. Se dierf just net däi Liewe bestëmmen, an dofir kanns de se mat deem Steen an d’Këscht leeën.
Bastel dir deng eege kleng Suergekëscht
