Skip to main content

deScout No 588 Abrëll 2021 - Thema GREEN

Page 1

DeScout

n°588

101. Joergang • 04/2021

go t scou


MIR BLEIWEN ENGAGÉIERT FIR D’PASSIOUN A PROJETEN DÉI IECH UM HÄERZ LEIEN Z’ËNNERSTËTZEN. bgl.lu

BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B6481) Communication Marketing Juni 2019

LOOSSEN SECH ALL EMOTIOUNEN DEELEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT


DenIwwerbléck 05.

DENEDITO

06. › 17.

DENDOSSIER

GREEN, steet fir Grupp Responsabel fir ËmweltErzéihung

an Nohaltegkeet

19. › 22.

DEFOTOALBUM

23.

DNEWS

En häerzleche Merci vun eisem Minister

24. D FONDATION AGGL-FNEL

Fetschenhaus ... c’est fini!

26.

DONGD-FNEL

Au Népal, la crise sanitaire Covid-19 ne doit pas faire

oublier la situation environnementale et agricole qui

frappe le pays .

28.

DEMERCI

30.

Scouting in Luxembourg erhält den europäischen Bürgerpreis

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000 Tous ces dons sont fiscalement déductibles.

DenImpressum

Image by pixabay.com/couleur

deSCOUT n°588 Périodique officiel de la FNEL

Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Rédaction : Julie Bové, Trixy Feider, Ben Kremer, Comité de direction

Mise en page : Claudine Scheeck Photos : Archive FNEL Impression : Imprimerie Centrale Nombre d’exemplaires : 4400

3


bring value, get value, be valued arendt.com/careers


DenEdito D’Thema vum Joer 2020 - 2021 sinn d’Sustainable Development Goals vun der UN. Elo am Februar huet WOSM bekannt ginn, dass 2 Milliarde Stonne vun de Scoute fir d’SDG’s geschafft goufen. Dëst am Beräich vu Friddensmessagen, Ëmweltschützer an en Asaz fir d’Gläichberechtegung tëschent de Mënschen. Des Zuel vun 2 Milliarden ass impressionnant, wann ee bedenkt, dass d’Zil vu 4 Milliarden agesate Stonne fir eng besser Welt, elo schonn ëm d’Halschent erreecht ass. D’Scoutsmouvement setzt sech elo schonn iwwert ee Joerhonnert fir d’Ëmwelt an d’Gesellschaft an, an et geet ëmmer weider. Jiddereen op seng Aart a Weis a mat sengem Moyen’en probéiert d’Welt besser ze hannerloossen, wéi mer se virfonnt hunn. An der FNEL ass de Grupp GREEN säit 2019 am Asaz fir sech fir eng positiv Ëmweltedukatioun z’engagéieren. Zesumme mat de Gruppen an der Federatioun lafen ëmmer nees flott Projeten op verschiddene Niveauen a mat verschiddene Partner.

Mat dem SCENES (Scout Centre of Excellence for Nature, Environment and Sustainability) Label vum Misärshaff musse mer eis international net verstoppen. Déi neientwéckelt Labele fir de Grupp, fir Eventer a fir Homer, sollen et eis all erméiglechen, schnell an effikass eisen ökologesche Foussofdrock ze minimiséieren a bewosst an nohalteg als Scout ze liewen. Vum Programm aus, ginn dëst Joer bewosst méi Aktivitéiten zum Thema SDG’s ugebueden an op de federalen Aktivitéite promouvéiert. Mir probéiere méi enk mat Natur an Ëmwelt zesummen ze schaffen, fir och op nationalem Niveau scho bestoend Projet’en ze ënnerstëtzen.

Op internationalem Niveau goufen op der Réunion Semestrielle, den 11. Februar, nei Badger presentéiert. Dëst fir d’Explorer, d’Rover an d’Tembobranchen: et geet an engem vun de Badger dorëmmer e positive Foussofdrock op der Welt ze hannerloossen, sief dat op dem Niveau vun der Gesellschaft oder awer och der Natur. Och WOSM huet am Mee 2020 den Earth Tribe lancéiert. Dat ass den neien Ëmweltprogramm vu WOSM mam éiergäizegen Zil all d’Scoute weltwäit ze mobiliséieren an ze challengë fir d’Natur ze erhalen, ze schützen an ze heelen.

Overshoot Day LUXEMBOURG: 15 Februar Wat ass dat a wéi gëtt dat berechent? De sougenannten Overshoot Day, ass den Dag wou fir e Joer all d’natierlech Ressourcen déi eis Welt an dem Joer kann erneieren oder neutraliséieren, verbraucht gi sinn. Z.B. stousse mer méi CO2 aus wéi eis Bëscher an Ozeaner e kënnen absorbéieren, mir fälle méi séier Beem wéi dës kënnen nowuessen a.s.w. Dësen Dag war 2020 schonn den 22. August. D.h. also dass mer iwwer 4 Méint vum Joer iwwer eisen/ der Welt hire Moyen gelieft hunn a mer Ressource benotzt hunn déi zukünftege Generatioune wäerte feelen. Zu Lëtzebuerg ass den Overshoot Day souguer nach éischter a war dëst Joer de 15. Februar 2021. Wann also all d’Länner sou mat den natierleche Ressourcë géingen ëmgoe wéi mir dann hätte mer der Welt hier Moyenen nach vill éischter pro Joer verbraucht. Héich Zäit also eis däers bewosst ze sinn an dozou bäizedroen dass dësen Trend net sou weidergeet.

5


DenDossier green@fnel.lu

Green

GREEN steet fir Grupp Responsabel fir ËmweltErzéihung an Nohaltegkeet D’Grupp GREEN besteet aus e puer Scouten, déi sech als Zil gesat hunn, d’Ëmwëlterzéihung an der Federatioun an an de lokale Gruppen nach méi ze fërderen an z’ënnerstëtzen. Si sti gäre mat Rat an Tat zur Säit wann et drëm geet är Gruppenaktivitéiten méi nohalteg ze plangen an ëmzesetzen. Zousätzlech sinn Checklëschten ausgeschafft ginn fir och op federalem Niveau de grénge Fuedem net aus den Aen ze verléieren.

fnelgreen

Och déi méi nohalteg Gestioun vun eisen Homer ass en Uleies mat dem sech d’GREEN-Equipp beschäftegt huet. Duerch e permanenten Austausch mat de lokale Gruppen an deene verschidden Equippen aus der Federatioun gëtt den Asaz fir d’Ëmwelt grouss geschriwwen an soll an all eisen Aktivitéiten eng Platz fannen. Awer och den internationalen Austausch a verschiddene Working-Groups, déi verschidden international Labelen an Auszeechnungen ginn ugestrieft an an

eis Programmer integréiert. Andeems de Grupp GREEN sech d’Ëmwelt als Fokus vun hirem Schaffen hëlt, sinn mer UpToDate par Rapport zu neien Ideeën, Methoden a Projeten a begleeden esou d’Federatioun an d’Gruppen um Wee zu nohaltegen Léisungen. Mat klengen Formatiounen (Upcycling, Beeswax-Dicher, Béien etc.) soll den Zougang zu enger ëmweltfrëndlecher Aktivitéit an engem nohaltegen Denken gefërdert ginn, ouni dass een sech selwer alles muss erschaffen. Den Ënnerscheed mëscht de Grupp GREEN net vun haut op muer, mee all zesummen kommen mer lues a lues enger besserer (Ëm)welt méi no. Wann s du och interesséiert bass dech ze informéieren, kuck op Instagram a Facebook laanscht oder schreif e Mail un green@fnel.lu.

FNEL GREEN

6

Equipe GREEN: Julie Bové, Trixy Feider (Respo), Adrien Flammang, Sophie Steinmetz, Vicky Pundel


Green

The abbreviation GREEN stands for Group Responsible for Environmental Education and Sustainability. The group consists of a group of scouts who aim to promote and support environmental education in the FNEL, as in local groups. They are available for advice and support when group activities need to be planned and implemented in a more sustainable way. In addition, checklists have been developed in order for the green thread to not be forgotten in the everyday Scouting program. A more sustainable approach to and in our buildings is also an important concern that the GREEN group is working on. Through a constant exchange with the local groups and the various

å

working groups in the Federation, the commitment to the environment is quite large and should be constantly promoted and used in our activities. Also, there is a close exchange on an international level with various working groups from all over the world where international awards are sought and incorporated into our programs. As the GREEN group constantly focuses its work on the environment, they are up to date with new ideas, methods and projects and thus accompany the Federation as well as the groups on their way to more sustainable solutions. With small workshops, such as

upcycling, beeswax and bees, they want to promote access to an environmentally friendly activity and sustainable thinking in a larger way, with the aim that everyone has to think for himself or herself. The GREEN group does not make the difference overnight, but all together we are able to get a little closer to our goal of a better (environmental) world. If you are also interested in more information, visit us on Instagram and Facebook or send an e-mail to : green@fnel.lu.

Cactus soutient la jeunesse.

7


DenDossier

Labelen & Gruppen Fir d’Gruppen z’encouragéieren, sech nach méi bewosst fir d’Ëmwelt anzesetzen, huet d’Equippe GREEN 3 verschidde Labelen ausgeschafft. Dëst fir och no baussen ze weisen, fir wéi eng Wäerter d’FNEL an all d’Gruppe vis-à-vis vun der Natur stinn.

1. de Green-Home-Label, fir ëmweltfrëndlech an nohalteg geréiert Scoutschaleten.

Image by Britta van Elk from Pixabay

Hei soll net nëmmen de Locatiounsresponsabel vum Home sech fir eng nohalteg Gerance asetzen, mee och all eenzele Chef kann a soll, un Hand vu konkrete Beispiller, de Kanner a Jonken d’Wichtegkeet vun der Nohaltegkeet virliewen. Dëse Label ass 3 Joer gülteg a soll och en Austausch tëschent de Gruppen an hiren Homer fërderen. D’Plattform Home vun der FNEL bitt hei och eng gutt Méiglechkeet fir nei Ideeën an Ëmsetzungsméiglechkeeten auszetauschen. Hei e puer einfach Ideeën, wéi äre Chalet oder och äert Doheem schnell méi nohalteg ka gefouert ginn.

☑ Bieren duerch LED’en e ☑ ëEmrëmnnerungslabele fir d’Lrsetzen uuchten er aus ze maachen ☑ Reewaasser opfänke ☑ Stickere fir d’Krinn zonu ☑ Recycléiert alles wat gezee dréinen ☑ benotzt recycléierten To t ☑ Planzt Blumme ron ilettenpabéier ☑ Benotzt ëmweltfrëndderëm d’Home ☑ FHänkt Vullekëschten, lech Botzmëttel lënterma

8

iskëschte

n op


D'Caper Piwitschen hunn am Kader vum GREEN Home Label en Video vun hierem Chalet op der Cap gedréint. Kuerz a knackeg kann een hei e puer flott Ideeën an Inspiratioune kréien, fir de Scoutschalet méi nohalteg ze gestalten, mat klengen oder grousse Gesten. Loosst iech inspiréieren a maacht äre Bäitrag zu enger besserer Welt.

2. De Green-Event-Label, fir all Dëppefest, Scoutskiermes etc wou an der Organisatioun an der Ëmsetzung wäert ob d’Nohaltegkeet geluecht gëtt. De Green-Event-Label ass fir lokal Eventer vum Grupp oder vun der Federatioun. Esou soll intern an awer och an der Gesellschaft gewise ginn, dass d’Scouten sech och op de Fester fir d’Ëmwelt an d’Natur asetzen an nohalteg plangen a feieren.

on youtube

home Promovideo

Opgepasst! INSPIRATIOUNSGEFOR! Villmools merci de Piwitsche fir hire super Bäitrag an hiren informative Video. Egal op Recycling, Luten-Aus, natierlech Baumaterialien oder natierlech Botzmëttel, Recycling-Bastelen a Campen.

Piwitsche GO Green! Maach och du en Ufank!

☑ ☑

et (och alles w at ge Rec ycléiert uren) te si Vi vun de d’Poubellë uiten Einwegprod benotz t keng , Teller, er ch ës dd chie (Nappen, S ongen, …) Besteck, B änneren op Stellt Velost sser un Leitungs w aa Bit t gr atis Alter nati v un getaresch Bit t eng ve

☑ ☑ ☑ ol z ☑ Grillt mat H weltfrëndlech zt ëm ☑ BBenotzpot roduiten ☑ ☑

éidi no Vermeit K am Auerzäit

☑

enger best

ëmmter

Präisser fir vertrietbar Definéiert millen, , tudenten Fa jiddereen (S S enioren) K aaft lokal

an

9


DenDossier 3. de Green-Gruppe-Label, fir Scoutsgruppen déi sech dat ganzt Joer mat Aktiounen oder Aktivitéite ronderëm d’Ëmwelt an de Schutz dovunner beschäftegen. De Green-Gruppe-Label ass en Challenge, fir als Grupp am Scoutsalldag, an der Gemeng an awer och op Campen bewosst an nohalteg ze plangen an ze liewen.

☑ maacht de Solarbadge um Haff ☑ Ënnerstëtzt lokal Butteker Reduzéier t de Ko ☑ Dé nsum vun iereproduiten um Camp ☑ Vermeit Einwegverpackungen ☑

(Alufolie, Fr ischh

altefolie, Pl astik ) Rechent ären ek ologesche Foussofdrock au s ht tps://w ww. footprintcalculat or.org

g Ak tiv itéit vun de ☑ ScDrouot tsenfor nger Tr upp op SDG’s an ☑ Bastelt mat nohaltege Materialien ☑ huMaeltachtunUpcyclingaktivitéiten oder engem Workshop

deel

☑ Maacht bei 5 GreenChallengë mat ☑ Maacht den Ëmweltbadge ☑ Huelt un engem Schaffdag/ Chantier ☑ Nature deel

Bei Froen : green@fnel.lu

Label Krittären 10

Krittäre fir déi 3 Labelen fannt dir bei ons um Site


Earth Tribe & Footprint Badge Fir de globalen Ëmweltproblemer entgéint ze wierken a sech un d’Ziler vun der Welt (Sustainable Development Goals, genannt SDG’s) unzepassen, huet WOSM, am Mee 2020, en neien Ëmweltprogramm lancéiert: den Earth Tribe.

Dëse Programm soll de Scouten hëllefen, sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren, méi nohalteg Decisiounen ze huelen a sech fir ee Beräich ze engagéieren.

Naturchallenge (Badge) D’Populatioune vun de Mamendéieren, Villercher, Fësch, Reptilien, souwéi Amphibië sinn an der Moyenne vun 1970 bis 2014 ëm 60% erofgaangen. Dofir gëtt et héisch Zäit weltwäit ze reagéieren: Dëse Challenge ass a Kooperatioun mat WWF (World Wide Fund For Nature) entstanen. Et geet drëms als Scout en aktive Member vun der Weltgesellschaft ze sinn a méi iwwert d’Natur, d’Biodiversitéit an en nohaltege Liewensstil ze léieren. Hei entwéckels du bestëmmte Kompetenzen, déi der hëllefen en Ënnerscheed ze maachen a dech responsabel Vis-à-vis vun denger Ëmwelt ze behuelen.

Plastik challenge (Ocean Challenge) Nëmmen 9% vun den 9 Milliounen Tonne Plastik, déi mer produzéieren gi recycléiert. Iwwert d’ganz Welt gekuckt, gëtt all Minutt eng Millioun Plastiksfläsche gebraucht an mer notze 5 Trillioune Plastikstuten an engem Joer. Dat kënne mer dach besser? Dëse Challenge ass a Kooperatioun mat der UN (Vereenten Natiounen) entstanen. Et geet drëms als Scout eng aktiv Roll an der Bekämpfung vum Plastik-Problem unzehuelen. Als Scout, soll een sech bewosst sinn, wat den Impakt vun eisem dagdeegleche Plastikkonsum op d‘Emwëlt ass a wat fir Problemer dëst fir d’Gesellschaft huet. Et soll ee probéieren, säin eegene Konsum unzepassen an och der Famill an dem Ëmfeld aner Méiglechkeeten ze weisen, fir méi nohalteg an ëmweltbewosst ze liewen.

Solarchallenge Energie ass den Haaptverursaacher, (60%) vun dem Treibhaus Effekt. Et gëllt elo ëmzedenken an op erneierbar Energien zeréck ze gräifen. 2015 koum nëmmen 20% vun den Energiequellen aus erneierbaren Energien. Mat gezielten Aktiounen a vill Opklärungsaarbecht, solle mer als Scouten ëmdenken. Dëse Challenge ass a Kooperatioun mat Solafrika entstanen. Den Haaptfokus vun dësem Solarbadge läit op nohalteger Energie. Et gi verschidde Méiglechkeete vun Energiequelle virgestallt, sou haaptsächlech d’Sonn. Dëst Wësse soll gezielt an aktiv an der Gesellschaft agesat ginn, fir nohalteg Energiequelle responsabel ze notzen.

11


DenDossier “The Man who is blind to the beauties of nature has missed half of the pleasure in life.” Lord Robert Baden-Powell

Den Alldag vun eis Scouten ass a soll sécherlech an der Natur sinn. Mir léieren a schaffen an eisen Aktivitéite mat a fir eis Ëmwelt. Grad elo, wou eis Aktivitéiten dobausse musse sinn, solle mer eis nach eemol bewosst ginn, wéi wichteg eis Zäit an eist Engagement fir d’Natur ass. Dofir setze mir des Zäit an engem dach, ganz spezielle Scoutsjoer ënnert de Motto .

go scout D’Cheffenekippen an de Gruppen uechtert Land engagéieren sech Woch fir Woch, fir de Kanner flott Reuniounen dobaussen z’organiséieren, ganz ënnert den aktuellsten sanitäre Mesuren. Et ass de Cheffen bewosst, dass mer eis als jonk (a manner jonk) Erwuessener fir d’Kanner an d’Jugendlech mussen asetzen, fir hinnen e Séckchen Normalitéit zeréck ze ginn. Mat flotten an ofwiesslungsräichen Momenter an der Natur kënne mer dëst all Zesummen erreechen:

D’Programmekipp, zesumme mat de Gruppen sammelt an sicht Input fir deenen eenzelen Branchen Inspiratiounen ze ginn an sech inspiréieren ze loossen. Fäerdeg Trajet’en an Reuniounen ginn ugebueden, fir een deen aneren z’ënnerstëtzen an en spannenden Programm a klengen Gruppen unzebidden. D’Gruppen, souwéi d’Programmekipp hunn flott ActionBounds zur Verfügung gestallt, déi een als Patrull, Sixaine oder Damm maache kann oder och einfach mat der Famill. Hei kann een einfach Trajeten ofgoen an mat der ActionBound-App preparéiert Inhalter kenne léieren. Vun der ONGD an der Internationaler Ekipp gi fäerdeg Reuniounen ugebueden, fir de jonke Memberen de Sujet vum Internationale Scoutismus, de Kannerrechter am Nepal méi no ze bréngen.

D’FNEL ass awer natierlech weiderhin oppe fir jiddereen, verschidden Aktivitéiten kann een ganz einfach och als “Net-Scout” ausprobéieren a vläicht op de Goût vun engem geniale Mouvement kommen. Wichteg ass am Moment einfach de Message: Maacht weider esou, well all Zesumme kënne mer esou vill bewierken an e groussen Ënnerscheed maachen. Plangt Fréijoer'es a Summeraktivitéiten dobaussen, a klenge Gruppen, mat vill Beweegung, Léierméiglechkeeten an awer virun allem Spaass a Frëndschaft.

Eise Bësch, e puer Reegelen Et ass ëmmer schéin an e Genoss an der Natur ze sinn, sief dat fir Spiller oder en gemittlechen Trëppeltour duerch de Bësch. Et ass wichteg, dass een sech do un d’Haaptreegelen hält, fir keen negativen Afloss op d’Déieren- a Planzenwelt ze hunn. • Bléif op de Weeër • Den Hond un der Léngt halen • Keng Planzen an Déieren mathuelen • Net duerch Hecken lafen, do kënne Vullenäschter sinn • Net zevill Kaméidi maan • Kee Knascht am Bësch hannerloossen, • Knascht mathuelen an ophiewen • Wann eis 3422 Memberen all Dag 1 Stéck Knascht géifen oprafen, hätten mer no engem Mount enorm Quantitéiten gesammelt.

Mëchs du mat?

12


FNEL Service Am Moment heescht et jo „bleift aktiv“, „ Gidd eraus“ a „bleift kreativ“. D’Cheffe vun der FNEL organiséieren all Woch op lokalem Niveau Aktivitéite fir déi jonk Scouten a Guiden z’encadréieren an zesummen eppes ze erliewen, trotz sanitäre Mesuren. D’Ideeë schéngen eise jonke Cheffen net auszegoen, se sinn an de Formatiounen aktiv an inspiréieren sech géigesäiteg, an de Gruppen, mee och iwwert d’Gruppen eraus – de Programm leeft, et geet wieder – wann och anescht wéi soss. Vun den Ekippe vun der FNEL existéieren och verschidden Angeboter, fir sech inspiréieren ze loossen, mee och fir direkt drop zeréck ze gräifen.

Beien

Solar

D’Liewe vun de Beien am Stack kënne léieren a gesinn. Fir all d’Branchen um Fetschenhaff. Ëmwelt: Vill Aktivitéiten zum Ëmweltbadge fir d’Ëmwelterzéihung fannt der um Misäershaff.

De Solarbadge an alles ëm d’Kraaft vun der Sonn erwaart iech um Haff. Treck it: fäerdeg Roadbooks vu Colpech op de Misäershaff op Perlé. Mat Méiglechkeete fir Bivak – nëmme mat Iwwernuechtunge méiglech ab Scoutsalter.

Nepal Am Nepalkoffer fannt dir vill Aktivitéiten, Spiller a Rezepter fir alle Branchen den Nepal an d’Duerf ze bréngen. Mat Ekipp, déi d’Versammlung leede kann. Eng faarweg Welt: eng Valis mat 3 fäerdege Versammlungen, déi iwwerall kënne genotzt ginn. Fir BV, LX a Scouten

Treck it fäerdeg Roadbooks vu Colpech op de Misäershaff op Perlé. Mat Méiglechkeete fir Bivak – nëmme mat Iwwernuechtunge méiglech ab Scoutsalter.

Spiritualitéit Fir all Branchë kann d’Thema Spiritualitéit esou mat Aktivitéiten, Geschichten an Erklärunge méi no bruecht ginn.

Ëmwelt Vill Aktivitéiten zum Ëmweltbadge fir d’Ëmwelterzéihung fannt der um Misäershaff.

International Modellversammlung fir den internationale Scoutismus méi no ze bréngen. Mat enger Ekipp, di d’Versammlung leed – fir Scouten an Explorer.

Eng faarweg Welt eng Valis mat 3 fäerdege Versammlungen, déi iwwerall kënne genotzt ginn. Fir BV, LX a Scouten

13


DenDossier

De Misärshaff Wien kennt en net?

Allgemenges zum Haff De Misärshaff läit an engem wonnerschéinen Deel am Norde vum Land direkt beim Stauséi. Den Haff gehéiert säit 1993 zu eiser Identitéit an et ass dat eenzegt Home vun der FNEL mat engem direkten Accès un d’Waasser. Hei kann een spannend Aktivitéiten an enger herrlecher Géigend op der Wiss, am Bësch oder um

Dat zitt fir eis eng Rei Challengen a Responsabilitéiten am Alldag mat sech, deene mir eis awer gäre stellen. Am Joer 2020 krute mer eis Autorisatioun fir dierfen an dëser sensibler Géigend ze campéieren an Aktivitéiten ze maachen em weider 8 Joer verlängert, dëst op Grond vun intensiver Zesummenaarbecht mat den eenzelnen

Waasser maachen. Den Haff gëtt heefeg u Scouten an aner Jugendgruppen aus dem In- an Ausland verlount an och quasi all eis aktiv Cheffen hunn op d’mannst eng Formatioun do matgemaach : schliisslech ass et eisen nationale Formatiounszenter.

Akteuren an dem Beräich, sief et um Ministère, bei der Ëmweltverwaltung, dem Waasserwirtschaftsamt oder Experten op dem Gebidd aus eisen eegenen Reihen.

source : geoportail.lu

De Misärshaff läit an engem Naturschutzgebidd an an der Wasserschutzzon vum Stauséi, aus dem en Drëttel vum lëtzebuerger Drénkwaasser hierkënnt.

14

Mat dëser Autorisatioun si mir och verschidde Verpflichtungen agaangen, déi mir a noer Zukunft och wëllen konsequent ëmsetzen.


E klengen Historique an der Optik vum Naturschutz an der Ëmwelterzéiung Den Haff 1992 : de Staat keeft den Haff mat senge Lännereien dem deemolegen Propriétaire of. Den Haff gouf bis dohinner vun engem Bauer (Locataire) exploitéiert. 1993 : d’Fondation FNEL gëtt Propriétaire fir 25 Joer iwwert e Kontrakt mam Staat (droit de surperficie) vum Gebai an den direkten Lännereien ronderëm den Haff (+/-7 ha).

1993 : d’FNEL wëll de Misaershaff als Formatiounszentrum notzen, dëst am Respekt vun der Natur an der Ëmwelt. Eng Reaffektatioun vum Bauerenhaff zu engem Scoutszentrum ass méiglech duerch d’Unerkennung vun der Utilité Publique vum Projet. Eng spéider Vergréisserung vum Projet (Neibau bloc dortoirs et sanitaires) an de Joren 2001-2003 gëtt och vum Ëmweltministère autoriséiert duerch d’Utilité Publique vum Projet.

Den Haff a seng Gebaier 1993-1997 : Éischt Renovatiounsaarbechten 2000-2001 : Uschloss un de Réseau vun der DEA duerch eng nei Waasserleitung. 2007-2020 : Nei Mazoutsheizung, Ventilatioun vum Sanitär (Wärmetauscher), Solarthermie um Daach vun den Dortoiren an dem Wunnhaus vum Gardien, Chaudière déi à distance ka gesteiert ginn,

Renovatioun an Isolatioun vum Wunnhaus : Reduktioun vum Verbrauch em 40% 2018-2020 : Luuchten op LED gewiesselt 2019-2020 : Iwwerdach aus Holz a Schifer virum Bloc Sanitaire (Camping), nei sécher Holztrap fir op d’Gänn, nei Schief fir d’Formatiounen op der Gänn a Reparatiounen un der Fassad.

Den Haff an d’Natur ronderëm 1993 : Vun Ufank un huet d’FNEL sech agesat fir d’Biodiversitéit an d’Attraktivitéit vum Misärshaff nohalteg ze verbesseren. Et ginn eenheemesch Hecken a Beem geplanzt an e Bongert mat Héischstämm- Uebstbeem ugeluecht. Den Dällchen mat der Baach gett fir extensiv Landwirtschaft zur Verfügung gestallt. 2007 : Mir bedeelegen ons um Ausschaffen vum Sentier didactique Natur pur.

2018 : Mir schaffen mat de Fierschter vum Burfelt d’Idee vun engem Trëppelwee tëscht dem Misärshaff an dem Burfelt an d’Konzept vun Programm um Burfelt & Schlofen um Misärshaff aus. 2020 : Bedéngt duerch de Confinement hu mir engem Bauer aus der Géigend eis Campplaz fir Hee ze maachen zur Verfügung gestallt. 2021 : Et kommen Ardennerschof an den Dällche weeden.

2007-2008 : Zesumme mat der ANF gëtt e Plang opgestallt fir en « aménagement écologique et entretien extensif des espaces verts aux alentours de la Ferme Misère ».

15


DenDossier Den Haff, eng nohalteg Campplaz Zënter sengem Bestoen organiséiert d’FNEL hir Cheffeformatioun um Misärshaff. E feste Bestanddeel vun dëse Formatiounen ass d’Vermëttle vu Wëssen iwwert d’Natur, d’Liewen an a mat der Natur fir dass eis Cheffen hiert Wëssen als Multiplicateurs un hir Scoute weider kënne ginn. 2004 : De Misärshaff gëtt e RAMSAR Site.

2015-2020 : Offer fir den Ëmweltbadge um Haff ze maachen

2007-2008 : Sonnepanneauen (Solarthermie) ginn installéiert.

2016 : De Misärshaff kritt de Label SuperDrecksKëscht®.

2009 : D’Charte sur l’éducation à l’environnement et aux développements durables auprès du Ministère de l’Environnement gëtt ënnerschriwwen. 2009-2010 : Renaturéierung vum 1. Deel vun der klenger Baach op eisem Site zesummen mat der ANF.

2017 : E neie Badge vum World Scout Environment Programme “Scouts go solar” gëtt um Misärshaff fir déi jonk Leit ugebueden. 2019 : Erneierung vum Ecolabel. De Misärshaff kritt « Sëlwer ».

2009-2012 : Offer vu Classes Vertes mat naturpädagogeschen Aktivitéiten 20.3.2010 : 10. Scoutscenter weltwäit deen de SCENES Label vu WOSM kritt. 2010-2011 : Bau vun enger autarker Ecocabane am Partenariat mat der ANF. De But vun dësem Abri didactique ass d’Sensibilisatioun an d’Educatioun vu jonke Leit fir d’Emwelt. 2012 : D’Ecocabane gëtt mam Nova Naturstroumpräis ausgezeechent. 2012 : De Misärshaff kritt den Ecolabel fir Lëtzebuerger Tourismusbetriber iwwerreecht.

Den Haff an den nächste Joeren Gestioun vum Site: • Actiounsplang fir Accidenter mat chemesche Produiten a Benzin ze vermeiden

• Aktivitéiten zum Waasserschutz

• Sëcherheetstraining fir mat de Maschinen ze schaffen

• Nei Informatiounspanneauen iwwert den Haff an iwwert d’Déieren an d’Planzen un a ronderem de Site

• Schofshaltung op engem Deel vum Terrain

• Rebranding identité visuelle vum Haff

• Heckeschneidplang visuell opbereeden

• Projet Citizen Science zesummen mam LIST

Code de bonne conduite um Haff • Nohalteg Gestioun vun de Feierplazen • Adaptatioun vum Kontrakt fir Locatairen

16

Pädagogesche Leitfaden, visuell a konzeptuell Erneierungen

• Renaturéierung vun der Bach um Site zesumme mat der ANF • Ausbau vun der Zesummenarbecht mam Burfelt


Photo © Georges Noesen

SCENES Label Mat dësem Label ennersträiche mir eist Engagement fir eng ekologesch Gestioun vum Misärshaff a mir engagéiren eis aktiv an der Bildung fir nohalteg Entwécklung. Eng Ëmweltpolitik fir den Haff gëtt an dësem Kader am Joer 2010 fir d’éischt formuléiert a ass säitdem e feste Bestanddeel vun eiser Identitéit. Stand Mäerz 2021 : Et gi weltwäit 38 SCENES Centeren scout.org/scenes :

A Scout Centre of Excellence for Nature, Environment and Sustainability (SCENES) is a very special place. It is a centre that has made a long-term commitment to protect the environment and promote environmental understanding. A SCENES is committed to protecting its natural environment, minimizing its environmental impact and enabling all who are connected with the centre to engage with nature and become empowered to make their own personal commitment to the environment. A SCENES leads by example and acts as a positive role model to other Scout and non-Scout centres, to its guests and to its local community. It can provide real handson educational activities for Scouts and training opportunities for leaders, equipping them with an enthusiasm for nature and a desire to do something positive for the environment in their home-life.

17


votre garant de qualité depuis 1969

www.provencale.lu

vew_modif-fnel-2.pdf 1 02/07/2019 09:39:02

ÉTÉ comme HIVER, vos plus belles C

vacances sont chez Emile Weber !

M

Y

CM

MY

CY

MY

K

18

Infotel: 35 65 75-1 – www.emile-weber.lu


? ? ?

?

o t o . . F . e n D bum ng Fo toe e l d Abrauchen mi r

Gewënn Fotosconcours Ouni iech gëtt et kee Scoutismus an ouni är Fotoe bleift De Scout zimmlech eidel. Schéckt eis är schéinste Fotoen eran, dass de Scout weiderhi faarweg an aktuell bleift a gewannt e Weekend an den Escher Bamhaiser. communication@fnel.lu

19


M a me r Wiselen r e r o l p x E & s t u o Sc n u o i t a Fo r m

Réu nion sem

20


o t o DebFum l A

Tels ta r

mes trielle

Rover Hu n t-i t

21


z i u q r Rove

Pa n thère s

n o i re s

o t o F Debum Al 22 22

Scha ff We u m Misä rsh ekend a ff


DNews

23


DFondation AGGL-FNEL

FETSCHENHAUS … c’est fini ! En sa séance du 12 octobre 2020, le conseil d’administration de la Fondation AGGL-FNEL a décidé à l’unanimité, mais à regret, d’abandonner son projet « Fetschenhaus ». Comment en sommes-nous arrivés là ? La Fondation AGGL-FNEL est propriétaire d’un objet rare : un grand terrain au Fetschenhaff dans une situation exceptionnelle. En ce sens elle estimait, et estime toujours, qu’elle devrait donner une utilité d’intérêt général à une partie de son terrain, tout en conservant la beauté du site.

Conçu pour exprimer notre merci à la société qui soutient notre scoutisme laïque en lui offrant un centre de logements pour jeunes, le projet a connu une succession de revers de toutes sortes que nul ne pouvait imaginer il y a quatre ans et demi.

La FNEL a pu y construire son siège par le biais d’un reclassement d’une partie du terrain au titre « d’utilité publique ». Depuis de longues années le scoutisme est soutenu par les autorités avec de l’argent public. Si nous honorons ce soutien en participant à l’éducation non-formelle des jeunes depuis 1914, nous nous sentions en mesure de l’honorer davantage par un soutien immobilier en mettant à disposition de la collectivité une partie de son terrain. Pour cela nous ne voulions plus apporter notre soutien seulement au scoutisme, mais bien encore à des jeunes, à des jeunes en difficulté, conformément à un élément clé de la promesse scoute d’aider son prochain. D’où l’idée de la mise à disposition d’une partie du terrain pour la construction d’un objet à destination sociale pour des jeunes. L’idée d’un centre de logement pour jeunes était née. C’était au début de 2016. Le projet prévoyait au départ la construction de 16 logements, à cofinancer avec le Ministère du Logement et d’un stockage de matériel cofinancé par le Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse. Leurs accords respectifs avaient été donnés.

24

Retoqué par la Ville de Luxembourg le 11 septembre (!) 2018 entre autres sur la pression quelque peu orientée de certains voisins suivant le principe NIMBY, le projet a dû être ramené à 8 logements au lieu des 16 initialement prévus, la partie stockage de matériel n’étant pas affectée par ce changement. Ceci a induit une augmentation relative des coûts qui de leur côté ne baissaient que de 25-30% et un retard de presqu’un an. Mais le projet avait le soutien de la Ville de Luxembourg. Vinrent ensuite les démarches auprès du SSMN (Service des Sites et Monuments Nationaux) et du CNRA (Centre National de Recherche Archéologique – notre site Fetschenhaff couvre les vestiges du Fort Dumoulin construit dans les années 1830 –) pour avoir leurs accords. A ceci s’ajoutaient les démarches de quelques voisins, pour faire classer la Maison Dumoulin comme monument national, ce qui fut fait, mais ne constitue pas un problème en soi, sauf que le temps passait encore.


Fin 2019 le Ministère du Logement, qui devait être notre partenaire pour le financement du projet pour les huit logements, nous soumettait un projet de convention qui non seulement aurait exposé notre Fondation à une grande insécurité juridique et financière, mais surtout nous aurait dorénavant lié non plus sur 20 (comme prévu initialement), mais sur 40 ans. Si une telle prolongation de durée peut se justifier en ce sens que des particuliers ayant eu ce cofinancement en profitaient pour revendre après 20 ans l’immeuble en question avec un bénéfice plus qu’appréciable, ce n’est plus tenable pour une organisation comme la nôtre qui n’a aucun but lucratif. Dans le mouvement scout, les générations de responsables « tiennent » en moyenne une dizaine d’années, les mandats étant limités à trois fois trois années. Signer une convention sur 40 ans revient ainsi à grever le travail et les finances de quatre générations à venir. Le financement devenait déjà très risqué. En octobre 2020 enfin, nous avons eu la très désagréable surprise de voir encore augmenter substantiellement les coûts de construction. Nos projections financières montrent alors que le projet est devenu hors proportions raisonnables, à moins de mettre en danger à moyen ou long terme l’équilibre financier de la Fondation AGGL-FNEL. Ceci d’autant plus que nul ne sait comment le projet pourrait évoluer. En dehors des inconnues implicitées par la durée de la convention avec le Ministère du Logement, des interventions juridiques de certains voisins pourraient faire retarder la réalisation du projet jusqu’à trois, voire quatre ans avec, à la clé, des augmentations supplémentaires de prix nonnégligeables qui seraient à la seule charge de notre Fondation. Profondément déçus, c’est avec beaucoup de regrets que nous sommes forcés de ne pas pouvoir rester fidèles à notre loi scoute et d’aider notre prochain. Le projet de construction d’un logement en faveur des jeunes dans le besoin est abandonné sous cette forme. Dans les mois à venir nous allons réfléchir à l’utilisation de notre terrain pour nos propres besoins (stockage de matériel) sans pour autant abandonner l’idée de soutenir les jeunes à la recherche d’un logement. Mais ça, c’est une autre histoire … Le Conseil d’administration de la Fondation AGGL-FNEL

25


DONGD-FNEL

Au Népal, la crise sanitaire Covid-19 ne doit pas faire oublier la situation environnementale et agricole qui frappe le pays. Camille Ceccaldi Former les jeunes à une agriculture durable respectueuse de l’environnement et assurant un revenu décent, c’est le défi que relève chaque jour SCLC, le partenaire de l’ONGD-FNEL au Népal Actuellement en mission au Népal, Camille Ceccaldi assure le suivi sur le terrain des projets de l’ONGD-FNEL après une année difficile due à la pandémie Covid-19. Elle rencontrera SCLC mi-mars mais elle peut d’ores et déjà partager les avancées du projet. L’agriculture est le pilier de l’économie au Népal et fournit des moyens de subsistances à 68 % de la population. Pourtant le pays dépend toujours fortement des aliments importés d’Inde (fruits, légumes, céréales…). La dépendance alimentaire du Népal est principalement due à des infrastructures agricoles limitées, des terres de petites tailles, un manque de ressources humaines et un accès limité aux débouchés commerciaux.

Le projet Depuis 2017, l’ONGD-FNEL apporte son soutien aux activités mises en place par Shikarapur Community Learning Centre (SCLC) : notamment les formations sur les techniques agricoles innovantes et durables et le renforcement des capacités pour les jeunes et adultes défavorisés des zones rurales. Le projet actuellement en cours (20192023) s’adresse aux jeunes de tout le Népal et forme les agriculteurs des districts de Katmandou et Makwanpur. La ferme modèle est localisée à Pharping, dans la municipalité de Dakshinkali, district de Katmandou. SCLC est un centre de formation agricole accueillant les étudiants provenant de zones rurales pour les aider à poursuivre leurs études. En plus de recevoir une formation

26

théorique, les élèves doivent également travailler à la ferme pour acquérir de nouvelles compétences. Le centre accueille également des agriculteurs des communautés voisines pour leurs enseigner de nouvelles techniques et les aider à se lancer en tant qu’entrepreneur grâce à une petite subvention. L’ensemble du centre est construit de manière « ecofriendly » grâce à des salles de classes construites avec des bouteilles en verre, une cuisine écologique faite en boue et bambou, des systèmes d’irrigations à pompage solaire, des étangs de récupération d’eau de pluie, des toilettes, le compostage…


SCLC enseigne des techniques innovantes et respectueuses de l’environnement en introduisant plusieurs savoir-faire agricoles comme la réduction de l’utilisation des engrais chimiques, la fabrication d’engrais biologiques, la culture sous serre, la culture de champignons, l’utilisation de motoculteur, l’irrigation goutte à goutte…

Notre partenaire local

En 2020, SCLC a construit une étable pouvant accueillir 16 vaches et a développé un système d’engrais et de lombricompostage tout en utilisant des matériaux réutilisables. Le bâtiment a été construit de manière durable et pratique avec l’installation d’un système d’eau raccordant directement les abreuvoirs et un système de fosse récupérant les excréments afin de les transformer en engrais organiques.

L’objectif principal de SCLC est de promouvoir un système agricole durable avec l’agriculture biologique en créant un environnement approprié pour que les jeunes renforcent leurs compétences et deviennent indépendants via le marché agricole afin de ne pas devoir occuper des emplois risqués et faiblement rémunérés à l’étranger.

La ferme modèle a également installé une serre et des pépinières permettant de cultiver de manière non saisonnière. L’ensemble est équipé d’un nouveau système d’irrigation par immersion en utilisant l’électricité. Selon Niroj Shrestha, coordinateur du projet « il est important de régulariser les activités agricoles dans notre pays où l’intégration technologique est difficile en raison du manque d’investissement et d’expertise, car cela réduirait notre dépendance vis-à-vis des autres pays. Si nous pouvons former les jeunes, ils n’auraient pas besoin de quitter le pays et pourraient travailler dans leur communauté et ainsi créer des opportunités pour les autres. »

Notre partenaire Shikharapur Community Learning Centre (SCLC) a été fondé en 2011 par la communauté de Dakshinkali, à une heure de route au sud de Katmandou. Il travaille sur diverses activités de développement communautaire.

Sanju Syangtan vient d’être diplômé de l’école secondaire en tant que bénéficiaire résidentiel du projet de l’ONGD-FNEL et de SCLC. Il est très heureux d’avoir terminé ses études et n’aurait jamais pensé avoir cette opportunité en vivant dans un village reculé de la région de Makwanpur. Sanju explique « je suis capable d’exercer l’agriculture biologique, fabriquer des engrais organiques, installer des serres et j’ai aussi appris l’informatique. Grâce à SCLC, cette formation me permet d’être financièrement autonome dans mon village ». Sanju Syangtan, bénéficiaire de SCLC

Préparation des engrais organiques

27


DE MERCI Ee grousse MERCI un Iech alleguer. Mat ärem Don oder Ordre permanent ënnerstëtzt Dir d’Aktivitéiten an d’Formatioun vun onse Cheffen a Scouten.

AACH-HERTZ Guy et Danielle

DAWANS-TASQUIN Luc

GLAESENER-LENTZ Thierry

KIEFFER Monique

NEU Sandy

AACH Nathalie

DAX-BROSIUS Pierre et Nancy

GOEBBELS Raymond

KIOES-SCHAEFER Nicole

NEUEN-KAUFFMAN Jacques

ACKERMANN Charles-Louis

DE BRABANDERE Nathalie

GOEBBELS Robert

KLEIN Marguerite

NEUMAN Reginald

AERNOUT-BODENLOSOVA Jean-Jacques

DE HOOG Caroline

GONCALVES Paulo

KOELLER Richard

NILLES-FUNCK Mado

AGOSTINI-PLAZZOTTA Gilbert

DE MEYER-FASBENDER Arnaud

GONNER-BOUSSON Nico

KOHL-CHRISTOPHE Tom

NILLES-KIEFFER Charlotte

DE RON Henry

GOTTLIEB Marc

KONSBRUCK Paul

PAQUET Sylvie

DE SCHORLEMER E.

GOTTLIEB Roby

KRECKE-GIVER Monique

PAUL Hans-Egon

DECKER Marie-Josée

GUILLON Pierre †

KREMER François

PERICHON-BUTSCHER Patrice

DELVAUX Cosita

GUT Roland

KREMER Remy

PETERS-MAJERUS Mariette

DELVAUX Françis

HAAS Christiane

KRIEPS Alexandre

PETIT Michel

DEMUTH Luc

HALSDORF Antoine

KROMBACH Thierry

PETRE Guy

DEPIREUX-JOYE Frédéric

HALSDORF Charles

KUFFER-SCHOLTES Jean

PETROVA Desislava

DERNOEDEN Roland

HAMES Sandy

KUFFER-AUDRY Line et Claude

PLEBANI Giancarlo

DEVAQUET-HIRTZ Michel

HAMILIUS Jean

LABIDI Diane

POST Pierre

DEVILLERS David

HAMMES Philippe

POTOCKI-SCHOTS Barbara

DI-BARI Sabrina

HASTERT Guy

LAMAMRA-NEUEN Stéphanie Azédine

DIMMER Charlotte

HAUPT- HOFFMANN Silke

LAMESCH Maggy

PRUM Pierre

DISIVISCOUR Léon

HEINTZ Annick

DISIVISCOUR-BAUSCH Sylvie

HEINTZ- MATHIEU Tom

DOLIZY Pit et GUILLON Margot

HEISBOURG-WURTH Annick

DONDELINGER-STOLZ René

HELBACH Alice

DONVEN Michel

HELMINGER Paul

DUPONT Marco

HELMINGER-SCHINTGEN Karin

DUPONT Philippe

HENRY-GREGOIRE Nadia

AHNEN Jacqueline ALS Claudine ANDREOLLI Maurice ANEN Edmée ANGEL Marc ANGEL Tom AREND Claudine AREND-FERRING Claude et Christiane ARENDT Georges ARENDT-KRIEPS Lola AUDRY-OLINGER Paule BACK-MULLER Marie-Gabrielle BANZ Adrienne BARTHELMY-KOPPES Mariette et Roland BAU BECKER Fabio BECK Patrick BECKIUS-NOERDEN Alain BEISSEL Jean BENOY François

DUSCHINGER Jean EISCHEN Linda

LANGLAIS Jean-Michel LANNERS Eric LARSEN Tine LECORSAIS Danielle LECORSAIS Reggie LEESCH Max LENERT-BERTRAND Marc

HERNANDEZ DE TORO Alejandro LENTZ Charles et BRUNET M. L. LEYTEM Martine HERTZ-HAYUM Jean

LEYTEM Michel

HIERZIG Sus

LIBERMAN-VERONESE Fernand

HOFFMANN Marc Henri

LIONTI Lucie

BERNARDY- WURTH Anne-Marie ERPELDING Guillaume ESCH René BERNS Claire

HOFFMANN Sandra

LORANG-SCHUMACHER Nadia LORSCHE Josée

BICHEL-SCHEECK Claudine et Guy

HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence HOSS Philippe et REICHERZER Judith

BEREND- KAUFFMANN Odette BERG Charles BERNARD Eric

BILLON Christian BIRMANN Martine BRAQUET Michel BRASSEUR Anne BRAUN-SASSEL Arsène

ELSEN-STEIN Gustave ELSEY-HAUSTGEN Peter ELVINGER Martine (Eilo)

ESPIGARES-HEMMERING Nicole ESTEBAN MORENO Hector et Noelia FERNANDEZ EYSCHEN-CONTER Francis FABER André FABER Malou FABER-SCHMIT Martine

BREEDIJK-WARDENBURG Paula FAYOT Ben FEDERMEYER- VOLTMANN Paul BREGER Nathalie BRUCHER-PHILIPPART Rita BUTSCHER Karin CARNEIRO COSTA Marcos CASONATO Rosanna CERF Francis CHABRERIE Sandrine

FEIDER Marc et ROHEN Shirley FELLER Sandra FELLERICH-BIEVER Beby FERRES Marc

FISCHER Jeff et GUDEN Nadine FLESCH Colette

CHAPMAN Eric et HILGERT Mireille FORTI-KAYSER Isabelle FOURNIER-ZINS Bertrand CHEE WAH NG Shiva CLEES-DEGUEURSE COCARD Francine COLOMBO Alain CONRAD Tom CONTER Yvette

FRANCK Adrienne

FRIEDRICH- BAUSCH Nathalie GALOWICH Marc GEDITZ Paul GEDITZ-PETERS Tom et Yvette

CORDOBES Moreno et BECKER M. GEORGES Alain GIACOMINI Laurent CZIBULA-ZENNER Peter DARRAS-DELBECQUE Frédérik

28

GILLEN Françoise

GILSON-SPARTZ Marie-Josée

HOTEL SAINT-NICOLAS SPA HUBERTY Fernand HUBERTY-MARSON Christine HUPPERT-BUCHHOLTZ Henri IANNIZZI Marcel JAAQUES P. et LAEREMANS K. JACOBS Marie-Josée JALLAY Marc JEITZ-LECORSAIS André JEMMING-HENGELS Astrid JOME-KOSTER Laurent JOST Nicolas KALENTZIS Arion-Louis KASEL Tara KAUFFMANN Tessy KAYSER Anne KIEFFER Elisabeth KAYSER Julie KAYSER-KRIEPS Marie-Louise KEARNEY-MC CARTHY David KEIFFER Claude KIEFFER Elisabeth KIEFFER Jean-Claude

PRUM-FRIEDRICH Emile RAGUIN Olivier et HENNY Camille RAINHO LAVINAS Sonia RAUEN Yves RECKINGER Georges RECKINGER Lolette RECKINGER Pit et HOSS Manou RECKINGER Robert REDING Henri REDING Joseph REUTER Jeanne REUTER-D’HUART Françoise RIBEIRO Tania RIES-PANKERT Jeanne

RIPPINGER-WEIDENAAR Fränk LOUTSCH-WEYDERT Josannette RIVOLLIER-BRAHMS LUZOVA Jana Gerard et Marion MALTEZ Liliane et Tom TURPING RIX Patricia MANDER Nadine

ROCKENBROD Jeanne

MARCUS David

ROSEREN Corinne

MARINOV Albert

SAHL Nicole

MAROLDT S.A.R.L.

SAHL Robert

MATAGNE Pierre

SAMBORSKI Patryk

MATHIAS- BRAM Fernande

SAND Jean

MAYER- RODESCH Philippe

SCHAACK André

MERSCH-FABER Simone

SCHAACK-HIRSCH Albert

MEYER Alain

SCHAMBOURG Robert

MEYER Arlette

SCHEUER-BAULER Elisabeth

MEYER Max

SCHILTZ Gilbert Nicolas

MEYER Norbert

SCHINTGEN-ENGEL Marc et Lea

MEYERS-WIES Simone

SCHINTGEN Claude (Chouch)

MICEK-ROZYCKA

SCHMIT-GILLISSEN Nicole

MILET Valérie

SCHMIT Marc et SCHILLING Anne

MILNE Carolyn

SCHMIT Paul

MOITZHEIM Julien

SCHMIT Tim

MULLENBERGER-HAMEN Guy

SCHMITZ-THOELKES Gabi

MULLER Frank

SCHNEIDER Jean-Claude

MULLER Yvonne

SCHOCK-SCHMITZ Uschi

MULLER-KUNSCH Frantz

SCHOCKWEILER Carlo

NAU-LECHES Jean

SCHOCKWEILER Colette

NAU Fränz

SCHOLTES-HEINEN Armand


SCHOMMER Martine

SPAUTZ Marc

THIBO Charel

WARINGO Pascale

WINTRINGER-MAUS Charles

SCHOMMER-PERRIN Renée

STAMMET-BREMER Jean-André et Marie-Josée

THIRY François

WATGEN Armand

WIRION Marie-Christine

STAUCH Madeleine

THOMAS Jean-François

WEBER Alphonse

WIRION Roger

THOM-BIREN Gisèle

WEBER Dany

WOJCIK Jacek

THOME Georges

WEBER Ronald

WOLTER Diane

TOZZI Loretta

WEISGERBER Vera

WOLTER Thierry

TURK François

WEIWERS-PROBST Annette

WOLTER-MEYSEMBOURG Guy

TURK-GAILLOT Philippe

WELTER Michel et Scheeck Isabelle WOLWERT Christiane

VAN DEN BULCKE Jean

WENNIG-KAELL Charles

WORRE Philippe

VAN VLIET Pieter

WETZEL Bob

WURTH- RECKINGER Michel

VINANDY Nadine

WETZEL Françoise

WAGENER Frank

WEYDERT Claude

ZAHLEN-HOFFMANN Marie-Thérèse

WAGENER Paul

WEYDERT Jean-Paul

WAGNER-CLEMENT Donny

WIES-MENNE Georges

WAGNER Gérard

WILHELM Frank

WAGNER-GREDT Thierry

WILHELM-PETRY Nicolas

WAGNER-HENRICY Fernand

WILHELMUS Octavie Elisabeth

SCHORTGEN Anny SCHOTT Guillaume SCHROEDER Claude SCHROEDER Luc SCHWICKERATH-JELMINI Maggy SCHWINNEN Josette SCIAN Ettore et DUPONT Claire SEIDEL-REILES Marie-Reine SEYWERT Isabelle SIMON Yves SIMONIS Miche SIMON-JUNIUS Coryse SINNER Robert SLONGO Ronald SPAUTZ Jean

STEFFEN Christian et SCHODER Carol STEINBACH Mely STEINMETZ- HALL Luc STEINMETZER Christiane STEMPER Carlo STOFFEL-ELSEN Karin STOLL-BAULER Robert STOLTZ-STEINHAUSER Andrée STROTZ Bob TALOM Edith Laure TEYSSIER-FOULON Patrick THEIN Pierre THERMOGAZ

ech n e z t ë t s r ënne d’FNEL... „D’FNEL hunn ech iwwert meng Kanner kenne geléiert, déi, wéi d’Schëtter Castors gegrënnt goufen, vun Ufank un derbäi waren a mech derzou bruet hunn, mech mat um lokale Plang am Kommitee ze engagéieren. Den Asaz vun de Cheffen, déi zum Deel vu méi wäit hir komm sinn, an den Encadrement vum Grupp assuréiert hunn, war fir mech ëmmer e Beispill vun engem virbildhafte Benevolat. Haut hunn ech keng Charge méi, mee ech fannen et derwäert, weiderhin der FNEL hir Aarbecht am Interêt vun deene Jonken, awer och am Interêt vun der Entwécklungshëllef z.B. am Nepal, ze ënnerstëtzen.“ Paul Schmit

ZENS-OMES Fernand ZIGRAND-MOSSONG Bernadette ZIMMER-BIWER Jacqui

“D’Scouten, dat ass eng wonnerbar Saach. Eng Erfarung fir d’Liewen. Ech hunn nach haut immens flott Erënnerungen un meng Zäit bei de Scouten a si frou dass meng Kanner déi Erfarungen elo och kënne maachen a liewen. Dowéinst ënnerstëtzen ech d’Scouten och gären. Wéi heescht et esou schéin: Scout toujours!“. Martine Leytem

29


“Scouting in Luxembourg erhält den europäischen Bürgerpreis Eine Auszeichnung für besondere Leistungen” 1 “Community Involvement” – gehéiert, als 8 te Baustee vun der Scoutsmethod, zu de Kär-Valeure vum Scoutismus. Zanter iwwer 100 Joer mëttlerweil sinn et ëmmer erëm d’Scoute gewiescht déi sech benevole do engagéiert hunn wou d’Hëllef am néidegste war – och zu Lëtzebuerg. Mat „All Dag eng BA”, engem zentrale Punkt vum Scoutsgesetz; war och séier d’Motto fonnt ënnert deem eist Engagement an der COVID-19 Kris lafe sollt. Ugangs der COVID-19 Kris ass de 15te Mäerz fir d’éischte Kéier de Lockdown ausgeruff ginn. Et war also wéineg iwwerraschend, datt den Dag drop d’FNEL an d’LGS sech spontan bereet erkläert hunn fir deene vulnerabelste Matmënschen an eiser Gesellschaft ënnert d’Äerm ze gräifen. Bis déif an de Juni era sinn dagdeeglech jonk (a manner jonk) Scouten am Déngscht vun der Gesellschaft ënnerwee gewiescht sief et fir akafen ze goen, de Mupp erauszebréngen oder d’Commande aus der Apdikt sichen ze goen. Esou sinn am Ganze, wärend deene bal 4 Méint, iwwer 900 Scoute benevole fir 6.300 Opträg ënnerwee gewiescht! Ganz dovun ofgesinn datt en als Scout an deem Fall fir verschidde Leit deen Eenzege war fir e puer Wuert lass ze ginn oder einfach emol no ze lauschtere wéi et deem Anere geet.

Domat war awer nach net Schluss, nieft dagdeeglechen Aktivitéiten déi eis Scouten doheem konnten nomaachen (#HomeScouting), hu mer dono och nach d’Koordinatioun vun der éischter grouss ugeluechter Distributioun vu selwergebitzte Masken iwwerholl (#Bitzdoheem). Och do koumen um Enn iwwer 40.000 Masken zesummen déi un karitativ sozial Ariichtungen zu Lëtzebuerg verdeelt gi sinn. Fir dëst Engagement mam Europäesche Biergerpräis 2020 ausgezeechent ze ginn, freet eis natierlech ganz besonnesch a mir sinn dankbar fir déi Unerkennung – et war awer net mam Ausbléck op eng Auszeechnung woufir mer eis engagéiert hunn. E grousse Merci fir dëse besonnesche Präis geet dohier un d’Europaparlament. Och wann et fir eis quasi eng Selbstverständlechkeet war am Moment vun der Kris fir déi Schwächsten an eiser Gesellschaft do ze sinn, ass et wonnerschéine Merite. Eise Merci gëllt awer virun allem, all eise jonke Scouten a Guiden zu Lëtzebuerg, déi sech, ouni et groussaarteg a Fro ze stellen dëser Erausfuerderung gestallt hunn an se mat Bravour duerchgezunn hunn, an dat wéi ëmmer: benevole.

M-E-R-C-I – dir hutt iech et méi wéi verdéngt! #AllDagEngBa #BitzDoheem

1 Pressemitteilung - Bureau de liaison du Parlement européen au Luxembourg

30


We congratulate all Luxembourgish Scouts on receiving the European Citizen’s Prize awarded by the European Parliament! "Eemol Scout, ëmmer Scout!"

Legal advice to the highest precision In the green heart of the city Since 1964 LUXEMBOURG l HONG KONG Elvinger Hoss Prussen www.elvingerhoss.lu

NEW YORK Elvinger Sàrl PLLC www.elvinger.us

ELVINGER HOSS PRUSSEN, société anonyme | Registered with the Luxembourg Bar | RCS Luxembourg B 209469 | VAT LU28861577 ELVINGER SARL | Registered with the Luxembourg Bar | RCS Luxembourg B 218214 | Acting as a PLLC through its New York branch


L’assurance qui s’adapte à mon style de vie

MA VIE. MON STYLE. MON ASSURANCE. Vous possédez le dernier smartphone à la mode et vous aimez les nouvelles technologies ? Avec mozaïk, choisissez les garanties adaptées à votre style de vie et profitez d’une assurance flexible et évolutive pour protéger vos appareils nomades, chez vous et ailleurs. Rendez-vous sur mozaik.lu ou chez votre agent Foyer.

Agence Principale d’Assurances 13, av. Lou Hemmer L-5627 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1 greter-schumacher@agencefoyer.lu

Produit distribué par Foyer Assurances S.A., 12 rue Léon Laval, L - 3372 Leudelange


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
deScout No 588 Abrëll 2021 - Thema GREEN by FNEL Scouten a Guiden - Issuu