Skip to main content

deSCOUT No 583

Page 1

DeScout 100. Joergang • 04/2020

n°583

Jo e r 10 0 UT CO DE S 020 0-2 192

#AllDagengBA


MIR BLEIWEN ENGAGÉIERT FIR D’PASSIOUN A PROJETEN DÉI IECH UM HÄERZ LEIEN Z’ËNNERSTËTZEN. bgl.lu

BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B6481) Communication Marketing Juni 2019

LOOSSEN SECH ALL EMOTIOUNEN DEELEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT


DenIwwerbléck DenIndex 05. DENEDITO «E goldend Lorberblat»

06 › 08. DEMERCI «Zesumme fir eng besser Welt» «Message vun eisem Chef Scout»

09 › 18. EISAKTIOUNEN «#AllDagengBA» «#homescouting» «#bitzdoheem»

19 › 22. DERETRO «Eisen Engagement a Krisenzäiten – e klengen Historik»

DenImpressum deSCOUT n°583 Périodique officiel de la FNEL

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000 Tous ces dons sont fiscalement déductibles. Tout don sera affecté à un projet social à Luxembourg en faveur des jeunes.

Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Rédaction : Comité de direction, Pierre Matagne, Anne Simon, Claudine Scheeck,

Mise en page : Claudine Scheeck Photos : Archive FNEL Impression : Imprimerie Centrale Nombre d’exemplaires : 5700

3


bring value, get value, be valued arendt.com/careers


DenEdito

E goldend Lorberblat Cher lecteur du SCOUT, Cet éditorial revêt un caractère spécial. Ecrit en 1964 par René LECORSAIS en sa charge de Commissaire en chef (le Commissaire au programme d’aujourd’hui) il raconte l’histoire de la distinction honorifique FNEL du Laurier d’or. Mais ce qui est essentiel, il reflète nos valeurs scoutes, la Bonne action, notre esprit scout. Retrouvé par hasard dans nos vastes archives, nous avons estimé que ce texte est aujourd’hui, plus que jamais, d’actualité. Bonne lecture. Vill Auszeechnunge sinn net duerch Statuten entstanen, mee si verdanken hir Existenz engem Zoufall. Wir am Joer 1348 der Comtesse vu Salisbury hiren himmelbloen Huesebändel net gerëtscht an hätt de Kinnek Edouard den Drëtten en net opgeraf an engem Adelegen ugespéngelt, da géing et nach haut all déi houfreg dekoréiert vum Odre de la Jarretière net ginn, déi dee bloen u sech wäertlose Bändchen un der adeleger Wued arboréieren. Esou gouf et och kee Reglement wat verbueden huet d’Nimm vun aussergewéinleche Meritanten an e Buch anzedroe fir se de spéidere Generatiounen ze erhalen an et steet och a kenge Statuten dass dat Buch net «Ordre du Laurier d’Or» kinnt heeschen.

Et ass och net geschriwwen, dass de Geéierten net eng Këschtchen iwwerreecht dierft kréie mat engem «Gëllene» Lorberblat dran an agewéckelt mat der Frëndschaft an der Dankbarkeet vun all deenen, deenen hien duerch seng Haltung a seng Gesënnung vill Freed verschaaft huet. Virun där Säit mat den Nimm vun all deenen, déi zanter 1962 an deem Buch stinn, liese mir dëst klengt Virwuert als Erklärung an als Ofschloss: Aus dem Dausch vun de Blieder, déi de Wand am Hierscht bei der grousser Botz vun ons fort jot,fir Plaz ze maache fir nei Äscht an neit Laf, Aus dem grousse Mir vu Vergiessen, gräife mir Blat eraus, e Lorberblat, vergolden et fir dass et net zerfält an d’Zäiten iwwerdauert ewéi de Merci, deen et materialiséiert, wäertlos zwar, wéi d’Wierder och, mee dach eng bleiwend Unerkennung. Een eenzegt Lorberblat, ass dat net e bësse schappeg, wou dach all klenge Sportsheld sech gläich eng ganz Kroun vun deene Blieder opsetzt an anerer esouguer e ganze Kranz ëm den Hals gehaange kréien? An dach geet ons Scouten e Blat duer. Mir gesinn eben alles aus engem anere Wénkel, beliicht a verkläert vun onser Scoutsmoral. Si sëtzen hire

Meritter gläich eng Kroun op oder schléissen hir Carrière mat engem gëllege Kranz of. Mir fänke mat engem Blat vun onse Meritter un a sammele Stéck fir Stéck, vu B.A. zu B.A., vu bridderlecher Hëllef tëschent ons all zu ganzem Higinn un déi Saach déi mir als gutt erkannt hunn. An da gesi mir, dass et där Blieder vill mussen si fir eng Kroun ze flechten, dass een dobäi al gëtt, well vill Zäit verflitt. An an deem Moment, wou een da mengt et wieren där Blieder genuch fir eng Kréinchen op d’Stier, da mierkt een, dass vill kleng a méi grouss Blieder verdäiwelt gebriechlech sinn a liicht verfale mat der Zäit an dass een nach elle muss sammelen, ëmmer weider, fir nuren déi ofgefalen ze ersetzen. D’Scouten hunn dat zanter ville Joren erkannt, well et gesäit ee kee mat enger Kroun um Kapp. All sammelen se nach fläisseg, déi Jonk esou gutt ewéi di Al, an offréieren se aus fräie Stécker dem Scoutissem an der FNEL. Nëmmen duerch esou Blieder, déi déi Eenzel der FNEL schenken, ass et hir méiglech fir och hir Lorberkroun, un där se zanter 1914 schafft, e bësse méi defteg ze maachen. Aarbecht ass eng gutt Dugend an Dugend ass Freed. Haut sief en Dag vun der Freed. René Lecorsais 1964

Le Laurier d’Or est entré dans les statuts en 1971

5


DeMerci

Zesumme fir eng besser Welt Together creating a better world

Léif Scouten alleguer, Eigentlech géife mer all grad d’Erënnerunge vum Ouschtercamp mat eise Léifsten deelen. Leider awer sinn all d’Scoutsaktivitéite bis op Weideres ofgesot ginn, a mir mussen op de Kontakt zu eise Scoutsfrënn verzichten. Mee, ass Scoutismus net méi wéi dat? Dach, vill méi! Wéi den 12. Mäerz 2020 annoncéiert gouf dass d’Schoule bis op Weideres zou bleiwen an dass déi vulnerabel Leit sech solle schützen an doheem bleiwen huet sech a ganz kuerzer Zäit eng impressionnant Dynamik an der FNEL entwéckelt. Et huet keng 48 Stonne gedauert, do haten sech all d’FNEL’s Gruppe bereet erkläert beim Projet #AllDagengBA mat ze hëllefen. An Tëschenzäit si ronn 350 Explorer, Rover, Tembo’en, Cheffen a Comitésmembere vun der FNEL aktiv fir de vulnerabele Leit am Alldag ze hëllefe fir Akeef oder Medikamenter aus der Apdikt ze bréngen, a fir reegelméisseg mam Hond erauszegoen. Aktuell kréie mer ronn 7080 Opträg am Dag. Mee och an de Spideeler gi Leit gebraucht. Den 20. Mäerz huet Hôpitaux Robert Schumann eis kontaktéiert well si Leit gesicht hunn fir am Spidol ze hëllefen an hiert Personal ze entlaaschten. Hei goufe Leit gesicht fir zum Beispill an der Entrée de Leit d’Féiwer ze moossen, oder Patiente bannen vun A op B ze bréngen. Bis iwwer govjobs.lu en änlechen Appell komm ass hunn sech bei der FNEL 50 ( !) Leit gemellt fir hei ze hëllefen.

6

Mir hunn och eng essentiell Roll an der Produktioun an an der Verdeelung vu Mondschutzmasken. Den 22. Mäerz goufe mer vun der Cellule de Krise vun der Regierung kontaktéiert fir de Projet vun de Mondschutzmasken ze koordinéieren. An Zesummenaarbecht mat der LGS an der Post, an ënnert dem Motto #bitzdoheem, melle sech Leit aus dem ganze Land iwwer eis Hotline un, kréien en Pak vun der Post heembruecht deen se dann dem Bréifdréier rëm gefëllt zréck ginn. Fir all eise Beaver, Wëllefcher a Scouten d’Méiglechkeet ze ginn och am Alldag eng Scoutsaktivitéit ze maache gouf den 23. Mäerz #Homescouting lancéiert. Iwwert déi sozial Medien an op eisem Site proposéiere mir all Dag eng flott Iddi wéi een, op eng Scouts Aart a Weis, doheem mat sengen Eltere kann eng Aktivitéit maachen. A last but not least, hunn all eis Beaver a Wëllefcher eng flott Postkaart bemoolt a beschriwwen an an d’Altersheemer am Land verschéckt. Wat hei, innerhalb vu ganz kuerzer Zäit, op d’Been gestallt ginn ass, ass einfach phenomenal! Trei no eiser Wäerter war dir alleguer direkt bereet ze hëllefen, wou Hëllef gebraucht ginn ass. Dofir ass et eis wichteg e puer Mercie lass ze ginn: All den (nach)net-Scouten e grousse Merci fir eis bei all eise Projet’en ze ënnerstëtzen. Mir soen iech Beaver a Wëllefchen e ganz grousse Merci fir déi super Kaart déi dir gemoolt a verschéckt hutt!

All de Scouten e Merci fir d’Fotoe vun Aktivitéiten a fir ären Asaz fir är Matmënschen! Iech Explorer, Rover, Tembo, Cheffen , Gruppecheffen, Formateuren a Member vun enger Equipe een enorme Merci fir deen onermiddlechen Asaz deen der Dag fir Dag ënner Beweis stellt! De Permanent’en gëllt natierlech en extra Merci fir hire super Asaz. Dem Grand-Duc Héritier Guillaume, eisem Chef Scout, soe mer Merci fir seng immens Ënnerstëtzung déi hien eis iwwer Telefon a Bréif matgedeelt huet, an déi hien all Scouten ausgedréckt huet. An zum Schluss gëllt eise Merci natierlech och dem Comité de Direction. Nieft dem ganzen Engagement, der Kreativitéit an och der Responsabilitéit déi der un den Dag leet, an dat vun doheem oder dem Büro aus, verbreet der och eng Dynamik an eng Stëmmung déi senges Gläiche sicht. Merci !

Merci alleguer, mir weise grad dem ganze Land wat de Scoutismus ass ! Zesummen, fir eng besser Welt !

Georges, Tom a Raoul


In the press Revue de presse #AllDagengBA #bitzdoheem

7


DeMerci

Message vun eisem Chef Scout dem Ierfgroussherzog Guillaume

Léif Guiden, Léif Scouten, An de leschten Deeg hu Dir dem ganze Land bewisen, wat et heescht e Scout ze sin. An enger Situatioun, wéi mir se hei am Land nach nët kannt hun, hu Dir Iech ouni laang ze zécken an den Déngscht vun de vulnerabelsten aus eiser Gesellschaft gestallt, an zanterhier hëlleft Dir dagdeeglech duerch kleng awer bedeitend Gesten den Alldag vun anere Leit e Stéck besser ze maachen. Ären Engagement, grad esou wéi deen vun esou villen vun eisen Matbierger gëtt besonnesch deenen Hoffnung, déi am uergsten vum Coronavirus a senge Suitte betraff sin an dofir op Hëllef ugewise sin. “All Dag eng gutt Dot” ass nët nëmmen een alen Scoutssproch. Dir beweist eis grad, dass een, andeems een dëse Sproch lieft, Freed an Zouversiicht an d’Welt brénge kann, ganz egal wéi d’Ëmstänn sin. Seng Hëllef unzebidden an sech als Zil ze setzen, all Dag eppes Guddes fir d’Gesellschaft ze machen ass garantéiert de beschte Wee dës kritesch Zäit op eng positiv Manéier ze notzen. Ma et ass souguer vill méi, well Dir gitt mam gudde Beispill fir an Dir inspiréiert mat ärem Behuelen anerer. Ëmsou méi wichteg ass ët, dass Dir Iech ärer grousser Responsabilitéit an dësen Zäiten bewosst sidd an am vollste Respekt vun den aktuelle Virschrëften handelt. Well och hei brauche mir gutt Virbiller, déi eis all zum Nomaachen encouragéieren. Als ären Chef Scout wëll ech all eenzelnem vun Iech mäin déifste Respekt ausdrécken an Iech Merci soën fir ären exemplareschen Asaz. Dir sidd eng Inspiratioun fir eis all, a mir sin houfreg op Iech! An deem Esprit vu Solidaritéit a Courage wäerte mir duerch dës Kris kommen. Dofir maacht weider esou!

Äre Chef Scout

8


EisAktiounen

#AllDagengBA

12. Mäerz 2020, d’ Lag ëm de Coronavirus zu Lëtzebuerg spëtzt sech zou. Ëmmer méi Leit ginn infizéiert an d’ Regierung trëfft éischt Mesurë fir d’ Pandemie zu Lëtzebuerg anzegrenzen: Vulnerabel Leit sollen hier Deplacementer limitéieren, Manifestatioune ginn ofgesot, de Cours an de Schoule gëtt suspendéiert. Nach de nämmlechten Dag huet de Comité de Direction sech kuerzgeschloss an éischt Mesurë fir d’FNEL annoncéiert: Assemblée Générale ginn ofgesot, d’Scoutsversammlunge suspendéiert an all Reunioun an der FNEL ginn nëmmen nach virtuell gehalen. Mee e weidere Sujet huet eis beschäftegt. Wéi kënne mir eis als Scouten, an dëser dach aussergewéinlecher Zäit, fir d’Gesellschaft asetzen? Wou kënne mir Hëllefen? Eis Manpower déi mir duerch d’ ausfale vun de Scoutsversammlungen an de Schoulcourse sënnvoll Asetzen? E Scout léisst keen am Stach. E Scout hëlleft wou e kann. E Scout mécht all Dag eng BA. Séier koum d ‘Idee deenen ze hëllefen déi et mat der ganzer Situatioun mat am Meeschte betraff sinn. Deene Leit déi net méi virun d ‘Dier solle well de Risk sech unzestiechen ze grouss ass. Deene Leit eng Hand mat unzepaken, fir si hier Kommissioune maachen ze goen, mam Hond eraus goen, hier Medikamenter an d ‘Apdikt siche goen oder och nach ee Bréif bei d ‘Post bréngen. De Projet #AllDagengBA war gebuer. Fir et de Leit esou einfach wéi méiglech ze maache gouf eng Zentraliséiert Telefonsnummer an och eng E-Mailadressen ageriicht déi vun de Membere vum Comité de Direktioun besat gouf. D’Chef de

Gruppe goufen ugeschriwwen an iwwert de Projet informéiert a séier krute mir de Soutien vun eise Scouten: All Grupp huet sech bereet erkläert bei der Aktioun ze hëllefen, séier, onkomplizéiert a ganz no eiser Devise: Zesummen, fir eng besser Welt. De 14. Mäerz war et da souwäit. Eis Aktioun #AllDagengBA ass lancéiert ginn an d ‘Echoe waren iwwerwältegend: Dausende mol op de sozialen Netzwierker gedeelt an iwwert 135.000 Leit eleng op Facebook erreecht. An d ‘Leit hunn séier vun der Offer profitéiert. Elleng déi éischt Woch si knapp 300 Appeller era komm an iwwert 230 Opträg vun eise Scouten uechter d ‘Land erfëllt ginn. D ‘Dankbarkeet vun de Leit déi vun der Aktioun profitéiert hunn war schonn op der Hotline ze héieren. Vill Messagen hunn eis erreecht an deenen d ‘Leit Merci soten. Merci fir déi onkomplizéiert Hëllef. Merci fir de Service an dat frëndlecht Laache vun de Scouten. Merci fir déi léif Wieder an déi Zäit déi d ‘Scouten an hirer Fräizäit opferen. Mee och Message vu Leit déi eis eng Hand mat upake wëllen hunn eis erreecht. D’Solidaritéit vun de Leit war enorm an dofir soe mir Merci!

klenge Merci ze ginn, gouf decidéiert all Scout, dee bäi der Aktioun dobäi ass, mat enger Mask, Desinfektiounsmëttel an engem #AllDagengBA T-Shirt auszestatten. Fir d’ Desinfektiounsmëttel soe mir de Munnerefer Mais nach eng Kéier ee grousse Merci fir d ‘Afëlle vum Desinfektiounsmëttel, dee mat Hëllef vum Clos du Fourschenhaff an der Pharmacie des Thermes vu Munneref produzéiert gouf. Op de 14. Abrëll ziele mir aktuell iwwer 1300 Appeller op der Hotline a genau souvill Opträg si vun all eise Gruppen erfëllt ginn. Onermiddlech an Dag fir Dag stellen sech eis Scouten deenen zur Verfügung déi et de Moment net einfach hunn an droen esou hiren Deel zu dëser Krise bäi. D’Aktioun leeft weider, soulaang wéi d’Krise undauert. Deenen iwwert 300 Benevollen a Scoute gehéiert de Merci! Merci fir är onkomplizéiert a spontan Bereetschaft ze hëllefen. Merci fir är Zäit déi dir vir d ‘Gesellschaft a laange Schlaange verbréngt. Merci fir déi Léif Wieder déi dir de Leit mat op de Wee gitt wann dir hinnen d ‘Akeef bréngt.

Och d ‘Echoen an der Presse a vun der Regierung waren extrem Positiv. Kaum eng Dageszeitung huet net iwwert d ‘Aktioun bericht. Radiossendungen an Télé hunn Reportagen ausgestallt a bei offizielle Pressekonferenze sinn d ‘Scoute méi wéi eng kéier erwäänt ginn. Fir eis Scouten ze schützen an hinnen ee

9


10


n e o t o F i é m

11


#merci

12

Alexandra Zaiko, Chiara Bück, Caroline Maitry Thom Glaesener, Trixy Feider, Annik Dimmer, Ken Dickie, Tim Arend, Ben Gaffinet, Laure Elsen, Christophe Capelle, Sv Shady Brandenburger, Nicolas Schuller, Valérie Turk, L Faltz, Eric Schmitz, Caroline Everard, Sarah Hoffmann, Krier, Cathy Meyer, Lea Vogel, Charel Frick, Carole Krier, Dauphin, Félix Weber, Baciotti Christiane, Gasperi Eman Anne Muller, Claire Darné, Louis Ewen, Dave Kohl, Leon Charline Nickels, Barbara Ries, Catherine Lux, Sarah P Kahn, Lisa Krack, Naïla Aguezlane, Julie Seyler, Diane N Fazzini, Kate Dundon, Vic Momper, Nicolas Reiners, Yve Goedert, Cédric Zey, Pascale Behrens, Viviane Zey Ha Julie Lejour, Künzer Anouk, Hoffmann Patricia, Fritsch Schroeder, Ava Martino, Charlotte Wengler, Claire Tibe Jill Goeres, Laura Schummer, Max Steinmetz, Nora Ku Stéphanie Evers, Sophie Steinmetz, Tom Conrad, Vicky B Carole Cahen, Frank Bauler, Costa Diogo, Raoul Wirion Krombach, Laurence Vervier, Pit Dolizy, Felix Retter, Tom Gerrie Posing, Mireille Kiefer, Nadine Rommes, Marie-F Drauth, Cathy Guden, Raoul Schuster, Catherine Kremer Fabienne Mertens, Lis Christen, Kim Christen, Andrea Sc Marie Weisgerber, Edmond Mariany, Camille Graas, Jes Raach, Yves Streff, Bianca Van Zijl, Luc Kraus, Tim Sal Caroline Antoine, Marine Grivet, Loïc Grivet, Eleanor Re Kayser, Elena Plembani, Loïc Wagner, Ana Salvador Ga Wagner, Harry Lamamra, Raphael Flammang, Lena Sch Adrien Flammang, Nora Heinen Sendel, Aleksis Prion, Feltgen, Claire Merenz, Jacquie Linden, Fränz Nau, Ca Wagner, Christiane Goeres, Romy Wagner, Christiane Duhr, Tom Nau, Bob Schmiberg, Joyce Hubeau, Djuna Be Zoé Linden, Anouk Majerus, Steven Mason, Lise Wergifos Jentges, Raffaël Marth, Yannick Sassel, Christian Sasse Kontz, Rita Knebgen, Mim Bernard, Georges Wallstroem, Lara Moruzzi, Max Bichel, Jill Kohl, Ivano Andresini, Ch Max Meyers, Frazer Alexander, Prunelle Welter, Julien Martins, Mara Martins, Philippe Becker, Gilles Silvestri, X Zhu, Michelle Steichen, Anya Willems, Tessy Meckel, Sa Cathy Theisen, Martine Schramer, Katrin Meckel, Claire Linden, Jil Aumosson, Janina Origer, Megan Hoffmann O'Brian, Joanne Bywood, Beverly Atkinson, Ian Brice, Hannart, Alexander Rieder, Alexis Porto da Cruz, Werne Lena Weber, Isabelle Friedrich, Pit Schwartz, Mathilda M


mas Beckius, Myriam Elaarrad, Caroline Thill, Arnaud m Dickie, Nora Dupont, Jennifer Bausch, Jill Arend, Lisi ven Gouden, Léa Bonblet, Danielle Capelle, Yves Gaffinet, Lena Frisch, Julie Calmes, Melinda Soultanova, Sophie Charles Kremer, Geraldine Maroldt, Julien Loesch, Luc , Marion Petesch, Tania Dauphin, Luca Dauphin, Philippe nuelle, Jil Krier, Jil Hansen, Emma Darné, Lea Hansen, nie Steichen, Anne Mailliet, Jeff Berens, Philippe Servais, Passagem, Soraia Passagem, Daniel Monville, Michelle Neu, Nils Struck, Cyril Wagener, Stefan Milic, Francesca es Monville, Isabelle Baustert-Olsem, Nathalie Spanieraas, Samantha Winandy, Lena Löffler, Mike Scholtes, Laura, Anne Caroline Berscheid, Alex Majerus, Aurélie esart, Jeanne Joossen, Jeanne Tibesart, Jenny Boettel, uffer, Patrick Thombs, Pete Conklin, Samantha Conklin, Braas, Philippe Berscheid, Céline Haeck, Mike Huppertz, n, Chantal Hermes, Dave Burg, Caroline Prost, Georges Girardin, Mikael Azevedo, Laura Mentgen, Richard Frank, France Schoder, Georges Hames, Rosy Watgen, Monique r, Romy Schouten, Jenny Roch, Pat Halsdorf, Katie Roch, chulze, Carlo Graas, Charlotte Colbach, Corinne Roseren, ssica Thom, Michael Vandeputte, Sylvie Ralinger, Kevin ltmann, Sven Thom, Alessandro Bega, Pascale Schaaf, edcliffe, Nils Huebel, Martine Aach, Vicky Pundel, Julie arcia, Sam Putz, Mathew Radcliffe, Felix Dahm, Noémie hmitt, Eric Macé, Maiti Lang, Catherine Heinen Sendel, Mike Kremer, Alex Schmit, Carissia Demoutiez, Marie arlo Schott, Véronique Wagner, Catherine Löbel, Céline Goeres, Danielle Wagner, Stéphanie Ordener, Laurent ernard, Julie Bové, Félix Gilson, Sam Hertz, Tom Leclerc, sse, Laura Semedo, Max Voncken, Niels Salvatore, Marc el, Mike Leclerc, Sandy Spielmann, Fränky Kayser, Alex , Mireille Sassel, Lisa Pesole, Laura Deffoin, Jerry Zwank, hristine Streitz, Cathrin Streitz, Guy Bichel, Bob Bichel, Streff, Manon Kerschen, Paul Fay, David Da Silva, Luca Xenia Bonifas, Chrisophe Tabeni, Tamara Biewers, Lucie ally Eiffes, Oceane Deshoulier, Lis Theisen, Soria Sassel, e Albrecht, Elsa Albrecht, Gil Pauly, Luc Engelmann, Pit n, Kai Dussmann, Nadia Farcas, Sonia Alvarez, Clodagh Kira Steward, Cassandra Ellis, Clément Potocki, Félix er Weynand, Ben Kiffer, Anja Bigelbach, Vicky Bigelbach, Mathgen, Guy Jungblut, Sven Kohl, Aurélie Jungblut

#merci

13


EisAktiounen

#homescouting All Dag eng Aktivitéit

Am Moment ass et fir eis alleguerte besser, wann mer doheem bleiwen, Kontakt vermeiden an esou vulnerabel Leit an eis selwer schützen. Dat heescht leider och: keng Versammlunge bei de Scouten.

BE PREPARED – an esou hunn mir eis geduecht, dass de Scoutismus och doheem ka gelieft ginn, mat deene Saachen, déi een doheem huet an esou sech an säin Ëmfeld frou maache kann.

All Dag proposéieren eis Programmkommissairë vun de Branchen an Zesummenaarbecht mat ville Gruppen eng Aktivitéit, déi einfach nozemaachen ass an den Ideeë vum Scoutimus entsprécht. Vill Gruppen hunn ugefaangen hire Memberen zousätzlech Challengen ze ginn, niewent de proposéierten Aktivitéite vun der Federatioun. Mee ouni iech als Membere vu kleng bis grouss, géif dat net goen.

Méi Ideeën fënns du op eisem Internetsite www.fnel.lu

All Dag kréie mer super Feedback vun Elteren a Kanner a Form vu Fotoen a Videoen, wat beweist, dass jiddereen doheem weiderhi SCOUT ass a sech souvill engagéiert wéi e kann.

Zesumme mat der POST hu mer e Postkaarteprojet opgestallt: D’Beaver an d’Wëllef kruten eidel Kaarten heemgeschéckt, fir se ze bemolen an dann an Altersheimer ze schécken. D’Idee ass, fir deenen eelere Leit eng Freed ze maachen an Zäite vun der Isolatioun. Der Post hei nach eemol e risege MERCI fir déi iwwer 2000 Timberen an hier Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung.

Jidderengem vu Kleng bis Grouss, villmools Merci fir deen Zesummenhalt, déi Ënnerstëtzung an d’Méiglechkeet de Scoutismus no baussen ze weisen. Fir alleguerte vun iech stëmmen dem BP seng Wieder “A scout smiles and whistles under all circumstances”.

Lénks Patt

14


15


EisAktiounen

#bitzdoheem

Gesiichtsmaske fir Lëtzebuerg Wat äntwert een, wann een an dësen Zäiten d’Cellule de Crise um Telefon huet an gefroot gëtt, fir en Projet ze koordinéieren ? Getrei dem Motto « Emmer bereet » hunn mir natierlech -« Jo » gesoot.

Am Kader vum Projet #BitzDoheem ginn d’Leit opgeruff fir doheem mat hierem Material Gesiichtsmasken ze bitzen. Den Projet hat zwou Phasen: engersäits gëtt Lëscht opgestallt vun Fräiwëllegen déi Masken bitzen kënnen an wëllen. Anerersäits kréien mir vum Ministère de la Santé gesoot, wien déi Masken soll kréien.

Mir hunn also zesummen mat den LGS eng Hotline an eng E-mailsadresse ageriicht, op der d’Leit sech mellen kënnen, déi bitzen wëllen. Souwuel d’Hotline, wéi och d’E-mailsadresse ginn vun Leit aus dem Comité de direction vun der FNEL an Volontairen vun den LGS zesummen geréiert an d’Aktioun #BitzDoheem ënnert dem Logo vum Scouting in Luxembourg (SIL) public gemaach.

Den Interessi vun den Leit fir matzemaachen an Masken ze bitzen ass rieseg grouss, esou datt bei der Ouverture vun der Hotline den 30. März 2020 dës regelrecht gestiermt ginn ass. Eleng den éischten Dag hunn sech iwwert 150 Leit fir d’Aktioun ageschriwwen an vill anerer wollten sech doriwwer informéieren. Innerhalb vun den nächsten dräi Deeg ass d’Zuel vun Volontairen op iwwert 300 geklommen an duerno nach virun. Vill Volontairen schreiwen sech och e puer mol fir d’Aktioun an. Bis den 7. Abrëll waren schon iwwert 7.000 Masken zesummekomm.

votre garant de qualité depuis 1969

www.provencale.lu

16


Mat der Post hu mir en zouverlässegen an immens kooperativen Partner bei dëser Aktioun. All Owend kréien si eng Lëscht vun den Fräiwëllegen vun eis an setzen hinnen Këschten virun d’Dir fir déi gebitzten Masken dranzeleeën an si ginn déi Këschten och regelmässeg nees sichen.

D’Këschten ginn bei der Post gesammelt, wou d’Scouten vun der FNEL an den LGS den Inventaire maachen an eemol an der Woch kucken, wéivill Masken ukomm sinn. Doropshin ginn d’Adressen, déi den Ministère de la Santé eis gëtt op déi Këschten gepecht an d’Post schéckt d’Këschten virun un d’Clienten déi Masken brauchen. Deen éischten Client war AllDagEngBA, esou datt all déi Leit, déi an dësem Projet engagéiert sinn och eng Mask kruten.

Méi Infoen fënns du op eisem Internetsite www.fnel.lu

En groussen Merci un all eis BitzVolontairen, déi Leit, déi Stofft an Material spenden, d’Scouten, déi den Inventaire maachen an natierlech un d’Post déi hei en immens léiwen an hëllefsbereeten Partner sinn. An Tëschenzäit si knapps 12.000 Masken u sozial Träger wéi zB d’CroixRouge, Caritas,Stëmm vun der Strooss, Wunnengshëllef, ... verdeelt ginn.

17


NËMMEN DAT BESCHT !

vew_modif-fnel-2.pdf 1 02/07/2019 09:39:02

ÉTÉ comme HIVER, vos plus belles vacances sont chez Emile Weber !

18

Infotel: 35 65 75-1 – www.emile-weber.lu


De Scoute vun der FNEL hir Roll an der aktueller Epidemie ass eng Fortsetzung vun onsem Engagement a Krisenzäiten déi ons Gesellschaft déi lescht honnert Joer erlieft huet. D’Federatioun mat all hire Gruppen huet sech direkt organiséiert fir Hëllef um nationale Plang unzebidden an Zesummenaarbecht mam Ministère de la Santé.

Dëse sozialen Engagement läit an de Wuerzele vum Scoutissem, en ass inherent zu onse Wäerter an onser Missioun:

De Scoutismus huet als Missioun, mam Wäertesystem ewéi en am Scoutsverspriechen an am Gesetz festgehalen ass, zu der Erzéiung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen, mat Leit, déi sech fräi entwéckelt hunn, a prett sinn, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.

Eisen Engagement a Krisenzäiten – e klengen Historik

19


Hei ass eng Oplëschtung, déi net den Usproch huet komplett ze sinn, wou den Asaz vun der FNEL, säit hirer Grënnung am Joer 1914, an Zäiten vun humanitäre Krisen illustréiert gëtt.

Op der enger Säit sinn et akut Konflikter, wou direkt huet misse gehandelt ginn, op der anerer Säit sinn et wirtschaftlech Situatiounen déi unhalen, wou d’FNEL sech laangfristeg engagéiert fir dozou bäizedroen de Leit hir Situatioun ze verbesseren.

1. Weltkrich

engleschen, russeschen, Italieneschen a russeschen (2.700) Zaldoten, déi als Krichsgefaangener vun de Däitschen, befreit goufen an elo am Transit sinn fir an hier Heemecht zeréck ze kommen. Si sammelen och Suen als Täschegeld fir di fréier Prisonéier (12.005 Frang vun deemools).

D‘ FNEL kritt an de folgende Jore Medaillen vun den Dames de la CroixRouge française, der Croix-Rouge vu Belgique an der Croix-Rouge vun Italien als Merci fir di geleeschten Hëllef

1939: D ‘lëtzebuerger Croix-Rouge

1914: 40 FNEL Jonge vun de just

(CR) mécht am Februar e Spenden Opruff fir Kanner Affer vum spuenesche Biergerkrich. D’FNEL hëlleft Ofzeechen ze verkafen

gegrënnten Eclaireurs de l’Athénée stellen sech den 3. August (de Krich huet zu Lëtzebuerg den 2. ugefaangen) an den Déngscht vun der Croix-Rouge déi am selwechte Joer gegrënnt gouf. Si maachen Déngscht am Lazarett a fleege Verwonnter. De Walter Heldenstein, e jonken aus der Trupp, stierft 1915 un de Suite vun dëse Strapazen.

1940: Finnland gouf en 30.11.1939

Donneschdes 28 Mäerz a 4. Abrëll 1918 gi bei Loft Attacke vun den Alliéierten op Lëtzebuerg vill Leit blesséiert an och en etlech Doudeger. D ‘Scouten hëllefen si ze evakuéieren, maachen Transmissiouns Déngschter um Vëlo an hale Garde virun Haiser mat Doudegen oder Evakuéierten.

Quête vun der CR am Mee fir hier Sozial Déngschter. D’ Scoute maache mat. Déi Zesummenaarbecht CRL-FNEL hält bis haut un : reegelméisseg verkafe Scoute vun der FNEL an de 60er a 70er Jore Fändelcher fir d’CR; Zënter senger Grënnung 1947 kann de CR Bazar op d’ Hëllef vu Gruppe vun der FNEL zielen.

vun sowjeteschen Truppen iwwerfall. D’FNEL Scouten hëllefen der CR Lëtzebuerg Sue sammelen di finnesch Croix-Rouge.

1918 Mëtt November bis Enn Dezember. D ‘Scoute hëllefe franséischen (700) ,

20 20

Prisonniers libérés 1918

21.12.1944

Méd 1. G u errea illes mo ndia

le

e ra n°a isle f e l il a M é d r r e mo n d i a 1. g u e


2. Weltkrich 2 Deeg no der Liberatioun vum 10 September 1945 fänke Scoute un den Alliéierten d ‘Liewen zu Lëtzebuerg nees nei ze organiséieren. Si hëllefen dobäi hirem Commissaire général, dem Georges Schommer deen als Chef vun der Mission des Affaires Civiles du Gouvernement luxembourgeois agesat gouf fir Uerdnung an dem allgemenge Chaos ze suergen. De Colonel Frazer, Chef vun den Alliéierten an der Stad seet d’ Scoute wieren hier Aen, Oueren a Post gewiescht.

Am Dezember – Januar ass d’Ardennen Offensiv. Fill Leit aus dem Éislek an aus dem Oste vum Land flüchten a kréien Ënnerstëtzung vun den Scouten. Och wann Gefaangener aus de KZer oder aus der Zwangsrekrutéierung zeréck komme sinn d ‘Scouten dobäi.

1989 D’ FNEL huet séit 1989 seng eegen ONGD an hëlleft zanter 1990 haaptsächlech am Nepal. Haut investéiere mir ronn +/-711.000 € / Joer mam Focus op de Beräich Educatioun fir Jonker. 1991 Repressioun vun de Kurden am Irak – iwwer eng Millioun Flüchtlingen – d’FNEL kënnt dem Appel WOSM no – am ganze Land ginn dausenden Decke gesammelt.

1992 D’ Informatiounséquipe vum SCOUT lancéiert d’ Aktioun “Teddy”. Di gesammelt Teddy’ en ginn un d’ Protection Civile fir Kanner déi an hiren Ambulanzen transportéiert ginn. 1993 Hellef fir Réfugiés aus Ex Yougslavien an Ungarn – d’FNEL schléisst sech dem Appel vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge un.

Read more

1986 Tchernobyl : de 26. Abrëll wor d’ Nuklear Katastroph vun Tchernobyl. FNEL an LGS hunn zesumme 50 Kanner vun 13 bis 15 Joer op Lëtzebuerg op e Camp vum 6. Juli bis den 3. August 1991 invitéiert.

1989 Help Roumania: d’FNEL kennt engem Appel vun Médecins sans Frontières no fir a Kannerheemer wou Kanner a katastrophalen Ëmstänn liewen, dëst no der Chute vun der Diktatur, ze hëllefen.

Evacuation 44-45

1996 Kache fir Stëmm vun der Strooss: D’Explorer- a Roverbranche vun der FNEL kache vun 1996 un bis haut fir d’ Chrëschtfeier vun der Stëmm vun der Strooss. Dernieft si kleng Aktioune fir d’sans-abri gelaf wéi Schlofsäck sammelen oder am Wanter Zopp kachen.

21.12.1944

Artikelen vun de BA’en, déi am deScout publizéiert goufen.

2121


1998 Refugiéen zu Lëtzebuerg: vun Oktober 1998 bis 2006 huet d‘ FNEL hiren Home zu Rippeg dem Famillje Ministère zur Verfügung gestallt fir demandeurs d’asyle ënnerzebréngen. Eng zweet Locatioun fir de selwechten Zweck gouf et vum 1. Abrëll 2012 bis den 31. Mäerz 2019.

De Misärshaff gouf och als Ënnerdaach fir Refugiée bereet gestallt, dat vum 1. November 2011 bis den 31. Mäerz 2012

100 Joer Scoutissem – WOSM lancéiert de Projet “Dons pour la paix”: d’FNEL organiséiert am Joer 2005 e Camp-échange am Cap Vert, an 2006 e camp-échange mat jonke Palestinenser, Israeli’en an engem Foyer jeunes défavorisés vu Marseille - e Mini Liichtbléck am Noost Konflikt.

2015 de 25 Abrëll ass en zolidd Äerdbiewen am Nepal. D’FNEL lancéiert d’Aktioun “Eng Zill fir de Nepal” wou sech eng Partie Gruppen dru bedeelegen. D’ONGD-FNEL realiséiert 13 Reconstructiounsprojet’e iwwer de Montant vu 700.000 €.

2015 camp an Tanzania : d’Rover vun der FNEL engagéieren sech fir schoulesch Infrastrukturen ze verbesseren. Retour 2018 op Demande vun engem lokale Scoutsgrupp fir KnowHow an de Beräicher Solartechnik a Scoutspedagogik.

22

Niewent dësen nationalen Aktiounen hunn ons Gruppen och eng sëllegen Bonnes Actions um lokale Niveau realiséiert: dëst geet vun Theaterspillen am Altersheim, iwwer den Télévie, dîners de bienfaisance a Konschtausstellungen oder z.B. um internationale Plang Hëllef fir e Kannerheem a Moldavien oder d’Konstruktioun vun enger Schoul am Burkina Faso.

Den Engagement an der Communautéit ass dat 8. Element vun der Scoutsmethode : et ass fir de Scout net méiglech “Eng besser Welt ze schafen” ouni sech an d’Gesellschaft z’ implizéieren. Wa mir zur Erzéiung vu jonke Leit wëlle bäidroen, wa mir onse Grondwäert Solidaritéit wëlle liewen, da geet dëst just duerch konkret Aktiounen um Terrain, am Beschte mat Partner, déi en Impakt op ons Gesellschaft hunn.

All Dag eng BA, dat gehéiert zum Scoutissem wéi de Foulard, de Knuet oder um Feier kachen. Gett dat awer an der Realitéit gelieft? Kaum, dofir ass awer den Engagement an der Communautéit eng nei Interpretatioun vun dëser BA mat sécher engem méi groussen Impakt.

Et kann een sech och d’Fro stellen op all déi Aktiounen hëllefen: mir sinn der Iwwerzeegung JO a si hunn en duebelen Zweck: zu der Erzéiung vun onse jonke Leit bäidroen an deene Leit di Nout a sinn ze hëllefen sou wéi et am Scoutsgesetz steet:

E Scout léisst keen am Stach.


“NO to violence against women!”

On 29th November 2019, a Flash mob NO was organised outside our offices inspired by the “Lët’z say NO to violence against women” campaign launched by the CNFL, the National Council of Women in Luxembourg.


L’assurance qui s’adapte à mon style de vie

MA VIE. MON STYLE. MON ASSURANCE. Vous possédez le dernier smartphone à la mode et vous aimez les nouvelles technologies ? Avec mozaïk, choisissez les garanties adaptées à votre style de vie et profitez d’une assurance flexible et évolutive pour protéger vos appareils nomades, chez vous et ailleurs. Rendez-vous sur mozaik.lu ou chez votre agent Foyer.

Agence Principale d’Assurances 13, av. Lou Hemmer L-5627 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1 greter-schumacher@agencefoyer.lu

Produit distribué par Foyer Assurances S.A., 12 rue Léon Laval, L - 3372 Leudelange


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
deSCOUT No 583 by FNEL Scouten a Guiden - Issuu