Skip to main content

de SCOUT No 563 - spezial Misäershaff & Kolpech

Page 1

l a i z e p s kolpech

scouts chalet

No 563 / 96. Joergang

November 2016


EISPARTNER P.GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances

L-5650 Mondorf-les-Bains

UN OBJECTIF À ATTEINDRE?

Cactus vous soutient!

DENIMPRESSUM deSCOUT No 563 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten L-2630 Luxembourg Redaktioun & mise en page : Fondation AGGL FNEL, Equipe Misère, Groupe activités Ferme Misère, Claudine Scheeck Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600

02


DENIWWERBLECK D’LABELE VUM HAFF

DENINDEX 02

EISPARTNER

12

UMHAFF - Nature & Environment

03

DENIWWERBLÉCK

15

ZUKOLPECH - Wéi Wat Wou

05

DENEDITO

16

DENTRECK-IT

06

AMÉISLECK

18

DTEAM

08

UMHAFF - Le nom Misère

21

DZUKUNFTVUMHAFF

09

UMHAFF - Privés & Professionnels

24

LIENSUTILES

10

UMHAFF - Wéi Wat Wou

03


04


DENEDITO

D’FNEL AM ÉISLECK Ausser an hiren Ufangszäite war d’FNEL ni grouss am Éislek vertrueden, och haut huet se do nëmmen ee Grupp. Dat ass schued, mee wie weess…? Villäicht ass et eng Kompensatioun? D’FNEL huet zwee wonnerbar Site’n an dësem schéinen Deel vum Land: de Misärshaff an de Chalet AGGL zu Kolpech. Den “Haff” ass wuel ville Leit vum Numm bekannt, mee wat ass wierklech do lass, wat fannen ech do, wat kann ech do maachen? Dësen DESCOUT gëtt iech dorops Äntwerten. “Kolpech” ass wuel vill manner bekannt. An dach, dëse Chalet huet säi Charme: méi kleng mee op engem schéinen, rouegen an natierleche Site verdéngt hien och méi bekannt ze ginn. Dësen DESCOUT bréngt iech och dozou wichteg an interessant Info’en. Profitéiert vun dësen zwou formidabele Platze fir eng onerwaarten Aventure: eist Éislek kennen ze léieren! DAT SCHÉINT, ENG WONNERBAR NATUR ASS MÉI NO WÉI MER MENGEN!

05


AMÉISLECK D’FNEL UM MISÄRSHAFF Den 18. Juli 1916, 12 Deeg virun der offizieller Grënnung vun der FNEL, steet an engem Rapport vun den Boy Scouts vum Sporting Club iwwert méiglech Campingsplazen: Pont Misère difficultés de ravitaillement trop grandes. Näischt fir d’Scouten also. Et war net gutt ugaangen, sollt sech awer 70 Joer duerno änneren. Enn der 80er Joren huet d’FNEL ugefaangen no enger Platz fir e Formatiounszenter ze sichen. 1992 huet de Staat de Misärshaff opkaaft an en den 29.10.1993 der FNEL fir 25 Joer (erneierbar) iwwerlooss. An dräi Phase gouf ëm- a bäigebaut. Dozente Scouten hunn hei geschafft fir di Brak, déi et war, nees a Stand ze setzen, an de 4 Mee 2003 huet de Chef Scout, de Grand-Duc Jean, den Haff ageweit. Domat ass de Misärshaff eisen Haff ginn. Mir hunn awer doraus net nëmmen e Formatiounszenter gemaach, mee och en ekologesche Referenz-Zentrum. Eng Planzen-Kläranlag, Solarzellen, extensiv Bewirtschaftung vun de Gréngflächen, d‘Ecocabane di autark ka funktionéieren, ëmweltfrëndlech Gestioun vum Haus, Ëmwelterzéiung vun onse Scouten, asw, sinn Zeie vun eisem ekologeschen Engagement. Dofir krut de Misärshaff de Label SCENES (Centre scout d’excellence pour la nature et l’environnement) vun der OMMS (Organisation Mondiale des Mouvements

06

Scouts), de Label vun der Superdreckskëscht an den Ecolabel vum Ministère de l’Economie. De Enovospräis ass eng weider Unerkennung vun der FNEL hirem Engagement um Misärshaff. Zwee didaktesch Spadséierweeër, Natur Pur 1 & 2 goufen um Haff vun der “Administration des Eaux et Forêts“ am Kader vum Naturpark Uewersauer ugeluecht. Bis haut goufen 107 Beem um Haff geplanzt déi engem léiwe Mënsch dediéiert sinn. All dat huet vill Engagement vu ville Fräiwëllege verlaangt. Mat enger Grëtz Ironie hunn se sech de “Club des Misérables” genannt. Mee hier Aarbecht war alles anescht wéi miserabel! Duerch all di Leeschtungen, an all deen Asaz, gouf de Misärshaff ëmmer méi en Deel vun Identitéit der FNEL, an ass haut net méi vun eis ewech ze denken. Loosse mer houfreg sinn iwwert dat wat mer hei geleescht hunn, a wat mer hei hunn. Loosse mer dofir weider dru schaffen dëse Bijou gutt ze versuergen.


D’FNEL ZU KOLPECH Zënter Februar 2014 ass d’Fondation AGGL-FNEL offiziell Besëtzer vum Chalet zu Kolpech. Domat reit si sech an eng laang Geschicht vun engem Haus an, wat ëmmer an exklusiv mam Guidissem a Scoutissem verbonne war. Et waren Hamburger Zammerleit, di am Süde vum Land an de Schmelze geschafft hunn, di an den 1920er e Blockhaus aus massive Bamstämm zu Kolpech opgeriicht hunn. 1920 waren d’Aline an Emile Mayrisch – de Saint-Hubert, di grouss Gënner vum Scoutissem a Guidissem zu Lëtzebuerg, op Nidderkolpech geplënnert. Den Emile Mayrisch war President vun der ARBED an op Wonsch vu senger Fra, hunn si hirer Duechter Andrée (Schnucki), enger begeeschter Guide zënter 1916, op hirem Terrain, net wäit ewech vun hirem Schlass, dëst Blockhaus baue gelooss. 1921 schonns huet d’Schnucki en éischte Camping zu Kolpech organiséiert a vill national an international Camp’en koumen no. Och d’Scoute waren do wëllkomm, a munech FNEL’s Gruppen hunn schéi Momenter am Chalet erlieft. Kee lafend Waasser mee eng Baach, keen Elektresch mee Bougie’en, rudimentär Toilettë am Gebësch hannert dem Haus hunn all Camp zu engem Erliewnëss gemaach.

Op Wonsch vum Schnucki Viénot-Mayrisch a mam Versteesdemech an Entgéintkommen vun der CroixRouge ass de Chalet dunn 1951 ganz an de Besëtz vun der AGGL iwwergaang. Vill hunn d’Guiden zu Kolpech geschafft fir d’Haus méi wunnlech ze maachen. E Biotop bei der Kolpecher Baach an en Natur-Pad goufen ugeluecht. Zwee Gruppe goufen an der Ëmgéigend opgemaach, zu Réiden an zu Ell. Den 10. Mee 1993 ass, duerch eng ni opgedeckte kriminell Handlung, de Chalet komplett niddergebrannt. D’Guide vun der AGGL huet sech net kleng kréie gelooss an de Chalet komplett néi opgeriicht. Hie gouf de 19. Mee vun der Chef-Guide, d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte ageweit an ass mat engem groussen internationale Camp Phoenix’96 souzesoen nees aus de Flamen operstanen. No der Fusioun vun AGGL a FNEL vun 2012 ass dunn de Chalet iwwerdroe ginn an d’Fondation AGGL-FNEL. Esou koum d’FNEL op Kolpech an ass frou des laang Geschicht, vun enger wonnerbarer Platz, kënne weider ze féieren.

1947, beim Doud vum Aline Mayrisch – de Saint-Hubert goung hier Proprietéit zu Kolpech un d’CroixRouge. D’AGGL krut den Usufruit vum Chalet.

07


UMHAFF CETTE FERME QU’ON APPELLE « MISÈRE » Contrairement à ce que son nom pourrait suggérer, le « Misärshaff » est un lieu de calme et de volupté, mais sans luxe superflu et donc fort éloigné de toute misère. D’où alors ce nom bizarre, si mal assorti au site ? Nul ne le sait, aucun document n’en explique l’origine. Reflète-t-il seulement une réalité sociologique : la misère ayant régné à une certaine époque en ce lieu ? Où serait-ce trop simpliste comme explication ? Une autre thèse est plus intéressante* : lors de l’occupation française du territoire luxembourgeois (1795 – 1814) des employés français du cadastre auraient mal compris le nom du lieu-dit « op der Mies » et en auraient fait « Misère ». Or, le terme « Mies » serait une variation du mot latin « mansio », la maison, la demeure. Le lieu-dit « Op der Mies » référerait donc à un endroit avec une maison. Or, de l’autre côté du Lac, juste en face du « Misärshaff », sur le lieu-dit Heedekneppchen on a précisément retrouvé les fondements d’une maison romaine**. Mais le mot latin « mansio » renvoie lui-même vers le verbe « manere », rester, s’arrêter. Et ne reste-t-on pas à un endroit que parce qu’il est beau, agréable …loin de toute misère ? On pourrait donc réinterpréter le nom « Misaershaff » pour « la ferme où l’on reste ». Bien sûr que nous allons y rester ! Et en ce sens … bon séjour au «Misärshaff », le mal-nommé !

* source: Brochure « Natur Pur ? » ** voir les photos aériennes sur le site geoportail.lu

08

misaershaff.lu


LOCATION POUR VOS ACTIVITÉS PROFESSIONNELLES OU FESTIVES Le Centre de formation scout de la FNEL est disponible en semaine (éventuellement le WE hors saison et congés scolaires).

LES PLUS • • •

Calme et sérénité Nature Lac de la Haute-Sûre

• •

Espace pour séminaires ou formations Belle salle pour fêtes

LES ATOUTS Sont disponibles pour vous sur le site :

La Ferme • 1 grande salle d’une capacité de 80 personnes à table (114m2) • 2 petites salles de réunion (25 m2 chacune) • Beamers avec écran • Flip Charts • Internet (Wifi) • Photocopieuse • 1 réfectoire (80 m2 ) • 1 cuisine professionnelle équipée ( 40 couverts) • Dortoirs (1, 2, 7,10 lits) pour 40 personnes • Douches séparées dames/messieurs • Douche/WC pour personne handicapée • Mezzanine extérieure couverte ( 75 m2 )

Le camping • • • • •

7 ha de terrain Camping autorisé pour 160 personnes Cuisine extérieure Bloc sanitaire Feu de camp

Eco-Cabane • Cabane en bois de 100 m2 (ambiance trappeur)

Activités • Sentiers balisés le long de la Haute-Sûre

Gestion écologique • récupération d’eau de pluie • mare et station d’épuration à plantes • panneaux thermiques solaires • parc de recyclage des déchets • nettoyage écologique • entretien extensif des alentours • verger, arbres à hautes tiges • Pour d’autres détails consultez le site : http://www.misaershaff.lu Prix et Réservations : Fondation AGGL-FNEL 61a rue de Trèves • L-2630 Luxembourg Tél.: +352 26 480 450 • mail@fnel.lu

09


UMHAFF Der FNEL hir Scoutshomer zu Uerschdreff an zu Nidderkolpech gehéire sécher zu de schéinste Plazen am Land fir en onvergiessleche Camp z’erliewen. D’Stärkte vun den zwee Homer leien op der Hand : • isoléiert • matzen an der Natur • ee groussen Terrain • eng eenzegaarteg Emgéigend • Chalets déi tip top an der Rei sinn • Holz fir Constructiounen • Feierplaz • gudd accessibel (max 1 Stonn vun der Haaptstad) • en attraktive Präis •

MISAERSHAFF : Centre de formtion pour jeunes

SITUATION

ACTIVITÉS Commune de Rambrouch, près de Bilsdorf dans la vallée de la Haute Sûre , une zone protégée d’importance nationale et internationale. (Natura 2000, zone sanitaire, réserve naturelle « Bruch-Pont Misère » et zone de protection nationale).

ACCÈS

Terrain de 7 hectares comprenant l’ancienne ferme, l’Ecocabane et le camp.

scoutes typiques : la vie au camp, les randonnées, le bivouac de 1 à 3 nuitées. Le plus : Ëmweltbadge (Brevet du Scoutisme Mondial pour l’Environnement) et constructions scoutes (bois fournis). Le site www.misaershaff.lu/index.php/informations/activitesvisites vous révèle de nombreuses autres activités dans les environs.

RAVITAILLEMENT Supermarchés à Redange, Arlon, Pommerlach. Boulangerie et épicerie à Rambrouch ou Martelange. Possibilité de se faire livrer.

Bus : Arrêt Arsdorf-Misärshaff, lignes 622 et 620, Train : Gares de Wiltz ou d’Ettelbruck plus d’informations sur http://www.mobiliteit.lu/

10

PHARMACIE & MÉDECINS Pharmacie à Rambrouch Hôpital à Ettelbruck


• • • • • • • • • • • • • •

1 grande salle d’une capacité de 80 personnes à table (114m ) 2 petites salles de réunion (25 m2 chacune) Beamers avec écran Flip Charts Internet (Wifi) Photocopieuse 1 réfectoire (80 m2 ) 1 cuisine professionnelle équipée ( 40 couverts) Dortoirs ( 1, 2, 7, 10 lits ) pour 40 personnes Douches séparées dames/messieurs Douche/WC pour personne handicapée Mezzanine extérieure couverte ( 75 m2 ) feu ouvert ancienne cave voûtée pour veillées, 40 lits 2

Sur demande : • restauration • sacs pour couchage à l’intérieur • écran • beamer • photocopieuse • accès WIFI • carte topographique • brochures du sentier « Natur pur? » •

LE CAMP • 7 ha de terrain • Camping autorisé pour 160 personnes • Cuisine extérieure • Bloc sanitaire • Feu de camp • bois pour constructions scoutes, • bois pour feu de camp, • 2 points d’eau potable, • bloc sanitaire indépendant avec eau chaude/eau froide, filles/garçons, douches et WC. Sur demande : • sets de bancs et tables • barbecue • kayak et canoë •

cabane autarcique construite en bois indigène pour compléter la vie de camp (réunions, formations, réfectoire, staff, infirmerie, abri en cas d’intempéries) • • • • • •

ECOCABANNE

LA FERME

surface 80 m2, chauffage au bois, cuisinière au bois, électricité alimentée par une installation photovoltaïque, WC (eau de pluie), équipée avec tables, chaises et vaisselle pour 30 personnes.

fir Scoutsunitéiten an all organiséiert Jugendgruppen :

campsite.lu misaershaff.lu RÉSERVATION misaershaff@fnel.lu T. 26 480 450

11


UMHAFF WELTWÄIT GINN ET 27 SCENES ZENTEREN

,.+3%!4

,.+3%!4

$%+%,%

$%+%,%

$-.$/0!.1&2)*$

+.(/.!)%+,

,.+3%!4

5.!3%+6 $%+%,% $%+%,%

5.!3%+6 %&'(!*%

%&'(!*% %&'(!*% +.1%)

8!%+$.

&'%

!"#$%&#'()*+,#$'),-)./%0")12"%3"04

!"#"$ 1#!(&5%) '9*(-.!)%+,

)&7.32#&!5

/&+5%!6

3.7*$#

)&7.32#&!5 $#'(%0!*$%

'#&(/0%8!*$% 567"6"/

%&'(!%)*%

12


SCOUT CENTRES OF EXCELLENCE FOR NATURE AND ENVIRONMENT An den 1990er hu sech 9 Scouts-zenteren zesumme geschloss déi sech all duerch hiert excellent Emweltmanagment an –erziehung ausgezeechent hunn. Heiraus ass SCENES entstanen. Dëst steet fir “SCOUT CENTRES OF EXCELLENCE FOR NATURE AND ENVIRONMENT. “ Säit 2010 gehéiert de Misaershaff zum SCENESnetwork. SCENES gehéiert zum Welt Scout ËmweltProgramm (WSEP). Dëse Programm setzt sech dofir an d’Scouten fir hier Ëmwelt z’interesséieren fir datt engagéiert an aktiv Memberen vun der Gesellschaft aus hinne ginn. E SCENES-Zenter ass e ganz besonneschen Scoutszenter. Weltwäit ginn et nëmmen 27 SCENESZenteren, dorënner sou bekannter wéi Kandersteg an der Schwäiz oder Brownsea Island an England wou 1907 den aller éischten Scoutscamp stattfonnt huet.

De Misaershaff war als den 10. SCENES-zenter mat e vun denen éischten déi sech hei fir qualifizéiert hunn. E Scoutszenter deen zu SCENES gehéiert engagéiert sech, sech aktiv fir d’Ëmwelt anzesetzen an se ze schützen andeems en nohalteg (d.h. datt den Impakt op d’Ëmwelt sou kleng wéi méiglech ass) geréiert gëtt. Ausserdeem sollen hei d’Scouten an d’Öffentlechkeet d’Méiglechkeet hunn Aktivitéiten an der Natur ze maachen, Neies iwwer hier Ëmwelt ze léieren a fir Ëmweltproblemer sensibiliséiert ze ginn. D’Ziel vun engem SCENES-Zenter ass also d’Scouten fir d’Natur an hier Ëmwelt ze begeeschteren. Jonk Cheffen déi hier Formatioun an engem SCENESZenter maachen sollen och mat konkreten Ideën a Méiglechkeeten ausgestatt ginn fir dat Geléiert mat an hiere Grupp ze huelen an och an hierem Alldag unzewenden.

An dësem Kader ginn och, ab elo, Aktivitéiten fir den ËMWELTBADGE um Misärshaff ugebueden. Am Laf vum Joer kommen dann nach Aktivitéite fir de SOLARBADGE dobäi. Méi Informatiounen doriwwer fënns de op der nächster Säit.

13


UMHAFF

DIR WËLLT DEN ËMWELTBADGE MAACHEN?

DA KOMMT OP DEN HAFF Mir hunn do eppes Neies fir iech! • Aktivitéite fir all Branche • Ideeën an nei Erausfuerderungen • Hëllef a Begleedung während dem Projet Kommt mat enger Branche oder mam ganze Grupp. Reservéiert elo äre Weekend oder Camp um Haff a plangt mat eis ären Ëmweltbadge. Kontakt: Trixy Feider trixyfeider@gmail.com / ebumhaff@fnel.lu Equipe: Martine Bouché, Ben Kremer, Marc Eyschen, Trixy Feider, Anne Weis, Anne Blau, Isabelle Kayser, Max Bichel, Carolyn Milne.

14


ZUKOLPECH SITUATION

CHALET AGGL RËSCHWEIER Commune d’Ell, à la périphérie du village de Colpach-Bas, situation calme et isolée. Terrain de 89 ares comprenant le chalet et le camp

LE CHALET • chauffage central, • 18 lits, • cuisine équipée, • grande salle avec feu ouvert, • Tables et chaises pour 30 personnes, • bloc sanitaire 3 douches et 4 WC.

ACCÈS

Sur demande : Bois de construction • bois pour feu de camp • carte topographique • Bus : Arrêt Colpach/Bas - Schlass, lignes 590 et 803 Train : Gare d’Ettelbruck

Le terrain : 80 ares de camping, point d’eau

ACTIVITÉS

plus d’informations sur http://www.mobiliteit.lu/

scoutes typiques : la vie au camp, les randonnées,, le bivouac de 1 à 3 nuitées,

RAVITAILLEMENT

Randonnées : promenade pédestre transfrontalière autour du château de Copach (13 km)

Supermarchés à Redange, Arlon, Oberpallen

le site www.campsite.lu vous révèle de nombreuses autres activités dans les environs.

PHARMACIE & MÉDECINS Pharmacie à Redange Hôpital à Ettelbruck

RÉSERVATION campsite.lu

colpach@fnel.lu T. 26 480 450

15


DENTRECK-IT UN KILOMÈTRE À PIED….. an nach e puer méi, dat ass wat eise Benevol Max iwwert de Summer gemaach huet fir Dir and Dénge Scouten di coolsten Trajet’en (Mat Bivouac) tëscht dem Misäershaff a Kolpech ze fannen. En etlech Biergschong sinn dropgaangen, Schweesféiss a Bloderen, de Kompass huet gedämpt an d’Kaart geschweesst, mee elo si se prett: 3 VARIANTEN VUM “TRECK-IT”!

et beaucoup plus c’est ce que notre volontaire Max à couvert pendant l'été pour vous trouver les plus beaux trajets (avec emplacement bivouac) entre la ferme Misère et le home Colpach. De maintes paires de souliers usés, des ampoules monstrueuses et des pieds sanglants, mais le résultat est finalement là! “TRECK-IT” : DÉCOUVREZ-EN LES 3 VARIANTES DÈS MAINTENANT. These boots are made for walking and that’s what our voluntary Max has been doing over the Summer - to find the best trails (with bivouac stop) between the misery farm and the Colpach home. Boots with holes, blisters and bloody feet were well worth it. CHECK OUT THE NEW TRAIL OPTIONS HERE.

map.geoportail.lu

Le géoportail national du Grand-Duché du Luxembourg

PRIX BIVOUAC : Si location Colpach ou Ferme Misère : 5€ / personne (roadbook compris)

Bivouac-Plaz

Pour personnes externes : 5€ / personne / nuit (roadbook compris) /HlPb

16


"Treck-it!"

© by FNEL

Misaershaff 2km

Bilsdorf 2km

roadbook 2

Arsdorf roadbook 3

16km - 1 jours

13km - 1 jours

3km

Koetschette 2km

Rambrouch

Redange

roadbook 1

roadbook 5

8km

roadbook 4

13km - 1 jours

11km - 1 jours

Perlé

Colpach

17


DTEAM PEOPLE BUSINESS AT MISERY FARM AND IN COLPACH oder op Letzebuergesch: mam an duerch de Know how a benevolen Engagement vun eenzelne Scouten an Equipen steet a fällt de Fonctionnement vun onsem Misaerhaff an dem Kolpecher Scoutshome. An hei sinn e puer gutt Beispiller :

18

Trixy FEIDER est la nouvelle Chargée de l’éducation à l’environnement de la FNEL. De formation biologiste, responsable scoute pendant 13 ans dans le groupe Les Aigles elle a le profil idéal pour remplir cette mission. Celle-ci consiste e.a. en la promotion et suivi du Brevet du scoutisme mondial pour l’environnement (Emwelt-Badge), l’évaluation du programme de l’éducation à l’environnement FNEL en conformité avec le cadre

de travail du programme environnement de l’OMMS et le suivi de la Charte de l’éducation à l’environnement et au développement durable. Elle participera à la formation (théorie et learning by doing) Scouts go Solar qui aura lieu du 22 au 30 août 2016 à Kandersteg en Suisse pour devenir ainsi Solar Ambassador. Son défi sera par après de réaliser à Luxembourg avec les jeunes des projets sur l’énergie solaire.

Max BICHEL exécute un Service volontaire civique (SVCi) auprès de la FNEL du 15 avril 2016 au 14 janvier 2017. Le SVCi, programme du SNJ, offre une opportunité concrète à l’engagement citoyen des jeunes. Il a comme objectif la promotion du bénévolat des jeunes en leur donnant la possibilité de s’investir pour une durée déterminée dans un projet déterminé. Max, aujourd’hui chef de groupe des Panthères noires et récemment Commissaire adjoint aux scout(e)s, a décidé, après ses études d’ingénieur en environnement forestier, de

s’investir pendant une année sur le terrain. Ses tâches : il complète le staff des permanents, ceci dans l’esprit de soutenir les responsables scouts bénévoles dans leurs tâches multiples, il soutient les équipes “les Misérables” et “activités Misaershaff*“, il collabore à la mise en œuvre du projet “HOBOSphere” (abeilles sur le site Fetschenhaff). * A cette fin il a assisté, ensemble avec Trixy FEIDER au Séminaire SCENES (World Scout Seminar on Environmental Education) du 18 au 22 mai 2016 dans la République Tchèque.


LA NOUVELLE ÉQUIPE « GROUPE ACTIVITÉS FERME MISÈRE » se compose de Isabelle KAYSER expériences professionnelles et (coordinatrice), Max BICHEL, Anne bénévoles Ils ont toutes les compéBLAU, Martine BOUCHE, Marc tences requises pour répondre aux EYSCHEN, Trixy FEIDER, Ben exigences, c’est-à-dire la mise en KREMER, Carolyn MILNE et Anne œuvre d’un nouveau programme WEIS. De par leurs études et environnemental pour les difféEQUIPE MISERE cette équipe existe dès l’acquisition de la Ferme en 1993 par la Fondation. Elle se compose d’anciens, qui se font un plaisir d’agir sur le terrain en assurant la gestion et l’entretien de la Ferme, à savoir le fauchage des 7 ha de prés, l’entretien du verger, la gestion du bois de construction ou de feu de camp, la taille des haies, l’entretien des bâtiments (du remplacement des ampoules aux petits bobos comme un robinet, une lunette de WC ou une serrure Paul BARTHEL est notre homme de confiance et de contact à Colpach-Bas. Habitant le village avoisinant ColpachHaut il passe régulièrement pour voir si tout se passe bien à cet en-

rentes branches de la FNEL. Les préparatifs allaient bon train en 15/16 et ainsi pour la rentrée 16/17 le programme, formation sur le terrain incluse, est à disposition de nos unités.

défectueuse), la coordination des corps de métiers et des contrats d’entretien (installations de secours, alarme, …), la gestion de la location, soit un travail énorme qui exige une disponibilité certaine. Un grand merci à Milan (Marc BLAU) et son équipe: Yves BLASEN, Diego CORTOLEZZI, Marc EYSCHEN, Claude FREISTROFFER, Isabelle KAYSER, Laurence LAMBOTTE, Laurence MERES, Yves ROMMES, Michel LEYTEM,

Damiano SCHETTINI, Dani SCHONG, Steffen TROCH, Henri SCHREINER.

droit charmant et très isolé( !). Il assure l’entretien des alentours et de l’intérieur, l’accueil des locataires ou des corps de métiers.

Être SCOUT oblige : Paul, ancien scout de Differdange, assure ce « travail » en bénévolat 100%. Merci Paul.

La devise de l’équipe est simple « gaude et labora » amuse-toi et travaille. Un repas festif et convivial clôture en général les longues journées de travail physique (pas de 35 hrs à la ferme !) AVIS aux amateurs.

19


APPEL FIR ENG EQUIPE SCOUTS-KONSTRUKTIOUN Zesumme Liewen um Camp ass Wat fällt un: Know-how Bauholz, dat wat d’Scouten marquéiert, wat Gestioun vum Bauholz, Techniken, Spaass mecht. Zesummen eppes Kniet, Seeën, Katalog mat Iddien konkret realiséieren, dobaussen an fir Konstruktiounen opstellen, der Natur, mat Frënn, dat sinn on- Sécherheet a Geforen, (entretien) vergiesslech Momenter fir all Jonk, Material, Plang zeechnen , moosdat marquéiert Frëndschafte fir sen, Emwelt. d’Liewen. Fir onse Misaershaff méi attraktiv fir Du hues dee néidegen Know-How Scoutsunitéiten ze maache, wëlle mir an du bass drunn intresséiert dëse dëst Campliewe puschen andeems Projet ëmzesetzen? Villäicht als mir ideal Konditioune schaafe, wou Woodbadgeaarebecht? An engem déi Jonk zesummen um Haff eng Team ? Kontakt: pit@fnel.lu flott Scoutskonstruktioun bauen.

MARCHE GOURMANDE 2017 notéiert Iech elo schonns den Datum vum Sonndeg 18 Juni. D’Equipe vun de CB-DM ënnert der Regie vum Robert LOOS a Michel DONVEN wäerten fir Iech ee lukulleschen Trajet virbereeden.

Mir denken dass déi zwee déi néideg organsitoresch a gastronomesch Kompetenze matbréngen fir dass dësen Daag ee grousse Succès get.

ËNNERSTËTZT D’FNEL SCOUTEN MAT AEREM DON dëss Suen ginn integral an de Programm, d‘Formatioun vun onse benevole Cheffen oder der Gestioun vu Kolpech a Misaershaff investéiert. Dir feiert Gebuertsdag, Gëllen Hochzäit, gitt gepaxt, hutt ee Stierffall an der Famill, oder wëllt einfach en Don maachen – CCPL - LU85 1111 0000 4343 0000 Dësen Don ass steierlech ofsetzbar an dir kritt vun der Fondation AGGL-FNEL aeren Certificat geschéckt.

20


ZUKUNFTVUMHAFF IN OR OUT? 2018 ginn et 25 Joer dass d’FNEL en “droit de superficie” um Misärshaff huet, dat heescht dass hier alles wat um Terrain steet gehéiert, mee net den Terrain selwer. Dee gehéiert dem Staat. Dat Joer leeft den “droit” aus mee e kann erneiert ginn. DAT ASS DAT EENT. An de leschten 3 Joer war eise Misärshaff defizitär, Tendenz steigend (2015: 18.237€). Dat ass enorm. DAT ASS DAT ANERT. Elo wier ee villäicht tentéiert ze soen: mä da stousse mer den Haff of, an da war et dat. Do dergéint schwätzen op d’mannst 3 Argumenter: 1. Schéinheet vum Site 2. D’Verbonnenheet mat der FNEL 3. Dat onbenotzte Potenzial vum Site NATIERLECH IN Virun e puer Joer war eng 7ème vun engem Stater Lycée, am Kader vun de „Classes vertes“ di mer deemools haten, ënnerwee laanscht d’Uewersauer. Et waren elauter Kanner wou e gemierkt huet dass si nach net oft ze Fouss an der Natur spadséiere waren. Um Houfëls sinn se ganz paff stoe bliwwen an hunn alleguerte gesot: „Oh wéi schéin“, hunn hir Handy’en geholl a Foto’e vun der LANDSCHAFT geholl. Si waren dovu spontan beréiert. Méi androcksvoll kann een net beweise wéi schéin et do uewen ass. An dann: vun 1993 un hunn Dosende vu Scoute vun der FNEL fräiwëlleg um Haff geschafft. Fir ëmzebauen, en a Stand ze halen, en ze geréieren.

Honnerten, dausende Stonnen hu si domat verbruecht vir aus deem ale Bauerenhaff e flotten, moderne Formatiounszenter ze maachen. Mat vill Selbstironie, mee och enger Grëtz Realismus, hunn si sech de „Club des misérables“ genannt . Den Haff ass hiert Wierk, a si hunn dat fir eis Alleguerte gemaach. D’FNEL an hir Gruppen hunn do schonns vill flott Stonnen an Deeg verbruecht well d’Misérables dat méiglech gemaach hunn. Den Haff kënne mer net opginn ouni e Stéck vun eiser Identitéit opzeginn. Schlussendlech stellt sech d’Fro op mer genuch gemaach hunn fir aus dem Misärshaff alles erauszehuele wat dra stécht? Säi Potenzial ass villäicht méi grouss wéi mer mengen! THINK TANK Fir dat erauszefannen hu sech de 5. Juli 2015 an de 24. Abrëll 2016 eng Réi Leit um Haff zesumme fonnt fir ze kucke wéi et soll weidergoen. Dobäi gouf mol en Organigramm opgestallt fir d’Organisatioun vum Haff ze verbesseren. Zwou Equippe goufen agesat fir op den Aktivitéiten um Haff an u sengen Infrastrukturen ze schaffen. Zwou grouss Achsen hunn sech an deenen Aarbechtssëtzungen opgedoen. • Mir musse méi Suen erakréie mam Haff • Mir mussen seng Attraktivitéit vergréisseren. ËM WAT SECH ALLES DRÉIT? Et ass kloer a realistesch ze soen dass den Haff sech ni selwer wäert finanziell kënnen droen. Et ass kee Betrib, keng kommerziell Entreprise, et ass en Haus mat engem pädagogeschen Zweck, a wat Pädagogik bréngt dat si keng Suen, mä huet e moralesche Wäert.

21


ZUKUNFTVUMHAFF D’Haus muss awer och ënnerhale gi fir säi pädagogeschen Zweck kënnen ze erfëllen, an dat kascht Geld, an dat musse mer erakréien. Dofir wäerte mer versichen den Haff méi privat a virun allem un Entreprisen ze verlounen. Dat soll awer net op d’Käschte vun eiser Formatioun an eise Gruppe sinn. Also maache mer den Haff während der Woch, a wa soss näischt ass, och um Weekend no baussen op. E spezifesche groussen Depliant fir d’Entreprise gouf ausgeschafft an ass schonns gezielt verdeelt ginn. Fir finanziell besser do ze stoen, musse mer awer och den Haff méi un eis Gruppen a méi un auslännesch Scoutsgruppe verlount kréien. An de lëschte Jore war den Haff einfach net genuch besat, an dat muss änneren. ACTIONS Domat wiere mer bei der Attraktivitéit well si ass jo eng noutwendeg Bedingung fir finanziell besser do ze stoen.

Kommunikatioun E neie Flyer ass am Gaang ausgeschafft ze ginn a soll geschwënn un eis Gruppen an och u Gruppen aus der „Grande Région“ verdeelt ginn. Englesch a skandinavesch Gruppe sollen och kontaktéiert ginn. Fir weider un eiser „Visibilitéit” ze schaffen ass och de Web Site vum Haff ganz nei gestallt a méi attraktiv gemaach ginn. Domat wäerte mer besser d’Virdeeler vum Haff weise kënnen. Präis Fir eis eege Gruppe méi op den Haff ze kréien, hu mer fir si de Präis drastesch erofgesat. Esou bëlleg wéi um Haff kënnen eis Gruppe soss néierens am Land ënnerkommen. Dat schéngt paradoxal: wéi soll ee mat méi déiwe Präisser méi verdéngen? Well eben e bëllege Präis méi Leit kann unzéien.

22

Transport Eng Rei Gruppen hu sech beschwéiert den Haff wier ze deier zemools wann en de Präis vum Transport mat a Betruecht zitt. De Präis vun den Iwwernuechtungen ass erofgesat ginn, et geet keng Kautioun méi an all d’Reim sinn ouni Supplement accessibel: finanziell e groussen Avantage. Bleift de leedege Problem vum Transport. Och do gëtt et e Fortschrëtt: zesumme mam zoustännege Ministère ass d’Méiglechkeet ausgeschafft ginn dass e Grupp, op Umeldung, Sonndegnomëttes um Haff vum ëffentleche Bus kann ofgeholl gi fir mat Zäiten zu Ettelbréck den Zuch ze kréien an esou zu enger raisonnabeler Zäit am Süden nees doheem ze sinn. Leider ass di Léisung bis elo awer nach net vun den zoustännege Säiten ëmgesat ginn. Mir bleiwen natierlech um Ball an hoffen dass et geschwënn de Fall wäert sinn!

Ëmwelt Den Aarbechtsgrupp „Aktivitéiten“ huet sech an dësem Joer drop konzentréiert den „Ëmweltbadge“ auszeschaffen (cf. Säit 14). Deen ass am Moment fir eis Gruppe geduecht mee kéint och z.B. als Aktivitéit vir auslännesch Gruppen ausgebaut ginn. Stéchwuert „Ëmwelt“. Di ekologesch Ausriichtung vum Haff ass bekannt … fir eis aus der FNEL, an dann nach. Si ass awer ganz sécherlech en Argument fir eis no bannen a no bausse méi attraktiv ze maachen. Eise SCENES Label, di international Scouts-Unerkennung vun eisem ekologeschem Engagement, si mer am Gaang nees méi opzewäerten duerch e méi groussen Engagement an dem zoustännegem internationalem Gremium.


Bivouac Fir Zukunft sinn nach aner Pisten op. Zënter der Fusioun mat der AGGL gehéiert eis och de Chalet vu Kolpech. Dat ass nieft dem Misärshaff eist 2. Éisleker Standbeen an och eng formidabel Plaz fir Scoutsaktivitéiten. De Chalet ass am Gaang opgepäppelt ze ginn a kann Ausgangspunkt gi vir nei Aktivitéiten an enger méi onbekannter Regioun vum Éislek. A nächster Zukunft, wann alles Riicht leeft, wäerte mer kënnen en Hike proposéiere vu Kolpech op de Misärshaff mat engem Bivouac (1 Nuecht dobaussen) an der Géigend vu Pärel. Eng Scouts-Aventure wéi se am Buch steet.

Konstruktiounen En neien Aarbechtsgrupp soll un der Promotioun vun innovative Scouts-Konstruktioune schaffen déi um Haff esouwuel geléiert wéi och opgestallt kéinte ginn. Grouss Aktivitéiten Nach eng Piste vir méi Liewen op den Haff ze kréien ass, net obligatoresch, spilleresch federal Aktivitéiten ze organiséieren di och de „grand public“ kéinten unzéien. Eng „marche gourmande“ ass z.B. schonns an der Maach.

“EISEN” HAFF En Haaptzil an der Zukunft awer ass, nees eng méi grouss emotional Bindung vu jonke Leit mam Haff opzebauen. Dëst kéint z.B. geschéien duerch Aarbechten déi um Haff gemaach ginn. Deejéinege wou e Bam geplanzt, eng Plättche geluecht, e Gruef gezunn huet, deen ass fir ëmmer mat deem Bam, der Plättchen, dem Gruef verbonnen; et ass säi Bam, seng Plättchen, säi Gruef.

Dir gesitt: mir hu vill wëlles, mir hunn och schonns villes op d’Schinne gesat. A mir maache weider mam Haff. En Haus ass näischt Doudeges, et muss, wéi eng Planz och, ënnerhal a gefleegt ginn. Wa mer dat zesumme maachen, dann ass dat Haus, de Misärshaff och wierklech eisen Haff.

Di Jonk solle nees aus dem Misärshaff hieren Haff maache kënnen.

misaershaff.lu 23


LIENSUTILES MISAERSHAFF Trajets thématiques Natur pur ? (7km ou 1,7 km) http://www.environnement.public.lu/conserv_nature/publications/natur_pur/ http://guide.naturpark.lu/ www.naturpark-sure.lu/ http://syndicat-rambrouch.lu/fr/

KOLPECH http://www.ell.lu/publications/tourisme (visite d’installations diverses d’énergies renouvelables) http://www.attert-tourisme.be www.colpach.lu (ce parcours santé dans le parc du château -15 stations - est destiné à redonner le goût de l’exercice physique en pleine nature,)

GÉNÉRAL http://map.geoportail.lu/ (sentiers balisés, vues aériennes, cartes topographiques, arrêts bus, pistes cyclables, shopping, point d’intérêt, …) Randonnées défis pour Explorers, Rovers ou Chefs (ou randonneurs avertis!) Upper-Sûre lake path - 42 km – grading : easy walk-nature trail ; deux jours (possibilité de dormir sur les campings autour du lac ou à l’auberge de jeunesse de Lultzhausen) http://www.visitluxembourg.com/fr/adresse/walking/sentier-pedestre-en-etapes-du-lac-de-lahaute-s-re Randonnée de la commune de Rambrouch – 50 km (possibilité de dormir à Perlé ; cette randonnée passe par tous les villages de la commune) http://syndicat-rambrouch.lu/randonnee-de-la-commune-de-rambrouch/


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
de SCOUT No 563 - spezial Misäershaff & Kolpech by FNEL Scouten a Guiden - Issuu