Skip to main content

deSCOUT NO 562

Page 1

No 562 / 96. Joergang

Oktober 2016


VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,

SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT

Prêt Cedies an exklusiv Avantagen* startin.lu

*

Offer u Konditioune gebonnen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication Janvier 2015


DENIWWERBLÉCK DENINDEX 05 06 10 12 14 15 16 18 20 23 28 30

DENIMPRESSUM deSCOUT No 562 Périodique officiel de la FNEL

DENEDITO DCOVERSTORY 100 Joer Wëllefcher DWUERT VUM Commissaire général DNEWS DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT DENEXPLORER DEROVER DECHEF DENNORUF DERETRO

descout@fnel.lu

Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Redaktioun & mise en page : Anne Simon, Claudine Scheeck, Nicolas Wurth, Fotoën : FNEL Archive Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600

03


arend’t you‌ interested in a law firm

international?

leading & independent

in the teams

in Luxembourg? curious?

multilingual?

at your

spoken

knowledge

4 languages ambitious?

fingertips

internally

development

and mobility

proactive? a dynamic

collaborative?

an exchange

environment

of know-how

Administrative

25 nationalities

available for you

Law,

Property,

Construction

&

Environment | Bank Lending & Structured Finance | Banking & Financial Services | Capital Markets | Commercial & Insolvency | Corporate Law, Mergers & Acquisitions | Dispute Resolution | Employment Law, Pensions & Benefits | EU & Competition Law | Insurance & Reinsurance Law |

join us

Investment

Management | IP, Communication & Technology |

Please send your application via our careers page

www.arendt.com 41A, avenue J.F. Kennedy n L-2082 Luxembourg

Private Equity & Real Estate | Private Wealth | Tax Law LUXEMBOURG

DUBAI

HONG KONG

LONDON

MOSCOW

NEW YORK


DENEDITO HAPPY BIRTHDAY WËLLEFCHER 100 Joer sinn et elo hir, dass di éischt Meute gegrënnt gouf. Ursaach genuch fir dëse weltwäite Centenaire ze feieren an dës Ausgab vum deScout dëser wonnerbarer Branche ze widmen. ALLES GUTTS A Yahuuuuu. It’s the Cub Scouts 100th anniversary this year. Happy birthday!!!!! And that’s why d’Wëllefcher are this month’s coverstory of the Scout! Les louveteaux fêtent leur centenaire cette année. Bonne occasion pour leur réserver la “cover story” de ce mois. Et surtout joyeaux anniversaire, chers louveteaux!!!

DESCOUT GOES MULTILINGUAL Wéi der vläicht am éischten Deel vun dësem Edito gemierkt hutt, probéiere mer ab elo ëmmer méi der demographescher Situatioun zu Lëtzebuerg gerecht ze ginn, an Artikelen oder kleng Resuméë vun Texter op Englesch a Franséisch ze maachen. Et geet hei drëms eise Frënn a Kollegen, déi nach kee Lëtzebuergesch kënnen eng kleng Upak ze ginn, dass se iwwerhaapt emol eppes an dëser Zeitung fanne fir ze liesen, an dann, lues a lues ëmmer emol e puer Wuert méi Lëtzebuergesch kënne liesen. As you might have noticed, this edito is not only in Luxemburgian! From now on, we are more and more trying to feature some articles or brief translations of the most important points in an article in order to give access to our non Luxembourgian-speaking friends to this newsmagazine. And who knows maybe the reading of a word of Luxemburgian here and there will make it easier for you to understand and learn, too. Comme vous avez sans doute remarqué, cet édito est multilingue. Pour mieux donner accès a nos membres qui ont plus de difficultés à comprendre le luxembourgeois, pour mieux représenter notre société hétérogène et pour ainsi peut-être vous donner envie d’utiliser aussi Luxembourgeois, DeScout fera d’aurénavant de son mieux pour inclure, surtout sur les pages de branches, des petites traductions. Bonne lecture, happy read a Vive d’Méisproochegkeet. Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication

05


DCOVERSTORY::FORMATIOUN DCOVERSTORY Nodeems mer virun ewell 9 Joer den 100-järege Jubiläum vum Scoutismus gefeiert hunn an 2014 d’FNEL hire ronne Gebuertsdag hat, ass et 2016 weltwäit un de Wëllefcher fir hiert éischt Joerhonnert ofzeschléissen. Mee firwat heescht dës Branche eigentlech „Wëllefcher“, wat huet se mat dem Dschungelbuch ze dinn, a firwat ass se 9 Joer méi spéit gegrënnt ginn wéi d’Scouten? Wéi de Lord Baden-Powell 1907 de Scoutismus gegrënnt huet, haten d’Kanner vun deemools nach net esou vill verschidde Méiglechkeete fir hir Fräizäit ze gestalten, kee Wonner also dass dëse Mouvement en enorme Succès hat. Mee net nëmmen d‘Bouwen ab 11 Joer ware vun den Iddien an Aktivitéiten bei de Scouten begeeschtert, och ëmmer méi Jonker wollte bei deem Spaass matmaachen. Méi a méi Gruppen hunn ugefaangen déi „kleng“ Scouten unzehuelen, sou dass de B.P. decidéiert huet eppes z’ënnerhuele fir deem en Enn ze setzen, well e gefaart huet dass dëst Phänomen soss der Dynamik an de Scoutsgruppen géif schueden. Well hien awer net einfach just eng „verwässert“ Versioun vun de Scouten schafe wollt, huet hie sech eppes Extraes iwwerluecht. Hie wollt eng autonom Branche mat eegene Gesetzer a Ritualer schafen, déi dem Geescht an de Bedürfnisser vun engem Jong am Alter vun 7 bis 11 Joer ugepasst sollt sinn. Duerfir huet hie säi Frënd a Bekannten, de Schrëftsteller Rudyard Kipling, ëm Erlaabnis gefrot fir säi Buch „The Jungle Book“ als Kader an Hannergrond fir dës Branche däerfen ze benotzen. An dësem Buch huet de B.P. déi richteg Mëschung aus Aventure, Phantasie, Natur a moralesche Wäerter gesi fir der Entwécklung vun engem Jong an dësem bestëmmten Alter e roude Fuedem ze ginn. Grad esou wéi de Mowgli, de klenge Mënschejong deen am Dschungel opwiisst, gëtt de jonke Wëllefchen an engem

06


100 JOER WËLLEFCHER Grupp opgeholl andeems hie sech muss integréieren, beweisen an erëm fannen. Hie léiert am „Ruddel“ ze funktionéieren, Gesetzer ze respektéieren a mam Alter evoluéiert hie grad esou wéi seng Responsabilitéiten am Grupp. A grad esou wéi de Mowgli, muss och de Wëllefchen d’Meute no enger Zäit verloossen fir zréck bei d’Mënschen ze goen. Déi „fabelhaft“ Aart a Weis, wéi d’Dschungelbuch d’Geschichten aus de Sionibierger erzielt, vermëttelt de Kanner an deem Alter eng ganz Rëtsch u Wäerter a Regelen déi och an der Mënschewelt gëllen an déi hinnen hëllefen sech an hirer Roll an der Gesellschaft erëmzefannen. Nodeems de B.P. 1913 „Junior Scouts“ als provisoresch Léisung fir den Altersproblem geschaf hat, an dëst 1914 an „Wolf Cubs“ ëmbenannt hat, hunn déi éischt Wëllefchers-Meuten sech an enger Test-Phase entwéckelt. Ënner anerem duerch d’Aarbecht vum Vera Barclay, dat haut als Matbegrënnerin vun der Wëllefchers-Branche gëllt, konnte genuch Erfahrunge gesammelt gi fir en handfeste Programm op d‘Been ze stellen.

Am Juni 1916 war déi éischt Cub Conference wou de B.P. d’Grondlinnen vun der neier Branche virgestallt huet an Ufank Dezember ass The Wolf Cub‘s Handbook erauskomm. De 16. Dezember 1916 sinn d’Wëllefcher du ganz offiziell zu London gegrënnt ginn a säit deem huet dëse Mouvement et fäerdeg bruecht Millioune vu Kanner ze begeeschteren an hinnen onvergiesslech Erliefnisser unzebidden. Zanter 1990 däerfe ganz offiziell och Meedercher Member bei de Wëllefcher ginn och wann et der deemools scho bei der FNEL gouf a gemëschte Meuten hautdesdaags fir eis selbstverständlech sinn. Vill vun den Organisatiounen hunn iwwert d’Joren hir eege Regelen a Methoden weiderent-wéckelt, verschiddener hu souguer d’Dschungelbuch als roude Fuedem vun den Aktivitéiten gréisstendeels ofgeschaaft. Aktuell ginn et ongeféier 13 Milliounen Wëllefcher ronderëm de Globus an all Joer ginn et der ëmmer méi! Deemno gesäit et gutt aus fir 2116 den 200. Gebuertsdag vun de „Cub Scouts“ ze feieren! Weltwäit ginn dëst Joer eng sëllechen Aktivitéiten ronderëm de ronne Gebuertsdag vun de Wëllefcher organiséiert, ënnert www.scout.org/cubs100 kënnt der entdecken wat sech hei alles deet.

The Cub Scouts were founded in 1916 after a successful “pilot project” that had already started in 1913 because many younger boys wanted to join Scouting. B.P. thought it might be reasonable to give them their own right of existence, with their own stories, law and promise rather tham just have them run with the older boys. And right he was. R. Kipling’s Jungle Book serves as an inspiration and way of living for the Cubs: it teaches values and rules for living together and being respectful in regards to each other and our environment.

A ce jour nous comptons environ 13 Millions de Louveteuax autour du monde, chiffre qui croît tous les ans. Il semble en tous cas qu’en 2116 on pourra fêter le 200e anniversaire de cette branche à succès. Le livre de la jungle de Kipling servait, dès leur création comme base pour les louveteaux autour du globe: comme Mowgli, le jeune louveteau est accepté dans la meute, apprend à s’intégrer, montrer ses qualités et ainsi devenir membre d’un petit groupe. Il apprend les règles de la vie commune et à prendre ses responsabilités.

07


DCOVERSTORY : INTERVIEW MAT EISER NEIER WËLLEFCHERSCOMMISSAIRE Nora, so eis kuerz an e puer Wierder wien s du bass Also, ech sinn d’Nora (och nach gär ‘’Den Norres’’ genannt) an säit dem 3. Schouljoer sinn ech an den Aigles. Ech kréien elo meng 24, an no 4 Joer Uni zu Paräis, man ech elo mäi Master am Droit zu Stroossbuerg. Nierft ganz haart am Auto sangen (op riicht oder schiif, dat ass diskutabel), sinn ech passionnéierte Schifuerer, ech spille gäeren Theater an ech genéissen et kënne mat de Kolleegen op den Tour ze goen. Fir de Rescht mengen ech kéint ech soen das ech relativ witzeg a fir all Spaass ze kréie sinn. an natirlech sinn ech mega motivéiert fir all déi Challengen di mech elo wäerten erwaarden.

D’Wëllefcher hu säit dësem Joer en neie Commissaire, dat ass, déi Persoun, déi sech, mat enger motivéierter Ekipp, op federalem Niveau, ëm d’Wëllefchersbranche këmmert. Hei ginn de Brancheprogramm an d’Method aktuell gehal, de Lien zu de Cheffen aus de Gruppen gefördert an mat der Equipe flott Federalsaktivitéite geplangt. A well dëst Joer och nach den 100. Gebuertsdag vun de Wëllef ass, hu mer di al an nei Commissairen interviewt a si erkläeren Iech am beschte selwer, wat een esou am Commissariat mécht.

08

Virwa hues du d’Wëllefcher als deng Branche gewielt? Deemools, wéi et geheescht huet et wäer elo u mir fir Chef ze ginn, war meng Decisioun séier gefall. Ech wollt onbedéngt Wëllefcherschef ginn, aus deem einfache Grond well et fir mech genial ass ze gesinn, wéi mi kleng Kanner sech duerch de Scoutismus entwéckelen, a virun allem kann ee mat deene mi Klengen esou schrecklech vill laachen (Kanner sinn immens éierlech!) Wat ass bis elo däi flottse Moment mat de Wëllefcher gewierscht? Dat ass eng gutt Fro, fir mech war am Fong all Moment mat menge Wëllefcher cool, mee wat een natirlech ëmmer e bësse markéiert ass wann se dann d’Montée maache fir an d’Scouten an engem da Merci soe fir di cool Joer! Op wat freess du dech am meeschten, als Wëllefcherscommissaire? Dat ass engersaits mech ëmmer erëm nei kënnen ze beweisen a mat vill Motivatioun un all di Challengen ze goen di di next Joren wäerte bréngen. An natierlech schwierwen a mengem, an a menger genialer Equippe, hire Käpp eng Rei gaaaaaanz grouss Iddien, déi mer iech awer nach net verroden.. mer kënnen ierch awer verspriechen dass d’Wëllefcher sech an den nächste Joren e puer cool Saache kënnen erwaarden.


100 JOER WËLLEFCHER Wat ass der net esou geheier? Mir mécht näischt Angscht a priori… Ausser Rassismus, dat ass eppes dat mécht mer Angscht, an ech hoffen dass et zu Lëtzebuerg an de Scouten ni esouwäit kënnt, dass rassistesch Propos’en un den Dag kommen. Wëllefcherschef sinn ass fir mech….. Déi schéinsten an witzegsten Aarbecht an der Woch!

EIS “AL” WËLLEFCHERSCOMMISSAIREN Totem : Grupp : Wëllefcherschef säit :

Suricate trépidente & Nala coriace Bisons futés d’Formatioun hu mer 2001/2002 gemaach mat Paus fir aner Branchen a Studium Wëllefcherscommissaire vun : 2012 (Lea) 2011 (Laure) un bis 2016 Wat ass äer flottst Erënnerung un di Joren Commissariat? Kachduell, gutt Stëmmung ënnert de Cheffen, an enger flotter Ekipp zesummen ze schaffen an nei Frënn kennen ze léieren, an den Together zemools déi grouss Descente déi mer do gespillt hunn - 6 Duerchgäng fir 350 Wëllef op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch erzielt. Wat mécht een iwwerhaapt esou als Commissaire vun enger Branche? d´Methode vun der Branche opschaffen a méi no un d´Cheffen bréngen. Et probéiert ee seng Branche weider ze bréngen an deems een nei Iddien entwéckelt an domat de Cheffen eng Stäip ass, an esou d'Wëllefcher an d'Cheffe vun alle Gruppe vun der FNEL méi no zesumme réckele léisst. Wat wäert der vermëssen? ech mengen net dass mer eppes vermëssen waerten, well dat wat mer giffe vermësse wäerte mer net opginn :) A wat wäert der guer net vermëssen ;)? op der Sich sinn no engem neie Commissaire sinn ;)

07 09


DWUERT VUM : DE GEORGES KROMBACH ASS SÄIT DER ASSEMBLÉE GÉNÉRALE DEN NEIE COMMISSAIRE GÉNÉRAL VUN DER FNEL Dësen Opruff, dës staark Wierder iwwer Differenzen tëscht Mënschen, iwwer Versteesdemech, Zesummeschaffen an Toleranz an enger Welt déi ännert, dës staark Wierder huet de Baden-Powell den 8. August 1920, kuerz nom éischte Weltkrich, um éischten Jamboree zu London virun 8000 jonke Scouten ausgeschwat. Dës staark Wieder, dësen Opruff ass haut fir Jonker méi wéi jeemools aktuell.

Léif Scouten, ech fänken u mat engem Zitat vun engem gudde Kolleg vun eis all :

“Brother scouts, I ask you to make a solemn choice. Differences exist between the peoples of the world in thought and sentiment, just as they do in language and physique. This war has taught us that if one nation tries to impose its particular will on others, cruel reaction is bound to follow. This jamboree has taught us that, if we exercise mutual forbearance and give-and-take, then there is harmony. If it be your will, let us go forth from here determined that we will develop among ourselves and our boys that comradeship, through the worldwide spirit of the scout brotherhood so that we may help to develop peace and happiness in the world and good will among men. Brother scouts, answer me - will you join me in this endeavor?”

10

Bei eis bei de Scouten léiert een d’Mënsche kennen, duerch d’friddlecht Zesummeliewen, duerch den Austausch vu Kulturen, duerch den echte Sënn deen ee fënnt am Mateneen. Bei eis bei de Scoute gëtt ee geimpft géint de Virus vum Extremismus, géint de Virus vum Fanatismus, géint de Virus vun der Radikalisatioun, wëll ee mat senge jonke Frënn aus aller Welt léiert wéi eng Regelen an engem demokratesche Staat gëllen, a gëlle musse, fir dass jidderee seng Meenung fräi vertriede kann. Wéi all Scout dee mat oppenen An an engem oppene Geescht déi eege Grenze verlooss huet, deen op grousse Campe mat Mënschen aus der ganzer Welt, déi déi gläich Idealer deelen, zesummekomm an zesummegelieft huet, deen et verstanen huet, zesummen Spill, Spaass an Action ze sichen an deen doduerch an der Welt doheem ass, dee wäert ni méi Angscht hu viru frieme Leit am eegene Land. Mir bei der FNEL wëllen aus eise Scoute tolerant Weltbierger maachen, déi iwwerall doheem sinn, déi sech iwwerall fir de Fridden asetzen, déi Respekt hunn a Respekt weisen. Mir bei der FNEL wëllen aus eise Scouten oppe Weltbierger maachen, déi sech selwer integréieren, an déi virun allem déi aner integréieren an hirer Gesellschaft.


COMMISSAIRE GÉNÉRAL Wee mat jonke Mëschen ze dinn huet, déi dacks immens fragil a sensibel sinn, déi grad hire Charakter bilden, déi grad hir ganz perséinlech Weltanschauung bauen, deen huet Verantwortung. Deen huet eng grouss Verantwortung. An dëser grousser Verantwortung, déi mir als Responsabel hunn, déi mir als laizistesch Federatioun hunn, an déi och d’lokal, d’national an d’international Politik huet déi eis ënnerstëtzt, dëser grousser Verantwortung musse mer eis all Dag bewosst sinn, haut nach méi ewéi jeemools. D’Scoute sinn eng Schoul fir d’Liewen. Eng positiv Schoul. Beim Scoutissëm gëtt et keen Doping, et gëtt keng Gewalt, et gëtt keng Bestiechung, et geet net ëm Geld, et geet net ëm d’séiert Gewannen, et geet net ëm de schnelle Konsum dee blénkt, et geet net drëms wiem seng Relioun déi richteg ass, et geet net ëm d’méi schéi sinn, ëm d’besser sinn, nee, et geet drëms zesummen eppes Positives ze gestalten, a sief dat mat klengen oder mat grousse Gesten. Déi grouss Verantwortung, déi mir droen, ass och de Schlëssel vun eisem Erfolleg, well d’Verantwortung fir d’Welt besser ze maache gi mer virun allem de Jonken, a mir stäerken hire Charakter doduerch. Et ass duerch dës Verantwortung wou mer aus jonke Mënschen responsabel Mënsche maachen. Et ass dëst eent vun den Haaptziler vum Scoutissëm: jonk Mënsche responsabel ze maachen, jonk Mënschen ze fuerderen an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn eppes Konstruktives ze maachen. Mir forméiere Mënschen, déi duerch de Scoutissëm besser wësse wat se wëllen, Mënschen, déi mat upake kënnen an net Mënschen déi ferngesteiert an instrumentaliséiert kënne ginn.

Bei eis, bei de Scouten gëtt et keen “ech”, nee, et gëtt e “mir”. Bei de Scoute geet et ëm Inclusioun, an net ëm Exklusioun. Fir vill Jonker sinn d’Scouten hautzedaags eng Ersatzfamill ginn, eng wichteg Struktur déi se doheem oft net méi fannen. An eise staarke Gruppen uechtert de ganze Grand-Duché fannen déi Jonk sech

erëm, se ameséiere sech, se erliewen eppes zesummen, se fannen erëm zu hire Wuerzelen, se fannen eng positiv Roll an der Grupp, eng Roll déi hinnen eng Sécherheet, eng Stabilitéit an e Sënn gëtt. Eng entzaubert Welt gëtt vun hinnen souzesoen erëm verzaubert. Andeems mir et erméiglechen aus jonke Mënschen besser Mënsche ze maachen, déi spéider mat grousser Wahrscheinlechkeet och erëm aus anere jonke Mënsche besser Mënsche maachen, sti mer zu eiser Verantwortung. Dir Dammen, dir Hären, eis Scoutsfederatioun ass houfreg drop wat se mécht, a se ass bereet déi immens grouss sozial Erausfuerderungen, déi d’Welt haut un déi Jonk stellt, unzehuelen. Eis Federatioun, zesumme mat allen Ekippen, ass do fir all eise Gruppen ze hëllefen, eis kollektiv Verantwortung ze droen. Perséinlech sinn ech frou kënnen an den nächste Joer ze hëllefen fir eis Scoutsfederatioun - a virun allem eis Gruppen - weiderzëentwéckelen an hoffentlech och fir nei Gruppen ze grënnen. Dëst ass just méiglech zesumme mat menger staarker Ekipp, déi einfach nëmme mega ass, an dat a gudder Stëmmung, mat vill Spaass, a mat voller Motivatioun. Léif Leit, wann de Baden Powell also freet ob mer bereet si Fridden, Gléck a gudde Wëlle bei Jonken ze fuerderen, an e freet eis: “Brother scouts, answer me - will you join me in this endeavor?”, da soe mir - méi haart wéi jeemools - an ech si mer sécher dass all eis Gruppe mat mir averstane sinn:

“Yes, we will.”

11


DNEWS SAUVAGE 2017 PRIX ADAPTE POUR LE CAMP FEDERAL SAUVAGE 2017.

BRING A FRIEND un d’Anja BARTHELMY, d’Nela PÜTZ vun den Dachsen an den Hugo WENNING vun den Aigles fir eis dee Super Radiospot opgeholl ze hunn.

Bonnes nouvelles pour le portefeuille. Le pix du camp fédéral Sauvage 2017 a été baissé à 490 Euros/ participant.

DJUNA BERNARD (MW and Commissaire International) has been nominated coordinator of “Spreading our Message”, one of the three strategical priorities as defined by WOSM Europe for the regional Scout plan 2016-2019. This means that Djuna is in charge of 3 working groups (external relations and funding, communication and external representatives) that aim to implement the formentioned strategy on a European level. CONGRATULATIONS. More information about the regional Scout plan will be coming up in the next issue of DeScout.

Mir haten zesummen immens Spaass am Studio, wéi der kënnt op der Foto gesinn a krute super Echoe fir de Spot. MERCI Iech 3 ! Dat hutt der gemaach ewéi Professionneller!

M.E.R.C.I.

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000 Tous ces dons sont fiscalement déductibles.

12


SCOUTS WELCOME REFUGEES ONGD-FNEL - WE NEED YOU Vill vun eise Gruppen hunn iwwert di lescht Méint a Wochen, jonk Refugiee bei sech opgeholl. Fir d’alleréischt emol e grousse: Bravo Bravo Bravissimo dofir. Dës Jongen a Meedecher wäerten an Zukunft och Schlofsäck, Biergschong an Uniforne brauchen. Wann dir deeër also zevill hutt, déi net mi gebraucht ginn, well se zum Beispill net mi mooss sinn, fanne mer sécher e puer Kanner déi di Saachen, a guddem Zoustand, gäeren unhuelen. Mëllt Iech beim: carolyn@fnel.lu Some of our groups have done a great job integrating young refugees and BRAVO for this.Those groups and children will, in the near and not so near future, need to have uniforms, sleeping bags, rucksacks etc, and we are sure that many of these objects are probably lying around, in good condition to be given away to someone who would gladly take them. If you’ve grown out of your uniform shirt or similar, send an email to: carolyn@fnel.lu

Online voting via Facebook & E-Mail 18. Oktober → 8. November

Si vous avez des sacs de couchage, chemises d’uniformes, sacs à dos, etc en bonne condition qui trainent chez vous sans raison d’être, nous sommes heureux de les prendre pour les redistribuer à nos nouveaux membres réfugiés qui sont maintenant accueillis dans beaucoup de nos groupes (et un grand Bravoooo!). carolyn@fnel.lu

LEAPING WOLVES 2016 Amy Schmit, Anne Ruppert, Brian Fernandes Da Silva, Camille Hilger, Elena Tabeni, Isaac Xu, Jeff Louis, Jenna Billa, Kilian Loebel, Laura Scheidt, Lea Martin, Lili Bermes, Louis Mahnen, Lucy Martin, Maurice Hoffmann, Noémie Weihbrecht, Oskar Waclawek, Pit Muller, Rafael Fernandes Pereira, Raphael Bast

13


DEBEAVER Moie, léif Beaver, endlech ass et erëm esou wäit. D’Scoutsjoer ass erëm gutt amgaangen an dir hutt sécher scho vill flott Momenter an äere Kolonieen erlieft. DËST JOER BRÉNGT VILL NÉI IWWERRASCHUNGEN A FLOTT MOMENTER. Haalt iech den 20. Mee fir eise super Beaverfunday fräi, bei deem mer an der Zäit reesen a vill nei an al Saachen entdecken. Genéisst e super Scoutsjoer a wann der eppes super Flottes erlieft hutt, zéckt net an schéckt eis är Geschicht, äert Bild oder är Foto op beaver@ fnel.lu . Bis ganz geschwënn, Äre Bibu

BEAVERFUNDAY 20. Mee 2017

14

Chers Castors, Je suis ravi de vous revoir pour une super année scoute. Notez bien la date du 20 Mai pour un inoubliable Beaverfunday. Et n’hésitez surtout pas de m’envoyer vos dessins, photos ou histoires: beaver@fnel.lu - Votre Bibu Dear Beavers, I hope you are looking forward to a super Beaver-year! Note the 20th May in your agendas because that’s when we’re all going to meet for an amazing BeaverFunDay! And if you have photos, drawings or stories to share, send them to me: beaver@fnel.lu - Your Bibu


DEWËLLEFCHEN DEN HATHI WANN DEN HATHI SCHWÄTZT, SINN DÉI ANER DÉIRE ROUEG A LAUSCHTEREN NO

When Hathi speaks, everyone is quiet and listening carefully. Because Hathi is probably the oldest animal in the djungle. That’s why he knows how Tha, the very first elephant has created the djungle and when it is time for water peace.

Den Hathi ass vläit dat eelstend Déier am Dschungel – op alle Fall weess hie méi wéi soss een: vu wéi den Dschungel geschaf gouf an all méiglech aner Geschichten bis wéini et Zäit ass fir de Waasserfridden. Hie kennt den Dschungel besser wéi soss een! Hien kann erziele wéi et wor wéi den Tha, den alleréischten Elefant mat senge Féiss a sengem Rüssel den Dschungel erschaf huet. D’Wëllefchersbranche usech ass ähnlech al wéi den Hathi, 100 Joer ass et hir dass de B.P. sech um Dschungelbuch vum Rudyard Kipling inspiréiert huet fir eng Scoutsbranche fir méi jonk Kanner ze grënnen. An der Wëllfchersbranche liewe mir och zesummen an enger Meute, esou wéi de Mowgli am Djungel. Dacks kanns du dech an deng Frenn a Situatiounen déi dir erlieft hutt an de Geschichten erëmerkennen. Wat kann deng Meute oder deng Sixaine maachen zum Thema 100 Joer Wëllefcher? Hues du eng Idee? Da schwetz emol mat denge Cheffen!

Cub scouts are probably as old as Hathi: 100 years ago, B.P. was inspired by the Djungle Book and has used it to create a Scout branch for the somewhat younger. Have you thought about what you can do to celebrate 100 years of Cub Scouting? You should probably talk to your leaders about it!!!

Comme Hathi, le plus vieil animal de la jungle, les louveteaux sont maintenant aussi déjà très vieux: 100 ans déjà. Baden Powell avait à l’époque envie de faire aussi des activités pour les plus jeunes et s’est inspiré de la livre de la jungle de Kipling pour fonder la branche de louveteaux. Peut-être toi et ta sixaine ont une idée pour célébrer ce centenaire. Parlesen à tes chefs!

15


DESCOUT MENG 5 EEGESCHAFTEN KENNELÉIERSPILL All Spiller/in schreift 5 vu sengen Eegeschaften op en Ziedel. D’Ziedele ginn da gemëscht an de Spill-leder loust een Ziedel no deem aneren aus a liest d’Eegeschaften vir. Elo muss all Matspiller schrëftlech en Tipp ofginn, ëm wien et sech kéint handelen. Wien déi meeschte Persounen aus der Grupp / Patrull erkennt, huet gewonnen.

SCOUT’S EXPLO 6.-7. Mee 2017

12

(Foto vun engen Bsp.)


Le bon geste contre le froid

DE SCOUT'S TIP

• s’habiller selon le “principe de l’onion” - le plus possible de couches pas trop épaisses créent des vides pour l’air qui isolent et chauffent. • le sac de couchage ne doit pas être trop juste ou petit. une marge de 10 cm est idéale. • Mettre des sous-vêtements spéciaux et longs ou prendre un inlet si on veut dormir à poil • la chaleur s’évade surtout par la tête un bonnet peut aider! Tips against the cold • always dress with the Onion principle - the many layers create space for isolating air and create heat. • your sleeping bag should be about 10 cm too big. • wear specialised long underwear or sleep naked with an inlet inside the sleeping bag • as heat is lost through the head, you might want to wear a hat to sleep outside!

AM WANTER KANN ET KAL GINN Am Wanter soll een ëmmer op seng Kierpertemperatur oppassen, well wann et engem eemol kal ass, da gëtt engem net méi sou schnell waarm, dat betrëfft Kleedung sou wei och Iwwernuechten. Bei der Kleedung kann ee sech hëllefen, andeems ee sech stets nom „Zwiwelprinzip“ undeet – esou vill Kleedungsschichte wéi méiglech, zwëschen de Lagen bilde sech isoléierend Loftschichten, déi ee wiemenden Effekt hunn. Beim Schlofsak ass et wichteg, dat deen net ze enk oder guer ze kleng ass, well esou schnell „Kältebrücken“ entstinn. Besser ass et wann de Schlofsak 10cm ze grouss ass. Baamwollkleedung am Schlofsak ass ganz schlecht, besser ass et Funktiounsennerwäsch mat laangen Ärem a Been un ze doen. Wann s du plakesch schlofe wëlls, dann huel op allefall een Inlett mat an de Schlofsak. Fir zousätzlech d’Féiss ze wiermen a Moies direkt waarm Kleedung unzedoen, kanns du deng Kleeder (dreschen!) mat an de Schlofsak huelen. Déi meescht Hëtzt geet iwwert de Kapp verluer, eng Mutz kann hei immens hëllefen.

PATRULL VUM JOER

DÄI SCOUT = DENG GESCHICHT

Patrouille de l’année patrol of the year. Mellt är Patrull nach séier un : Régistrez votre patrouille : Register your patrol : scout@fnel.lu .

Mir géifen ons freeën an Zukunft deng kleng Geschicht an/oder deng mega Foto vun der leschter Scoutsaktivitéit hei op onser Scoutssäit mat all den aneren Scouten ze deelen.

Deadline 01/12/2016

scout@fnel.lu Partagez vos histoires et photos avec nous. Please share your and your patrol’s stories and photos with us.

17


DENEXPLORER DEN 1,2,3, VUM FEIER MAACHEN FEIER MAACHEN: En heikelt Thema ... et ass per Gesetz verbuede Feier ze maache fir Holz ze entsuergen. De Scouten ass et erlaabt fir e Feier ze maachen fir sech ze wiermen oder ze kachen. Wichteg ass dass de Fierschter an/oder de Besëtzer vum Bësch oder der Wiss virdrunn informéiert gëtt. ULEEË VUN DER FEIERPLAZ: Eng Feierplaz muss esou ugeluecht ginn, dass keng Gefor besteet, dass d’Feier sech onkontrolléiert kann ausbreeden. Dréchen Äscht a Laf mussen ronderëm d’Feierplaz geraumt ginn. Flott si Feierplazen déi mat Steng gefaasst sinn, pass hei allerdéngs op: Schifer platzt bei grousser Hëtzt, d’Spläitere fléien dann ëm d’Feierplaz.

*Nous vous garantissons que Marcel n’a pas été maltraité...

UN OBJECTIF À ATTEINDRE? Cactus vous soutient! MA ALLE RC Z EL !

*

MA ALLE RC Z EL !


FEIERHOLZ: Meeschtens muss du an deng Unitéit iech deem Holz bedénge wat der grad am Bësch fannt, falls der awer d’Wiel hutt da sinn hei di geleefegst Zorten an hir Brenneegeschaften: Fiicht (De. Fichte) ass dat geleefegst Nolenholz zu Lëtzebuerg, du erkenns et un der roudelzecher relativ glater Schuel. Fiichtenholz brennt séier, ergëtt awer kaum Glouss, et ass also net optimal fir ze Grillen. Well vill Haarz am Holz ass sprëtzt a pätscht et beim Verbrennen.

Fatzeg Dänn (De. Kiefer) Fatzeg Dännen hu 8-10cm laang Nolen, d’Holz ass liicht rout an d’Schuel ass méi rau wéi bei der Fiicht. D’Characteristike beim Verbrenne sinn ähnlech wéi déi vun der Fiicht, d’fatzeg Dänn bréngt allerdéngs méi Glous.

Bich (De. Buche) Eng Bich erkenns de un enger glater Schuel di gro bis sëlwereg schimmert, d’Holz ass hell. Bichenholz brennt laang a regelméisseg an ass aus deem Grond optimal fir ze kachen.

Eech (De. Eiche) Eechen hunn eng rau Schuel, d’Holz ass zur Schuel hinn hell, zur Mëtt hi gëtt et kräfteg giel. Eechenholz brauch laang bis et brennt, ass et da mol um Brennen gëtt et vill Hetzt an Glous of.

Bierk (De. Birke) D’Bierk brennt och am naassen Zoustand gutt. D’Holz verbrennt schnell a gëtt eng mëttelméisseg Hëtz a Glouss of. Ideal fir d’Feier unzefänken ass di wäiss Schuel vun der Bierk.

Uebstbeem, Weiden, Peppelen oder Esche brennen schnell, gi wéineg Hëtzt of a bréngen net vill Glouss. Vill Spaass beim Feier maachen op ären nächsten Aktivitéiten.

19


DEROVER De „MOOT 2017“ - dat si méi ewéi 5000 Scouten aus 80 Länner, déi vum 25. Juli bis den 2. August dat anert Joer zesumme komme, fir de Scoutismus ze feieren, friem Kulture kennen ze léieren, nei Erfahrungen ze sammelen an d’Natur an all hire Facetten ze erliewen. An dofir kann et wuel kee bessert Land ginn ewéi Island, di 100 000 km2 grouss Insel knapps ënnert dem nördleche Polarkreess. Mir hunn ons en Vue vum Moot schonns op Island ëmgekuckt a waren eng Partie vun de Camp-Plaze schonn am Viraus besichen. Kaum ee Land op dëser Welt weess Gesellschaft, Technik an Natur esou zesummen ze bréngen, wéi d’Insel vum Feier a vum Äis. Zanter Joerhonnerte scho liewen d’Islänner mat den Elementer vun der Natur an hunn an deeër Zäit och geléiert, sech di verschidde Kräften zu Notzen ze maachen. Vulkaner, waarm Quellen, d’Mier an d’tektonesch Plakken – ob elo Geothermik, d’Waasser- oder Wandkraaft, d’Insel produzéiert dee meeschte Stroum selwer a gehéiert dofir och zu de proppersten Plazen op der Welt. Island ass dann och virun allem fir d’Frënn vun der fräier Loft ee Genoss. Am Summer maache se sech zu Zéngdausenden op de Wee an d’Bannen-Insel, fir di onendlech Landschaften ze genéissen, an de waarme Quellen ze schwammen an d’Zelt op deene schéinste Plazen opzeschloen. Eng dovunner ass Thingvellir, den Nationalpark e puer Kilometer ëstlech vu Reykjavik, an deem sech scho virun dausend Joeren d’Vikinger getraff hu, fir Gesetzer ze schreiwen an d’Geschäfter vum Land ze féieren. Thingvellir ass eng vun deene Plazen, déi sech d’Participanten eraussiche kënne, fir no der Erëffnungsfeier zu Reykjavik e puer Deeg an der Natur ze verbréngen.

20


THE PLAN IS FOR 5.000 PARTICIPANTS AND 1.000 IST FROM 80 COUNTRIES AROUND THE WORLD TO JOIN THE MOOT IN 2017. 11 Plazen stinn zur Wiel an de Fokus läit je no Emplacement op der Natur an dem Environnement, dem Liewen an enger Communautéit oder sportlechen Aktivitéiten an Aventure. Jidderee ka sech eraussichen, op wat en am meeschte Wäert wëll leeën. A bei 11 Camp’en dierft wuel fir jiddereen eppes dobäi sinn. Thingvellir ass mat sengem Vikinger-Parlament net nëmmen eng historesch wichteg Plaz, mee och fir Geologen een absolut Paradäis. Hei nämlech treffen déi zwou Kontinentalplakken openeen an et kann een esouguer tëscht der Eurasescher an der Amerikanescher Plakk hin an hir spadséieren, respektiv an d’Lach tëscht de Plakken dauchen. Dernieft ginn et dausende Hike-Weeër duerch de Park.

De breedsten Waasserfall vun Europa an DE Geysir, deen dausenden aneren Quellen ronderëm d’Welt säin Numm ginn huet, fanne mer an der Géigend vu Laugarvatn. Leider ass de Geysir zanter engem Joerhonnert roueg bliwwen. Dofir awer späitzt de Brokkur all 5 Minutten waarmt Waasser an d’Luucht. Dernieft kommen hei och d’Frënn vu waarme Quellen op hir Käschten: zu Laugarvatn selwer lackelt nämlech eng wonnerschéin Schwämm mat natierlech waarmem Waasser a Saunen. A ween et elo wierklech gäeren „cool“ hätt, mat Klammen, Gletscherwanderungen an engem Besuch an der Äisbierglagune, dee soll direkt an de Skaftafell-Nationalpark goen, dat ass mat dee gréisste Gletscher an Europa.

Ween elo méi Loscht op honnerte Waasserfäll huet, spektakulär Wanderweeër laanscht zwee aktiv Vulkaner an ee vun de schéinsten Hike-Trails op der Welt, deen ass am beschten zu Skogar opgehuewen, dem klengen Duerf un der Südküst. Nieft dem wonnerschéine Waasserfall Skogafoss ass hei och de Start vum Fimmvorduhals-Trail, der Verlängerung vum Laugavegur, engem vun de schéinsten Wanderweeër op der Welt. Dëse féiert laanscht den Eyajfallajoküll, dee Vulkan, deen 2010 ganz Europa an Otem gehalen hat.

EMBOURG LUX

Nëmmen eng 20 Kilometer Loftlinn vu Skogar ewech läit Westmannaeyjar, déi sougenannte Westman-Islands. Hei kann een di destruktiv Kräfte vun der Äerd nach hautno materliewen. 1973 nämlech huet sech de Buedem op der Insel opgedoen an eraus koumen dausend Tonne Lava, déi d’Insel bannent e puer Méint e puer Kilometer méi grouss gemaach hunn.

M O O T

2 0 1 7

IC ELA N D

Ween elo nach ëmmer net iwwerzeegt ass, soll sech d’Internetsäit vum Moot emol ukucken. Nieft deenen opgezielte Plazen ginn et der nach eng hallef Dosen, déi vun Natur iwwer Kultur bis hinn zum Stadliewen alles ze bidden hunn. (http://worldscoutmoot.is). Island ass den Ament nach e Geheimtipp. Allzelaang awer dierft et net méi dauere, bis d’Insel – an domadder och d’Natur mat all hiren eenzegaartege Plazen a Landschaften – komplett iwwerrannt gëtt. Dofir heescht et elo sech nach dohi maachen. Zemools wann een dee konstante „Wow“ op der Plaz mat 4999 anere Scouten deele kann.

21


DEROVER ROVER MOOT 2017 - THE FACTS more than 5000 Scouts from 80 countries +++ from July 25th +++ to August 2nd 2017 +++ Iceland +++ 11 Campsites to chose from +++

our Rover Team has sent a special expedition team to Iceland to give you a little preview of a few of the amazing spots: Thingvellir: is not only the residence of the Viking parliament but also the spot where the Eurasian and American tectonic plates meet. A must for geologists. Skogar: waterfalls and one of the best Hiking-trails in the world Westmannaeyjar: see the results of the 1973 volcano eruption that made the island grow in just a few months

Find all the information: Laugarvatn: Geysers, hot springs and the widest waterfall in Europe as well as Glacier Hikes and “cool”-climbing.

worldscoutmoot.is

Votre garant de qualité www.provencale.lu

16

L’adresse des professionnels des métiers de bouche


DECHEF NOTE IT KACHT MAT EIS E GEBURTSDAGSMENÜ ! Fir ënner Wëllefchers Cheffe gebührend ze feieren invitéire mer iech den 18. November op eise Cheffe-Kachduell am homeFNEL. Mellt iech als Ekipp oder och eenzel op louveteaux@fnel.lu un bis den 1.11. – Gidd eis w.e.g. är Preferenz un ob der Entrée, Haaptplat, oder Dessert wëllt kachen! Wann der wierklech net kënnt mellt iech w.e.g. och of! Mir freeën eis op iech all ! Weider Infos kritt der no der Umellung. The Cub-Scout leader centenary cooking-duell +++ When: 18.11 at Home FNEL +++ Who: as team or single +++ Register until. 01.11 +++ louveteaux@fnel.lu and let us know if you have a preference for starter, main or pudding +++ More information after the registration

SC - CHEFFE WEEKEND De Cheffe Weekend ass wéinst dem Buergbrennen op den 18. - 19. Mäerz verluecht ginn FNEL-Scouts - FACEBOOK GRUPP D’Scoutsbranche ass ab elo och um Facebook present. Hei fënns du all méiglech Infoën iwwert Scoutsjoer a mir hoffen op e reegen Austausch vun Iddeeën. WANTED: CAMP SAUVAGE 2017 • Scout Souscamp Responsabel • Programm Responsabeler - Sport - Visiten - Hike - ... Melle kann’s du dech iwwert carolyn@fnel.lu

ATELIERS SUR LE NÉPAL Envie de découvrir le Népal ou de mieux le connaitre…

Le duel culinaire des chefs louveteaux +++ Quand: 18.11 at Home FNEL +++ Qui: comme équipe ou seul +++ Enrégistrer jusqu’au 01.11 +++ louveteaux@fnel.lu +++ plus d’infos après l'enrégistrement. l’ONGD-FNEL propose plusieurs jeux pour les petits et les grands dès octobre 2016. Merci de nous contacter ongd@fnel.lu ou 26 48 04 41

WOSM, WELTKONFERENZ, INTERNATIONALE SCOUTISMUS, ... - ALLES SUJETEN, DÉI DECH INTERESSÉIEREN? Da bidde mir dir d’Méiglechkeet d’FNEL um World Scout Youth Forum am Azerbaidjan ze representéieren. Dësen ass vum 7. bis den 10. August zu Gabala am Azerbaidjan. Wat ass de World Scout Youth Forum? E Meeting vu ville jonke Scouten aus Länner aus der ganzer Welt, déi iwwer déi international Sujeten bei WOSM diskutéieren an sech informéieren. Fir a Fro ze kommen muss du während dem World Scout Youth Forum tëscht 18 an 25 (inclus) Joer al si, fléissend Englesch schwätzen a verstoe kënnen a motivéiert sinn, dech am Virfeld an och dono an d’Sujeten eran ze schaffen an Deel vun der Internationaler Ekipp sinn. Wann s du Loscht op dës spannend Aufgab hues, da mell dech bis de 15. November spéitstens mat enger Lettre de motivation op international@fnel.lu. Mir beäntweren der natierlech och gäer am Virfeld deng Froen.

23


DECHEF BREVETS 2015-2016 Hei nach e puer Nimm vu Scouten, déi dat lescht Joer hir Formatioun gemaach hunn. SORRY dat dir am leschten deSCOUT vergiess gi waart. Et war wuel e klengen Duercherneen mat Lëschten. EXPLORERBREVET THIEL Jim • TROES Max • VINANDY Justin • VONCKEN Max • WALD Julien • WILLEMS Anya • ASSISTANT CHEF D’UNITÉ BAU Enrico • BECHTEL Julie Sophie • DARNE Emma • DE OLIVEIRA PASSAGEM Soraia • ENGELBERT Lara • FELL Paul • FRISCH Lena • GENGLER Eric • GENSON Camille • GRUNEISEN Paul • HANSEN Erik • HANSEN Jonas • HARTZ Hannah • KOHL Sven • MAJERUS Anouk • MASON Hana • MEYERS Max • MULLER Jeff • PEIFFER Claire • PESCATORE Camille • POTOCKI Clément • REIMERINGER Antoine • SCHREINER Brian • SCHWARTZ Joëlle • SIMONIS Sarah • SOULTANOVA Melinda • STONE Eleanor • STREITZ Yannick • TANSON Catherine • TESCH Emilie • THIEREN Dorsan • VROUENRAETS Frederike • CHEF D’UNITÉ KIFFER Ben • MAROLDT Géraldine • SANFILIPPO Bryan • FORMATION FORMATEUR BOCK Christophe •

WANTERMAART 22. Dezember 2016

WANTERMAART - PROST’it Notéiert iech elo schonns dëse wichtegen Datum : Donneschdeg, den 22. Dezember am Schnéi um Fetschenhaff an du kanns hei deng lescht Kaddoen akafen. Appell un all SCOUT dee selwer produzéiert / bastelt / kacht / Mell dech bis de 15. November op pit@fnel.lu . Critèrë sinn : MADE IN LUXEMBOURG • ARTISANAL • KONSCHT • also vun A bis Z selwer manufactured.

24

DEN INTERNATIONALE CAMP “GO|URBAN” vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) ass vum 18. 28.07.2017 um Kierchbierg All Scoute sinn invitéiert; besonnech och d'FNEL-Wëllef-Meuten: d'Wëllefcher (8 – 11 Joer) sinn op dësen 6 Deeg um Camp (au coix): 18. – 23. Juli 2017 oder 23. – 28. Juli 2017 (Camppräis: 150 €) Exzeptionnel: d'Wëllef campéieren an iwwernuechten an original Indianer-Tipien!! Wann dir mat Äre Wëllefcher wëllt deel huelen mellt iech op: info@GoUrban.lu Weider Informatiounen fannt Dir op http://GoUrban.lu LGS is inviting all groups (from Cub Scouts upwards) to their GoUrban Federal Camp Les LGS invitent tous les groupes (à partir de l’âge louveteaux) à participer à leur Camp fédéral.

FESTIVAL DES CABANES 2017 date limite d'inscription: 7 novembre 2016 formulaire téléchargeable: www.cabanes.lu thème: out of the box


PERSPECTIVES FUTURES Léif Scouten,

A BIG THANK YOU AND BRAVO TO YOU ALL FOR ALWAYS SUPPORTING OUR COMMON IDEA.

D'FNEL zielt am Ablack ronn 2600 Memberen. Mir sinn zu esou vill wéi nach ni virdrun. Dëst weist eis dass eise Mouvement méi gesicht ass wéi e jeemools war. Dëst ass och d'Resultat vun enger immenser Aarbecht op engersäits federalem Niveau: et gi knackeg federal Aktivitéiten organiséiert, déi Leit unzéien; et gëtt exzellent Formatiounsaarbecht geleescht fir Cheffen ze hunn déi spannenden an héichwäertege Programm ubidde kënnen an et gëtt duerch gutt Kommunikatioun

opgepasst dass d'Leit dobaussen och matkréie wéi cool eis Aktivitéiten sinn. Dëst ass awer anerersäits virun allem och d'Resultat vun enger impressionnanter Aarbecht op lokalem Niveau bei eise 25 Gruppen, wou eis Benevol all Woch interessante Programm gestalten fir déi Jonk, wou super Camp'en organiséiert ginn déi et a sech hunn, wou Homer gebaut an ënnerhale ginn a wou d'Stonnen net gezielt gi wann et drëms geet de Scoutsgeescht bei de Jonken anzeplanzen.

IECH ALLEGUERTEN E GROUSSE MERCI AN E GROUSSE BRAVO FIR ÄRE PERMANENTEN ASAZ FIR EIS GEMEINSAM IDDI. UN ENORME MERCI ET UN GRAND BRAVO A VOUS TOUS POUR VOTRE ENGAGEMENT PERMANENT POUR NOTRE IDEE COMMUNE.

Wat wichteg ass, dat ass dass d'Iddi déi selwecht bleift, a wat nach méi wichteg ass, dat ass dass d'Loscht dofir och bleift. A fir dass d'Loscht bleift, fir dass eis Lokomotiv an eisen Zuch weider fiert, fir dass eist Scoutsfeier an der Lokomotiv weider brennt an Damp mécht, dofir musse mer regelméisseg Holz op d'Feier ge-

heien. A fir dass de Kessel weider Drock huet, musse mer kucken dass de Kessel regelméisseg ugepasst a vergréissert gëtt fir den Drock auszehalen. Ma virun allem musse mer kucken dass d'Lokomotiv haart päife kann, fir dass een se gutt vu Wäitem héiert, fir dass vill Leit an eise ScoutsZuch eraklammen.

25


DECHEF Als Scoutsmouvement ass een an engem permanente Spannungsfeld, et ass een hin an hir gerappt tëscht Vergaangenheet an Zukunftsorientatioun, tëscht Nostalgie a Modernitéit, tëscht der vill-diskutéierter Spiritualitéit a Rationaliséierung, tëscht ScoutsDemokratie a Cheffen-Diktatur, tëscht Naturverbonnenheet an ëmmer méi Technik am Alldag, tëscht sturer Ideologie an totaler Fräiheet. All dës Spannungen maachen dass et esou flott ass bei eis, well et anescht ass.

Déi genial Iwwersetzung vun engem iwwer 100 Joer alem Wäertesystem an e weltwäite Programm sollen eis net vergiesse loossen dass mer ëmmer erëm oppasse musse, fir dës Wäerter, dës Prinzipien an dëse Programm un eis Zäit, eis Sprooch an eis Jonker unzepassen. Dofir si mer am gaangen eis Strategie ze perfektionéieren, an dofir hu mer eise de Mot d'ordre "FNEL 2020 - Eis Federatioun zesummen nei gestalten" ginn. Als alleréischt hu mer eng national Ëmfro gestart fir ze kucke wéi d'Leit eis dobausse gesinn, an dunn hu mer eis zesummegesat mat iwwer 20 Ambassadeuren aus alle Gruppen fir dës Visioun FNEL 2020 ze schreiwen.

"D‘FNEL, als laizistesch Scoutsfederatioun zu Lëtzebuerg, setzt sech zum Zil, d'Entwécklung vu Jonken duerch Spaass, Zesummeliewen a Responsabiliséierung nach méi ze fuerderen, fir eis Positioun als gesellschaftleche Partner an als wichtegen Acteur am Jugendsecteur auszebauen. Dofir wëlle mir bis 2020 et iwwer 3000 Jonken, aus wierklech alle Kreesser vun der Gesellschaft erméiglechen, engagéiert an eegestänneg Matbierger ze ginn, déi sech no de Wäerter vum Scoutissmus zesummen asetze fir eng besser Welt. " Während den nächsten 3 Scoutsjoer wäerte mer un eisem Programm, eise Strukturen an eiser Kommunikatioun schaffen, fir dës Visioun ëmzesetzen an eis Lokomotiv ze pimpen. Mir däerfen ni vergiessen dass mer zwar wuessen, ma dass mer

26

manner wuesse wéi d'Populatioun an eisem Land, an dass mer der demographescher Entwécklung vun eisem Land leider net Rechnung droen. Mir fueren also ze lues, a mir huele vill Leit net mat. Duerfir solle mer un eiser Lokomotiv schaffen!


MA FÄNKE MER VIR UN : FIR DASS D'FEIER KA BRENNEN MUSS DE LOKOMOTIVS-KESSEL PASSEN : mir wäerten un eis Strukture goen. Jo, mir verléieren immens vill Jonker nom Alter vu 14 Joer, well se eis net méi cool fannen. All déi, déi mer verléieren ginn och net Chef, an no der Uni kommen se scho guer net méi erëm. Dofir musse mer eis Altersstrukturen upassen, a kucken dass mer méi spannend an attraktiv fir Jonker ab 15 Joer ginn. Et wäert zu Diskussioune kommen, ma mir sinn eis sécher dass mer dat zesummen hikréien. Och wäerte mer probéieren manner Pobeier ze benotzen, an eis ze digitaliséieren, fir all eist administratiivt Getriwwels an all déi Paperassen, déi kee gären huet, ze vereinfachen. Mir hunn och als Zil méi Jonker an d'federal Strukturen ze kréien, fir dass mer nach méi wéi haut eng Federatioun vu Jonke fir Jonker ginn. Dat ass eis immens wichteg, well kee weess besser wat déi Jonk wëlle wéi déi Jonk selwer. FIR DASS D'FEIER AM KESSEL BRENNT, MUSSE MER DAT RICHTEGT HOLZ OP D'FEIER GEHEIEN : net eent wat just séier verbrennt a keng Hëtzt ofgëtt, an och keen naasst wat just immens dämpt a wou näischt erauskënnt: mir wäerten un de Programm an un d'Formatioune schrauwe goe, fir

se un déi nei Alteren unzepassen. Eise Programm an eis Formatioun soll och Jonke gerecht ginn, déi nach kee Lëtzebuergesch verstinn, an duerch d'Scoute kënnen an eis Gesellschaft integréiert ginn. Och wäerte mer probéieren méi an d'Natur ze kommen, do, wou mer doheem sinn, do, wou mer eenzegaarteg Action, Beweegung an Adventure kënne ubidden. D'Natur am Allgemengen an de Respekt vun der Natur sollen eis natierlech och méi wichteg ginn, an d'nohalteg Entwécklung wäerte mer eis och nach méi wéi haut op de Fändel schreiwen. Zur nohalteger Entwécklung gehéiert och de Schutz vu Jonken. Déi haiteg Gesellschaft verstoppt ëmmer méi Gefore fir déi Jonk, an dofir ass et eis Verantwortung als Jugendmouvement déi Jonk ze schützen an se staark ze maache fir d’Erausfuerderungen aus hirem Ëmfeld. ET BRÉNGT NÄISCHT JUST DE RICHTEGE KESSEL ZE HU, MAT VILL DROCK, WA KEE WËLL MATFUEREN : duerfir wëlle mer och eis Kommunikatioun weider fuerderen, fir dass all d'Elteren an all déi Jonk matkréie wat bei eis leeft. Eis Zil ass et dass d'Eltere sollen e schlecht Gewësse kréie wa se hir Kanner net an d'Scoute ginn, an dass déi Jonk nach méi houfreg sinn ze zielen dass se an de Scoute sinn, och

wa se méi al ginn. Dann hu mer gewonnen. Dofir wëlle mer an de soziale Medie méi Präsenz weisen, mir wëllen de Gruppen hëllefen no bausse besser a méi taktesch ze kommunizéieren a mir wëlle méi modern an zäitgeméiss wierken. Wéi der mierkt hu mer vill um Programm déi nächst Joren. Mir wëlle méi frësch sinn, mir wëlle méi Jonker an eise Strukturen, mir wëlle méi visibel ginn, mir wëlle méi grouss ginn. Natierlech soll dat eng partizipativ an demokratesche Evolutioun a keng Revolutioun vun uewen erof sinn. Dofir hei en Appel un all d’Gruppe-responsabel, un all d'Cheffen, un all Mënsch deen hei am Sall sëtzt och wann e mat Scouten näischt - oder nach näischt - um Hutt huet. Zéi de Kapp net an a mell dech fir matzemaache bei der Visioun FNEL 2020. Et geet ëm eis Zukunft, mir si sécher dass du - oder du - oder du dohannen dass DIR eng gutt Iddi an den néidege Power hutt fir déi Zukunft matzeschreiwen, fir eis Lokomotiv mat unzeheize, fir zesummen d'Scoutsiddi, déi elo iwwer 100 Joer huet, nach méi attraktiv ze maache wéi se jeemools war.

GK / AG FNEL 15/09/2016

27


DENNORUF ELÉPHANT PASSE-PARTOUT EST PASSÉ PAR CE CHAS QUI MÈNE VERS UN AILLEURS OU UN NÉANT. Jacques était scout depuis sa prime jeunesse. Chez les Trappeurs Bleus de Differdange d’abord, les aléas de la vie l’ont mené en 1961 chez les Diables Mauves dont il fut plus tard membre du comité local.

Ses copains des Diables Mauves de l’époque avaient bien choisi le totem de Jacques Hansen. Sa stature un peu lourde, sa démarche un peu gauche pouvait évoquer le pachyderme. Mais, comme pour celui-ci, son allure improbable cachait une énorme sensibilité, une mémoire sans faille et une fidélité à toute épreuve. Et puis, oui, il savait aussi tracer sa route avec énergie, une fois la direction choisie.

28

Il s’est aussi engagé dans la FNEL, d’abord comme membre de l’équipe de rédaction du SCOUT puis comme Commissaire à l’information de 1975 à 1978. Secrétaire du Conseil technique à partir de 1981, de la LBSA en 1982, il est nommé Commissaire en chef en 1985 -1987, poste qu’il abandonnera lors de sa nomination à la direction de la Croix-Rouge. C’est dans cette fonction professionnelle qu’il participa au lancement d’un des premiers projets (soutien à l’hôpital de Jorpati au Népal) de l’ONG de la FNEL lors de la fondation de celle-ci en décembre 1989. Cette coopération de la Croix-Rouge avec la FNEL allait se répéter à travers plusieurs autres projets communs dans les années suivantes. Enfin il sera élu membre du Comité directeur en 1998 jusqu’au remplacement de cet organe de la FNEL par la Conférence permanente des groupes en 2003.


Mais Jacques n’était pas seulement scout le temps d’une réunion, d’une sortie, d’un camp, il l’était dans sa vie quotidienne. Peu d’entre nous ont pu mettre en adéquation, comme Jacques a su le faire, l’esprit scout avec leur vie personnelle et professionnelle. C’est justement sa sensibilité qui lui a fait réaliser sa promesse « … deenen di a Nout sinn ze hëllefen … ». Jacques s’intéressait aux gens, à leurs bonheurs et à leurs malheurs. Et il mettait alors toute son énergie à apporter son aide à celui qui en avait besoin. Sans compromissions, sans conditions et à tout moment. Par ses qualités humaines il était tout à fait désigné pour être l’âme et la force motrice de la Croix-Rouge luxembourgeoise, le développement spectaculaire de celle-ci pendant les 26 ans qu’il la dirigeait en fait foi. Mais sa sensibilité l’amenait aussi vers les arts. Était-ce le théâtre scout qui en était à l’origine ? Toujours est-il qu’il avait la passion pour les planches et il a joué dans quelques productions luxembourgeoises importantes dont

« Den Ubu get Kinnek » présenté au Festival de Wiltz. Wiltz dont est originaire Danielle l’amour de sa vie, son âme sœur, cantatrice remarquable, mais aussi médecin au service des autres, comme Jacques. Sa sensibilité était le passepartout de cet éléphant nommé Jacques. Elle lui ouvrait les portes pour d’innombrables amitiés, très diverses, dans tous les milieux sociaux. S’il n’étalait pas sa vaste culture, elle lui permettait pourtant d’être un interlocuteur passionnant pour tous ceux qui l’auront connu. Ce 24 juillet 2016 son cœur de battre s’est arrêté. Danielle, Anne et Georges ont perdu un mari et un papa formidable. Nous tous avons perdu un véritable scout et un ami que nous n’oublierons jamais … mémoire d’éléphant oblige ! Castor

29


DERETRO Wann s du nach ëm d’Joerdausendwenn Wëllefche waars oder Chef, da kanns du dech sécher un den Ikki, d’FNELs Zeitung exclusiv fir d’Wëllefcher, den IKKI. Haut huet jo all Branche seng eege Säiten am Scout, an dat ass och vill méi fair, wéi wa just d’Wëllefcher eng Zeitung hunn, mee sécher sollte mer di al Ikkien emol erauskropen, well do waren eng Hellwull flott Saachen drann. Haalt also äer An an Ouere gespëtzt fir e bessi “Upcycling” an deenen nächsten DeScout.

IKKI, was the FNEL Cub Scouts’ exclusive magazine. With each branch having their own pages in DeScout it’s certainly a lot fairer for the other branches that didn’t have an own magazine, but we’ll sure look into the old magazines over the next couple of months fir some inspiration and upcycling. IKKI c’était, il y a un bon bout de temps, le magazine des louveteaux de la FNEL. Peut-être un de tes chefs s’en rappelle?! Aujourd’hui chaque branche a ses propres pages, tous ensemble dans un magazine, mais nous allons certes relire nos anciens IKKI pour vous trouver le meilleur d’il y a plus de 15 ans!

30


P. GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances (Succ. WELTER) 2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
deSCOUT NO 562 by FNEL Scouten a Guiden - Issuu