No 561 / 96. Joergang
August 2016
VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,
SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT
Prêt Cedies an exklusiv Avantagen* startin.lu
*
Offer u Konditioune gebonnen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication Janvier 2015
DENEDITO A WANN ET REENT DA REENT ET RIICHT ERAN… Eis Gruppen haten emol erëm eng Kéier super flott Campen uechtert Europa an d’Welt: ob dat an eisen Nopeschlänner, a Finnland, Holland, oder am Nepal war, et stoung sécher iwwerall Action, Spaass a Scouting Pur um Programm. An dëser Ausgab ware mer op den UDACA luussen, deen d’Panthères Noires fir hiere 50. Gebuertsdag organiséiert hate, an och war eise Reporter Néckel mat an den Nepal.
Mir sinn natierlech och fir d’Rentree nach frou fir all Fotoe, Videoen oder soss flott Memoiren, déi dir eis kënnt fir an deScout oder op den Internet ginn. Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication
descout@fnel.lu
DENINDEX DENIMPRESSUM deSCOUT No 561 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg
04 07 08 09 10 11 12
DCOVERSTORY DEPOW-WOW D’? DNEWS DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT
13 14 16 19 20 21 22
DEN EXPLORER DEROVER DEGLOBETROTTER DECHEF DFORMATIOUN DESERIÖ DONGD-FNEL
Redaktioun & mise en page : Anne Simon, Claudine Scheeck, Nicolas Wurth, Fotoën : Oryx, Sven Linckels, GS, PN, Nicolas Wurth FNEL Archive Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600
03
DCOVERSTORY: SUMMERCAMP FORMATIOUN 6 201 Dëst Joer 2015-2016 feiert de Scoutsgrupp Panthères Noires, e grousse Gebuertsdag: 50 Joer. Dësen Anniversaire gouf mat enger flotter Scoutsveillée agelaut, wou all Branche, vum klenge Beaver bis bei de motivéierte Scout, vertruede waren. Zu Éiere vum Grupp gouf och decidéiert mat verschiddene anere Scoutsgruppen ee grousse Summercamp op d’Been ze stellen, deen dem Joer e gelongenen Ofschloss soll bidden. Scho fréi am Scoutsjoer hunn déi éischt Versammlungen mat Cheffen aus deene verschiddene Gruppen stattfonnt: d’Castore vu Schëtter, d’Fiiss vum Cents, d’Loutres vu Miersch, d’Loups Blanc vu Dummeldeng an d’Wëll Säi vu Steesel. Och Memberen vun eisem Schwësterveräin LGS ware vertrueden. De Programm war séier opgestallt an et huet ee séier gemierkt dass d’Motivatioun, de Scouten ee gelongene Summercamp ze bidden, grouss war. Nodeems all Charge verginn an all Problem esou gutt wéi méiglech geléist war, koum de Camp ëmmer méi no. Den Numm vum Camp kënnt och net vun iergendwou mee, ugepasst un d’Plaz, den Uelzechtdall, war den Numm UDACA passend; Uelzechtdall-Camp. Déi verschiddenen Themen fir d’Souscampe ware séier fonnt. D’Beaver esou wéi d’Wëllefcher konnten een 2 bzw. 5-Deeg laange Camp am Thema Ritter erliewen, woubäi de Scoutssouscamp ënnert dem HollywoodStär stoung. Si hunn an 10 Deeg, vum 20-30 Juli, opgedeelt an 2 Dierfer, Disney & Pixar, vill flott Aktivitéiten matgemaach.
04
Schonn eng Woch virum Camp, waren eng Rei Membere vun de Panthere mat motivéierte Scoutsfrënn voll am Jumm fir d’Plaz hannert dem Fussballterrain zu Luerenzweiler bei de Schinne prett ze maache fir eng 220 Leit ze empfänken. De Mëttwoch, 20 Juli, goung et op der Gare zu Luerenzweiler lass: Déi verschidde Participanten hu sech do versammelt fir op d’Campplaz ze trëppelen. Géint 15 Auer waren d’Leit endlech all präsent an d’Ariichten an d’Opriichten vun de Kiche gouf agelaut. Deen éischten ustrengende Dag gouf mat enger Opening Ceremonie ofgeschloss. Dat Besonnescht heibäi war, dass d’Scouten während dëser Veillée, hiere Patrullecheffen an hire Patrullen zougewisen goufen. Den zweeten Dag koum FREAC an huet eis zum Thema Teambuilding duerch vill flott Aktivitéiten gehollef zesummen ze schaffen. D’Visite vum Dag drop huet ville Scouten ganz besonnesch gutt gefall. Si konnten sech, onofhängeg vun hirer Patrull, a verschidde Visiten aschreiwen. Zur Wiel stoungen: d’Héichiewen um Belval, d’Kofferminnen zu Stolzebuerg an een Tour mam Solarboot iwwert de Stauséi op Lëlz. Sonndes war et dunn och schonn esou wäit: d’Scoutskiermes stoung um Programm. Hei war jidderee Wëllkomm fir ee ganzen Dag mat de Scouten vum UDACA ze verbréngen a Loscht um Scoutismus ze kréien. D’Cheffen hu verschidde Posten ugebueden fir de Kanner vun all Alter ee flotten Dag ze bidden. Begleet vu verschiddene Livebands, wéi Acoustic Corner an Jukebox, gouf den Dag zu engem groussen Erfolleg. Ofgeschloss gouf dësen Event mat enger Show vum Mambo Schinki, bei deeër sech jiddereen, dee wollt, richteg austobe konnt. No engem opreegende Sonnden, ass dee ganzen Scoutssouscamp du Méindes op Veiane klammen a schwamme gaang. Dëst huet de Scouten d’Méiglechkeet ginn déi iwwerschësseg Energie lass ze ginn. Owes gouf et dee laang ersehntenen Open Air
Kino, dee wéinst den heiansdo schlechte Wiederkonditiounen ëmmer erëm huet missen verréckelt ginn. Den Dag drop huet et d’Scouten mat voll gepaaktem Rucksak an naassem Wierder op den Hike gezunn. Dësen huet dozou bäigedroen, dass dee ganze Grupp zesummengeschweesst gouf. Mëttwochs hu se déi lescht Kilometeren nach misse maachen, ier se op der Campplaz hire verdéngten Temps libre konnten untrieden a sech an der selwer gebauter Schwämm ofkille konnten. Donneschdes sinn eis Scouten an de Mariendall gaang, wou se an zwou Gruppen Tandem bzw. Teambuilding gemaach hunn. Dësen Dag huet vill Opschlossräiches iwwert all eenzele Scout un d’Liicht bruecht well se, besonnesch beim Teambuilding, hu misse léieren iwwert hier Schwächten ze sprangen a mat deenen aneren zesummen ze schaffen. Déi zwee lescht Deeg stoung dunn natierlech d’Ofriichten am Fokus mee eng Sports Olympiad an eng flott a roueg Closing Ceremonie hunn dat ganzt ofgeronnt. Besonnesch d’Closing Ceremonie, ronderëm ee grousst Lagerfeier a begleet vu Sketcher a selwer gesongene Lidder, huet d’Séil vum UDACA erëmgespigelt an den Zesummenhalt gestäerkt. Et huet ee gespuert, dass all Eenzelen säint dozou bäigedroen huet, dass et een erfollegräichen Camp ginn ass. Fir ofzeschléisse muss een nach emol ervirhiewen, dass et ee grousse Camp mat vill Programm a flotten Aktivitéiten war, deen zum Ziel hat, de Scouten schéin nei Erënnerungen ze schenken an de Scoutsbond zwësche verschiddene Gruppen nach méi ze stäerken. Mir soen jidderengem Merci, deen eis bei der Erfëllung vun dësem Ziel gehollef huet. Neko
05
arend’t you‌ interested in a law firm
international?
leading & independent
in the teams
in Luxembourg? curious?
multilingual?
at your
spoken
knowledge
4 languages ambitious?
fingertips
internally
development
and mobility
proactive? a dynamic
collaborative?
an exchange
environment
of know-how
Administrative
25 nationalities
available for you
Law,
Property,
Construction
&
Environment | Bank Lending & Structured Finance | Banking & Financial Services | Capital Markets | Commercial & Insolvency | Corporate Law, Mergers & Acquisitions | Dispute Resolution | Employment Law, Pensions & Benefits | EU & Competition Law | Insurance & Reinsurance Law |
join us
Investment
Management | IP, Communication & Technology |
Please send your application via our careers page
www.arendt.com 41A, avenue J.F. Kennedy n L-2082 Luxembourg
Private Equity & Real Estate | Private Wealth | Tax Law LUXEMBOURG
DUBAI
HONG KONG
LONDON
MOSCOW
NEW YORK
DEPOW-WOW
07
D’? WAT ASS HEI DA WUEL GESCHITT ?
DAT AS DÉI NEI RUBRIK AN DENGEM SCOUT. An all Ausgab weise mer eng Foto a froen, wat dann do wuel passéiert ass. Deng Äntwert muss kengesfalls der Realitéit entspriechen - au contraire: wat se méi kreativ, witzeg an ënnerhuelsam ass, wat besser. Äntwerte kann s de eis schécken a Form vu Kuerzgeschicht, Eenzeiler, Comic, Fotomontage, Dialog,… Di flottsten Äntwert gëtt am nächste Scout publizéiert an du kriss och e klenge Kado.
A jiddereen dierf natierlech matmaachen - wann däi Mierschwéngchen eng top Iddi huet, ass dat och ok! Schéck alles op: descout@fnel.lu.
Votre garant de qualité www.provencale.lu
L’adresse des professionnels des métiers de bouche
DNEWS ASSEMBLÉE GÉNÉRALE - FNEL CONVOCATION À L’ASSEMBLÉE GÉNÉRALE ORDINAIRE 2016
AG FNEL 15. September ‘16
Nous avons l’honneur et le plaisir de vous inviter à notre Assemblée générale qui aura lieu le jeudi 15 septembre 2016 à 19h30 au home FNEL, 61a rue de Trèves à L-2630 Luxembourg. Cette assemblée de la FNEL est organisée en collaboration avec le Telstar International Scout Group Luxembourg. Notre Assemblée générale revêt cette année un caractère spécial. Après six années d’activité, l’actuelle Commissaire générale Nathalie de la FONTAINE remettra le flambeau à son successeur. Les membres de la Conférence des groupes, en leur séance du 25 mai 2016, ont approuvé la proposition que feront à l’Assemblée générale le Président national et la Commissaire générale sortante pour la nomination de Georges KROMBACH au poste de Commissaire général. En outre elle délibérera sur la vision FNEL 2020 et le plan de développement stratégique y afférent: D‘FNEL, als laizistesch Scoutsfederatioun zu Lëtzebuerg, setzt sech zum Ziel, d’Entwécklung vu Jonken duerch, Spaass, Zesummeliewen a Responsabiliséierung nach méi ze fuerderen, fir eis Positioun als gesellschaftleche Partner an als wichtegen Acteur am Jugendsecteur auszebauen. Dofir wëlle mir bis 2020 et iwwer 3000 Jonken, aus wierklech alle Kreesser vun der Gesellschaft erméiglechen, engagéiert an eegestänneg Matbierger ze ginn, déi sech no de Wäerter vum Scoutissmus zesumme asetze fir eng besser Welt.
NOTE IT Arrivée souhaitée à 18h45 pour la remise des cartes électorales. Un stand avec sandwichs et boissons fonctionnera de 18h45 à 19h30. Le vin d’honneur clôturera cette assemblée.
Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000 Tous ces dons sont fiscalement déductibles.
09
DEBEAVER D’RITTER SI LASS UM UDACA D’Beaver vun de Panthères Noires waren och eng Nuecht am Zelt op dem grousse Gebuertsdagscamp vun de Pantheren. Wat si do erlieft hunn kënnt dir hei liesen. Den Alex war net ze bremsen fir mer ze zielen, dass si e Päerd an e Rimm fir de Schwert gebastelt hunn an d’Jenny fügt nach bäi, dass och eng kleng Täsch gemaach gouf, well d’Thema vum Camp war Ritter an zu deene gehéieren och Draachen a Prinzessinne, Prënzen a Kinniken.
Ech war scho ganz besuergt, mee den Alex huet mech berouegt, dass se awer keen Draach begéint hätten. Geschlof hu si an engem gring-groe Plastiksschlass seet de Mo, wou den Olivier an de Luca Bewaacher waren, d’Saskia an d’Jenny Prinzessinnen, de Mo de Prënz, de Yann de Ritter an de Charel de Kinnek - an dat sinn se elo och nach, iwwerzeegt mech de Yann, an e kontrolléiert och ob ech dat opgeschriwwen hunn a mäi Block.
D’Päerd ass aus enger Strëmp, e besse Woll, an e puer Hoer gemaach. Verschiddener hunn och eng Ketten, wéi der vläicht kënnt op der Photo gesinn. De Camp war supercool, ausser, dass de Mo moies nach wollt weiderschlofen, mee all di aner hu gequatscht. Mee wéi bis kloer war, dass si gläich kinnten op de Karroussel, war d’Middegkeet och direkt fort.
Dunn hunn ech nach mam Emma-Lee geschwat, wat bei engem wichtege Molconcours sollt säi Superheld molen, a rot emol wie säin Superheld ass????? Genau : de Bibu, well de Bibu hëllt ëmmer eng Hëllefstrousse mat, wann ee Kand séch ging wéidoen ënnerwee, dass hien direkt kann hëllefen. Dann hëllt hie Plooschteren an aner Saache fir ze hëllefen aus senger klenger Posch. D’Emma-lee huet de Concours zwar net gewonnen, mee fir eis Beaver huet et déi éischt Plaz ganz secher verdéngt.
10
DEWËLLEFCHEN TCHIL, DE GEIER Den Tchil, flitt ëmmer héich uewen an der Luucht – esou kritt hien direkt mat, wou et eppes ze friesse gëtt fir hien – wann een e Geier gesäit, heescht dat dass ee gestuerwen ass.
Mee, hie kritt awer och di gutt Noriichte mat, z.B. wat et mat dësem Badge op sech huet, deen um Pow-wow verdeelt gouf. Dëse kënnen all d’Wëllefcher op der ganzer Welt droe fir ze feieren, dass et 100 Joer hir ass dass de B.P. d’Wëllefchersbranche gegrënnt huet. Hues du e schonn op däin Hiem gebitzt?
Den Tchil hëlleft och all Zorte Messagen duerch den Dschungel ze verbreeden : wéi an der Geschicht vum Kaa sengem Juegddanz gëtt hien e Message vum Mowgli un de Bagheera an de Baloo virun. Weess du wéi een dat war? Nee? Ma da lies séier wat op der Säit 44 am Vademecum steet!
ET GINN IWWER 13 MILLIOUNE WËLLEFCHER OP DER GANZER WELT.
Hëllef och du dem Tchil Messagen ze verbreeden a schéck e Bild oder e Rapport vum Summercamp un louveteaux@fnel.lu oder gëff dengem Chef et fir an deScout oder op eis Homepage!
11
DESCOUT Salut Patrullen, Déi ganz Scoutsekipp seet iech villmools Merci fir dat flott Joer an ären Asaz fir de Scoutsblog. Mir sinn houfreg um Pow-Wow zu Diddeleng konnten d’Auszeechnung un folgend Patrullen aus ze deelen : • Wäiss Léiwen (Wëll Säi) • Sténkdéier (Piwitschen) • Salamander (Rammericher Fräschen) • Tëntefësch (Castoren) • Pink Fluffy Unicorn (Castoren) Besonnesch ervir hiewe wëlle mir déi 2 Patrullen vun de Castoren. Si hu sech immens vill Méi gemaach an eppes Neies als Scoutsblog op d’Been gestallt. Dofir hate si sech och exzeptionell de Kreativkado verdéngt. MIR SINN OP ÄR IDDIEN FIR DAT NÉIT JOER GESPAANT! Am Laf vum Joer krut och jiddereen vun iech deScout Spezial zum Thema Ritualer heem geschéckt. Wann dir all Editioun fläisseg gesammelt hutt, dann hutt dir e Gänsespill zesumme mat Froen an dem Dapp. Dir kënnt dëst GÄNSESPILL och an der FNEL ausléinen. Frot dofir einfach äre Chef. Dir kënnt eis och gären e Rapport, e Quiz, eng Scoutstechnik, e Portrait vun iech an äerer Patrull, asw fir op des Säit schécken. Macht einfach eng Mail un scout@ fnel.lu an dir sidd an der nächster Zeitung dran!
SCOUT’S EXPLO 6.-7. Mee 2017 Den nächsten Explo ass de 6-7 Mee 2017. Wou en ass, gëtt awer net verroden
12
DENEXPLORER B.A. UM LEIDERBAACHERHAFF Freides den 22. Juli sinn an Deeler vu Lëtzebuerg hefteg Wiederen iwwert d’Land gezunn. Besonnesch an der Géigend Fiels/Iermsdref ass ganz vill Schued entstanen. Ënner anerem war och de Leiderbaacherhaff no bei der Fiels betraff, dee vun der Famill Stenssen-Bos geféiert gëtt. De Marc, ee vun hire Bouwen, ass Member vun de Luerenzweiler Guiden a Scouten. Do war et kloer, datt mir als Scouten eis Ënnerstëtzung géingen ubidden - schliisslech gehéiert eng B.A. genau esou zum Scoutismus wéi Lagerfeier, Foulard oder de Robert Baden-Powell. Am Kader vum UDACA deen zu deem Moment zu Luerenzweiler ofgehalen ginn ass, konnte ronn 15 Explorer a Rover spontan iwwerzeegt ginn, fir sech fir eng B.A. um Leiderbaacherhaff anzesetzen. Si hunn dofir hiren Hike fréizäiteg ofgebrach an hunn op hiren Dag um Stau verzicht.
Wand waren awer och vill Beem ronderëm den Haff ëmgeknéckt oder ëmgefall. Ënnert anerem ass e Kiischtebam direkt hannert dem Wunnhaus op d‘Leitung gefall déi den Haff mat Stroum versuergt. Op enger anerer Plaz sinn zwou, ca. 150 Joer al Eechen ëmgefall, an hunn den Zougang op eng Wiss verspaart. Dëst waren dann och déi zwee Chantieren déi mir an Ugrëff geholl hunn.
an der Famill Stenssen eng schwéier Aarbecht ofhuelen konnten, déi soss wahrscheinlech nach Woche leien bliwwen wier.
Bewaffent mat 4-5 Motorseeën (a Leit déi domadder ëmgoen kënnen), Beiler, Handseeën, Spalthimmer, an enger uerdentlecher Portioun Motivatioun, hu mir déi 3 Beem innerhalb vun engem Dag op relativ handlecht Feierholz-format zerluecht. Jiddereen konnt sech bei dëser B.A. mat abréngen, esou datt mir um Enn vum Dag e schéint Resultat haten,
Sven Linckels Gruppechef bei de Luerenzweiler Guiden a Scouten St. Laurent
Am Scoutsverspriechen vum BadenPowell heescht et ënner anerem “On my honour I promise that I will do my best to help other people at all times”. Ech denken, datt mir op dësem Dag all eisem Verspriechen nokomm sinn.
De Wee, dee bei den Haff féiert, war vun de Waassermassen carrement fortgeschwämmt ginn, esou dass kee Mëllechcamion méi konnt bäi fueren. An der Zwëschenzäit ass dësen noutdierfteg gefléckt ginn, an och soss konnt d’Famill Stenssen eng Woch no de Wiederen, den „normalen“ Alldagsbetrieb schonns erëm ophuelen. Duerch dee staarke
13
DEROVER AGORA Et wor eng Première! Eng Band Scoutsfrënn aus Däitschland, Éisträich a Liechtenstein haten op eemol Loscht a Motivatioun fir eng däitschsproocheg Agora op d’Been ze setzen a mat nach méi motivéierte jonke Rover, d’Zukunft ze gestalten. Mir, d.h. 16 Rover aus Lëtzebuerg, Däitschland, Éisträich a Polen, hunn iwwer Youth Empowerment, Participation, Skills for life an aner aktuell Themen geléiert mee eis och ausgetosch, gelaacht, gefeiert a mir haten eng schéin Zäit. Zwëschen eisen 2 Treffen goung et drëms sech Projeten z’iwwerleeën an duerchzeféieren. Dat goung vun engem Scoutsweekend mat Flüchtlingen zu München ze verbréngen, Nohaltegkeet duerch en intelligent Kachbuch ëmzesetzen, Hochbeet amenagéieren, … eis Projeten woren immens variéiert a super gelongen. Et wor eng Première awer hoffentlech bleift et net dobäi!
Dës Agora wor net nëmmen eng Beräicherung an Inspiréierung mee och en onbeschreiflecht Gefill vu Scouting Spirit, Unity an international Friendships. Ganz nom Motto: ZUKUNFT GESTALTEN, FLÜGEL ENTFALEN!
14
An wat doraus ervirgaangen ass:
“ROVER GO UNIVERSITY” Vill vun eise Rover liewen oder studéieren am Ausland. Mir wëllen probéieren regelméisseg Aktivitéiten a verschiddene Stied z’organiséieren fir esou hinnen d’Méiglechkeet ze ginn och am Ausland e bësse vum Scoutismus mat z’erliewen. D’Rover zu Innsbruck woren schonn zesummen op den Tour : eemol d’Nordkette erop an erof.
BEACHVOLLEY 2016
AKTIVITÉITEN 16-17 ROVER BA Stëmm vun der Strooss Dezember 2016 ROVERQUIZ 18. Februar 2017 HUNT-IT 01. Abrëll 2017
Merci de Wëlle Säi fir déi top Organisatioun an all deene Rover, déi matgemaach hunn, et war e flotten a sportlechen Dag.
ROVERLOGE 25. Mee 2017
*Nous vous garantissons que Marcel n’a pas été maltraité...
UN OBJECTIF À ATTEINDRE? Cactus vous soutient! MA ALLE RC Z EL !
*
MA ALLE RC Z EL !
DEGLOBETROTTER NEPAL 2016 Am Juli 2016 hu sech 58 Scouten vun der FNEL op de laange Wee an den Nepal gemaach. De Lien tëscht Lëtzebuerg an dem Nepal gëtt iwwert d’Joer duerch déi vill Projet’en vun der ONGD FNEL gestärkt. Et ass dowéinst ëm sou méi wichteg fir jonke Scouten direkt d’Opportunitéit ze ginn aktiv op der Plaz Entwécklungshëllef ze leeschten. Ech hunn am Nepal en interessant Gespréich mam Julie Havé a Jeff Fischer gehat ,wou si mir hir Vue iwwert dëse Camp an d’Kooperatioun ginn hunn. Fir de Jeff Fischer (28) CBDM a Chef de Camp, ass et net déi éischt Reess an den Nepal. Nodeems d’FNEL schonn 1990, 1992 an 1998 e Camp do hat, huet hien am Januar 2015 d’Initiativ geholl fir mat enger motivéierter Equipe e federale Camp hei zu Baglung ze organiséieren. Julie Havé (25) vun den Grénge Scouten huet 5 Méint am Nepal gewunnt an do an enger Klinik geschafft. Als Oofschloss vu senger Reess huet hat mat eis de Camp verbruecht.
16
Jeff, d’FNEL huet no laanger Zäit neess e Camp am Nepal organiséiert, deen s du als Chef de Camp leeds, erziel eis wéi et dozou komm ass. Jeff : De Lien tëscht der FNEL an dem Nepal gëtt et jo schon säit laangem. Ëm sou méi wichteg ass et, dass d’Scouten hir Präsenz sur Place hunn. Mäin Dram war et dowéinst e federale Camp hei am Nepal ze organiséieren. Ech war jo schonn e puer mol hei. Wéi ech dem Nathalie de la Fontaine dat proposéiert hu, stoung kuerz drop eng flott Equipe op de Been, déi op dëse super Projet higeschafft huet. Julie, du bass schon e bessen méi lang hei an hues eis bei der Organisatioun vill sur Place konnten hëllefen. Wéi ass et eigentlech dozou komm dass du déi läscht 5 Méint am Nepal gewunnt a geschafft hues? Dat war eng spontan Saach. Nom Oofschloss vum Bachelor hunn ech gelies, dass d’FNEL Léit sicht, déi aktiv bei de Projet’en vun der ONGD um Terrain matschaffe wëllen. Ech hunn e bëssen gezéckt an dunn um allerläschten Dag vun den Umeldungen meng Décisioun geholl. Ech hunn am Nepal an enger Klinik geschafft wou vill Jugendlecher mat kierperleche Behënnerunge sinn. Véier vun deenen Jongen sinn och hei mat eis um Camp. Ech fannen et immens, dass mir d’Chance hunn d’Nepalesesch Kultur vun der anerer Säit kennen ze léieren an doduerch jiddereen eng eenzegaarteg Erfahrung mécht. Jeff, wéi gesäit den Alldag hei um Camp aus ? Mir wunnen jo am Moment an der Baglung Secondary School. Eis Aarbescht besteht an der Renovatioun vun de schouleschen Infrastukturen. Mir sträichen nei un, stoppen onzielbar Lächer mat Beton a probéieren doduerch d’Qualitéit vun der Schoul fir d’Schüler an hir Proffen ze verbesseren. Do dernieft wollte mer awer och mat de lokalen Scouten a Jugendlecher an Kontakt kommen. Déi hu leider während hirer Vakanz net vill ze dinn. Aus deem Grond organiséiere mer am Haff vun der Schoul an an der lokaler Klinik vill Aktivitéiten an Animatiounen.
D’Entwécklungshëllef ass e wichtegen Bestanddeel vun dësem Camp ? Jeff : Dat ass richteg! Ech géing eise Camp doweinst léiwer Kooperatiounscamp nennen. Mir sinn net hei hinner komm fir eppes ze entwéckelen mais éischter fir mat der lokaler Bevölkerung an de Baglunger Scouten zesummen Projet’en ze réaliséieren. Dëst maachen eis Scoute super. Dëst ass fir déi zwou Säiten eng positiv Erfahrung. Wéi kennen mir als Scouten do am beschten hëllefen ? Julie : Mir mussen realistesch sinn. Ech si mer absolut bewosst dass mer an deenen 10 Deeg hei zu Baglung net d’Welt veränneren wäerten, an dat soll och net eist Zil sinn - mir sinn hei fir Kooperatiounsaarbecht ze leeschten. Vill méi sollen dës 3 Wochen fir jidereen eng spannend a wertvoll Erfahrung sinn. Eis 58 Participant’en wäerte mat engem Bagage voller Erfahrungen heemkommen an esou de Lien tëscht dem Nepal an der FNEL stäerken. Mir wäerten neess an eisem Liewen zu Lëtzebuerg sinn, mee mir wësse wéi a wéi vill anescht et hei ass. A wéi fern profitéieren déi zwou Säiten vun deem Camp ? Jeff : Op der enger Säit probéiere mir duerch eis Projet’en de lokalen Leit do ze hëllefe, wou Hëllef gebraucht gëtt. Duerch de mënschleche Kontakt deen eis Scouten duerch de Klinike-Projet mat den Nepalien kréien, gi kulturell Brécke gebaut. Mir erkennen dann dass mir och vill kënne vun dëser Kultur léieren. Dëst ass eng flott Erfahrung vun deeër ech hoffen dass mer se alleguerte maache wäerten. Wat faszinéiert iech am meeschten um Nepal Julie : D’Mënschlechkeet tout court. Nepalesen liewen nom Motto : «Mir hunn näischt an deelen alles duerch dräi».Dëst ass eppes wat ech déi ganzen Zäit op menger Reess materlieft hunn. Trotz hirer grousser Aarmut probéiere si e Maximum zesummen ze halen. Dëst ass fir si eng wichteg Aufgab.
17
DEGLOBETROTTER mengen An d’Edukatioun eng ganz wichteg Roll. Wa mer hinnen hëllefen eng Klinik ze bauen, da brauche se weider och gutt forméiert nepalesesch Dokteren, déi hiere Patiente konkret hëllefe kënnen. Leider ass Entwéckelungsaarbecht net ëmmer evident. D’Motivatioun ass bei deenen di hëllefe ganz grouss an ëm sou méi kann d’Enttäuschung grouss si, wann d’Resultat net dat ass wat ee sech erhofft. Jeff : Ech gesinn dat och esou ! Am Nepal hu mer eben d’Chance fir de give and get ! Mir hëllefen den Nepalesen doduerch dass mer si ennerstëtzen wichteg Projet’en ze realiséieren, an en retour kënne mir och vill vun hinnenléieren. Wéi kënne mir als Scouten am aller beschten hëllefen ? Julie : D’Ënnerstëtzung vun de Projet’en ass sécher wichteg. Mee genau esou wichteg ass et dass déi Hëllef och vu lokalen Léit sur place geleescht gëtt. Do spillt a
Jeff : Aus genau dësem Grond musse mer eis Aarbecht konstruktiv weider féieren. Mir mussen de lokale Leit weisen dass an hirem Land och Changementer méiglech sinn. Dëse Prozess soll net vun uewen erof sinn, mee éischter duerch eng Kooperatioun an eng prise de conscience kommen. D’Frëndschaft mam Nepal kann nëmmen duerch weider Projet’en um Liewen gehale ginn ! Ech zielen do op d’Ennerstëtzung vun all de Scouten, déi weider begeeschtert sinn ze hëllefen !
DECHEF NOTE IT 100 JOER WËLLEF Hues du an deng Wëllef schonn den 100 Joer Wëllefchers-Badge op der Uniform? Dann awer séier verdeelen a bitzen! Iwwerhaapt 100 Joer Wëllef op der Welt! Wann dat kee Grond ass fir ze feieren! Bréngt är Iddien mat op d’Reunion des Chefs am September oder mailt se eis scho virdrunn! louveteaux@fnel.lu KENNS DU D’NORA? D’Nora well ab September d’Wëllefcherscommissariat iwwerhuelen! Léier et op der Reunion des Chefs kennen an hëllef him vill nei Iddien a sengem 3jährege Mandat ëmzesetzen! GÄNSESPILL D’FNEL huet 2 Exemplairen aus Stoff vum Gänsespill, aus dem deScout Ritualer, déi all Trupp sech ausléine kann. Fir eng Reservatioun, schéckt einfach eng Mail un scout@fnel.lu
Weider *Infoën kriss du am nächsten deCHEF, deen Ufank September an denger Boîte ass oder kuck op new.fnel.lu ënner “News”
JOURNÉE DES CHEFS 18. September ‘16
Mir hunn d’Freed, alleguer d’Cheffen ze invitéieren, op JOURNÉE DES CHEFS Sonndes, den 18. September 2016 um 08.30 Auer am home FNEL 08.30 Accueil mat Kaffi a Croissant, offréiert vum Commissariat au Programme 9h15-10h15 Plénière Programme, formation, international FNEL 2020 eis Federatioun zesumme nei gestalten Visioun, plan d’action, groupes de travail Aktioun - Bring a friend Assermentation 10h15-10h30 Paus 10h40-12h15 Atelier’en * 12h15-14h00 Mëttegiessen * 14h00-15h00 Branchen 15h15 Clôture An individual
step in character training is to put responsibility on the individual. Lord Robert Baden-Powell
SAVE THE DATE CheffeWE 4-5 Mäerz 2017 Explo 6-7 Mee 2017 HÉICHSEELGAART MARIENTHAL D’FNEL offréiert am Joer 2016/17 4 hallef Deeg, wou däi Grupp kann op d’Käschte vun der FNEL an den Héichseelgaart an de Mariendall goen. Bass du mat dengem Grupp interesséiert oder wëlls du weider Informatiounen, da mell dech op programme@fnel.lu. Avis aux amateurs!
19
DFORMATIOUN BREVETS 2016
LEADERSHIP : BECKER Philippe • BECUE Paloma • BENTO LOUREIRO Kathlyn • BERNARD Nicolas • BONIFAS Xenia • BREKELMANS Wessel •BUST Jérémy • CLEMENS Olivier • DABADIE Zorie • DARNE Lily • DE ALMEIDA VAZ Leandro • DE MICHELE Chiara • DORSTEWITZ Falk • DOS SANTOS Ugo • FERREIRA DE ALMEIDA Gonçalo • FRICK Charel • GEORGES Nicolas • GEORGES Lena • GLAESENER Arnaud • GRIVET Marine • HANSEN Emma • HERTZ Samuel • HILTGEN Lynn • HOFFELD Janna • REMER Charel • KRIER Yannick • KÜHNE Hannah • MARTH Raffaël • MARTINS Luca • MATHIEU Erik • NAU Tom • PAUSIC Dinko • PETESCH Marion • RUPPERT Max • SCHMITZ Eric • SCHROEDER Chris • SEGLA Nella • STROOMER Clare • TABENI Christophe • THEISEN Lis • TODD Caroline • TOUSCH Cassandra • URHAUSEN Zoé • VAN DE WINCKEL Estelle • WEIS Rick • EXPLORERBREVET : BRUECK Dennis • DREISBACH Léo • DUARTE Katia Rafaela • ENTRINGER Erwan • FALKINBURG Rayden Alecc • FERNANDES Davis • FLAMMANG Raphaël • FRANKARD Laurent • GUENTHER Lisa • LAMAMRA Harry Nadir • LETELLIER Sophie • MAJERUS Max • MILIC Stefan • PEPIN Cédric • RUBIO Selena • SCHROEDER Maxim • SIMONIS Charles •
ASSISTANT CHEF D’UNITÉ : BRADLEY Noah • BRAUSCH Philippe • BRULS Alexandra • KAUFFMANN Jo • KAYSER Mathieu • KRIER Jeff • KUHNE Hendrik • LECLERC Mike • LENERT Alex • MEDINGER Tom • PUTZ Mathieu • SASSEL Yannick • SCHNEIDER Jérome • THIEREN Dorsan • TURK Valerie • VONCKEN Max Léon Michel • WAGENER Siméon • WAGNER Céline • WEISGERBER Marie • WENGLER Charlotte • WORRE Audric • ZEY Cédric • CHEF D’UNITÉ : ALBRECHT Elsa • BEHRENS Pascale • BIEWERS Tamara • BIGELBACH Vicky • CHOI Hong Kiu • DRAGOVIC Drago • ELVINGER Paul • ENTRINGER Jeff • FLAMMANG Adrien • GRUNEISEN Michel • GUIRSCH Christine • HEINEN SENDEL Catherine • JEMMING Lea • KRIER Luc • LORANG Mika • MASSARO Philip • MATHIAS Julie • NOLL Alina • PLEBANI Elena • PUNDEL Vicky • REISEN Martine • REISEN Michèle • SCHINTGEN Lynn • SCHMIT Sam • SLUNECKO Michelle • TIBURZI Patricia • WEBER Félix • WEYER Julie CHEF DE GROUPE : BURG David • COSTA Diogo • GRAAS Carlo • HOESDORFF Chantal • SCHROEDER Angie • VARELA FERREIRA Daniel • FORMATION FORMATEUR : ABENS Fabienne • SCHULZE Andrea •
20
DESERIÖ DISTINCTIONS HONORIFIQUES FNEL
GILWELL 2 TISONS : BAUER Jeff • BONBLET Lea • ELSEN Laure • JENTGES Marc • GILWELL 3 TISONS : GIRARDIN Tom •
LAURIER D’OR : ALBERTY Robert • AZEVEDO Patrick • AZEVEDO Mikael • BASKEWITSCH Felix • BICHEL Bob • BIEVER Elisabeth • BRAQUET Michel • COSTA Diogo • DAHM Felix • GRUNEISEN-CONRAD Nicole • HARDY Didier • HEINEN Nora • JENIN Patrick • KOHL-CHRISTOPHE Martine • LAURENT Nicola • MAUSEN Gilles • MULLER Carole • MUNCHEN Yves • NILLES-KIEFFER Charlotte • PIEKNIK Jean-Claude • REINERS Sophie • REINERS Christophe • SCHILDGEN Jerry • SCHMIT Luc • SCHMIT Alexandra • SCHMITT Lena • THEVES Milly • WELTER Annette • WEYNAND Werner •
MÉRITE 25 ANS : ALEXANDER Frazer • BARBARINI Jo • BASTIAN Christine • BINZ Serge • BONBLET Lea • BOUCHE Martine • DELLERE Caroline • ELSEN Laure • GIRARDIN Cathy • GIRARDIN Tom • GRAAS Patrick • HANCK Philippe • HARDY Didier • HELFRICH Robert • HOFFMANN Sandra • JAANS Claudine • KERSCHEN Manon • KERSCHEN-WAGNER Christiane • KREMER Catherine • KREMER Jules • MAGNETTE Nicolas • MORES Philippe • REISDORF Joël • ROSEREN Corinne • TAPP-SOSSONG Andrée • WAGENER Benoît • WANTZ Félix • WURTH Jeff •
MÉRITE 50 ANS : ALBERTY Robert • COMES Raymond • EYSCHEN-CONTER Martine • FABER-SCHMIT Martine • KILL Mariette • LEITZ-FEIPEL Alix • MULLER Jean-Claude • PIEKNIK Jean-Claude • RECHTFERTIG Denise • RIDLESPRIGE Daniel • TURK Philippe • WOLF Denise •
21
DONGD-FNEL LIVING TOGETHER Lors de leur séjour en juin au Luxembourg, Indira Ranamagar de PA Nepal et Mr Douglas Maclagan de Right4children ont eu l’occasion de réaliser de nombreuses activités avec les scouts :
RENCO
PARTICIPATION
22
AIS
UN REPAS NÉPAL
SIONS AUTOUR D’ NTRE ET DISCUS
AUX ATELIERS DE
TISSAGE, YOGA,
CUISINE, NÉPAL
AISE, JEU DE L’O
IE SUR LE NÉPAL
ETC.
P. GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances (Succ. WELTER) 2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1