© WSB Inc / World Scouting
l a i z e p s
No 560 / 96. Joergang
Juli 2016
DENIWWERBLÉCK EISPARTNER P.GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances
L-5650 Mondorf-les-Bains
RITUALER FIR JIDEREEN Traditionell maache mir als Scouten, nieft eisen normale Versammlungen a Sortien nach vill aner gemeinsam Aktivitéite, wou och eng jett d’Traditiounen a Ritualer no der Scoutsmethod agebaut sinn. Vun eenzelne Branche bis Gruppenaktivitéiten (Weekend, Camp), Federalsaktivitéiten fir di eenzel Branchen oder d’ganz FNEL (Explo, Beaverfunday, Pow-wow), oder esouguer international Campen mat europäesche Scouten (Roverway) oder Gruppen aus der ganzer Welt (Jamboree, Moot,...), ass alles derbäi. Op verschiddene vun deenen gëtt d’Versprieche (1. Zeitung) oder d’Montée gemaach (2. Zeitung), et kann een och e Badge oder e Feil do fäerdeg maachen (3. Zeitung), oder soss nach eng sëlleche Saachen, déi mer dëst Joer schonn alleguerte gesinn hunn. E puer Traditiounen a Ritualer kommen dann awer quasi ëmmer op all gréisser Aktivitéit vir. Déi geleefechst fënns du op deenen nächte Säiten.
UN OBJECTIF À ATTEINDRE?
DENINDEX
Cactus vous soutient!
02
DENIWWERBLÉCK
DENIMPRESSUM
06
DEBEAVER
deSCOUT No 560 Périodique officiel de la FNEL
10
DEWËLLEFCHEN
12
DESCOUT
14
DSPILL (SG - 4. Deel)
18
DENEXPLORER & DEROVER
21
DKAARTESPILL (LX)
23
LOVEit READIT SCOUTit
Éditeur : FNEL Scouten 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Redaktioun & mise en page : Commissariat au programme Anne Simon, Claudine Scheeck Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600
02
DE “CARRÉ”
FRÜHSPORT
ass eng Form fir sech dacks am Ufank an um Enn vun enger Aktivitéit zesummenzedoen. Mir stellen eis, nodeems de Chef eis an de Carré gepaff huet, wéi den Numm et scho seet an engem Karo op a si roueg.
Keen huet e wierklech gäre, mee et huet e gudde Grond dass mir et moies nom Opstoe maachen. Beim Frühsport kenne mir no der laanger Nuecht am stéckegen Zelt oder Dortoire frësch Loft anootmen, dass mer emol richteg erwächen, eise de Kapp lëften an op Toure kommen. An engems kann een d’Zelt grouss opschloen esou dass och hei frësch Loft era kënnt. De Frühsport ass weder Bestrofung si, nach e Sportsconcours, mee einfach e gudde Start an de neien Dag.
Do kënnen dann d’Aktivitéite vum Dag erkläert ginn, Chargen opgedeelt, eventuell och offiziell a manner offiziell Auszeeche verdeelt ginn, an d’Montee oder d’Descente des Couleurs gemaach ginn.
SALUT AU DRAPEAU / DESCENTE DES COULEURS Moies wa jiddereen am Carré steet, gëtt de Salut au Drapeau gemaach. An dëser Zeremonie gëtt de Fändel um Camp erop gezunn. Heibäi jäizt de Chef „Fix“ an jiddereen schléit mam Scoutsgrouss un. Soubal de Fändel uewen ukomm ass, jätzt de selwechte Chef „Repos“ an mir stinn erëm normal am Carré an Scouten kréien de Programm gezielt. Dat selwecht gëtt och Owes gemaach wann de Fändel erof geholl gëtt. Dat nenne mir dann Descente des Couleurs.
CHAÎNE DES ADIEUX
SANGEN Déi eng maachen et immens gäre, wann een aneren och vläit kee professionelle Sopran oder Tenor ass, mee d’Sangen ass a bleift eppes wat zu de Scouten gehéiert, wéi den Deckel op d’Dëppen. Ob Owes beim Féier, ënnerwee beim Trëppele, virum Iessen oder fir an d’Bett ze goe, fir all Situatioun gëtt et dat passend Lidd. Sollt een am Grupp och Gittar oder soss en Instrument spille (wat ee kann Transportéieren - de Piano ass ëmmer esou onpraktesch um Hike), soll hie gären säin Instrument matbréngen. Fir nei an al Lidder oder och d‘Nouten kanns du am Jäizert (d’Gesangbuch vun der FNEL) nokucken. Verschidde Lidder gehéieren och just zu enger Branche, ewéi zum Beispill den Awa bei de Beaver.
Dëst ass dat Lidd wat mir alleguerten no enger grousser Aktivitéit zesumme sangen.
03
DENIWWERBLÉCK GROUSST SPILL
POW-WOW
Um grousse Camp hu mir d’Méiglechkeet fir e Spill ze maache, wat sech iwwert déi ganze Zäit zéie kann. Do ginn et zB Siggispill oder och d’Mäerderspill. Beim Siggispill een e Numm aus dem Hutt an deeër Persoun muss een um Camp eppes Schéines maachen, mee et dierf een net dobäi erwëscht ginn. Beim Mäerderspill zitt een direkt e puer Ziedelen. Bei dësem Spill muss de Scout en aneren op enger spezieller Plaz mat engem speziellen Objet „ëmbréngen“ mee ouni erwëscht ze ginn. Sollt dat klappen, iwwerhëlt de Mäerder dem Affer seng Ziedelen. Natierlech ginn et nach aner Variatioune a Spiller. Dës Spiller maachen nach méi Spaass, wann se kënne mat der Geschicht vum Camp verbonne ginn.
De Pow-Wow ass déi lescht grouss Aktivitéit ier mir all op de Summercamp ginn. Op dësem Dag sinn all d’Gruppen aus der FNEL vertrueden a verbréngen e flotten Dag zesummen. Nieft de flotte Spiller, ginn awer och op der Partie officielle all d’Auszeechnungen a Formatiounen ausgedeelt. Op der nächster Säit fënns du e klengen Iwwerbléck zu all den Auszeechnungen, déi bei der FNEL verdeelt ginn, a wou fir.
VEILLÉE D’Veillée ass eng flott Owesaktivitéit, bei deeër mer eis alleguerten nom Iesse beim Feier zesummefannen fir zesummen ze Sange, Spillen, Geschichten z’erzielen an ze héieren, Sketcher ze kucken an ze maachen an esou weider. Dacks ass d’Veilléen zum Thema vum Weekend oder Camp.
MAILLOT JAUNE De Maillot Jaune ass eng in-offiziell Spaass”Auszeechnung”, déi dacks op Campe verdeelt gëtt, wann een eng komme léisst. Zum Beispill um Hike de Bus huelen a Plaz zu Fouss ze goen oder eng aner Dommheet maachen, an derbäi erwëscht ginn, oder awer fir d’Panne vum Dag (de Schlofsak vergiessen zum Beispill). De Maillot Jaune ass traditionell en TShirt, dee, wat de Camp wéi laang dauert, och ëmmer méi knaschteg gëtt ;)
04
JAMBOREE Den Jamboree ass dee gréisste Scoutscamp op der Welt, deen all 4 Joer an engem anere Land ass. Dee leschte war a Japan an deen nächsten an de Vereenegte Staaten. En ass fir Scouten an Explorer tëscht 14 a 17 Joer, a Cheffen ab 18. Deemno huet en Principe all Scout just ee mol a sengem Liewen d’Chance fir als Participant matzegoen.
AUSZEECHNUNGE BEI DER FNEL DISTINCTIONS HONORIFIQUES De LAURIER D’OR kann u Gruppen oder aktiv Membere verdeelt ginn fir besonnesch Verdéngschter fir de Soutissem a Guidissem, virausgesat et ass e schonns 6 Joer mat dobäi. Et gëtt en zënter 1962 a 609 Leit goufen domat belount. De MÉRITE SCOUT 25 gouf zënter 1987 bis elo 335 mol un aktiv Membere verdeelt déi mat hiren undauernde Beméiungen während op d’Mannst 25 Joer zur Entwécklung vum Scoutissem a Guidissem um Niveau vun der FNEL oder de Gruppe bäigedroen hunn. 2003 gouf de MÉRITE SCOUT 50 agefouert. Hei ass d’Konditioun eben dass ee während 50 Joer aktiv matgemaach huet. Haut droen 87 Leit di Auszeechnung. De SANGLIER D’ARGENT ass di héchsten Auszeechnung vun der FNEL. Hie gëtt u Leit verdeelt di dem Scoutisem a Guidisem « extraordinaire » Déngschter geleescht hunn. Di Auszeechnung gëtt et zënter 1946 an ass bis elo 37 mol verdeelt ginn. TROPHÉES PROGRAMME Nieft den Disitinctions honorifiques, gëtt et och nach e puer Badger oder Tropheeën, déi um Pow-Wow verdeelt ginn, dës sinn der entweder fir de ganze Grupp, wéi de Foulard d’or oder den Ëmweltbadge, eng ganz Branche, eng Patrull oder esou guer eng eenzel Persoun. Fro däi Chef, wat ee genau dofir muss maachen. EMWELTBADGE
ES
AIR E UR S ET É C
B
LA
IR
EU
BONNE COLONIE
BONNE MEUTE
PATRULL VUM JOER
UNITÉ PILOTE
UNITÉ CO-PILOTE
BOURG XEM ED
ES
2015
ÉCL
AIR E UR S ET É C
DU
LU
AL
SE
S
N
SE
S
2016
ÉCL
O
O
ED
I AT
I AT
AL
DU
LU
NN
NN
XEM
BOURG
TIO FÉDÉR A
TIO FÉDÉR A
N
GE PILOT AD
E
E COLON NN
IE
BO
FOULARD D’OR
LA
IR
EU
BADGE PILOTE
05
DEBEAVER D’MONTÉE Léiwe Beaver, Elo sinn mer schonn um Schluss vun eiser klenger Rees a meng Welt. Ech hoffen du hues vill iwwert mech a meng Famill geléiert. Haut wëll ech dir nach kuerz eis gutt Frënn d’Eil an d’Kaweechelchen virstellen. D’Malak an d’Tictac hunn eis vun Ufank un begleed an hunn eis vill vun der Natur an eisem neien Doheem gewisen.
06
SCOUTSMETHOD Mir hu vill geléiert, dass een deelen soll, fläisseg soll sinn, jidderengem hëllefen soll mee virun allem soll een ëmmer frou sinn. Wat awer och immens wichteg ass, fir dech a fir eis, ass dass mer op d’Natur oppassen, wou mer liewen. Mir, d‘Biwer probéieren nëmmen déi Beem unzeknabberen, déi mer brauche, fir esou de Bësch manner futti ze maachen.
DENK DRUN OP D’NATUR OPZEPASSEN AN NÄISCHT EXPRESS FUTTI ZE MAACHEN, ESOU DASS D’DÉIEREN AN D’MËNSCHEN NACH FROU ZESUMMEN LIEWEN KENNEN.
Elo gëtt et leider Zäit fir dir Äddi ze soen léiwe Beaver: Vläit kenns du d’Lidd jo aus de Scouten? Ech sangen ete lo fir dech, vläit héiers du mech jo bis bei dech heem?
Awa, awa, haut war ee schéinen Dag, Awa, awa bis mir eis erëm gesinn! ♪
En decke Beaverklack! Dai Bibu
07
DEBEAVER D’MONTÉE
08
09
DEWËLLEFCHEN D’LIEWEN AN DER MEUTE D‘Liewen an der Meute gëtt net nëmme vum Gesetz mee och vun de Meeschterspréch begleet. Si vereinfachen eis d’Zesummeliewen andeems si eis weisen wéi ee sech am beschte behëlt an handelt. De Mât de Meute ass eng Duerstellung vum Liewen an der Meute, hei kann een di verschidden Etappe vun all de Wëllef erkennen. En AKELA wëll eis soen, dass mer d’Gesetz sollen respektéieren an zesummenhalen. De BALOO léiert eis nozelauschteren an dass net alles esou geet wéi mir wëllen an eis net ze iwwerschätzen. De BAGHEERA erënnert eis drun opmierksam ze si fir déi, di Hëllef brauchen. Den TSCHILL léiert eis dee grousse Bridderbond schätzen. Den HATI erënnert eis drun, eis Ëmwelt an Natur ze schützen. D’KAA weess dass ee Wëllefchen propper ass an d’Wourecht seet. An denger Zäit an der Meute hues du vill erlieft - bass du elo bereet däi Wee an d’Scouten ze maachen?
An dëser leschter Zeitung iwwert eis Traditiounen a Ritualer, fënns du och di lescht Kaarte fir däin Dschungel-Kaartespill. Vergiess se net erauszehuelen, a vill Freed beim Spillen!!!
10
PROBEIER MOL OP’S DU RAUSFENNS WEEN WAAT GESOOT HUET! GUDD JUEGD!
D’Staerkt vum Wollef ass den Trapp an d’Stäerkt vum Trapp ass de Wollef.
AKELA Den Dschungel ass grouss, de Wëllefche kleng, fir dech net ze verléieren sief opmierksam a léier dech sélwer kennen .
BAGHEERA
Géi opmierksam duerch den Dschungel, a schei dech net d‘Patte.
Ech an du, du an ech mir si vum selwechte Blutt. TSCHILL
BALOO
D‘Juegd ass fir den Honger ze stëllen an net fir de Plaiséier, de Floss ass fir ze drénken an net fir ze verknaschten.
E couragéiert Häerz an eng éierlech Zong bréngt dech wait duerch den Dschungel. HATI
KAA
11
DESCOUT Badger Ziel 15 Badger op a firwat se dosinn? 12. Wat sinn déi 7 Saachen, déi de Scout ëmmer bei sech soll hunn. 13. Erklär folgend Begrëffer a wat hier Gemeinsamkeete sinn: Explo, Patrull vum Joer, Pow-Wow 14. Mol d’Fleur de Lys an erkläer d’Zeechen. 15. - Technik Huel e Seel a maach de platte Knuet & déi einfach Schléng. 16. Géi bis bei d’Feld 2. Klass no vir. 17. Erklär kuerz wéi e Feier opgebaut gëtt a wat d’Sécherheetsreegelen sinn. 2. Klass Wat muss een alles maache fir 2. Klass ze kréien? A wat symboliséiert 2. Klass? 18. - Leadership Wéini dierf een déi maachen? Wat kritt ee wann ee se packt? 19. Sang mat denger Patrull en typescht Scoutslidd 20. Technik: Mol e Croquis vun dengem Chalet, respektéier d’Croquis Consignen aus dem Scoutsbichelchen. 21. Wat sinn déi typesch Moolzechten op engem Scoutscamp? Ziel der 5 op.
12
16
DESCOUT 22. Ziel min. 5 Déieren aus dem Bësch op. 23. Sprang 2 Felder no vir. 24. - Technik Géi e puer Bengelen an de Bësch sichen, huel der Ficelle aus dem Schapp a bau e mini Trépied. 25. Orientatioun: Erklär wéi een eng Kaart liest a wéi een de Kompass benotzt. 26. Maach 5 verschidden Bon’en. 27. Pantomim: Sich der eng Scoutsaktivitéit eraus, Bsp: Sangen, BA, Feier maache, Piquet aschloen, Zelter opriichten, Hike, Hiem undoen.... an maach se ouni ze schwätzen, nëmmen unhand vu Beweegungen, esou dass déi aner et erausfannen. 28. Wat hëlt ee pro Patrull mat op den Hike. 1. Klass Ziel 5 Saachen op déi ee maache muss fir d’éischt Klass ze kréien. 29. Technik: Maach den Aachterknuet & Wiewerknuet 30. Wat si wichteg Regelen um Summercamp? 31. Nenn d’Bedeitung vum Salut au Drapeau an der Descente des Couleurs. Explorer Elo ass et esou wäit: Et ass September an du hues 15 Joer. No 4 Joer an der Troupe méchs du déi nächst Montée an d’Explorer. Wat sinn deng Erwaardungen an dëser neier Branche? Fann et séier eraus well du bass um Zil ukomm.
17
DENEXPLORER INTERNATIONAL AKTIVITÉITEN als Explorer a Rover ass sécherlech mat eng vun de flottste Saache fir op grouss international Aktivitéiten ze goen an do Leit aus der ganzer Welt kennenzeléiren. Hei déi wichtegst international Campen.
JOTI-JOTA (Jamboree on the Internet, Jamboree on the air) Ee mol am Joer gëtt iwwert ganz Welt gefunkt an gechat. Déi 24 Stonnen wou Scouten weltwäit aktiv um Mikro an Tastatur ass den 3ten voll Weekend am Oktober. Den éischte war 1957. Dësen ass och fir d'Scoutsbranche op, mee Explorer a Rover kennen eventuell méi konkret dervu profitéiere, well se vläit schonn op aneren Aktivitéite Leit kenne geléiert hunn, oder awer am Viraus vun enger Aktivitéit hei scho Leit kenneléieren.
ROVERMOOT Dëst ass e Rassemblement fir Rover aus der ganzer Welt wat all 4 Joer vun engem anere Land ausgedroe gëtt. Deen 1. Moot wor 1931 zu Kandersteg an der Schwäiz. Säitdeem gëtt probéiert deen all Kéiers op engem anere Kontinent z'organiséieren. Am Joer 2010 wor en fir d'éischte Kéier an Afrika an zwar am Kenya, 2013 a Kanada an 2017 invitéiert Iceland all d'Rover tëscht 18 a 25 Joer bei sech ënnert dem Motto "Change". De Moot soll de Rover et erméiglechen international Kontakter ze knëppen, nei Kulture kennenzeléiren, ze verstoen an ze respektéieren an doduerch säin Horizont ze erweideren.
DEROVER 18
ROVERWAY De Roverway ass och en internationaalt Scoutsevent, wou de gréissten Deel vun de Participanten aus der europäescher Regioun kommen. En ass opgedeelt an eng "Route" wou een a klenge Groupen/Clan'en 4 Deeg am Gaaschtland ze Fouss ënnerwee ass an de "Camp" wou all d'Equipen sech zesummefannen an nach weider 4 Deeg verbréngen. All Explorer/ Rover zwëschen 16 an 22 Joer kann dorun deelhuelen. Nodeems Portugal, Italien, Iceland a Finland en organiséiert hu, wäert Frankräich am Summer 2016 d'Rudder iwwerhuelen.
JAMBOREE De World Scout Jamboree gëtt all 4 Joer vun der WOSM organiséiert. Et ass dee gréisste Scoutscamp an ass fir all Scout tëscht 14 a 17 Joer. Nieft de Scouten kënnen och Erwuessener deelhuelen, entweder als Truppechef oder als Deel vum IST (International Service Team). Bzw vun der Jamboree Organising Team (JOT)/ Jamboree Delivery Team (JDT) Deen éischten Jamboree war 1920 zu London an England. De nächsten ass 2019 an The Summit Bechtel Family National Scout Reserve, New River Gorge,West Virginia, United States ; to be co-hosted with Canada and Mexico.
19
Wéi soll een äntwerten?
©Les Scouts ASBL /E411
Dës Kaarte goufe gemaach mat der Genehmegung vun © Les Scouts ASBL vum Charles Berg op Lëtzebuergesch iwwersat Vill Spaass beim Spillen! Nala coriace Suricate trépidente
Wéi soll een äntwerten?
©Les Scouts ASBL /E411
Wéi soll een äntwerten?
©Les Scouts ASBL /E411
Wéi soll een äntwerten?
©Les Scouts ASBL /E411
Wéi soll een äntwerten?
©Les Scouts ASBL /E411
mat verbonnenen Aen bei den Arbitter goen. Deen Éischten, dee richteg geäntwert huet, kritt d’Kaart.
Den Numm vun engem Djungeldéier op e Blat schreiwen an bei den Arbitter lafen. Deen Éischten, dee richteg geäntwert huet, kritt d’Kaart.
héi kanns du androe wéis du wells äntwerten. Deen Éischten, dee richteg geäntwert huet, kritt d’Kaart.
Op engem Been bei den Arbitter sprangen. Deen Éischten, dee richteg geäntwert huet, kritt d’Kaart.
De Kreesch vun denger Sixaine ruffen. Deen Éischten, dee richteg geäntwert huet, kritt d’Kaart.
LOVEit READIT SCOUTit READ IT Fir all déi, déi nach e bësse méi iwwert d'Traditiounen, d'Geschicht an d'Grondprinzipien vum Scoutissem wëlle wëssen, hu mer iech hei eng Lëscht mat e puer interessanten Bicher a Siten zesumme gestallt. Scouting for Boys – Lord Robert Baden-Powell ISBN: 978-1607963363 (Englësch) - 978-3927349414 (Däitsch) 1908 ass dem B.P. säi Buch déi éischte Kéier veröffentlecht ginn, puer Méint no dem alleréischte Camp op Brownsea Island. Et ass souzesoen d'Scouts-Bibel, iwwersaat an 87 Sproochen an 150 Milliounen mol verkaf. A 6 Kapitelen geet et em d'Scoutsliewen mat senge Gesetzer, Prinzipien, Techniken, Campliewen, a villes méi.
The Jungle Book (Das Dschungelbuch) – Rudyard Kipling ISBN: 978-0553211993 (Englësch) - 978-3791536057 (Däitsch) an als Lauschterbuch op Däitsch: Isbn 10: 3-86604-309-0 Isbn 13: 978-3-86604-309-1 Eng Sammlung vun Fabelen, vun denen déi bekannsten d'Geschicht vum Mowgli am indeschen Dschungel beschreiwen. De B.P. huet den Kipling em Erlabnis gefrot fir dës Geschichten däerfen ze benotzen fir d'Wëllefchersbranche opzebauen, well hien hei déi Wäerter eremfonnt huet déi hien och bei Scouten wollt vermëttelen. D'Erzielungen si schon oft verfilmt ginn, mee d'Original-Geschicht ass dach awer eppes ganz besonnesches.
Baden-Powell – Tim Jeal ISBN: 978-0091706708 (Englësch) - 978-3926308115 (Däitsch) Eng Biographie iwwert de Robert Baden-Powell, déi net nëmmen flott ze liesen ass, mee och nach interessant an och heinsdo méi kritesch Ablécker an d'Liewen vum Begrënner vun de Scouten gëtt. E „Must“ fir jiddereen den sech fir den Ursprung vun eisem Mouvement interesséiert.
An official History of Scouting (100 Jahre Pfadfinder: Die offizielle Geschichte der weltweiten Bewegung) ISBN: 978-0600613985 (Englësch) - 978-3887783099 (Däitsch) Gefëllt mat Material aus den offiziellen Archiven vum Weltbureau, gouf den flott illustréierte Band fir den weltwäiten Centenaire publizéiert an weist d'Entwécklung vum weltwäit gréissten Jugendmouvement.
„Be prepared“ Une histoire du scoutisme et guidisme au Luxembourg – Anne-Laure Letellier 978-2879780528 (Franséisch) Erausginn fir de Centenaire am Joer 2007, retracéiert d'Historikerin Anne-Laure Letellier d'Entwécklung vum Scoutissem zu Lëtzebuerg mat villen interessanten Fakten an Dokumenter.
FNEL Almanach 1914 – 2014 (ze kréien am Scoutshop vun der FNEL) 512 Säiten iwwert d'Geschicht, d'Ritualer an d'Traditiounen vun der FNEL, iwwert eis Fédératioun an hirem Emfeld an natierlech e Réckbléck iwwert d'Festivitéiten vum Joer 2014.
23
LOVEit READIT SCOUTit www.scoutwiki.org Eng Plattform, wéi Wikipedia, mat Erklärungen a 15 verschiddene Sproochen vun alle Begrëffer déi eppes mat Scoutissem ze dinn hun.
Eng relativ grouss Auswiel vun Sachbicher, Kannerbicher a Romaner ronderëm d’Scouten fënnt een och beim Spurbuch-Verlag (www.spurbuch.de) Scoutstechniken: • Querweltein: Ein Handbuch nicht nur für Pfadfinder. Mawa. Taschebuch, georgsverlag Handbuch für Pfadfinder. Klaus Eicheler. Gerber Karl Gmbh • Scout Pioneering. John Sweet, ISBN: 0 85165 101 1 • Kennen und Können. Rex Verlag, Luzern, ISBN: 3-7252-0667-8 • http://www.scout-online.net/pfaditechnik.htm • http://www.pfadfindertechnik.de • http://www.praxis-jugendarbeit.de/jugendarbeit-links.html • https://pfadfinderseiten.wordpress.com/gruppen-programm-ideen/ Spiller: • Spiele. Pierre Joubert u.a. Spurbuchverlag. Bausteinreihe Wer nicht spielt, der lebt verkehrt. • Und ÄKTSCHN!. Daniel Seiler. Brendow, J. • pfadfinder spiele • http://www.pfadfinder-laudenbach.de/pfadfinderrisches/spielw03.html (ass vun engem Grupp, eng Lescht am Doc) • http://www.gruppenspiele-hits.de Pinterest • https://de.pinterest.com/explore/cub-scout-activities/ • https://www.pinterest.com/stefandeobald/pfadfinder-aktivitäten/
24