deSCOUT No 558

Page 1

No 558 / 96. Joergang

fuge re

-

-P

© WSB Inc / World Scouting

H

- sco es

TS - W TAR IT -S

s - we ut

ome lc

- STAR CE TS A E

ITH - PEAC W E -

Abrëll 2016


VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,

SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT

Prêt Cedies an exklusiv Avantagen* startin.lu

*

Offer u Konditioune gebonnen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication Janvier 2015


DENEDITO WELCOME REFUGEES Am Kontext vun der lafender Flüchtlingskriiss, ass et eis Aufgab, als Scouten, als Community, als grouss Famill, kuerz- a laangfristeg, duerch Integratioun, Matmaachen an Offenheet, dës Leit - Kanner an Erwuessener - ze stäerken. Eng Rei Gruppen hu schonn dat eent oder anert Kand oder Jonke bei sech opgeholl, a well d’Ukomme vu weider Flüchtlingen en Realitéit ass, soll hier Integratioun eng Selbstverständlechkeet ginn. Zu dëser kënne mir e groussen Deel bäidroen, an et soll eis eng Éier

sinn um Opbau vun enger sech ëmmer weider developpéierend Gesellschaft bäizedroen. Dat ass souwisou eis Aufgab, an haut méi ewéi jee. Nieft engem kuerzen Dossier an dëser Ausgab, fannen d’Cheffen och Informatiounen zu enger Formatioun an engem gemeinsame Projet zum Thema. Vill Spaass beim Liesen, Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication

DENINDEX DENIMPRESSUM deSCOUT No 558 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg

04 06 07 08 09 10

DCOVERSTORY DNEWS DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT DEN EXPLORER

11 13 15 16 18

DEROVER DECHEF DONGD-FNEL DEFLASHBACK DPRESS

Redaktioun & mise en page : Anne Simon, Claudine Scheeck, Felix Retter, Nicolas Wurth, Philippe Hanck Fotoën : Archive FNEL, WSB Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600

03


DCOVERSTORY: FORMATIOUN DCOVERSTORY Vill Gruppe vu Scouten uechtert ganz Europa, wéi och zu Lëtzebuerg hëllefe schonn eng gutt Zäit ganz punktuell an der Flüchtlingskriis. Et ass wichteg fir sech ëmmer ze informéieren, Froen ze stellen an iwwer aktuell Themen ze recherchéieren. Mir wäerten an nächster Zukunft mat der Realitéit vun der Flüchtlingskriiss och an eise Gruppen konfrontéiert ginn. Dofir schwetze mir d’Thema hei konkret un. Di Informatioun ass natierlech ganz kuerz a bei wäitem net komplett, ma dëst soll en Usporn si fir jiddereen sech weider ze bilden. Och wann et laangfristeg drëms geet d’Flüchtlingen an eiser Gesellschaft opzehuelen also och an eise Scoutsgruppen, bleiwt di konkret a puktuell Hëllef natierlech wichteg. Vill Geschichten déi inspiréieren, fënns du bei WOSM op enger speziell ageriichter Säit: www.europak-online.net/category/ refugee-support/

Op deeër anerer Säit, e ganz perséinleche Rapport vun engem belsche Scout, dee mat 12 aner Scouten aus senger Organisatioun e Weekend am Grande-Synthe Refugee Camp bei Dunkirk (FR) gehollef huet.

04

E KLENGEN IWWERBLÉCK IWWERT D’FLÜCHTLINGSKRIISS, FIR DASS MIR ALS SCOUTEN ALLES GUTT VERSTINN. Firwat musse Leit aus hierer Heemescht flüchten? Am Moment ginn et ongeféier 30 Kricher weltwäit. Vill Mënsche flüchten aus dëse Gebidder, well se fir hiert Liewe fäerten. Et ass geféierlech, an et gëtt dacks net genuch z’Iessen an ze drénken. Vill Leit a Famillen entscheeden sech dohier hier Heemecht ze verloossen. Krich ass awer net di eenzeg Uersaach firwat Leit mussen hier Länner verloossen. A verschiddene Länner gi Leit verfollegt, well se hier Meenung gesot hunn oder well se zu enger Grupp Leit gehéieren, déi ënnerdréckt ginn, oder well et, do wou si liewen net genuch z’Iesse gëtt. Et gi vill Grënn firwat Mënschen hiert Doheem verloossen. Si alleguerten, hoffen a Westeuropa op e bessert Liewen. Wou kommen di meeschte Flüchtlingen am Moment hier? Syrien : Do herrscht säit 2011 e Biergerkrich. Dat heescht dass verschidde Gruppen an engem Land, sech géigesäiteg bekrichen. Iwwer 3 Millioune Leit si bis ewell aus Syrie fortgelaf. E groussen Deel vun hinnen ass an Opfänklager an den Nopeschlänner Jordanien an dem Libanon ënnerbruecht. Eritrea : D’Land am Nordoste vun Afrika gëtt vun enger Militärdiktatur geleed. Et gëtt vu Folter a Mënschenhandel geschwaat. Vill Kanner ginn als Zaldoten trainéiert. D’Mënsche leiden Honger. Vill Flüchtlinge probéiere sech mat Boter iwwer d’Insel Lapeduse ofzesetzen. Afghanistan : Obwuel de Krich am Afghanistan eriwwer ass, herrscht nach ëmmer vill Onrouh. Zaldoten aus 40 Länner sinn am Asaz fir d’Lag ze berouegen. Irak : Zu Lëtzebuerg sinn och eng Rëtsch Flüchtlingen aus dem Irak. D’Terroriste vum Islamesche Staat (IS) konnten sëch am Irak bilden, duerchsetzen an dono a Syrien weiderdrängen. Den IS benotzen a verdréinen d’Relioun vum Islam - dat usech eng friddlech Relioun ass, wéi all di aner usech och - fir hier Zwecker a si kämpfen géint all Mënsch deen anescht gleewt an denkt ewéi si.


SUDDENLY, THE PEOPLE WERE NOT HUMANS ANYMORE! Tuesday, 26 January 2016 This weekend, I witnessed things I would not even want my worst enemy to have to experience. 3000 people “living” in tents on a terrain, which is way to small and covered in mud and dirt. There are only a handful of toilets (where you cannot even distinguish between dirt and shit)

and only limited, randomly improvised utilities. But still, there was one common language: the language of hope; of hope to forget all miseries back home; of hope to overcome the nightmares of thousands of miles on the refugee track; of hope to eventually find a place for a better life. At the Grande-Synthe Refugee Camp there are many volunteer helpers coming from all over Europe to offer support and a little comfort. I met people from Great Britain, Ireland, France, the Netherlands, Belgium and other countries. They are all there for one thing, and one thing only: to improve the quality of life for the thousands of refugees and migrants who have to call this camp their “home”. With my friends, I had to improvise with whatever resources we found there: cutting down bushes, underwood and trees to even the

paths; making makeshift-tents out of sticks and rags; constructing bridges across fields of mud out of wooden shelves. There is a lot of useful building material available, but necessary working tools are not allowed inside the Camp: knives, hammers and saws, for example, are considered weapons and strictly forbidden. Like other helpers, we had to smuggle everything in. The police are circling around the Camp every so often to ensure that the strict rules are followed. They also check who enters and leaves the Camp: there was a group of policemen standing at the entrance, wearing face masks as if they could get infected by refugees. Suddenly, the people in the Refugee Camp were not humans anymore. They were pigs. Living in their own dirt. But for what? Because they had fled unbearable conditions in their native countries? Because they had decided to leave behind their bombed houses, schools and offices, their mined fields, their killed beasts and the ruins of local economy? Is it so wrong to wish for a better life? Is it so wrong to wanting to escape for something better else-

where, where it is possible to feel safe and be happy again? Imagine: it is not allowed to bring euro-palettes into the Camp, which would otherwise be very useful to keep the tents off the muddy ground. The Camp would become “too comfortable”, they say. Honestly, I have no words to describe what I saw at this Refugee Camp. But still: there is this one common language: the language of hope! As a Scout I felt it was my duty to help out wherever possible. I will return soon. And you can join me: it is an incredible eye-opening experience. Yes: it is tough. Yes: you return home a heartbroken person. But: there is this motivating feeling of satisfaction; of witnessing the impact of one’s actions; of seeing the odd smile and hearing laughter here and there amidst all misery. And the more we are, the greater the impact will be. All small things have an impact. All small things help create a better world. In Dunkirk. In France. In Europe. Klaas de Jaegher, FOS Open Scouting 2016

05


DNEWS +++ SAUVAGE +++ CAMP FÉDÉRAL +++ AUGUST 2017 +++ SAULOCH +++ +++ Et wor eemol am Joer 1354 +++ Jonker déi sech getraut hunn alleng an den däischtere Bësch ze goen +++ Während hirer Aventure hu si eng Entdeckung gemaach +++ Wëlls du wëssen, wat déi Jonk deemols entdeckt hunn +++ Reservéier dir elo schonn den Datum an dengem Kalenner +++ Wéini? Wièn? Wou? PräIs? Maitrise?

SAUVAGE 02. - 12. August 2017

02. - 12. August 2017 Scouten, Explorer, Rover a Cheffen Sauloch - Coburg (D) max. 500€ Ander, Maki, Argali, Baribal, Kodiak

huetten-haeuser-zeltplaetze.de/ unterkuenfte/sauloch/

Votre garant de qualité www.provencale.lu

L’adresse des professionnels des métiers de bouche


DEBEAVER POST VUM BIBU Moie léif Beaver, Endlech ass et esou wäit, ech invitéieren iech all fir erëm en flotten Dag mat dem Jolly a mir zesummen ze verbréngen. Mir wäerten all zesummen a meng Welt reesen an och de Baden Powell besser kenne léieren. Freet iech op den Dag mat Geschichten, Spaass, Spiller a villen neie Frënn.

Wéini: den 28. Mee 2016 Wat muss du matbréngen: dem Wieder ugepassten Kleeder, gutt Laun, an eppes fir mëttes z’iessen. Weider Detailer kriss du vun dengem Chef an dengem Grupp! Beaverklack, Däi Bibu

BEAVER FUNDAY 28. Mee 2016

FËNNS DU HEI ALL D’WIEDER, DÉI OP EISEM BEAVERFUNDAY WICHTEG SINN?

• • • • • • • • • • •

BadenPowell Frendschaft Scouten Spitzky Flitzer Beaver Reebou Grigri Tictac Weiher Hawky

• • • • • • • • • •

Blupp Barry Besch Malak Natur Jolly Foxi Keeo Damm Bibu

07


DEWËLLEFCHEN

Baloo: “Den Dschungel ass grouss, de Wëllefche kleng, fir dech net ze verléiere sief opmierksam a léier dech sëlwer kennen.” Wann s du zesumme mat den anere Wëllef bass, bass du da wéi de Baloo, wéi de groe Brudder oder vläit wei e Bandarlog? Kuck der dëst Bild genee un – wéi wien behëlls du dech wann s du mat denger Sixaine ënnerwee bass an dir hutt e knëffelegt Rätsel ze léisen ? Huel deScout mat an d´Versammlung an erziel den aner Wëllefcher an denge Cheffe wéi s du dech gesäis a firwat! D’Kaartespill aus dem Scout spezial hëlleft dir villäicht virun.

08


DESCOUT DE RUCKSAK De Rucksak ass e wichtegt Thema an de Scoute wou een op e puer Saachen oppasse muss. Ganz wichteg ass dass du dech domat wuel fills! Dat fänkt schonn am Geschäft un. Looss dir Zäit a probéier roueg e puer verschidde Modeller a Marken aus. Well net all Rucksak ass selwecht ! E Scout péckt säi Rucksak natierlech selwer. Wann s du dir net sécher bass, da kanns du dir och gären eng Checklescht schreiwen oder däi Chef froen.

TECHNIK

OP E PUER REEGELE MUSS DU BEIM RUCKSAK PACKEN OPPASSEN: • Wéi laangs bass de ënnerwee ? WE, Hike oder Summercamp ? • Wéiee Wieder ass gemellt ? Et ass wichteg, déi richteg Kleeder anzepaken an dat däi Schlofsak eventuell an eng Plastikstut agepak gëtt. Um Summercamp kanns de méi kuerz Kleeder apaken, mee vergiess ni dat Wieder ëmmer ännere kann! Wann s du Méiglechkeet um Camp hues da kanns de manner Kleeder an dofir Wäschpolver apaken. • De Schlofsak kënnt ganz ënnen an de Rucksak. • Dono kommen déi méi schwéier Saachen & déi s du net sou oft benotz (Pullover, Box, Buedduch, Wäschtrousse, Schlappen/Schung etc)

• An da kommen déi méi liicht Saachen, wei zB T-Shirt, Ënnerwäsch, etc • Fir Saachen, ewéi de Kompass, Täschemesser, Scoutsbichelchen, etc, hues du op der Säit eng Täsch oder du mëss et ganz uewen an de Kapp vum Rucksak. • Gewiicht vum Rucksak soll ob denger Heft sinn an net ob de Schëlleren. • Dofir denk drun d’Schnallen zou ze maachen an net ze fest unzezéien. • Deng Carrymat soll dat eenzegt si, wat baussen um Rucksak hänkt. Schung oder eng Tut baumelen déi ganz Zäit ronderëm a stéieren dech oder deng Scoutskollege beim trëppelen. Verschidde grouss Rucksäck hunn eng Tirette wous du och kanns deng Saache raushuelen ouni de ganze Rucksak op d’Kopp ze geheien. Mir wënschen iech all vill Spaass mat ärem Rucksak !

09


DENEXPLORER BA AM NATURSCHUTZGEBITT „SCHLAMMWISS“ VUN DEN EECHTERNACHER EXPLORER De 24. Mäerz hu sech zwee Drëttel vun der Explorer Unitéit ”Heavy 7” vun den Eechternoacher Quaichleken fréi moies op de Wee an d’Naturschutzgebitt „Schlammwiss“ am ieweschte Syrdall gemaach. Hei si mir ganz frëndlech vum Jim Schmitz, dem President vun der Beréngungsstatioun, empfaang ginn. Doropshinn hu mir een éischten Tour, duerch dat mat Schilf bedecktent Gebitt, gemaach an no Vigel an den Netzer gekuckt. Op dës Aart a Weis konnte mir schonns no eisem éischten Tour 4 Vigel mat an d’Cabane bréngen. Do huet dem Här Schmitz seng Ekipp eis déi ganz Prozedur vun der Beréngung vun de Vigel gewisen an erklärt wéi eng wëssenschaftlech Grënn dohannert stinn. Nodeems mir en Abléck an dës interessant Aarbecht kruten, hu mir eis een uerdentlecht Scoutsfeier gemaach, wou mir du fir déi éischte Kéier am Joer 2016 gegrillt hunn.

No dëser noutwenneger Stäerkung konnt et weidergoen a mir hunn eis nach eng Kéier op d’Sich no Vigel gemaach. Um Enn vum Dag si mir esou op eng Gesamtzomm vun 46 Vigel komm. Ënnert anerem goufen Aarte wéi d’Weidemësch, Kueb, Kiischteknäppchen a verschidde Meese beréngt. Zum Schluss dierfte mir eis och nach eng Kéier selwer een Androck vun der Beréngung maachen an bei dëser Prozedur eng Hand upaken. Lénks Patt, Är Eechternacher Explorer

Bei Interessi un engem Tour an der Schlammwiss:

naturschutz-ieweschtesyrdallschlammwiss-birdringingstation.lu

10


DEROVER ROVERQUIZ 2016 Den 19. Mäerz war et erëm sou weit, d’Mamer Wiselen hunn ons op den traditionelle Roverquiz invitéiert. Dëst ass e Quizowend deen eng Kéier am Joer ëmmer ofwiesselnd vu verschiddene Gruppen am Land fir déi verschidde Roverclanen organiséiert gëtt.

LÉIF GRÉISS ...

Dëst Joer huet sech alles ronderëm Thema Movies Moments and more ofgespillt. Dozou war natierlech all Clan passend gekleet a vum Charlie Chaplin bis zu de Ghostbusters huet een allméiglech Perséinlechkeeten aus der Filmwelt begéint. No enger gudder Bouchée krute mer en excellente Popcorn servéiert a schonn ass et lass gaang mam Quiz! Di 16 Equipen hu sech daper deene verschiddene Spiller a Froe gestallt ronderëm divers Filmtheme vu Liebesfilmer bis hin zu Science Fiction. Schlussendlech stoung dunn de Gewënner fest an dat woren dëst Joer di Gréng Scoute vun Diddeleng, Felicitatiounen! Et war e gelongen Owend bei de Mamer Wiselen a mer freeën eis schonn op d'nächst Joer bei de Grénge Scoute vun Diddeleng an de Stengeforter Deckelsmouken.

15TH WORLD SCOUT MOOT 2017 +++ Island +++ 23.07.17-4.08.17 +++ Participants 18-25 +++ IST iwwer 26 +++ 1800€ +++ Umelldung bis 15.07.16 +++ mei Infos an der Newsletter +++

worldscoutmoot.is 11


DEROVER ALL CHEF ASS ROVER, ALL ROVER ASS CHEF DE GRÉNGE CLAN STELLT SECH VIR Ee vun de Kär-Prinzipie vum Scoutissem ass et Jongen a Meedercher an hirer Entwécklung zum erwuessene Bierger ze begleeden. Mir hunn also bei de Scoute bestëmmte Valeuren, Methoden an och Prinzipie wisou mir dat maachen, wat mir maachen. Dëst Entwécklung passéiert net vun Haut op Muer, an hält och net einfach esou op. Dofir ass et wichteg och nach nom Explorer Alter eng Plaz ze hu, wou een dës Entwécklung ka weider begleeden. Dachs ass et nun an de Scouten esou dass een nom Explorer da Chef gëtt, awer net ëmmer, an esouguer wann, da mécht eng Rover Branche méi wéi Sënn. Am Clan vun de Grénge Scouten ass dëst déi Platz wou jonk Cheffen a Rover kënnen zesumme komme fir de Scoutissem selwer weider ze liewen an och weider ze wuessen. Ob mir elo eng Sortie op d’Musel maachen, e Weekend zesummen an d’Ausland fueren, e Kachduel organiséieren, Boxing Day zesumme feieren, oder

einfach eis heiansdo Owes um Scoutsbierg treffe fir e GBS, dat alles gehéiert genee dozou wéi och méi e seriéise Programm wéi zum Beispill eisen traditionelle Rover a Cheffen Owend um Päischtcamp, wou Jonk a manner Jonker zesumme kommen oder eng Formatioun op onsem Cheffeweekend. An do komme mir dann och op d’Devise vun onsem Clan : All Chef ass Rover an all Rover ass Chef. Dëst wëll net onbedéngt bedeiten dat all Rover um Summercamp de Scoute ka soe wat si ze maachen oder ze loossen hunn, mee dat mir eng grouss Ekipp sinn, déi sech dobäi ënnerstëtzt do wou Hëllef gebraucht gëtt, entweder als Kichenekipp fir e Weekend oder déi eng oder aner Kéier an enger Versammlung asprange fir mat Biwer oder Wëllef e Posten ze maachen an esou onse Branchecheffe kënnen ënnert d’Ärem gräifen oder andeems mir e puer flott Momenter zesumme verbréngen, a probéieren als Mënschen an als Scoute weider ze wuessen, zesummen.

DE GRÉNGE CLAN

RAPPEL HUNT-IT

12

Bommeleeër rëm do! +++ 30.04.16 +++ Start 12:00 Gare vun äerem Choix +++ Enn 0:00 +++ 10€ +++

Rover - FNEL


DECHEF NOTE IT WËLLEFCHER Mir proposéieren d´ModellVersammlung „Meeschtersprech“ am Mee/Juni bei eng Meute halen ze kommen +++ aner interesséiert Cheffe kënnen derbäi sinn +++ Formation continue +++ Mellt d´iech op louveteaux@fnel.lu als Meute oder wann dir wëllt derbäi sinn! +++ méi Infoen an Iddien +++ fnel.lu +++ SCOUTEN Eng Versammlung zum Thema Rucksack ass ëmmer gutt fir sech u Grondlagen ze erënneren an och de jonke Scouten alles an aller Rou bäizebréngen. !!! Délai fir de Scoutsblog ofzeginn +++ 1 Juni 2016 +++ SOIREE CHEF DE GROUPE 26. Abrëll +++ 19h00 +++ Independent (Café) +++ Ënneschtgaass +++ LAURIER D’OR & MÉRITE SCOUT Promotion 2016 +++ Délai renvoi formulaires +++ 30 avril 2016! +++ FEST VUN DER NATUR 18. an den 19. Juni 2016 +++ Kockelscheier +++ Haus vun der Natur +++ SA: 14h00 - 18h00 +++ SO: 10h00 - 18h00 +++ SO: FNEL’ s Stand/Animatioun +++ kommt eis besichen +++ Info: www.naturemwelt.lu +++

FORMATION CONTINUE SCOUTS WELCOME REFUGEES Vill Scouts Gruppen vu FNEL an LGS hu schonn Aktivitéiten fir jonk Flüchtlingen ugebueden oder wëllen dat nach an nächster Zukunft maachen. Dofir invitéieren d‘FNEL, d’LGS an den OLAI an deem Kader op eng Formatioun vun 2 Owender. Invitéiert sinn all Chef déi wëlle mat jonke Réfugiéen schaffen oder déi dat scho gemaach hunn. Den 1. Owend as den Deen 2. Owend as den 21. Abrëll vun 19.00 un am homeFNEL. 3. Mee , um 19.00 am homeFNEL, Punkten déi ugeschwat ginn sinn ën- an déngt der Virbereedung an nert anerem: kulturell Ënnerscheed- Entwécklung vun enger Journée er, aktuell Fluchtursachen, Témoin- nationale. Den 10. September géifen age vu jonke Refugiéen, Assurancen déi 2 Federatriounen zesumme mat & finanziell Froen, den Camp am Aus- dem OLAI an de verschiddene Foyeren land,.... Zum Owend gehéiert natirlech esou eng Journée organiséieren. och eng kleng kulinaresch Excursioun. Hei geet et drëms datt Scouts Gruppen Mir probéiere während dësem Owend sech mat de jonke Réfugiéen treffen esou vill ewéi méiglech vun äre Froen fir datt dës während engem Dag eis ze beäntweren. Aktivitéite besser kenne léiere kënnen a sou en direkte Lien mam lokale Scouts Groupe entsteet. Umelle kënn der iech iwwert de Link: https://scouten.formstack.com/forms/scoutsrefugies Kontakt: Anne Simon, simonanne@icloud.com

FC RUNNING SAFE ACTIVITIES Plangen an ëmsetzen vu sécheren, educativen, exciting and challenging activities +++ Animateur: Beverley ATKINSON, Telstar international scout group +++ DO 26 Mee 2016 +++ 20h00 +++ home FNEL +++ public cible: commissaires, chefs de groupe, chefs d’unités an all Intresséiert +++ pit@fnel.lu +++

fnel.lu/activites 13


DECHEF THE JUNGLE BOOK (2016 Film) E Kinossall reservéiert fir Scoute vun der FNEL. Samschdes, de 7. Mee um 14h30 am Utopolis Rendez-vous : um 14h00 am Kino De Film gett an däitscher Sprooch gewissen. Invitéiert si sämtlech Branche vun der FNEL. Mell däi Grupp bis de 27. Abrëll (incl) beim Carolyn op carolyn@fnel.lu un. Participation aux frais: 4.50€ pro Persoun bezuelen (gruppeweis) op de Konto FNEL - Programme CCPL LU56 1111 2166 1009 0000

*Nous vous garantissons que Marcel n’a pas été maltraité...

UN OBJECTIF À ATTEINDRE? Cactus vous soutient! MA ALLE RC Z EL !

*

MA ALLE RC Z EL !


DONGD-FNEL SEMAINE DE SENSIBILISATION SUR LE NÉPAL DEUX MOMENTS PRIVILEGIES SONT PREVUS AVEC LES GROUPES SCOUTS Vendredi 10 juin: rencontre et discussions autour d’un dîner népalais Samedi 11 juin : une journée entière d’ateliers sur le Népal

Dans le cadre de la semaine de sensibilisation sur le Népal, du 6 au 11 juin 2016, l’ONGD-FNEL va organiser différentes activités avec ses partenaires invités pour l’occasion.

Madame Indira Ranamagar, fondatrice et directrice de Prisoners Assistance Nepal- PA Nepal, lauréate du World's Children's Honorary Award 2014

Monsieur Douglas Mac Lagan, fondateur de Right4Children Nepal

panepal.org http://right4children.org/ ongd-fnel.lu 15


DEFLASHBACK "KENG KONSCHTE MAT DE SCOUTEN!" Wéi all Joer hunn d'Scoute vun de CBDM hiren traditionelle Spektakel ofgehalen, an alt nees eng Kéier fir e flotten a reusséierten Owend gesuergt!

Adjoint vum Sécherheetschef, well do Konschtwierker vun onschätzbarem Wäert sollen exposéiert an da verkaaft a versteet solle ginn.

No de Wëllefcher, de Beaver an de Scouten déi verschidden Dänz opgefouert hunn, war et un der Rei vun den Explorer hiert Theaterstéck ze presentéieren, wat se zanter November am gaange waren ze prouwen.

De President vun der FNEL, gëtt deem ganzen e wéineg Appui. Mir sinn Enn 2015. Fir d’éischt kommen déi 3 aussergewéinlech Konschtwierker (den Hutt vum B.P. vum Rodin a Steen gemeesselt, dem B.P. säi Foulard vum Magritte opgemoolt mat der Mentioun "Ceci n'est pas un fou-

Den Titel vun der Opféierung war "Keng Konschte mat de Scouten!" an handelt ëm e Grupp vun Explorer déi grad am gaang sinn hiren Home ze raumen an d’Joer mat sengen Aktivitéite Revue passéieren ze loossen. An deem Moment kënnt d'Victoire Veritas, d'Commissairepriseur, eragerauscht a well den Home an e Bunker verwandelen, an zwar mat der Hëllef vum Jean-Pierre Knoup, hirem Sécherheetschef an dem Knippchen, den

16

lard", an dem Picasso säi “Portrait de B.P.”) eran déi ver-

steet solle ginn. Duerno nach eng komesch Band vun Investisseuren; den Heinrich Frikoschinski, däitschen Investisseur, d’Eliane Sangsu, franséischen Investisseur, de John McCash, amerikaneschen Investisseur an d'Meisje van de Heisje, hollännesch Investisseuse, déi di Stecker wëllen ersteeën.


Allerdéngs gëtt awer schonn am 1. Akt dee wäertvolle Magritte geklaut! Eng Katastroph fir d'Commissairepriseur! Dofir ginn am 2. Akt ausgewise Spezialisten zur Hëllef geruff, an zwar den Trinom Grimmel, Grammel a Grommel. Hier Missioun ass et d'Bild erëmzefannen. Ausser Verdächtegungen ausschwätze, bréngen di dräi awer net vill fäerdeg an dobäi gëtt och nach dee wäertvollen Hutt vum Rodin gestuel! Am 3. Akt ginn aner Moyen'en agesat an d'Gängstere ginn effektiv gefaang. D'Iwwerraschung ass grouss wéi sech erausstellt, dass et sech ëm de Pol vun de Lions gris, de Luc vun de Gaho, de Charel vun de Stroossener Maikäfer an d'Tanja vun de Mamer Frettecher handelt. Si wollten sech asetzen fir dat dës wäertvoll Stécker

net einfach Investisseuren an de Grapp falen, mee am Scoutismus bleiwen. D'Stee fält aus an d'Investisseuren entscheeden déi wäertvoll Stécker, vun onschätzbarem Wäert, der B.P. Fondatioun ze stëften. D'Freed ass grouss, an d'Welt erëm an der Rei! Et war eng gëlleg Freed, fir dëst Stéck mat der ganzer formidabeler Equipe ob d'Bühn ze bréngen an déi 200 Scoutsgäscht ware begeeschtert! Am Flüsterkaste souz de Mathieu Loesch, an Toun an Technik hunn de Simeon Wagner a Nicolas Bourkel gemaach. Fir d'Bühnebild an d'Mise en Scène waren d'Paule Lemmer an de Christian Schmitz zoustänneg.

17


DPRESS GIRL SCOUTS CAN POWER THE FUTURE OF AMERICA Notebook by Gillian Tett – Financial Times London, 12.03.2016 Dachs si mir Scouten an der lokaler Press ze gesinn an ze héieren. Méi sielen ass et, dass mer an der grousser internationaler Press Präsenz hunn. An dëser Rubrikk vum Scout drécke mir Presseartikelen of, déi mer an der internationaler Press fannen. Gaeren, wann dir en Artikel oder Newsfeature an d’Gräpp geréit, kanns du eis dat matdeelen. Dëst gëllt natierlech och fir den Internet an de Facebook. D’Financial Times huet leschte Mount en Artikel publizéiert, deen ervirhiewt, wéivill haiteg Politiker, vu weltwäitem Niveau, fréier Guiden a Scoute waren an deemno weist, wéi déi Aarbecht déi an de Scoute geleescht gëtt jonk Leit zu responsabelen an engagéierten Erwuessene mécht. Merci Alain fir eis op dee flotten Artikel opmierksam gemaach ze hunn.

What does Nikki Haley, the outspoken Republican governor from South Carolina, have in common with Hillary Clinton, the Democrats’ likely presidential candidate? What does Dianne Feinstein, Democratic senator from California, share with Lisa Murkowski, Republican senator for Alaska, Democratic senator for New York Kirsten Gillibrand or Maggie Hassan, New Hampshire’s Democratic governor? One obvious answer is that they are all female politicians. But there is another, little-known link: they were all once girl scouts, as were a string of other female American politicians. Indeed, according to statistics from the girl scout movement, 75 per cent of female US senators and 53 per cent of female members of the House of Representatives were scouts, as were five of the six current female governors. Many business leaders, such as Mary Barra of General Motors, Ginni Rometty of IBM, Sheryl Sandberg of Facebook, Denise Morrison of Campbell Soup and Susan Wojcicki of YouTube, were also scouts. A coincidence? It is an intriguing issue to consider, particularly with girl scouts currently engaging in one of the movement’s best-known rituals: selling cookies, at about $4 a box, to raise money for scout units. (You may have heard how Oscars host Chris Rock’s daughters raised thousands of dollars selling girl scout cookies at this year’s ceremony.)

18


In some respects, the prevalence of so many girl scout alums in the halls of power may simply be due to correlation. The movement boomed in postwar 20thcentury America, since it was one of the few afterschool activities available to girls. Today, there are 59 million girl scout alumnae, with one in every two adult women having been a girl scout at some point. But I suspect there is causation in this pattern too. As it happens, I was a keen brownie and girl guide myself (the British equivalent of girl scouts) and, while I never gave much thought to this before, the experience was crucial in terms of building self-confidence. After all, the beauty of the scouts or guides is that it is not just inclusive but instils a sense of adventure, and develops qualities such as grit and leadership (putting up a tent in a storm can be highly character-forming). More importantly, in an era when children are encouraged to become hyper-specialised and individually competitive in their hobbies and their studies, the scouts celebrate a “have-a-go” attitude, along with a public service ethos. “It teaches girls leadership,” says Anna Maria Chávez, chief executive of the US girl scouts, who argues that the movement is one of the great unsung pillars of modern feminism. (This is ironic given that Lord Baden-Powell, founder of the scout movement, was a conservative British imperialist — but that is another tale.)

With all these virtues, the movement should be booming. But today there are 2.5 million girl scouts, down from 3 million a couple of decades ago. That is partly because of a shortage of adult volunteers, with many parents too busy to run scout troops. The other

challenge is that scouting is competing with a host of other activities available to 21st-century girls. The movement is trying to fight back by introducing more adventure sports, and teaching girls “useful” skills such as financial literacy or computer programming. These days, for example, part of the $800m of annual cookie sales takes place in cyberspace on web pages designed by the girls. The movement has also become more outspoken about promoting female empowerment (so much so that a Catholic leader in Missouri recently banned them from his church for being too “liberal”).

But Chávez knows it will be tough to expand membership. “We saw an impact on our membership when girls were allowed to start playing sports at school a few decades ago,” she says. “Now it’s about [competing against] their phones, their homework and all the other clubs.” In some senses, this is progress: it is precisely because of 20th-century movements like the scouts that our 21st-century daughters now have so many options. But, in other ways, this decline in numbers is a real shame. In a world of social polarisation, America urgently needs more movements that unite girls and help them break out of social silos. Either way, the next time you see a girl scout cookie stall, it is worth thinking about those female alums and perhaps hoping that, one day, some of that collaborative can-do commonsense girl scout spirit might be more prevalent in US adult politics. Maybe someone should organise a bipartisan scout cookie stall in Congress. gillian.tett@ft.com

19


P. GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances (Succ. WELTER) 2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.