Skip to main content

deScout No 557 Ritual (3)

Page 1

© WSB Inc / World Scouting

l a i z e p s

No 557 / 96. Joergang

Mäerz 2016


DENIWWERBLÉCK EISPARTNER

UN OBJECTIF À ATTEINDRE?

P.GRETER & F. SCHUMACHER

Agence Principale d’Assurances

L-5650 Mondorf-les-Bains

Cactus vous soutient!

WÉI ENG KLENG FAMILL AM GROUSSE BRIDDERBOND E wichtegen Deel vum Scoutsinn ass d’Schaffen a klenge Gruppen, de sougenannte Patrol System, an deem mer esou wuel duerch d’Selwer Maachen a Probéiere (Learning by Doing), eis Chargen opdeelen, an esou Responsabilitéiten iwwerhuelen, an esou jiddereen an deem klenge Grupp ka seng eegen Entwécklung (Progressioun) a sengem eegenen Tempo maachen. Dëst gëllt fir alleguerten eis Branchen. Iwwert dëst an nach vill méi, fënns du op den nächste Säiten a bei denger Branche!

DENIMPRESSUM deSCOUT No 557 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Redaktioun & mise en page : Commissariat au programme Anne Simon, Claudine Scheeck Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600

02

DENINDEX 02

DENIWWERBLÉCK

18

DENEXPLORER & DEROVER

06

DEBEAVER

20

DEROVER

10

DEWËLLEFCHEN

21

DKAARTESPILL (LX)

12

DESCOUT

27

DSCOUTSDÄPP

14

DSPILL (SG - 3. Deel)


DE “PATROL SYSTEM” MAT DE CHARGEN A RESPONSABILITÉITEN Den Damm, d’Sixaine, d’Patrull etc sinn ewéi eng kleng Famill. A wéi an all Famill, sinn do Leit dran, déi een anescht sinn ewéi deen aneren. Deen ee kann dëst besser, deen aneren dat, a jiddereen huet Naupen. Mee zesummen an deem klenge Grupp ass ee Staark, well ee sech kann Aufgaben opdeelen, een deem aneren hëllefen, an ee vun deem anere bäiléieren. D’Iddi vun deem klenge Grupp, kënnt vun deeër klengster Branche bis bei déi gréissten ëmmer ënnert engem aneren Numm erëm. Wat ee méi al gëtt, wat d’Verantwortung an d’Onofhängegkeet vun deem eenzelne klenge Grupp ëmmer méi grouss gëtt. Während d’Beaver an d’Wëllefcher an hirem Damm an der Sixaine Aufgaben a Spiller zesumme bewältegen, kann a soll an de Scouten zum Beispill, eng Patrull schonn verschidde Saache selwer organiséieren, sech d’Charge selwer opdeelen, an d’Explorer Unitéit hire Programm esouguer zum Deel selwer op d’Been setzen. Wichteg ass fir eis alleguerten, dass mer wëssen, dass d’Patrull déi kleng Famill ass, an deeër jidderengem seng Schwächten duerch d’Stäerkte vun deem anere kennen opgehuewe ginn. Wann deen een also besser Kniet maache kann, an deen aneren extra gutt a gäre kache kann, soll deen een deem aneren hëllefen, an déi Leit, déi eppes gäre maachen, dat och als Charge maachen.

LEARNING BY DOING heescht genau dat wat et seet. Mir léieren net aus engem Buch, mee doduerch dass mer ausprobéieren. Dat heescht natierlech och, dass dann eppes ka schifgoen, mee Feeler sinn erlaabt. Well duerch Feeler léiere mer.

03


DENIWWERBLÉCK PERSÉINLECH PROGRESSIOUN Innerhalb vun deem klenge Grupp ka jidderee sech beweisen. Deen een ass ëmmer hëllefsbereet, dat ass vläit en Handkesselchen, deen aner immens sportlech a verdéngt de Sportlerbadge, am deen aner huet eng Händche fir d’Natur. An all Branche ginn et Badger, déi weise sollen, wie wat extra gutt kann, oder sech extra Méi gëtt bei eppes.

04


Vun de Wëllefcher un ginn et dann zousätzlech zu de Badger, déi fir eenzel Qualitéite vergi ginn, och nach Feiler, Klassen, an aner Auszeechnungen (Leaping Wolf, Badge Pilote,...), déi ganz Etappen aus dengem Branchen- a Scouts-liewe weisen. An dat hält och also Chef net op. Och do léiert een ëmmer weider an et ginn, nieft der Formatioun, déi d’Cheffe maachen nach extra Badger fir d’Cheffen (Laurier d’or, Sanglier d’argent, Woodbadge) vun deene mer an der nächster Zeitung e bessi méi schwätzen. Kuck emol wéi eng Badger, an aner Auszeechnungen dass déi méi al Kanner a Cheffe bei dir am Grupp hunn.

4 3

05


DEBEAVER D’LIEWEN AM DAMM Moie léiwe Beaver, Wosst du eigentlech, dass ech dat gréisste Knabberdéier a ganz Europa sinn? Ech si vun der Nuesespëtzt bis bei d’Enn vum Schwanz 140 cm laang. Dat ass ongeféier esou grouss wei s du! An awer sinn ech ganz séier an geschéckt am Waasser. Sécher weess du, dass ech net am Waasser schlofen? Meng Buerg ass esou gebaut, dass een zwar naass gëtt fir eran, mee awer wann een an der Buerg ass, kann een gutt waarm an dréchen schlofen. Ech sinn net gären alleng a wunnen dofir zesumme mat menger Famill. Am Dag schlofen mir ëmmer fir an der Nuecht fit ze si fir zesummen ze schaffen, ze bauen an ze spillen...

06


SCOUTSMETHOD ... an natierlech och eppes guddes z’iessen. Mir iessen lecker Schuel vun de Beem, Gras an kleng Äscht. Wann de Wanter kennt, fréiert de Floss heiansdo zou, a mir kommen net méi un eist lecker Iessen. Dofir sammele mir all zesummen am Fréijoer an am Summer kleng Äscht, déi mir virun den Damm leen an dann am Wanter, dohinner iessen ginn. Déi Äscht ginn all zesummen gesammelt an duerno och all zesummen gedeelt. Esou geet keen hongereg schlofen.

DEELEN ASS BEI EIS AN DER KOLONIE IMMENS WICHTEG. Wann een eppes Guddes huet, soll all Biwer sech doriwwer freeën. Dofir versti mir eis esou gutt, well jidderee frou ass, wann hien deenen aneren eppes ka matginn. Wéi ass et bei dir? Deels du och gären? Wa jo, dierfs du elo déi orange Krall faarweg molen. Gleich misst deng Beaverpatt och ganz faarweg sinn!

07


DEBEAVER DEELEN, DEELEN, DEELEN

08


09


DEWËLLEFCHEN “MIR DUNN ONS BESCHT” DEVISE, VERSPRIECHEN A GESETZ Esou wéi mir et sangen ass dëst eis Devise. Probéier dech dorunner ze halen an ëmmer an iwwerall däi Bescht ze ginn. Eng Devise ass e Liewensvirsaz, e Motto no deem e probéiert ze liewen. Mat dengem Versprieche goufs du an der Meute opgeholl an hues dech engagéiert dech dorunner ze halen. Wann s du uschléiss erënneren dech di 2 Oueren un di zwee Punkten déi s du versprach hues. Kanns du dës derbäi schreiwen?

Weess du wat deng Fanger beim Uschloen nach duerstellen? Fro mol deng Cheffen.

D’WËLLEFCHER VUN DER FNEL Mir sinn d’Wëllefcher vun der FNEL, voller Stolz, voller Stolz, voller Stolz, voller Stolz. Mir sinn d’Wëllefcher vun der FNEL, a mir si vu guddem Holz. Ref. An eis Devise, déi kennt dir all, mir doen onst Bescht, hei an iwwerall, mir doen ons Bescht, hei an iwwerall. Eis B.A., déi maache mir all Dag, ouni Fro, ouni Fro, ouni Fro, ouni Fro. Eis B.A., dei maache mir all Dag, braucht dir eis, da si mir do!

10

An dem Dschungel liewe mir all gär, Hand an Hand, Hand an Hand, Hand an Hand. An dem Dschungel liewe mir all gär, a mier sinn eng lëschteg Band. Akela, Balu a Bagheera, kenne mir, kenne mir, kenne mir, kenne mir. Akela, Balu a Bagheera , hir Prinzipien hale mir. Dofir kommt, kommt, kommt bei eis an d’Meute. Kommt ganz schnell, kommt ganz schnell, kommt ganz schnell, kommt ganz schnell. Dofir kommt, kommt, kommt bei eis an d’Meute! Jong a Meedchen, komm bei d’FNEL!


Esou wéi am Dschungel gëtt et och an der Meute e Gesetz, wat d’Zesummeliewe regelt an d'Verspriechen am konkreten hëlleft ëmzesetzen. Kanns du bei dës Biller dat passend Gesetz schreiwen?

1.

2.

3.

4.

5.

„WAT BRENGEN ECH MAT AN ENG VERSAMMLUNG“

Wat sinn di 5 Saachen? Kräiz un wat’s de solls an der Versammlung derbäi hunn! Mol faarweg wat zu de 5 Sache vum Wëllefche gehéiert! Wat feelt nach? ..........................................................

11


DESCOUT SCOUT’S SPILL Aufgaben a Froe fir di eenzel Felder (Deel 1)

Wëllef Iert een ufänkt muss een eng 6 wierfelen. Hues du eng 6 gewierfelt, da stell dech op d'Feld „Wëllef“. Da kann d'Spill ufänken. Elo wierfel nach eemol, a géi dës Unzuel u Felder weider. Montée - Fro Wat ass eng Montée? 1. Wéi eng Aufgab hunn déi al Scoute bei der Montée virun den néie „Wëllefcher“, déi an d'Scouten erop kommen. 2. - Aufgab D'Joer huet ugefaang - et kommen nei Scouten erop. D'Cheffen hätte gären Hëllef vun hiren ale Scouten bei der Montée. Proposéier eng nei Iddi, wéi een d'Montée kéint maachen. 3. Wéini mécht een d'Verspriechen a firwat ass d'Versprieche gutt? 4. - Aufgab Géi an de Bësch 3 verschidden Zorte Blieder sichen, an erklär deenen anere se! Verspriechen Du kanns d'Scoutsverspriechen opsoen an seng Bedeitung dozou.

12


© TSA / TSA UK

Zeechnung vum B.P.

13


16


DESCOUT Aufgaben 2. Deel. 5. Wéini deet ee säi Foulard a seng Uniform un? Fir wat mécht een dat? 6. Wéi a wat muss alles op der Uniform drop sinn? 7. Wien ass de BP? 8. - Technik Déi aner mussen dir an der Morse Geheimschrëft e Saz schreiwen, deen s du dann entziffere muss. De Saz muss eppes mat Scoutissem ze dinn hunn. 9. Upps Fänk rëm bei der Nummer 1 un! Tenderfoot Wat ass den Tenderfoot ABC? Fann et eraus an ziel en op. 10. Wat sinn d’Aufgaben vun enger Patrull? Vun den eenzele Scouten an der Patrull? 11. - Molen Mol d’Material vun enger Patrullekëscht op e wäisst Blat. Du dierfs dobäi net schwätzen. Wann déi aner der 6 erausfonnt hunn, a manner ewéi 2 Minutten, dann ass d’Aufgab gepackt.

17


DENEXPLORER TOTEMISEIERUNG Sécher hues du scho vun der Totemiséierung héieren, an deen een oder aneren an dengem Groupe huet och en Totem. Et ass awer esou dass déijéineg, déi schonn eng Totemiséierung matgemaach hunn net vill doriwwer kënnen ziele, well wat do am Detail passéiert soll nëmme mat Leit mat Totem beschwat ginn. Awer keng Angscht, et ass näischt Schlëmmes. Grondsätzlech ass et eng grouss Unerkennung vun deenen déi decidéiert hunn ee vun hire Memberen ze totemiséieren. Déi Decisioun ka ganz verschidden Ursaachen hunn. Hei awer emol e bëssen iwwert de Background vun deem ganzen. D‘Totemiséierung ass net an der ganzer Welt verbreet. De Baden-Powell huet se am Ufank zum Beispill net ënnerstëtzt. Den Ursprong vun der Totemiséierung ass op d’Indianer zeréck ze féieren. Am Moment sinn nëmmen nach e puer Gruppe vun der FNEL, déi dës Traditioun weiderféieren, obwuel d’Totemiséierung am Ufank am ganze Land praktizéiert gouf.

(c) minnystock | Dreamstime.com

DEROVER 18


Am DeScout Nr. 105 aus dem Joer 1945 fanne mer folgenden Text zum Sujet, deen eng ganz allgemeng Zeremonie beschreift: Personaliséierten Totem Wéi a ville primitive Stämm wann de Scout säi Wëssen oder säi Kënnen ënner Beweis stellen konnt, kann him en Totem zougewise ginn. Ganz dacks kritt en als éischt e Spëtznumm ier hien de richtegen Totem kritt. Den Totem besteet aus engem Déierennumm, Planz oder Objet, an engem „qualificatif“. De „qualificatif“ gëtt unhand vun den Schwäche, den negativen oder den positiven Eegeschafte vum Scout gewielt.

Totemiséierung: Den Totem kritt een op der Totemiséierung, eng Zeremonie, déi Owes um Camp beim „Feu du Conseil“ stattfënnt. Bei ville Gruppe gëtt dat esou gemaach. Nom normalen Programm vum „ Feu du Conseil“, annoncéiert de Gruppechef d’Numm vun de Scouten déi totemiséiert ginn. Als éischt gëtt decidéiert wéieen Totem am beschten bei hie passt. Wann dann den richtegen Numm fonnt gouf, muss een him e „qualificatif“ sichen. Fir deen ze fanne, ginn all déi totemiséiert Scoute gefrot wéi eng Schwächten a wéi eng positiv Eegeschaften deejéinegen huet. Wann de ganzen Totem bestëmmt ass, gëtt de Scout bei de „Feu du Conseil“ gefouert an dann

hëlt de „gardien du feu“ oder den „grand-sorcier“ zwee Äscht an moolt den Totem vum Scout an d’Loft. Dono séngt de ganze Grupp en Totemiséierungslidd. Wann ee bis den Totem krut, muss een e puer Epreuven maachen wéi zum Beispill eng kleng Hütt oder en Zelt opbauen, respektiv e klengen Trajet an der Nuecht goen an dann vu sengem Erliefnis erzielen. Fir dës Zeremonie ofzeschléissen, lancéiert de ganze Grupp un Totemiséierten e Scoutslidd fir den Totemiséierten ze éieren an dobäi déi al Traditioun vun eise Virfahren(d’Männer vun den totemiséierten Clans) ze erhalen. Zousätzlech zu den Epreuven muss den Totemiséierten iwwert d’Campféier sprangen.

Esou, wéi och d’Zeremonien vu Grupp zu Grupp änneren, änneren och d’Kandidaten déi totemiséiert ginn. Déi eng totemiséieren jidderee soubal en e gewëssen Alter erreecht huet, anerer just d’Cheffen oder nëmmen déi, déi eppes Extraes geleescht hunn. Déi eenzeg Konstant déi ëmmer bleift ass den Totem, deen aus engem Déierennumm an engem „qualificatif“ besteet an dëst an der Kombinatioun vu positiven an negativen Eegeschaften.

19


DEROVER ROVERLOGE D’Roverloge ass eppes ganz mysteriéises. Just déi Rover déi se scho matgemaach hu wësse wat do geschitt an gehéieren zum Krees vun den Initiéierten. An och just déi Initiéiert kënnen an enger Zermonie aner Rover an dat Ganzt aféieren. Et ass awer net eppes wat soll Angscht maachen, also net wéi eng Daf oder e Bizutage. Virun allem geet et drëms dass d’Rover soumat zesummen eppes erliewen a sech kenneléieren. Meeschtens sinn déi Initiéiert méi al Rover déi dann deenen méi Jonken wëllen d’Wëssen iwwer d’Loge weiderginn an esou d’Traditioun oprecht erhalen. Déi lescht Roverloge ass schonn eng Zäitchen hier. Vläicht ass et eis an Zukunft méiglech déi verstëbsten Objet’en fir d’Realisatioun vun deeër Aktivitéit erëm aus dem Äermel ze zauberen an e puer Initiéierter aus hirem Alldaag ze lackelen...

20


©Les Scouts ASBL /E411

Sangt e Wëllefcherslidd!

©Les Scouts ASBL /E411

En Dschungeldanz matt alle Wëllef vun der Meute maachen. Vlait kann däi Chef der hëllefen.

Maacht eng Pyramid aus Wëllefcher!

©Les Scouts ASBL /E411

All Wëllefche muss en Déier aus dem Dschungel nomaachen, an déi aner musse roden.

©Les Scouts ASBL /E411

All Wëllefche wiesselt eng Kaart mat engem anere Wëllefchen.

©Les Scouts ASBL /E411

Wat ass Gerechtegkeet?

Hei e puer Beispiller, wat fällt iech an: • Décisioun, • Recht, • Gläichheet, • Éierlechkeet, • onparteiesch, ...

©Les Scouts ASBL /E411

21


22

? ? ? ? ? ?


Wat ass Wäisheet? Hei e puer Beispiller, wat fällt iech an: • Erfahrung • nodenken • wëssend • Urdeelsverméigen • verstänneg...

Wat ass Liewensfreed? Hei e puer Beispiller, wat fällt iech an: • Wuelbefannen • optimestesch • glécklech • alles vun der gudder Säit huelen • Laachen...

©Les Scouts ASBL /E411

Wat ass Wëllen?

©Les Scouts ASBL /E411

Wat ass Deelen?

Hei e puer Beispiller, wat fällt iech an: • Courage • Ustrengung • säi Bescht ginn • Motivatioun • Bereetschaft...

©Les Scouts ASBL /E411

Hei e puer Beispiller, wat fällt iech an: • verdeelen • tauschen • e grousst Härz • keen Neid • keng Gier...

©Les Scouts ASBL /E411

Hei kanns du dir deng eege Fro ausdenken!

©Les Scouts ASBL /E411

Wat ass Frëndschaft?

Hei e puer Beispiller, wat fällt iech an: • gär hunn • frëndschaftlech • Léift • Komerod • Vertrauen • Solidaritéit • Ginn a Kréien...

©Les Scouts ASBL /E411

23


24

? ? ? ? ? ?


©Les Scouts ASBL /E411

Mol dem Wëllefche seng 5 Saachen!

©Les Scouts ASBL /E411

Maach ee Platte Knued mat engem Meter Ficelle!

Nenn die 5 Punkte vum Wëllefchersgesetz!

©Les Scouts ASBL /E411

©Les Scouts ASBL /E411

Wei geet dëse Satz weider: D’Stärkt vum Trapp ...

Schreiw däin Numm an enger Geheimschrëft!

©Les Scouts ASBL /E411

Erklär de Wëllefchersgrouss!

©Les Scouts ASBL /E411

25


? ? ? ? ? ?

12:50:11 6102/30/41

1 ddni.pp채dstuocs

26

26


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
deScout No 557 Ritual (3) by FNEL Scouten a Guiden - Issuu