No 556 / 96. Joergang
Februar 2016
dividual.�
bility on the in si on sp re t pu to is g in in tra r te “An individual step in charac
VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,
SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT
Prêt Cedies an exklusiv Avantagen* startin.lu
*
Offer u Konditioune gebonnen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication Janvier 2015
DENEDITO TO GIVE AND TO TAKE D’Responsabilitéit ass e Grondwäert, deen an de verschiddene Piliere vun der FNEL a vum weltwäite Scoutismus ëmmer erëm opdaucht. Ouni Responsabilitéit ze iwwerhuelen, géng eis Gesellschaft zesummebriechen. D’Scouten als Mikrokosmos vun deeër Gesellschaft mussen also och mat Verantwortung fonktionnéieren. Wa keen deeër géing iwwerhuelen, géing et eis net ginn.
Dat gëllt vum Beaver bis bei de Chef. All eis Branchen funktionéieren nom sougenanntene “Patrullesystem”, deen also dat progressiivt eegestännegt Liewen am klenge Grupp léiert a promovéiert. Mat klenge Chargen, also Responsabilitéiten, déi jiddereen am klenge Grupp iwwerhëlt, ewéi Waasser siche goen oder spulle, fänkt et un an et hält mat der Organisatioun vun engem ganze Camp nach laang net op.
Responsabilitéit heescht Flichten erfëllen an awer och Decisiounen huelen an dat an engem demokrateschen a progressive Sënn. Jiddereen dierf matschwätzen, an dee mat méi Erfahrung léiert dee mat manner eppes bäi, fir dass och dee gestäerkt gëtt a geschwë selwer ka Responsabilitéiten iwwerhuelen.
D’Scouten hëllefe jidderengem, no senge Kapazitéiten e verantwortungsvolle Member vun eiser Gesellschaft ze ginn. Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication
DENINDEX DENIMPRESSUM deSCOUT No 556 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg
04 06 08 09 10 11
DCOVERSTORY DMETHOD DNEWS DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT
12 13 15 16 17 18
DEN EXPLORER DEROVER DECHEF DEGLOBETROTTER DONGD-FNEL DESERIÖ
Redaktioun & mise en page : Anne Simon, Claudine Scheeck, Felix Retter, Nicolas Wurth, Philippe Hanck Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600
03
DCOVERSTORY : re·spon·si·bil·i·ty rɪˌspɒn(t)səˈbɪləti
Ver·ant·wor·tung, die Substantiv, feminin
noun a. the state or fact of having a duty to deal with something or of having control over someone."women bear children and take responsibility for child care" b. the state or fact of being accountable or to blame for something.”the group has claimed responsi bility for a string of murders” c. the opportunity or ability to act independently and make decisions without authorization.”we would expect individuals lower down the organization to take on more responsibility” SYNONYMS a. authority, control, power, leadership "a job with greater responsibility" b. blame, fault, guilt, culpability, liability "they denied responsibility for the bomb attack" ▪
re·spon·sa·bi·li·té, la rè-spon-sa-bi-li-té nom féminin a. Obligation ou nécessité morale de répondre, de se porter garant de ses actions ou de celles des autres : Décliner toute responsabilité en cas de vol. b. Fait d’être responsable d’une fonction : Il a la responsabilité de tout un secteur. c. Fonction, position qui donne des pouvoirs de déci sion, mais implique que l’on en rende compte (sur- tout pluriel) : Avoir des responsabilités dans un syndicat. d. Fait pour quelque chose d’être la cause, l’origine d’un dommage : La responsabilité de l’alcool dans beaucoup d’accidents.
04
BEDEUTUNGSÜBERSICHT a. [mit einer bestimmten Aufgabe, einer bestimmten Stellung verbundene] Verpflichtung, dafür zu sor gen, dass (innerhalb eines bestimmten Rahmens) alles einen möglichst guten Verlauf nimmt, das jeweils Notwendige und Richtige getan wird und möglichst kein Schaden entsteht b. Verpflichtung, für etwas Geschehenes einzustehen [und sich zu verantworten] c. Verantwortungsbewusstsein, -gefühl d. (veraltet, noch landschaftlich) Rechtfertigung SYNONYME ZU VERANTWORTUNG a. Gewissenhaftigkeit, Moral, Pflichtbewusstsein, Pflichtgefühl, Pflichttreue, Verantwortlichkeit, Verantwortungsbewusstsein; (bildungssprachlich) Ethik, Ethos b. Garantie, Gewährleistung, Haftbarkeit, Haftung, Schuld, Verantwortlichkeit, Verpflichtung BEDEUTUNGEN, BEISPIELE UND WENDUNGEN a. [mit einer bestimmten Aufgabe, einer bestimmten Stellung verbundene] Verpflichtung, dafür zu sor gen, dass (innerhalb eines bestimmten Rahmens) alles einen möglichst guten Verlauf nimmt, das jeweils Notwendige und Richtige getan wird und möglichst kein Schaden entsteht
RESPONSABILITÉIT D’Iddi vu Verantwortung fanne mer a ville vun eise Wäerter erëm.
ONOFHÄNGEGKEET
Responsabilitéit iwwerhuelen heescht och eng eege Meenung hunn : D'FNEL steet zu den demokratesche Grondwäerter, ass politesch onofhängeg an encouragéiert jidder Eenzelen sech seng eege Meenung ze bilden an zu senger perséinlecher Iwwerzeegung ze stoen. De Scout soll kritesch si vis-à-vis vu gesellschafts-politesche Froen, op si fir nei Iddien a sech géint Mënsche-veruechtend Tendenze wieren.
EIS MISSIOUN De Scoutismus huet als Missioun, mam Wäertesystem ewéi en am Scoutsverspriechen an am Gesetz festgehalen ass, zu der Erzéiung vu jonke Leit bäizedroen an esou ze hëllefen, eng besser Welt ze schafen,mat Leit, déi sech fräi entwéckelt hunn, a prett sinn, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.
SOLIDARITÉIT
Responsabilitéit a Solidaritéit ginn Hand an Hand : Mir sinn ee fir deen aneren do, d’Hëllefen ënnerteneen gëtt gefuerdert, a mir engagéieren eis an nationalen ewéi an internationalen Hëllefsprojeten.
TOLERANZ
Verantwortung soll ëmmer ënnert dem Aspekt vun der Toleranz passéieren : Duerch d’Zesummeliewen am Grupp si mir tolerant ee vis-à- vis vun deem aneren. Duerch international Aktivitéiten entsti Frëndschaften an Oppenheet géintiwwer anere Kulturen.
DEMOKRATIE
Toleranz heescht och engem aner seng Meenung respektéieren. Responsabilitéit ass dës Meenungen ze consideréieren an z’akzeptéieren an esou Gréisst ze weisen : Mir sinn demokratesch, jiddereen däerf a soll matschwätzen.
VERSPRIECHEN An eisem Verspriechen, ass d’Responsabilitéit, vrun allem ab de Scoute, grouss geschriwwen : Ech versprieche, mäi Bescht ze dinn, fir meng Flichte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer z’erfëllen, fir no de Wäerter vum Scoutsgesetz ze liewen a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt.
05
DCOVERSTORY: FORMATIOUN DMETHOD CHARGEN A CHARGENTABLEAU Chargen – alldeeglech Aufgaben, ewéi spullen, Holz siche goen, kieren,… sinn e ganz normalen Deel vum Programm op engem Scoutscamp. Dës Aufgabe sinn net nëmme wichteg fir Hygiène an Uerdnung oprecht ze hale, mee och fir e reiwungsloost an harmonescht Zesummeliewen ze organiséieren. Jidderee paakt eng Hand un an iwwerhëlt Responsabilitéit. Dat regelméissegt erleedegen vun dësen Aufgaben an der Sixaine, Patrull, Unitéit, spigelt och d‘Zesummeliewen a klenge Gruppen. Esou ass d‘Opdeele vun de Chargen an domat d‘Verdeele vun Responsabilitéit eng ganz praktesch Ëmsetzung vun der Scoutsmethod.
06
WAT KËNNE CHARGE SINN ? üblecherweis Kieren
méi speziell Uleedung vun engem Spill fir tëschenduerch
Kachen
Dekoratioun vum Sall
Spullen
Preparatioun vun enger Veillée
Dësch decken
Preparatioun vun enger Moiesronn
Toilette propper halen
Holz maachen
Waasser siche goen …
Lagerfeier preparéieren…
WAT ET BRÉNGT ? • Léiere verschidden Aufgaben am Alldag ze maachen • Bedeitung vun Alldags-Tâche kenneléieren • Zesummeschaffen am Grupp • Responsabilitéit iwwerhuelen • Leadership iwwerhuelen
Net nëmme Cheffe kënne Charge verdeelen, mee och all Damm, Sixaine, Patrull, Untitéit a Clan kann dëse System selwer benotze fir di alldeeglech Aufgaben di am klenge Grupp ufalen ze organiséieren. Bei der Patrull um Camp wäeren dat zum Beispill : spullen, Iesse besuergen, Waasserbidong opfëllen, Poubelle eidel maachen, Zelt propper halen, bei der Sixaine kinnt et sinn de Sall propper halen, Spulldéngscht, no der Versammlung raumen,… Esou léiert ee Leadership ze iwwerhuelen an Aufgaben fair opzedeelen.
IDDIEN : En Tableau deen uweist wien wéi eng Charge huet kann een u bal all Thema upassen a selwer bastelen. Am Internet fënnt een eng sëllegen Iddien. Google mol : DIY Chore Charts Stéchwierder: Wäschklamer, Pinnwand, Rundkopfklammer, Glécksrad, Magnetboard, Wäschlénkt, Poppenhaus, Dréihscheif...
CH
An der Unitéit, dem Clan oder als Cheffen bei der Organisatioun vun enger Aktivitéit notze mer dee selwechte Prinzip – esou maache mer eis di komplex Organisatioun méi einfach andeems mer d’Aufgaben ënnert eis opdeelen – esou wéi mer et am beschte kënnen an dass keen iwwer- oder ënnerfuerdert ass.
A
D’AUFGABEN VERDEELE, KANN EEN • andeems een no Fräiwëllege freet • duerch Lëschten wou ee sech aschreift • nom Zoufall verlousen • mat engem Chargentableau d’Rotatioun vun de Chargen organiséieren.
RG
E
B A T N
- CA U A LE
HLLENGE
Mir sichen dee coolsten a kreatiivste Chargentableau. Egal vu wéienger Branche ! Post eng Foto vun ärem beschten Tableau op d'FNELs Facebook page ! Um Pow-wow zeechne mer dee Beschte mat engem Kaddo aus !
FNEL Scouten A Guiden 07
DNEWS WAT LEEFT AN EISE GRUPPEN ?
BUERGBRENNEN 2016
GROUSSEN ANNIVERSAIRE’S QUIZ Samschdes, de 5. Mäerz 2016 organiséiert vun de Panthères noires. Equipe vun 3 - 6 Leit. Umelle bis den 1. Mäerz. pnl.fnel@gmail.com https://www.facebook.com/events/557030581118914/
Samschdes : 13. Februar 2016 DAERELDÉIEREN : um Briddeler Plateau Sonndes : 14. Februar 2016 DACHSEN : ab 18:00 zu Schuller beim Home MUNNEREFER MAIS : ab 15:00 - Stade John Grün PANTHÈRES NOIRES : ab 14:00 zu Luerentzweiler, op der Schanz
DOMENICA ITALIANA Sonndes, de 6. Mäerz 2016 organiséiert vun de Peaux rouges. Um 12.00 Auer ginn italienesch Spezialitéiten zerwéiert. Informatiounen a Umeldung : lespeauxrouges@hotmail.com . OUSCHTEREEËR-AKTIOUN Samschdes, de 26. Mäerz 2016 Vu 15.00 bis 17.00 verkafen d’Peaux rouges op der Gemengeplaz Ouschtereeër fir gudden Zweck.
descout@fnel.lu
Votre garant de qualité www.provencale.lu
L’adresse des professionnels des métiers de bouche
DEBEAVER BEAVER FUNDAY 28. Mee 2016
POST VUM BIBU Léif Beaver, Geschwë gesi mir eis alleguerten erëm an ech freeë mech iech all kennen ze léieren a vill vun iech ze léieren. Vläit kann ech iech och eppes iwwert mai Liewen erzielen an iech meng Frënn aus dem Bësch virstellen? Den 28. Mee ass et esou wäit! Mir gesinn eis de ganzen Dag an der Stad an der Millebaach.
Déi wichtegst Informatioune kritt dir am nächste Scout, mee markéiert iech den Datum elo schonn déck am Kalenner, dass dir och sécher kënnt mat ärem Grupp dobäi sinn. Mir wäerten zesummen, de Bësch, meng Frënn an d’Scoute kenne léieren. Vläit kennt dir se jo schonn e bëssen? Äre Bibu
Probéier d’Nimm vu menge Frënn mat de richtege Biller ze verbannen. An mol se faarweg, esou, wéi se wierklech ausgesinn.
Spitzky
Grigri Barry Bibu Jolly
Malak
Tic-Tac
09
DEWËLLEFCHEN Ech schwätze gären a vill - mee heiansdo soen ech menger Fra a menge Frënn Saachen, déi virun allem den Nag an d’Nagina net solle verstoen. An de Scouten notze mir Wieder déi net jidderee versteet. Fro mol op deng Eltere wësse wat en Explo ass?
12
10 3
9
5 7
5
6
KENNS DU DÉI WIEDER AN DËSEM RÄTSEL,
Schéck d’Léisungswuert mat engem neie Rätsel dat s du erfonnt hues, op enger Postkaart un: FNEL - Wëllefcherscommissariat 61A rue Trèves L-2630 Luxembourg 1. Wat maache mer wann Taps ass? 2. Wat steet um Programm wa mer moies opstinn? 3. E Scoutsnumm ass een ..... 4. Wien geet op e Siwe? 5. Wien ass den 2. Wëllefchen an der Sizaine? 6. MIr dinn ons Bescht ass eis ..... 7. Woufir steet den “A” vu B.A.? 8. Woufir steet de “P” vu B.P.? 9. Woufir steet d’rout Blumm? 10. Wéi heescht en internationale Camp fir Scoute vu 14 - 18 Joer, deen all 4 Joer enzwousch anescht op der Welt ass? 11. Wat feieren all d’Gruppe vun der FNEL zesummen um Enn vum Scoutsjoer? 12. Den Handkesselchen ass e .....
10
1
aus der Sprooch vun der Meute?
2
4
12
7
4
10
9
3 13 1
8
2
6
11 8
11
-
Hues du Loscht der pecheger Spuer vum Kachkéis nozegoen? Dann hal der de 16. Abrëll (SIXPLO just fir d’Sixer) an de 17. Abrëll (EXPLO fir all LX) fräi.
DESCOUT CP & SP WEEKEND 16. & 17. 04. 2016
SCOUTSBLOG Salut Scout, fir dech an deng Patrull weider ze motivéieren an eis eppes Spannendes zum Schluss vum Joer ofzeginn, kanns du direkt iwerpréiwen ob deng Patrull och ugemellt ass: Bisons Futés : Bananeblum & Hanf; Castors : Pink Fluffy Unicorn & Tëntefësch; Eechternoacher Quaichleken : Hämelmaous & Pimpampel; Gréng Scouten : Schléck, Fuuss, Igel & Bambi; Hoga : Grénge Bier & Wäiss Wëllef; Lions bleus : Baboons & Water Turtles; Munnerefer Mais : Erdmaennchen, Blobfisch & Panda; Piwitschen : Kou, Hirsch, Stinkdier, Kéisecker & Hond; Rammericher Fräschen : Salamander & Heckefräschen; Wiselen : Wal, Hënn, Réih & Tiger; Wëll Säi : Schnéieilen & Wäiss Léiwen.
MIR WËLLEN DECH !!! Du als SP/CP bass an denger Patrull den erfuerenste Scout a kenns all Scoutstechniken. An awer ginn et vill Sachen déi s och du nach kenneléiere kanns.
Dofir mell dech séier bei dengem Chef un a verbréng e Weekend voll mat neien an interressanten Erfahrungen déi s du net méi wärs vergiessen!
RDV : 16. Abrëll 2016 Retour : 17. Abrëll 2016 Matérial : Schlofsak fir dobaussen, Carry-mat, dem Wieder ugepasste Kleeder, dem Scout seng 7 Sachen, Kompass/Reimer, Messer, Biergschong, Bidon etc.
11
DENEXPLORER BA : KACHE FIR D'STËMM VUN DER STROOSS D‘Soraia Passagem an d‘Michelle Kahn vun den Dachsen erzielen eis wéi si dësen Dag erlieft hunn : „De 17. Dezember si ronn 35 Explorer a Rover vun der FNEL op Bouneweg der Stëmm vun der Strooss op hier Chrëschtfeier hëllefe gaang.
Et war en interessanten a flotten Dag, dee mär sou séier net vergiessen wäerten. Mär freeën eis d'nächst Joer och erëm derbäi ze sinn an hoffentlech mat nach méi Rover an Explorer.“
Et ware vill Leit do, d’Iessen gouf preparéiert, zerwéiert an natierlech och vill mat de Leit geschwat. Och de Grand-Duc huet eis besicht a sech déi ganz Saach ugekuckt. Nom Iesse gouf gedanzt an gesong. Duerno ass och nach de Kleeschen komm mat verschiddene Geschenker.
EXPLORER SPORTSDAG Den 10. Januar war den traditionellen Explorer Sportsdag bei de Munnerefer Mais. Moies um 10 hunn sech ronn 100 Explorer getraff fir an 13 Unitéiten a verschiddene Sportaarten géinteneen unzetrieden. Moies stoung Volleyball, Hockey a Basket um Programm. No engem gudden Chilli, deen d‘Mais eis gekacht hunn, goung et weider
12
mat Handball, Indiaca an Ultimate Frisbee. Géint 4 Auer stoung fest dass d'Eechternoacher Quaichleken an d‘Lions Bleus sech géifen an der Final am Vëlkerball moossen. Als houfrege Gewënner goungen d'Quaichleken aus dem Match. Heimat steet dann och fest, dass mer eis fir den Explorer Sportsdag 2017 zu Iechternach wäerten erëm gesinn.
RAID + 22. - 24. 04.2016 Vu Freides Owes den 22. bis Sonndes Moies de 24. Abrëll ass de Raid+. D’Virbereedunge lafen an et sief scho verroden a wéi enger Géigend dëst wärt sinn. Pléck der deng Kaart an däi Réimer a fann eraus wou et ass! LUREF N 103620 E 55686.
DEROVER WEI ORGANISÉIEREN MIR EIS FIR ENG AKTIVITÉIT ODER E PROJET ZE PLANGEN? D’Rover zeechnen sech doduerch aus, dass si ganz eegenstänneg an zesummen am Clan eng Aktivitéit oder e Projet kënnen op d’Bee stellen. Mee fir dass esou eppes zoustane kënnt, sinn puer Etapen noutwendeg. Dozou zielt och eng gudd Chargenopdeelung
fir dass jidfereen eppes dozou baidroe kann an net d’ganz Aarbescht un e puer Leit häenke bleift an doduerch Frustration oder schlecht Stëmmung entsteet. Hei déi puer Etappen a Methoden fir dat ganzt duerchzezéien.
Theme fannen & Iddie sammelen
• 3 Wënsch fräi: All Member vum Clan huet 3 Wënsch oder Iddeeën déi op Pabeier opgeschriwwe ginn. • Montagsmaler: Ee Rover fänkt un eppes ze molen wourauser vill entstoe kann. All déi aner soe, wat hinne spontan dozou afält an dat gëtt opgeschriwwen. • Mindmap: Op engem grousse Plakat gëtt e Stéchwuert opgeschriwwen an da Saachen déi a Bezuch dozou stinn. Esou wiisst et zu engem Bam zesummen.
Beroodung & Entscheedung
• Fischbowl-Discussioun: 2 Kreesser maachen, dee bannen dierf aktiv un der Discussioun deelhuelen, dee baussen lauschtert. Da gëtt ëmgedréint. • Pro a Kontra-Lëschten: Zu all Iddee gëtt et Plakat mat Pro/Kontra opgehaang an d’Rover schreiwen hier Argumenter dofir an dergéint op. • Paus: Wann de Clan net op e grénge Punkt kënnt, kann et ganz sënnvoll sinn eng Paus ze maachen.
Plangen & Duerchféierung
• Timesheet: Bei gréissere Projeten déi sech iwwer länger Zäit zéie, kann et sënnvoll sinn en Plang opzestelle, wéini wat muss gemaach ginn. • Zwëscheréflexiounen: all Mënsch op den neiste Stand bréngen an eventuell Problemer léisen. • Dokumentation: Fir dass och spéider jidderee sech nach un dat ganzt erënnere kann oder een anere Clan dovunner profitéiere kann, ass et flott et duerch Fotoen, Video oder Tagebuch festzehalen.
Reflexioun
• Zilscheif: Déi gëtt a verschidde Beräicher (Zesummenaarbecht, Organisatioun,...) opgedeelt an all Rover bestëmmt seng Zefriddenheet (Mëtt = zefridden, Bord = onzefridden). • Stëmmungsbarometer: Opgemoolt op engem Plakat kann esou jiddereen seng Stëmmung markéi eren. Dëst kann och iwwer puer Deeg gemaach ginn an esou entsteet e Stëmmungverlaf. • Bild auswielen: All Mënsch sicht sech e Bild eraus wat seng aktuell Stëmmung an Andréck beschreift.
• Et ass alles eriwwer an elo gëllt et de gelongen Ofschloss zesummen am Clan ze feieren. Och do kann ee ganz kreativ sinn. A wéi ee feiert brauch een de Roverclan’e wuel net z’erklären.
Ofschloss vum Projet
13
DEROVER
PLEASE SAVE THE (NEW!) DATE : 19.03.2016 D’Rover vun de Mamer Wiselen invitéieren iech op de Roverquiz mam Thema MOVIES, MOMENTS & MORE.
Rover - FNEL Mir freeën eis äre Clan um 19h00 an enger gemeinsamer Verkleedung am Thema „Film“ ze begréissen.
*Nous vous garantissons que Marcel n’a pas été maltraité...
UN OBJECTIF À ATTEINDRE? Cactus vous soutient! MA ALLE RC Z EL !
*
MA ALLE RC Z EL !
DECHEF NOTE IT WËLLEFCHER OP DER SICH NOM KACHKÉIS SIWE & EXPLO SIWE vum 16.04 - 17.04, 14:00 16:00 Auer. Just fir Sixer, wann de Sixer net kann, kann de Second als Ersatz matgoen. EXPLO de 17.04. 10:00 - 16:00 Auer. Umeldungsdelai ass den 28.02. Informatiounsversammlung fir all Cheffen di matmaachen den 21.03. um 19:00 am homeFNEL. Unmeldungsbreif : (PDF- um FNEL s Site) SCOUTEN SP/CP-Weekend: RDV : 16. Abrëll 2016 géint 09h00 um P+R Bouillon. Retour : 17. Abrëll 2016 géint 16h00 op der selwechter Plaz. Umeldung : bis den 21. März iwwert den CT via scout@fnel.lu mam Numm vum Scout, an op en CP oder SP ass. Prais : 20€.
SOIRÉE CHEF DE GROUPE 26. Abrëll 2016
D'Pantheren invitéiere fir hiere 50te Gebuertsdag op d’ RÉUNION SEMESTRIELLE 2016. WWW (wéi, wat,wou) : Donneschdeg, den 18. Februar um 19.30 am Centre Culturel, 120, route de Luxembourg, L7374Helmdange. Accueil mat Gedrénks ass ab 19.00.
RÉUNION SEMESTRIELLE 18. Februar 2016 PROGRAMM : Branchereuniounen, Gebuertsdagskuch, FNEL2020, International, www.fnel.lu, eng Zill fir eng Zill, Misärshaff a Formatioun. SEE YOU THERE !
FILM IT
KREEÉIERT DEE COOLSTE CAMPVIDEO & GEWANNT ENG GO-PRO FIR ÄERE GRUPP ! LU Maacht e Campfilm vu min. 30 s. a max. 3 Minutten a schéckt en un: claudine@fnel.lu (vimeo, wetransfer, dropbox,...) Focus op: Scouts-typesch Aktivitéiten Deadline: den 15. August 2016 !! Wa Musék um Video ass, muss déi rechtfräi sinn, also aus dem Public domain, resp. selwer componéiert ! FR Créez le meilleur vidéo-clip de votre camp et gagnez une GO-PRO pour votre groupe. Durée: entre 30sec. et 3 minutes Video doit se concentrer sur des activités spécifiquement scoutes Deadline: le 15 août 2016 À envoyer à: claudine@fnel.lu !! Musique: vérifier à utiliser de la musique libre de droits!
EN Create the coolest camp-video and win a Go-pro for your group Running time: 30s. to 3 minutes Focus on typical scout activities Deadline: 15th August 2016 Send to: claudine@fnel.lu Be careful to use music that is copyright free (public domain or self-composed)
FORMATION CONTINUE Passend zum Concours, bidde mer eng Formation Continue un : MAT EINFACHE MOYEN'EN E FILM DRÉINEN. Datum an Auerzäit am nächste SCOUT. Hal deng Aen op.
fnel.lu/activites 15
DEGLOBETROTTER INTERNATIONALE SCOUTISMUS AN DER FNEL • Mir representéieren d’FNEL am Ausland ( op Konferenzen, an op internationalen Campen ) • Mir sinn Uspriechpartner fir auslännesch Scouten ( WOSM, aner Scoutslänner ) zu Lëtzebuerg • Mir bréngen Input vu baussen op Lëtzebuerg Internationale Scoutismus ass vill méi wéi en Jambo- Dëst kann heiansdo ganz politesch sinn, an et fillt ee ree, e Roverway an e Rovermoot. Dëst sinn déi grouss sech wäit ewech vum Campliewen an der Natur. Et international Campen déi vu WOSM (World Organization bréngt eis awer och vill Bekanntschaften a Frënn aus anere Länner. Esou kann ee sech austauschen an vun of the Scout Movement) organiséiert ginn. enee léieren, an dann ass et och op eemol guer net méi Internationale Scoutismus kann op ganz villen Niveaue schwéier e Camp mat Scouten aus engem aneren Land geschéien : Zum Beispill op engem internationale ze maachen. Camp wéi dem Together, oder engem JOTA/JOTI. Dat geet awer och wann s du mat dengem Grupp am Aus- Du gesäis, dat ass alles zimlech vill Aarbecht a fir dass land bass, an eng Aktivitéit mat Scouten vun do méchs, d’Laurence Vervier an d’Djuna Bernard ( Commissaires oder d’Wëllefchersmeute mat Wëllef aus Däitschland Internationales ) dat net alles alleng musse maachen, ginn et 3 Aarbechtsgruppen déi op dësen Theme eng Bréiffrëndschaft mécht. schaffen a sech austauschen: Internationale Scoutismus ass och, wa Scouten aus anere Länner bei eis an d’Home kommen, a mir hin- International Scoutsaktivitéiten a Campen International Scoutskonferenzen nen en Deel vu Lëtzebuerg weisen. Internationale Scoutismus de Gruppen méi no bréngen Mee den Internationale Scoutismus bedeit och, dass mir als FNEL en Deel vun enger grousser Weltorganisatioun sinn : WOSM, do si mir eng vu ganz villen aneren Associatiounen : mir bestëmme mat wat op internationalem Plang leeft, wielen eis Vertrieder op Europa- a Weltniveau an entscheeden eis Prioritéiten u wat mer di nächst Joere schaffen mussen.
international@fnel.lu 16
International Team FNEL
DONGD-FNEL SENSIBILISATIOUN NEPAL 2016 Du bass op d’Problemer vum Nepal sensibiliséiert. Du hues Loscht ze handele fir dass d’Kanner an d’Jugend Accès op eng besser Educatioun kréien. Du bass am Asaz mat Jonken. Am Kader vu hierem Projet Sensibilisatioun Nepal 2016, sicht d’ONGD-FNEL Volontairen déi Loscht hunn : • D’Liewen am Nepal, ee Joer nom Äerdbiewen 2015 z’entdecken • Nepalesesch kachen ze léieren • hir Kenntnisser un aner jonk Scoute weiderzeginn Wann s du interesséiert bass, da kontaktéier esou séier wéi méiglech d’ONGD-FNEL
Sensibilisé aux problèmes du Népal Envie d’agir pour que les enfants et les jeunes népalais aient accès à une meilleure éducation Engagé auprès des jeunes.
ongd-fnel +352 26480441 ongd-fnel.lu
Dans le cadre de son projet sensibilisation Népal 2016, l’ONGD-FNEL recherche des volontaires qui ont envie de : • Découvrir la vie quotidienne au Népal un an après les séismes de 2015 • Apprendre à cuisiner népalais • Transmettre les connaissances acquises à d’autres jeunes scouts Si vous êtes intéressés, merci de contacter dès que possible l’ONGD-FNEL.
17
DESERIÖ MIR SOE MERCI Ee grousse MERCI un Iech alleguer. Mat ärem Don oder Ordre permanent ënnerstëtzt Dir d’Aktivitéiten an d’Formatioun vun onse Cheffen a Scouten. AACH-HERTZ Guy MM, ACKERMANN Charles Louis, AGOSTINI-PLAZZOTTA Gilbert, ALS Claudine, ANDREOLLI Maurice, ANEN Edmée, ANGEL Marc, ANGEL Tom, ARENDT-KRIEPS Lola, ARNOLD Albert, AUDRY-OLINGER Paule, BARTHELMY-KOPPES Mariette, BAU-BECKER Fabio, BAUM-GALLE Jeanny, BECUE Christophe & MIGNOT Fanny, BEISSEL Jean, BERG Charles, BERGER Eugène, BERGER Klaudia, BERNARD Georges, BERNARD-CHAMPAGNE Lynn, BERNARDY-WURTH Mausy, BICHEL-SCHEECK Claudine & Guy, BILLON-JACQUEMART Andrée, BLESER-PETERS MM, BOEVER Jean, BOURSIER Madeleine, BRAHMS Pierre, BRAQUET Michel, BRASSEUR Anne, BRAUN-SASSEL Arsène, BREEDIJK-WARDENBURG Paula, BRUCK Beryl, BUTSCHER Karin, CALMES-BERMANN Trixie, CERF Francis, CIPOLLONE-SCHOLTUS Pietro, COLOMBO-BRENNER Josiane, COVELIERS Peter, DELLA SIEGA-LAUFF Manon, DENNENWALD Francis, DIESCHBOURG Raymond, DISIVISCOUR Léon, DONVEN Michel, DREISBACH Dirk, DUPONT Marco, DUPONT Philippe, ELSEN-STEIN Gustave, ELSEY-HAUSTGEN Peter, ELVINGER Martine & FABER Pol, ENGLEBERT-BECKER Christophe, ERNSTER-WEICHERDING Josée, ESCH René, EYSCHEN-CONTER Francis, FABER André, FABER Carine, FABER Malou, FABER-SCHMIT Martine, FEIDER Marc, FELLER Sandra, FELTEN STEIN, FERRES Olivier, FISCHER Georges, FLESCH Colette, FOURNIER-ZINS Bertrand, FRANCK Adrienne, FRANKARD-KOWALCZYK Yves, FREISING Fabienne, FREYLINGER Claudine, FRITZ Jean-Claude, GALOWICH Marc, GEDITZ Paul, GEORGES Alain, GILLEN Françoise, GILSON-SPARTZ Josée, GINSBACH Claude, GLAESENER Thierry, GODFROY Cécile, GOEBBELS Raymond, GOERES Anne, GOERES Raymond, GOERES Robert, GONDOIN-GOEDERT Liz, GRETHEN-MOUTRIER Henri, GUILLON Pierre, GUT Roland, HAAS Christiane, HALSDORF Antoine, HALSDORF Charles, HAMILIUS Jean, HAMMES Philippe, HARTMANNBEMTGEN André, HASTERT Guy, HAUSEMER Georges, HEISBOURG- WURTH Annick, HELMINGER-SCHINTGEN Karin, HENGEN Marc, HIERZIG Sus, HINTERSCHEID Henri, HITZKY Tanja, HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence, HOSS Philippe et REICHERZER Judith, HOUDREMONT MM, HUBERT Valérie, HUBERTY Fernand, HUBERTY-MARSON Christine, HUPPERT-BUCHHOLTZ Henri, IANNIZZI Marcel, JACOBS Marie-Josée, JEMMING-HENGELS Astrid,
18
KAYSER-KRIEPS Marie-Louise, KILL Mariette, KNEPPER Emilie, KOELLER-SCHAEFER Richard, KOHL-CHRISTOPHE Tom, KOOS Sandra, KRACK Bernadette, KRECKE-GIVER Monique, KREMER André, KREMER Célestin, KREMER François, KREMER-WURTH Remy, KRIEPS Alexandre, KROMBACH-MEYER Charles & Rita, KUBORN Marc, KUFFER Claude & AUDRY Line, KUFFER-SCHOLTES Jean, LABIDI Diane, LAMESCH Maggy, LANGLAIS Jean-Michel, LARSEN Tine, LENERT-BERTRAND Marc, LESCH Guy, LINDE Jean, LINSTER Gaston, LINSTER Guy, LINSTER-HILGER Simone, LIONTI Lucie, LOEFFLER-LEICHTENBERG Jr. Kurt, LOESCH Marianne, LORANG-SCHUMACHER Nadia, MAKHLOUF Lucile, MARCUS David, MARGANI Alfredo, MAROLDT S.A.R.L., MASCOLO-MONACELL Francesco, MATAGNE Pierre, MATHIAS-BRAM Fernande, MATHIAS-KUFFER Sonja, MEDER Cornel, MEHBOD François, METZLER Pierre, MEYER Max, MICHAELY Sonja, MINELLI-HEUSBOURG Marguerite, MINES Guy, MULLER Frank, MULLER-KUNSCH Frantz, MUNCHEN Charles, NAVET-NICKELS Yvonne, NEUMAN Reginald, PAQUET-MULLER Andrée, PAQUET Sylvie, PAUL Hans-Egon, PESCATORE Paul, PESCHON Adolphe, PHARMACIE STUMPER, PLEBANI Giancarlo, POTOCKI-SCHOTS Barbara, PROBST-KARIER Denis, PRUM Pit, PRUM-FRIEDRICH Tony, PUTZ-ROTH Anne, RAUS Jacques, RECKINGER Bob, RECKINGER Georges, RECKINGER Josette, REDING Joseph, ROSEREN Corinne, SAHL Nicole, SAHL Robert, SCHAACK André, SCHAACK-HIRSCH Albert, SCHAACK-WEBER Louis MM, SCHAMBOURG Robert, SCHILTZ Félix, SCHINTGEN Chouch, SCHMITZ-THOELKES Gabi, SCHNEIDER JeanClaude, SCHOCK-SCHMITZ Uschi, SCHOCKWEILER Carlo, SCHOCKWEILER Karin, SCHOMMER-PERRIN Renée, SCHORTGEN Anny, SCHROEDER Florent, SCHROEDER Isabelle, SCHROEDER Luc, SCHROEDER Mathias, SCHUBERT Guy, SCHUMACHER-WAMPACH Edmond, SCHWINNEN Josette, SEIDEL-REILES Marie-Reine, SIMONIS Michel, SIMON-JUNIUS Coryse, SINNER Robert, SLONGO-GEORGES Ronny, STASANS Gints, STEINBACH Mely, STEINMETZ-HALL Luc, STOLTZ-STEINHAUSER Andrée, STOLZ-PAGE Richard, STROTZ Bob, TAGEBLATT, THEIN Pierre, THOM-BIREN Gisèle, THOME Georges, TONEY Kenneth & Lisa, TOZZI Loretta, TREMUTH-SCHMIT Laurent & Stéphanie, TRIERWEILER Marie-Paule, TURK Charles, TURK François, TURK-GAILLOT Philippe, VAN DEN BULCKE Jean, VENNIN-HUANG Jérôme, WAGENER Frank, WAGENER Paul, WAGENER-BEAUVENT Nicolas, WAGNER-HENRICY Fernand, WAGNER Maurice, WATGEN Armand, WEBER Clement, WEBER Dany, WEILER Théo, WENNIG-KAELL Charles, WIES-MENNE Georges, WIES-WEYRICH François & Nelly, WOLTER Diane, WOLTER Guy, WOLTER Thierry, WORRE Nathalie, WORRE Philippe, WURTH-RECKINGER Michel, ZENS Fernand, ZIGRAND-MOSSONG Bernadette, ZIMMER Charles. Lëscht vum 01. Januar 2015 - 31. Dezember 2015
19
P. GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances (Succ. WELTER) 2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1