l a i z e p s
No 555 / 96. Joergang
Januar 2016
DENIWWERBLÉCK
UN OBJECTIF À ATTEINDRE? EISANNONCEUREN
Cactus vous soutient!
SCOUT SI, WAT HEESCHT DAT? Scout sinn heescht un éischter Plaz sech als solchen ze identifizéieren an ze behuelen. Dofir hu mir d'Verspriechen an d'Gesetz, esou wéi d'Devise an all Branche. Wann ee säin éischt Verspriechen ofleet kritt een och säi Foulard. Deen, zesumme mat der Uniform mécht, datt mir op der ganzer Welt als Scouten erkennbar sinn. Op deenen nächsten zwou Säiten genau esou wéi op denger Branchesäit, kanns du iwwert d'Basis vum Scoutissem - d'Verspriechen, d'Gesetz, d'Devisen, d'Uniform, de Foulard, an eng Rëtsch Ritualer an Traditioune liesen.
P.GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances
L-5650 Mondorf-les-Bains
DENIMPRESSUM
DENINDEX
deSCOUT No 555 Périodique officiel de la FNEL
02
DENIWWERBLÉCK
14
DSPILL (SG -2. Deel)
06
DEBEAVER
17
DENEXPLORER & DEROVER
10
DEWËLLEFCHEN
20
DEROVER
13
DESCOUT
21
DKAARTESPILL (LX)
Éditeur : FNEL Scouten 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Redaktioun & mise en page: Commissariat au programme Anne Simon, Claudine Scheeck Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600
02
D'VERSPRIECHEN D'Versprieche maachen ech fir mech a meng Kollegen a Matmënschen. Et ass näischt Onméigleches, guer net. Et soll eis hëllefe besser duerch d'Liewen ze kommen: fir ëmmer ze probéiere säi Bescht ze maachen, ze hëllefe wou ee kann, an sech un d'Scoutsgesetz ze halen.
D'GESETZ weist am Konkrete wéi een d'Versprieche kann ëmsetzen.
D'DEVISE ass e Motto, dee, fir all Branche e bëssi anescht ass, mee ëmmer enk mam Verspriechen a Gesetz ze dinn huet.
D'UNIFORM AN DE FOULARD Wann ech mäi Versprieche gemaach hu, kréien ech dono mäi Foulard. Dat heescht op deeër enger Säit, dass ech elo zu deem grousse weltwäite Bridderbond derzougehéieren. Et heescht awer och, dass ech mech soll, an de Scouten, an och doheem an an der Schoul, ëmmer ewéi e gudde Scout behuelen - nom Verspriechen a Gesetz, ech hu mech jo dozou verflicht. Weltwäit wéist d'Uniform de Leit no baussen, dass ech déi Verflichtungen agaange si, wann ech meng Uniform unhunn. Dofir ass et wichteg, datt si a mir selwer eis kënnen dorobber verloossen. D'Uniform ass op deeër enger Säit, dat wat eis all matenee verbënnt, an och wat eis ënnerscheed : op der Uniform kann een erkennen a wéi enger Branche eng Persoun ass, a wéi engem Grupp, an un de Badger erkenne wat hien oder hatt besonnesch gutt kann. Dat ass op der ganzer Welt an an alle Branchen esou.
03
DENIWWERBLÉCK RITUALER, GESCHICHTEN, ZEREMONIEN a PHANTASIE De Baden Powell war op deeër enger Säit Militäroffizéier, an hien huet vun deem System sécherlech e puer Saache fir de Scoutissem ofgekuckt. Méi wichteg awer, a vill méi staark geprägt huet hien seng Beschäftegung als Amateur Schauspiller. Hien stoung fir säi Liewe gären op der Bühn, huet gäre Geschichten an nei Welten erfonnt. Op dëser Passioun baséiert de Scoutissem virun allem : all Branche ass voll mat Ritualer an Traditiounen, déi dacks vun den Indianer ofgekuckt an adaptéiert sinn (Totem, sech Nimm ginn, d'Iddi vum Clan, d'Montée...), oder awer op Geschichte baséieren (Beavergeschicht, Dschungelbuch), oder nach total erfonnt sinn, (Bonen, Kreescher, Spiller, Iessensritualer, eege Lidder, Schlof-an Opsto Ritualer), d'Lëscht ass onendlech laang. Vill dovunner ginn et schonn ëmmer, mee et kann een och ëmmer neier derbäi erfannen. E coole Bon z.B. kënnt der einfach an ärem Grupp oder Branche fir e spezielle Camp erfannen. Hei eng kleng Lëscht mat Ritualer an Traditiounen, déi ass laang net komplett, mee gëtt der eng Iddi wat alles dozou gehéiert. Weiderer fënns du an der leschter Spezialzeitung um Enn vum Joer, wou et ëm gemeinsam Aktivitéite geet.
BAN : An der Zäit huet et ëmmer geheescht “bei de Scouten gëtt net geklappt”, dat ass haut net méi ëmmer esou, meeschtens kritt awer deen deen en Applaus verdéngt huet e Ban gemaach. Et ginn der e sëllechen, vläit kenns du jo dee vun der Kaffismillen? Wann net, da fro däi Chef an déi méi al Scoute bei dir am Grupp, wéi eng si nach kennen.
LÉNKS PATT : Wann zwee Scoute sech begéinen a sech d'Hand ginn dann ass et di lénks Hand, aus der ganz einfacher Ursaach dass et déi Hand ass di méi no beim Häerz ass.
04
SCOUTS-SPROOCH : Iwwert déi lescht 100 Joer hu sech weltwäit ganz vill nei Wieder, Expressiounen an Ofkierzungen ëm de Scoutissem entwéckelt, déi dacks nëmme mir selwer an al Scoute verstinn, ewéi datt wann de Chef bei de Scouten Krick rifft, ruffen se all Krack a si roueg (bei de Wëllef ass dat de Ya Hu). Du wäerts sécher och nach als Explorer op eemol Wierder an Ofkierzungen héieren, déi's du net kenns. Fro einfach no, well Plaz fir se hei all opzeschreiwen ass hei net. Eent dervunner awer kënnt elo direkt als nächst :
GBS : ass d'Ofkierzung fir Gemütliches Beisammen Sein, wa mer owes z.B. zesumme beim Feier setzen a Sangen.
D'MONTÉE : ass bei all Branche eng wichteg Zeremonie. Vill al Stämm hunn esou “coming of age” Zeremonie, wann hir Kanner a Jugendlecher eng "Etapp" an hirem Liewe gepackt hunn an dann an de Krees vun deene méi alen opgeholl ginn. D'selwecht an all Branche bei eis. Wann s du méi al an domadder och méi erfuere gëss, méchs du däin nächste grousse Schrëtt. D'Montée ass kee Gespensterzuch, et soll ee sech drop freeë, well et ass eng grouss Éier fir all Beaver, Wëllefche, Scout an Explorer all Kéier erëm vun deene gréisste vun deenen méi klengen, erëm kënnen zu deene klenge vun deene groussen ze zielen. Esou léiert jiddereen am meeschte bäi.
NIMM : Bei de Beaver an de Wëllefcher hunn d'Cheffen dacks Nimm aus hire Geschichten, well déi Déieren dem Chef säi Charakter, an domadder och vläit emol seng Naupe wéist. Och hunn d'Dämm, Sixainen, Patrullen etc. Nimm, Maskottercher a Kreesch déi si auszeechnen. Wann ee méi al gëtt, kann et sinn, datt een en Totem kritt. Fro d'Cheffen aus deenen anere Branche bei dir am Grupp emol séier wéi si alleguerten heeschen. Vläit huet jo och een en Totem?
05
DEBEAVER MENG ÉISCHT SCHRËTT Moie léiwe Beaver, Hei sinn ech erëm, de Bibu! Haut zielen ech dir e bësse vun mengem Liewen an der Biwerbuerg. Du weess jo, dass mir eis Buergen ëmmer mat Holz bauen : kleng Beem an Äscht déi mir fannen oder ofbäissen. A menger Buerg liewen ech gemittlech mat menger Famill! Kenns du si schonn all?
D’Jolly, de Gary an de Grigri, d’Spitzki. Hei op dem Bild gesäis du och nach d’Eil Malak an d’Kaweechelchen TicTac. Da sinn mer scho bal komplett! Am Damm an am Bësch, do hale mir alleguerten zesummen. Egal wat ass, mir hëllefen een deem aneren! Well zesumme kann ee vill méi maachen!
06
SCOUTSMETHOD Den Grigri an den Gary hu mer déi leschte Kéier gezielt, wéi si dem Flitzer, deem schnellsten Fësch aus dem Bësch gehollef hunn. De Flitzer war nämlech aus dem Waasser gesprongen a koum ouni friem Hëllef net méi zeréck drann. De Grigri an den Gary, déi hie jäizen héieren hunn, sinn direkt gelaf komm an hunn him zeréck an d’Waasser gehollef! Esou ass et bei eis! E Beaver hëlleft ëmmer an iwwerall. Ech war och ganz houfreg op meng zwee grouss Jongen an dofir hu si dunn och d’Verspriechen gemaach, well si esou grouss a léif Biwer gi sinn.
WÉI ASS ET MAT DIR? HËLLEFS DU OCH OFT ANEREN? Mol e Bild vun der leschter Kéier wou s du engem gehollef hues an ziel et dengem Chef! Et ass flott wann s du anere weise kanns, dass du vill a gären hëllefs. Well s du dat esou super gemaach hues, dierfs du och elo eng Krall rout molen. Vläit hues du se jo och schonn op denger richteger Beaverkrall?
07
DEBEAVER D’VERSPRIECHEN
08
BEAVER VERSPRIECHEN “Ech well e gudden Beaver sinn, deelen an emmer flaisseg sinn.”
09
DEWËLLEFCHEN DÄI WEE ALS WËLLEFCHEN – PROGRESSIOUN Als Wëllefchen méchs du ee wäiten Wee duerch den Dschungel, op deem déi verschiddenst Aventuren op dech waarden. Di al Wëllef, däi Second, däi Sixer an deng Cheffen hale Waach iwwert dech a begleeden dech op dengem Wee. Vun hinne kanns du der villes ofkucken an ausprobéieren an esou léieren (Learning by Doing). Esou bass du ni alleng op dengem Wee, mee zesummen mat der Meute. Als jonke Wëllefchen sinn deng Patten nach ganz mëll, dat nennt een Tenderfoot (mëlle Fouss, op Englesch). Wann s du bis déi éischt 6 Punkten vum Tenderfoot aus dem Vademecum kanns, bass du bereet ee Schratt weider ze goen. Elo kuck séier an dengem Vademecum, wat déi 6 Punkte sinn!!! Badger sinn Auszeechnunge, wann een eppes extra gutt kann, oder sech extra vill Méi an engem gewësse Beräich mécht. Bei de Wëllef ginn et 4 Kategorien vu Badger, des fënns du natierlech och all am Vademecum. Kanns du der e puer opzielen?
KANNS DU SCHONN DE PLATTE KNUET MAACHE? Dann huel der e Stéck Ficelle a pesch en heihinner!
10
Pech hei eng Foto vun dir.
VERSPRIECHEN
TENDERFOOT
MONTEE
WÉI ENG BADGER HUES DU SCHONN? Mol all déi, déi s du hues hei um Wee faarweg.
11
DEWËLLEFCHEN Numm: Adresse:
Numm - Sizaine: Sizaine - Kreesch:
Vergiess och net déi nächste Spillkaarten hannen an dëser Zeitung! Bis de déi alleguerte gesammelt hues, ass hei alt dat nächst Spill dat s du mat deene Kaarte kanns spillen.
DSCHUNGELQUIZ D’Kaarte leien alleguerten op engem Koup. Dee mat de mëllste Patten dierf ufänken an eng zéien. Ass et eng “wéi soll ech et soen?-Kaart” (orange) gëtt se opgedeckt a bleiwt leie bis di nächst Fro beäntwert gouf an dee selwechte Spiller zitt nach eng Kaart. Op dëse Kaarte steet eng Aart a Weis wéi’s du di nächst Fro beäntweren dierfs. Ass et eng “?-Kaart“ (gréng) kann deen d’Fro beäntweren oder d’Aufgab erfëllen dee se weess. Ass et eng “Charakterkaart” (moof) liest de Spiller d’Beschreiwung vir an di aner musse Roden ëm wéi een Déier et geet. Dono ass deen nächste Spiller un der Rei. Deen deen di richteg Äntwert gëtt/d'Aufgab richteg erfëllt, kritt déi Kaart fir ze hale, esou dass der um Enn ziele kënnt, wien di meescht Froe richteg beäntwert huet.
12
DESCOUT
SPILLREGELEN Keng Felder iwwersprangen, ëmmer der Zuel vum Wierfel nogoen. Bei de grousse Felder : Montée, Verspriechen, Tenderfoot, Badger, 2. Klass, 1. Klass stoe bleiwen. Zil : Sou séier ewéi méiglech bei den Explorer unzekommen, andeems een d'Aufgaben op de Felder richteg beäntwert. Fro/Aufgab richteg beäntwert : stoe bleiwen bis déi nächst Ronn Fro/Aufgab falsch beäntwert : zwee Felder zeréck goen. Tipp : All Äntwerte fënns de an dengem Scoutsbichelchen.
13
16
DENEXPLORER TECHNIKEN Wat eis vun anere Jugendmouvementer ënnerscheed ass datt mir konsequent mat traditionellen Technike schaffen. Dës gi sécherlech och bei anere Groupementer benotzt, mee bei de Scouten ass et ee vun eisen Haaptstandbeen, an deemno ginn d'Techniken och an all Branche altersgeméiss geléiert, sou dass mer dat bei den Explorer a Rover kënne voll exploitéieren. Fir cool Iddien an Tuyau'e kuck op der Explorer a Roversäit op www.fnel.lu a bei de Referenze fir Bicher a Säiten vun deScout Spezial.
KONSTRUKTIOUNEN Wa mir op de Camp gi, wëlle mer net all eis Miwwel vun doheem mathuelen, mee eiser Kreativitéit fräie Laf loossen. Mat Fantasie léisst sech fir all Geleeënheet eppes Praktesches zesummebauen wat d'Zesummeliewen an der Unitéit/Clan däitlech vereinfacht. Eng Hellewull cool Spiller kann een natierlech och selwer als Konstruktioun bauen.
DEROVER
17
DENEXPLORER HEI E PUER WICHTEG GRONDREGELEN PLANGEN Bei gréisser Konstruktiounen ass et sënnvoll ier een urappt fir d'éischt ze plangen : Eng Skizz vum Bauwierk hëlleft dat néidegt Material a Geschir am Viraus ze besuergen. Esou spuert ee sech onnëtz Gerenns.
SÉCHERHEET D‘ Konstruktioun däerf ënner maximaler Belaaschtung (Besteigung, Begehung, Stuerm etc.) net ëmfalen. Fir awer op Nummer sécher ze goe stellt ee se ëmmer esou op dass, falls se awer géing falen, net op d'Zelter oder Persounen trëlle kann.
STATIK An der Regel gi Konstruktiounen net einfach no Gefill gebaut. Wann dir Projet’en ewéi z.B Tierm baut sollt der iech och e bësse mat der Statik befaassen.
STËTZEN D'Been vun enger Konstruktioun (z.B. Tuerm) sollte mindestens hir Längt x3 am Duerchmiesser an cm hunn. (D’Plattform vum Tuerm läit op 5 Meter, also sollen d'Bee 15 cm Duerchmiesser hunn.)
AUSSTEIFUNG Den Dräieck ass eng perfekt Form an ass déi optimal “klengst Eenheet“ fir all Bauwierk. All Rumm mat méi ewéi dräi Ecken ass onstabil. Ënnerdeelt een e Rechteck mat enger Diagonalverstriewung huet een op eemol zwee Dräiecker an d’Konstruktioun ass ganz stabill. FESTEGKEET Eng Konstruktioun muss nieft hirem eegene Gewiicht och eng Laascht droen ouni ëmzefalen. Och Seeler hunn eng limitéiert Brochlaascht, dës musse just Zuglaascht aushale, während fest Baudeeler vill verschidde Belaaschtungen gläichzäiteg ophuelen mussen.
DEROVER 18
VERBINDUNG ZUM BUEDEM D’Staange ginn an de Buedem agegruewen. D'Konstruktioun eventuell zousätzlech mat Seeler ofspaanen. Et ass wichteg datt d’Lächer ganz enk gegruewen sinn. D’Verbindunge vun de Staange gi mat Kniet gemaach haaptsächlech Brëllagen (méi Info Fiche Technique Kniet).
KNIET Fir datt eis Konstruktiounen zesummen hale, benotzen mir Seeler/Ficelle mat verschiddene Kniet. Kuck um FNEL Site fir d’Vir- an Nodeeler vun deenen eenzelne Kniet kennenzeléiren.
FEIER Net nëmmen Nuets, mee och vill Deeg am Joer ass d’Feier eng Méiglechkeet fir dech an d’Unitéit opzewiermen. Dës weidere gëtt bei enger Veillée oder GBS traditionell e Feier ugefaangen. Natierlech ass d'Feier vrun allem och wichteg, datt mer eis kënnen an der selwer gebauter Kichen eppes z'Iesse maachen. Jee no Zweck datt däi Feier soll erfëlle, solls de verschidden Holzzorten a Methoden fir d’Feier opzebauen benotzen. Och heizou all weider Tipps op FNEL.lu an an deenen anere flotte Referenzen.
ORIENTATIOUN Wa mir zesummen ënnerwee si, benotzen mir Kaart a Kompass fir eis z'orientéieren. D’Koordinaten a Peilungen ginn eis d'Richtung bei eist Zil un. Erklärunge fënns de an de Branchenbicher an um FNEL Site.
19
DEROVER ROVERMONTÉE Nodeems een a senger Scoutscarrière bei den Explorer lues awer sécher méi Responsabilitéit an Eegestännegkeet geléiert huet, kënnt mam Erwuesse-ginn och de Wiessel an eng nei Branche. Dës soll all jonke Mënsch erlaben sech weider perséinlech ze entwéckelen a kennenzeléiren. En 1. Schrëtt ass meeschtens eng Rovermontée z'absolvéieren, déi vu Groupe zu Groupe ganz verschidden ass. Si gëtt vun de méi ale Rover preparéiert. Oft geet et drëms datt de jonke Rover aus senger Zone de confort austrëtt a sech muss fir bestëmmten Epreuven iwwerwannen. Et kann een näischt schlecht oder gutt maachen, d'Haaptsaach ass datt all déi Leit, déi se maachen, zesumme schaffen an esou och zesumme wuessen fir duerno en Deel vum Clan ze ginn.
BONNE ACTION De Motto vun de Rover ass “Servir". Duerch all hier Erfahrungen déi si bis elo gesammelt hunn, probéiere si sech nëtzlech ze maachen an ze hëllefen. Sief et Mënschen an Nout ze hëllefen, eppes fir d'Natur ze maachen, e Bäitrag fir eis Gesellschaft ze leeschten, ... all Aktioun déi moralesch an ethesch korrekt a wäertvoll ass, ass "bonne" also gutt. Der Phantasie si keng Grenze gesat. Et kann een souwuel am eegene Land eppes organiséieren, wei Bëschbotzaktiounen, Kache fir d'Stëmm vun der Strooss ëm Krëschtdag, wei och am Ausland an Afrika oder am Nepal z.B. Wann een e bësse sicht, fënnt ee genuch Projet'en déi ee kann ënnerstëtzen. Do soll de Clan natierlech och am beschten ee wielen, wat a sengem Leeschtungsspektrum ass, d.h. wann d'Rover an engem bestëmmten Domän begaabt sinn, dat als Lokomotiv, fir d'Bonne Action virun ze dreiwen notzen.
20
Mang
©Les Scouts ASBL /E411
Dagsiwwer schlofen ech ganz friddlech. Awer nuets ginn ech op d’Juegd. Ech hunn alles am A an informéieren all d’Déieren vum Dschungel iwwer dat, wat dobausse virgeet, ob et wichteg ass oder net. Ech hunn dem Ruddel Bescheed gesot, wéi de Baloo an de Kaa fort gaange si, fir de Mowgli ze retten. Ech hat den Akela informéiert, dass d’Männer vum Duerf hie wollte fortjoen. Ech weess alles, ech héieren alles an ech gesinn alles. An awer sinn ech ganz diskret, mee dat ass och einfach, wann een eng Flantermaus ass.
Mowgli
Ech spille léiwer ewéi dem Baloo nozelauschteren, wann deen eis d’Gesetz vum Dschungel erklärt. De Baloo, de Bagheera, d’Kaa, den Akela an de Groe Brudder si meng beschte Frënn. Ech respektéiere se an ech hu si immens gär. D’Raksha an de Wollefspapp hu mech adoptéiert. Mäi gréisste Feind ass de Shere-Khan. Ech hunn hie, mat deenen aneren hirer Hëllef an eng Fal gelackelt an hien dout gemaach. Ech verdroe keng Ongerechtegkeet an ech maachen alles wat ech ka, fir den Déieren oder de Leit an Nout ze hëllefen. Mäi Virnumm bedeit ‹de plakege Fräsch›, well ech ni genuch Hoer fir e Pelz hat. ©Les Scouts ASBL /E411
Hathi
Ech sinn en Nofolger vum Elefant Tha, an haut sinn ech den Här vum Dschungel. All Déieren aus dem Dschungel erkenne mech als hire Meeschter un. Et ass also u mir, de Waasserfridden ze verkënnegen. Dat passéiert wann de Fiels vum Fridden aus dem Waingunga eropkënnt, wat heescht, dass net méi vill Waasser am Floss ass. D’Déiere kënnen drénken, ouni mussen Angscht ze hu, vun engem anere gefriess ze ginn. Ech si immens al an dofir weess ech villes iwwer den Dschungel. Ech hunn dem Mowgli gehollef, d’Duerf vun de Mënsche futti ze maachen nodeems si d’Messua an hire Mann ugegraff hunn. ©Les Scouts ASBL /E411
Messua
Mäi Jong, den Natu, gouf vum Shere-Khan geholl. Ech hu geduecht, hie wier dout, bis enges Daags e Kaand aus dem Dschungel opgetaucht ass. De Mowgli huet mengem Jong därmoosse geglach, dass ech en als mäin eegene Jong ugeholl hunn. D’Leit aus dem Duerf mengen, ech wier eng Hex, well ech mech ëm e Kaand këmmeren, dat nëmme mat den Déiere schwätzt. Deen Dag, wou d’Duerfleit mech a mäi Mann gefaang geholl hunn, ass de Mowgli eis rette komm. Hien huet d’Raksha, seng Wollefsmamm gefrot, fir eis ze beschütze, wéi mir duerch den Dschungel fortgaange sinn. Wann de Mowgli grouss ass, kënnt hie bei mech a mäin neit Duerf an léiert säi klenge Brudder kennen. ©Les Scouts ASBL /E411
Kaa
©Les Scouts ASBL /E411
‘T gëtt der, déi soen ech wier e Feind vum Mowgli. Mee dat stëmmt net, ech sinn ee vu senge beschte Kollegen. Hien ass ganz manéierlech an huet Respekt vrun deem eelsten Awunner vum Dschungel – an dat sinn nun emol ech. Dacks kënnt e sech a meng Schlaangekréngelen kuschelen. Ech hunn dem Baloo an dem Bagheera gehollef, fir hien ze befreie, wéi d’BandarLog hie gefaangen haten; déi Afeband fäert mech nämlech ewéi d’Feier. Ech hunn dem Mowgli och gesot, wéi hien d‘Routhënn géif Meeschter ginn. Ech sinn d’Schlaang aus de Fielsen, an de Mowgli nennt mech: déi mam platte Kaapp.
Mor
Wann et Fréijoer gëtt, da richen ech esou parfuméiert wéi déi nei Blummen, déi luusse kommen. Ech maache mech dann esou schéin, wéi et nëmme geet, fir allen Déieren ze weisen, dass eng nei Zäit ufänkt.
Ech sinn houfreg, fir jidderengem meng wonnerschéi Plommen ënnert d‘Nues ze halen, an ech danzen, fir mech domat ze bretzen.
E puermol hunn ech de Mowgli gesinn. Mee mir koumen ni an d’Gespréich. Ech sinn de Pohunn, dat faarwegst Déier aus dem ganzen Dschungel.
©Les Scouts ASBL /E411
21
22 Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
73 94 59 78
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Frëndschaft Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
45 42 59 47 78 40
Frëndschaft
Gerechtegkeet
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Messua
Gerechtegkeet
76
Gerechtegkeet
Mor
Frëndschaft
83
Hathi
Frëndschaft
Kaa
91 75 90 64 67 72
Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
76 57 84 63 64
65
64
67
56
43
72
Frëndschaft
Mowgli
Wäisheet
Liewensfreed
Matginn
Wëllen
Gerechtegkeet
Frëndschaft
81
84
71
84
82
89
78
Mang
Phao Ech sinn ongeféier esou al wéi de Mowgli an de Groe Brudder. Mir hu vill matenee gespillt, wéi mer kleng waren. Ech ginn deen neie Chef vum Seoniruddel, wann den Akela gefall ass. Ech hunn d’Ruddel mam Akela, dem Mowgli an dem Kaa gefouert, wéi de Won-Tolla géint d’Routhënn gekämpft huet.
©Les Scouts ASBL /E411
Ech hu vill vum Akela a vum Mowgli geléiert. Wéi ech d’Ruddel iwwerholl hunn, hu si mech gutt beroden.
Won-Tolla
Ech gehéieren zu kengem Ruddel. Ech sinn en onofhängege Wollef. Ech hu roueg mat menger Fra a menge Wëllefcher gelieft, bis enges Daags d’Routhënn meng Famill ugegraff an se all dout gemaach hunn. Ech war schwéier blesséiert, wéi ech bei d‘Ruddel vu Seoni koum. Ech wollt si virun deene geféierleche Routhënn warnen. De Mowgli an d’ganzt Ruddel hu mer gehollef d’Routhënn ze bekämpfen. Ech wäert zesumme mam Akela an deem Kaampf stierwen. ©Les Scouts ASBL /E411
Klengt Vollek vun de Fielsen
Mir sinn d’Vollek vun de schwaarze Beien an ëmmer am Schwaarm ënnerwee. Mir wunnen an de Grotte vum Floss Waingunga. Mueres dauert et bësselchen, bis mer waakreg ginn, mee duerno gi mer de ganzen Dag op Fuddersich. Mir sinn ëmmer am Jumm. Wann een eis stéiert, da gräife mer un.
©Les Scouts ASBL /E411
De Mowgli huet sech mat eis zesummegedoen fir d’Routhënn an eng Fal ze lackelen. Hien huet se an de Waingunga gefouert an eis waakreg gemaach, fir dass mir d’Routhënn ugräifen.
Shere-Khan Ech, de schlammen Tiger, sinn dem Mowgli säi gréisste Feind. Ech hu geschwuer hien ze friessen. Ech hunn dem Akela eng Fal gestallt mat Wëllef. Ech wollt, dass hien net méi Chef vum Ruddel kéint sinn an ech seng Plaz kréich. Mee de Mowgli huet mech beleidegt a mech verbrannt. Wann ech eppes am Kaapp hunn, maachen ech alles, fir et ze kréien! De Mowgli a seng Kollegen hu mer eng Fal am Waintunga gestallt. Si hu mech krut, an do sinn ech gestuerwen. ©Les Scouts ASBL /E411
Natu
Ech sinn e ganz jonke Mënsch, de Jong vum Messua an hirem Mann.
Wéi de Shere-Khan an d‘Mënschenduerf koum, huet e mech net krut, well meng Eltere mech am Gestraich vum Dschungel verstoppt haten. Et ass fir d’lescht, wou ech meng Mamm a mäi Papp gesinn hunn.
D‘Messua, meng Mamm, huet gemengt mech rëm ze erkennen, wéi e puer Joer méi spéit de Mowgli an d’Duerf koum.
©Les Scouts ASBL /E411
Rama
Ech hunn de Mowgli begéint, wéi hie an d’Duerf vun de Mënsche komm ass. Ech sinn de Chef vum Trapp Büffelen, déi de Mowgli huet missen hidden. Dat war seng Mënschenaufgab am Duerf.
Mir hu matenee geschwat, an hien huet mech besser behandelt, wéi déi aner Mënschen dat gemaach hunn.
Ech hunn zesumme mat mengem Trapp a mam Mowgli um Réck gehollef, de Shere-Khan an d’Fal vum Waingunga ze lackelen.
©Les Scouts ASBL /E411
23
24 Frëndschaft Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
Shere-Khan
Frëndschaft Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
66 70 75 61 68 34
Rama
64 66 90 74 71 62
Gerechtegkeet
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Frëndschaft
Gerechtegkeet
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
66 82 77 74 71 78
Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
42 86 33 61 27
78
67
79
88
84
75
Frëndschaft
Won-Tolla
Wäisheet
Liewensfreed
Matginn
Wëllen
Gerechtegkeet
Frëndschaft
Phao
25
61
68
62
80
66
73
Klengt Vollek vun de Fielsen
Frëndschaft
Natu
klengen Tumaï
©Les Scouts ASBL /E411
Ech hunn zéng Joer, mee ech kennen de Mowgli net. Am léifste sinn ech an de Bierger bei de wëllen Elefanten. Mäi Papp ass de Mahut, den Meeschter vum Elefant Kala Nag. Hien dresséiert en. Ech géif léiwer op Elefantejuegd goen wéi en Elefant ze dresséieren. Eng Kéier owes, wéi d’Männer all gefeiert hunn, ass de Kala Nag fortgaangen. Ech sinn him nogaangen, an do hunn ech gesinn, wéi déi wëll Elefanten déi ganz Nuecht gedanzt hunn. Ausser mengem Urgrousspapp hat nach ni een dat gesinn.
Kala Nag
Ech kennen de klengen Tumaï, zanter dass hien e Puppelche war. Bei mir spillt hie gär de Chef. Mee dat ass egal, ech hunn hien awer ganz gär. Et kann een ëmmer mol probéieren, bei sou engem ale schwaarzen Elefant, wéi ech ee sinn. An de Bierger soll ech déi wëll Elefanten bei d’Garde vum indesche Kinnek féieren. Ech sinn autoritär, awer gerecht. Ech hunn de klengen Tumaï eng Kéier nuets mat an d’Bierger geholl, fir ëm den Danz vun de wëllen Elefanten ze weisen, deen de ganzen Dschungel zidderen deet. De Mowgli a seng Kollegen hunn ech ni kenne geléiert. ©Les Scouts ASBL /E411
Jakala Wéi all d’Krokodille liewen ech am Floss Waingunga. D’Déieren am Dschungel, vrun allem d’Routhënn, fäerte mech. Eng ganz Nuecht laang hunn ech mam Mowgli an de Sumpfe vum Norde gekämpft.
©Les Scouts ASBL /E411
Darzee
Ech sangen déi ganzen Zäit ganz haart. Mäi Gesang ass ongeschéckt, mee voll gudde Wëllen. Dat ass nun emol meng Manéier fir ze schwätzen. Deen Eenzegen, deen dat verdréit, ass meng Fra. Ech hunn de Rikki-Tikki-Tawi am Gaart vum Teddy senger Famill kenne geléiert. Hien ass en Held. Heiansdo huet hie mech gefrot him ze hëllefen, mee ech hu net verstane, wat hie vu mer wollt. Meng Fra huet sech der Saach ugeholl. Ech hunn de Mowgli a seng Frënn nach ni gesinn. ©Les Scouts ASBL /E411
Ferao
Wann d’Fréijoer kënnt fänken ech un haart ze jäizen, wéi et och d’Spiechte maachen. Ech gi mech drun, wéi e Verléiften ze sangen, an der Hoffnung eng schéi Fra ze fannen.
Ech sinn ëmmer deen Éischten, deen ufänkt ze sangen, an esou wëssen déi aner Déieren, dass d’Fréijoer ugefaangen huet.
©Les Scouts ASBL /E411
De Mowgli mécht e bësselchen de Geck mat mir, well mäi Liddchen am Ufank zimlech falsch kléngt.
Ko
Mäi Liewen am Dschungel ass net spannend. Et ass nun mol keng Freed, e Kueb ze sinn. Ech sange vum Doud, wann déi grouss Kämpf am Dschungel ausgedroe ginn. Ech war do, wéi d’Mënschen sech dout gemaach hunn, fir den Ankus vum Kinnek ze kréien, an och wéi Seonirudel an d’Routhënn sech bekämpft hunn. Ech si vläit kee Kaand vu Freed awer och kee Béisen. All Kéier, wann ech dem Mowgli begéint sinn, wor hien traureg.
©Les Scouts ASBL /E411
25
26
26
Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
75 69 73 66
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Wäisheet
71
Wäisheet
Matginn
34
Matginn
Liewensfreed
Wëllen
71
Wëllen 33
Gerechtegkeet
64
Gerechtegkeet
Liewensfreed
Frëndschaft
62
Frëndschaft
Darzee
Gerechtegkeet
68
Gerechtegkeet
Ko
Frëndschaft
62
Jakala
Frëndschaft
Ferao
79 Wäisheet 61
77 Matginn 77
66
82 Wëllen 34
Liewensfreed
76 Gerechtegkeet 72
96
69
61
88
72
83
74
78
Frëndschaft
Kala Nag
Wäisheet
Liewensfreed
Matginn
Wëllen
Gerechtegkeet
Frëndschaft
68
62
57
43
76
62
55
klengen Tumaï