Skip to main content

deSCOUT No 554

Page 1

No 554 / 95. Joergang

en w ie ’L d r fi l u o h c Eng S

Dezember 2015


VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,

EIS SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT Prêt Cedies1), exklusiv Avantagen an 10 x 1.000 EUR ze gewannen2)

startin.lu

Offer u Konditioune an d’Acceptatioun vum Dossier gebonnen. 2) Valabel fir déi éischt Soucriptioun vum Pêt. D’Suen ginn op däi Compte Courant vu BGL BNP Paribas iwwerwisen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication September 2015

1)


DENEDITO BILDUNG = WËSSEN = RESPONSABILITÉIT = VERSTOEN = RESPEKT = AKZEPTANZ = FRIDDEN Wie mengt, dee weess näischt, seet de Sproch esou schéin. Leider ass dat, an der Zäit vun der totaler Vernetztheet, evetuell nach méi wouer wéi virdrunn. An de leschte Wochen a Méint sinn op der ganzer Welt erëm schrecklech Attentater geschitt - duerch Leit provozéiert, déi mengen ze wëssen, mengen d’Wourecht ze kennen. Vill vun deene jonke Fraen a Männer, goufe manipuléiert, well si eben net d’Chance hate wierklech eppes ze wëssen. An op deeër anerer Säit gi mer mat Informatiounen - ongefiltert an ongepréift - iwwerschott. An esou mengt dann d’ganz Welt ze wëssen, well een aneren eppes behaapt huet. Wësse, well ee sech mat eppes ausernee gesat huet, eppes recherchéiert, geléiert, a sech ugëeegent huet, sech selwer seng Meenung gebilt huet, schéngt iwwerflësseg. Bildung, duerch a mat aneren, a sech selwer, Weider-

DENIMPRESSUM deSCOUT No 554 Périodique officiel de la FNEL Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Redaktioun & mise en page: Anne Simon, Claudine Scheeck, Felix Retter, Nicolas Wurth, Philippe Hanck Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600

entwécklung, konstant perséinlech Entwécklung ass a bleift awer den A an O fir wierklech kënnen eppes ze wëssen, an esou, menger Meenung no, och di eenzeg Chance fir jidderee Responsabilitéit ze iwwerhuelen, net blannemännerches engem op d’Wuert ze gleewen a letztendlech op Fridden. D’Bäiléieren, Weiderbildung, oder wéi mer se bei de Scouten nennen, d’perséinlech Progressioun, ass ee vun de Piliere vun der Scoutsmethod an dofir ass dës Editioun vun DeScout och der Formatioun am grousse Sënn, also der Entwécklung vum Beaver zum Chef dediéiert. Anne “Coco” Simon Chargée à la Communication

DENINDEX 03 04 07 08 09 10 11

DENEDITO DCOVERSTORY DEBEAVER DEWËLLEFCHEN DESCOUT DENEXPLORER DEROVER

12 13 14 15 17 18

DECHEF DESERIÖ DEGLOBETROTTER DERAPPORT DONGD DTRADITIOUN

03


DCOVERSTORY: FORMATIOUN DENEDITORIAL INTERVIEW MAM TOM GIRARDIN, COMMISSAIRE À LA FORMATION Wat ass iwwerhaapt d’Formatioun bei de Scouten? Dat si Campen an Aktivitéite, wou Scouten léieren Chef ze ginn a Verantwortung ze iwwerhuelen, esou, wéi de Mowgli vu senge Léiermeeschteren lues a lues an d’Liewen am Dschungel agefouert gëtt.

Drago, 17 Bien Anouk, 16 Entertainment “Produktiv a kreativ” Anescht Villfälteg Enorm Rau Emma, 16 “D’Formateuren ware ganz motivéis ert an hu sech mega Méih ginn, alle en flott a kreativ ze gestalten. Mir war nei flott och ganz motivéiert an et war Leit kennen ze léieren.”

04

Wat kann d’Formatioun an dat stännegt Bäiléieren jidderengem eenzel bréngen? An de Scoute, an och ausserhalb dovunner. De Wee, deen ee bei der Formatioun geet, hëlleft de Kandidate, lues a lues, ëmmer méi Verantwortung ze iwwerhuelen, an dëst an der Branche, a sengem Grupp, wéi natierlech och am Privatliewen. Weider kann ee sech während der Formatioun kontinuéierlech weiderentwéckelen, esou wéi et jo och schonn als Beaver, Wëllefche, Scout etc innerhalb vun der Branche ass. Deemno gehéiert d’Formatioun zu der grousser perséinlecher Progressioun vum Beaver bis Chef. Des Entwécklung verännert eis als Mënsch an ass dowéinst net nëmmen op d’Scouten begrenzt. Camille, 17 “D’Formatioun war mega interessant an se huet mir vill bruecht, a vill Spaass gemaach.”


Ass een iergendwann e “fäerdege Scout”? Ass dat iwwerhaapt ustriewenswäert? Et ass een ni e fäerdegen Scout - et fënnt een ëmmer, ewéi soss am Liewen, en anere Scout deen nach aner Talenter oder en anert Wëssen huet, ewéi ee selwer. Ech hunn dat zum Beispill vru kuerzem op der Scouts Academy gehat, wou Cheffen an Formateuren aus ganz Europa fir eng Formatioun zesumme koumen. Ech perséinlech striewen ëmmer dono, mech selwer ze verbesseren bei den Scouten an och anerwäerts. Bäiléiere kann a soll ee säi liewen laang. Wat bréngt et dir selwer Formateur/Responsabele vun der Formatioun ze sinn? Déi Funktioun ass mat ville Versammlungen, Diskussiounen an Aktivitéite verbonnen. Dofir schafft ee mat villen anere fräiwëlleg engagéierte Scouten zesummen, déi gemeinsam Valeuren deelen an duerch Spaass a Frëndschaft verbonne sinn. Dee beschte Moment vum Joer ass, wann een um Enn vum Joer um Pow Wow nom verdeele vun den Diplomer all déi houfreg Gesiichter vun de Formateuren an de Kandidaten gesäit; dat motivéiert een dann erëm mat voller Energie an dat nächst Joer ze starten.

Wéini waars du fir d’Lescht iwwerrascht bei enger Formatioun? (Positiv oder negativ) Ech ginn am Fong ëmmer erëm vun der Frëndschaft, der Energie an den kreativen Iddien iwwerrascht, déi bei de Formatiounen entstinn. Heiansdo ginn ech leider och negativ iwwerrascht. Esou zum Beispill rezent vun de ville Leit déi ouni sech ofzemellen net op de Formatiounsaktivitéiten optauchen. Léiers du och nach ëmmer bäi? All Dag, bei all neier Begéinung, Versammlung a Formatioun léieren ech eppes bäi. Dat kënnen nei Leit sinn, oder Bekannter besser kenneléieren, an duerch déi, neit Wëssen an ëmmer eppes iwwert mech selwer ze entdecken. Besonnesch den ‘learning by doing’ erméiglecht engem effizient neit Wëssen unzeeegenen. Joëlle, 29 Id“Flott, interessant. Bréngt vill t, sch erra iww t deeën. Léierräich. Jus dat net och méi eeler Leit do waren.” Frederike, 17 “Et léiert ee vill nei Saachen op eng mega flott Aart a Weis mat super Leit .”

Michelle, 18 ër “Mir haten eng cool Equipe mat dee n.” et Spaass gemaach huet ze schaffe

Philip, 18 “Ech fannen et déck cool hei a sinn . déck traureg dat et elo eriwwer ass l.” coo Et léiert ee mega vill an dir sidd 4 sons 3 sons 2 sons

FNEL FORMATIOUN Progessiounstableau

05


DCOVERSTORY: FORMATIOUN FORMATION CONTINUE ANIMÉIERT GESCHICHTEN ERZIELEN Fir: BV & LX Cheffen an all di aner, déi an der Ëffentlechkeet musse schwätzen. Wéini: Den 20. Januar 2016 um 19h00 am homeFNEL Mam: Anne Simon (Coco) Geschichten erzielen ass net nëmme fir déi Kleng. An et ass och net nëmmen iwwer Wieder, wou eng Geschicht sech soll erzielen. De ganze Kierper ass drann engagéiert. Et ass eng Technik, déi engem och am “grousse” Liewe kann hëllefen, e Message geziilt a lieweg ze vermëttelen. Wien eng Geschicht flott kann erzielen, huet e Virdeel, wann et drëms geet spontan ze improviséieren, di richteg Wieder a Formulatiounen ze fannen, well d’Routine vun der Geschicht an der Phantasie eis erlaabt ausserhalb vun der “Këscht” ze denken.

E puer flott Impressiounen vun eise Formatiounen, dësen Hierscht.

06


DEBEAVER POST VUM BIBU Moie léif Beaver, Ei, elo kënnt déi gemittlech Zäit vum Joer, wou d’Mënsche sech alleguerten an hier Haiser verkrauche, well et fréi däischter gëtt. A mir Biwer sinn nach ganz fläisseg a sammelen Holz, Schuel an Nëss fir de Wanter gutt ze iwwerstoen. Hei e leckert Rezept, dass och dir, als Mënschekanner den Hierscht an de Wanter gutt iwwerstitt! Well d’nächst Joer gesi mer eis alleguerten den 28. Mee am Bambësch fir de Beaverfunday 2016! Also schreif der dat schonn deck an den Kalenner! Beaverklack, Äre Bibu

BOXEBEAVER • • • • • • • •

1 Wierfel Hief 150 g Zocker ¼ L Mëllech 100 g Botter/Margarine 600 g Miel 1 TL Salz 2 Eeër Roséngen oder Schokla fir d’Aen

D'Hief an 1 TL Zocker an der Mëllech opléisen. 10 Minutte stoe loossen. De Botter schmëlzen a mam Miel, Zocker, Salz, den Eeër an der HiefMëllech zu engem glaten Deeg knieden. Zougedeckt op dat duebelt opgoe loossen. D'Boxebeaver formen an nach eemol 10 Minutte roue loossen. Mat Mëllech besträichen (da gi se méi schéi blénkeg) a Roséngen an d’Aen drécken. Da fir 20 Minutten bei 200° an den Uewen. E Gudden Appetit.

07


DEWËLLEFCHEN VERSPRIECHEN Et ass Zäit fir déi nei Wëllef dem Ruddel virzestellen. Déi Wëllef mat de mëlle Patten (Tender Foot S. 19 am Vademecum) maachen hiert Verspriechen op d’Wëllefchersgesetz. E gudde Moment fir all Wëllefchen sech ze erënnere, wat e versprach huet!

de Wollefspapp

ECH VERSPRIECHE MAI BESCHT ZE MAACHEN FIR E GUDDE WËLLEFCHEN ZE SINN AN ALL DAG ENGEM ENG FREED ZE MAACHEN!

ERËNNERS DU DECH NACH UN DI 5 PUNKTE VUM WËLLEFCHERSGESETZ?

SIXER WEEKEND & EXPLO 16. & 17. 04. 2016 MAM SUPERJHEMP A VILL KACHKÉIS

1.

2.

3.

4.

5.

Mir freeën eis wann dir eis Biller vun äerem Versprieche schéckt!

08

louveteaux@fnel.lu


DESCOUT EXPLO 2016

SCOUTSEXPLO 30. - 31. 01. 2016

Schréif der den 30. + 31. Januar 2016 grouss an däi Kalenner! Mat Hëllef vun denge Cheffen organiséiert d’Scoutséquipe dir e flotten Explo!

A ganz wichteg: hei léierst du aner Scoute kennen a Spaass gëtt op dëser Aktivitéit grouss geschriwwen!

Jo, du hues richteg héieren! En EXPLO! Net jidderee wäert nach wësse wat dat ass; dee leschte läit schonn eng Zäitchen zeréck.

Iwerlee dir och schonn eng Verkleedung zesumme mat denger Patrull. D’Thema ass FUESEND! Looss denger Phantasie fräie Laf; wichteg ass awer, dass du an deng Patrull eng gemeinsam Verkleedung huet.

Fro déng Cheffen, oder nach méi einfach: komm mat denger Patrull op dëse flotte Weekend. Sief derbäi a fann et eraus.

CP & SP WEEKEND 16. & 17. 04. 2016

All wéider Infoe kriss du vun denge Cheffe matgedeelt.

PARED E R P BE

LOSCHT OP E BESSI AVENTURE?!? Dann hal der dëse Weekend fräi!

SCOUTSBLOG Vergiesst net: d’Präsenz vun äerer Patrull op dësen 2 Aktivitéiten gehéiert zum SCOUTSBLOG.

09


DENEXPLORER TECHNIK Wann’s de deng Schossel reegelméisseg mat Zalotenueleg areiws, kritt se och keng Rëss.

Salut Explorer, GLOUSBRENNEN ass eng vun deenen eelste Methoden fir aus Holz Schosselen oder Läffelen selwer ze bastelen. Esou kanns du dir däi Geschir selwer hierstellen. Am beschten eegent sech hei fir mëllt Holz: dozou ziele virun allem Weiden, Bierken a Pëppelen. Noolenholz eegent sech wéinst dem Haarz net esou gutt. Op e Stéck Holz, wat ronn 6 Méint gedréchent ass, lees de e Stéck Glous. D'Holz fänkt lues un ze glimmen. Duerch Blosen an d'Glous kanns du de Brennvirgang acceleréieren.

Fir de Läffel brauchs de méi e klengt längelzegt Stéck Holz wat’s de graff an d'Form vun engem Läffel schnëtzels, d‘Verdéiwung gëtt genee esou gebrannt wéi déi vun der Schossel. D’Verdéiwung muss regelméisseg mat engem ale Läffel ausgekraazt ginn, éiers de nei Glous dra lees. Wann d‘Verdéiwung fäerdeg ass, kanns de se mat Sand oder Glaspabeier glat schläifen an d’Schossel bausse mat dengem Täschemesser a Form schnëtzelen.

explorer@fnel.lu

GLOUSBRE

NN E

N

Vill Spaass beim Geschir brennen an e gudden Appetit!

EXPLORER BA 17. Dezember 2015 REMINDER de 17. Dezember ass eis BA zesumme mat de Rover, wou fir d’Stëmm vun der Strooss gekacht gëtt. Wien nach well, ka gäeren eng Hand upake kommen. Mellt Iech iwwert: explorer@fnel

RAID + 22. - 24. 04.2016 OPGEPASST Den Datum huet geännert!

10


DEROVER LÉIERZYKLUS

ROVER BA 17. Dezember 2015

WÉI LÉIERE MIR AUS EISER EEGENER ERFAHRUNG? Eise ganze Léierprozess ka sech ewéi en zouene Krees, e sech widderhuelenden Zyklus duerstellen. Duerch eng Aktivitéit eegene mir eis net nëmme prakteschen Know-How un, mee och Kompetenze wat Organisatioun, Responsabilitéit a Leadership ugeet. An all Projet oder Initiative erliewe mer also 4 Stadien. 1. Reflektioun: et ass wichteg no enger Aktivitéit e Bilan ze zéien an och sech selwer ze evaluéieren. 2. Connectioun: hei geet et drëms, nei Ideeën an neien Input ze fanne respektiv dat wat ee scho weess an en neit Format ëmzesetzen. Et soll ee sech och déi richteg an nëtzlech Froe stellen. Dës kënne sinn: Wat kënne mir aus eiser leschter Aktivitéit léieren? Wouhi wëlle mir als nächst? Wéi kënne mir dat erreechen? Wat hu mir fir Alternativen an Optiounen? More Concrete Doing

Deciding

Reflecting

Conecting

More Abstract More Action

More Reflection

3. Decisioun: an dësem Stadium wëlle mir eis fir e Wee oder eng Léisung entscheeden an dëst soll natierlech argumentéiert an deemno och fundéiert sinn. 4. Aktioun: zum Schluss soll dann dat Ganzt an d'Praxis ëmgesat ginn. An esou fänkt den Zyklus erëm vu vir un. Wéi soss fir all Branche an all Léierprozess am Liewe kann een och bei de Rover dës Methode uwenden an et un eis Aktivitéiten upassen. Esou kéint ee sech zB Gedanken maachen iwwert d’Zukunft vun der Roverbranche, hire Fonctionnement a Verbesserungen déi ee kéint aféieren, fir dass jidderengem bewosst gëtt, dass och d’Rover en integralen Deel vum Scoutismus sinn mat Methoden, Aktivitéiten a Scoutsgeescht.

Rover - FNEL

“The most worth-while thing is to try to put happiness into the lives of others” ROVER B.A. 17/12/2015 - Eng waarm Molzecht fir Menschen déi all Dag d’Keelt op der Strooss verspieren. RDV 10h30: Centre culturel Bouneweg an Uniform. Umellen op rover@fnel.lu

SOIRÉE SUISSE 19. Dezember 2015 “The spirit is there in every boy; it has to be discovered and brought to light.” SOIRÉE SUISSE 19/12/2015 - Reflexioune, Spiller an Discussionen, alles dréit sech ëm d’Thema “ROVER”! Wat fir eng Zukunft fir eis Roverbranche? Ganz informell bei Raclette à gogo fir 15€ um 19h am Home CDBM zu Merl. Umellen op rover@fnel.lu

The wheel of learning - indvidual

11


DECHEF NOTE IT WËLLEFCHER ? Braucht dir Kostümer fir eng DESCENTE? ? Si dir schonn ugemellt fir de KACHDUELL den 29. Januar? Schéckt eis eng Mail bis den 3. Januar 2016 ! Schéckt eis FOTOE vun äre Verspriechen, Descenten a Krëschtcampen! Op FB oder per Mail! Mei Informatiounen zum SIXER WEEKEND AN EXPLO den 16.-17.4.2016 kritt der demnächst am Rapport per Mail oder op Facebook , oder mellt iech op louveteaux@fnel.lu fir matzeschaffen!

Wëllefchers-Branche FNEL

SCOUTEN Deadline Umeldung SCOUTSBLOG Du hues vergiess deng Patrulle bis den 1. Dezember unzemellen, da maach dat elo nach direkt. All INFOE, FROEN asw. w.e.g. un scout@fnel.lu schécken - dës ass déi richteg E-Mail fir eis Saachen zoukommen ze loossen! !!!Wichteg!!! Schéckt eis w.e.g. bis den 20. Dezember 2015 (scout@fnel. lu): eng aktuell Emailsadresse fir dass d’Informatiounen och bei Iech ukommen & aer Patrullen (Numm vum CP/SP+wéi vill Leit) esou dass mir wësse mat wéi vill Leit mir fir di 2 Aktivitéite rechnen. Merci fir d’Kooperatioun!

scout@fnel.lu

RÉUNION SEMESTRIELLE 18. Februar 2016 D’FNEL an Panthères Noires invitéiere sämtlech Cheffen a Responsabel aus de Gruppen an den Equipen op d’RÉUNION SEMESTRIELLE, Donneschdeg, den 18. Februar um 19.00 am Centre Culturel zu Hielem an an d Boufer Schoul . Duerno ass de Pot d’Amitié am Centre Culturel, 120, route de Luxembourg, L-7374 Helmdange. Boufer Schoul, 144 route de Luxembourg, L-7374 Helmdange http://www.lorentzweiler.lu/la-commune-se-presente/plan-de-la-commune

12

FOULARD D’OR 2015-2016 Gruppen déi beim Concours “Foulard d’Or” mat maache sollen sech umellen op carolyn@fnel.lu. ËMWELTBAGE Engagéiert dir iech gäere fir d’Ëmwelt? Ass proppert Waasser a Loft fir äre Grupp en Thema? Huet all Déier a Planz Recht op eng Plaz? Wat fir Gefore ginn et duerch Gëftstoffer?… Wann dës Froe fir äre Grupp interessant sinn, an dir wëllt se behandelen an ärem Grupp méi no bréngen, da kënnt dir den Ëmwelt-Badge maachen. Méi Detailer fannt dir um Site: www.fnel.lu/Activités/Commissariat/Programme/ Environnement+Nature oder mell dech op trixyfeider@gmail.com SENSI-BADGE Le sensi-badge reflète notre combat permanent contre la pauvreté et l’injustice sociale et témoigne notre solidarité envers les habitants défavorisés des pays en voie de développement. Pour plus d’informations et les conditions à emplir pour obtenir le sensi-badge consultez: www.fnel.lu/activités/ Commissariat/Programme/Solidaritéit-Sensibadge

fnel.lu/activites


DESERIÖ CHEFSCOUT Den 28. Oktober 1945, huet de Grand-Duc Jean am Stadion, viru 5000 Scoute, feierlech säi Scoutsverspriechen ofgeluecht. Fir dësem 70. Anniversaire ze gedenken, huet de Chef-Scout all di fréier an aktuell Commissaires Généraux vun der FNEL an der LGS zu Fëschbech empfaangen.

Ronderëm de Chef-Scout, M. Hausemer Georges, M. Matagne Pierre, Mme Faber-Schmit Martine, Mme de la Fontaine Nathalie, M. Aach Guy, M. Pundel Armand, M. Loos Jos, M. Kayser Georges, Mme Ludwig Marcelle, Mme Bisdorff Sylvie, M. Grotz Roy.

13


DEGLOBETROTTER ACADEMY 2015 Souvill Leit waren nach ni vun der FNEL op der Academy. Et war eng super Méiglechkeet sech auszetauschen, nei Methoden ze léieren, Input ze kréien a Frënn aus ganz Europa kennen ze léieren. Mir si motivéiert vu Porto erëm komm, waren a Coursen ewéi „Strategie Entwécklung“, „Mentoring“, „Young Spokesperson“ an „Scouting in the 21st Century“. Mier krute vun de Portugisesche Scouten vill vun der Portugisescher Kultur gewisen, hunn um Internationalen Owend Kachkéis an Zoossiss zerwéiert, an di bescht Methoden aus der FNEL virgestallt. Elo si mer heiheem, an ginn eist geléiert Wësse weider an probéieren nach méi Leit fir di nächst Academy ze begeeschteren.

WANTED: HEAD OF CONTINGENT & CONTINGENT MANAGEMENT TEAM FIR DE ROVERMOOT AN ISLAND 2017! Fir den Zäitraum Februar 2016 bis August 2017 siche mir e motivéierte Responsabel fir de Rovermoot an Island. Och fir an d’Plannings Ekipp brauche mer Leit. Wann s DU also gutt Englesch kanns, Loscht hues an enger Ekipp ze schaffen an en Deel ze si vun engem vun deene coolsten internationalen Events, da mell dech bis den 1. Februar 2016 op international@fnel.lu

14

15th World Scout Moot Iceland

worldscoutmoot.is international@fnel.lu


DERAPPORT JOTA JOTI Léif Guiden a Scouten, léif Amateurfunker, dëst Joer war den Jamboree on the Air an den Jamboree on the Internet vum 16. - 18. Oktober. Et hunn 9 JOTA an 11 JOTI Statiounen matgemaach an dat mat 160 Kanner, Cheffen an Amateurfunker. Dëst Joer wollte mer fir déi éischte Kéier eng bestëmmte Kommunikatiounsmethod ervirhiewen. An zwar war et fir de JOTA 2015 den SSTV. SSTV steet fir Slow Scan TeleVision an ass eng Method fir Fotoen iwwert Funk ze verschécken. Dëst ass eng analog Betriebsaart an d’Bild dat verschéckt gëtt, gëtt Zeil fir Zeil ofgetaascht a verschéckt.

All eis Guiden a Scoutsgruppen déi um JOTA matgemaach hunn haten sech och gutt preparéiert an hunn äifreg Fotoen hin an hier geschéckt. Virun allem huet een dëst beim nationale JOTA Spill gesinn, wou et haaptsächlech drëms gaangen ass, fir Fotoen iwwert SSTV auszetauschen an esou verschidden Hiweiser ze sammelen. D'Spill war awer esou organiséiert ginn, dass och Guiden a Scoutsgruppen matmaachen konnten, déi just beim JOTI derbäi waren.

An der Hoffnung dass du an däi ganze Grupp d’nächst Joer mat derbäi sidd, wënschen mir Iech 73, an d'lénks Patt Scouting in Luxembourg Aarbechtsgrupp „Alexander Graham Bell“ AK

De JOTA/JOTI war, wéi all Joer, en onvergiessleche Weekend, mat villen nationalen an internationalen

GRUPPE VUM JOTA LX1JAA LGS - St. Paul Bieles LX1JAB LGS - Abbé Pierre Beetebuerg LX1JAC LGS - St. Benoit Clierf LX1JAD FNEL - Greng Scouten Diddeleng LX1JAF FNEL - Wëll Säi Steesel LX1JAQ LGS - St Hubert Ste Bernadette Stengefort LX1JAZ FNEL - Mamer Wiselen LX1JBA LGS - St. Pierre Äischen LX1JAM Zentral Statioun JOTA-JOTI Spill

jotajoti.lu

Kontakter, wou mir all vill nei Leit konnte kenneléieren.

GRUPPE VUM JOTI LGS Saint Pierre Äischen LGS Abbé Pierre Beetebuerg LGS Saint Paul Bieles FNEL Greng Scouten Diddeleng FNEL Peaux rouges Diddeleng FNEL Bisons futés Fréiseng LGS Saint Alphonse Lëtzebuerg FNEL Mamer Wiselen LGS Hellege Märten Sandweiler FNEL Wëll Säi Steesel LGS St Hubert Ste Bernadette Stengefort

15


Votre garant de qualité www.provencale.lu

LES HALLES DE LUXEMBOURG | MARCHÉ DE GROS D’INTÉRÊT NATIONAL La direction et le personnel de La Provençale vous souhaitent de Joyeuses Fêtes


DONGD-FNEL TEMOIGNAGE DE RANJU PANDEY, PRÉSIDENTE DE SETU NEPAL (projet 006) ONGD-FNEL : quel est le rôle de Setu Népal ? Ranju : Créée en 2001, l’association SETU Nepal – Bridging the Gap a pour objectif général d’aider les femmes et les enfants nécessiteux à regagner leur indépendance et de leur donner les moyens de vivre dignement.

ING MARATHON 28 mai2016 L’ONGD-FNEL participe de nouveau à l’ING MARATHON 2016. Nous collecterons des fonds pour financer le programme d’appui aux mères et enfants atteints du VIH/ SIDA à Katmandou et à Tarkughat au Népal (projet 006). Notre objectif est de réunir le plus d’inscriptions possibles. Si le projet vous tente, nous vous demandons de vous inscrire à la course choisie auprès de l’ING Night Marathon sur le site www. ing-night-marathon.lu tout en écrivant dans la case Club/Société: « ONGD FNEL », de payer les frais d’inscription et de confirmer votre participation à Paule Lemmer (email : paule.lemmer@team.lu ou mo-

Quels projets menez-vous ? Ranju : Actuellement nous menons deux projets de long terme : le premier concerne les femmes en prison (projet 006), nous préparons leur réintégration dans la société en développant leurs compétences via diverses formations. Le second projet concerne les enfants atteints par le VIH / SIDA, nous finançons leurs soins et leur éducation. Nous travaillons au maximum en lien avec leurs mères, en les formant pour qu’elles puissent subvenir aux besoins médicaux de leurs enfants. Enfin, nous gérons une maison d’accueil permanente de 14 places pour ceux qui sont rejetés de leur communauté Comment les séismes vous ont-ils touchés ? Comment avez-vous réagi ? Ranju : Par chance nos bâtiments n’ont pas été touchés, nous avons donc pu continuer nos activités. Nous avons par contre observé que la fréquentation scolaire avait baissé dans les districts ruraux voisins car les élèves ne pouvaient se nourrir le midi, à cause des pénuries. Nous avons donc lancé un programme nutritionnel pour fournir les repas dans deux écoles, bientôt suivies par sept autres.

MERCI DE SOUTENIR LES ACTIONS DE L’ONGD-FNEL Grâce à votre mobilisation sur internet, nous avons été classé 22ème sur 40 aux ING SOLIDARITY AWARDS 2015 ce qui nous a permis de récolter 1 000€ !

ongd-fnel.lu

ongd-fnel

bile : +352 621 306 918).

D’avance merci de passer cette invitation à vos amis coureurs…

CCPL LU10 1111 1003 3032 0000

17


DTRADITIOUN LE WOODBADGE

LA FNEL ET LA FORMATION WOODBADGE

se constitue de 2 bûchettes ou tisons et un lacet de cuir. Cet insigne des bois reconnaît la compétence des chefs scout partout dans le monde. Trop souvent considéré comme privilège d’une petite élite, il sanctionne l’accomplissement avec succès du dernier cycle de formation de chef scout. Ce n’est pas une décoration, ni un signe lié à une fonction. Les bûchettes de bois jaune-brun passées au feu sont un souvenir de la chaîne du grand chef zoulou Dinizulu que B.P. rapportera de la compagne contre les Zoulous en 1887.

Une fédération scoute dynamique, soucieuse de la qualité de son scoutisme fera donc tout ce qu’elle peut, pour offrir au plus grand nombre possible de ses chefs l’occasion d’aller jusqu’au bout du cycle de formation, plutôt que de le réserver à un petit cercle d’élus. Depuis que cette méthode de formation existe, la FNEL tient à exposer ses chefs aux idées, aux techniques et aux contacts d’autres responsables scout à l’étranger pour cette formation d’approfondissement, l’université scoute.

Le chef récompensé des bûchettes, reçoit aussi le foulard Gilwell. Le foulard de Gilwell est de couleur grège ou saumon clair à l'extérieur, et rouge à l'intérieur. Ces couleurs et leur disposition peuvent symboliser les braises ardentes qui couvent sous les cendres, ou l'ardeur et l'humilité. Le tissu spécial qui est utilisé pour sa confection protège de la chaleur et des rayons du soleil. Il était uniquement fabriqué en Inde. Un rectangle d'étoffe à carreaux écossais, le tartan de la famille McLaren, est cousu sur la pointe extérieure du foulard en l'honneur de William F. de Bois McLaren, ami de Baden-Powell, qui acheta en 1918 la propriété de Gilwell Park et en fit don au scoutisme. Avec ce foulard, les candidats de la formation deviennent membre de la “1st Gilwell Park Group” de BadenPowell. Une réunion Gilwell annuelle groupe ses membres au premier week-end de septembre depuis 1920 au Gilwell Park, ainsi qu’aux Jamborees.

18

Un relevé des “Wood badge holders” de la FNEL énumère une centaine de responsables qui ont suivi avec succès cette formation à l’étranger depuis 1936. Les trois premiers de la FNEL à accomplir cette formation étaient Nico Müller, Fred Lauf et Jean David en 1936. La première cheftaine Jeanne Brasseur. Quelques chefs ont aussi suivi les cours de formation suivants, donc les brevets à 3 ou 4 bûchettes et s’engagent à leur retour comme formateurs à la formation de la FNEL. Tous les chefs de la FNEL qui ont suivi les deux cycles de formation (assistant et chef d’unité) pendant deux ans, ont le droit de participer à ce troisième cycle en respectant le règlement approuvé par le Comité de Direction du 15.01.2002. Rudy von Graes Commissaire à la Formation 1987-1993


*Nous vous garantissons que Marcel n’a pas été maltraité...

*

UN OBJECTIF À ATTEINDRE?

Cactus vous soutient!

MA ALLE RC Z EL !


P. GRETER & F. SCHUMACHER Agence Principale d’Assurances (Succ. WELTER) 2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
deSCOUT No 554 by FNEL Scouten a Guiden - Issuu