l a i z e p s
No 552 / 95. Joergang
September 2015
EISANNONCEUREN
UN OBJECTIF À ATTEINDRE?
Cactus vous soutient!
DENINDEX 03
DENIWWERBLÉCK
12
DSPILL (SG -1. Deel)
04
DEBEAVER
15
DENEXPLORER & DEROVER
08
DEWËLLEFCHEN
17
DSCOUTSMETHOD
10
DESCOUT
19
DKAARTESPILL (LX)
DENIMPRESSUM deSCOUT No 552 Périodique officiel de la FNEL Agence WELTER SARL succ.P.Greter
et F.Schumacher
L-5650 Mondorf-les-Bains
Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Redaktioun & mise en page: Anne Simon, Claudine Scheeck, Commissariat au programme Fotoën : Archive FNEL Drock : Hengen Print & More Oplo : 4600
02
DENIWWERBLÉCK TRADITIOUNE, RITUALER AN D’SCOUTSMETHOD. EN IWWERBLÉCK. Léiwe Beaver, Wëllefche, Scout, Explorer a Rover, Léif Elteren, Et gëtt eng Hellewull Jugendmouvementer op der Welt, mee d’Scouten sinn dat, wat sech duerch eng Rëtsch Traditioune, Ritualer an enger klorer Method vun deenen aneren ënnerscheed. Dëst ass näischt wat eis e groe Baart mécht, glat a guer net! Et ass eppes, woumatter mir eis kënnen identifizéieren, ausernee setzen an eng Gemeinsamkeet mat alle Scouten op der ganzer Welt fannen an eis trotzdem ganz individuell entwéckele kënnen. Dat ass sécher eng vun de wichtegen Eenzegaartegkeete vum Scoutismus. Dofir gëtt et iwwert dëst ganzt Scoutsjoer 4 Spezialeditioune vum DeScout, déi sech nëmme mat der Scoutsmethod an hire Ritualer an Traditioune beschäftegt. Do fënns du, op Beaver oder Rover, ëmmer een allgemengen Deel, dee fir all d’Branchen zielt (an dëser Ausgab op S.17), an da kanns du nach op der Säit vun denger Branche liese, mole, probéieren a spillen, a Saache gewuer ginn, déi et nëmme bei iech gëtt. ELO KUCK SEIER OP DER SÄIT VUN DENGER BRANCHE, DO STI BESTËMMT NACH E LAUTER INTERESSANT SAACHEN.
03
DEBEAVER MENG ÉISCHT SCHRËTT Moie léiwe Beaver, ech sinn de Bibu, dee jonke, grousse Beaverjong! Du weess net genau wat e Beaver ass? Ma kuck a lies dës Zeitung vun elo u genau, da léiers du eis kennen! Esou gesinn ech aus:
Ech hunn en décke Pelz, dass et mir ni kal gëtt am Waasser.
Ech hu staark a laang Zänn, fir d’Beem ze fällen, déi ech duerno fir mäin Damm benotzen kann.
Ech hunn e grousse Schwanz, dee mir beim Steieren a Rudderen am Waasser hëlleft, awer och fest „klack“ mécht, wann ech op d’Waasser schloe fir meng Frënn virun eppes ze warnen.
Wéi s du gesäis, kann a weess de Beaver Bibu scho Villes an en schafft fläisseg an hält eréischt op, wann d’Arbecht gutt gemaach ass. Bass du och esou fläisseg? Kenns du zum Beispill d’Beavergeschicht? Mat all den Déieren? Hues du schonn eng Kéier e Bild zu der Geschicht gemoolt? Hues du eppes, wat s du besonnesch gäre méchs? An ëmmer probéiers besser ze ginn do dran? Dann hues du déi blo Krall „ E Beaver ass fläisseg“ méi ewéi verdéngt! Mol se séier hei faarweg a weis se dengem Chef.
04
Mat menge staarken Patte kann ech gutt buddelen.
SCOUTSMETHOD DE BIBU GEET OP D’REES
05
DEBEAVER
06
07
DEWËLLEFCHEN DSCHUNGELGESCHICHT Du kenns bestëmmt Dschungelbuch vum Rudyard Kipling! An 2 Bicher opgedeelt erzielt et d’Geschicht vum Mowgli deen am Dschungel bei de Wëllef opgewuess ass. De Kipling ass en englesche Schrëftsteller deen vun 1865 bis 1936 gelieft huet, 15 Bicher geschriwwen an den Nobelpräis fir Literatur kritt huet.
An der Wëllefchersbranche liewe mir esou, wéi de Mowgli mat de Wëllef, zesummen an enger Meute. An dengem Vademecum fënns du d'Kuerzfaassunge vun e puer Geschichten aus dem Dschungelbuch. Et ginn der awer vill méi, déi deng Cheffen dir kënnen erzielen. Dacks kanns du an deng Frënn iech a Situatiounen déi dir erlieft hutt an de Geschichten erëmerkennen. Dschungelgeschicht ass déi grouss Traditioun bei de Wëllefcher op déi sech all d'Elementer vun der Scouts-method, wéi se hannen an dëser Zeitung beschriwwen ass, erëmfannen. Aus der Dschungelgeschicht ergëtt sech deng Progressioun (Entwécklung – an der 2. Spezialzeitung DeScout) mat de Badger, d'Verspriechen, d'Devise an d'Gesetz (3. Ausgab), an d'Zesummeliewen an der Meute (4. Ausgab). D'Dschungelgeschicht léiers du net nëmmen duerch d'Nolauschteren an erziele kennen, mee wann deng Cheffen oder di grouss Wëllef eng DESCENTE spille, kanns du se och kucken. Eng Descente ass en Theaterstéck, wou een Deel aus der Dschungelgeschicht gespillt gëtt.
08
An dëser an deenen nächsten Ausgabe vun dëser Spezialzeitung fënns du och ëmmer nei Kaarte mat Personnagen aus dem Dschungel mat deenen s du, wann s de se bis all gesammelt hues, verschidde Spiller maachen, déi mer der no an no erklären. Hei schonn emol dat éischt: ten dee genannte Wäert op senger BATTLE ËM D’WÄERTER (Quartett): (ab 2 Spiller) eegener Kaart huet. Dee mat deem Di mof Karakterkaarte gi gläich- héchste Wäert huet dee Streech méisseg ënnert iech opgedeelt. gewonnen an kritt alleguerten All Personnage huet Punkten fir d’Kaarten aus deem Tour – also gewësse Wäerter (Frëndschaft, Ge- jidderengem seng éischt. Deen deen den Streech gewënnt gëtt den rechtegkeet, Deelen…) Dee mat de mëllste Patte fänkt un: hie sicht neie Wäert un an esou weider. Dee sech vun der éischter Kaart déi en keng Kaarte méi huet ass eraus, an an der Hand huet e Wäert eraus. deen dee se um Enn alleguerten Elo kuckt jiddereen wéi vill Punk- huet, huet gewonnen. Elo kuck séier hei an der Zeitung wou deng Dschungelkaarte sinn, dass de keng verpass. VERBANNSPILL Verbann all Figur mat hirer gréisster Karaktereegeschaft!
beschützend opmierksam Baloo
Mowgli
Ikki
loyal, trei duerchdriwwen wëssend
Mang
geschwätzeg Rakscha
groe Brudder
09
DESCOUT Léiwe Scout, Ritualer an Traditioune spillen och an denger Branche eng wichteg Roll. Op dengem Wee duerch d'Scoutsbranche gees du duerch vill kleng Etappen, déi s du elo zesumme mat denger Troupe oder Patrull a Form vun engem Gänsespill nach emol duerchgees oder och vläit nei entdecke kanns. An dëser an an deenen nächsten Ausgaben vum DeScout Spezial iwwert d'Ritualer an d'Traditiounen fënns du 4 Deeler vun engem Gänsespill zum Thema Ritualer an Traditiouen, esou ewéi d'Spillregelen, d'Froen an d’Aufgabe vum Gänsespill an net ze vergiessen, d'Spillfiguren, den Scoutsdapp. Dofir maach d'Ae grouss op, dass du näischt verpass. Klengen Tipp: Zéck net am Scoutsbichelchen nozekucken oder däin Troupe Chef ze froen, wann s du eemol eppes net kenns oder net weider weess. Lies och ëmmer den allgemengen Deel an all Zeitung (an dëser Ausgab op Säit 17). Do geet et ëm déi Traditiounen a Ritualer déi all Branche betreffen.
Vill Spaass!
10
11
14
DENEXPLORER ENTREPRISE & METHODE An der Unitéit/Clan plangen an organiséiere mir zesumme verschidden Entreprisen/Aktivitéiten. ENTREPRISE À COURT TERME: Dës Entreprise erstreckt sech just iwwert e puer Wochen, z.B. eng Sortie, e Weekend oder eng B.A. ENTREPRISE À LONG TERME: Dës Entreprise erstreckt sech iwwert e puer Méint oder esouguer ee ganzt Joer, z.B. e Camp, en Theaterstéck oder soss e Projet. WAT BRÉNGT EIS D’ENTREPRISE / DÉI GEMEINSAM ORGANISATIOUN?
D’IDDI
An der Unitéit/Clan gëtt de Gruppegeescht gestäerkt duerch zesummen erreechten Ziler. Doduerch dat d’Unitéit mateneen d’Entreprise plangt, dass de Clan zesumme seng Aktivitéite festleet an ausféiert, léiert all Member mat jidderengem eens ginn, a Meenungsverschiddenheeten auszediskutéieren. D’Toleranz gëtt méi grouss.
Jidder eenzelne Member vun der Unitéit/Clan soll d’Méiglechkeet hunn, seng Iddien dem Grupp matzedeelen. Dofir maacht der am beschten zesummen e Brainstorming.
ALL Member vun der Unitéit/Clan léiert sech selwer, seng Grenzen, seng Talenter a seng Schwächten kennen. Hie léiert seng Meenung éierlech soen a selbstänneg Décisiounen huelen. En Explorer soll léiere, selwer op sech opzepassen, a mam gudde Beispill virzegoen. De Rover soll dat scho souwisou esou maachen a geléiert hunn a weider esou ëmsetzen.
Wann dir elo bannent der Unitéit/ Clan eng Iddi eraussicht, sollt dir iech all op eng eenegen. Dëst kann am Ufank relativ schwiereg sinn. Probéiert awer är Iddi weider auszeschaffen, bis jidderee sech dermat identifizéiere kann. Bei den Explorer kann de CU natierlech dobäi hëllefe mee e soll a wäert iech keng Iddi um gëllene Plateau zerwéieren.
DEROVER
15
DENEXPLORER FICHE TECHNIQUE
TIPPS:
D’Plangen ass am Ufank déi schwieregst Phase an der ganzer Entreprise. Kuckt dass der net d'Flemm kritt, well d'Plangen ze laang dauert. Maacht een Organisatiounsplang, wou dir festleet wat organiséiert muss ginn, a bis wéini a wie wat mécht.
Hänkt iech an ärem Reuniounssall ee Planning op. Hei drot dir alles an, wat dir scho gemaach hutt, a wat nach ze maachen ass. Esou kritt jiddereen aus der Unitéit e besseren Iwwerbléck iwwer dat, wat nach ze maache bleift.
Bei der Opdeelung sollt dir bei ären éischten Entreprisen dorop oppassen, dass jiddereen dat maache kann, wat e wëllt oder woufir en Talent huet. Net dass de Jempi, deen e Bifdeck net vun engem Schnitzel ënnerscheede kann, de Menü alleng opstelle muss. Maacht iech d’Liewen also net méi schwéier wéi et ass. WIEN ORGANISÉIERT WAT? All Member vun der Unitéit/Clan soll sech un der Organisatioun bedeelegen. Kuckt dass déi eenzel Aufgaben gläichméisseg tëscht all Mënsch opgedeelt sinn.
Et geet dacks méi séier, wann dir iech a Gruppen andeelt an do e Konzept ausschafft. Duerno gëtt dat der ganzer Unitéit virgestallt, an d’Unitéit brauch et (wann et valabel ass) just nach z’akzeptéieren. Presentéiert all Versammlung e Rapport iwwer d’Progressioun vun der Aarbecht.
D’REALISATIOUN D’Realisatioun besteet aus der Exekutioun vun deem Geplangten, also der Aktivitéit selwer. Dat wichtegst ass, dass dir all zesummen een Zil erreecht (z.B. beim Hike ass dëst är Schlussdestinatioun). An egal wéi, wäert der net déi éischt an och net déi lescht déi en Zil net géingen erreechen. Aus Feeler léiert een am meeschten.
Fail, fail again, fail better. Samuel Beckett
DEROVER 16
SCOUTSMETHOD DSCOUTSMETHOD WAT ASS IWWERHAAPT D’SCOUTSMETHOD? De B.P. huet d’Scoutsmethod entwéckelt an definéiert, et geet drëms dass mer am Spaass, Spill an doduerch dass mer et maachen, aplaz, ewéi an der Schoul zum Beispill, just erkläert kréie, eppes Neies léieren an eis, jiddereen a sengem eegenen Tempo weiderentwéckelen. No dësem System funktionéieren d’Scouten op der ganzer Welt. Iwwer méi ewéi honnert Joer hu sech esou eng Réi Traditiounen a Ritualer entwéckelt, déi et haut nach ëmmer ginn, esou ewéi fréier, anerer sinn ewechgefall oder neier duerch technesch Entwécklungen zum Beispill derbäi komm (De JOTA ass haut net nëmme méi en Jamboree on the Air - also e weltwäite Funk-Camp, mee och e JOTI, also on the Internet, an dee gouf et virun 20 Joer emol nach net).
Verschidde Ritualer maachen d’Scouten op der ganzer Welt (Uniform, Versprieche, Gesetz), aner Traditioune ginn et just pro Land, Regioun, Federatioun, Grupp, oder Branche (De BeaverFunDay ass zum Beispill just fir d’Beaver vun der FNEL, während Dschungelbuch an der ganzer Welt als Basis fir d’Branche vun de Wëllefcher benotzt gëtt).
Dofir wäerte mir et sécher net fäerdeg bréngen all Traditiounen a Ritualer opzezielen iwwert déi nächst puer Zeitunge, mee awer e gudden Deel. Wat awer all d’Branchen vun alle Scoute vun all Alter op der ganzer Welt sécher gemeinsam hunn, ass dass si no der Scoutsmethod schaffen. Dës besteet aus 7 Haaptelementer, déi a verschiddene Forme fir all Branche erëmkommen. E grousse Rover interesséiert d’Geschicht vum Bibu vläit net méi esou vill, mee dofir ginn d’Rover zesummen op de Moot an e klenge Beaver oder Wëllefche ka vläit nach net an d’Ausland fuere fir do Schoule mat hëllefen ze baue, mee och hien huet Méiglechkeeten all Dag eng gutt Dot ze maachen.
17
TRADTIOUNE DSCOUTSMETHOD
RITUALER
DÉI 7 ELEMENTER VUN DER SCOUTSMETHOD VERSPRIECHEN A GESETZ - ass fir all Branche liicht adaptéiert, mee et seet am Prinzip dat selwecht. LEARNING BY DOING - ass di grouss Léiermethod vun de Scouten: wann ech eppes selwer maache, léieren ech am meeschten an am séiersten. Et heescht och, dass ee ka Feeler maache, well duerch Feeler léiert een. DE "PATRULLE" SYSTEM - dësen heescht esou, well de B.P. fir d'alleréischt d'Branche vun de Scoute gegrënnt huet. Mee heizou zielen awer alleguerten di kleng Gruppen aus all Branche, (Damm, Sixaine, Unitéit, Clan). Et geet dobäi, dass dee klenge Grupp, sech, ofhängeg vun der Alters-Stuf natierlech méi oder manner, selwer organiséiert. DE SYMBOLESCHE KADER - dozou gehéiere virun allem d'Geschichten, déi an deene verschidde Branche virkommen, d'Themen, déi e Camp oder eng Sortie huet, fir hier eng speziell Atmosphär ze ginn, an natierlech d'Uniform, Kreescher, Bon'e, Ritualer wéi mer opstinn oder schlofe ginn, Geschichten an alles wat mat der Fantasie ze dinn huet. PERSÉINLECH PROGRESSIOUN - heescht dass jidderee fir sech an am klenge Grupp sech kann a wäert a sengem Tempo an no senge Méiglechkeeten entwéckelen. Heizou gehéieren d'Badger an all Branche, an natierlech och spéiderhin, de Wee zum Chef. NATUR - ass den ideale Setting fir d'Scoutsmethod ze exploréieren. Vun an an der Natur ka jiddereen entdecke, bäiléieren, spillen, ausprobéieren, Verantwortung a Respekt weisen, a seng Fantasie spille loossen. ERWUESSENEN ËNNERSTËTZUNG - De Chef ass ewéi e grousse Brudder: e Virbild, een deen duerch seng Erfahrung scho méi weess, ewéi ee selwer. En ass do fir dech an däin Damm/Sixaine/Patrull/Unitéit/Clan ze ënnerstëtzen an iech ze hëllefen iech, lues a lues selbstänneg ze organiséieren.
18
Akela
©Les Scouts ASBL /E411
Ech sinn de Chef vum Seoni-Ruddel. E gudde Jeeër an en zimlechen Eenzelgänger. Ech si frou mat alle Wëllef vu mengem Ruddel, an ech beschütze se, well ech si staark a gescheit. Ech féieren se am d’Dschungel an ech bréngen deene Jéngste bäi, wat se musse wëssen, fir staark a gerecht ze sinn. Ech halen op d’Traditioun an op d’Éier vum Ruddel. Ech sinn e richtegen Gentleman. De Mowgli huet mer d’Liewe gerett, wéi ech am Shere-Khan seng Fal gerode war. Dofir hunn ech dem Mowgli gehollef, de Shere-Khan dout ze maachen, an ech hu mäi Liewe gelooss am Kaampf mat de Rouden Hënn, fir d’Éier vum Won-Tolla ze retten.
Buldeeo
Jo, ech sinn en dichtege Jeeër, an d’Leit am Duerf erkennen dat un. Mee trotzdem erzielen ech gär Geschichten an erfannen der och, fir bei den Duerfleit unzeginn. Ech verfollegen de Mowgli a seng Elteren. Fir mech ass hien een Däiwel. A seng Eltere sinn Zaubermeeschter. Wéi de Mowgli an d’Duerf koum, huet Aplaz seng Aarbecht ze maachen, huet hien de Shere-Khan dout gemaach. Ech hunn alle Leit am Duerf gezielt, ech hätt den Tiger ëmbruecht, fir d’Belounung ze kréien. Wéinst mengem Gestëppels hunn d‘Duerfleit de Mowgli net akzeptéiert. ©Les Scouts ASBL /E411
Bagheera a geféierlech. Ech sinn e Spezialist vun der Juegd - ewéi et sech fir e gudde, schwaarze Panther gehéiert. Ech hunn dem Mowgli alles op dësem Gebitt bäibruecht. Dobäi sinn d’Éier an de Respekt vum Dschungelgesetz ganz wichteg fir mech. Ech war dem Mowgli säi Pätter, wéi en an d’Seoni-Ruddel komme sollt. Dofir hunn ech hinnen e Stéier, deen ech dout gemaach hat, geschenkt. De Mowgli ass de Stär vu mengem Liewen. Et mécht mer Freed, hien ze beroden a mat him ze diskutéieren. ©Les Scouts ASBL /E411
Dholen (d‘Routhënn)
Mir kommen aus der Géigend vun Dekkhan aus dem Dschungel. Wa mer am Ruddel op d’Juegd ginn, da si mer fir ze fäerten, a mer maachen alles dout, wat eis iwwer de Wee leeft. Souguer de ShereKhan fäert eis. Mir hunn d’Famill vum Won-Tolla dout gemaach. Hien ass bei d’Seoni-Ruddel Hëllef siche gaangen. De Mowgli huet eis mam Klenge Vollék vun de Fielsen, dem Akela, dem Phao an dem Won-Tolla eng Fal gestallt. Vill vun eise Leit si gestuerwen, mee den Akela an de Won-Tolla och. Déi aner Déiere soen, mir wiere béis a mir hätte keng Perséinlechkeet, well mir blannemännches eisem Chef follegen. ©Les Scouts ASBL /E411
Baloo
Ech sinn de Léiermeeschter vum Dschungelgesetz. Ech bréngen de Wëllef d’Gesetz, d’Prinzipien an d’Gebräich bäi. Ech hale Schoul ënnert engem décke Mawa, engem Bam mat roude Blummen. Ech war dem Mowgli säi Pätter, wéi hien an d’ Ruddel vu Seoni opgeholl gouf an ech hu beim Fiels vum Grousse Rot a sengem Numm geschwat. Ech sinn ëmmer gutt gelaunt an ech passen op meng Wëllef op, besonnesch op de Mowgli. Déi aner Déiere soen, ech wär gescheit, well ech vill weess, a si respektéiere mech dofir. De Mowgli ass mir immens wichteg, och wann ech heiansdo granze muss, ewéi all gudden ale bronge Bir.
©Les Scouts ASBL /E411
Tchil
Ech hunn d’Spur vum Mowgli fonnt, wéi d’Bandar-Log hie gekidnäppt haten, an ech hunn dem Baloo an dem Bagheera gesot, wou si hie géife fannen.
Ech versti mech gutt mat all Mënsch, an oft sangen ech, wann ech fléien. Ech si jidderengem säi Kolleg am Dschungel, och wann ech net esou richteg frou mat hinne sinn.
Zum Schluss, wann se dout sinn, komme se awer souwisou all bei mech, well ech sinn en Aassfréisser. Als Geier hunn ech de Bléck vun Uewen an bréngen d’Noriichten aus der Loft.
©Les Scouts ASBL /E411
19
20 Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
81 77 84 82
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Frëndschaft Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
74 69 76 72 66 73
Frëndschaft
Gerechtegkeet
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Tchil
Gerechtegkeet
86
Gerechtegkeet
84
72
79
96
97
85
27 38 76 23 60 44
Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
21 34 20 52 18
83
61
73
82
95
74
Frëndschaft
Buldeeo
Wäisheet
Liewensfreed
Matginn
Wëllen
Gerechtegkeet
Frëndschaft
Akela
23
Dholen (d‘Routhënn)
Frëndschaft
88
Bagheera
Frëndschaft
Baloo
Bandar-log
Thuu
Ech wunne ganz ënnen an de kale Grotte, wou ech dee schéinste vun alle Schätz versuergen: dem Kinnek säin Ankus. Dat ass eppes ewéi e Bengel vu 60 cm mat enger Spëtzt aus Eisen, mat deeër een d’Elefanten dirigéiere kann. Ech si fest dervun iwwerzeegt, dass nach aner Männer a Kinneken heinidden an de Kaale Grotte liewen, mee ech wäert jiddereen, deen hei de Schatz klaue komme wëll, dout maachen. Ech sinn daf, meng Ae si rout ewéi Rubinsteng an ech kennen déi ganz Wourecht an d’Geschicht vum Dschungel. Mäi Numm heescht ‹Ale verdréchente Stronk›, ech sinn nämlech eng ganz al wäiss Kobra. ©Les Scouts ASBL /E411
Mir sinn e Vollek dat ouni Gesetzer an ouni Chef lieft. Am léifsten Sangen an Danzen mer, a ganz besonnesch gär zerklappe mer eis, ouni ze wësse firwat. ‘T ass wouer, mee mer vergiessen ëmmer alles. Déi aner Déiere wëssen, dass mir arrogant a béis sinn an drop an derwidder léien. Enges Daags hu mer de Mowgli gekidnappt, well mir wollten, dass hien eise Chef géif. Dat war dach ganz normal, well genau wéi mir Afen geet hien op zwee Féiss. Awer de Bagheera an de BaMowgli ze retten. De Kaa ass eise gréisste Feind. Mir sinn ëmmer an der Clique ënnerwee a sprange vun engem Aascht op deen aneren. ©Les Scouts ASBL /E411
Nag a Nagaina
©Les Scouts ASBL /E411
Awer dunn ass de Rikki-Tikki-Tawi komm an huet eis ganz Pläng op d’Kopp gehäit. Dobäi hunn him säi schaarfe Kreesch a seng Vitesse vill gehollef.
Mir wëlle si op jiddwer Fall dout maachen, fir dass mir d’Haus ganz fir eis hunn. Dann hunn eis kleng Kobrae genuch Plaz, fir grouss ze ginn.
Mir wunnen am Gaart vum Teddy a senger Famill.
Ikki Ech sinn d’Stachelschwäin, hunn ëmmer eppes Neits op Lager a sinn eng richteg Wäschfra. Ech hunn z.B. dem Kaa verzielt, dass e klenge Mënsch an den Dschungel komm wier. Ech verziele vill Geschichten, déi ech net richteg matkritt hunn oder déi ech falsch erëmginn. Munch Déiere gleewe mer net alles. Ech si ganz verfrooss a kriddeleg am Iessen. Ech iessen nëmmen déi beschte Mäifel a nëmmen dat, wat ganz zeideg ass. Ech gesi ganz pickeg aus, mee ech sinn et net. ©Les Scouts ASBL /E411
de Groe Brudder
Ech sinn den eelste Jong vum Wollefspapp am Rakscha, also de Stéifbrudder vum Mowgli. Hien an ech, mir louchen éiweg beienee fir ze spillen. Dofir hale mir och zesumme wéi Pech a Schwiefel. Ni géif ech hien am Stach loossen, och wann e bei d’Mënschen zeréck géing. Ech hunn hie gewarnt an him gesot, dass de Shere-Khan nees do wier. Mam
Tiger eng Fal gestallt, fir en dout ze maachen. Déi aner Wëllef soe vu mir, dass ech gären deele, Verantwortung iwwerhuele, si beschützen a mäi Mond hale ka, wann et si muss.
©Les Scouts ASBL /E411
Rikki-Tikki-Tawi
©Les Scouts ASBL /E411
Ech sinn e Mungo. Ech sinn am Gaart vum Teddy, engem klengen indeschen Bouf gelant. Seng Famill an hie si ganz léif. Do hunn ech de Villchen Darzee a seng Fra begéint. Si kräischen sech d’Aen aus dem Kapp, well d’Kobraen Nag an Nagaina hir Kleng friessen. Dat ass net richteg! Ech hunn et do mat de Kobraen opgeholl, déi och den Teddy a seng Famill wëllen dout maachen. D’Kobrae si méi grouss wéi ech, mee wann ech rose ginn, da kréien ech ganz rout Aen, an ech jäizen Rikk-Tikk-Tikki-Tschk, an da gëtt kee mech Meeschter. De Mowgli hunn ech ni begéint. Meng Geschicht erzielt, wéi déi aner Déieren an Indien liewen.
21
22 Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
77 72 75 68 83
Gerechtegkeet
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Frëndschaft Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
83 85 89 86 94 71
Frëndschaft
Gerechtegkeet
Wëllen
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Rikki-Tikki-Tawi Nag a Nagaina
Frëndschaft
94
Thuu
Frëndschaft
de Groe Brudder
44 45 47 63 68 62
Gerechtegkeet Wëllen Matginn Liewensfreed Wäisheet
25 76 25 57 33
12
83
24
33
22
36
Frëndschaft
Ikki
Wäisheet
Liewensfreed
Matginn
Wëllen
Gerechtegkeet
Frëndschaft
41
73
58
33
74
51
46
Bandar-log
de Wollefspapp Ech hunn de Mowgli ënnert dem Gehecks entdeckt. Hie war nach ganz kleng, an de Shere-Khan huet no him gesicht. Meng Fra d’Rakscha an ech hunn hien als ee vun eisen adoptéiert. Ech hunn de Mowgli, de Groe Brudder an hir Gesëschter geléiert, op d’Juegd ze goen an d’Gesetz vum Dschungel ze respektéieren.
©Les Scouts ASBL /E411
Ech sinn autoritär, mee immens frou mat menge Wollefskanner, och wann ech hinnen dat net ëmmer direkt weisen.
Tha
Ech sinn dem Hathi säin Ur-Ur-...Urgrousspapp. Viru laanger Zäit hunn ech den Dschungel erschaf. Mat mengem Rüssel hunn ech Grief ausgehuewen, an déi d’Waasser gelaf ass. Wann ech mat mengen décke Féiss op de Buedem getuppt hunn, koum gutt Waasser eraus. Wann ech mam Rüssel geblosen hunn, sinn d’Beem ëmgefall, an et ass eng fräi Plaz entstanen. Du koumen d’Déieren an den Dschungel. Si hu sech gutt verstanen. Ech hunn dem Tiger e Gefale gemaach, an hie gouf de Riichter vum Dschungel. Mee enges Daags huet en e Réi dout gemaach. An do koum d’Angscht virum Doud an den Dschungel. An zanterhier gehéiert eng Nuecht am Joer dem Tiger. ©Les Scouts ASBL /E411
Tabaki
©Les Scouts ASBL /E411
Wéi all Schakal sträifen ech duerch d’Géigend a friessen d’Reschter, déi d’Leit an d‘Déieren iwwreg gelooss hunn, well mir feelt de Mutt, fir selwer op d’Juegd ze goen. Ech sinn e Parasit vum Dschungel an ech gehéieren zu kengem Ruddel. Heiansdo halen ech mech mam Shere-Khan op, deen Dag drop sinn ech bei de Wëllef. Ech lauschtere vill op dat, wat ronderëm mech verzielt gëtt a soen et anere weider, egal ob si e gudden oder schlechte Gebrauch dovu maachen. Dat si meng Tricken an déi fäerten déi aner Déieren. Heiansdo soen se, ech wier den Dewanee, besonnesch dann, wann ech geckeg vu Roserei am Dschungel ënnerwee sinn an alles bäissen, wat mer iwwer de Wee leeft. Dat ass déi ellenst Erfarung, déi en Déier am Dschungel maache kann.
Tschutschundra Ech sinn eng kleng Bisamrat, ängschtlech a ganz butzeg. Ech sinn dem Rikki-Tikki-Tawi begéint. Deen huet eis gerett, wéi hunn. Ech hunn net säi Courage. Mee ech héiere gutt, an esou konnt ech dem Mungo hëllefen a sengem Kampf mat de Kobraen.
©Les Scouts ASBL /E411
d’Seoni-Ruddel
Mir sinn d‘Ruddel vun de Wëllef. Eise Chef, den Akela, féiert eis an den Dschungel a léiert eis, eist Gesetz ze befollegen an och dat vum Dschungel.
Mir hunn eis eege Gebräich fir zesummenzeliewen, zum Beispill wann et drëms geet, e neie Wëllefchen opzehuelen. Si brauchen zwee Pätteren, déi awer net hir Elteren dierfe sinn.
Mir hunn eng Devis: “D’Stäerkt vum Wollef ass den Trapp, an d’Stäerkt vum Trapp ass de Wollef.” Mir versammelen eis beim Rotsfiels.
©Les Scouts ASBL /E411
Rakscha
©Les Scouts ASBL /E411
Ech hunn de Mowgli ugeholl ewéi mäin eegene Wollëfspuppelchen. Ech hat e gär, ech hunn en déi ganz Zäit, wou en am Dschungel war, gefiddert, beschützt a verteidegt. Wéi hien an d’Mënschenduerf goung, sinn ech ëm nogaang, fir op en opzepassen. Wéi d’Messua an hire Mann fortgelaf si, sinn ech hinnen nogaang, fir si virun de Leit, déi se agespaart haten, ze beschützen. Am Ruddel vu Seoni sinn ech eng Wollefsfra wéi all déi aner. Mäin Numm bedeit Dämon: Wéi der Däiwel verdeedegen ech meng Kanner. De Shere-Khan kann e Liddchen dovu sangen. Deem geet de Wapp viru mir.
23
24
24
Matginn Liewensfreed Wäisheet
31 65 22
Matginn Liewensfreed Wäisheet
87 77 64
Matginn
Liewensfreed
Wäisheet
Wäisheet
78
Wäisheet
Matginn
94
Matginn
Liewensfreed
Wëllen
73
Wëllen 59
Gerechtegkeet
76
Gerechtegkeet
Liewensfreed
Frëndschaft
83
Frëndschaft
93 Wäisheet 68
84 Matginn 74
66
89 Wëllen 21
Liewensfreed
83 Gerechtegkeet 76
17
87 Frëndschaft
79
65
58
76
82
74
63
Tha
Wëllen
78
Wëllen
73
Wëllen
Tschutschundra
Gerechtegkeet
36
Gerechtegkeet
76
Gerechtegkeet
Rakscha
Frëndschaft
23
Frëndschaft
82
Tabaki
de Wollefspapp
Frëndschaft
d’Seoni-Ruddel