InfoSCOUT No 320
September 2015
INDEX 03
DENIWWERBLÉCK
04
DSCOUTSMETHOD VERSPRIECHEN A GESETZ LEARNING BY DOING “PATROL” SYSTEM SYMBOLESCHE KADER PERSÉINLECH PROGRESSIOUN NATUR ERWUESSENEN ËNNERSTËTZUNG
08
DEBEAVER I BEAVER II D’GESCHICHT III RITUALER IV OPBAU AN INHALTER VUN ENGER REUNIOUN ODER AKTIVITÉIT
16
DEWËLLEFCHEN I D’DSCHUNGELGESCHICHT AN HIRE SËNN AN ZWECK II PROGESSIOUN VUM WËLLEFCHEN III TENDERFOOT, GESETZ, DEVISE, VERSPRIECHEN IV D’LIEWEN AN DER MEUTE
21
DESCOUT I D’TROUPE ENTDECKEN - E KLENGEN ABC II PATRULL ERLIEWEN III SCOUTSTECHNIKEN IV DE GROUSSE CAMP
28
DENEXPLORER & DEROVER I ENTREPRISE II TECHNIKEN III TOTEMISÉIRUNG IV INTERNATIONAL AKTIVITÉITEN
34
DEGLOBETROTTER
35
LOVEit READIT SCOUTit
02
DENIWWERBLÉCK Et gëtt eng Hellewull Jugendmouvementer op der Welt, mee d’Scouten sinn dat, wat sech duerch eng Rëtsch Traditioune, Ritualer a Methode vun deenen aneren ënnerscheed. Dëst ass näischt wat eis ural mécht, am Contraire, mee eppes, woumatter mir eis kënnen identifizéieren, ausernee setzen, an eng Gemeinsamkeet mat alle Scouten op der ganzer Welt fannen an eis trotzdem ganz individuell entwéckele kënnen. Dat ass sécher eng vun de wichtegen Eenzegaartegkeete vum Scoutissem. AN DËSER ZEITUNG fënns du e Groussdeel vun all deene Methoden, Traditiounen a Ritualer erëm: fir d’éischt di BRANCHENIWWERGRÄIFEND a vrun allem d’Grondsätz vun der SCOUTSMETHOD, fir all Mënsch, an dann déi vun den EENZELNE BRANCHEN (op de Branchesäiten). Deng Beaver, Wëllef, Scouten an Explorer kréien dann iwwert dat ganzt Joer, nieft deem normalen DeSCOUTnach 4 Spezialeditiounen, an deenen et nëmmen heirëmmer geet. Hei gesäis du alt schonn am Resumé a mat Tipps fir de Chef, wat deng Kanner a Jugendlecher wäerten an deenen nächste Méint liesen.
D’SCOUTSMETHOD AN EIS TRADITIOUNEN A RITUALER SINN DAT WAT EIS AUSMÉCHT, WOUROPPER MIR KËNNE BAUEN. SCHAFF DERMAT, GËFF DE KANNER ET MAT OP DE WEE, BAU ET REGELMÉISSEG AN DEN AKTIVITÉITE MAT AN.
03
DSCOUTSMETHOD D’Scoutsmethod ass a System vu progressiver net-formaler selbstBildung. D’Method besteet aus 7 Elementer, déi selwer Traditiounen a Ritualer beinhalten oder sinn. Zesumme maachen si e räichen, aktiven a flotte Raum fir ze Léieren aus. An dëser Ausgab fënns du den Detail zur Method, während am DeScout Spezial méi präzis op di verschidde Ritualer an Traditiounen agaange gëtt. Zur ScoutsMethod gehéieren:
1. VERSPRIECHEN A GESETZ VERSPRIECHEN Et gëtt vill Jugendmuwementer, déi sech net wesentlech vun en aner ënnerscheeden. Bei de Scouten ass et awer sécherlech d’Verspriechen, wat ee vun de groussen Ënnerscheeder mécht. E Scout versprécht nom Scoutsgesetz ze liewen, dëst geschitt normalerweis op der Montée um Ufank vum Scoutsjoer, da, wann en och säi Foulard kritt, falls en net aus enger Branche eropklëmmt. D’Versprieche si bei deene Altersbranchen hirem Alter ugepasst, mee am Prinzip soen se all dat selwecht a passe mat dem weltwäite Scoutsverspriechen iwwerteneen.
GESETZ D’Gesetz ass en Principe eng méi konkret Erläuterung vum Verspriechen – wéi een dat Versprieche soll liewen. Och dëst ass fir déi méi kleng Branchen ugepasst. D’VERSPRIECHEN A GESETZ VERBIDDEN NÄISCHT, MEE SOE WAT MER SOLLE MAACHEN
04
2. LEARNING BY DOING Dëst heescht dass mer eis duerch eegen Erfahrung bäiléieren an net duerch theoretescht “ Bäibruechtkréien “. De Scoutissem huet eng praktesch Approche zum Léieren. (Dat heescht net d’Kanner net ze ënnerstëtzen, au contraire !). Et hëlleft och jidderengem innerhalb vun engem klenge Groupe (Damm, Sixaine, Patrull, Unitéit, Clan) mat senge Stäerkten a Schwächte kënnen ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen.
The Patrol System is the one essential feature in which Scout training differs from that of all other organizations, and where the System is properly applied, it is absolutely bound to bring success. It cannot help itself! The formation of the boys into Patrols of from six to eight and training them as separate units each under its own responsible leader is the key to a good Troop. — Robert Baden-Powell
3. “PATROL” SYSTEM D’Basis vun der Struktur vun Scoutissem ass d’Opdeelung vun engem méi grousse Groupe a méi klenger (à la Base war dëst de Patrullesystem – mat der Entstehung vun neie Branchen ass dat iwwerall adaptéiert ginn). All klenge Groupe (6-8 Leit) funktionéiert als Team mat engem Team-Leader. An all Team, an u jidderengem seng Capacitéiten ugepasst, organiséiert de Groupe sech selwer : Responsabilitéite gi gedeelt, Decisioune geholl, Aktivitéite preparéiert, ausgefouert an evaluéiert (a Grenze bei de Beaver a Wëllefcher natierlech). Di erwuesse Volontären ënnerstëtzen dës Efforten.
05
DSCOUTSMETHOD 4. SYMBOLESCHE KADER De symbolesche Kader besteet fir d’Imaginatioun an deemno d’Kreativitéit unzestëppelen, d’Loscht op Aventure an der Virwëtz ze erwächen fir ze léieren, z’exploréieren an auszeprobéieren. Duerch dee Kader kréien d’Aktivitéiten an di ganz Struktur en erkennbaren Zesummenhalt, kréien Erëmerkennungswäert a bleiwen awer ofwiesslungsräich a fun, an de Scout weess wou en higehéiert a wéieng Wäerter e vertrëtt. De B.P., begeeschterten Amateur Schauspiller huet am Scoutissem en theatralen, «net-seriéisen» Aspekt agebaut, an deems en eng Rëtsch Wierder mat komescher Bedeitung, Kreescher, Gesäng, Geschichten an aner Ritualer erfonnt a benotzt huet, déi dono an deene verschiddene Branche weiderentwéckelt goufen. (d’Branchegeschichten, de Link zu den Indianertraditiounen, TAPS, HOPS, « Mir dinn onst Bescht, Bescht, Bescht », de Carré, Zeremonien ewéi Montée oder Totemiséierung, Salut au Drapeau, Lénks Patt, Cheffennimm, Patrullennimm …)
D’Uniform ass och e wichtegen Deel vun dësem « Theater » UNIFORM A FOULARD heiduerch weise mer no baussen, dass mer dem weltwäite Scoutsmouvement ugehéieren, an deemno och dass mer eppes versprach hunn a gewësse Regele befollegen (d’Gesetz). Et ass eng Éier dat no baussen ze droen, an d’Leit weltwäit hunn e Bild vum Scoutissem an deemno och eng Erwaardung: D’Uniform an de Foulard sinn eppes, wou mir drop houfreg sinn, well et an der Welt eis Grondwäerter bedeit: LEARNING BY DOING, RESPONSABILITÉIT, SOLIDARITÉIT, HËLLEFE WOU EE KANN, TOLERANZ, ZESUMMESINN, NATURVERBONNENHEET, ASAZ FIR ENG BESSER WELT, ONOFHÄNGEGKEET, BENEVOLAT, UERDENTLECH- A MANÉIERLECHKEET, SPAASS A SPILL,... a fir dass dës Wäerter och an Zukunft esou verstane ginn, solle mir eis mat (an natierlech och ouni) Uniform oder Foulard, no dem Scoutsgesetz behuelen. D’Uniform ass un éischter Plaz natierlech fir no baussen ze weisen, dass mir alleguerten d’selwecht sinn. Et ass awer och wichteg dass duerch si, en eenzelne Scout kann eng spezifesch Kompetenz di en huet oder entwéckelt huet, weisen, duerch z.B. E Badge, oder eng aner Auszeechnung. DO’S Dem Scout de Sënn an Zweck vum Foulard an dem Knuet erklären (hei driwwer) Bei all Aktivitéit de Foulard mam Knuet un hunn De Foulard soll propper an anstänneg gewéckelt ginn, de Scouten Wéckeltechniken weisen DON’TS De Foulard soll kee Chrëschtbeemchen sinn, natierlech kann deen een oder aner klenge Gadget drunnhänke, mee et sollt een de Foulard nach drënner gesinn. an d’Uniform keng Zerwéit oder en Bued- oder Schnuddelduch
06
5. PERSÉINLECH PROGRESSIOUN Eppes wat eis auszeechent, ass dass mer konsequent eis Membere, vu Beaver bis Chef am wäiteste Sënn vum Wuert forméieren. D’Scoutsmethod hëlleft jidder eenzelnen sech bewosst an aktiv fir seng individuell Progressioun z’engagéieren. Se erlaabt jidderengem sech a sengem eegenen Tempo ze entwéckelen, fir Selbstvertrauen ze gewannen an d’Entwécklung och ze erkennen. De Progessiounsschema, den Altersgruppen ugepasst (Badger, Feiler, Auszeechnungen, Entreprise, dono Formatiounsprogressioun), ass domadder eist haapt Handwierksgeschir. De Beaver kritt als Auszeechnung fir eppes wat e gutt kann, respektiv nei geléiert huet a sech beweist doranner, seng Krallen, de Wëllefchen an de Scout hier Badger, de Leadership, d’Klassen, den Explorer d’Unité Pilote, Cheffeformatioun an dono ginn et nach vill weider Auszeechnungen, innerhalb vun der FNEL (Laurier d’Or, Sanglier d’argent,...) oder weltwäit Reconnaissancen (Woodbadge). KUCKT IECH DES ALLEGUERTEN ENG KÉIER UN. fnel.lu/fiches-techniques (hannert dem login) PROGESSOUNSSCHEMA
6. NATUR D’Natur ass den ideale Setting fir d’Scouts Method ze applizéieren, an eist physescht, intellektuellt, emotionaalt, kreatiivt a soziaalt Potenzial ze entwéckelen. Et geet ëm e konstruktive Kontakt mat der Natur an di vill eemoleg Léierméiglechkeeten a Virbildfonktiounen aus der Natur ze notzen.
7. ERWUESSENEN ËNNERSTËTZUNG D’Scoute sinn e Jugendmouvement. D’Roll vun Erwuessenen ass fir Aktivitéiten ze leeden, ze edukéieren an Ombudsmänner a Fraen tëscht deene jonken ze sinn. Se solle sécherstellen dass di jonk u sënnvollen Aktivitéiten deelhuelen, an dass all Scout sech individuell an am Groupe entwéckelt. DE CHEF ASS VIRBILD A LEEDER. OP DENGER BRANCHESÄIT FËNNS DU ELO SCHONNS VILLES IWWER RITUALER TRADITIOUNEN A METHODEN, MEE LIES OCH DÉI ZEITUNGEN DÉI D’SCOUTE KRÉIEN.
07
DEBEAVER Liewen an der Colonie Beavergeschicht Kreativitéit
Waerter vum Scoutismus
Beaverpatt
METHOD
Gesetz a
EN
Frëndschaft
R ALER ITU
Freed
ADITIOUN
Verspriechen
TR Neies
Responsabitlitéit
Liewen a spillen an der Natur
BEAVER
entdecken iwwerhuelen
Theme-spezifesch Versammlungen
De Klasseur vun der Colonie
Toleranz
De Schwanzklappert
Zesumme sinn Liewen am klenge Grupp
08
SCOUTSMETHOD I BEAVER D’Beaverbranche orientéiert sech un der Beavergeschicht, an deeër d’Wäerter an d’Ritualer vun der Altersklass vun 6-8 opgegraff ginn. D’Geschicht „ FRËNN AUS DEM BËSCH“ fënnt een am Beaverklasseur „DE SCHWANZKLAPPERT“.
BEAVER-DAMM D’Kolonie vun engem Grupp soll a verschidden Dämm agedeelt sinn. Dat mécht déi „grouss Kolonie“ méi iwwersiichtlech a vermëttelt de Kanner e Gefill vun Zesummenhalt an Organisatioun. Esou kann een op enger Aktivitéit déi verschidde Chargen tëscht den Dämm opdeele, Spiller mat méi klenge Gruppe maachen, deenen eenzelnen Dämm Responsabilitéit fir Material iwwerdroen,... Déi méi al Beaver kënnen esou och méi Responsabilitéit kréien an hëllefen hiren Damm ze organiséieren. PROGRAMM AN OFLAF AN ENGER KOLONIE De Programm bei de Beaver, deen sech un de “Frënn aus dem Bësch” orientéiert, ass fir eng Zäitspan vun zwee Scoutsjoer opgebaut, a baséiert op 5 Haaptpunkten:
Freed hunn (Spill an Spaass) Kreativitéit (Fantasie, Bastelen, Gespréicher, Spiller) Frënn (Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder kennen an schätze léieren) Natur (Ëmweltbewosstsinn, Bësch, Respekt, Déieren) Gemeinschaft (Dämm, Mateneen, Deelen)
Wichteg am Joresprogramm ass, dass d’Beaver no enger Zäit hiert VERSPRIECHEN maachen. Hei soll och de Bibu dobäi sinn an d’Kanner sollen den Beaver-Grouss benotzen fir dem Verspriechen eppes Feierleches ze ginn. Beim Versprieche kritt de jonke Beaver dann och säi Gruppefoulard iwwerreecht.
09
DEBEAVER D’MONTÉE an d’Wëllefcher ass dee leschte wichtegen Deel vun dem Beaver sengem Wee. Dëst sollt och feier-lech (Beaver-Grouss, Gesang, Gesicht) gemaach gi, fir dem Kand d’Gefill ze ginn, dass säin Scouts-Wee elo weider geet. Hei kann den ale Beaver de Montéesbadge iwwerreecht ginn. Dëse Badge gëtt iwwert déi riets Täsch gebitzt an soll weisen, dass dëst Kand en neien Wëllefchen ass, wou en e Joer laang bleift. Eng Iddi fir d’Angscht virun deem „Neien“, der Meute, ze huelen an d’Montée spannend ze maachen ass de Personnage vum Keeo: e jonke Wëllefchen, deen déi al Beaver sichen kënnt, an hinnen d’Wëllefcher virstellt. FEDERAL AKTIVITÉITEN D’Beaver huelen un 2 grousse Federalaktivitéiten deel: De BEAVER FUNDAY, wou sech all Beaver vun der FNEL treffen fir e flotten Dag zesummen ze verbréngen an de POW-WOW, wou sech dann zum Ofschloss vum Joer all Scouten an Guiden, grouss an kleng, gesinn.
10
II D’GESCHICHT „D’FRËNN AUS DEM BËSCH“ erzielt d’Geschicht vum Beaver Bibu a senger Frëndin dem Jolly. Déi zwee jonk Beaver baue sech zesummen en neien Damm a musse léieren zesummen ze schaffen a léiere vill nei Frënn an Déieren kennen: Malac, déi schéin, interesséiert Eil Tic-Tac, dat virwëtzegt Kaweechelchen Spitzki, klenge BV mat spatzen Zänn Zwillingsbeaver, Grigri a Barry Hawky, Papp (Mënsch) – gutt An, wéi de Fallék (Kapitel 3) Reebou, Mamm (Mënsch) – faarwegen Rack (Kapitel 3) Blupp, Meedchen (Mënsch) – Zéiwen am Waasser gepiddelt (Kapitel 3) Foxi, Jong (Mënsch) – rout Hoer (Kapitel 3) Flitzer, Forell – schéier (Kapitel 7) Grelli Gréng, Fräsch (Kapitel 4.1) Elsa, Kou (Zousaz) Titan, Wuchthond (Zousaz) An deenen eenzele Kapitelen gi verschidde Grondsätz a -wäerter vermëttelt: 1 – Laang ënnerwee (Kenneléieren an decidéieren zesummen eppes ze maachen) 2 – Dat neit Doheem (Damm bauen, nei Frënn, eng Kolonie entsteet) 3 – Nei Frënn (Mënschen, eppes neies kennen léieren) 4 – D’Beaverbuerg a Gefor (Stuerm, Zesummenhalt, Aufgabe léisen) 5 – Deelen, Deelen, Deelen (Fir den Wanter sammelen a schaffen, Aarbecht a Freed deelen) 6 – Beaververspriechen (Verspriechen, Virbild, no dem Gesetz liewen) 7 – Dir sidd grouss Beaver ginn (Wanterschlof, aneren hëllefe, jiddereen huet seng Stäerkten) 8 – D’Montée oder um Wee fir bei d’Wëllefcher (Montée, Akela, Wëllef) Zousätzlech Kapitel:
4.1 – De Grelli Gréng an d’Mënschen (Ëmwelt, Mënsch als Feind an Frënd, Virurteeler) 5.1 – De Keeo an den zweete Blëtz (De Keeo gëtt e sëlwer Beaver deen d’Mënschesprooch schwätzen kann) 5.2 – Mat de Mënsche schwätzen (Gespréich mam Blupp an Foxi, Stad a Land) Zousaz 1 – Um Bauerenhaff (Als Aleedung fir eng Aktivitéit mam Thema Bauerenhaff) Zousaz 2 – D’Konsequenzen (Strof wéinst Fortlafen, sech un Regelen halen)
11
DEBEAVER III RITUALER BEAVER - GROUSS De Beaver gréisst mat der rietser Hand, den Daum leit um klenge Fanger an um Rankfanger. Déi zwee aner Fangere sinn no ënne gediebelt a stellen dem Beaver seng Zänn duer an erënneren eis un d’Verspriechen an un d’Gesetz.
D’BEAVER- VERSPRIECHEN Ech wëll e gudden Beaver ginn, Deelen an ëmmer fläisseg sinn.
BEAVER-GESETZ E Beaver ass frou. E Beaver ass fläisseg. E Beaver denkt un d’Natur. E Beaver hëlleft iwwerall.
BEAVER-DEVISE Deelen, deelen, deelen.
D’Gesetz soll duerch d’BEAVER PATT ënnerstëtzt an gefördert ginn. De Beaver-Badge ass eng Belounung fir eppes wat d‘Kand probéiert huet, fir eppes wat et besonnesch gutt kann an net eng ‘Spezialisatioun‘ op engem Gebitt, esou wéi et spéider bei de Wëllef de Fall ass. De Beaver-Badge féiert de Principe vun de Badger an, ouni deenen aneren Branchen eppes ewech ze huelen. De Badge besteet aus engem feste Support: der Beaverpatt op déi 5 verschidden Krallen fixéiert ginn. Rout: E Beaver hëlleft iwwerall. (un déi aner denken) Gréng: E Beaver denkt un d‘Natur. Giel: E Beaver ass frou. (Spill, Erliewen, Entdecken, Bastelen) Blo: E Beaver ass fläisseg. (Probéieren, Léieren, Ausdauer) Orange: Deelen, deelen, deelen. (no anere kucken) De Chef soll des Patten (et ass ëmmer en Set vun enger Patt mat 5 Krallen) am Scoutsshop kafen an dann d’Patt (ouni Krallen) bis spéitstens beim Verspriechen dem Beaver iwwerreechen. D’Patt gëtt op de Beaverpullover gebitzt. D’Krallen hält de Chef bis hien der Meenung ass, de Beaver hätt bewisen dass hie sech extra gutt un ee vun deene 5 Punkten hält. Wéi dacks an a wéi enger Form all Kolonie senge Beaver Krallen iwwerreecht ass de Cheffen iwwerlooss. E gudde Beaver huet also no 2 Joer, wann en d’Montée fir an d’Wëllefcher mécht, di 5 Krallen un senger Patt.
12
IV OPBAU AN INHALTER VUN ENGER RÉUNIOUN ODER AKTIVITÉIT Fir di 5 Punkte vun der Beaverbranche ëmmer erëm an den Alldag vun der Kolonie anzebaue, ginn et 10 grouss Iwwerschrëfte, wéi de Programm soll opgebaut ginn, wéi eng Wäerter solle vermëttelt ginn a wéi eng Methoden ëmmer erëm kënne genotzt gi, fir d’Beaver am Sënn vum Beaver-Gesetz an dem Beaververspriechen ze ënnerstëtzen. 1. ZEREMONIEN Zeremonie ginn dem Beaver Sécherheet am Alldag, se ginn fixe Kader, an deem hie sech méi séier erëmfanne kann an deen him erlaabt sech gutt ze spieren a schloen d’Bréck zum Scoutissem am allgemenge, wou vill Wäert op Traditioune geluecht gëtt. D’Beaver hu ganz vill a flott Zeremonien an Traditiounen, di zum Deel op deene Säite virdru schonn erkläert sinn, an et kënnen esouguer vu Kolonie zu Kolonie ganz verschidden an eegen Traditioune sech entwéckelen! All Versammlung fänkt mam GROUSSE SCHWANZKLAPPEN, der Erëffnungszeremonie un: D’Lidd gëtt gesongen an d’Beaver kommen all zesummen an e Krees gelaf. D’Cheffen bilden den Ufank vum Krees, an deems si sech schonn d’Hand ginn an d’Hänn fir d’Beaver ausstrecken. An hält mam AWA- AWA, der Schlusszeremonie op. (Texter mat den Nouten fannt dir am Schwanzklappert.) 2. GESCHICHTEN ERZIELEN (Märecher, Fabelen, Mythologie, eege Kreatiounen...) D’Geschicht vun de “FRËNN AUS DEM BËSCH” dierf awer op kee Fall ze kuerz kommen!!!!!! Zieler: Wëssen iwwer de Biwer (Castor fiber) an d’Natur vermëttelen D’Kreativitéit an d’Fantasie vum Kand unzereegen, well si emotional mat an d’Geschicht agebonne ginn. Gestik a Mimik vun deem deen erzielt erméiglecht et de Kanner fir sech matrappen ze loossen an eng Welt déi hinne ganz alleng gehéiert de Kanner e soziaalt „Erliefnis” bidden, wou si kuscheleg beienee sëtze (Kierperkontakt), zesumme laachen, betraff sinn an dem Schluss entgéint féiweren. aner Kulturen uschwätzen. Esou kréien d’Beaver d’Méiglechkeet méi weltoffen ze ginn.
13
DEBEAVER 3. SPILLER MAACHEN Am Spill, léieren d’Beaver nei Saache, Situatiounen hier Ëmwelt an hier Positioun am Grupp kennen an ze vertrauen: duerch Virwëtz gi si motivéiert fir Neies ze probéieren, an doduerch entsteet eng nei Erfahrung. Zieler: sozial Kompetenzen opbauen, Rolle studéieren nei Saachen a Situatioune verstoen, sech mat Regelen auserneen setzen a leiere mat Mësserfolleg kënnen ëm ze goen. e Gefill fir e Mateneen a Vertrauen fuerderen an opbauen Fantasie, logescht Denken an d’Gediechtnes trainéieren Spaass hunn: Wat dem Scout säi „Learning by doing”, ass fir de Beaver „Spill a Spaass” 4. ERAUS AN D’NATUR GOEN Déi eenzeg richteg Plaz fir d’Natur kennen ze léieren ass de Bësch oder e Park. An de Frënn aus dem Bësch begéine mer esou villen Déieren, kënnen iwwer all Naturerscheinunge schwätzen an de Beaver op eng kannerrecht Aart d’Donnerwieder, de Reen, oder de Reebou erklären. 5. DEELEN Wéi e roude Fuedem leeft d’Devise duerch de Programm vum ganze Joer. D’Beaver deelen alles, well Deele mécht Freed – Deele mécht Frënn. Et gëtt onheemlech villes, wat een deele kann: eppes Séisses, en Apel fir den Duuscht, e grousst Gefill oder eng schéin Zäit, déi ee matenee verbréngt, d’Freed awer och d’Schéier oder de Pesch beim Bastelen Deele kann ee ganz gutt leieren an d’Deelen soll als eppes ganz Normales gesi ginn.
14
6. NEIE FRËNN BEGÉINEN Nei Frënn kënne virwëtzeg maachen oder ofschrecken. Net all Kanner hunn déi selwecht Erfahrunge mat «neie» Leit an hirem Liewe gemeet. Grad mat dëser Diversitéit schafft d’Beavermethod: Am klenge Kader vun hirem Damm brauchen d’Beaver sech net direkt op eng grouss Unzuel vu Kanner anzeloossen, wann se dat net wëlle. Esou si si net iwwerfuerdert a kenne lues a lues Vertrauen opbauen. Déi Kanner, déi dem Neie méi opgeschloss vis-à-vis stinn, kënne hëllefe Brécken ze bauen. 7. ANEREN HËLLEFEN Net nëmmen am Beaver Gesetz steet, dass e Beaver iwwerall hëlleft, mee och am Scoutsgesetz vun der FNEL steet, dass e Scout säi Bescht mécht fir all deenen déi a Nout sinn ze hëllefen. Dat ass keng eidele Saz, mee e wichtegen Deel vum Scoutismus, deen och an der jéngster Branche soll vertruede sinn. 8. BASTELEN A MOLE An all Kapitel vun der Beaver Geschicht (– a net nëmmen do) fanne mer eng helle Wull u Personnage, Situatiounen an Erliefnisser, déi mer op déi eng oder aner Aart a Weis kënnen duerstellen. IDDI: eng eege Maquette bauen, déi d’Frënn aus dem Bësch duerstellt. 9. ZESUMME SINN E roude Fuedem, deen am Scoutismus bei de Beaver ufänkt a bei de Rover nach laang net ophält. Et stäerkt eis Selbstwäertgefill an eist Vertrauen. Vum éischte Moment un ëmfaasst et esou villes, wat de Scoutismus ausmécht. 10. THEMENDEEG (Sortie, W-End, Camp a Visitten) Hei geet et drëms d’Welt vun de “FRËNN AUS DEM BËSCH” ze verloossen an nei Saache kennenzeléiren: en anert Land oder en anere Kontinent, Déieren, déi net an der Beavergeschicht virkommen an Aktivitéiten ze maachen, déi am Kader vun enger Réunioun zäitlech oder praktesch net méiglech sinn. Je no Thema kennen d’Beaver eis Welt an Ëmwelt op eng flott a spilleresch Aart erfaassen a verstoe leieren. Si kënnen duerch d’Welt vun den Erwuessene spadséieren oder Andréck aus Feeën- an Zauberwelte kréien...
15
DEWËLLEFCHEN Dschungelbuch
Zesummeliewen an der Meute mat den ale
Leaping Wolf
Wëllef
METHOD
Wëllefchers Gesetz a All Dag engem
Verspriechen
EN
Sixer / Second
Progessioun
R
ALER ITU
maachen
ADITIOUN
eng Freed
Tenderfoot
Ech di mäi Bescht
TR 4 Kategorie Badger
Learning
Liewen an der Natur
WËLLEFCHER Zesummeliewen
by doing
an der Sizaine Perséinlech Entwéckelung
Traditiounen
Bronze Feil Sëlwer Feil Gëllene Feil
16
Zesumme Cahier de Meute
schaffen
I D’DSCHUNGELGESCHICHT AN HIRE SËNN AN ZWECK Wéi de B.P. de Scoutissem och fir déi méi Jonk, eis Wëllef, zougänglech gemaach huet, huet hien dat op enger Geschicht opgebaut. *(FT: BIPI Zeitreise) D’”DSCHUNGELBUCH” vum Rudyard Kipling ass e Wierk wat als bildlech Erliewniswelt zum Liewen am Grupp, wéi et am Scoutissem ass, passt. Fir de Chef ass et eng einfach Méiglechkeet e phantasievolle Kader ze schafe fir de Wëllefchen ze erreechen. De Wëllefche ka sech duerch eng Geschicht oder Biller besser an eng Situatioun versetzen, well hien doduerch léiert reell Situatiounen, Wäerter, d’Zesummeliewen, Verhalensaarten, Erwaardungen,… ze erkennen an ze verstoen, esou wéi de Mowgli am Dschungel. D’Wëllef liewen a klenge Familiegruppen (Sixainen) mee och am Ruddel/Meute. Di grouss Wëllef, d’Cheffe, begleeden di jonk op hirer Entdeckungsrees duerch den Dschungel/d’Welt. Regelméisseg treffe si sech um Rotsfiels (Versammlung/Home) fir sech auszeschwätzen oder Wichteges gewuer ze ginn. D’Wëllef sinn esoulaang vum Ruddel beschützt wéi se brauchen fir kenne selwer ze Joen an dobäi léieren se d’Reegele vum Dschungel (Devise, Verspriechen). All eenzel Geschicht aus dem Dschungelbuch vermëttelt Wäerter, déi och d‘Basis vum Scoutissem sinn. Konkret Situatiounen aus de Geschichten animéieren d’Kanner derzou iwwer reell Evenementer nozedenken an hir Roll doran ze erkennen. D’Déieren an der Dschungelgeschicht, sinn net ewéi richteg Déieren. Si hunn all mënschlech Charakterzich an Eegeschaften, déi d’Kand ka mat senger Ëmwelt a Relatioun setzen: Esou sinn z.B. d‘Bandar-log on-disziplinéiert, respektlos, on-éierlech, keng Teamplayer an irresponsabel. Jiddereen spillt a rolzt a brëllt emol wéi e Bandarlog, mee et ass wichteg ze wëssen, dass ee sech grondsätzlech net esou behëlt, well soss d’Zesummeliewen an eisem Grupp/Gesellschaft net fonctionnéiert. D’Cheffen huelen heefeg Nimm vu Figuren aus der Dschungelgeschicht un, déi hir Eegeschaften erëmspigelen. Ouni Fro huet de Kipling säin Dschungelbuch fir Erwuessener geschriwwen, mee en Erwuessenen deen d’Geschicht kennt, kann de Kanner vill doraus vermëttelen. * (FT: Verschidde Spiller - Sherkan&Mowgli; Dschungellianen; Stratego; ) * All Fiches techniques fënns du op fnel.lu/fiches-techniques (hannert dem login)
eng flott Däitsch Iwwersetzung vum Dschungelbuch: ISBN: 978-3791536057
17
DEWËLLEFCHEN II PROGRESSIOUN VUM WËLLEFCHEN Esou wéi de Mowgli entwéckelt sech de Wëllefche, gëtt méi staark a muss seng Roll a sengem Ëmfeld fannen. Di eenzel Kapitelen aus der Dschungelgeschicht léiere wichteg Wäerter a begleeden d’Entwécklung vum Wëllefchen zum Scout no der Scoutsmethod. (cf. Allgemengen Deel an dëser Zeitung!!!)
(D’Chronologie beim Kipling ass anescht. Mir notzen se esou, am Sënn vun der Progressioun)
Weider Geschichten kennen d‘Liewen an der Meute begleeden: Rikki-Tikki-Tavi: Courage, Gerechtegkeet, Zesummenhalt, Selbstvertrauen, Asaz fir en aner Kotick, de wäisse Phoque: Vir-ageholl sinn, Ongerechtegkeet, Vertrauensverloscht, Anescht sinn, sënnlos Gewalt, Déierepelz notzen, …
18
III TENDERFOOT, GESETZ, DEVISE, VERSPRIECHEN TENDERFOOT (S. 19 am Vademecum) * (FT: Platte Knuet/Tenderfoot) mëll Patten, den neien Wëllefchen léiert d‘Meute kennen a sech doran erëmzefannen 6 Punkte vum Tenderfoot erfëllen an der Zäit virum Verspriechen DEVISE Mir dinn ons Bescht (S. 53.) An Ulehnung un Devise vun der FNEL: Zesumme fir eng besser Welt, gëtt de Wëllefchen ëmmer säi Bescht, esou wéi et him grad a senger Entwécklung méiglech ass. Dat Bescht e gudde Wëllefchen ze sinn, dat Bescht fir LX-Gesetz ze befollegen,… LIDD Mir sinn d‘Wëllefcher vun der FNEL (S. 126) GESETZ (S. 20): D’LX-Gesetz regelt wie och d‘Dschungelgesetz Zesummeliewen an der Meute. Vill Alldagssituatiounen tëschent den LX, mat anere Matmënschen, an allgemeng (Hygiène, Ëmwelt,…) kennen doriwwer erklärt ginn. * (FT: LX Gesetz-Sënner)
VERSPRIECHEN (S. 40) an Uleenung un dat “grousst„ Scoutsverspriechen, verspriechen och d‘Wëllef sech un d‘Wëllefchersgesetz an Devise ze halen, an all Dag eng BA ze maachen. D‘Verspriechen ass di “offiziell„ Zeremonie wou de Wëllefchen an d‘Meute opgeholl gëtt, esou wéi de Mowgli vum Ruddel vun de Seeonee Wëllef opgeholl gëtt. Fir aus dem Verspriechen en onvergiessleche Moment ze maache, soll et och als feierlech Zeremonie gestallt ginn: Stëmmung opbauen (Geschicht erzielen, Descente spillen: mat Kostümer, Fakelen, Käerzen,...) All Wëllef abezeihen (Vertrauensspiller, Descente,…) Eppes iwwerreechen, z.B. Foulard; * (FT: Bastel-Verspriechen) Wourop ee versprécht: Foulard, Fändel, Mat de Meute Den 29.09 ass vun 19.00De Wëllefche soll verstoe wat e versprécht a sech der Bedeitung bewosst sinn. 20.30 an der FNEL eng Dëst kann een och deenen ale Wëllef erëm an d‘Bewosstsi ruffen. FC: Modellversammlung Beim Verspriechen schléit jiddereen un: (S. 23) “Verspriechen” Di 2 Fanger sti fir 2 Ouere vum Wollef an di 2 Punkte vum Verspriechen Di 5 Fanger un der Hand fir 5 Punkte vum Gesetz spëtz d’Oueren fir méi De Krees vun der Frëndschaft= tëscht Daum an den 2 klenge Fanger Informatiounen De groussen (Daum) passt op de klengen (Fanger) op
19
DEWËLLEFCHEN IV D’LIEWEN AN DER MEUTE Eng ganz Rei Ritualer a Gebräich halen de Kader vun der Geschicht am Alldag an der Meute oprecht: Great Howl, Tenderfoot, Mat de Meute * (FT: Mat de Meute), „Gutt Juegd“, Rotsfiels, Rout Blumm, et jäizt een net am Dschungel soss weess jo jiddereen dass ee kennt,.… MEESCHTERSPRËCH: Si Sätz di verschidde Charakteren aus dem Dschungelbuch gesot hunn. Des Sätz vermëttele Wäerter an hëllefen den LX des ze verstoen. Am Vademecum stinn der 2, mee et ginn der 6, déi’s du mat hirer Bedeitung kanns op https://www.fnel.lu/activites/wellef.html noliesen. Dobäi fënns du och e puer Iddien wat’s du zum Thema mat dengen LX kanns maachen. GREAT HOWL (S.36): ass wann den Akela di aner Wëllef an d‘Versammlung bei de Rotsfiels rifft: De Chef rifft 3 x Wëllef, an d‘LX kommen all beieneen an e Krees. All Meute huet hir eegen Gewunnechten, souguer de Ruff variéiert, deemno gëtt et kee richteg oder falsch. GUTT JUEGD: wënschen sech Deieren am Dschungel – mir notzen et fir eis eng flott a sécher Aktivitéit ze wënschen, vill Spaass, Courage a Geschéck, fir d‘Aufgaben di sech eis stellen ze meeschteren. ROUT BLUMM: ass d‘Feier fir Deieren am Djungel. Et ass geféierlech a mat Respekt ze behandelen. Et kann ee Feier an engem Dëppchen, wéi de Mowgli et hat oder e Lagerfeier, e Fixspoun, eng Käerz,… hunn *(FT: Spill) D‘LIEWEN AN DER MEUTE: an an de Sixainen baséiert op Respekt, vis-à-vis vun aneren a sech selwer. Am Scoutissem iwwerhëlt jidderee Responsabilitéit no senge Méiglechkeete fir säin Handelen an iwwer di méi Kleng an Onerfueren. MAT DE MEUTE (S. 41): steet als Symbol vun der Meute. Et ass en Wollef(skapp) op engem Holzestill. Dëse ka jee no Meute dekoréiert sinn. Pro Wëllefchen oder Sixaine kënne Flätschen dru gehaang ginn, oder Neel ageklappt gi fir all LX. Beim Versprieche kann en genotzt gi fir drop unzeschloen oder op all Aktivitéite matgeholl ginn als Zeechen dass di ganz Meute um Tour ass.* (FT: Notzung Mat de Meute wie Reglement) EEGE REFLEXIOUN / EVALUATIOUN: (Baloo säi Meeschtersproch) Et ass dem Chef seng Aufgab de Wëllefchen a senger Entwécklung ze begleeden an ze ënnerstëtzen. Um Wee vum LX ginn et Zäiten fir iwwer sech selwer nozedenken. Dëst kann op Progressioun (Badger, Kënne, Wësse, Feiler) bezu sinn, mee och op Wäerter a Behuelen: Sinn ech e gudde Wëllefchen?, Wéi gesinn ech mech? Wéi gesinn di aner mech? Wéi gesinn ech si? ,…
20
DESCOUT Liewen an der Troupe Leadership Responsabilitéit als
B.A.
CP/SP iwerhuelen
Tenderfoot
Verspriechen
EN
ABC Progessiouns Tableau
R
ALER ITU
Entwécklung
ADITIOUN
Perséinlech
METHOD
Scoutsgesetz a
TR Montée
1. Klass
SCOUTEN
Liewen an der Natur
Respekt & Toleranz
2. Klass
géintiwwer deem aneren Learning by doing
Patrulleliewen
Den anere Scouten sai Wësse weiderginn
De Scoutsgrouss Orientatioun
21
DESCOUT I D’TROUPE ENTDECKEN - E KLENGEN ABC MONTÉE Wéi d’Wuert et scho seet, heescht d’Montée, de Scout klëmmt vun enger Branche an déi aner, vun de Wëllefcher an Scouten. D’Montée ass déi éischt Aktivitéit, déi e Scout mat senger Trupp mécht. Virun der Montée: erkläre, wat de Sënn an Zweck ass an dono e Schluss/Wëllkommenswuert. „Montée soll e flott Erliefnis sinn, dat beweist, dass den néie Scout an der Troupe akzeptéiert ass an un dat e sech gären erënnert. Challenge Jo, mee Montée soll de Fähegkeeten vum eenzelnen ugepasst sinn.“
DO’S Vertrauen tëscht neiem Scout an alem opbauen al Scouten mat abezéien, fir di nei ze ënnerstëtzen an ze begréissen. 1. positiven, Abléck an Truppeliewen, Loscht op dat neit maachen Et soll e flott Erliefnis sinn un dat de Scout sech gären erënnert. Symbolik an de Scoutsgeescht net vergiessen: Ambiance: Fakelen, Feier, an der néideger Seriositéit schaffen
DONT’S keng iwwerdriwwen an net altersgerecht Aktivitéiten! Näischt Geféierleches! De Scout soll keng Angscht virun der Montée hunn keng eekeleg Saache maachen - et ass den éischten Androck vun der Troupe keng sportlech Iwwerfuerderung, och e manner sportleche Scout soll et hikréien
VERSPRIECHEN A GESETZ (Scoutsbichelche S. 10-11/17-21) D’Versprieche kann een direkt no der Montée maachen, et kann awer och en extra Erliefnis méi spéit am Joer sinn. Et ass eng Richtlinn fir d’Liewen. Et verflicht ee sech géintiwwer engem aneren eppes ze maachen oder ze ënnerloossen. D’Gesetz spigelt dës allgemeng Richtlinn am konkreten erëm. Et ass also eng Ausso déi een un eng Persoun oder u méi Leit bënnt: d’Scouten am Grupp, d’FNEL, zu Lëtzebuerg, an der Welt. Et as keen Eed, mee eng fräiwëlleg Pflicht. Grad duerch den eegenen Entscheed wier Schan wa mir et géinge vernoléissegen oder vergiessen. Wa mir selwer, an eis Scoute verstinn, dass all Scout sech selwer zu deem Verspriechen entscheed, an et net eng vun uewen diktéiert verstëbsten eidel Phrase ass, kënne mir sécher sinn, dass si sech och drun halen – och ausserhalb vun de Scouten. Souwuel eist Verspriechen ewéi och eist Gesetz ass also ganz op d’Vertrauen opgebaut.
22
DO’S Verspriechen an d’Gesetz sinn eng Astellung zum Liewen Eng heemeleg Zeremonie, déi hëlleft béides an Erënnerung ze halen Et kann een et als Gruppenerliewnis mat anere Branchen maachen
DON’TS Als Chef selwer di 2 kleng Texter net kennen oder sech net drun halen
FOULARD + UNIFORM (kuck weg den allgemengen Deel vir an der Zeitung) TROUPE Troupe sinn all Scouten mat de Cheffe, geleet vum Troupechef CT an sengen Assistenten ACT’en, D’Troupe deelt sech a kleng, méi autonom Gruppen, d’Patrullen. (Säit 12 am Scoutsbichelchen) PATRULL D’Patrull gëtt vum Chef de Patrouille CP an engem Second de Patrouille SP geleet. Dat sinn di erfuerenst Scouten, déi de Brevet vun der Leadership hunn. All Patrull fonctionnéiert als eegestännege Grupp an deem Charge verdeelt ginn (Patrullekëscht, Kees, Classeur...). Méi dozou op der am nächste Kapitel (an dëser Zeitung, an och am DeScout Spezial N°2)
Iech Maacht e, wien Gedank i op der wéin rship d’Leade schéckt
23
DESCOUT SCOUTSBICHELCHEN Scoutsbichelchen ass d’Haaptreferenz fir dës Branche: CHEFFE, LIEST ET! Am Ufank vum Joer huelt der d’Buch mat de Kanner eng Kéier duerch. Am Laf vum Joer soll een Scoutsbichelchen BENOTZEN fir Techniken an Traditiounen z’erklären.
DON’TS
DO’S e Scout huet säi Bichelchen ëmmer derbäi Scoutsbichelche schmackhaft maachen, weise wéi een et benotzt deen einfacheste Wee fir eng Progressioun an de Programm a fir den eenzelne Scout ze kréien: mam Scoutsbichelchen ze schaffen
De Scouten et net ausdeelen oder ni méi domadder schaffen Scoutsbichelchen ass kee Stëbsfänkert a kee Pabeier fir Féier unzefänken
Versammlungen: zum Schluss ¼ Stonn kuerz mat de Scouten iwwert hier Progressioun schwätzen, wat si erreeche wëllen. Esou kritt een och Iddien fir déi nächst Versammlungen.
EXPLO, PATRULL VUM JOER Dëst si FNEL’s Aktivitéiten déi all Joers stattfannen: Den Explo ass ee WE nëmme fir d‘Troupen aus der FNEL, wou vill Scoutstechniken op d’Prouf gestallt ginn. D’Patrull vum Joer ass eng Auszeechnung fir e puer Patrullen déi sech während dem ganze Scoutsjoer zesumme gesat hunn an eegen Aktivitéiten organiséiert hunn an e flotte Patrulleklasseur opgestallt hunn. Hei kréien awer nëmme déi bescht dës Auszeechnung a gi mat engem Badge an engem flotte Spill belount. De Pow-Wow : (kuck weg den allgemengen Deel vir an der Zeitung)
24
II PATRULL ERLIEWEN PATRULLELIEWEN Patrullekëscht, Patrulleklasseur, 7 Saachen (1 Meter Fissell, Scoutsbichelchen, Nuesschnappecher, Kompass, Réimer, Täscheluucht (mat Ersatzbatterien) Täschemesser), Patrullekreesch, Patrullefändel, Chargen, Patrullenaktivitéiten PROGRESSIOUN VUM SCOUT Klasse, Badger (Säit 183-206) Hei fannt der e super Tableau am Scoutsbichelchen op der Säit 208, deen der mat de Scouten ausfëllen kënnt. D’Badger an d’Klasse kloer erklären. Sech Zäit derfir huelen. De Scoute Loscht drop maachen, a si zu spezifesche Badger déi zu hire Fähegkeete passe motivéieren an zum Deel se selwer entscheeden loosse, wat se maachen wëllen. An der Troupe oder an der Patrull och zesumme Badger maachen (Bsp. Schwammbadge) TIPP!!! Super Zousaz, en eegenen Tableau am Scoutssall hänken hunn (aus Kork a Badger z.B) CHARGEN Charge solle Responsabilitéit (zur Patrull an deemno och zur Troupe) vermëttelen, dofir ass et wichteg dass all Scout eng Funktioun huet. Esou gëtt d’Teamfähegkeet vun der ganzer Troupe gestäerkt, well jiddereen, am méi klenge Krees, sech kann entfalen a seng Perséinlechkeet a Stäerkte mat abréngen kann. (Scoutsbichelchen Säit 13) PATRULLEVERSAMMLUNG/SORTIE/WEEKEND CP + SP’e setzen sech zesummen a soen de Cheffe wat se maachen wëllen, (oder direkt mat de Cheffen zesummesetzen). Dës Versammlung ass wichteg fir d’Autonomie vun der Patrull an den eenzelne Scouten. De Chef soll sech op Distanz halen, mee erreechbar sinn fir an engem Noutfall anzesprangen an net de Moment an der Vakanz sinn. (Depart present sinn, bei engem Weekend och do schlofen, Versammlungen erreechbar sinn)
LEADERSHIP Leadership ass net fir jidderee, mee fir deng CP/SP’en respektiv e Scout dee wierklech an dengen A scho prett ass Responsabiliteit z’iwwerhuelen. Et ass extrem wichteg, dass en d’Basis vun der Troupe kennt, esou dass en als Virbild fir seng Patrouillarden steet.
25
DESCOUT III SCOUTSTECHNIKEN HIKE + ORIENTATIOUN Mam Kompass eenz ginn, mat engem Réimer schaffen kënnen oder Kaart liesen ass extrem wichteg fir d’Scouten. Et muss onbedéngt mat hinnen am Joer op flott Aart a Weis gewisen a geübt ginn. Alles zum Hike fannt der gutt erkläert op de Säiten 68 bis 70 am Bichelchen
DO’S flotten an ofwiesslungsräiche Wee, z.B. duerch de Bësch D’Technik vun der Orientatioun während dem Hike/ just virdrun nach emol opfrëschen De Wee kennen oder selwer ofgaange sinn, dass een d’Scoute kann ënnerwee hier Erfahrunge maache loossen, ouni se Bäilafen ze loossen, mee erklären wat se richteg a falsch gemaach hunn. den Orientatiounsbadge mat anzebannen (Säit 111-136)
DON’TS Net nëmmen Trëppelen fir de Wee ze maachen. Haaptstroosse vermeiden
DROPPING Sënnvoll a gutt organiséieren, net iergendwou rausgeheien a kucke wat passéiert! Wa méiglech soll e Chef derbäi sinn, bis se sech orientéiert hunn.
DO’s e gutt geplangten Dropping ass e super Challenge, an deemno och mat grousse Glécksgefiller verbonne, wann et klappt.
DON’Ts Keng Strof, et ass eng Erausfuerderung, wou de Scout seng Basis vun der Orientatioun ënner Bewäis stelle soll
KNIET All Scout soll Basis an den Zweck vu mindestens enger Rëtsch essentielle Kniet kennen (platte Knuet, Brelage...) S. 105-109
26
Flott Iddi: Pro Patrull e Knuet-Tableau maachen: den ale Scout (CP/SP) kann den neie Scoute Kniet bäibréngen. Heimatter och de Badge a Verbindung bréngen an d’Saach an der Praxis zimlech kuerz drop, ausprobéieren.
IV DE GROUSSE CAMP Zelten an Holzkonstruktiounen, esou wéi den Hike, sinn traditionell déi Haaptbestanddeel vun engem Summercamp. Do kann de Scoutissem ewéi en ëmmer scho war gelieft ginn. Fir dass awer d’Zelt an den Trépied net beim éischte Wand ëmfale, ass et wichteg am Viraus an enger Versammlung ze übe, wéi alles opgebaut gëtt. Do mécht een dann an engems d’Kontroll vun den Zelter (Lächer, Staange verbéit, Piqueten zielen). Dat selwecht gëllt fir d’Patrullekëschten. Cheffen, kuckt dat zesumme mat de Scouten, da gi se herno um Camp alleng eenz.
CHECKLËSCHT CAMP FIR DE CHEF
Och är eege Materiallëscht genau iwwerpréiwen an duerchgoen. Budget am viraus maachen, (checke wat Aktivitéiten (Kloterpark, Kayak)etc kaschten – net roden) Aktivitéiten dem Wieder ugepasst, an checken ob se och disponibel/op sinn Eltereversammlung wou Infoen erkläert ginn (Presentatioun mat Photoen z.B) Hygiène am Summer!!!!!Knascht an Poubelle, Zecken, mat waarmen Waasser spullen.... E Camp gëtt min. 2 Wochen am Viraus an Fnel geschéckt, en Äuslandscamp min. 1 Mount
Dir gestallt de Plang vun ärem Camp natierlech vill no deem wat een op a ronderëm är Campplaz ka maache, mee nieft Zelt, Konstruktioun an Hike ginn et nach eng Rëtsch urtypesch Scoutstraditiounen, di op all Camp derzougehéieren. Di fënns du alleguerten am allgemengen Deel fir all d’Branche an den nächsten Zeitunge beschriwwen. Salut au Drapeau/Descente des Couleurs, Frühsport, Sangen, GBS, Veillee, Nuetsspill, Carré, Feier, grousst Camp-bezunnent Spill ewéi d’Siggyspill oder d’Mäerderspill, Scoutskascht, Kreesch, Bon’en, ...
Spillt mat de Scouten d’Gänsespill wat fir si zu dësem Thema preparéiert gouf an an deene 4 Ausgabe vum DeScoutSpezial erauskënnt.
27
DENEXPLORER Entreprise Ee balancéierte Programm mat “Leadership” deen Explorer Method
Charte d’unité
System plangen
ënnerstëtzt
Responsabilitéit
METHOD
Gesetz a
B.A.
EN
Progressive Programm
R
ALER ITU
ADITIOUN
Verspriechen
TR Conseil d’Unité
Learning
EXPLORER
Liewen an der Natur
Zesummeliewen
by doing
a klenge Gruppen
Perséinlech Entwéckelung
Traditiounen
Perséinleche Formatiouns Schema
28
Zesumme Cahier d’Unité
schaffen
DEROVER “Route” vers l’âge adulte
Autonom
Teamspirit Liewe mat der Natur
"Servir"
Expeditioun
aaneren ze (Rover-B.A.)
EN
TR Roverloge
Roverquiz
Learning by doing
R
ALER ITU
hëllefen
ADITIOUN
Engagement fir
Gesetz a Verspriechen
METHOD
Aventure &
Fonktionnement
ROVER
Clan & Zesummeliewen am Grupp
Stärkten & Schwächen
Participatioun
vun eenzele Persounen
an/oder
notze fir zesumme
Organisatioun
Géigesäiteg Ënnerstëtzung
Projet'en op d'Been ze stellen Responsabilitéit
Deene méi jonke Branche wichteg a
Perséinlech Entwécklung -
nëtzlech Saachen mat
intellektuell, sozial, spirituell,
op de Wee ginn
kierperlech & emotional
29
DENEXPLORER I ENTREPRISE An der Unitéit/Clam plangen an organiséiere mir zesumme verschidden Entreprisen/Aktivitéiten ENTREPRISE À COURT TERME: iwwer e puer Wochen. z.B. Sortie, Week-end, B.A. ENTREPRISE À LONG TERME: iwwert e puer Méint oder e ganzt Joer. z.B. Camp, Theaterstéck,Projet Maach der als Responsabel schonn am Viraus Gedanken an e Plang fir Iddien ze sichen, ouni awer den Explorer deng Iddi opzedrängen, mee fir hir kënnen ze steieren a vrun allem fir prett ze sinn eng Kompromëssléisung anzeleden, wann et soss keng Eenegung gëtt. Awer och dës Kompromëssléisung soll vun all Mënsch akzeptéiert sinn. D’Plangen ass am Ufank déi schwieregst Phase an der ganzer Entreprise. Wann dës ze laang dauert, kréien d’Explorer d’Flemm. De Responsablen muss also fir déi néideg Coordinatioun suergen a kucken, dat all Explorer sech mat dem néidegen Engagement un der Entreprise bedeelegen. Weider Infos zur Entreprise a wéi der kënnt konkret virgoen an der Spezialedition vum DeScout. Als Responsabelen bass du verantwortlech fir d’Stëmmung an der Unitéit. Wann dat gesaten Zil net erreecht gëtt, ass dat keng Katastroph, ëmmerhi léiere mer duerch Fehler. Dat ass och de Scoutsgeescht. Proposéier eng Alternativ fir een neit Zil a maach der Unitéit kloer, dass et jo méi em d’Aktivitéit u sech geet. D’Haaptsaach ass dat dir eppes léiert a Spaass zesummen hutt! An egal wéi sidd der net di éischt an och net di lescht déi en Zil net erreechen.
30
DEROVER WAT BRÉNGT EIS D’ENTREPRISE? Gruppegeescht stäerken, matenee schaffen an eenzginn, Kompromësser fannen, Toleranz, eege Stäerkten a Schwächte kenneléieren, Meenung äusseren, Decisiounen huelen am Groupe an individuell. D’IDDI soll zesummen entwéckelt an entscheed ginn. Maacht e Brainstorming
ENG ENTREPRISE SOLL: e kloert Zil hunn (esou dass e ka gesinn, ob en et erreecht huet oder net) eng Erausfuerderung/Challenge sinn (a wat et méi schwéier ass, wat e méi Satisfaktioun doraus zitt wann
en et gepackt huet!)
realistesch sinn (esou dass et am Beräich vum Machbare bleift) der Unitéit eng positiv Erfahrung bidden eppes Neies enthalen.
REGELE FIR E BRAINSTORMING: Zäit fir ginn an där jiddereen Iddien nennt. Jidderee soll zu Wuert kommen All Iddi gëtt opgeschriwwen ouni ze jugéieren Dono ginn d’Iddeeë sortéiert, gruppéiert, muncher och vläit gestrach well se net mat Scoutissem ze dinn hunn oder net realisabel sinn Fir de Choix kann ofgestëmmt oder gewielt ginn
31
DENEXPLORER II TECHNIKEN Wat eis vun aneren Jugendmouvementer ënnerscheed ass dass mir konsequent mat traditionellen Technike schaffen. Dës gi sécherlech och bei anere Groupementer benotzt, mee bei de Scouten ass et ee vun eisen Haaptstandbeen, an deemno ginn d’Techniken och an all Branche altersgeméiss geléiert, sou dass mer dat bei den Explorer a Rover kënne voll exploitéieren. An der 2ter Ausgab vum DeScout-Spezial gi mer spezifesch op di 4 Zorte vun Techniken an (Konstruktioune, Kniet, Feier, Orientatioun). Hei fënns du awer schonn emol e puer flott Internetsäiten a Bicherreferenzen, déi’s de kanns konsultéiere als Inspiratioun, fir iech nei Challengen ze setzen. • • • •
32
Kennen + Können. Handbuch für Gruppenaktivitäten und Ferienlager von Manfred Kaderli, Franziska Bertschy, Daniel Ritter Rex Verlag Luzern Thilo Schweizer Pfadibüchlein. Herausgegeben von der Pfadibewegung Schweiz http://fr.scoutwiki.org Scoutsbichelchen. FNEL Scouten a Guiden
Weider flott Referenzen, hannen an dëser Ausgab an an den nächste deSCOUT spezial.
DEROVER III TOTEMISEIRUNG D‘Totemiséierung ass e Ritual wat a verschidde Länner fest an anere guer net, als Scoutstraditioun gëllt. Am Moment sinn nëmmen nach E puer Gruppe vun der FNEL, déi dës Traditioun nach duerchféieren, obwuel d’Totemiséierung am Ufank a quasi alle Gruppen am Land praktizéiert gouf. Et ass eng méi oder wéineger geheim Zeremonie, bei deem een oder méi Leit, wëll se sech et verdéngt hunn, an e méi intime Groupe, dee vun den Totemiséierten opgeholl. Iwwert de Background vun der Totemiséierung an der 3. Ausgab vum deSCOUT spezial méi. Hei e puer ganz praktesch Usätz: D’TOTEMISEIRUNG KANN NËMME VUN TOTEMISEIRTEN DUERCHGEFOUERT GINN! Net all Mënsch gëtt totemiséiert. Fir en Equiliber ze fannen (wien, wéini, virwat), folgend kleng Checklëscht: wie gëtt totemiséiert a virwa (Alter, aktiv säit..., speziell engagéiert...) wéini a virwa dann (geheim halen, an de Kandidaten et net soe bis et esou wäit ass) wéi eng Aktivitéite solle gemaach ginn (Aktivitéit upassen, ka schwéier an impressionant sinn, mee dierfen net
iwwert dem Méigleche vun deeër Persoun sinn, e Mix un deene selwechten Epreuve fir all, an ugepasster fir all Kandidat)
wéieen Numm wielen (Kombinatioun Déierennumm, Planz oder Objet & engem „qualificatif“/Verb. - di 2 sollten eng
Kombinatioun vu Stäerkten a Schwächten sinn)
mat engem Austausch-moment tëscht den alen an den neien Totemiséierten ophalen
WAT D’TOTEMISEIRUNG SOLL SINN
NET SOLL SINN
En Zeeche vu Vertrauen Eng Méiglechkeet fir (Eege)-Reflektioun seng eege Limiten a Capacitéite kenneléieren et geet ëm Unerkennung an Integratioun e wichtege Passage/Weiderkommen
E Bizutage sech op der Kap vun aneren ameséieren eppes beweise mussen en Examen wou ee kann duerchfalen d’Méiglechkeet ee Blousszestellen
33
DEGLOBETROTTER IV INTERNATIONAL AKTIVITÉITEN D’Begéine vun anere Leit an hire Kulturen ass sécherlech e reizvollen Aspekt vum Scoutissem an deene méi ale Branchen. Dofir ginn et e puer traditionell, europäesch oder weltwäit Aktivitéiten, fir déi Altersgruppen, déi jidder Participant sécher wäerten onvergiesslech bleiwen. Dës international Aktivitéiten (JOTA, JOTI, MOOT, ROVERWAY, JAMBOREE) ginn an der leschter Spezialzeitung virgestallt.
34
LOVEit READIT SCOUTit READ IT Fir all déi, déi nach e bësse méi iwwert d'Traditiounen, d'Geschicht an d'Grondprinzipien vum Scoutissem wëlle wëssen, hu mer iech hei eng Lëscht mat e puer interessanten Bicher a Siten zesumme gestallt. Scouting for Boys – Lord Robert Baden-Powell ISBN: 978-1607963363 (Englësch) - 978-3927349414 (Däitsch) 1908 ass dem B.P. säi Buch déi éischte Kéier veröffentlecht ginn, puer Méint no dem alleréischte Camp op Brownsea Island. Et ass souzesoen d'Scouts-Bibel, iwwersaat an 87 Sproochen an 150 Milliounen mol verkaf. A 6 Kapitelen geet et em d'Scoutsliewen mat senge Gesetzer, Prinzipien, Techniken, Campliewen, a villes méi.
The Jungle Book (Das Dschungelbuch) – Rudyard Kipling ISBN: 978-0553211993 (Englësch) - 978-3791536057 (Däitsch) an als Lauschterbuch op Däitsch: Isbn 10: 3-86604-309-0 Isbn 13: 978-3-86604-309-1 Eng Sammlung vun Fabelen, vun denen déi bekannsten d'Geschicht vum Mowgli am indeschen Dschungel beschreiwen. De B.P. huet den Kipling em Erlabnis gefrot fir dës Geschichten däerfen ze benotzen fir d'Wëllefchersbranche opzebauen, well hien hei déi Wäerter eremfonnt huet déi hien och bei Scouten wollt vermëttelen. D'Erzielungen si schon oft verfilmt ginn, mee d'Original-Geschicht ass dach awer eppes ganz besonnesches.
Baden-Powell – Tim Jeal ISBN: 978-0091706708 (Englësch) - 978-3926308115 (Däitsch) Eng Biographie iwwert de Robert Baden-Powell, déi net nëmmen flott ze liesen ass, mee och nach interessant an och heinsdo méi kritesch Ablécker an d'Liewen vum Begrënner vun de Scouten gëtt. E „Must“ fir jiddereen den sech fir den Ursprung vun eisem Mouvement interesséiert.
An official History of Scouting (100 Jahre Pfadfinder: Die offizielle Geschichte der weltweiten Bewegung) ISBN: 978-0600613985 (Englësch) - 978-3887783099 (Däitsch) Gefëllt mat Material aus den offiziellen Archiven vum Weltbureau, gouf den flott illustréierte Band fir den weltwäiten Centenaire publizéiert an weist d'Entwécklung vum weltwäit gréissten Jugendmouvement.
„Be prepared“ Une histoire du scoutisme et guidisme au Luxembourg – Anne-Laure Letellier 978-2879780528 (Franséisch) Erausginn fir de Centenaire am Joer 2007, retracéiert d'Historikerin Anne-Laure Letellier d'Entwécklung vum Scoutissem zu Lëtzebuerg mat villen interessanten Fakten an Dokumenter.
FNEL Almanach 1914 – 2014 (ze kréien am Scoutshop vun der FNEL) 512 Säiten iwwert d'Geschicht, d'Ritualer an d'Traditiounen vun der FNEL, iwwert eis Fédératioun an hirem Emfeld an natierlech e Réckbléck iwwert d'Festivitéiten vum Joer 2014.
35
LOVEit READIT SCOUTit www.scoutwiki.org Eng Plattform, wéi Wikipedia, mat Erklärungen a 15 verschiddene Sproochen vun alle Begrëffer déi eppes mat Scoutissem ze dinn hun.
Eng relativ grouss Auswiel vun Sachbicher, Kannerbicher a Romaner ronderëm d’Scouten fënnt een och beim Spurbuch-Verlag (www.spurbuch.de) Scoutstechniken: • Querweltein: Ein Handbuch nicht nur für Pfadfinder. Mawa. Taschebuch, georgsverlag Handbuch für Pfadfinder. Klaus Eicheler. Gerber Karl Gmbh • Scout Pioneering. John Sweet, ISBN: 0 85165 101 1 • Kennen und Können. Rex Verlag, Luzern, ISBN: 3-7252-0667-8 • http://www.scout-online.net/pfaditechnik.htm • http://www.pfadfindertechnik.de • http://www.praxis-jugendarbeit.de/jugendarbeit-links.html • https://pfadfinderseiten.wordpress.com/gruppen-programm-ideen/ Spiller: • Spiele. Pierre Joubert u.a. Spurbuchverlag. Bausteinreihe Wer nicht spielt, der lebt verkehrt. • Und ÄKTSCHN!. Daniel Seiler. Brendow, J. • pfadfinder spiele • http://www.pfadfinder-laudenbach.de/pfadfinderrisches/spielw03.html (ass vun engem Grupp, eng Lescht am Doc) • http://www.gruppenspiele-hits.de Pinterest • https://de.pinterest.com/explore/cub-scout-activities/ • https://www.pinterest.com/stefandeobald/pfadfinder-aktivitäten/
PS/004 L-3290 BETTEMBOURG
Envois non distribuables à retourner à:
PERIODIQUE
Port payé
infoSCOUT No 320
<<Titre>> <<NAME>> <<Prenom>> <<CO>> <<Numero>>, <<Rue>> <<Pays>>-<<CodePostal>> <<Localite>>
Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg Fotoën : ©worldscouting, FNEL, Les Aigles Drock : Hengen Print & More