1 minute read

10. SÉCHERHEET, HËLLEF A GESONDHEET

D’Uerdnung an d’Sécherheet gehéieren zu den Uraufgabe vun enger Gemeng.Am haitege Kontext gëtt et ëmmer méi schwéier dëser Aufgab nozekommen an dofir brauche mir Léisungen. Donieft brauch et méi Sensibiliséierungs- a Weiderbildungscoursen am Beräich éischt Hëllef a Gesondheet.

10.1. Sécher liewen zu Rëmeleng

Advertisement

• E Finaliséiere vum Policereglement fir d’Erweiderung vun de Kompetenze vum Agent municipal ze definéieren soll vollzu ginn.

• Mir wëllen e Projet „voisins vigilants“ fir eis Wunnquartieren ausschaffe fir géint all Zort vu Kriminalitéit virzegoen.

• Mir wëllen eis staark maache fir méi Policepresenz a méi Policebeamten an de Kayldall ze kréien.

• E Mediateur de voisinage soll zu Rëmeleng agefouert gi fir bei Streidereien tëscht den Noperen ze schlichten.

• Den ëffentleche Raum schützen: Kaméidi an Ëmweltverschmotzung solle méi haart bestrooft ginn.

10.2. Hëllef a Gesondheet

• Den Noutfallplang mat Abezéiung vun engem Plan canicule soll iwwerschafft ginn.

• Weiderbildungscoursen vun der éischter Hëllef solle reegelméisseg zu Rëmeleng stattfannen.

• Sensibiliséierungsdeeg: Workshoppe fir Gewalt- a Gesondheetspreventioun sollen zu Rëmeleng organiséiert ginn.