1 minute read

Chantieren

Aktuell Chantieren aus der Gemeng Manternach.

Gemengenhaus

Advertisement

De Chantier am Gemengenhaus kënnt gutt virun.

Den Daach ass bal komplett nei agedeckt, et feelen just nach d’Daachflächefensteren.

De Réibau ass ofgeschloss an d’Raim sinn deelweis schonn ofgedeelt ginn, sou dass dat neit, funktionellt Archiv amgaang ass ageriicht zeginn.

An eisem nächste Buet kënne mir iech viraussiichtlech de fäerdege Späicher presentéieren.