Bratzelgecken2025

Page 1


21:00 bis 2:00 Auer

klick op d'Foto an de Video start

Salut léif Frënn, Memberen a Sponsoren vun der Bëllia Nuetskavalkad

Halleffaschte steet virun der Dier – an dat heescht: Waasserbëlleg gëtt nees zur ultimativer Fueshéichbuerg! �� �� ��� ��� ����� � Um Virowend vun Halleffaaschten erwächt d’Nuetskavalkad zum Liewen, an d’Stroosse fëllen sech mat faarweprächtege Fuesboken, lëschtege Gruppen a spektakuläre Fuesween! � �

��� � � 20 Joer Bëllia Bratzelgecken ASBL! �

�� ��� Mir feieren e grousse Gebuertsdag! Zanter zwee Joerzéngten dréit d’Kavalkad zum (Fues)Liewen an der Groussregioun bäi. Eis Kavalkad ass net méi aus dem Manifestatiounskalenner ewechzedenken – d’Zuel vun den Zuschauer wiisst all Joer!

� D’Nuetskavalkad 2025: Méi grouss, méi faarweg, méi onvergiesslech!

Mir sinn iwwerrannt gi vu Gruppen, déi deelhuele wollten – 89 Umeldungen! Leider hu mir just 50 Gruppen unhuele kënnen, mee dat garantéiert eppes fir d’Aen an d’Oueren! �

� � Musikalesch Highlights: �� ��� D’Guggemusik "Rhoirevoluzzer" aus Mainz bréngt mat hirer energiegeluedener Musek d’Leit zum Danzen!

��� D’"Roepoepers" aus Holland spille schonn ab 17:20 Auer op der Spatz – a nach eng Kéier um 22:00 Auer beim Festsall.

D’Live-Band "Langer Mütze" suergt am Festsall fir déi richteg Fuesstëmmung!

�� ��� DJ FAB dréint am gehëtzten Zelt op a suergt mat sengem modernen a jonke Sound fir eng onvergiesslech Party!

�� � � D’Bratzelblat geet digital! Endlech nach méi Fotoen, méi Infoen, klickt op eng Annonce an dir kommt direkt op d’Internetsäit vum jeweilege Betrieb, e coole Quiz – an dat alles op eng nohalteg Manéier!

� � � � E spezielle Merci un eis Bratzelkinnigin Mara I. mat hire Prinzessinnen a Prënzen! Si halen d’Fuestraditioun héich a bréngen Glanz an d’Nuetskavalkad.

Besonnesch cool: De Bratzelkinniginnenwon kritt dëst Joer e ganz neie Look – sidd gespaant!

� � � � Äre Bratzelbecher ass och nees dobäi! Mat dësem Becher kritt dir Wäin vun de Gruppen an hutt och d’Méiglechkeet, eppes Guddes ze maachen – mat enger Spende fir d’Association "Pour une parenthèse". (pouruneparenthese.lu)

MERCI un:

� All eis Sponsoren! Et gëtt ëmmer méi schwéier, Sponsoren ze fannen – dowéinst e besonnesche Merci un déi, déi eis ënnerstëtzen!

� D’Police, CGDIS, Ponts et Chaussées, CIGRE, CFL an all Veräiner a Fräiwëlleg, déi mat hirem onermiddlechen Engagement dës Nuet méiglech maachen!

� D’Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg fir hir konstant an onkomplizéiert Ënnerstëtzung!

� � Mir freeën eis op iech den 29. Mäerz!

� Start vun der Nuetskavalkad: 18:11 Auer

Virun an nom Ëmzuch: Fuesstëmmung am ganzen Duerf!

� Kommt sécher an ouni Stress op d’Nuetskavalkad! Den ëffentlechen Transport steet iech zur Verfügung – profitéiert dovun a loosst den Auto doheem!

Kommt, feiert mat eis, a verbréngt e spektakulären Owend voller Fuesfreed!

Viva di Bëllia!

Christian Goergen President Bratzelgecken ASBL

Conditiounen fir de Bratzelblat-Quiz

1.Organisateur

De Bratzelblat-Quiz gëtt vun der Bëllia Bratzelgecken ASBL organiséiert.

2. Wien dierf matmaachen?

• All Persoun ab 12 Joer dierf matmaachen.

• Mannerjähreg brauchen d’Erlabnis vun engem Erzéiungsberechtigen.

• De Comité vun de Bëllia Bratzelgecken ASBL dierf net deelhuelen

3. Wéi fonctionéiert de Quiz?

• De Quiz ass online iwwert dat digitalt Bratzelblat zougänglech a bei "forms" auszefëllen.

• D’Froe musse bis spéitstens de 12. Abrëll beäntwert ginn.

• D’Gewënner ginn ënnert de richtegen Äntwerte verloust.

• D’Gewënner gi per E-Mail de 15. Abrëll kontaktéiert.

4. Präisser

• D’Gewënner kréie flott Präisser.

• D’Präisser ginn net per Post verschéckt a mussen no Ofsprooch am Veräinshaus ofgeholl ginn.

5. Dateschutz

• D’perséinlech Donnéeën, déi am Kader vum Quiz gesammelt ginn, ginn nëmme fir d’Gewënnauswiel benotzt, net un Drëtter weiderginn a no Ofschloss vum Quiz geläscht.

6. Ausgrenzung vum Quiz

• Den Organisateur behält sech d’Recht vir, Participanten auszeschléissen, déi probéieren ze fuddelen oder géint d’Reegele verstoussen.

7. Responsabilitéit

• De Rechtswee ass ausgeschloss.

8. Kontakt

• Fir weider Froen: bratzelgecken@hotmail.com

2,rueVictorBraun-L-6744GREVENMACHER Tél.:+352-758894-info@garagebraun.lu

Feiern.

25 Jahren seit

Follow eis: agencehermeszitterbart Mit der Unterstützung Ihrer Agentur Foyer

Agence Principale d’Assurances

12, Grand-Rue - L-6630 Wasserbillig

Tél. : +352 74 99 26

Email: hermes-zitterbart@agencefoyer.lu

E

Bratzelkinnigin 2025!

Et ass mir eng grouss Éier a Freed, als Brazelkinnigin dëst besonnescht Jubiläumsjoer unzeféieren. Waasserbëlleg feiert 20 Joer Fuesent-Traditioun, a ech hunn d’Gléck, en Deel vun dësem aussergewéinleche Kapitel ze sinn – eppes, wat net nëmmen eis Gemeinschaft, mä och meng Famill, déif am Häerz läit. Schonn 1957 war meng Bom Fuesprinzessin an hirer Heemecht – eng schéin Traditioun, déi ech mat Stolz weiderféiere kann.

Zu Waasserbëlleg feiere mir d’Fuesent mat voller Begeeschterung – an dëst Joer gëtt et besonnesch spektakulär! Eis berüümten Nuetskavalkad zitt mat ronn 50 liichtende Ween d’Leit op d'Stroossen. Duerno loosse mir d’Nuecht bei eisem Fuesbal mat Musek a Freed auskléngen –eng Stëmmung, déi kee wäert vergiessen a wéi ëmmer ass fir alles gesuergt!

Un menger Säit sti meng wonnerbar Prinzessinne Pauline de Nerée, Lea Biewer, Susi Prommenschenkel an Natascha Berna, souwéi meng Prënze Cédric Malek a Joé Welsch. Zesumme wäerte mir d’Freed, de Spaass an d’Léift zur Fuesent un eiser schéiner Musel verbreeden.

Awer d’Traditioun vum Bratzelsonndeg läit mir besonnesch um Häerz, well dësen Dag ganz am Zeeche vun der Léift steet: Männer schenken hire Léifsten eng Bratzel als Zeeche vun hirer Unerkennung. Wann d’Gefiller erwiedert ginn, gëtt et Ouschteren als Äntwert en Ee. A wann net?

Da gëtt et am Wuertwiertleche Sënn e Kuerf. An Schaltjore gëtt d’Traditioun ëmgedréint – da sinn et d’Fraen, déi d’Bratzel verschenken. Eng Traditioun, déi iwwer Generatioune fort besteet an nach ëmmer d’Häerzer vun de Lëtzebuerger eruewert – mat vill Léift Bratzelen, natierlech!

Dofir loosst eis dëst Jubiläum feieren – mat engem Laachen um Gesiicht, Musek am Häerz an enger Bratzel an der Hand! Et ass genau dës Mëschung aus Traditioun, Freed a Gemeinschaft, déi eis Fuesent sou eenzegaarteg mécht.

Ech freeë mech drop, mat iech alleguer ze feieren, ze laachen an Erënnerungen ze schafen, déi mir fir ëmmer an eisem Häerz behalen.

An dësem Sënn:

Viva di fënneft Joreszäit, Viva d'Bratzeltraditioun a Viva d'Nuetskavalkad!

Är Brazelkinnigin 2025– Mara I.

Wir sehen Ihre Küche als Teil einer grösseren Wohneinheit, in der alle Elemente aufeinander abgestimmt sein müssen. Neben der eigentlichen Küchenplanung übernehmen wir auch die Boden- und Wandgestaltung, die Beleuchtung und wählen mit Ihnen das passende Mobiliar oder die perfekte Treppe. Ihre Wünsche und Anforderungen sind unsere Richtlinien.

Dank 3D-Simulation sehen Sie heute schon, wie Ihr Wohnraum morgen aussieht: Sie haben während der gesamten Arbeiten nur einen Ansprechund Vertrauenspartner. Um schnelle Arbeitsabläufe zu gewährleisten, übernehmen wir selbstverständlich die gesamte Projektleitung.

Informieren Sie sich jetzt und genießen Sie schon bald das einzigartige Ambiente Ihrer neu gestalteten Wohnräume!

Kontaktdaten

Kréinung & Schlësseliwwergab 2024

Fotoen Kréinung & Nuetskavalkad 2024: Beissel Marc, Almeida Fernando a Krier Emile

MERCI der

Nuetskavalkad 2024

Bewerbungen bitte an: 8 Syrdallstrooss, 6850 Manternach, Luxemburg

Nuetskavalkad 2024

ÄRE PARTNER

fir Hardware, Software & Network Solutions T. 26 74 12-1

VILLES OP STOCK, ODER BANNENT KUERZER ZÄIT DISPONIBEL!

Äre Computer-Buttek zu Manternach (Cartouchë, Kabelen, Adapteren, a villes méi…)

Reparatur-Service fir privat a geschäftlech (bei eis am Atelier oder bei Iech Doheem)

Installatioune vu Firmen-Netzwierker (PC’en, Server’en, Netzwierker, Firewall, Backup Léisungen…)

Computer Service bei Iech Doheem

EYE-T S.à r.l. 2C, op der Gare I L-6850 Manternach www.eye-t.lu I T. +352 26 74 12-1

Syndicat d’Initiative et de Tourisme asbl

Wasserbillig

Adresse:

8, rue de la Sûre

L-6649 Wasserbillig

Tel. +352 740543

Email:

info@visitwasserbillig.lu www.visitwasserbillig.lu

Camping « Schützwiese »

Wasserbillig

Wenn du denkst es geht nicht mehr dann pack deine Sachen und komm zu uns her, auf der « Schützwiese » erholen ist schlauer geniesse die Zeit an Mosel und Sauer

Wasserbillig-Centre

Résidences à appartements, bureaux et commerces.

A B À VENDRE Prêt à emménager*

Deux bureaux de 33 et 60 m²

Cinq appartements restant avec garages Un local commercial de 228 m²

Les appartements, commerces et bureaux restants à vendre sont encore au libre choix des finitions comme le revêtement de sol, le sanitaire et le revêtement mural. Appartements entre 91 et 115 m² Appartements avec cuisine ouverte et terrasse

*Prêt à emménager sous 3 mois, sous condition des disponibilités des matériaux choisis.

Le promoteur-constructeur vous propose plusieurs immeubles à appartements, surfaces commerciales et bureaux en finition se trouvant au Centre de Wasserbillig.

Les appartements se composent de 2 ou 3 chambres à coucher, d’un WC séparé, d’un living avec cuisine ouverte avec l’accès au balcon, à la terrasse ou à la loggia.

Längt vum Ëmzuch:

DNuetskavalkad an Zuelen: 1,

Dauer vun der Organisatioun:

1800 Liter er ± gratis Wäin, Jus a Waasser .... Participant’en:

Bratzelen Km

8-10 Méint

1800

6 Tonnen

Kamellen a Schockela

1500 Chips a Gadget

1100 Persounen

› Aus organisatoresche Grënn an Zesummenaarbecht mat Police a Gemeng huele mir och just 50 verschidde Gruppen un.

› Hei nach just 3 Regele rausgepickt fir d’Veräiner, déi matmaachen: » keng Konfettikanounen » Musek op max. 90 db » keng Einwegbecheren

Tipps:

Ënnerstëtzt d'Bëllia Bratzelgecken asbl mat engem Kaaf vum Entréesticket a garantéiert domat d'Zukunft vun der Nuetskavalkad. Besuergt Iech äre "Bratzelbecher" nach virum 1. Won fir gratis Wäin ze kréihen.

Notzt d’Geleeënheet bei der Opstellung vun de 50 verschiddene Gruppen se am Hellen ze bewonneren. (Espl. de la Moselle, +- 17 Auer) Entdeckt déi konschtvoll a mat vill Arbecht dekoréiert Ween a Kostümer. Fannt vill weider Detailer, déi ee wärend der Nuetskavalkade net gesäit.  Loosst Iech vun deene ville faarwegen Fuesboken, Danzgruppen a Museksgruppe faszinéieren an erliewt d’Nuetskavalkad an engem ganz aanere Liicht.

PENTHOUSE & APPARTEMENT

Op der Pompel à Mertert

+352 26 71 48 85 1 hello@riman.lu | riman.lu

• 2 - 4 chambres à coucher

• 360º Rooftop Terrasse

• Jardin

• Parking (sous-sol)

• Classe énergétique A/B/A

Connexion transport public (bus + train) direct vers Luxembourg ville

1ère phase en construction

Lancement de la 2e phase

L‘immobilier c‘est notre passion depuis plus de 20 ans

VOTRE CONFIANCE, NOS COMPÉTENCES

Nuetskavalkad 2024

Fort vum „Einwegplastikbecher”, hin zum „Mehrwegbecher”

"Gratis Wäin" ass e Must fir vill Spectateuren op der Nuetskavalkad. Dobäi flitt de Plastikbecher normalerweis direkt nom Ausdrénken op de Buedem oder awer an déi normal Dreckskëscht. E puer dausend Plastik-Becheren waren dat an de leschte Joeren.

Dat huet "Bëllia Bratzelgecken asbl" zesumme mat "Bernard-Massard" zum Ëmdenke bruecht a mir weisen, datt et och anescht geet. Dofir stelle mir de "Bratzel-Becher" vir. Et ass e “Mehrwegbecher” mat 0,2 l an ideal fir eis Notzen

"Bëllia Bratzelgecken asbl" a "Bernard-Massard" setze mat der Verwendung vum “Mehrwegbecher” e klengt Zeeche fir Offallvermeidung, Nohaltegkeet a Klimaschutz.

Mam gudde Beispill virgoen

Becher - Pfand – System op der Nuetskavalkad

Den Entréesticket huet dëst Joer en oftrennbaren Deel (Souche, (Pfandmarke) = Valeur 2 €), mat deem Dir ären "Bratzel-Becher" kritt.

Et ginn mobil Becher-Gruppe ronderëm. Virum 1. Won loosse mir eise “Becher-Won” fueren, wou dir iwwerall äre “Bratzel-Becher”, géint Antauschen vu der Souche, kënnt kréien.

Opgepasst: Huelt äre Becher nach éier den 1. Won kënnt

Dir wëllt guer kee Bratzel-Becher, gitt einfach är Souche of, an Dir kritt 2 € erëm. oder

Huelt Iech är 2 € erëm andeems Dir de Becher no der Kavalkad nees ofgitt.

D'Bechere kënnt dir zu all Moment bei de Veräiner zeréckginn. Hannert dem Bratzelkinniginnenwon kënnt nees eise “Becher-Won”, wou dir och är eidel Bechere kënnt zréckginn.

Kee Retour bei de “mobile” Keese méiglech.

Becher – Don fir de gudden Zweck:

Spectateure kënnen och hiren eidele Becher oder hir Souche an extra Spendeboxe wäerfen a spende sou jeeweils 2 €

Den Erléis geet zu 100% un d’Associatioun “pour une parenthése” (www.pouruneparenthese.lu)

Kee Bratzel – Becher ouni Ticket - Keng 2 € Retour op futtis Becheren

D' Participant’en vun der Nuechtkavalkad verkaafen a verdeele keng Becheren

Weider Infoen op: www.bratzelgecken.lu

56 route de Trèves L-6793 Grevenmacher T. +352 75 85 39 papillons@elisabeth.lu schmetterling.lu

PÄIPERLEKSGAART SAISON 2025

1. ABRËLL BIS DEN 31. OKTO BER

GAART, SHOP A BRASSERIE SINN ALL DAG OP.

Kaaft a bestellt är Bicher am Päiperleksgaart SINCE 2007

YOLANDE COOP

Bucht Är Ticketen online op www.papillons.lu

hei klicken an de Video start

Votre Agence

Chef d’agence : Lex Schmitt

1a, rue Mathias Schou L-6762 Grevenmacher

Tél. : (+352) 4015-1 age.grv@spuerkeess.lu

NAVETTEN ... Neiegkeeten

Eis P&R Navette fiert och dëst Joer vu Gréiwemaacher iwwer Mäertert op Bëlleg am 10 Minutten-Takt hin- an hier, ab 22:30 Auer all 30 Minutten bis 2:30 Auer.

Detailer dozou fannt dir op de folgende Säiten oder op www.bratzelgecken.lu

Nei dëst Joer: De Late-Night-Bus fiert op Waasserbëlleg.

Late Night Bus

Ëmmer Topp - Nie Flopp! Fahrpläng op www.latenightbus.lu

Ëmmer komplett an aktuell -direkt op dengem Handy

Natierlech kënnt dir och op d’gratis ëffentlech Transportméiglechkeeten vum CFL zréckgräifen. Den Zuch bleift praktesch niewent dem Bratzelkinniginnenwon stoen. Weider Detailer op www.cfl.lu

Opgepasst !

D’Navetten fueren sou laang Strooss gespaart ass, vun der Bushaltestell “Marais” (héicht Hoffmann-Neu Matériaux) fort!!!

www.costumes-simsalabim.lu

74, route de Luxembourg · L-6633 Wasserbillig Fon: +352 26740 183

Group Travel Experiences Maßgeschneiderte Gruppenreisen

Für Clubs, Vereine, Schulklassen, Unternehmen, Freunde & Familien... Unsere Gruppenabteilung steht Ihnen für Beratung gerne zur Verfügung.

www.emile-weber.lu

Gruppenabteilung

Z.A. Reckschleed

L-5411 Canach

+352 35 65 75-300 groups@vew.lu

voll energie

Ihr Partner für Elektroinstallationen | Brandmeldeanlagen | Alarmanlagen | Kameraüberwachung | Störmeldeanlagen | KNX | Elektrogeräte | Innenbeleuchtung | Außenbeleuchtung | Schaltschrankbau.

Büro & Showroom: 10 z.a. grousswiss L - 6868 biwer | T. +352 71 95 45 | info@electricite-wampach.lu

Nuetskavalkad 2024

L-2227 Luxembourg

Tél : (+352) 22 63 70

L-6730 Grevenmacher

Tél : (+352) 75 02 36

5, av de la Porte-Neuve
1, coin Grand-Rue

Tel:+49 (0) 160-6390855

Planen,(um)bauen, wohlfühlen

Bau&Sanierung Baumann Benedict Baumann

E-Mail: baumann.bau.sanierung@gmail.com

-Innenausbau

-Trockenbau

-Malerarbeiten

-Fenster & Türen

-Sanitär & Elektrik

-Fliesenarbeiten

-Maurer & Verputzarbeiten

-Bodenbeläge (Parkett,Laminat,Vinyl)

-Galabau

I n d i v i d u e l l e B e r a t u n g u n d a t t r a k t i v e

W o h n r a u m g e s t a l t u n g i n d e n B e r e i c h e n

D e k o r a t i o n , B o d e n b e l a g , P o l s t e r n , S o n n e n s c h u t z u n d W a n d b e s p a n n u n g .

W i r f r e u e n u n s a u f S i e ! I n g o P e i f e r I h r R a u m a u s s t a t t e rM e i s t e r & T e a m

K o n t a k t i n f o @ r a u m a u s s a t t u n gp e i f e r . d e T r i e r : + 4 9 6 5 1 2 5 9 6 7 P a u l i n s t r a ẞ e 13 5 4 2 9 2 T r i e r K o n z : + 4 9 6 5 0 1 5 3 0 6 B a h n h o f s t r a ß e 3 9 5 4 3 2 9 K o n z

hei klicken an de Video start

Fouer 2024 - Kinniginnendag

Chrëschtmaart zu Mäertert 2024

Gutes verbinden.

An 7 Tagen in der Woche geöffnet

Copal Mertert-Wasserbillig

20-24, route de Wasserbillig

L-6693 Mertert

Entrée:

Virverkaaf = 8 € inclus 1 x "Bratzelbecher" am Wäert vun 2 €

Oweskees = 10 € inclus 1x "Bratzelbecher" am Wäert vun 2 €

Virverkafsplazen:

- bei de Memberen vun de Bratzelgecken

- Iechternach: Side-lane; Deko Malina

- Grevenmacher: Bernard-Massard

- Waasserbëlleg: Simsalabim; Café Queens; Supermarché Weber;

- den Daag selwer bis 17 Auer just beim Festsall

ëffentlechen Transport:

Greift op den ëffentlechen Transport zréck

www.latenightbus.lu an www.mobilitéit.lu

Stroossespären:

- D'Stroossen vum Circuit gi vu 17 Auer u gespaart

- D'Grenzbréck ass vu 17 Auer fir de Verkéier gespaart

- weider Informatiounen zur Verkéierssituatioun fannt dir op:

www.mertert.lu

(Règlement temporaire en relation avec la Cavalcade à Wasserbillig)

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.