N°1 RECKBLÉCK 2022

N°1 RECKBLÉCK 2022
ech si frou Iech kennen dat neit Bieschbecher Blietchen virzestellen. Ech fanne perséinlech dass eis Kommunikatiounsexperten een neien a flotten Design zesummegestallt hunn. Des Pabeierversioun soll an nächster Zukunft och duerch eng Audioversioun ergänzt gi, fir esou d’Bieschbecher Blietchen och fir eis blann Leit ganz accessibel ze maachen.
D’Joer 2022 war gepräägt vu verschiddenen Neierungen an den Institutioune vun der Fondatioun.
No enger Periode vu Krisen a COVID hunn déi verschidden Institutiounen 2022 lues a lues erëm an d’Spuer vun der Normalitéit zeréckfonnt.
Mir hunn och intern vun där Zäit profitéiert fir als Fondatioun ganz bewosst de Wee vun der Erneierung anzeschloen an eis esou och un déi nei Erausfuerderungen unzepassen.
Ugefaangen am Verwaltungsrot, wou eis Administrateuren hier Mandater fir eng weider Period erneiert hunn, fir och esou dee ganze Prozess kenne mat ze begleeden deen si virun
3 Joer ugaange sinn.
Dem Christian Erang seng Missioun vu Beroder vun der Fondatioun ass no zweeanenhalleft
Joer op een Enn gaangen, wou hien an där Zäit, zesumme mat mir, d’Reorganisatioun an d’Restrukturatioun vun allen Institutiounen op d’Schinn bruecht huet.
Ech well op dëser Platz am Numm vun der Fondatioun dem Christian Erang ee ganz grousse MERCI soe fir säin Asatz, seng kompetent Ënnerstëtzung an seng Wäitsiicht fir d’Fondatioun erëm ze festegen.
An deene verschiddenen Institutioune vun der Fondatioun sinn d’Aarbechte vun der Renovatioun, dem Ausbau oder der Neigestaltung vun der Prise en Charge an Ugrëff geholl ginn.
No baussen huet d’Fondatioun och nei Weeër ageschloen an seng Kommunikatiounskanäl moderniséiert. Dir fannt eis mat eise verschiddenen Aktivitéiten elo op de Soziale Medien, um Internet am Radio an op der Telé.
D’Fondatioun ass 2022 ganz aktiv no bausse gaangen an huet sech am Kader vu senger Quinzaine „Colors of Blindness“dobausse méi bekannt gemaach.
Et ass fir eis wichteg, dass betraffe Leit de Wee bei eis fanne fir gehollef ze kréien.
Dofir hu mir och de Kontakt mat den Associations amies aus dem Blannesecteur gesicht, fir zesumme méi konsequent am Interessi vun der déficience visuelle eng Hëllefsstellung kennen unzebidden.
Dëst wäert an der Zukunft och ee wichtege Bestanddeel vun der Fondatioun bleiwen.
Ech wënschen iech eng flott Lecture vun eisem neie Bieschbecher Blietchen.
Die Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung ist eine renommierte Stiftung, die bereits im Jahre 1955 gegründet wurde.
Die Stiftung betreibt 6 Institutionen:
• BBF Betreiung, Berodung a Fräizäit
• Bieschbecher Atelier
• CIPA Blannenheem
• Logement Encadré Wäisst Schlässchen
• Motum de mobile Fleegedéngscht
• Naturcrèche Bieschbech
Die Stiftung beschäftigt insgesamt 278 Mitarbeiter, davon 60 Männer und 218 Frauen, die in den verschiedensten Berufen tätig sind, darunter verschiedenste Therapeuten, Erzieher, Krankenpfleger, Krankenschwestern und Krankenpflegerhelfer in der Alten und Behindertenpflege.
Die Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung hat sich zum Ziel gesetzt, den ihr anvertrauten Menschen qualitativ hochwertige Dienstleistungen und Unterstützung zu bieten.
La Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung est une fondation renommée, créée en 1955.
La fondation gère 6 institutions :
• BBF Betreiung, Berodung a Fräizäit
• Bieschbecher Atelier
• CIPA Blannenheem
• Logement Encadré Wäisst Schlässchen
• Motum de mobile Fleegedéngscht
• Naturcrèche Bieschbech
La fondation emploie au total 278 personnes, dont 60 hommes et 218 femmes, qui exercent les métiers les plus divers, notamment différents types de thérapeutes, éducateurs, infirmiers et infirmières et des aidessoignants dans le domaine des soins aux personnes âgées et aux personnes handicapées.
La Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung a pour objectif d’offrir des services et un soutien de qualité aux personnes qui lui sont confiées.
Sie sind an einem Job innerhalb unserer Struktur interessiert? Dann besuchen Sie unsere Jobanzeigen hier: www.flb.lu/jobs.
Vous êtes intéressé par un emploi au sein de notre structure ? Alors consultez nos offres d’emploi ici : www.flb.lu/emploi.
Découvrez la première quinzaine organisée par la Fondation Lëtzebuerger Blannervereenegung dédiée à la déficience visuelle ! Notre programme riche et varié a été conçu pour sensibiliser le grand public à cette problématique.
Nous avons travaillé main dans la main avec nos partenaires pour offrir une expérience inoubliable : expositions et démonstrations de matériaux d’aide à la vision pour malvoyants et aveugles, ateliers et formations, ainsi que des conférences inspirantes. Et pour couronner le tout, nous avons organisé un dîner dans le noir, suivi d’un concert de bienfaisance au conservatoire de la ville de Luxembourg. Nous avons eu l’honneur de recevoir la Ministre de la Famille, Corinne CAHEN, pour l’inauguration de notre événement Colors of Blindness le 15 octobre dernier.
MATIN ET APRÈS-MIDI
9H00-12H00 ET 14H00-17H00
Activités et accessoires pour aveugles et malvoyants ouvert au public
WORKSHOPS
SENIORS
4 workshops réservés aux CIPA, clubs Seniors, et professionnels :
WS 1 : Atelier tactile
WS 2 : Chiens guides
WS 3 : Orientation et mobilité, techniques de guidage
WS 4 : Vélos pour aveugles
MERCREDI, 05/10/2022
MATIN ET APRÈS-MIDI
9H00-12H00 ET 14H00-17H00
Activités et accessoires pour aveugles et malvoyants ouvert au public
WORKSHOPS
JEUNESSE
4 workshops réservés aux lycées, écoles supérieures, universités et professionnels :
WS 1 : Atelier tactile
WS 2 : Chiens guides
WS 3 : Orientation et mobilité, techniques de guidage
WS 4 : Vélos pour aveugles
JEUDI, 06/10/2022
19H00
Apéritif, menu, boissons & animation musicale
VENDREDI, 07/10/2022
15H00 - 17H00
pour personnes concernées (aveugles et malvoyants) et ouvert au public intéressé
Thème : Les nouveaux moyens de locomotion
Formateur : ARTHA France
JEUDI, 13/10/2022
19H00
MATIN ET APRÈS-MIDI
9H00-12H00 ET 14H00-17H00
Activités et accessoires pour aveugles et malvoyants ouvert au public
WORKSHOPS
SENIORS
4 workshops réservés aux CIPA, clubs Seniors, et professionnels :
WS 1 : Atelier tactile
WS 2 : Chiens guides
WS 3 : Orientation et mobilité, techniques de guidage
WS 4 : Vélos pour aveugles
MERCREDI, 12/10/2022
MATIN ET APRÈS-MIDI
9H00-12H00 ET 14H00-17H00
Activités et accessoires pour aveugles et malvoyants ouvert au public
WORKSHOPS
JEUNESSE
4 workshops réservés aux lycées, écoles supérieures, universités et professionnels :
WS 1 : Atelier tactile
WS 2 : Chiens guides
WS 3 : Orientation et mobilité, techniques de guidage
WS 4 : Vélos pour aveugles
Concert de bienfaisance : Nastassia SIMONNET « soprane nonvoyante »
Accompagnement : Robert KANIA
VENDREDI, 14/10/2022
15H00-17H00
pour les familles et l’entourage des personnes déficientes visuelles
Thème : La déficience visuelle au quotidien, défis et enjeux
A Presenz vun der Familljeministesch Corinne Cahen zesumme mam Präsident vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Paul Ensch, dem Generaldirekter Thierry Lutgen an dem Generaldirekter adjoint Christian Erang, gouf déi éischt Editioun vun der Colors of Blindness 2022 offiziell lancéiert!
4 jours d’expositions ouvertes au public ont été organisés offrant des activités et accessoires pour aveugles et malvoyants.
En parallèle, 4 ateliers successifs de 30 minutes ont été organisé en collaboration avec nos partenaires.
LES WORKSHOPS
ATELIER TACTILE en partenariat avec le Service
BBF – Berodung, Betreiung, Fräizäit
CHIENS GUIDES
en partenariat avec les Chiens Guides d’Aveugles au Luxembourg a.s.b.l.
ORIENTATION ET MOBILITÉ, TECHNIQUES DE GUIDAGE en partenariat avec la Canne Blanche a.s.b.l.
VÉLOS POUR AVEUGLES
en partenariat avec les Triobikes du BBF
« On mange avec les yeux » – ce dicton bien connu ne s’applique pas au Dinner in the Dark. Lors de ce dîner dans le noir, toute la visite du restaurant se déroule dans l’obscurité totale et constitue donc une expérience inédite.
Cela commence dès l’entrée dans le restaurant : comme il est entièrement plongé dans l’obscurité, le choix de la place prend déjà une nouvelle signification. Un serveur aveugle de l’association AMVA vous guide vers votre table et vous décrit ce que vous y trouvez. En ce qui concerne le plat, il est disposé selon le cadran d’une montre, par exemple, les légumes sont à deux heures et la viande à six heures.
Animation musicale par Jean Ziata, un musicien nonvoyant.
Pour personnes concernées (aveugles et malvoyants) et ouvert au public intéressé
Thème : Un nouveau moyen technologique innovant pour la locomotion des personnes déficientes visuelles
Formateur : ARTHA – France
Nastassia SIMONNET, soprane nonvoyante, accompagnée au clavecin et au piano par Robert KANIA présentaient « Une invitation au voyage à travers les âges, du XVXVIème siècle à nos jours » au Conservatoire de la Ville de Luxembourg.
pour les familles et l’entourage des personnes déficientes visuelles.
Thème : La déficience visuelle au quotidien, défis et enjeux. Cette formation était réalisée en partenariat avec le BBF – Berodung, Betreiung a Fräizäit.
ACIAH www.aciahlinux.org
A.M.V.A. www.amva.lu
ARTHA FRANCE www.arthafrance.com
BIPED www.biped.ai
DANS LE NOIR ? www.danslenoir.com
LA CANNE BLANCHE www.canneblanche.lu
CECIAA www.ceciaa.com
CHIENS GUIDES www.chienguide.org
TRIOBIKE.LU www.triobike.lu
VILLE DE LUXEMBOURG www.vdl.lu
DIGITAL INCLUSION www.digitalinclusion.lu
LUX BASSE VISION www.luxbassevision.lu
IGEL play.rtl.lu > IGEL
INFO-HANDICAP www.infohandicap.lu
BBF – Berodung, Betreiung a Fräizäit bbf.flb.lu
Bieschbecher Atelier atelier.flb.lu
Naturcrèche Bieschbech ncb.flb.lu
CIPA – Blannenheem cipa.flb.lu
Motum – De mobile Fleegedengscht motum.flb.lu
Wäisst Schlässchen logement.flb.lu
De Samschdeg den 22. Oktober hunn de Verwaltungsrot an d’Direktiounen vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, no enger Covid bedéngter Paus, hir laangjäreg Mataarbechter geéiert.
Am Kader vun dëse Feierlechkeeten, goufen 117 Employéeë wärend enger Seance académique am grousse Festsall vum CIPA Blannenheem, fir hir 10, 20 an 30 Joer am Betrib felicitéiert. Och de Mataarbechter déi an d’Pensioun goungen, gouf bei dëser Geleeënheet alles Guddes gewënscht.
De VizePräsident Albert Henkel souwuel wéi den Generaldirekter Thierry Lutgen hunn an hire Riede betount, dass ouni déi wäertvoll Aarbecht vum Personal déi vill Institutioune vun der Fondatioun hiren uvertrauten Leit net déi qualitativ héichwäerteg Betreiung kéinten zoukomme loossen.
Iwwert déi alldeeglech Aarbecht eraus, huet de Verwaltungsrot besonnesch hire groussen Asaz wärend der CoronaKris unerkannt, sou dass och an där schwiereger Period de Betrib konnt assuréiert ginn.
Kuckt hei d’Reportage op RTL Telé
E flott Erliefnis fir Mënsche mat enger Behënnerung.
Eise Service BBF – Berodung, Betreiung a Fräizäit huet als Missioun, Leit mat Séibeanträchtegung am Alldag ze begleeden. D’Offer u d’Fräizäitgestaltung gouf mat enger neier Aktivitéit ausgebaut: Ausflich mam Triobike. Wärend dësen Ausflich, wéi mat enger Rikscha, kënnen d‘Gäscht nei Gefiller vu Fräiheet erliewen. Den Triobike gëtt hinnen d’Gefill vum Vëlofueren, ouni dat se selwer an d’Pedallen drécke mussen. De Chauffeur hannen um Triobike huet eng dobäi eng duebel Funktioun: en dreift den Triobike net nëmmen mat elektrescher Hëllef un, mä iwwerhëlt parallel och d’Roll vum Guide a beschreift senge Passagéier d’Landschaft.
Den Triobike ass bäi wäitem net déi eenzeg Aktivitéit déi de Service Berodung, Betreiung a Fräizäit vun der Fondatioun organiséiert. Betreit ginn den Ament eng 200 séibeanträchtegt, respektiv blann Leit, uechter d’ganz Land.
Fir den Triobike sichen déi Responsabel ëmmer motivéiert Cyclisten fir benevole mat an d’Pedallen ze drécken; bei Interessi mellt iech wgl um Telefon 32 90 31 5170.
CIPA Blannenheem e Service fir eeler Leit mat an ouni Séihbeanträchtegung.
2022 war en ofwiesslungsräicht Joer fir eis Bewunner awer och fir d’Personal.
Den Här Erang huet am Januar säin Zepter als Generaldirekter un den Här Lutgen weider ginn; säi Posten als Direkter vum CIPA huet hie bis den 31 Dezember 2022 bäibehalen.
De 15 September 2022 hunn ech de Posten als Direktesch vum CIPA ugetrueden. Derniewt sinn och nach folgend Plazen am CIPA nei besat ginn: de Posten vum Responsabel Hotelier gouf vum Här Nico De Borger besat, d’Mme Tammy Meyers gouf déi nei Maître d’hôtel, d‘Mme Annika Grosser huet de Reaktiv iwwerholl a gëtt vum Här Sandro Schmit gestäipt. De Poste vun der Directrice des soins gouf vun der Mme France Rassel nei besat.
D’Résidence Hertha Winandy, déi als CIPA klasséiert war, ass an hirer ursprénglecher Form un d‘Coproprietairë zeréck gaangen. Domadder huet de CIPA elo 139 fest Better an 1 Vakanze Bett. D‘Wäisst Schlässchen behält als Logement encadré 10 Better.
D’Bewunner haten dernieft e flott Joer mat vill Ofwiesslung, wéi Sortien, Aktivitéiten déi reegelméisseg erëm kommen, an de verschiddenen traditionelle Fester déi am Land an am Haus gefeiert ginn.
Leider koum de COVID viru Chrëschtdag, wou de CIPA nees fir Familljen a Frënn zou war. Mat vill Disziplin konnte mer dunn awer déi ganz Feierdeeg, Chrëschtdag a Neijoerschdag zesumme verbréngen, an dëst bal ouni Aschränkungen.
2023 gëtt en interessant neit Joer, an deem déi nei Strukture vun der FLB gemeinsam e flotte Wee vun der Zesummenaarbecht an der Qualitéitssécherung goe wäerten, am Geescht a Sënn vun der gudder Betreiung vun eise Leit. Jidderee soll sech bei eis wuel fillen a gutt ugehuewe spieren, egal ob Bewunner, Salarié, Familljen oder Frënd vun der FLB mir sinn e Ganzt!
Directrice
CIPA – Blannenheem
47, rue de Luxembourg, L7540 Rollingen
T. 32 90 31 – 1600, E. cipa@flb.lu
cipa.flb.lu
Carole TheisenA ville Länner gëtt d’Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee zënter Joerhonnerte gefeiert. Haut gëtt d’Traditioun vum Meekranz virun allem fir e gemittlecht Zesummesinn genotzt, mat deem déi waarm a sonneg Joreszäit ugekënnegt gëtt. Dofir gëtt och bei eis am CIPA e “Meekranz” mat de Bewunner aus Bichenäscht gebonnen an déi waarm Joreszäit gëtt mat engem lëschtegen MeeDanz begréisst.
Zënter dem 5. Mee 2009 ass de Weltdag vun der Handhygiène deen initiéiert gouf vun der WHO. Den Datum gouf bewosst gewielt well et fir déi 5 Fanger vun all Hand steet.
D’Wichtegkeet vun der Handhygiène gouf besonnesch kloer wärend der Pandemie well et eng méiglech Infektioun verhënnere kann. Symbolesch goufe mat den Awunner Handofdréck op eng Leinwand gemoolt ënnert dem Thema: Hand an Hand mam Häerz a Verstand
En Donneschdeg 9. Mee 2022 de Mëtteg hate mir am Blannenheem eis Mammendagsfeier. De Musikant Michel Cholet huet nieft Cremant, Café a Mammendagsbond fir gutt Stëmmung gesuergt. Et ass gedanzt, gesongen a gutt geschunkelt ginn. D’Bewunner hate vill Freed.
Am Mee huet d’Chorale vu Bettendorf fir gutt Stëmmung am Blannenheem gesuergt. Eng Stonn laang huet Chorale bekannte Lidder gesongen a jiddereen un d’Danzen an d’Matsange bruecht.
Keele spille fuerdert den Teamgeescht an ass geselleg! Zousätzlech stäerkt et de Kierper an de Geescht. Sech zesummen ameséieren a gudder Gesellschaft beim Keele spillen ass bei eis immens beléift a gespillt gëtt aktuell all Mëttwochowend.
Och d‘lescht Joer si mir ganz traditionell op Beetebuerg an de Park gefuer. No engem klenge Snack ass et dunn lass bei de faméise Ris a bei d‘Déiere gaangen.
Natierlech däerf och en Ausfluch an d’Oktave net feelen. Dat ass e feste Bestanddeel vun eisem Programm all Joer! No der traditioneller Besichtegung vun der Kathedral an enger Oktavmass si mir op d’Plëss eppes iesse gaangen.
Mat engem Grupp vu Bewunner si mir op Klierf an d’Abtei gefuer. Et war e ganz flotten Dag am Norden vum Land.
Och d’Sprangprozessioun gehéiert zur Lëtzebuerger
Traditioun un där mir als Blannevereenegung deelhuelen. Mir si mat eise Bewunner den Ëmzuch kucke gaange wéi och d’Basilika vun Iechternach.
Am Juni hu mir e Mëtteg um BerzelterHaff zu Miersch verbruecht. An der Scheier nieft Heebotten a Maschinnen hunn sech d’Bewunner bei engem emol anere Picknick, mat Gegrilltes an d’Zalote gutt schmaache gelooss. No engem gudde Maufel kruten d’Bewunner dann Erklärungen zum Haff an zu den Déieren. Zum Schluss ass et dann och nach frësch Mëllech ze schmaache ginn. E besonnesch flotten Dag!
Am Juni si mir och op Bitburg an d’Brauerei gefuer. No enger gudder Stäerkung ass et lass gaangen op d’Visitt wou et natierlech och e gudden Humpen ginn ass.
Bei guddem Wieder gi verschidden Aktivitéiten dobaussen ënnert dem Pavillon oder virun der Dier ugebueden. Nieft musikaleschen Aktivitéite fanne Poterronnen a Liesstonne statt.
Eis Bewunner zesumme mat hirer Famill wéi och eist Personal konnte bei schéinem Wieder e gudde Maufel vum Grill genéissen. Mat enger grousser Auswiel u lecker Desserte vun eisem Bieschbëcher
Atelier sinn eis Gäscht bis zum Schluss esou richteg verwinnt ginn. Fir Animatioun fir Grouss a Kléng war gesuergt; d’Kanner konnte vun engem flotte Sprangschlass profitéieren a fir de musikaleschen
Encadrement hunn d’Fanfare aus Lëntgen wéi och den Orchester “Baggy An Ni Doheem” gesuergt.
Méindes, de 4. Juli si mir bei guddem Wieder op d’Saarschleife gefuer. Gemittlech iwwert de Baumwipfelpfad si mir a Richtung Aussiichtsplattform gaangen. An 42 Meter Héicht hate mir eng super Vue op den Dall vun der Saarschleife.
fir 42 Awunner am CIPA - Blannenheem
Et war déi zweet gemeinsam Gebuertsdagsfeier vun Joer am CIPA Blannenheem, wou d’Gebuertsdagskanner vun de Méint Abrëll, Mee a Juni vum Generaldirekter Thierry Lutgen a senger Equipe am dekoréierte Festsall mat enger Rous an enger Feier häerzlech fir de Gebuertsdag gratuléiert goufen. D’ Mierscher Schëffen Christiane Haubrich war och besonnesch frou bei dëser Gebuertsdagsfeier dobäi ze sinn an huet dann och am Numm vun der Gemeng Miersch jidderengem gratuléiert. Mat Schampes, Kaffi an engem leckere Stéck vum grousse Gebuertsdagskuch ass gefeiert ginn. Den Entertainer Jeannot Conter huet fir Stëmmung gesuergt. Alles Gutts fir de Gebuertsdag!
De Kleeschen ass bei eis Bewunner vum CIPA Blannenheem komm. Hien huet Schockela a Séissegkeete matbruecht fir déi wou brav waren, an dëst Joer war et jiddereen! Dat war en agreabele Moment mam Kleeschen a mam Houseker deen eis vill Freed bruecht huet a wou mir gutt gelaacht hunn!
MERCI!
…a nach vill weider Aktivitéiten goufen zesumme mat eiser Ekipp vum Reaktif organiséiert!
Die Naturcrèche Bieschbech im „Blannenheem“ ist eine Tageseinrichtung für 71 Kleinkinder im Alter von drei Monaten bis vier Jahren, deren Eltern beide berufstätig sind. Es ist uns wichtig, dass unsere Kinderkrippe ein Ort des Wohlbefindens ist. Die Kinder, ihre Familien und das pädagogische Team sollen sie gerne besuchen. Dafür setzen sich derzeit 23 Mitarbeiterinnen und Mitarbeiter mit viel Engagement ein.
2022 war ein turbulentes Jahr. In den ersten Monaten hielten uns die Schutzmaßnahmen von Covid19 fest im Griff: Mundschutz, regelmäßige Tests und kein Kontakt zu den Bewohnern des Blindenheims. Trotzdem haben die Mitarbeiter der Krippe die Freude an der täglichen Arbeit mit den Kindern nicht verloren. Ganz im Gegenteil.
Es wurde viel gearbeitet: Zwei Kindergruppen zogen in neue Räume um, andere Räume wurden umgestaltet. Für die Eltern wurden endlich wieder gemeinsame Aktivitäten angeboten.
Alle Mitarbeiterinnen und Mitarbeiter absolvierten die Fortbildung zur naturpädagogischen Fachkraft. Die erste pädagogische Konzeption seit der Umstrukturierung der Crèche im Jahr 2021 wurde erfolgreich geschrieben und wird fester Bestandteil unseres Alltags.
Im Jahr 2023 wird die Naturpädagogik kontinuierlich in unsere pädagogische Arbeit einfließen. Wir wollen mit den Kindern täglich draußen sein, je schöner das Wetter, desto länger. Die Kinder sollen die Welt mit allen Sinnen erfahren und die Natur als Erlebnis- und Lernraum nutzen.
Besonders freuen wir uns darauf, nach drei Jahren Zwangspause den intergenerativen Austausch mit den Bewohnern des Blindenheims wieder aufleben zu lassen. Geplant sind gemeinsame Aktivitäten zu Festen und Traditionen sowie regelmäßige Treffen.
Monique Cloos
Chargée de Direction
Naturcrèche Bieschbech
47, rue de Luxembourg, L7540 Rollingen
T. 32 90 31 – 7270, E. ncb@flb.lu
ncb.flb.lu
Bei ons an der Naturcrèche gëtt et all Dag eppes Neies ze entdecken.
Am Kader vun der Semaine Nationale de l’Enfance vum 14. bis den 20. Mee 2022 huet d’Naturcrèche Bieschbech d’Elteren op hier verschiddenen Aktivitéiten invitéiert.
D’Eltere konnte mat hire Kanner un engem GoûtWorkshop deelhuelen, “Naturbingo” spillen, e Moien am Bësch verbréngen an un engem Rallye am Mierscher Park deelhuelen.
D’Aktivitéite ware bei de Kanner an hiren Eltere gutt ukomm.
Mir freeën eis op d’Editioun 2023!
D’Kanner hu fläisseg fir hier Mamm e klengen Kado gebastelt.…an am Oktober gouf och de Papp net vergiess!
In der Naturcrèche Bieschbech war der Sommer für viele Kinder eine aufregende Zeit. Für 34 Kinder nahte der Übergang zur Schule.
Der Schritt vom Kleinkind zum Schulkind ist ein wichtiger Meilenstein im Leben eines kleinen Menschen. Da so ein Wechsel auf der einen Seite mit Abschied und auf der anderen mit Neubeginn verbunden ist, wurde diese Transition im Vorfeld in Kooperation mit den Eltern geplant. Es wurden Elterngespräche durchgeführt, um die Entwicklung der Kinder im letzten Jahr rückblickend zu besprechen und um den Übergang in den nächsten Lebensabschnitt zu planen.
Bereits im Juli fand eine Abschiedsfeier statt. Gemeinsam mit den Eltern feierten wir den bevorstehenden Übergang in die Schule. Eltern und Kinder nahmen an verschiedenen Aktivitäten teil, wie z.B. Erinnerungskarten malen, FacePainting, Entenfischen und Wurfspiele. Es wurden Gruppenfotos geschossen und jedes Kind bekam bei dieser Gelegenheit ein kleines Abschiedsgeschenk überreicht.
Highlight im Juli war der Besuch im pädagogischen Bauernhof „Kass Haff“ in Rollingen. Bereits die Fahrt zum Hof war sehr aufregend. „Bauer Tom“ holte uns mit seinem Traktor ab und wir sind zusammen auf den Hof gefahren.
Um selbst zu erfahren und zu begreifen, wie viel Mühe und Arbeit so viele Tiere machen durften die Kinder aktiv mithelfen. Die Kinder bekamen auf dieser Weise ein Einblick in den Alltag des Landwirtes, indem sie: die Tiere gefüttert haben, die Eier aus dem Hühnerstahl in Eierkartons sammelten und Jungtiere beobachtet haben.
Besonders großartig war die Spielstunde im Stroh. Die Kinder hatten die Möglichkeit sich auf dem Stroh auszutoben, durch Tunnels zu kriechen oder sich einfach mal hinzulegen. Nach der Bauernhoferkundung aßen die Kinder gemeinsam zu Mittag. Schlussendlich brachte „Bauer Tom“ uns am Nachmittag zurück in die Crèche.
Ein Lebensabschnitt voller Freude und Spaß kommt zu Ende. Wir bedanken uns bei den Vorschulkindern für die gemeinsame Zeit und wünschen ihnen einen guten Start in die Schule.
An Zesummenaarbecht mam Kasshaff konnten d’Kanner erliewe wou d’Gromperen hier kommen a wat een alles domat maache kann.
Eng nei Saison fänkt un …
De Bieschbecher Atelier ass d‘Aarbechtsplaz vu momentan 39 Lett, gréisstendeels mat Sehbehënnerung. Si gëtt hinnen d’Méiglechkeet am Aarbechtsliewe Fouss ze faassen. D’Aarbecht bréngt Unerkennung a Wäertschätzung, an d’Gefill vum Akzeptéiertsinn an der Gesellschaft.
Op deenen nächste Säite kritt Dir en Abléck an eis Aktivitéiten.
Dës Momentopname vu Fester a Manifestatiounen, sinn d’Resultat vu laangem an intensive Virbereeden op e bestëmmten Zil hin, sief et eng Manifestatioun (Ouschtermaart), en extraen Dag (Niklosdag) oder eng bestëmmte Saison (Chrëschtzäit). Vill vun eise Mataarbechter schaffe mat grousser Motivatioun a Kreativitéit, sou dass ëmmer erëm nei Kreatiounen entstinn.
2022 gouf en neie Grupp geschaf deen sech ëm den Entretien op eisem Site bekëmmert an dëse propper hält. Zesumme mat eisem Gaardegrupp hu si ronderëm d’Haus fir méi Faarf a Liewe gesuergt. Och dovu fannt Dir hei e puer Fotoen.
Wärend de Summerméint hu mir op eise Wochemaart invitéiert. Hei gëtt et frëscht Uebst a Geméis aus eisem Gaart, Guddes aus der Kichen an och e Blummebouquet dee Freed mécht.
An der Soustraitance gi gréisser Opträg an deene beschtméiglechsten Delaie fäerdeg gemaach. Hei goufen am Hierscht d’Kalenneren vun der FLB zesummegestallt.
2023 wëlle mir nei Aarbechtsplaze schafen. Duerch eng héichwäerteg Qualitéit, Gewëssenhaftegkeet an eng human Approche stelle mir eis neien Erausfuerderungen.
Villmools Merci all deenen, déi eis hiert Vertrauen schenken.
Chargée de Direction
Bieschbecher Atelier
47, rue de Luxembourg, L7540 Rollingen
T. 32 90 31 – 560, E. atelier@flb.lu atelier.flb.lu
Martine BrochmannDen 8. Abrëll 2022 war dem Bieschbecher Atelier säin Ouschtermaart am Pavillon virum Blannenheem. Trotz dem schlechte Wieder hate vill Leit de Wee heihi fonnt, sou datt de Maart e groussen Erfolleg war.
De 5. Juni 2022 war de Bieschbecher Atelier zu Bëschdref um Helpermaart. Dat schlecht Wieder konnt der gudder Laun vun de Benevollen um Stand awer kee Stréch duerch d’Rechnung maachen. E grousse Merci geet un déi engagéiert Benevollen déi dat bescht draus gemaach hunn.
Den 10. Juni 2022 hat de Bieschbecher Atelier e Blummestand an der Entrée vum Blannenheem. Hei konnten
d’Pensionnairen sech eng Freed maachen a Blummebouqueten oder dekoréiert Planze kafen. Och ënnert dem Thema Blummen waren hei Dekoratiounen aus Holz a Keramik ze fannen.
Dem Bieschbecher Atelier säi Maart huet den 10. Juni 2022 erëm ugefaangen ënnert dem Motto “Spezial Mammendag“. D’Clients haten d’Méiglechkeet hire Blummebouquet am viraus ze bestellen oder op der Plaz een erauszesichen. Kuerz virun 10 Auer stoungen dann och schonn déi éischt trei Clients prett fir anzekafen. Et gouf Leckeres aus der Kichen, flott Dekoratiounen an dat éischt Geméis aus dem Gaart. Vun elo un ass all Freidegmoie Maart vun 1012 Auer an dat bis den 9. September 2022.
Ee Fest wat et scho laang zu Dikrech gëtt, ass d’Eselfest! Wéinst Corona war déi lescht 2 Joren gepaust ginn. Sonndes, den 12. Juni 2022 ass d’Maskottchen awer nees an der Nordstadgemeng gefeiert ginn. Och de Biechbescher Atelier huet hei seng neisten Dekoratioune gewisen.
Scannt a kuckt hei de Reportage:
D’Equipe vun RTL Lëtzebuerg waren am Bieschbëcher Atelier vun der Fondatioun aktiv! Thema vun der Tëleesreportage: Inklusioun vu behënnerte Mënschen ënnerstëtzen! Ried an Äntwert stoung eise Generaldirekter Thierry Lutgen.
Scannt a kuckt hei de Reportage:
Eis Zär ass op den Hierscht getrimmt, nieft ville verschiddene Coupe fir op de Kierfecht, goufen och flott Hierschtdekoratiounen ugebueden.
Et ass schonn eng Traditioun: Enn September si mer an der BelleEtoile. Et ass ëmmer erëm flott nei Kontakter ze knäppen a vill interessant Leit kennen ze léieren.
Déi nei Kalenneren
2023 an eng nei Plantatioun
…där goufen et der vill – eis Ekipp beim Äppelrafen. De Viz vun eisen Äppel verkafe mer am Buttek vum Atelier.
E Freideg, den 18. a 25. November huet de Bieschbecher Atelier op säin traditionellen AfterWork an Adventsmaart invitéiert. D’Leit konnten an enger waarmer Atmosphär e festleche Moment verbréngen. De Maart wäert bis den 21. Dezember 2022 op sinn, fir dem Visiteur d’Méiglechkeet ze gi Chrëschtdagsartikelen a Kaddoe bis déi lescht Minutt ze kafen.
• De Karo – en neit Blummebeet entsteet
• Déi dekoréiert Schubbkaren sti verdeelt um Site vun der Fondatioun
• Beim Restaurant gëtt eng nei Plantatioun gemaach
Le service BBF s’adresse exclusivement aux personnes déficientes visuelles de tous les âges. Nous offrons des conseils, des soins et des activités de loisirs à nos bénéficiaires. Au total, nous accompagnons 220 personnes à travers le pays.
Dans notre service de conseils, nous définissons avec les personnes concernées, ou leur entourage, les besoins et les dirigeons vers un accompagnement spécialisé ou vers l’utilisation d’un matériel adapté.
Les consultations ont lieu en nos locaux ou au domicile des bénéficiaires.
Notre service d’assistance à domicile s’occupe des résidents de notre structure d’hébergement et des personnes qui habitent chez elles.
Il les accompagne dans l’acquisition de compétences pour vivre en autonomie compte tenu du handicap.
Notre service loisirs organise différentes activités inclusives et adaptées à l’âge et au handicap. Qu’elles soient récréatives, sportives, gastronomiques ou culturelles, nos activités permettent à tous d’y participer.
Parmi les moments forts de 2022, nous retiendrons l’organisation du Colors Of Blindness, le Triobike, et la reprise des activités du Donneschdeg Grupp pour nos seniors ou du Feierowend pour nos adultes.
En 2023, nous aurons à coeur de développer l’offre des audiobooks de notre médiathèque spécialisée, la prise en charge thérapeutique en locomotion, ou encore notre nouveau lieu de partage : le café numérique. Pour en savoir plus sur nos activités, n’hésitez pas à venir à notre rencontre.
Damien Talbot Chargé de DirectionBBF – Berodung, Betreiung a Fräizäit 47, rue de Luxembourg, L7540 Rollingen
T. 32 90 31 – 5170, E. bbf@flb.lu bbf.flb.lu
Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad, huet eng flott Ausstellung iwwert d’Konzeptioun vum Minett organiséiert. An der Massenoire, wou vun 1965 bis Enn vun de 1970er Joren, d’Stoppmass fir de flëssege Stol vun den Héichiewe produzéiert ginn ass, ass fir Esch 2022 minimal fir Expo’en ëmgebaut a restauréiert ginn. D’Gebai fält virun allem duerch säin industriellen, rauen an onvollkommenen Interieur op. D’Ausstellung ass eng Mëschung aus Industriegeschicht an Technologie, Konscht a Science, e Remix aus nei an al. Eis Bewunner kruten eng interessant Visitt Guidée vum Célia Turmes gebueden. Esch2022, hat extra Benevollen ausgebilt fir blann a séibeanträgtegt Leit duerch d’Ausstellung ze féieren. D’Visitt huet eng Stonn gedauert an duerno si mir all zesummen e gudde Maufel iesse gaangen.
Fir Ouschteren si fläisseg Eeër gefierft ginn. Fir déi gutt Laun hunn d’Schockelaseeër net gefeelt.
Den 23. Abrëll 2022 huet de Mikis Bastian vum Natur & Geopark Mëllerdall eis a seng Welt vun de Villercher matgeholl. Hien, als begeeschterten Ornitholog huet eis um Iechternacher Séi an aller Fréi empfaangen. Mat engem Croissant an engem waarme Gedrénks hu mir eis Vullewanderung gestart. Op eisem Spadséiergang vun 3,5 km hu mir eis vum Gesang vun de Villercher verwinne gelooss. De M. Bastian huet eis op dëser flotter Entdeckungsrees, déi verschidde Vullenaarten an hire Gesang méi no bruecht. Heibäi hu mir och déi, oft onbekannte lëtzebuergesch Nimm geléiert. Hei e puer Beispiller aus eisem VullenLexikon: Kohlmeise, Schielmeis, Buchfink – Poufank, Amsel, Märel, Eichelhäher, Maarkollef, Zaunkönig, Zonkebutz, Wacholderdrossel, Jackert, …
D’Traditioun fir e Meekranz ze bannen gëtt am BBF héichgehaal.
An Zesummenaarbecht mat enger Delegatioun vum Chouer an dem Reaktiv vum CIPA Blanneheem hu mir e gemittlechen a musikalesche Moment mat der lëtzebuerger Sopransängerin Barbara Pierlot verbruecht. Si ass Solistin a verschiddene musikaleschen Ensembelen an ass bei eis komm fir eng Sessioun mat bekannte lëtzebuerger Lidder zesumme mat eise CIPAAwunner a BBF Beneficiairen ze animéieren. E grousse Merci un Si, fir dëse flotte Moment.
De Mobille Fleegedéngscht “MOTUM”, ass deen neiste Service vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung.
De 15ten September hunn ech de Poste vum Chargé de direction iwwerholl, a freeë mech an Zesummenaarbecht mat der Fondatioun dëse Service weider auszebauen.
Dem MOTUM seng multidisziplinär Equipe garantéiert Iech eng qualitativ an ob Äre Besoin ugepasste Betreiung, ob mat oder ouni Séihbeanträchtegung.
Aktuell betreien eis Mataarbechter d‘Bewunner vum Wäisse Schlässchen, a verschidde Bewunner vun der Residence Hertha Winandy. Eis Servicer wäerte mir am Laf vum Joer 2023 erweideren an och direkt bäi Iech Doheem ubidden.
Eis ganz nei Equipe Dirigente setzt sech zesummen aus dem Katharina Schuh, France Rassel an Deborah Schuster; si stinn Iech fir all weider Informatioune gär zur Verfügung.
MOTUM – De mobilen Fleegedéngscht
47, rue de Luxembourg, L7540 Rollingen
T. 32 90 31 – 3170, E. motum@flb.lu motum.flb.lu
• Piqûre setzen
• Perfusioune maachen
• Virbereedung an Doséierung vu Medikamenter
• Medikamenter aginn
• Bluttzocker moossen
• Verbänn wiesselen
• Aendrëpse ginn
• Vital Wäerter moossen
Mir bidden all dës Servicer an enker Zesummenaarbecht mat Ärem Hausdokter un, fir eng gutt Qualitéit vun Ärer Fleeg doheem ze garantéieren.
ÄR VIRDEELER MAT EISEM RESEAU:
• Ausgebilte Personal an der Betreiung vu Leit mat Séihbeanträgtegung oder komplettem Verloscht vun der Visioun
• Zesummenaarbecht mat eiser Institutioun BBF, Berodung, Betreiung a Fräizäit),
• D’Méiglechkeet fir eng Persoun an eisem Vakanzebett am CIPA – Blannenheem
ënnerzebréngen
• Ënnerstëtzung vun eisem Service Social fir eng méiglech Integratioun an eis Strukturen
Eis Physio- an Ergotherapeute bidde folgend Servicer:
• Präventioun a Behandlung vu Gelenksteifheet
• Lymphdrainage géint ödematös Schwellungen
• Ënnerstëtzung fir ze Goen
• Präventioun vu Fäll
• Manuell Therapie géint d‘Dysfunktioun vu Muskelen a Gelenker
• Geziilt Formatioun fir Autonomie am Alldag, zum Beispill perséinlech Hygiène
• Neuropsychologesch Therapie fir d‘Verbesserung vu Perceptioun, Orientéierung a Konzentratioun
Éditeur
Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, Luxembourg
Mise-en-page
ID Communication, Contern
Tirage 400 Exemplaires
Contact
Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
47, rue de Luxembourg
L7540 Rollingen
T. 32 90 31 – 1500
E. contact@flb.lu
www.flb.lu