D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Bieschbecher Bliedchen

Virwuert
Paul ENSCH / President« Wat mech um Beruff vun der Infirmière resp Infirmier säit jeehier ugezunn huet, ass déi mënschlech Dimensioun vun dësem Beruff, d’Matgefill um Schicksal vun Aneren an den direkten an alldeegleche Kontakt mam Patient Fir mech koum keen anere Choix a Fro… »
Am Gespréich mat hinnen, ass dat ganz dacks d’Ausso vu villen engagéierte Fraen a Männer déi an dësem oft net einfache Beruff schaffen
Mat der Verlängerung vun der allgemenger Liewenserwaardung, mat der Entwécklung vun ëmmer neie Liewensformen huet sech de Secteur vun den «Services à la personne» mat grousser Vitesse entwéckelt Logements encadrés, Clubs seniors, Soins à domicile, Alters- a Fleegeheemer, Hëllef Doheem, Help, Iessen op Rieder, Adapto sinn Initiativen an Institutiounen am Déngscht vun enger Populatioun déi Tendenz huet ëmmer méi al ze ginn
Méi al ginn, heescht awer och ëmmer méi Hëllefsstellung, Betreiung a Fleeg duerch ëmmer méi Leit déi an dësen Institutiounen an Initiativë schaffen De ganze Secteur rekrutéiert net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mais säit laangem wäit iwwert eis Grenzen eraus Ouni eis franséisch, belsch an däitsch Mataarbechter géif de Secteur vun den « Services à la personne » net méi fonctionnéieren
Den Engagement vun allen Mataarbechter aus dem Secteur kann net héich genuch ageschat ginn
D’Qualitéit vun hirer Aarbecht an hir Motivatioun sinn eng Viraussetzung vun engem optimalen « Service au client » deen all d’Organisatiounen hiren uvertraute Leit schëlleg sinn
All eis Mataarbechter, Infirmièren an Infirmieren, Aide-soignant’en, Educateuren an Educatricen, Rééducateuren a Rééducatricen an all administrativ, technesch, souwéi all déi aner Mataarbechter sinn dat wichtegst Kapital vun all Opérateur aus dem Secteur Hinnen all gëllt eise Respekt an eise Merci Hir Ausbildung an hiert Encadrement, a virun allem hir permanent Weiderbildung fuerdert eis permanent Opmierksamkeet, fir och weiderhin, mat hinnen zesummen, eis Prioritéiten, eis Qualitéit an eisen « Service au client » ze definéieren Nëmmen da kënne mir eisen uvertraute Leit dee Kader garantéieren deen hinnen zousteet
Dat ass jiddefalls d’Philosophie an eisem Haus an d’Philosophie vun eiser Fondatioun

Virwuert
Dr Jean-Paul GRÜN / Generaldirekter Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Léif Pensionnairen, léif Familljen, léif Memberen vum Personal, léif Frënn vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung
Wei ëmmer hunn déi verschidden Departementer vun eiser Fondatioun an deene leschte Méint eng Rei vu flotten Aktivitéiten ënnerholl, déi Dir a Bild an an Text an dëser 30 Ausgab vum Bieschbecher Bliedche fannt
Eis Bewunner vum CIPA konnten un enger Rei Aktivitéiten deelhuelen wéi de Perkussiounsgrupp, an d’Festivitéite vum Nationale Feierdag Besonnesch gutt ukomm ass déi nei Aktivitéit mat den Educateursschülerinne vum LTPS, mat deenen eis Pensionnairë Spiller ausprobéiert hunn, déi vun de Schüler virdru selwer produzéiert gi sinn Bei de groussen Aktivitéite vum CIPA fann Dir d’Gebuertsdagsfeieren, an eis Ausflich, wou besonnesch de Schueberfouerbesuch ervir ze hiewen ass, well eis Pensionnairen dës Kéier vir d’éischt mam Tram dohinner gefuer sinn Ech well och besonnesch op eis Party fir den éischte Gebuertsdag vun eiser Chorale DoReMi Blannenheem hiweisen
An der Maison Relais ass, niewent hirem grousse Summerfest, de Besuch vun de Kanner, zesumme mat verschiddene Pensionnairë vum CIPA, vum « Bricher Päerdsstall » ze ënnersträichen Dës grouss Aktivitéit um Bauerenhaff, déi de Schluss vum Schouljoer alaut, ass ëmmer e ganz grousse Succès
Bei eisem Service Berodung, Betreiung a Fräizäit ass niewent villen aneren Aktivitéite virun allem hier Visitt am Mee um Härebierg festzehalen, wou déi séibehënnert Leit an enger ganz sympathescher Ambiance en Abléck an de Fonctionnement vun der Lëtzebuerger Arméi kruten, a sech virun allem eng Idee vun deene verschiddenen Equipementer maache konnten an deem si se tactile experimentéiere konnten
De Bieschbecher Atelier war erëm ganz vill am Land ënnerwee, fir hier Produktioun un de Mann respektiv un d’Fra ze bréngen, sou ënnert anerem am Cactus, um Ieselsfest zu Dikrech, souwéi um Helpermaart Besonnesch erfierzehiewen ass hier dësjäreg remarquéiert Participatioun um Summerfest vun der Fondatioun, wou si mat groussem Erfolleg hausgemaachte Glacë verkaaft hunn
Iwwert eis Fondatioun sinn och erëm verschidde gréisser Aktivitéiten organiséiert ginn, wei en Ausfluch op Tréier an eng Vakanz a Kroatien, déi e ganz grousse Succès waren
Eng Rei vun sportleche Mataarbechter, a virun allem Mataarbechterinnen huet och dëst Joer erëm fir d’Fondatioun, am Kader vun hirer Ënnerstëtzung vu Sports- a Solidaritéitsmanifestatiounen, um ING Night Marathon deelgeholl
Mat groussem Pleséier hunn ech och festgestallt, datt ëmmer méi Mataarbechter a Pensionnairen sech Zäit huelen en Artikel fir d’Bliedchen ze schreiwen oder hiren Hobby virzestellen U si all e grousse MERCI, wei och un d’Marthe an un de Paulo, déi erëm eng Kéier eng Partie Stonnen domat verbruecht hunn des Zeitung zesummen ze stellen
Vill Spaass beim Liese vum 30 Bieschbecher Bliedchen
CIPA Blannenheem
Aktivitéiten mat de Pensionnairen

LTPES Schüler
Mir hu ganz léif zukünfteg Educateuren vum LTPES bei eis am Haus dierften empfänken, a mat hinnen e puer flott Stonnen verbruecht Si hu mat eise Bewunner Spiller ausprobéiert di d’Schüler selwer produzéiert hunn Eis Bewunner ware ganz interesséiert an hu gutt matgemaach Mir freeën eis elo schonn op eng nächst Zesummenaarbecht




Entstehung Perkussionsgruppe
Unsere Perkussionsgruppe entstand aus einer spontanen Aktivität heraus
An einem verregneten Nachmittag im Frühjahr des Jahres 2013 hatte Infirmier Pascal die zündende Idee mit interessierten Bewohnern ein wenig Bongos, Djembe, Tambourine und Maracas in Begleitung seiner Gitarre ein wenig rythmische Musik erklingen zu lassen

Aus dieser Idee, welche sich rasch im ganzen « Blannenheem » herumsprach, entstand eine begeisterte Gruppe von Bewohnern aus dem ganzen Haus, welche sich kurz darauf regelmäßig bis heute einmal die Woche freitags vormittags zum Trommeln zusammenfinden
Man muß Musik auch als eine Art der Kommunikationmöglichkeit für Menschen sehen, deren Wahrnehmung beinträchtig ist
Durch die gezielt eingesetzten Mittel wird eine bewußte Wahrnehmung und Stimmulation der Sinne angeregt
Ein Höhepunkt ist jedes Jahr im August der öffentliche Auftritt der Gruppe beim Sommerfest von der « Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung »

CIPA Blannenheem
Aktivitéiten mat de Pensionnairen

Gediechtnestraining
« Wer rastet der rostet », sou heescht et an engem däitsche Spréchwuert Wat fir de Kierper Beweegung ass, ass fir d’Gehir denken, respektiv benotzen vun de geeschtege Fäegkeeten
Lëtzebuergesch Dierfer
Gesicht gin lëtzebuergesch
Dierfer andeems een

Buschtawen an die richteg
Reiefolleg setzt.
September 2014 goufen am Blannenheem e puer Mataarbechter als Gediechtnestrainer ausgebilt

Vun do un gëtt all Woch fläisseg trainéiert an d’Bewunner si mat Begeeschterung derbäi
Och wann heiansdo d’Käpp dämpen mécht et de Bewunner Spaass an duerch de reegelméissegen
Training gëtt Gediechtnes verbessert Et ass een ni ze al fir eppes neits ze léieren
Nationalfeierdag 2018

Och am CIPA Blannenheem ass de Nationalfeierdag grouss geschriwwe ginn Schon den Dag virdrun ass de Festsall mat Girlanden a Loftbäll dekoréiert ginn Jonk an Al koumen zesummen fir Kichelcher ze baken déi a Form a Faarf (roud, wäiss, blo) d’Lëtzebuerger Land symboliséiert Am ganzen Haus sin di passend Lidder gesonge ginn
haten d’Bewunner d’Méiglechkeet fir den Te Deum am Festsall op der grousser Leinwand ze kucken

Activités pour célébrer la fête nationale.

Männertreff
Beim Männertreff hun eis Hären richteg Spaass beim Pétanquespillen
Notre gente masculine apprécie le jeu de pétanque lors du « Männertreff »

Aktivitéiten mat de Pensionnairen
Krautwëschdag
Och mir am Blannenheem hunn de 15 August de Krautwëschdag gefeiert Zesummen hu mir den traditionelle Wësch gebonnen, an esou eis Traditioun gelieft Awer vill vun eis wëssen trotzdem nëtt méi onbedéngt wat mir iwwerhaapt do feieren Hei e kuerzen Iwwerbléck vun dësem besonnëschen Dag
Ursprong:
De Brauch vun der Kraiderseenung staamt aus der Zäit virum Chrëschtentum, an ass op heednesch Bräich zeréckzeféieren Ëm 745 no Christus ass dëse Brauch verbuede ginn, a méi spéit ass en dunn an de Chrëschtentum opgeholl ginn E geet op eng al Legend zréck, wou d’Jünger d’Graf vun der Jongfra Maria opgemach hunn an do, amplaz vun hirem Kierper, Bléien a Kraider fonnt hunn
Ritual:
D’Seene vum Krautwësch gesäit vir, datt um Dag vu Maria Himmelfaart Kraider zu engem Bëndel gebonnen a mat an d’Kierch bruecht ginn Do gi si wärend der Mass, respektiv no der Mass vum Paschtouer geseent

Och eis Wëscher, di mir am Blannenheem a flotter Ronn zesumme bannen, ginn an der Sonndesmass geseent, an duerno op de Stäck verdeelt Sou richt et wonderbar am ganzen Haus no deene verschiddene Kraider a Blummen
Bedeitung a Notzen:
Fréier, wann d’Léit mam Wësch heem koumen, gouf d’Muert eraus geholl an d’Kanner krute se z’iessen All Kraider haten eng Bedeitung z B op d’Ënn gouf e Kräiz geritzt, da gouf si am Stall opgehaang a sollt esou Krankheeten an d’Pescht vum Véi ewechhalen Et huet een och dru gegleeft, datt Gléck an d’Haus géif komme wann d’Ënn géif ufänken ze kéngen D’Käre si vun den Éigen erofgeholl ginn a goufen ënner de Rescht Käre gemëscht Verschidde Bewunner aus dem Blannenheem hu mir och verzielt datt d’Ënn op dësem Dag an d’Zalot geschnidde gouf, an déi hätt dann extra « helleg » geschmaacht
Andrea LUDOVICYDat wat nach vum Wësch iwwreg war, gouf gewéinlech um Späicher opgehaangen an de Wësch vum Joer virdrun gouf verbrannt Bei engem Donnerwieder huet d’Hausfra déi geseente Kraider an d’Feier gehäit, fir datt de Blëtz net sollt aschloen Wann ee gestuerwe war, krut hien de geseente Wësch ënnert de Kapp geluecht Dat hat och e praktësche Notzen, well de Wësch ongewollte Gerëcher ewechgehalen huet Och bei anere Krankheeten, wéi Zännwéi, Giicht a Rheuma, sollten d’Planzen de Mënsch erëm gesond maachen
Zesummesetzung:
De Krautwësch setzt sech säit iwwer dausend Joer aus ville verschiddene Friichten, Geméiszorten a Kraider aus dem Gaart a vum Feld zesummen
D’Zesummesetzung ass vu Land zu Land ënnerschiddlech

An eise Géigenden gi virun allem folgend Zorte benotzt:
Friichten: Weess, Geescht, Kar an Huewer

Geméiszorten: Ënn, Muert
Kraider: Batteralzem, Dëll, Haartnol, Léiffrabettstréi, Dausendgëllekraut, Kaméileblumm, Karblumm, Peffermënz, Melisse, Wuermkraut asw awer d’Modernitéit huet och de Wee an de Wësch fonnt D’Bléi vum Mais, Estragon, Thymian oder eng Sonneblumm fënnt ee well a verschiddene Wëscher
Ausfluch: Ballon Trophy Mersch

Och dëst Joer waren mir um Ballon Trophy zu Miersch dobäi Trotz enormer Hëtzt waren eis Bewunner nët ze halen a waren direkt motivéiert, also hu mir eis op de Wee gemaach Wat ass dann lo de Ballon Trophy iwwerhaapt?
Et ass ee fantastescht Evenement dat zu Miersch am Park gratis proposéiert gëtt Do fënnt all Alter hire Spaass, fir Iessen an Drénken ass och gesuergt Mir freeën eis elo schonn fir bei der nächste Kéier kënnen dobäi ze sinn Marcia






Ausfluch: Kolpech
De 14 Juli si mir op der Canne Blanche hiert Grillfest op Kolpech gefuer







Barbecue de la Canne Blanche au Château de Colpach

Ausfluch: Mam Tram op d’Schueberfouer


De leschten Tram ass 1964 an der Haaptstat gefuer No jorelaangem Hinn an Hier, ass den 10 Dezember 2017 de « Neie Stater Tram » ageweit ginn a fiert vum Kierchbierg iwwert d’Roud Bréck op de Glacis an da weider bis op d’Stäreplaz
Bei gudder Laun a Gesellschaft, hu mir eis et net huele gelooss de neien Tram auszeprobéieren Um Kierchbierg bei der Luxexpo si mir erageklommen a bis erof bei de neien Theater gefuer Op mat Rollstull oder Rollator, et ass alles gutt accessibel an am Moment och nach gratis


Et ass all Joer eng Freed en Ausfluch op d’Schueberfouer ze maachen an un dëser aler lëtzebuerger Traditioun deelzehuelen
No eisem Tour iwwert d’Fouer, hu mir dunn den Tram erëm geholl, zeréck iwwert d’Roud Bréck goung et mat engem Tëschestopp beim « Funiculaire » Och deen hu mir natierlech getest an eis voller Begeeschterung bis an de Pafendall
féiere gelooss Erëm um Kierchbierg ukomm, huet den Tram eis bei d’Luxexpo gefouert
Do hu mir allerdéngs e puer Meter missen trëppelen fir bei eise Minibus ze kommen

Mir freeën eis elo schonn op di nächst
Geleeënheet mam Tram ze fueren

Excursion en tram et funiculaire lors de la visite de la « Schueberfouer ».




Ausfluch: Päerdsstall Noumer






No dem schéine Päerdsfest zu Noumer, dat mir d’lescht Joer besiche waren, hunn eis Bewunner ëmmer erëm gefrot fir déi schéi Päerd nees besichen ze goen Also hu mir eis am Juli nees op de Wee gemaach Mir hunn am « Reitstall a Millen » e puer schéin a gemittlech Stonnen bei Kaffi a Kuch verbruecht
Dobäi krute mir d’Geleeënheet fir d’Päerd méi no ze gesinn an déi schéi Natur ze genéissen
Biller soe méi wéi 1000 Wieder, si beschreiwen d’Freed an d’Gemittlechkeet vun deem schéinen Dag
Kadoiwwerreechung
Button Quilters
Mir haten d’Geleeënheet e puer ganz léiw Dammen vun de Button Quilters am CIPA Blannenheem ze empfänken Si hunn eis 36 selwer gebitzten tactile Patchwork-Decken geschenkt déi ganz sécher bei vill verschidden Aktivitéiten zum Asaatz komme wäerten
De Button Quilters e ganz grousse MERCI

Gebuertsdagsfeier



› Septembre

Lëschteg Nomëtteger: Concert DoReMi
De 29 Juni huet d’Chorale DoReMi Blannenheem eis e wonnerbaren Concert gesongen, mat der Begleedung um Piano vum Här Mootz
Concert chanté par notre chorale DoReMi Blannenheem.
Lëschteg Nomëtteger: Concert Leidelenger Musek
Fir eisem eelste Bewunner, de Jean Steimes, seng 104 Joer ze feieren, huet d’Leidelenger Musek sech et nët huele gelooss, e wonnerbare Concert an de CIPA Blannenheem spillen ze kommen De Jubilar wor jorelaang selwer Member vun der Leidelenger Musek
Concert de la « Leidelenger Musek » pour célébrer les 104 ans de Jean Steimes, le doyen des pensionnaires du CIPA Blannenheem.


Lëschteg Nomëtteger: Gebuertsdagsparty DoReMi
De 15 September ass eis Chorale DoReMi ee Joer al ginn


Mir hunn dëse Gebuertsdag natierlech mat engem schéine Concert mat bekannte Lidder a Gedichter gefeiert



De Festsall war voll besat, an d’Nolauschterer waren ganz begeeschtert

Et war fir eis alleguer ee ganz schéine Nomëtteg


Maison Relais Bieschbech
Bricher Päerdsstall
Wann d’Schouljoër zu Enn geet, an et an der « Maison Relais Bieschbech » sou lues méi roueg gëtt, dann ass den Dag endlech komm wou d’Kanner aus der Crèche mat de Bewunner vum CIPA Blannenheem an de « Bricher Päerdsstall » op Besuch ginn
All Kand dat eis Crèche verléisst fir an d’Spillschoul ze goen, ass präsent fir säi lescht Abenteuer mat eis ze erliewen

Datt dëst e speziellt Evenement ass, gesäit een un de fonkelnden Ae vun eise klenge Butzen D’Freed straalt hinnen aus dem Gesiicht bei all Déier dat hinnen iwwert de Wee leeft: Päerd, Inten, Gänsen, Schwäin, Kéi, Muppen a Katzen, hu fir Bewonnerung gesuergt Mat spatzen Oueren hunn se dem Monique nogelauschtert, wéi den Alldag um Haff esou ass
E bësse méi spéit huet de Geroch vum Gegrills déi ganz Trupp an de frësche Stall gelackelt Ënnert méi agreablen Temperaturen ass gutt eragefeiert ginn Fir nom Iessen d’Verdauung ze ennerstëtzen, awer och fir eise Kanner hiren Taaschtsënn ze stimuléieren, sinn d’Mierschwéngercher geheemelt ginn
Duerno hunn di glécklech kleng Baueren sech och schon op den Heemwee misste maachen Fir d’éischt zu Fouss op den Busarrêt an dunn zum Ofschloss d’Busrees, déi fir vill Begeeschterung gesuergt huet, op Rolleng an d’MRB
Wéi all Joer war dësen Dag een Erliefnis fir eis Kanner, een Erfolleg fir d’Zesummenaarbecht tëschend der « Maison Relais Bieschbech » an CIPA Blannenheem, an eng flott Art a Weis, eng leschte Kéier zesummen Gléck a Freed ze deelen
Eugénio DOS SANTOS GONÇALVES Aide-éducateur


Summerfest 5. Juli 2018
Wéi all Joër war och dëst Joër eis traditionnelt Summerfest



Fir deene ronn 40 Kanner, déi an d’Spillschoul ginn, Äddi ze soen an hinne vill Gléck fir hir nei Etapp ze wënschen, hun d’Kanner, d’Elteren, d’Personal an d’Bewunner vum CIPA Blannenheem dee Nomëtteg e puer flott Stonnen zesummen verbruecht
Fir den Honger an den Duuscht huet natierlech näischt gefeelt: Gegrills, Paangecher, Glacen…
D’Kanner waren houfreg d’Lidder ze presentéieren déi si fläisseg mat hire « Jofferen » déi Deeg virdrun geübt haten
D’Donnerwiederen hunn och gewaart bis mir erëm alles agepaakt haten an d’Kanner mat den Elteren gutt doheem ukomm waren
Yvonne MAIO Chargée de direction






Service Berodung, Betreiung a Fräizäit

Visite vum Härebierg
Am Mee hu mir dierften den Härebierg besichen goen Eng super Occasioun fir eis séibehënnert Leit, déi grouss Maschinne unzepacken an sech esou, eemol méi, eppes kënnen drënner viirstellen
Alain BREVER
Chargé de direction
Berodung, Betreiung a Fräizäit
Eng richteg, gesëchert Waff konnt een dann och upaken! Schéissen duerfte mir natierleg nët
Een léiwen Acceuil vun e puer Zaldoten an een Mëttegiessen an de Kaseren hunn dann och dozou beigedroen dass eis dësen Ausfluch wert an Erënnerung bleiwen


Bieschbecher Atelier
Martine BROCHMANN

Chargée de direction
Bieschbecher Atelier
Op eisem Fréijoersmaart, den 11 Mee 2018 krut een en Abléck an déi verschidden Aarbechten, déi bei eis gemaach ginn Nieft enger Hellewull vu Summerblummen, goufen och originell Kreatiounen am Holz an an der Keramik ugebueden De Musikant Nico Walisch huet fir gutt Stëmmung gesuergt, an d’Leit konnte sech bei guddem Wieder, vun der hauseegener Patisserie iwwerzeegen an e puer gemittlech Stonnen bei eis verbréngen



Helpermaart
Päischtsonndeg, um Helpermaart zu Bëschdref

Cactus
Den 01 06 an den 02 06 2018 ware mer am Cactus zu Angelduerf

Eeselsfest
An um Eeselsfest zu Dikrech, den 02 06 2018

Vu wou aus eise Keramikeesel op den Affichen, de Postkaarten, de Magnéiter, den Autocollant’en an den Timberen den Tour duerch d’Welt mécht

Summerfest
An den 05 08 2018 um Summerfest vun der Blannevereenegung, wou de Bieschbecher

Atelier, mat sengem extra dekoréierte Stand
« Glaceria », dëst Joer fir d’Glacen zoustänneg war Op eiser Terrass hu mir eng Summerbowle zerwéiert 5 vun eise Mataarbechter hunn sech spontan bereet erkläert, eis op dësem Rendezvous eng Hand mat unzepaken
En décke Merci fir hiren exemplareschen Asaz

Fondation Lëtzebuerger
Blannevereenegung
Ausflich a Vakanzen
Ausfluch op Tréier
Den 11 August hutt d’Lëtzebuerger Blannevereenegung hir Leit op den traditionellen Ausfluch invitéiert Dëst Joer ass et op Tréier bei eis däitsch Nopere gang Nodeems mir am Restaurant zesummen en Menü giess hunn, krute mir eng Visitt guidée vun engem immens sympatheschen Här, dee probéiert hutt, esou gutt et geet, de séibehënnerte Leit a Biller ze schwätzen, sou dass jidderee vun dësem Tour profitéiere konnt


Géint Owend hate mir dann och nach Zäit fir puer Suen do ze loossen a puer flotter Akeef mat heem ze huelen
Vun den Harespelen ofgesinn, déi eis einfach net wollte mat Rou loossen, war och hei nees eng gutt Stëmmung, begleet vun herrlechem Wieder

Alain BREVER
Chargé de direction
Berodung, Betreiung a Fräizäit
Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

Ausflich a Vakanzen
Vakanz a Kroatien
Am Juni ware mir mat enger Grupp vun 28 Leit opt Adria Wärend enger ganzer Woch hu mir eis et an engem flotten Hotel-Komplex, net weit vun Zadar, sou richteg gutt goe gelooss
Um Programm ware verschidde Visitten an awer och vill Zäit fir sech vum Alldag auszerouen Mir haten d’Méiglechkeet eng Glasbrennerei besichen ze goen an hir bekannte Salzfelder (Saline) ze erfuerschen Ee ganzen Nomëtten hu mir an der Aalstaat vun Zadar verbruecht, wou mir de Kläng vun der berühmter Mieresuergel konnten nolauschteren Fir dës Woch oofzeschléissen si mir opt Boot geklomm an hunn vun der wonnerbarer Mieresloft kënne profitéieren
Et war ee flotte Grupp deen och dëst Joer zesumme komm ass fir zesummen eng Woch ze relaxéieren

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Manifestatiounen
ING Night Marathon

Wei all Joer hu mir, d’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung och erëm dëst Joer um ING Marathon deelgeholl
2 Equipen vu jeweils 4 Leefer hunn sech deenen 42 km gestallt Déi 42 km sinn a 4 Etappen opgedeelt: 8,9 km, 12 km, 13 km an 8,9 km
Wei all Joer ass eist Ziel net vum « Besenwagen » agesammelt ze ginn
ING Night Marathon 2019 mir sinn erëm dobäi

L’équipe de la « Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung » à l’ING Night Marathon 2018.
Carole SCHOMMER
Educatrice diplomée
Maison Relais Bieschbech
Fir ons ass et wichteg zesumme Spaass ze hunn, eis géigesäiteg unzefeieren, déi 42 km zesummen ze meeschteren an dobäi nach e schéinen Owend gehat ze hunn

D’Fondation ënnerstëtzt sports- a solidaritéits
Fête du personnel
De nombreux salariés de la Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung ont répondu favorablement à l’invitation du Conseil d’Administration de la Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, en étant présents à la Fête du personnel, qui s’est déroulée le vendredi 06 juillet 2018 dans les locaux de la Fondation
Dans son allocution de bienvenue, le Dr Jean-Paul Grün, Directeur Général de la Fondation, a remercié tous ses colaborateurs pour leur engagement tout au long de l’année et la qualité de leur travail en faveur des pensionnaires et des clients pris en charge par les différents départements de la Fondation
Comme tous les ans, les membres du personnel, au service de la Fondation depuis de nombreuses années, ont ensuite été particulièrement remerciés avec un présent
A ainsi été honorée Marion Jacoby-Thill pour son départ à la retraite après avoir passé plus de 43 ans au service de la Fondation Pour 30 ans de bons et loyaux services a été remerciée Danielle Majerus-Bauler, pour 25 ans Chantal Schammel-Thill, Alda Almeida Sequeira et Alice
Mendes Ribeiro Leite Ont été remerciés pour 10 ans de bons services Patricia De Sousa Vaz, Sabrina Dias Gonçalves, Ursula Müller-Ludwig, Tamara Weis, Marianne Engljähringer, Olga

Wlassow, Marylène Gonçalves Gaspar, Dietmar Jochem, Stéphanie Ramos Freitas, Ellen Lochen-Thielen, Serge Couto Da Silva, Simone Michels-Adams et Paula Da Silva Costa
La soirée s’est poursuivie jusque tard dans la nuit dans la bonne ambiance et autour d’un bon repas
Presentatioun vun de verschidden Départementer: Atelier Technique
Zu den Hauptaufgaben des fünfköpfigen Teams des Technikateliers zählen nicht nur die Wartung aller technischen und mechanischen Anlagen welche sich auf dem 515 Ar großen Gelände der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung befinden, sondern auch anfallende Reparaturen in den Bewohnerzimmern, den Stationszimmern auf den vier Stockwerken des CIPA Blannenheem und im Küchenbereich, sowie auch in den Räumlichkeiten der Maison Relais, des Bieschbecher Ateliers, dem Betreuten Wohnen und dem Verwaltungsbereich
Auch alle Arbeiten im Park rund um die Gebäude, wie dem Grünschnitt im Frühling und Spätherbst, den Mäharbeiten in den Sommermonaten, dem Streudienst im Winter, sowie kleinere Reparaturen an Geländern, Zäunen und Wegen werden vom Atelier Technik durchgeführt


Das Team, unter der Leitung von Serge Couto und Laurent Schuller, richtet sein Augenmerkmal besonders darauf, dass die Grundversorgung aller Gebäude mit Strom, Wasser und vor allem mit einer funktionierenden Heizung im Winter sichergestellt ist Diese Anlagen werden regelmäßig gewartet und eventuell anfallende Reparaturen ausgeführt


Unser Service Technik ist auch zuständig für die Getränkebestellungen, sowie ihrer täglichen Verteilung und der späteren Entsorgung der leeren Flaschen, sowohl im Restaurant und in der Cafeteria, wie auch in den Bewohnerzimmern und in den Stiffercher auf den verschiedenen Stockwerken
Daneben unterstehen auch noch viele andere Aufgaben dem Technikatelier, wie etwa das korrekte Aussortieren und Entsorgen des Hausmülls über die Superdreckskëscht, sowie das Einhalten der Sicherheitsregeln in den verschiedenen Gebäuden der Lëtzebuerger Blannevereenegung













Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Summerfest 2018
De 5 August war et erëm esou wäit: dat traditionnellt Summerfest vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung ass, bei scho bal ze waarmem Wieder, gefeiert ginn



Gutt Iessen, Verkafsstänn, live Musek an eis Pensionnairen hu fir eng gutt an agreabel Stëmmung gesuergt D’Perkussiounsgrupp huet den Invitéeën e gelongenen Optrëtt gebueden Vill Benevoller woren de ganzen Dag am Asaatz fir dass et kéngem vun de ville Leit, di op Besuch woren, un eppes gefeelt huet
De Bieschbecher Atelier huet säi Buttek a seng Sonnenterrass extra Sonndes opgemaach fir de Leit ze weisen wat si alles an hiren Atelieren produzéieren


Summerfest 2018
Wärend de Festivitéiten, huet d’Madamm Girsch-Peffer de ganzen Erléis vum Verkaf vun hiere Strécksaachen, wou si d’ganzt Joer 2017 dru geschafft huet a bei verschidde Geleeënheeten verkaaft huet, a Form vun engem Scheck, dem Generaldirekter Dr Jean-Paul Grün an der Directrice des soins Sophie Bernard, iwwerreecht D’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung seet der Madamm Girsch-Peffer e grousse Merci fir dëse generéisen Don


Fir d’éischte Kéier wor eng « Äis-Bar » opgeriicht ginn, déi wéinst dem grousse Choix u Glacen, e fantastesche Succès hat

News beim Personal Mäin Hobby




Mataarbechter an hir Hobby’en
Martine HEUSBOURG | Aide soignante B
Seid deem ech denken kann, hunn ech Déieren gären Wéi mir dunn een Haus gebaut hunn, an mir vill Wiss hannert dem Haus hunn, war direkt kloer dass mir Déieren wëllen, déi eis beim méien hëllefen
Zu deem Moment hat een Bauer aus der Emgéigent een Bebé Iesel kritt Natierlech wollt ech deen direkt kucke goen, an sou sinn mir un eisen Mulles komm Vu que dass een Iesel net soll eleng halen, hunn mir een zweeten kritt, eisen Suki

An sou hunn mir eisen Hobby ugefaang
Hei eng kleng Erklärung vun eisem Dagesoflaf mat eisen Langohrkollegen
Eis Ieselen kréien zwee mol am Dag ze iessen, Hee an Stréi gemëscht alles an engem Netz, dass se net ze vill séier iessen Waasser hunn se déi ganzen Zäit zur Verfügung, am Summer natierlech méi Een Iesel drénkt ongeféier 15 Liter den Dag
Ieselskéip ginn all Dag opgeraf an duerno ginn se mat Stréi oder Seemiel frësch agestreet
Natierlech dierfen Leckerlien net vergiess ginn, sief et Muerten, gutt gedréchent Brout oder puer knueweleks Mineralien (den Knuewelek soll am Summer Mécken, Beelen fern halen)
Een Iesel muss och reegelméisseg Houf ausgekraazt kréien, gekämmt ginn an eng kleng Basis vun Manéieren léieren (Houf ginn, net rennen, net bäissen an op een lauschteren Z B STEH, KOMM, LUES, NEE)

All 4 Méint kennt den Schmadd bei eis an schneit den Ieselen Houf, an deem Zäitofstand ginn se och reegelméisseg Entwuermt
Wann d‘Wieder et dann och zou léist, kréien se zwee mol an der Woch bëssi frësch Weed, net ze
vill well frëscht Grass ass och net sou gesond fir se, léiwer bëssi méi diert
An der Summerzäit kréien Ieselen als Schutz virun den Mécken/Beelen een Méckenschutznetz iwwert hier Aen gemaach Wann déi Zwee dann wierklech deck genervt sinn vun den Mécken, hunn se och nach d‘Méiglechkeet sech op enger Sandplaz gutt ze wenzelen, wat se richteg oft maachen (sou halen se Parasitten vun sech ewech)
Wann et dann och nach sou waarm wéi dëst Joer ass, dann däerf eng kleng Ofkillung net feelen, eng Eisbomm kréien se dann och heiansdo (Waasser mat Muerten an Äppel gemëscht an fréieren gelooss) dat ass eng gutt Beschäftegung an Ofkillung gläichzäiteg
Mat der Hetzt vun dësem Joer, huet et leider och missten sinn dass ech den Mulles hunn missten schueren, well hien sou een extreemt strupescht Fell huet
Als Zäitverdreif kréien se awer och aner Saachen: se hunn een Ball fir ze spillen, Weiden oder Äscht vun den Uebstbeem oder mol einfach een Stéck Holz fir drun ze knabberen







Wann Zäit et dann och zou léist, ginn mir heiansdo mat den Ieselen an mat aner Ieselskollegen trëppelen Wat awer och vun hirer Laun ofhängeg ass
Am August 2016 woren Bewunner aus dem CIPA Blannenheem op Besuch komm an mir haten een flotten Dag
Eisen Ieselen kennen Dag wéi Nuets, Summer wéi Wanter wielen wéini se ënner Daach wëllen goen
Also hoffen ech, dass eis Déieren sech mat sou enger Fleeg bei eis wuelfillen
Gléckwënsch
a Gesondheet
› Pacsfeieren an Hochzäiten
D’Desirée KAUFFMANN ass de 24 Mee 2018 mam Damien LEMARQUIS bestued ginn
D’Rita SOUSA LOPES ass den 1 Juni 2018 mam Fábio Miguel GASPAR MORAIS bestued ginn
D’Rita FERREIRA FARIA ass de 19 September
2018 mam Vitor Luis DIAS BARBOSA gepacst ginn

› Puppelcher
LEAL DA SILVA Carmen ass Mamm gi
vum JADE, gebuer den 20 05 2018
MENDES FARIA Vicky ass Mamm gi vum
DANY RAPHAEL, gebuer den 04 08 2018
ENGEL Natalie ass Mamm gi vum
SELMA, gebuer de 24 08 2018
WLASSOW Olga ass Mamm gi vum
LISA, gebuer den 12 09 2018

› Mataarbechter déi an d’Pensioun gaange sin
EVORA Maria Céleste
Nei Mataarbechter
STORK Cathia
Ergothérapeute
04 06 2018
Service rééducation
VIEIRA DE SOUSA Nicole


Aide-soignante
15 08 2018
Infirmerie B
GASPAR DA
COSTA Fabienne
Aide-soignante
01 09 2018
Infirmerie B
REULAND Max
Aide-soignant
01 09 2018
Infirmerie B
Artikele vun de Pensionnairen

Ballon Trophy Mersch
Mat vill Freed war ech dëst Joer mat derbäi, fir een flotten Nomëtteg zu Miersch am Park ze erliewen No 2 Stonnen mat villem

Trëppelen war ech frou an zefridden erëm doheem ze sinn

Sprangprëssessioun
Bei ganz schéinem Wieder ware mir Päischtdënschdeg op d’Sprangprëssessioun
Mir hunn eng Zäitlaang der Prëssessioun
nogekuckt a sinn dunn an d’Basilika gaangen Et war interessant ze gesinn wéi déi grouss
Zuel vu Pilger a Museksgruppen ronderëm
d’Graf vum hellege Willibrord gespronge sinn



Duerno si mir an Schlesschen zu Mëttegiesse
gaangen Do si mir ganz frëndlech begréisst ginn an hunn ee gudde Menü zerwéiert kritt, deen eis gutt geschmaacht huet Nom Iesse si mir duerch dee schéine Park spadséiere
gaang an hunn eis dunn ënnert eng grouss
Pergola gesat Do souzen verschidde
Bewunner vum Altersheim bei eis, an hu mat eis zesummen Lëtzebuerger Lidder gesongen
Dat huet eis alleguer vill Freed gemaach
Si waren all verwonnert datt mir esou gutt
gesongen hunn D’Zäit ass leider vill ze séier
erëm gaangen, a mir hu missen heem fueren

Et war fir eis alleguer ee ganz flotten Dag, a mir freeën eis elo schonn drop fir d’nächst
Joer erëm kënnen derbäi ze sinn
Keramikgrupp
An der Keramikgrupp gët et net nëmmen ëmmer eppes ze knéchelen, mee och ëmmer eppes ze laachen, dofir komme mir gären zweemol d’Woch zesummen, fir e flotten Nomëtteg ze verbréngen Dobäi kënne mir eis « verstoppten Talenter » zum Virschäi bréngen an dobaussen d’Leit mat eise « Wierker » frou maachen


Marguerite


