40 JOER FC GREEN BOYS 77 HARLANGE-TARCHAMPS
1977 - 2017
W W W. G R E E N B O Y S . N E T
Festbroschür am Kader vum 40. Anniversaire vum FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt I n h a lt s ver z ei c h n i s 3 4 5 7 8 9 12 18 22 26 30 36 40 46 50 55 58 62 66 70 71 72 74 80 82 83 84
EEN BOY GR
PS
A
M
R
2
77
HA
LA NG
S
F.C .
D’Wuert vum President, Rol Weber Virwuert vum Sportminister Romain Schneider Virwuert vum René Michels, Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Comité d’honneur vum 40. Anniversaire Wéi et zur Fusioun koum Firwat “Green Boys”? D’Ufanksjoeren: 1977 - 1990 1990/91: Den éischten Opstig; 1991/92: 1. Divisioun 1992/93: Am Championnat zum Opstig, an der Coupe géint d’Union Saison 1993/94: Eirepromotioun! Saisonen 1994/95 bis1998/99 Saisonen 1999/2000 bis 2003/04 Saisonen 2004/05 bis 2008/09 2009: d’Green Girls entstinn Saison 2009/10 an 2010/11 Saison 2011/12 Saison 2012/13 an 2013/14 Saison 2014/15 an 2016/17 Saison 2016/17 All Presidenten an Traineren vum Club Den Aktuelle Comité, all Saisonen vum Club Top 20 Rekordspiller vun de Seniors I, II an III; d’Green Boys-Lidd Chris Philipps: vun Harel an d’Nationalekipp Gringen Eck: Spezial-Editioun Merci! Eis Jugendekippen Invitatioun fir d’40-Joer-Feier vum FC Green Boys 77, den 1. Juli 2017
E-TARC H
Editeur: FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps a.s.b.l. Verdeelung: Juni 2017 Tirage: 2 000 Exemplairen Redaktiounsschluss: 2. Juni 2017 Texter & Layout: Ben Majerus Fotoen: Archives FC Green Boys, Archives Erny Koeune, Archives Albert Wiltgen, Archives René Wiltgen, Archives Léon Rodesch, Archives Fränk Gindt, Archives Dan Mertens, Ben Majerus, Luxemburger Wort
D’WUERT VUM PRESIDENT
L
éiw Memberen a Supporter vum F.C. Green Boys ’77 Harel-Eeschpelt, Dir Damen an Hären, Et ass mir eng besonnesch Freet dësen Préface haut (22/05/2017) ze schreiwen, deem Dag no dem direkten Opstig erëm vun der 3. an déi 2. Divisioun, an dat quasi 40 Joer (14/05/1977) no der Fusioun vum F.C. Tarwat Tarchamps an dem F.C. Harel, an der folglicher Grënnung vun dem F.C. Green Boys ’77 HarlangeTarchamps. Dofir elo schon een groussen Merci un d’Ekipp an den Trainer. Jo, 40 Joer ass ee laangen Dag, wou vill geschitt ass. Esouwuel sportlich, wou et op an of gaangen ass, mat natierlich deenen 2 Héichpunkten, den Opstiger an d’Éierepromotioun an de Joren 1993 an 2010, an dann ewer och mënschlech, wou vill Memberen, Supporter fir de Veräin am Asatz waren, zur Ambiance an dem Erfolleg bäigedroen hun, mee et ass och de Moment deenen ze gedenken, déi net méi ënnert eis sinn, an déi zu Liewzäite vill fir de Veräin geleescht hunn...
Och a punkto Infrastruktur huet sich vill geännert, nodeems mer an den Ufankszäiten nach zu Walter mat enger holzener Bud ze dinn haten an enger „grousser Flutlichanlag“, also engem klenge Scheinwerfer dee selwer montéiert gouf, hun mer hockt een nei gemeeten Terrain „um Haf“ mat Beliichtung an Buvette an och een zäitgeméisse synthetischen Terrain „am Duerf“ mat Beliichtung a Buvette. Duerfir ee grousse Merci un déi Verantwortlich vun der Stauséi gemeng, an ewer och dem Schoulsyndikat, fir déi aktuell an vergaangen Ënnerstëtzung. Den F.C. Green Boys ’77 hat oder huet an de leschten Joren quasi an alle Kategorien Ekippen erfir bruecht, vun der Jugend bis Seniors, a bei den Damen, de Green Girls. Zesummen mat dem Potenzial vun der Regionalschoul probéieren mer esou vill ewéi méiglich op d’Jugend opzebauen, si ze forméieren an och mat eise Spiller aus der Regioun ze spillen. An deem Sënn, villmools Merci all deenen déi sech iwwert all déi Joren fir de Veräin agesat hun, de Komitee, d’Spiller, d’Traineren an d’Memberen.
Rol Weber President vum FC Green Boys 77
Ee spezielle Merci och un all eis Sponsoren, déi eis finanziell ënnerstëtzen an un all eis Supporteren, déi do sinn fir d’Ekippen unzeféieren, an ewer och präsent sinn wann et mol méi schlecht geet. Zum Schluss, een grousse Merci ewer och fir all aktuell an vergaange Komiteesmemberen fir hir gutt an wäertvoll Mat uerbecht am Sënn vum Veräin. Bléift mer elo just nach dem Gebuertsdagskand, dem F.C. Green Boys ’77, all Guddes a vill Erfollig ze wënschen fir Zukunft, dass eisen Veräin weider esou bestoen bléift an dann bis vläicht oder sécher deemnächst op engem vun eisen Terrainen.
3
Happy Birthday!
E
t ass fir mech eng grouss Freed an eng besonnisch Éier, dem F.C. Green Boys 77 op dëser Plaz fir de 40. Gebuertsdag ze gratuléieren! Bei dëser Geleeënheet gëllt et sech ze erënneren an en éischten Merci un d’Grënnungsmemberen vun Ärem Veräin ze riichten, déi virun 40 Johr mat vill Idealismus a Courage d’Initiative geholl honn fir en Fussballveräin an d’Liewen ze ruffen. Aus den Veräiner F.C. Harlange 1963 an F.C. Tarwat Tarchamps 1948 ass am Johr 1977 den F.C. Green Boys 77 HarlangeTarchamps ginn – eng grouss Verännerung fir den sportlichen Erfolleg! Ech denken mat Respekt un all déi zeréck, déi et méiglech gemaach honn, Jonken a manner Jonken eng sportlich a gesond Fräizäitbeschäftegung an Ären Uertschaften oanzebidden. Et muss awer och deenen Merci gesot ginn, déi duerno de Veräin gefouert honn, a gudden a manner gudden Zäiten an sech dobäi ëmmer fir de Fortbestand vum Club agesat honn. Donieft däerf een awer och all déi éiergäizeg
4
Sportler nick vergessen, déi sech deemools an hogt fir den Erfolleg op héischem Niveau vun hirem Club agesat honn. Perséinlich honn ech eng ganz flott Zeit zu Harel erleeft. Sportlich a menschlich sen et Erfahrungen di ech nick a menger Carrière wëllt mëssen. Ob als Spiller oder Trainer, et bleiwe vill flott Erënnerungen un des 3 Johr. All Training an all Match owen op der Kopp zu Harel waren en Challenge, deen d‘Equipe voan deemools, mat hirem Präsident dem René, de Komiteesmemberen an de Supporteren zesumme geschweesst honn. Dem F.C. Green Boys 77 Harlange - Tarchamps mat all sengen Memberen wënschen ech op dem wegdere Wee vill sportlich Erfolleger an vill Freed a Begeeschterung un hirer léifsten Sportaart, dem Foussball. Zum Schluss wënschen ech Iech alles Guddes, a gitt wegder mat dem Courage an där Ausdauer un d’Saach erun, wéi Dir dat bis elo gemaach hott, dann kënnt Dir berouegt an d’Zukunft kucken.
Romain Schneider Sportminister
Spiller vum FC Green Boys 77 vun 1992/93 bis 1994/95, Spillertrainer 1994/95
Chers sportifs,
I
l y a plus de 40 ans, les responsables des clubs de football de Harlange et de Tarchamps ont entrepris les démarches pour mener à bien la fusion de ces deux clubs. Au bout de débats acharnés, ils ont pris la seule bonne décision afin de garantir la survie du football dans notre région. Oui, je parle bien de toute la région, car le club des Green-Boys 77 recrute ses membres dans toute la Commune du Lac de la HauteSûre et dans les communes limitrophes. Qu’il me soit permis de rendre un hommage particulier à ces courageux pionniers ! Aujourd’hui, eux et nous pouvons fêter le 40e anniversaire de cette décision historique, et je m’en réjouis vivement. Le club a connu des hauts et des bas, il y a eu des victoires, des défaites, des moments de bonheur et de tristesse. Mais les responsables respectifs ont toujours réussis à garder leur club en vie et à le redynamiser quand il le fallait. Je voudrais donc rendre un hommage particulier à tous les bénévoles ayant œuvrés dans le passé, et qui œuvrent à l’heure actuelle dans l’intérêt du club. J’espère que cette volonté de réussir trouvera une continuation dans les prochaines années. Le F.C. Green-Boys 77 occupe une place importante dans la vie associative de la commune.
Il compte plus de 360 membres et est représenté par quatre équipes dans les championnats nationaux. S’y ajoute une équipe de vétérans. Ensemble avec les supporters qui accompagnent les équipes, figure donc un nombre assez considérable de citoyens qui sont en route chaque semaine et qui y trouvent une occupation enrichissante. À l’instar des autres activités sportives, le football ne peut plus être rayé de la vie quotidienne dans notre société. Le sport en général constitue un facteur économique non négligeable, il unit des pays et des cultures et est intergénérationnel. Sport est synonyme de « joie », d’« endurance », d’« esprit d’équipe », de « fairplay », de « tolérance » et de « respect ». L’organisation traditionnelle d’un tournoi des jeunes nécessite des efforts considérables tant au niveau humain qu’au niveau financier, raison pour laquelle votre engagement à la formation sportive des jeunes mérite tout particulièrement mon respect et ma reconnaissance. La Commune du Lac de la HauteSûre est fière d’avoir un club comme le F.C. Green-Boys 77 sur son territoire et le soutient par tous les moyens possibles. C’est justement dans cette optique que nous lui avons construit de nouveaux vestiaires près du terrain « Um Haff », et que le Syndicat Intercommunal de l’École Régionale a installé un terrain
René Michels Bourgmestre de la Commune du Lac de la Haute-Sûre
synthétique avec un éclairage dans l’enceinte du complexe scolaire à Harlange. S’y ajoutent des nouveaux vestiaires pour quatre équipes, et le club a également la possibilité d’utiliser la salle de sport indoor au même endroit. À l’occasion de son anniversaire, je tiens à remercier le club du travail accompli. Le dévouement, l’engagement, la persévérance et le savoir-faire qui l’ont caractérisé pendant ces quatre décennies lui feront connaître d’autres succès bien mérités. Chers Green-Boys, vous pouvez être fiers de votre club et je voudrais présenter, au nom de la Commune du Lac de la HauteSûre ainsi qu’en mon nom propre, mes plus vives félicitations aux membres et supporters du F.C. Green-Boys 77 lors de son 40e anniversaire et exprimer mes vœux les meilleurs pour l’avenir. 5
facebook.com/YeloBau 21,10
EINE NEUE RESIDENZ IN NOTHUM! 4,375
7,675
4,375
20
20
20
5
4,26
5
11
2,135 2,40
2,00
24
2,27
74
175 5
3,57
1,51 2,40
1,365
99
20 1,00
20 1,00
1,00
20
20
975
Die neue Residenz „Am Duerf“ wird 8 Wohneinheiten umfassen:
2,41
0_K1_W1 Kind 1 11,34 m2
2,99
3,60
115
• Fläche zwischen 80 und 95 m2
0_K1_W1 Schlafen 12,87 m2
• Mit jeweils 2 Schlafzimmern, Balkon oder Terasse, Keller, Garagenparkplatz und Außenparkplatz
0_K1 Flur/ Treppe 17,11 m2
0_K1_W1 Flur 7,36 m2
11
15
12
1_K1 AB 1,88 m2
A
• Hochwertige Materialien und bester Wohnkomfort, u.a. durch einen Aufzug
0_K1 Aufzug 2,95 m2
13
2,69
0_K1_W1 WC 1,63 m2
14
1,51 2,40
0_k1_W1 Kochen/ Essen/ Wohnen 37,03 m2
0_K1_W1 Bad 7,70 m2
2,135 2,40
• Optimale Lage im Zentrum von Nothum 10
9 8 7 15 x 26 x 185
20
20
20
1,00
1,00
5
4
3
2
6 1
1,135
17
5
175
1,26
1,26
20
20 1,65
1151,425
38
1,13
2,925
1,51 2,40
175 5
3,575
5
0_K1_W1 Balkon 5,47 m2
20 2,615
115
11
5
20
2,425
20
175
5
1.1
1,00
20
3,525
20
PREIS AB 330.358 € Beginn der Arbeiten: Juni 2017 Im Sommer 2018 bezugsfertig
Weitere Informationen erhalten Sie unter 26.95.08.08 oder info@yelo-bau.lu 1.1` 20 20
20
20
20
2,135 2,40
865 4,26 4,26
76 2,40
2,865 115 115
40
1,395
115
115
76 89 2,40 925 115 975 3,01
175
175
1,51 365 76 1,58 2,40 2,88 175 5 1,59 24 1,785 3,815
WWW.YELO-BAU.LU 12,69
21,10
Neubau zweier Mehrfamilienhäuser Duerfstrooss, L-9678 Nothum Yelo Bau S.A. 7, Beiwenerstroos, L-9678 Nothum
6
0_ K1_ W1 Plan-Nr. 03.5 09.03.2017 Datum Maßstab 1:100 Format Datei 071- mfh nothum_1700306_B 20er steine.pln
20
L-9678 Nothum Tel.: (+352) 26 95 08 08 info@yelo-bau.lu
40 JOER FC GREEN BOYS 77 HARLANGE-TARCHAMPS
Comité d’honneur
Baum John, Wiltz Bellaut-Mechet Jacques, Harlange Bellaut-Weber Jon, Myriam an Mathis, Harlange Biesen-Linden Frank, Nothum Bodé Tim & Alban, Ettelbruck Bück Carole, Watrange Bui Van Khoi, Eschweiler Burggraff Lucien, Tarchamps Closter-Marteling Lucienne & Pol, Nothum de Figueiredo Jorge, Wiltz Deprez Carlo, Doncols Dormans Jean, Surré Feteler Marc, Nothum Fiduciaire Comptable L. Funck Sàrl, Wiltz Gaasch Gaby, Bavigne Gindt-Schweich Sonja & Frank, Nothum Gira-Loes Marc, Nothum Hess Christian, Schouweiler Hilger Léon, Bergem Hodzic-Majerus Danielle & Ramiz, Nothum Hollerich Jules, Harlange Hollerich Serge, Ettelbruck Jakobs Arny, Boulaide Kaes-Peffer Aly, Brandenbourg Kieffer Carlo, Kaundorf Koeune Francis, Harlange Koeune Marco, Harlange Koeune Romain, Harlange Koeune-Bertemes Erny, Harlange Koos-Berg Marc, Tarchamps Kremer René, Bereldange Kremer&Associés sàrl - Kremer Claude, Junglinster Kripps Joël, Surré Laboulle Mathias, Boulaide Loes Nico, Nothum Lonsdorfer Alain, Nothum Louis-Wiltgen Rose & Claude, Tarchamps Luxindus s.àr.l., Boulaide Majerus Ben, Grosbous Majerus Nico, Kaundorf Mausen Henri, Rédange Mertens Arnold, Harlange Mertens Liette, Nothum
Redaktiounsschluss: 2. Juni 2017
Mertens Nico, Watrange Mertens-Demuth Dan, Harlange Mertens-Rasmussen, Roland Meurisse Alain, Bastogne Michels-Mertens René, Nothum Michels-Victor Marcel, Nothum Nanquette Henri, Tarchamps Nunes Daniel, Bettembourg Pauly-Reitz Charles, Gruemmelscheid Philipp Paul, Luxembourg Pletschette Gabriel, Surré Pletschette-Holtz René, Harlange Pletschette-Millot Alain, Gandren (F) Pletschette-Peters Simone & José, Nothum Post-Lorgé Christiane & Marc, Nothum Richard Marco, Harlange Richard-Schleich Anny, Harlange Ries John, Harlange Rodesch-Boentges Léon, Mersch Schaack Charles, Mertzig Schaeffer-Wiltgen Sandra & Marc, Nothum Schickes Pol, Goesdorf Schiltz Jean, Niederanven Schmit John, Harlange Schmitz René, Mamer Schmitz Tammy, Koerich Schockmel Nicolas, Mondorf Schon Fernand, Baschleiden Schonckert Jean-Jacques, Luxembourg Schroeder Marcel, Berlé Schroeder Romain, Doncols Siebenaler Paul, Dahl Staudt Jean-Paul, Harlange Theis Marc, Nothum Thomas Robert, Tintange (B) Vandivinit Bob, Baschleiden Weber Roland, Watrange Weiler Lucien, Diekirch Weyer-Hilger Carla & Kim, Nothum Wiltgen Albert, Harlange Wiltgen René, Weidingen Wiltgen-Aritto Jis, Harlange Wolff Joel, Tétange 7
Wéi et zur Fusioun koum
V
iru 40 Joer gouf an enger Ofstemmung ënnert de Memberen vum FC Harlange 1963 an dem FC Tarwat Tarchamps 1948 d’Fusioun vu béide Klibb zum FC Green Boys 77 HarlangeTarchamps beschloss. Fir dass et dozou konnt kommen, huet allerdings vill Iwwerzeegungs aarbecht misse geleescht ginn. D’Ekippe vu béide Veräiner hunn d’70er Joeren an der véierter a läschter Divisioun vum Championnat gespillt. No der Saison 75/76 goufen vun der FLF d’zweet Ekippen an de Championnat vun den éischten Ekippen integréiert, wouduerch den FC Harel an déi drëtt an den FC Tarwat an déi zweet Divisoun gestiige sinn. Béid Veräiner haaten allerdings hir Problemer, fir eng Ekipp zesummen ze kréien. Esou koum d’Iddi op, fir ze fusionéieren. Ennert der Initiativ vun de béide Sekretären, Albert Wiltgen (Harel) a René Wiltgen (Tarwat), gouf ee Comité gegrënnt, fir d’Fusioun vir zebereeden. Während op Hareler Säit eng Majoritéit dofir war, war d’Skepsis op Eeschpelter Säit méi grouss: dem Wiltgens Ren säi Brudder Aly an säi Papp
8
FC Tarwat Tarchamps-Watrange 1972/73 Stoend: Claude Thilmany, Lucien Burggraff, Armand Schmit, Aloyse Wiltgen, Nicky Eschette, René Wiltgen Hockend: R. Agnes, J.-P. Agnes, Johny Determe, Pierre Collin, G. Koos
FC Harlange, Joer onbekannt Stoend: Marcel Rommes, John Baum, Albert Koeune, Eugene Majerus, Roger Weis, Abbes Schadeck, Roger Stork Knéiend: René Derneden, Emile Greisch, Raymond Poos, René Majerus, Arnold Mertens, Jos Heinen
Jhemp waren dogéint, anerer wéi Armand Schmit oder Luss Burggraff waren dofir. Hëllef koum dunn vu Wolz: de Fern Thines, deen den Zesummeschloss vun der US Nidderwolz a
Gold a Ro’t Wolz zum FC Wiltz 71 mat an d’Weeër geleet hat, koum an eng Comitésversammlung fir ze erzielen, wéi et e puer Joer virdrun zu Wolz ofgelaf war a fir d’Virdeeler vun esou enger Fusioun ze erklären.
Esou koum et dunn de 14. Mee 1977, op engem Samsdeg, zu dem entscheedenden Referendum ennert de lizenzéierte Memberen vu béide Veräiner, an d’Mehrheet huet dofir gestëmmt. D’Statuten ginn den 19. Juni 1977 vun de Grënnungsmemberen Schmit Armand, Schockmel Camille, Weber Alice, Wiltgen Albert, Wiltgen René, Thillen François, Feltus Raymond, De Dood Ben, Etgen Nicolas, Hoschette Marcel, Jakobs Pierre, Mertens Arnold a Poos Raymond ënnerschriwwen.
FC Tarwat Tarchamps-Watrange 1967/68 - Vize-Meeschter an der 4. Divisioun
Firwat „Green Boys“? Am Kader vun der Fusioun gouf beschloss, dass d’Ekipp eng nei Uniform mat enger neier Faarw sollt kréien. Den FC Harel hat bis dohinn a blo gespillt, Tarwat hat giel Trikoten. D’Mëschung vun de Faarwe blo a giel ergëtt Gréng, d’Faarw vun der Hoffnung esou war kloer, wéi déi nei Spill kleedung sollt ausgesinn. En neien Numm huet och misse gesicht ginn. Inspiréiert vu Veräiner wéi Red Boys Déifferdeng, Blue Boys Millebaach, Yellow Boys Weiler, Young Boys Dikkrech asw. gouf sech dunn op den neien Numm „FC Green Boys 77 Harlange- Tarchamps“ gëeenegt.
FC Harel, 1963 Stoend: Jean Feltus, Erny Leick, Arnold Mertens, Hubert Schneider, Robert Gremling, Georges Wallig, Erny Delperdange, Eugene Majerus, Jos Remiche, Jeff Schneider Hockend: Francois Thillen, Raymond Poos, ?, Ferd Schneider, Emile Greisch
9
LA MAISON DES FLEURS 5, Place Joseph Bech L-9211 DIEKIRCH Tel. 26 80 32 32
42, Grand-Rue L-9530 WILTZ Tel. 95 76 26
SOINS DU JARDIN 4, rue de Kaundorf L-9678 NOTHUM
Tel. 95 76 26 Fax 26 95 06 27
www.soinsdujardin.lu info@soinsdujardin.lu
10
11
D’Ufanksjoeren
1977/78
huet den neien FC Green Boys mat zwou Seniors-Ekippen ugefong: d’éischt Ekipp an der drëtter Divisioun, d’zweet an der véierter. Eischte President gouf den Armand Schmit, éischte Sekretär den Albert Wiltgen. Trainer gouf den Alfred Grisius, besser bekannt als „Fritti“. Et gëtt ofwiesselnd op den Fussballsfelder zu Walter an Harel gespillt. Den éischten Optrëtt vun der neier Ekipp ass war bei der „Coupe de la Vallée des 7 Châteaux“ zu Rued/Äisch bei Simmer. Sonndes, de 14. August 1977 gouf et do eng säfteg 0:11-Néierlag géint d’US Bascharage. An der Trouschtronn den Dag drop gouf et dunn awer een 2:0 géint Gréiwels.
Den éischte Championnatsmatch de 4. September, um halwer 4, verléieren d’Green Boys auswäerts géint Dikkrech B duerch ee Gol an der zweeter Halschent knapp mat 1:0. Um zweete Spilldag gëtt et zu Ell eng 2:1-Néierlag, den Eiregol an domat den éischten Treffer vum neie Veräin schéisst den John Baum. Um éischten Heem match déi Woch drop gesinn d’Zuschauer 6 Goler beim 3:3 géint d’B-Ekipp vun der Etzella. De 25. September 1977 gewënnt Harel-Iischpelt säin éischte Match: 1:4 auswäerts beim FC Baastenduerf! Sportlech ass et duerno relativ gutt gelaf: d’Ekipp huet sech quasi nëmmen aus Leit aus deenen zwee Diefer zesumme gesat. Wichteg Spiller ware beispillsweis de Luss Burggraff, Claude Thilmany oder Nico Gindt. Um
D’Ekipp aus dem éischte Match 1977 zu Rued (Simmer) Stoend: Pol Schickes, Armand Roth, Norbert Theis, Nico Gindt, Fernand Gira, John Osch, Jemp Fretz / Hockend: Marco Huberty, Gusty Koeune, Albert Wiltgen, Rene Wiltgen, Marcel Baum, Nicky Eschette, Franz Fretz
12
Enn vun der éischter Saison verpasst d’éischt Ekipp den Opstieg knapp a schléisst op der drëtter Plaz of, d’zweet Ekipp dogéint gëtt 10. enner 12 Ekippen, viru Buerschent II a Wëntger II.
D’
Saison 1978/79 sollt eng ganz erfollegräich ginn: souwuel d’éischt Ekipp (2. Plaz an der 3. Divisioun 1. Bezierk) wéi och d’zweet Ekipp (1. Plaz an der 4. Divisioun 1. Bezierk) schéissen iwwer 80 Goler an 22 Matcher an steigen alle béid eng Klass méi héich. Aus gesondheetleche Grënn muss den Opstigstrainer Grisius awer vu sengem Posten zrécktrieden. De Wiltgen Ren, ee vun de Grënnungsmemberen, gëtt Spillertrainer: ënnert him bleiwt d’Ekipp ouni Problem an der zweeter Divisoun (4. Plaz). D’zweet Ekipp fällt allerdings an de Play-Off-Matcher em den Ofstieg, géint Bastenduerf a Gréiwels, zréck an déi 4. Divisioun. An der Saison 1980/81 iwwerstinn d’Green Boys fir d’éischte Kéier méi wéi 1 Ronn an der Coupe de Luxembourg. Vertéischt gëtt Blo-Giel Hëpperdang mat 6:3 geklappt, duerno zu Baastenduerf mat 0:5 gewonn. Géint d’Jeunesse Kanech, aus dem 2. Bezierk vun der 2. Divisioun, sollt dunn awer Schluss sinn (1:4).
13
Am
Championnat leeft et net esou gutt. Harel-Iischpelt land mat just 15 Punkten aus 22 Matcher (2-Punkte-Regel) op der zweetläschter Plaz a muss an d’drëtt Divisioun ofsteigen. Dat Joer drop spréngt eng 6. Plaz eraus. 1982 wiesselt den Henri Jungels op Harel. Hien hat virdrun zu Rammerich, Pärel a bei der Union Lëtzebuerg gespillt. Ma fréi an der Saison verletzt hie sëch schwéier. De Wiltgen Ren iwwerhëllt interimistesch bis Enn vun der Saison, just knapps kënnen d’Green Boys d’Divisioun halen. No der Saison gëtt am Comité ofgestëmmt op ee “friemen” Trainer soll un d’Rudder, oder een, deen de Veräin kennt. Opwuel sëch beim Vote kloer fir ee friemen Trainer aus geschwat gouf, kritt an enger zweeter Versammlung d’Hareler “Urgestein” Pol Schickes méi Stëmmen wéi den aanere Kandidat, Nicolas Schockmel!
A senger éischter Saison muss Harel-Iischpelt als Tabellen zingten bis déi läscht Minutt zidderen: am Play-Off rett d’Ekipp sëch duerch eng Victoire géint Heischent an ee Gläichspill géint Mäerzeg II. Duerno geet esou lues biergop. 1984/95 spréngt eng eng 7. Plaz (84/85) eraus. 1985/86 gëtt et den nächsten Trainerwiessel: vu Bastnech kënnt de Michel Lepinois als Spillertrainer. Ënnert him kennt et zu engem Opschwong: als Belsch brengt hien eng eegen Mentalitéit mat a setzt op méi Disziplin. A senger éischter Saison erreechen d’Green Boys d’5. Plaz.
1986/87
gëtt den Norbert Theis Nofolger vum Arthur Loor als Präsident. Am Championnat land d’éischt Ekipp op der 4. Plaz, just 4
Schampes fir den Opstieg! 1987/88 klammen d’Green Boys zréck an d’2. Divisioun Uewen: Jos Strotz, Jis Wiltgen, Pascal Poos, Patrick Haan, Carlo Gudenburg (verdeckt), Carlo Philipps, Alain Pletschette, Rol Mertens, Serge Thillen Ënnen: Michel Lepinois, Julien Merche ,John Baum, Claude Theis, Leon Rodesch, Arny Jakobs
14
Punkten hannert dem Opsteiger Montagnards Wäiswampech. Erwähnt sief och nach déi éischt Participatioun un de 24 Stonne Mini-Foot zu Bastnech, wou Harel no Chrëschtdag 1987 sensationnell op déi 4. Plaz kënnt.
1987/88
geléngt no 7 Joer de Retour an d’zweet Divisioun, dat als Tabellenzweeten, knapp hanner Rammerech, an mat der beschter Ofwier vun der Divisioun. Fir déi nei Saison kënnt den deemols 21-jähregen Dan Mertens no engem Joer zu Klierf erem zréck bei säin Heemichtsveräin. Ouni Problemer bleift d’Ekipp an der Saison drop an der zweeter Divisioun, huet als Fënneften déi véiertbescht Abwehr. A senger véierter a läschter Saison als Trainer geléngt dem Lepinois allerdings just nach eng 8. Plaz, mat engem Punkt Virsprong op d’Ofstiegsplazen.
D’Zweet Ekipp 1984/85 Stoend: Pol Schickes, Guy Schon, René Albers, John Baum, Mett de Dood, Fernand Baum, Fred Martin Hockend: Erny Koeune, Carlo Philipps, Henri Jungels, Georges Brandenburger, Armand Majerus, Fernand Majerus
D’Mini-Foot-Helden vun 1987 Stoend: Pol Schickes, Guy Jakobs, Dan Mertens, Arny Jakobs Hockend: Jis Wiltgen, Pascal Poos, Rene Daubenfeld, Alain Pletschette, Michel Lepinois
Gruppefoto virum Cortège zur Feier vum Opstieg 1987/88 Stoend: Claude Theis, Jos Strotz, Marc Post, Guy Jakobs, Jis Wiltgen, Pascal Poos, Arny Jakobs, Michel Lepinois hockend: Rol Mertens, Carlo Gudenburg, Alain Pletschette, John Baum, Julien Merche, Patrick Haan, Serge Thillen
Nom Opstieg 1987/88 gëtt gefeiert! Schickes Pol, Kaber Romain a Poos Raymond an Aktioun
15
90
IS
19
PU
DE
RÉUSSIR SA TRANSACTION IMMOBILIÈRE 30, rue des Tondeurs | L-9570 WILTZ | Tél: +352 95 82 59 | info@immowolz.lu
www.immowolz.lu VENTES, LOCATIONS, PROMOTIONS ET ESTIMATIONS
constructions immobilière énergies toitures
jans.lu Groupe Jans | 4, rue Tom L-9651 Eschweiler | Tél. +352 95 75 06-1 | Fax: +352 95 91 55 | info@jans.lu
16
15, place des Tilleuls L-9575 WILTZ Tél: +352 / 95 82 04 Fax: +352 / 95 88 16
17
Saison 1990/91 : den éischten Opstig an d’1. Divisioun
N
ofolger vum Schickes gëtt 1990/91 och erëm ee Spillertrainer aus der Nopeschland: den Emile Monfort. Ënnert dem Libero wäerten d’Green Boys hir erfollegräichsten Zäit an der nach jonker Geschicht erliewen. Spillerkader 1990/91 Gol: Michel Maons, Serge Thillen Verteidegung: Marc Bissen, Arny Jakobs, Guy Jakobs, Emile Monfort, Gab Pletschette, Pascal Poos, Léon Rodesch Mëttelfeld an Ugrëff: Jos Pletschette, Dan Mertens, Rol Mertens, Filipe dos Santos, Claude Theis, Guy Majeres, Marc Post, Tun Mestre, Alain Meurisse
D’Saison geet un mat enger 1:7-Victoire auswäerts zu Wäiswampech. Duerno gëtt et am Derby géint Rammerech just een 1:1 trotz ville Grouss chancen, méi spéit gëtt bei Reen a Stuerm 1:5 géint Wëntger verluer. Eréischt um läschte Match vun der Hironn gett et déi éischt Victoire doheem: 5:4 géint Housen. No der Wanterpaus starten d’Green Boys mat 5 Victoiren. En éischten Dämpfer gëtt et dunn beim 0:4 géint Miersch, wou den Ersatzkapitän Arny Jakobs direkt 18
zwee Selbstgoler schéisst. Am Réckmatch géint Wentger gëtt et eng 3:0-Néierlag géint den Ex-Trainer Michel Lepinois. Virum läschte Match war de Virsprong op den ASW am Opstigs rennen op 1 Punkt geschmolz: géint Housen huet misse gewonn gin. An engem duerchwuessene Match gouf et awer just een 0:0, Wëntger ass lanscht gezunn an direkt opgestigen. am Barragematch war den Opstieg awer och fir d’Green Boys nach méiglech. Nom Match huet d’Ekipp an engem Café zu Harel trotzdem gefeiert, wéi wann se opgestiegen wieren an sech geschwuer, an de Barrage matcher nach emol alles ze ginn.
Bus eng Eireronn duerch d’Staat gemaach an et gouf ouni Paus gesong. Zréck zu Harel gouf et am Café Aachen Spaghetti fir de ganze Verain.
Géint déi Drettplatzéiert aus den aneren Bezierker war den Opstieg nach dran. Géint Kanech gouf am éischte Match 3:0 gewonn. Op den zweete Match, auswäerts zu Duelem, goung et per Bus. D’Stemmung war gutt, d’Supporter (ca 80 Leit) ware vum Josy Wiltgen greng-waiss bemolt ginn. Kurz no der Paus geet Duelem a Féierung, duerch d’Goldifferenz war dat Resultat awer ze verkraften an den Opstig perfekt!
No
De Jubel war grouss an d’Halschent vum Trainer Monfort sengem Vollbaart huet missen an den Duschen drun gleewen. Wiltgen Josy, Dauenbefeld Ren an Koeune Erny goufe mat Kleeder geduscht. Um Réckwee huet de
Goalgetter vun der Saison: Majeres Guy (13 Goler), Mertens Dan (11), Jacobs Guy (10) D’zweet Ekipp kritt eng nei Uniform vum Garage Lucien Burggraff. Duerch eng 0:4- Néierlag um leschte Spilldag géint Heischent, déi mat 5 Eischt ekippsspiller ugereest waren, gouf et um Enn wéi sou oft “just” eng zweete Plaz.
Saison 1991/92: 1. Divisioun der Generalversammlung gëtt de René Daubenfeld Nofolger vum Norb Theis um Presidenteposten. A punkto Transfers kommen dräi „Heimkehrer” zréck: Wiltgen Jeannot (Wolz), Alain Pletschette a Claude Nanquette (Wëntger). Vu Bastnech kënnt den Yves Lebrun. Sportlech gëtt et wéi erwaard eng schwiereg Saison. An der Wanterpaus steet d’Ekipp op der zweetläschter Plaz; vill Matcher gi knapp verluer, well déi eege Golchancen net genotzt ginn. Trotzdem ass d’Stemmung a Komerodschaft an der Ekipp
gutt. An enger Krisesëtzung setzt de President sëch dofir an, dass um Trainer fest gehal gëtt. Eng richteg Entscheedung, wéi sech duerno sollt erausstellen: no der Wanterpaus huelen d’Green Boys 14 vun 18 Punkten a bleiwen an der 1. Divisioun.
D’zweet Ekipp steet, trotz Personalproblemer, an der Wanterpaus op der 1. Plaz. Schickes Pol, deen eigentlech virun der Saison opgehal huet an just nach als “Mannschaftskoch” wollt fungéieren, muss ëfters aushëllefen. Fir di éischte Kéier gëtt och eng Minimesekipp (9-12 Joer) op
d’Been gestallt. Dem Trainer Marc Post stinn eng 20 Spiller zur Verfügung. An der Wanterpaus huet de Luc Remiche scho 15 Goaler geschoss; de Marc Eschette, “der später einmal Profi werden möchte“, wéi et an der Sportszeitung 3/91/3 heescht, esouguer 28 Goler.
1990/91, Nei Trikoten op Kirmessondeg vum Café “beim Jeanne” Stoend: Jeanne Wolter (Sponsor), Arny Jakobs, Dan Mertens, Rol Mertens, Marc Bissen, Pascal Poos, Marc Post, Guy Jakobs, Leon Rodesch. Hockend: Michel Maons, Emile Monfort, Gab Pletschette, Guy Majeres, Filipe dos Santos, Claude Theis, Jos Pletschette
KADER Minimes 1991/92 Gol: Gregory Müller, Heiko Mazkowiak Ofwier: Paul Gira, Jean-Luc Meyers, Marc Weber, Andy Berna Mëttelfeld: Frederic Concalves, Johny Guth, Christophe Hansen, Gilles Koss, Joé Koos, Marc Koeune, Philippe Osch, Luc Richard, Guy Schiertz, Alain Theis, Bob Vandivinit, Olivier Waterloo, Frank Weber Stuerm: Marc Eschette, Aly Mujanovic, Luc Remiche
19
43, Kaunereferstrooss L-9678 Nothum Tel.: +352 26 95 01 51 GSM: +352 621 250 705 info@id-home.lu
www.id-home.lu 20
Entreprise de Constructions Transformations Toitures, Coffrages Abattage et Elagage d' Arbres Dangereux
21
Saison 1992/93: am Championnat zum Opstig, An der Coupe géint d’Union
An
der Saison 92/93 sollten d’Green Boys an der Coupe fir Schlagzeilen suergen. Nodeems Rouspert (1. Divisioun) a Bieles (Eire promotioun) geklappt gi waren, krut d’Ekipp keen aneren wéi den aktuelle Champion Union Lëtzebuerg zougeloust. De 7. Mäerz 1993 war géint van
Rijswijck, Birsens, Groff a Co. dunn awer Schluss. Bal 700 Zuschauer waren op den Terrain „um Haf“ komm an hu gesinn, wéi de Favorit sech mat 1:8 duerchgesat huet. Den Eiregol huet den Dan Mertens 10 Minutte viru Schluss geschoss. Am Championnat stinn d’Green Boys zu deem Zäitpunkt op der zweeter Plaz vun der 1. Divisioun an hunn säit Mëtt September kee Match méi verluer. Virun der Saison war mam Romain Schneider
ee wichtege Spiller vu Wolz bei d’Ekipp komm an huet mat senge Goler zu dem neien Opschwong zu Harel bäigedro. Um Enn vun der Saison packt Harel-Iischpelt, och wéinst sengem groussen Ekippegeescht an der Komerodschaft, als Tabellenzweeten de sensationellen Opstig an d’Eirepromotioun, deen zwee Spilldeeg viru Schluss no engem 4:3 géint Iechternach fest steet.
Luxemburger Wort, 15. Mäerz 1993
COMITé 1992/93
Spillerkader 1992/93
President: René Daubenfeld
Jeannot Wiltgen (Golkeeper),
Vize-Presidenten: Arnold Mertens, Léon Schmitz, Norbert Theis
Emile Monfort (Spillertrainer),
Sekretär: Armand Richard
Marc Bissen, Léon Rodesch,
Tresorier: François Thillen
Pascal Poos, Claude Nanquette,
Responsabel Jugend: Raymond Poos
Claude Theis, Romain Schneider,
Responsabel Organisatioun: Erny Koeune
Filipe dos Santos, Dan Mertens,
Memberen: John Reichling, Gusty Koeune, Serge Thillen, Léon Rodesch,
Guy Majeres, Guy Jakobs, Jos
Romain Kaber, Roger Biesen, Nicky Eschette
Pletschette, Rol Mertens, Arny Jakobs, Alain Meurisse, Gab Pletschette, Jos Weis, Rol Herman
22
Luxemburger Wort, 6. an 8. Mäerz 1993
23
Profitez de la vie, chez vous et partout ailleurs !
René MICHELS Agent d’Assurances 21, um Knupp - L-9678 Nothum Tél.: 691 95 86 97 michels@agencefoyer.lu
24
BAUUNTERNEHMUNG
Ihr Partner für Passivhäuser! Bahnhofstraße 27 // BE-4780 ST.VITH // +32 (0)80 28 11 11 // info@linden.be 25
Saison 1993/94 : Eirepromotioun!
éischte Match zu Dikkrech Stoend: Alain Pletschette, Leon Rodesch, Pascal Poos, Guy Jakobs, Rol Mertens, Marc Theis, Joel Reichling, Arny Jakobs Hockend: Claude Theis, Emile Monfort, Filipe dos Santos, Jos Pletschette, Romain Schneider, Jeannot Wiltgen, Marc Post
N
iewt der éischter Ekipp an der Eirepromotioun, huet de Veräin eng zweet an drëtt Ekipp am Championnat ugemeldt. An der Jugend gëtt et eng Scolaires- an eng Poussinsmannschaft. Well den Terrain um Haf net déi vun der FLF virgeschriwwe Moossen huet, ginn an der Summerpaus eng Rei Aarbechten duerchgefouert. Dat éischt Flutlicht gëtt zu Harel installéiert. Nei bei d’Ekipp kommen de Marc Theis a Joel Reichling vu Wolz, souwéi de Jorge de Figueiredo (Portugal). Um éischte Spilldag gewannen d’Green Boys aus-
26
wärts zu Dikkrech direkt mat 1:2 - no 30 Sekonnen schéisst de Rol Mertens schonn den 0:1, Dikkrech gläicht virun der Paus aus. No enger Stonn käppt de Guy Jakobs ee Fräistouss vum dos Santos eran, de Jeannot Wiltgen hällt 5 Minutte méi spéit een Eelefmeter an domat d’Punkte fest. Um zweete Spilldag gewënnt Harel „dank einer taktischen Meisterleistung“ (Luxemburger Wort) mat 3:1 géint Mäerzeg (Goler: M. Theis, Schneider an D. Mertens) a steet op Plaz 1 an der Tabell. Um drëtte Spilldag gëtt et deen éischten Dämpfer: 3:1 verléiert d’Ekipp zu Hollerech.
Am éischten offizielle Match géint den FC Wolz 71 ass ee chancelos - 0:4. An der Coupe trëfft Harel an der 4. Ronn erem op d’Union, deskéier verléiert ee „just“ mat 0:4. D’Virronn vun der Eirepromotioun, 1. Bezirk, schléisst d’Ekipp op der 7. Plaz enner 10 Ekippen of, mat just 16 Goler an 18 Matcher hu si 14 Punkten geholl. Duerno ginn déi zwee Bezierker an de Play-Offs zesummegewürfelt: an der Ofstiigsronn A kennen d’Green Boys awer just ee Match wannen a spillen dräi mol gläich bei 6 Néierlagen. Als Tabelle leschten ass d’Aventure Eirepromotioun leider erem riwwer.
27
CO NC
EP T
ca
g
ch
ra
em
rre
lag
ni
iné
es
ts
es
Carrelages Santos S.àr.l. 2, rue Knupp L-9535 WEIDINGEN
t. +352 28 77 45 90 f. +352 26 95 39 24 e. mail@santos.lu
www.santos.lu
SPÉCIALISÉ EN ISOLATION DE TOITURE CHARPENTE | ZINGUERIE | COUVERTURE | VELUX ÉTANCHÉITÉS RÉPARATIONS | TERRASSES ET FAÇADES EN BOIS DEVIS ET CONSEILS GRATUITS!
WINCRANGE | Tél.: 99 44 66 1 | info@toituredunord.lu | www.toituredunord.lu
28
38, Grand-Rue L-9530 Wiltz tél.: 95 81 07 fax: 95 79 23 29
Saison 1994/95
Am
Juli gëtt beschloss, eng Jugend kommissioun op d’Been ze stellen, fir d’Organisatioun am NowuesberäIch ze verbesseren. Déi éischt Membere sinn Roger Biesen, Raymond Poos, Gusty Koeune, Jean Reichling, Romain Kaber, Carlo Deprez, Armand Richard an dräi Jugendtrainer.
„Für uns ist die Welt nicht untergegangen“, schreiwt de President Daubenfeld am Info blat fir den éischte Spilldag nom Ofstig.
dran ze bleiwen an de Gang an d’2. Divisioun muss ugetruede ginn. Um Enn vun der Saison muss de Comité sech also erem no engem neie Coach emkucken.
Den Emile Monfort hält op als Trainer an de Romain Schneider, dee schonn 2 Joer am Veräin ass, gëtt Spillertrainer. Och e puer Spiller gi fort: Filipe dos Santos (Folschette), Guy Majeres (Housen), Leon Rodesch (Miersch), Serge Thillen (Buerschent). Nei dobäi komme vu Wolz Patrick Michalovic, Azem Civic an Alain Reuter, Patrick Zweber (Elwen) a René Gasper. D’Drëtt Ekipp gëtt wéinst Personalmangel (trotz 39 agesetzene Spiller an der Vir saison) ofgemeldt, de Roger Biesen këmmert sech em d’zweet Ekipp.
Saisonen 1996/97 bis 1998/99
An der vun 12 op 14 Ekippen opgestockter 1. Divisioun spillen d’Green Boys leider net mat viir bäi : et spréngt eng 8. Plaz eraus, an d’Divisioun gëtt gehal. Am August gêtt fir d’éischte Kéier gëtt ee Jugendturnéier zu Harel um Terrain „um Haf“ organiséiert: 16 Ekippe spillen an de Kategorie Poussins bis Cadets géinteneen. Och um nationale Fussballdag zu Ettelbréck hëllt een deel, vun den dräi Ekippen kommen d’Scolaires bis an d’Véirelsfinall. Am Championnat gëtt eng Poussins-Ekipp (Trainer: René Daubenfeld), Minimes (Marc Theis) an eng Cadets (Marc Post) ugemeld. 30
Saison 1995/96 Am Championnat gëtt et eng Neierung: fir ee gewonnene Match ginn et ab elo dräi amplaz zwee Punkten. De Romain Schneider verléisst de Veräin, Nofolger op der Trainer bänk gëtt de Jeannot Closter vu Bastnech. Ennert dem Belsch leeft et awer net gutt, um Enn feelen 2 Punkten fir
1996
gëtt déi drëtt Editioun vum Jugendturnéier gëtt ausgedroen, dat ganzt zitt sëch iwwer 4 Deeg. Donneschdes geet et lass mat engem Grillfest, engem Match vum Comité géint hir Fraen (d’Frae gewannen am Eelefmeterschéissen) an engem Frendschaftsmatch vun der éischter Ekipp géint Givry. Freides geet ee Cortège duerch d’Duerf, mat uschléissender Eröffnungs feier. Samsdes spille 27 Jugend ekippen eng Qualifikatioun, d’Kanner schlofe vu Samsdes op Sonndes an Zelter ronderem de Fussballsterrain. Sonndes sinn d’Finalen: d’Gewënner heeschen Ierpel deng (Poussins), Wolz (Minimes), Déifferdeng (Scolaires) a Mäerzeg (Cadets). Neie Spillertrainer vun der éischter Ekipp gëtt de Joel Mathieu. D’Béischt ass bekannt fir seng kompromësslos Spillweis. Mat sengem Leitsproch „avec le couteau entre les dents“ verléieren d’Green Boys just zwee Matcher an dëser Saison a steige pünktlech fir den 20. Anniver-
saire als Tabellenzweeten erem zréck an d’1. Divisioun. Fir d’Saison 1997/98 gëtt den neie Fussballsterrain „am Duerf“ um Site vun der neier Regionalschoul fäerdeg. Mat enger „Semaine sportive“ vum 9. bis de 17. August gëtt d’Spillfeld ageweiht. Den Eröffnungsmatch géint Wolz gëtt 3:2 gewonn, et ginn nach eng Rei weider Galamatcher vun der éischter an zweeter Ekipp, den “anciennes Gloires“, uschléissend dem Jugendturnéier, un deem och Ekippen vu Lutterzeele (Belsch) a Lelystad (Holland) deelhuelen.
S
portlech leeft et bei der éischter Ekipp och erem ronn: just 6 Matcher gi verluer, 10x gläich gespillt an 10x gewonn - eng 7. Plaz ouni Ofstigsgefor sprengt eraus.
Déi Saison drop heescht et „hopp oder top“: entweder gëtt verluer oder gewonn, just dräi mol ginn d’Punkte gedeelt. D’Ekipp gewënnt 13 Mol a verléiert 10 Mol, eng drëtt Plaz spréngt dobäi eraus, allerdings mat ganzer 20 Punkte Réckstand op d’Plazen 1 an 2. Harel stellt den zweet beschten Ugrëff aus der Divisioun (58 Goler), wouzou den Neizougang Flavio Goncalves Cardoso, dee virdrun Profi bei Santa Clara war, ee groussen Deel bäigedroen huet. Dofir kasséiert d’Ekipp awer och zevill Géigegoler (44 Stéck a 26 Matcher). 31
D’Ekipp vun 1997/1998 Uewen: Alban Bodé, Jos Pletschette, Guy Majeres, Rol Mertens, Joel Mathieu (Spillertrainer), Patrick Schloesser Mëtt: Nico de Borger (Restaurant Schumann), Marco Richard (Betreier), Joel Reichling, Guy Jakobs, Pascal Poos, Arny Jakobs, Marc Post Ënnen: Marc Theis, Marc Feteler, Jeannot Wiltgen, Patrick Zweber, Dan Mertens, Claude Nanquette
32
Votre assurance santé sur mesure
NESER & REUTER Agence Principale d’Assurances Maison 18 - L-9752 Hamiville Tél.: 99 47 65 - neser-reuter@agencefoyer.lu
neser medicis a5.indd 1
13/01/2017 16:50
33
34
Pharmacie Grothenrath 25 Rue des Tondeurs L-9570 Wiltz Tel.: +352 95 70 76 Fax.: +352 95 78 69 ÖFFNUNGSZÄITEN: Méindes bis Freides 08:00 - 20:00 Auer Samsdes 08:00 - 13:00 Auer
Livraison de combustibles Mazout de chauffage ARGOS OIL Maison 72 L-9645 Brachtenbach TEL: +352 99 45 90 TEL: +352 99 40 61 TEL: +352 26 91 41 15 FAX: +352 26 91 45 95 E-mail: info@bove.lu
www.bove.lu
35
Saison 1999/2000
No
längerer Zäit gëtt et erem ee Wiessel op der Trainerbänk, den neie Mann heescht Bernd Krajczy. Den däitsche Mëttelfeldspiller huet an den 80er Joeren fir Bielefeld, Freiburg an Darmstadt an der 1. an 2. Bundesliga gespillt, an den 90er dunn fir Wolz an Ettelbréck. An der Coupe gi Beetebuerg an d’Red Boys Déifferdeng geklappt, géint Hollerich ass an der Verlängerung dunn leider Schluss. Am Championnat ginn d’Matcher dacks mat engem Gol Ënnerscheed gewonn oder verluer, d’Saison gett liicht manner erfollegräich wéi déi virdrun: 8. Plaz mat 38 Punkten, 11x gewonn, 5x gläich, 10x verluer, 50:44 Goler.
Um nationale Fussballdag zu Ettelbréck gewannen d’Poussins an hirerer Kategorie den Titel!
Saison 2000/01
D’
Green Boys starten amfong gutt an déi nei Saison, huele 17 Punkten aus 9 Matcher. No enger 3:4-Néierlag am November géint den Tabelleleschten Ierpeldeng trennt de Comité sëch vum Krajczy. Neien Trainer gëtt de Richard Wirard, dee virdrun zu Wëntger aktiv war. D’Saison gëtt op der 5. Plaz ofgeschloss, 12 Punkten hannert der éischter Opstigsplaz an 11 Punkte virun den Ofstiegsplazen. Virun der Saison 2001/02 wiesselt de spéidere Kapitän Jeff Schmit, 24 Joer, vu Wolz bei d’Green Boys. Tabellaresch geet
Seniors I 1999/2000 Uewen: Jos Pletschette, Joel Reichling, Alain Meurisse, Claude Nanquette, Pascal Poos, Marco Richard (Betreier) Mëtt: Alban Bodé, Flavio Goncalves, Michi da Silva, Alain Pletschette, Steve Damen Ënnen: Bernd Krajczy (Spillertrainer), Marc Theis, Serge Lutgen, Jeannot Wiltgen, Patrick Zweber, Dan Mertens
36
et no ënnen op d’8. Plaz, an d’Niemansland vun der Tabell.
2002/03
geet et endlech erem biergop. D’Green Boys sinn doheem eng Muecht a verléieren an der ganzer Saison just een Heemmatch (0:4 géint Jonglënster). Aus den aaneren 11 Heemmatcher huele si 27 vun 33 méigleche Punkten. Um Enn vun der Saison spréngt eng drëtte Plaz am Klassement eraus, d’Barrageplaz gëtt em 2 Punkte verpasst an op déi éischt Plaz sinn et 5 Punkte Réckstand.
D
éi Saison drop komme Franco Iovino, Sacha Federspiel a Michi da Silva vu Wolz, de Christian Melchior vu Schieren. Am Championnat leeft net grad esou gutt wéi virdrun, et ass bis zum Schluss spannend: tëscht der Plaz 6 an der Plaz 12 leie just 4 Zieler. D’Green Boys ginn déi 7. mat 33 Punkten. An der Coupe klappt d’Ekipp vertéischt Schieren, iwwerrascht duerno Nidderkuer aus der Eirepromotioun am Eelefmeter schéissen. An der 16els-Final kënnt d’Spora Lëtzebuerg op Harel. Duerch ee Gol vum Bellaut an der 23. Minutt geet d’Lokalekipp souguer a Féierung, mee Federspiel a Claude Nanquette gesi méi spéit déi giel-rout Kaart. um Enn setzt de Favorit sech mat 1:4 duerch.
D’Scolaires mam Trainer Frank Biesen gewënnt d’Finall vun der Indoor-Meeschterschaft zu Rodange.
Harlange-Tarchamps Spora 1-4 Scolaires 2003/04, Finalistes Lottolux-Indoor-Cup Uewen: Biesen Frank (Trainer), Lex Majerus, Christophe Kemp, Ben Heiderscheid, Claude Stork, Ben Klee Ënnen: Luc Lullingen, Ragib Sabotic, Diogo de Pina, Gilles Nowikow, Pit Jacoby, Lex Lullingen, Yann van de Berg
Coupe de Luxembourg 2002/03 géint d’Spora Paul Siebenaller um Ball géint de Mario Mendoza (Spora). Am Hannergrond: Dan Mertens
Stade municipal, pelouse en mauvais état, arbitrage de Mme Zeien assistée par MM. Pickel et Lima; 200 spectateurs payants. Mi-temps 1-1. Evolution du score: 1-0 Bellaut (23e), 1-1 Pujade (35e), 1-2 Camara (61e), 1-3 Gacem (72e), 1-4 J. Gomes (80e). Corners: 3 (2+1) pour Harlange-Tarchamps; 8 (3+5) pour Spora. Cartons jaunes: Zweber (6e), Bellaut (34e), Federspiel (39e), Nanquette (52e) à Harlange-Tarchamps; Marx (42e), Da Costa (68e) à Spora. Cartons jaune-rouge: Federspiel (39e), Nanquette (58e) à Harlange-Tarchamps. HARLANGE-TARCHAMPS: J. Wiltgen, Daman, Melchior, Nanquette, Zweber, Meurisse, Federspiel, Siebenaller (64e Schmit), Bellaut (55e Eschette), Mertens, Houard. SPORA: Pina Cruz, Gacem, Hellenbrand (75e Dautbasic), Da Costa, Straus, Camara, J. Gomes, Mendoza, Pujade (64e Proietti), Marx (46e De Almeida), Fabbri. Voix du Luxembourg, 08.03.2004
Seniors I 2003/04 Stoend: Marc Eschette, Dan Mertens, Claude Nanquette, Gilles Schmitz, Christian Melchior, Olivier Houard, Alain Meurisse, Jeff Schmit, Marco Richard, Serge Lutgen Hockend: Richard Wirard (Trainer), Sacha Federspiel, Jeannot Wiltgen, Steve Daman, Patrick Zweber, Michi da Silva, Pol Siebenaler, Jon Bellaut, Abdel el Kaidi
37
L O T IS S E M E N T " A M E C K " A WAT R A N G E LOT 5 VENDU
LOT 4
7,45ares
LOT 3 VENDU
LOT 2
6,73ares
LOT 1
6,53ares
R E N S E IG N E M E N T S E T V E N T E: INTERVILLA S.A. 2, rue Sébastien Conzémius Tél.: +352 81 78 66-1 Fax: +352 81 78 66 Site: www.intervilla.lu Email: contact@intervilla.lu
38
In jedem Fall eine saubere Lösung!
Industrielle Fahrzeuge
Müllentsorgung Verkauf und Verleih von Kontainern
Winterdienst | Reinigung | Straßenunterhalt | Müllabfuhrwagen | Hebebühne
Straßenausrüstung & Absperrsysteme
Zäune - Lieferung und Montage
Poller | Leitpfosten | Schranken | Drehkreuze | Säulen | Sicherheit | Fahnenmaste | ...
Metallzäune | Sichtschutz | manuelle Tore | Schiebetore | ...
7, rue de la Gare-B.P. 11 L-9401 VIANDEN
Tél.: +352 83 41 41 -1 Fax: +352 84 90 10
ets.osch@osch.lu www.osch.lu
39
2004/05
klotert den FC Green Boys eng Plaz méi héich an der Tabell, mat 45 Punkten huet een zum Schluss näIscht méi mam Ofstieg ze din. Doniewt kritt d’Ekipp am Casino 2000 zu Mondorf vun der FLF de Fair-Play-Präis vun der 1. Divisioun iwwerreecht.
An
der Saison 2005/06 ass erem Ofstiegskampf ugesot. Virun allem am Stuerm hapert ët. Um Enn tsprengt just eng 10. Plaz eraus.
Saison 2006/07 2006 kënnt et no 6 Joer zu engem Trainerwiessel bei der éischter Ekipp. De Comité ass net zefridden, dass eng ganz Rei gutt Jugendspiller wéi Gilles Nowikow oder Lex Lullingen vum Richard Wirard net an d’éischt Ekipp agebaut goufen. An de Joeren no sengem Fortgang sollt de Richard awer nach dacks zu Harel beim Terrain gesi ginn an och dacks em Rot gefrot ginn, wann een op der Sich no Spiller oder Traineren aus der Belsch war.
40
N
ofolger gëtt de Rasim Kalabic, deen d’Espoirs vum FC Wolz an d’Finall vun der Coupe du Prince gefouert haat. Mat him komme jonk Spiller wéi David Alves, Yves Bley, Sead Badic, Esmir Cosic an Asmir Mujkic vum Nopeschveräin op Harel. Trotzdem leeft et net wierklech besser wéi déi Saison virdrun. An der Wanter paus steet d’Ekipp mat just 10 Punkten op der zweetläschter Plaz. Mam Golkeeper David Malannée an dem Mëttelfeldspiller Tom Schaack kommen an der Wanterpaus zwou weider Verstärkunge vu Wolz. Réischt um läschte Spilldag kann d’Ekipp sech duerch een 1:1 géint Jonglënster, mat engem Punkt Virsprong op den éischten Ofsteiger an der 1. Divisioun halen. An dëser Saison verletzt sech och de Golkeeper Serge Lutgen an engem vu senge läschte Matcher géint Ëlwen schwéier am
Gesiicht a muss mam Helikopter an d’Klinik geflu ginn.
Saison 2007/08
Am
Kader vun der éischter Ekipp geet den Embroch weider. Romain de Kroon (Mäerzeg), Abdel el Kaidi (Wëntger), Marco Paulo dos Anjos (zréck op Ëlwen), Almir Civic, Tom Koeune a Gilles Schmitz (all op Housen) verloossen de Club. Dofir kommen de Luc „Foni“ Kayser an de Pit Backes vu Wëntger, souwéi de Patrick Diederich an Edis Dragolovcanin vu Wolz an d’Ekipp. Den deemols 13-jährege Scolaires-Spiller Chris Philipps, vu klengem un an der Hareler Jugend an och schonn am U-Nationalkader, wiesselt op Ettelbréck, a kuerz drop vun do aus an d’Jugendakademie vum FC Metz. (-> méi op Säit 74)
Seniors I 2007/2008 Uewen: Rasim Kalabic (Trainer), Christian Melchior, Lex Lullingen, Asmir Mujkic, Sead Badic, Edis Dragolovcanin, Jeff Schmit, Sacha Federspiel, Michi da Silva, Pit Backes Ënnen: Luc Kayser, Tom Schaack, Ragip Sabotic, Pit Jacoby, David Malannée, Gilles Nowikow, David Alves, Diogo de Pina
No zwou Néierlagen zum Optakt hëllt d’éischt Ekipp 10 Punkten aus 4 Matcher. Bis zur Wanterpaus sollten do awer nëmmen nach 5 Zieler dobäi kommen an d’Green Boys op der 11. Plaz iwwerwanteren. Den Trainer Kalabic muss goen - amplaz kënnt de Belsch Stéphane Carlier als Spiller trainer vun Arel, dozou mam Tom Peiffer ee weidert Offensivtalent vu Wolz. De geléierte Verteideger Carlier setzt méi op Defensive. Mat Erfolleg: tëscht dem 16. Abrëll an dem 4. Mee bleiwt Harel 7 Matcher ongeschlo a kann nom 23. Spilldag net méi ofsteigen. Dotëscht war den Hareler Golkeeper Luc Kayser 438 Minutten ouni Géigegol bliwwen. D’Saison gëtt op der 8. Plaz ofgeschloss. Den 18-jähregen Lex Lullingen an den Tom Schaack si mat allebéid 4 Goler déi beschte Golgetter vun der Saison.
Saison 2008/09
D’
Hareler Stuermhoffnung Lex Lullingen verléisst de Veräin a Richtung Préizerdall, den David Malannée geet zréck op Wolz. Ersat gi si duerch Chris Spogen (Ierpeldeng) an Mirnes Hodzic (Wolz). Doniewt kënnt de Ramiz Hodzic (Housen), an den Almir Civic kënnt zréck. D’Green Boys starte gutt an d’Saison: 5 Punkten aus 3 Matcher. Déi éischt Néierlag gëtt et ausgerechent am Derby zu Wëntger duerch ee Gol an der leschter Minutt (1:0). Zu allem Iwwerfloss verletzt sëch och nach de Melchior schlëmm am Gesiicht a fällt 6 Méint aus.
Ë
nnert dem Impuls vun e puer treie, jonke Supporter gëtt ee Fanclub gegrënnt an no engem Numm gesicht, deen am Oktober fond gëtt: „Green Fanatics“. Si suergen op de Matcher fir Stëmmung, organiséiere Busser fir op d’Auswäertsmatcher, verkafen Fanartikelen a bastelen deen een oder aanere Banner. An der Hironn bleiwen déi Gring doheem zwar ongeschlo, auswäerts kënnt d’Ekipp dogéint selten zu Punkten. Iwwerwantert gëtt op der 7. Plaz. Virum Joereswiessel steet awer nach een Highlight un, an zwar géint den FC Wolz 71 (Eire promotioun) an der 4. Ronn vun der Coupe de Luxembourg.
T
rotz enger 3:1-Victoire géint den Äischdall bleiwt den 30. Mäerz 2008 zwee Hareler a schlechter Erennerung: no enger halwer Stonn muss de jonke Ragip Sabotic mat enger schwéierer Gesiichtsverletzung an d’Klinik, nodeems hien mam Christian Melchior sengem Knéi zesummegeprallt war. Hie wäert méintlaang ausfalen. Nach Am Spidol begéint den Jon Bellaut, deen 20 Minute viru Schluss mat enger gebrachener Nues ausgewiesselt muss ginn.
Seniors I 2008/2009 Uewen: Jeff Schmit, Chris Spogen, Jon Bellaut, Sead Badic, Asmir Mujkic, Almir Civic, Joé Majerus, Yvey Bley Mëtt: Stéphane Carlier (Spillertrainer), Jeff Peiffer (Co-Trainer), Pit Jacoby, Tom Peiffer, Christian Melchior, Ramiz Hodzic, Gilles Nowikow, Raymond Poos (President) Ënnen: Sacha Federspie, Luc Remiche, David Alves, Luc Kayser, Mirnes Hodzic, Michi da Silva, Tom Schaack
41
N
odeems d’Veräins verantwortlech alles gemaach haaten, vir den Terrain bespillbar ze kréien (et haat déi Deeg virdrun geschneit), gouf et ee richtegt Fussballfest. De Favorit geet duerch ee Kappball vum fréieren hareler Jugendspiller Ben Heiderscheid a Féierung, den fréiere Weeltzer Tom Schaack kann ausgläichen. No der Paus foult de Gäschtekeeper de Spogen am 16-Meter, den Elefmeter gett vum Mujkic (nach een Ex-Weeltzer) verwandelt. Den David Alves konnt schliesslech den 3:1 mat engem flotten Distanzschoss géint säin Ausbildungsveräin schéissen. D’Green Boys bäissen op d’Zänn - de Sacha Federspiel spillt déi läscht Véirelstonn mat engem Muskelfaserriss duerch a klappen de Favorit virun enger Rekordkuliss.
Harel klappt Wolz an der Coupe! Uewen: Freed bei Spiller an Zuschauer nom 3:1 vum David Alves Ënnen: Claude Hentz (Wolz) am Zweekampf mam Asmir Mujkic
An
d’Réckronn starten d’Green Boys perfekt, Millebaach gëtt 2:0 geklappt. Duerno ass Schluss an der Coupe: op engem kale Mëttwochowend an op engem Terrain „um Haf“ a ganz schlechtem Zoustand musse sëch d’Green Boys géint den Eirepromotionär Rëmleng duerch een Eelefmeter geschloe ginn. Eng Woch méi spéit gëtt de Christian Melchior zu Veinen säi Comeback - als Golkeeper. Baastenduerf gëtt auswäerts 0:1 geklappt, dat war
42
bis lo nach kenger Ekipp gelong. Géint de Spëtzereider Mamer gëtt et ënnert der Woch een 0:0, ier erem „Derby-Time“ géint Wëntger ass.
Et
sollt ee Match ginn, deen een net esou schnell a Vergiess gerode sollt. Gutt 400 Zuschauer hunn op deem Nomëtten 9 Goler gesinn: Harel läit fréi
0:2 zréck, zweemol fälscht en Hareler Verteideger de Ball an den eegene Gol oof. Den Asmir Mujkic trëfft virun der Paus per Fräistouss zum 1:2, mee kuerz nom Säitewiessel erhéijt Wëntger op 1:3. D’Lokalekipp huet awer net opginn: de Jeff Schmit käppt ee Fräistouss vum Mujkic eran, no enger Stonn gläicht de Chris Spogen och per Kapp zum 3:3 aus. D’Féierung
Gilles Nowikow (ASW) virum Luc Remiche
Vollt Haus am Derby géint Wëntger Ënnen: de Luc Remiche freet sëch iwwert säi Gol zum 4:3
vum Luc Remiche sollt just 8 Minutten halen, mee an der 85. Minutt gëtt de Spogen am Strofraum gefoult an de Mujkic verwandelt den Eelefmeter zur 5:4-Victoire. Eng super Reklamm fir de Fussball am Norde vum Land! Green Boys gewannen och hir nächst dräi Matcher a klëmmt bis op déi 3. Plaz an der Tabell, ier d’Serie auswäerts zu Habscht/Äischen sollt räissen an et déi Woch drop géint
D’
Schieren déi eenzeg Heemnéierlag sollt ginn. Um drëttläschte Spilldag trëfft den Asmir Mujkic bei der 2:1- Victoire zu Mamer per Lob vun der Mëttellinn. Um zweetläschte Spilldag gëtt den Trainer Carlier verabscheidet, deen erëm zréck an d’Belsch wëll spille goen; Harel wënnt 3:2. Um läschte Spilldag beim Champion Dikkrech gëtt et zum Ofschloss eng 1:4-Néierlag, trotzdem ass et eng erfollegräich Saison, déi mat 44 Punkten op der 5. Plaz ofgeschloss gëtt.
Abschied vum Stéphane Carlier Blummen an ee Cadeau vum President Raymond Poos an dem Jis Wiltgen
Ee portugiseschen Nationalspiller zu Harel: Am August 2008 fënnt de Petit, déi Zäit Profi beim 1. FC Köln, de Wee op Harel. Ee Kolleg vun him huet beim Géigner vum Dag, de Young Boys Dikkrech am Gol gespillt.Op der Foto ass hien mam David Alves ze gesinn.
43
44
45
2009: d’Green Girls entstinn
Ë
nnert e puer treien Zuschauerinnen vun der éischter Ekipp kënnt 2009 d’Iddi op, fir eng Damen ekipp op d’Been ze stellen. Op den “éischten Training“ de 27. Mäerz 2009, deen vun den Eischtekippsspiller Sacha Federspiel a Christian Melchior geleet gëtt, kommen iwwer 30 motivéiert Spillerinnen. Den éischten Testmatch, géint Dikkrech, geet 0:0 aus; méi spéit gëtt et een denkwürdege 5:5 géint d’Dammen vum F91 Diddeleng. Fir d’Saison 2009/10 hëllt d’Ekipp mam Trainer Änder Freitag um Championnat deel, start mat engem 7:0 géint Bissen a schléisst an der 3. Liga op der 4. Plaz ennert 7 Ekippen of (25 Punkten aus 18 Matcher).
46
Déi Saison drop steigen d’Dammen als Tabellenéischten aus der drëtter an déi zweet d’Klass: d’Sheila Reuter schéisst iwwert d’Halschent vun den Hareler Goler: 34 Stéck a 16 Matcher. D’Lynn Justen trëfft 13 mol. De Christian „Dupp“ Melchior iwwerhëllt den Trainerposten. Eng Etage méi héich doen d’Green Girls sëch awer schwéier, sou dass et mat just 9 Punkten geet et zréck an déi 3. Klass.
T
rotz enger zimlech erfollegräicher Saison 2012/13 (11 Victoiren, 1 Remis an 4 Néierlagen) geet et wéinst der Goldifferenz net duer, fir opzesteigen an d’Dammen schléissen op der drëtter Plaz hannert dem Préizerdaul an
Ëlwen of. Erem war d’Sheila Reuter mat 22 Goler an 10 Matcher d’Schlësselspillerin vun den Hareler. Den Dupp Melchior haat ugekënnegt, um Enn vun der Saison als Trainer opzehalen. Hie gëtt vertéischt duerch de Joël Majerus, a kuerz drop duerch den Dan Mersch ersat. Leider léisst am Laf vun der Saison d’Motivatioun bei de Spillerinnen no: um Enn vun der Hironn sinn dacks just nach eng hallef Dosen Spillerinnen um Training. D’Ekipp gëtt an der Wanterpaus vum Championnat ofgemeldt. Esou geet no bal 5 Joer dat interessant Kapitel Dammenekipp zu Harel virleefeg erem zou.
All Spillerinnen (Statistiken vun der Saison 2009/10 bis 13/14) Spiller
Matcher
Goaler 6
1
Tina MAJERUS
51
2
Ann NEU
50
3
Christiane KOEUNE
48
4
Andrée PERRAD
47
5
Cindy COUTHINO
45
Conny SIEBENBORN
45
2 19
4
Lynn JUSTEN
45
8
Lis NEU
43
9
Sheila REUTER
39
70
10
Sandy LEHNEN
38
6 1
11
Lysiane GREVIG
31
12
Sylvie MALGET
28
13
Stéphanie HERMES
23
14
Alexandra PLUMER
21
15
Sally RIES
20
16
Anne BAUSTERT
17
1
Mirlinda GORQAJ
17
6
Angie BISSCHOPS
15
4
18 19
7
Mafalda DOS SANTOS GOMES
13
Maryse BECKER
13
21
Kim KIEFFER
12
3
22
Anne PEFFER
11
1 1
23
Saskia MÜLLER
10
24
Cédrine GERSON
9
25
Samantha FISCHER
4
Sandy JUSTINO
4
Majlinda GORQAJ
3
Nora HERMES
3
29
Virginie GODEFROID
2
30
Amina STARCEVIC
1
Julie FOLSCHETTE
1
27
Conny Siebenborn, Ann Neu
Tina Majerus
Ekippefoto vum éischten Testmatch, de 6. Mee 2009 zu Dikkrech Uewen: Änder Freitag (Trainer), Conny Strecker, Anne Baustert, Christelle Hirlimann, Mandy Duhautpas, Sandy Justino, Sheila Reuter, Mirlinda Gorqaj, Maryse Becker Ënnen: Lis Neu, Alexandra Nicolas, Lynn Justen, Alexandra Plumer, Claudia Kowalska, Änder Perrad, Christiane Koeune, Sylvie Malget
1
Damenturnéier am Juli 2012 Uewen: Tina Majerus, Lis Neu,Cédrine Gerson, Conny Siebenborn, Christian Melchior (Trainer) Ënnen: Anne Peffer, Änder Perrad, Lysiane Grevig, Lynn Justen, Ann Neu
47
48
LuxBikes Shop Sàrl 23,Chemin des Douaniers L-9647 Doncols LUXEMBOURG Tel.: +352 26954395 Mobile : +352 621 834774 E-mail : info@luxbikes.lu OUVERTURES MAGASIN
LuxBikes Shop est un magasin de vélos situé au nord du Grand-Duché de Luxembourg. Nous sommes spécialistes en tous types de vélos, pièces, accessoires et vêtements.
Lundi : 13h à 19h Mardi : 10h à 19h Mercredi : 10h à 19h Jeudi : 13h à 19h Vendredi : 10h à 19h Samedi : 09h à 18h
www.luxbikes.lu
28-30 Grand-Rue L-9530 Wiltz (Wooltz)
49
Saison 2009/10
D’
Buvette um Terrain “am Duerf“ steet mëttlerweil säit 12 Joer, et ass d’Zäit fir en neien Ustrach. An der Summer paus huelen e puer Spiller a Spillerfraen d’Saach an de Grapp. Déi türkis Wandfaarw gett duerch wäiss a gring ersat an och de Clublogo gëtt am grousse Format un d’Wand bruecht.
D’Green Girls spillen hir éischt Saison am Championnat mat. De Sebastien Bach gëtt No folger vum Stéphane Carlier op der Trainerbänk. Et ass dem
Belsch seng éischt Trainerstatioun; als Spiller war hien ënner anerem op bei de Red Boys an zu Arel gespillt. Den David Alves a Pit Jacoby wiesselen fir eng Saison op Wolz, als Neizougäng kommen enner anerem de Steve Schaack (Wolz) an Edis Dragolovcanin (Fluessweiler) bäi. Aus der Jugend komme Lucien Nicolas (16 Joer), Tom Majerus (17), Jeff Reuland (17) an Tom Kieffer (18) an de Kader. D’Virbereedung verleeft scho bal traditionnell duerch wuess. am Optaktmatch vum Championnat gëtt et just ee Punkt géint Millebaach, duerno gewënnt een zu Steesel a verléiert déi nächst dräi Matcher. Virun al-
lem d’3:2- Néierlag am Derby zu Wëntger deet wéi. Réischt Mëtt Oktober gëtt d’Ekipp méi konstant an hëllt bis zur Wanterpaus 14 vun 18 Punkten, an der Tabell steet een op
D’Opstigsekipp vun 2009/10 Uewen: Jo Prioste (Co-Trainer), Sebastien Bach (Trainer), Jeff Reuland, Sead Badic, Edis Dragolovcanin, Yves Bley, Almir Civic, Jeff Schmit, Luc Remiche, Chris Spogen, Christian Melchior Ënnen: Tom Schaack, Ragip Sabotic, Romeu Marinho, Sacha Federspiel, Tom Majerus, Michi da Silva, Lucien Nicolas, Ramiz Hodzic, Kief Alberts, Arnaud Tribolet, Jeff Peiffer (Co-Trainer) Et feelen: Tom Kieffer, Guy Koeune, Asmir Mujkic, Steve Schaack, Tom Peiffer
50
d’Ekipp klotert an der Tabell a steet um 24. Spilldag ganz uewen. Virum leschte Spilldag sinn d’Green Boys punktgläich mam Äischdall a Miersch.
M Chris Spogen
Plaz 7. An der Coupe ass an der 4. Ronn géint den CS Uewer kuer em ee gewëssen Omar Er Rafik Schluss (2:3). Bei dësem Match verléiert den Asmir Mujkic d’Nerven, gëtt vum Terrain gesat a fir 9 Matcher gespaart. D’Wantertransfers Romeu Marinho (19 Joer, Wolz) an Arnaud Tribolet (25, Bastnech) sinn d’Puzzlestécker, déi nach gefehlt hunn. Déi zwee Mëttelfeldspiller sollten ee groussen Undeel un enger vun de beschte Réckronnen aus der rezenter Hareler Vergaangenheet hunn. Zum Optakt gëtt Steesel mat 7:1 iwwerrannt. No zwee Réckschléi géint Mamer (2:2) a Mäerzeg (0:1) gëtt den 5:3-Derbysieg géint Wëntger den Optakt vun enger Serie ouni Néierlag, déi bis zum Enn vun der Saison dauert. Virum allem Spogen, Tom Schaack an Nicolas beweisen hir Treffsecherheet,
at zwee Busser geet et an d’Millebaach, iwwer 100 Hareler Supporter sinn um RendezVous. No 34 Minutten schéisst de Marinho den 0:1, Millebaach kann ausgläichen. Kuerz virun der Paus brengt de Marinho déi Gring erem a Féierung. D’Lokalekipp kënnt awer erem op 2:2 erun, ier den Tom Schaack 10 Minutte viru Schluss ebesse glécklech zum 2:3 eraschéisst. Harel- Iischpelt ass Champion a steigt fir d’zweet an der Veräinsgeschicht an d’Eirepromotioun op! Um Heemwee gëtt gefeiert, zu Harel
ukomm geet et am Café „beim Jeanne“ op de Balkon an et gëtt bis spéit an d’Nuecht weidergefeiert. Dem Jis Wiltgen kritt nach um selwechten Owend de Kapp raséiert. Eng Rei Spiller schlofen déi nächst puer Deeg an der Buvette a wunnen dagsiwwer beim Jeanne am Café! Beschte Goalgetter ass de Chris Spogen mat 20 Goler, virum Lucien Nicolas an Tom Schaack mat jeweils 9 Goler.
Saison 2010/11 De ganze Veräin freet sech op d’Aventure Eirepromotioun. Vu Wolz kommen David Alves, Pit Jacoby a Vedat Duraku, den Tom Peiffer geet. Vun Ell kënnt de Golkeeper Gilles Degros.
D’éischt Ekipp virum Start vun der Eirepromotioun 2010/11 Uewen: Jeff Reuland, Ragip Sabotic, Tom Majerus, Pit Jacoby, Arnaud Tribolet, Steve Schaack, Jeff Peiffer (Co-Trainer) Mëtt: Raymond Poos (President), Chris Spogen, Almir Civic, Edis Dragolovcanin, Jeff Schmit, Luc Remiche, Sebastien Bach (Trainer), Jeannot Wiltgen (Golkeepertrainer) Ënnen: Lucien Nicolas, Ramiz Hodzic, Sacha Federspiel, Christian Melchior, Gilles Degros, Vedat Duraku, David Alves, Romeu Marinho Et feelen: Guy Koeune, Michi da Silva, Jang Wiltgen, Tom Schaack, Yves Bley, Asmir Mujkic
51
52
53
D
en Almir Civic iwwerhëllt den Training vun der zweeter Ekipp a féiert se zum Opstig an déi éischt Klass. Et gëtt och erem eng drëtt Ekipp ugemeldt. Um éischte Spilldag vun der Eirepromotioun geléngt de Green Boys een 1:1 géint den CS Uewerkuer, ee vun de Favoritten aus der Liga. Duerno bezillt d’Ekipp bei der 5:2-Néierlag zu Hueschtert Léiergeld, verléiert och géint Rëmleng. Zu Wuermer gesäit et laang no dem éischten Dräier aus, wéi d’Ekipp en 2:0-Réckstand an eng 3:5-Féierung dréint an d’Lokalekipp nëmmen nach zu 9 um Terrain steet. Ma no engem zweifelhaften Handeelefter gläicht den FC Koeppchen an der NospillzäIt duerch ee Fräistouss aus der Distanz aus…
12. September 2010 zu Wuermer Edis Dragolovcanin
Eréischt um 13. Spilldag gëtt gewonn: Tribolet an Nicolas suergen auswäerts fir dräi Punkten, an
54
der Tabell läit een op der Barrageplaz. Géint Mäertert-Waasserbëlleg flitt Harel aus der Coupe an de Chris Spogen vum Terrain: seng Ausernaanersetzung mat engem Géigespiller brengt him 12 Matcher Spär an. D’Hareler „Liewensversëcherung“ ass domat fort a wiesselt an der Wanterpaus op Luerenzweiler. Och den Trainer ass fort: no Differenzen mat verschiddene Spiller demissionnéiert de Sebastien Bach. De Steve Schaack iwwerhëllt als Spillertrainer.
Ma
och an der Réckronn ass d’Ekipp meeschtens ennerleeën. Nom 19. Spilldag rutscht Harel souguer op déi läschte Plaz of, de Réckstand op eng Netofstigsplaz läit scho bei 7 Punkten. Duerch een 2:0-Succès géint Dikkrech kënnt awer nach eemol Hoffnung op, déi no engem 0:4 zu Käl an 3:6 géint Rouspert awer erem gedämpft gëtt. Ma d’Green Boys mussen nach géint dräi direkt Konkurrenten untrieden. Vertéischt geet ee Gol vum Steve Schaack duer fir Beggen ze klappen, duerno kéint ee géint Lëntgen ee Schrëtt no fiir maachen - eraus sprëngt awer just een 2:2. Duerch een 2:0 géint Stengefort steet een virum leschte Spilldag op der Barrageplaz, just 1 Punkt viru Beggen. Géint Uewerkuer
Trainerwiessel an der Wanterpaus De Steve Schaack, op der Foto tëscht dem Yves Bley an dem Tom Schaack an Vedat Duraku, gëtt Spillertrainer
um Déifferdenger Thillebierg spillen d’Green Boys just 1:1, ma well Beggen verléiert, bleift den Hareler nach eng läscht Chance fir iwwert de Barragematch dran ze bleiwen.
Barragematch géint Mamer Trotz grousser Ënnerstëtzung duerch d’Fans steige Jeff Schmit a Co. erëm of
Zu
Ierpeldeng géint den FC Mamer 32 feelen allerdings eng Rei Stammspiller wéinst Verletzungen oder Spären (Dragolovcanin, Tom Schaack,...). Och den „Nussknacker“ aus dem “Restaurant an der Fléibour“, deen zur Ënnerstetzung mat ugereest war, sollt dat net ausgläiche kënnen. Esou brengt d’Ekipp de Mamer Golkeeper kaum a Gefor an den Underdog gewënnt schlussendlech mat 0:1 - Harel muss leider zréck an d’éischt Divisioun.
D’zweet Ekipp steigt 2010/11 an déi éischt Klass Uewen: Tom Kieffer, Guy Koeune, Ben Hermes, Joé Majerus, Yannick Burmer, Almir Civic (Spillertrainer), Luc Remiche Ënnen: Philippe Margrève, Jon Bellaut, Este Cardinali, Gilles Degros, David Alves, Jeff Reuland, Jeff Peiffer
Saison 2011/12
D’
Saisonen no engem Ofstieg sinn dacks déi schwéierst. Dat sollt zu Harel net aanescht sinn. An der Summerpaus ginn mat Tom Schaack (FF Norden 02), Nicolas (Ierpedeng) an Tribolet (Bercheux) dräi Stammspiller fort. Bäi kommen ënner anerem Alain Pauly (Mäerzeg), Kevin Syroit (Libramont), Antonio Petracca (Ëlwen) an Helder Goncalves (Déifferdeng). De Läscht genannten, ee Golkeeper deen an d’Géigend geplënnert war, sollt sëch als positiv Iwwerraschung erausstellen. Amplaz uewe bäi ze spillen, stiechen d’Green Boys awer am Ofstigskampf. An der Hironn
Minimes, Saison 2010/11 Uewen: Sven MIller, Kevin Gindt, Daniel Baum, Rick Deprez, Berin Hasanovic, Quentin Meurisse, Pol Schmit, Marco Cornaro (Trainer) Ënnen: Max Thill, Jeff Flammang, Joe Schroeder, Davide Palmisano, Logan Mercier
sammelt d’Ekipp just 11 Punkten, virun allem am Stuerm hapert et. An der Wanterpaus ersetze Johan Losciuto (Mormont) an Jonathan Michaux (Jamoigne) déi ofgewandert Duraku an Dragolovcanin. Am éischte
Match vun der Réckronn schéisst de Losciuto de Gol vum Dag, d’Ekipp bleiwt och déi nächst 6 Matcher ongeschlo, hëllt 4 Remis an 2 Victoiren.
55
MIR BEWEEGEN IMMOBILIEN DEN SCHARFEN BLÉCK VIR ÄERT DOHEEM L-9280 DIEKIRCH 9, rue de Stavelot I L-2449 LUXEMBOURG 3, boulevard Royal T: +352 27 80 83 56 I www.livinghome.lu
FOR YOUR LIVING@HOME NETTOYAGE - REPASSAGE - ESPACES VERTS
ENTRETIEN DE VOS ESPACES VERTS - Tonte de pelouse, enlèvement des déchets inclus - Bêche de jardin - Nettoyage des terrasses et trottoirs - Petits travaux d‘entretien - Petites réparations - Déblayage neige
L-9280 DIEKIRCH 9, rue de Stavelot I L-2449 LUXEMBOURG 3, boulevard Royal T: +352 27 80 83 56 I www.nethome.lu
56
57
Zu
Feelen brengen d’Green Boys eng 2:1-Féierung net iwwert d’Zäit, um 22. Spilldag gëtt et géint Veianen déi läscht Punkten vun der Saison. Zum Gléck kann d’Konkurrenz déi katastrophal Hareler Schlussphas net ausnotzen, a just opgrond vun der besserer Goldifferenz mussen d’Green Boys net an de Barragematch !
D’Zweet Ekipp spillt an der 1. Klass als Opsteiger eng ganz éier bar Saison, kann géint Ekippen wéi Déifferdeng, Kanech oder Käerjéng awer net mathalen. Trotzdem ginn et 6 Victoiren, ënner anerem géint d’Fola, Hesper a Rouspert souwéi ee 15:0 géint Iechternach. D’Margrève-Bridder Philippe a Mike schéissen an deem Match allebéid 5 Goler.
Saison 2012/13
O
ch dës Saison steet enner schwierege Virzeechen. Mat Jeff Schmit, Sacha Federspiel an Yves Bley hänken dräi Pilieren d’Schung un den Nol, de Michi da Silva wiesselt op Housen, de Gilles Degros op Baastenduerf an och de Johan Losciuto ass no engem halwe Joer erem fort. De Lucien Nicolas kënnt zeréck, doniewt mam David Malannée (Wolz) an Gianni Buttazzoni (Uewerkuer) zwee Spiller mat Nationaldivisiounserfahrung. De Bruno Alves, jonke Brudder vum David, kënnt vun der Etzella an soll den neie Goalgetter sinn. Am éischte Match schéisst hien och direkt 3 Goler bei der 4:1-Victoire géint Bäerdref-Konsdrëf, verletzt sëch awer um zweete Spilldag a fällt bis an de Mäerz aus. Duerno huet d’Ekipp weider Problemer mam
Goler schéissen, hëllt awer 16 Punkten an der Hironn an steet op der 7. Plaz. Den Nicolas Zevenne soll d’Stuermproblemer nom Wanter léisen. De Belsch kënnt vu Bastnech a war e puer Joer méi fréi schon emol zu Harel. Ma d’Réckronn verleeft alt nees net no Plang, eréischt um 24. Spilldag, am Mee, gewannen d’Green Boys fir d’éischt no 6 Méint. Mat 25 Punkten bleiwt d’Ekipp erem knapp virun der Barrageplaz.
2012/13: Ziddere bis zum Schluss Alain Pauly, Romeu Marinho a Ramiz Hodzic gratuléieren dem Nicolas Zevenne zu sengem Gol géint Lëntgen
No der Saison rullt um Terrain „am Duerf“ de Bagger: de Grasterrain gëtt duerch ee synthetescht Spillfeld ersat.
Drëtt Ekipp, Mäerz 2012 Uewen: Jon Bellaut (Trainer), Jeff Hans, Ben Majerus, Alban Bodé, Ben Hermes, Lars Klee, Yannick Burmer, Claude Stork Ënnen: Jeff Peiffer, Eric Koeune, Franco Giorgio, Luc Kayser, Paul Gira, Pit Jacoby, Marc Eschette
58
Saison 2013/14
T
rotz zwou schwierege Saisonen vertraut de Comité weiderhinn op den Trainer Steve Schaack. Um Pabeier gëtt d’Ekipp och gutt verstäerkt: den Tom Kopecky (Wolz) soll den neien Patron an der Ofwier ginn, de Vito Fiume kënnt vum FF Norden, den Tom Schaack, Edis Dragolovcanin an de Kevin Syroit kommen zréck. Goncalves, Civic, Zevenne a Michaux verloossen de Veräin. De Lucien Nicolas sollt eigentlech op Givry wiesselen, wéinst administrative Problemer kritt hien do awer keng Lizenz a kann nom 6. Spilldag erem fir Harel oplafen. Enn September spillen d’Green Boys hiren éischte Championnatsmatch um neie synthetesche Wues, et gëtt een 1:1 géint US Béiwen. D’Hironn verleeft awer erem net gutt: zwar kasséieren d’Green Boys manner Goler wéi nach an de Virjoeren - mee just zwou Ekippen hun an den éischten 13 Matcher manner Goler geschoss.
D
e Comité decidéiert sëch an der Wanterpaus fir een Trainerwiessel, wat zu gréisserer Onrou an der Ekipp féiert. An d’Verantwortung kënnt den Alain Hourlay, deen an der Belsch eng ganz Rei Opstiiger mat verschiddenen Ekippen gefeiert huet. Buttazzoni a Syroit
wiesselen am Wanter fort, dofir kommen de Mëttelfeldspiller Florian Burnotte an de Stiermer Nicolas Roset vu Givry. D’Dammenekipp gëtt am Dezember aus Mangel u Spillerinnen opgeléist.
Och wann an dëser Saison bei der drëtter Ekipp net manner wéi 47 (!) verschidde Spiller zum Asaz koumen, fannen sëch fir de Schluss vun der Saison net genuch Leit an d’Ekipp gëtt definitif ofgemeld.
O
ch wann de Roset bei den Zuschauer net grad zum Publikumsliebling ginn ass an no der Saison erem fort war : um Terrain haaten d’Green Boys endlech erem een, dee Goler geschoss huet. D’Ekipp start eng Serie vun 8 Matcher ouni Néierlag, ass zwee Spilldeeg viru Schluss gerett. De Roset gëtt mat 11 Goler an 10 Matcher beschten Torschütze, virum Tom Kopecky a Lucien Nicolas (allebéid 5). Doniewt kënnt d’Ekipp an der Coupe FLF bis an d’Halleffinal, wou bei der US Esch awer mat 2:1 verluer gëtt. De Podium vun der interner Tor schützelescht gesäit sou aus: Roset: 11 Goler Kopecky an Nicolas: 5 Goler.
Nicolas Roset: 11 Goler an 10 Matcher!
Seniors I am Mee 2014 Uewen: David Alves, Vito Fiume, Ben Klee, Jeff Reuland, Tom Majerus Mëtt: Alain Hourlay (Trainer), Lucien Nicolas, Jang Wiltgen, Tom Kopecky, Florian Burnotte, Maid Cosic Ënnen: Ramiz Hodzic, Joé Majerus, Renaud Roos, Diogo de Pina, Romeu Marinho Et feelen: David Malannée, Alain Pauly, Nicolas Roset, Edis Dragolovcanin, Lars Klee, Tom Peiffer, Tom Schaack, Ragip Sabotic, Marc Eschette
59
Entdecken Sie unseren Showroom
Mo. - Fr.: 8 - 12 Uhr und 13 - 18 Uhr Sa: 8 - 12 Uhr So.: 14 - 18 Uhr 2, route de Bastogne L-9706 Clervaux T. 00352 92 97 01-1 F: 00352 92 90 19 info@rinnen-clervaux.com www.rinnen-clervaux.com
60
61
Saison 2014/15 An der Summerpaus huet d’Transferkommissioun ee schwieregen Job: 8 Spiller mussen ersat ginn, dorënner Pauly a Malannée, déi op Wëntger wiesselen, Melchior, Tom Schaack a Ramiz Hodzic déi just nach zweet Ekipp spillen an Tom Peiffer, deen ophält.
O
p der Sich no Neizougäng am Land kritt de Club eng Ofso no där aanerer, a muss esou an d’Belsch kucke goe goen, fir dem Trainer Hourlay säi Wonsch no engem grousse Kader kenne gerecht ze ginn. Sechs Spiller tëscht 21 an 23 Joer kommen aus dem Nopeschland. Leider hunn se net all déi selwecht Qualitéit wéi de Robin Dengis: den 22-jährege Golkeeper kënnt vu Fortuna Sittard, war virdrun zu Eupen an Saint-Trond a belschen U-Nationalspiller an ass vlait dee beschte Golkeeper, deen Harel a senger Geschicht gesinn huet.
Robin Dengis
62
Vu Bastnech kommen Thibault Piette a Marvin Kornmann, vu Sprimont den Alfonso Brucculeri, de Valentin de Jaeger vun Trooz an den Dylan Ghysens vum RFC Léck. No 5 Punkten zum Optakt kasséiert d’Ekipp 4 Néierlagen an 20 Géigegoaler! Zu Veianen bréngt de Keeper Dengis seng Faarwen per Eelefmeter a Féierung, ee Selbstgol vum Brucculeri 10 Minutte viru Schluss kascht allerdings zwee Punkten. Aus der Coupe flitt d’Ekipp zu Wëntger duerch ee Gol vum ExHareler Losciuto eraus, an den Derby am Championnat zwou Woche méi spéit ginn d’Green Boys net als Favorit. Trotzdem gewannen si souverän mat 4:2 (3x Marinho, 1x Nicolas)!
Joël Mathieu
D
uerno verléiert een 3:0 beim Tabellenéischten Bissen. D’Stëmmung an der Ekipp ass schlecht. Den Trainer Hourlay demissionéiert Ufank November, Nofolger gëtt fir d’zweete Kéier de Joël Mathieu. No zwou weideren Néierlagen dréint Harel doheem géint Stengefort zweemol ee Réckstand a gewënnt an der Nospillzäit mat 4:3. An der Tabell ass d’Situatioun weider prekär, als 10. huet ee just zwee Punkte méi wéi den Tabelleläschten.
D’zweet Ekipp steigt 2014/15 an d’zweet Klass op! Uewen: Christian Melchior (Trainer), Sven Miller, Fabio Dorio, Chip Kwiatkowski, Guy Koeune, Joe Schroeder, Pit Backes, Mathieu Schon, Jeff Schmit, Yannick Burmer, Joe Majerus, Paul Koppes, Luc Remiche, Lars Klee, Luc Bruckler (Co-Trainer) Ënnen: Sven Bausch, Philippe Margreve, Johnny Lodriguez, Mike Margreve, Kevin Gindt, Tom Schaack, Dany da Mota, Jeff Peiffer, Ramiz Hodzic
An der Wanterpaus wiesselen Kornmann, de Jager, Burnotte an Nicolas fort. Ee Stiermer (Uran Berisha, Huy) an ee Mëttelfeldspiller (Nicolas Skoba, Banneux) komme bäi. D’Réckronn verleeft desastréis: just 7 Punkten aus 13 Matcher, auswäerts schéisst d’Ekipp just 4 Goler a spillt eemol gläich. Als ofgeschloenen Tabelleläschten muss den FC Green Boys no 19 Joer erem an d’zweet Divisioun.
Saison 2015/16 Wéi ze erwaarden, verloossen eng ganz Rei Spiller de VeräIn: Dengis (RFC Léck), Kopecky, Marinho a Fiume (FF Norden), Tom Majerus (Pärel), Alves (Housen), … De Golkeeper Roby Marson kënnt vu Medernach, de Verteideger Aldin Mustic vu Wëntger, doniewt kënnt den Asmir Mujkic, tëschenduerch Spillertrainer zu Rammerech, rem zréck. De Stiermer Kevin Peixoto kënnt mat der Empfehlung vun 23 Goler vun Houffalize, doniewt dem Thibaut Piette säi Brudder Maxime vu Bastnech.
Virronn mat der Ekipp trainéiert huet. Den Asmir Mujkic hängt d’Schong un den Nol.
D’ Harel géint Pärel, 2. September 2015 De “Rückkehrer” Asmir Mujkic am Duell mam Ex-Hareler Tom Majerus
Bei sengem éischte Match verpasst d’Ekipp duerch ee verschossenen Eelefter 5 Minutte viru Schluss ee Punktgewënn. Och déi nächst dräi Matcher gi verluer, ier et um 10. Spilldag endlech déi éischt (glécklech) Victoire beim 2:1 géint Dikkrech gëtt. Et sollten trotzdem déi läscht Punkten an der Virronn sinn. Am Wanter verléisst de Flop Peixoto eis schonn erem, dofir kënnt de Lucien Nicolas vu Bastnech zréck an mam Bryan Hollange ee jonke Golkeeper vu Seraing bäi, dee schonn an der
Réckronn start mat enger gudder No riicht, well d’Néierlag géint Ëlwen um gringen Dësch an dräi Punkten emgewandelt gëtt. Dat war et dann awer och schonn mat der Herrlechkeet, well bis Ufank Mee bleiwt d’Ekipp ouni Punkt an ass um 23. Spilldag mathematesch ofgestiegen. Déi uschléissend 3:4-Victoire zu Kolmer-Bierg ass fir d’Galerie, gläichzäiteg sinn et awer déi éischt Auswäertspunkten säit iwwert engem Joer an esouguer deen éischten auswäerts gewonnene Match no 770 (!) Deeg. Et war déi punkteméisseg schlechste Saison aus der Veräinsgeschicht - no 28 Joer fällt HarelIischpelt zréck an déi läschte Spillklass. D’Cadets Entente Harel/Wolz gewënnt de Fair-Play-Präis an hirer er Kategorie.
O
pwuel eng Divisioun méi déif, befënd d’éischt Ekipp sëch weiderhinn am fräie Fall. Ee Punkt aus den éischte 5 Matcher: den Trainer Joel Mathieu muss goen. De Christian Melchior, Coach vun der zweeter Ekipp, iwwerhëllt.
No un der Verzweiflung Den Trainer Christian “Dupp” Melchior
Mathieu Schon Bei der 3:0-Néierlag zu Medernach
63
Maisons et résidences passives et à basse énergie Constructions agricoles, commerciales et publiques Transformations - Démolitions Terrassements - Génie civil Aménagements extérieurs - Pavages Béton préparé de notre centrale agréée Pierres naturelles et gabions de notre carrière 25, Ëlwenterstrooss L-9946 BINSFELD
64
www.rinnen.lu
Tél.: +352 99 77 71-1 · info@rinnen.lu
RE VOITU CES 9 PL A em. /s
500,-€
www.schmitz-location.com 23, Duerfstrooss • L-9678 Nothum
GSM: 621 212 515 • schmitz.parts@pt.lu 65
Saison 2016/17 Den Trainer Melchior kritt vum Comité d’Vertrauen fir den Neiopbau. Hie soll d’Nowuesspiller aus der Cadetsekipp vun der Virsaison abauen. Erem gëtt et vill Départen: Ben Klee a Reuland op Wëntger, Mustic zréck op Wëlwerwolz, Mike Margrève op Rammerech. D’Piette-Bridder an de Brucculeri wiesselen zréck an d’Belsch. Aus der Jugend réckelen Joé Schroeder, Sven Miller a Kevin Gindt no, si waren an der Réckronn 2015/16 och schonn zu e puer Asäz bei de Seniors komm. Doniewt fänkt den Tom Kieffer erem u mat Spillen. Vu Beetebuerg kënnt de Mëttelfeldspiller Michael Nunes a vu Wolz den 19-jähregen Filipe Constantino.
D
en 0:0 zum Optakt géint Gréiwels ass den éischte Championnatsmatch ouni Géigegol säit dem 23. August 2014. Kuerz drop fällt den Trainer Melchior krankheetsbedingt fir 4 Wochen aus, den Duo Claude Stork - Luc Brückler iwwerhëllt a sammelt 10 vun 12 Punkten. Um 7. Spilldag gëtt et eng knapp 1:0-Néierlag zu Pärel, déi zwee läscht Matcher vun der Hironn ginn duerno erëm gewonn. Virun allem den Duell mat Heischent-Eschduerf huet et an sech: bei Reen op engem déiwen Terrain dréinen d’Green Boys een 1:0-Réckstand an eng 1:3-Féierung, kasséieren nach 2 Goler, ier den agewiesselten Nunes den „Zorro“ mecht an an der Nospillzäit seng Ekipp op déi zweet Tabelleplaz schéisst. Harel stellt
Seniors I 2016/17 Uewen: Lucien Nicolas, Kevin Gindt, Jon Bellaut, Ragip Sabotic, Eric Koeune, Dennis Amedov, Joe Schroeder Mëtt: Christian Melchior (Trainer), Lars Klee, Sven Miller, Jang Wiltgen, Mathieu Schon, Filipe Constantino, Guy Koeune, Tom Kieffer Ënnen: Diogo de Pina, Johnny Lodriguez, Bryan Hollange, Fabio Dorigo, Michael Nunes, Diogo Machado
66
Aushilfstrainer mat Erfolleg: Claude Stork a Luc Brückler (am Hannergrond)
déi beschten Ofwier vun der Liga an ass just 1 Punkt hannert dem Leader Reisduerf. Fir eemol geet kee Spiller am Wanter fort, de Luc Lullingen kënnt vu Rammerech zréck bei säin Heemechtsveräin.
An
der Réckronn mecht déi jonk Ekipp (Altersduerchschnëtt em déi 22 Joer) do weider, wou se opgehaal huet, a Folscht gëtt doheem mat 10:0 ausernee geholl. Den Diogo de Pina schéisst een Hattrick, de Lucien Nicolas direkt 5 Goler. Um 13. Spilldag gëtt et am Derby zu Rammerech no enger schwaacher Leeschtung awer eng 2:0-Néierlag. No engem Pflichtsieg géint Buerschent (6:0) verléieren d’Green Boys dunn awer fir d’zweet géint Pärel (1:2), um Spilldag drop och am Spëtzematch géint de Leader Reisduerf, deen doduerch als Opsteiger fest steet.
Sollten d’Green Boys den Opstig um Enn dach nach verspillen? Um virläschte Spilldag ass mat Heischent-Eschduerf den Tabellenzweeten op Besuch. No enger ausgeglachener éischter Halschent ouni Goler, geléngt den Hareler an der zweeter Halschent quasi alles, bannent 5 Minutten steet et 3:0, um Enn 5:0. D’Gäscht vum Dag ginn an der Tabell iwwerholl. Um leschte Spilldag géif ee Punkt zu Gréiwels duer goen, fir direkt opzesteigen. De Kapitän Sabotic an de Lars Klee si gespaart, esou dass de Melchior selwer säi Comeback an der Véirerketten gëtt, während den Duo StorkBrückler hien vun der Trainerbänk aus ennerstëtzen. Fréi geroden d’Green Boys a Réckstand… ma den Nunes profitéiert vun engem Feeler vum géigneresche Golkeeper a markéiert virun der Paus den Ausgläich. No der Paus ass Harel déi besser Ekipp an den Nicolas mat senge Goler 19 an 20 mëcht den Opstiig perfekt! D’Freed an d’Erliichterung si grouss, a bei de Fans dreemen déi éischt scho rem vunn der Eirepromotioun...
d’2. Divisioun. Mat 20 Goler gëtt de Lucien Nicolas Torschützenkönig vun der Divisioun, den Diogo de Pina schéisst 15 Goler, Jang Wiltgen an Michael Nunes 4 Stéck.
an déi 5. Klass a schléisst och den 2. Tour als Tabellenéischten of!
N
et esou gutt gelaf ass et bei der zweeter Ekipp: als Ofsteiger aus der 2. Klass geet et fir si riicht weider an déi 4. Klass. Déi nei gegrënnte Minimes-Mannschaft steigt dofir awer no dem 1. Tour vun der 6.
De Kapitän Ragip Sabotic
Diogo de Pina a Lucien Nicolas Déi zwee Stiermer schéissen an dëser Saison 15 an 20 Goler.
M
at der zweetbeschter Ofwier an dem zweetbeschte Stuerm schléisst Harel-Iischpelt d’Saison op der… zweeter Plaz of a steigt also direkt erem zréck an
Opstieg 2017 ënnert dem Trainer Christian Melchior!
67
68
Iesscafé - Bistro Terrasse beim Waasser Fescherbuttik kleng Indoorspillplaatz Familljefester an Party‘en Kannergebuertsdeeg
vun Abrell bis Oktober 7/7 Deeg op Och am Wanter méiglech op Ufro
11, Millewee | L- 9659 Heiderscheidergrund Tel: +352-839004 | Fax: +352-899142 www.camping-bissen.lu | info@camping-bissen.lu
69
All Presidente vum Club 1977 - 1985
Armand Schmit
1985 - 1986
Arthur Loor
1986 - 1991
Norbert Theis
1991 - 2002
René Daubenfeld
2002 - 2010
Raymond Poos
2010 - 2013
Albert Wiltgen
2013 - 2014
Jis Wiltgen
säit 11.2014
Rol Weber
“Ekipp Comité” um Jugendturnéier Enn den 90er Joeren Uewen: Nicky Eschette, Arnold Mertens, Romain Kaber, Marco Richard, Roger Biesen Ënnen: Raymond Poos, Jean Reichling, René Daubenfeld
All Traineren VUN DER éischter EKIPP
70
1977 - 78/79
Alfred Grisius
1978/79 - 81/82
René Wiltgen
Ufank 1982/83
Henri Jungels
Rescht 1982/83
René Wiltgen
1983/84 - 85/86
Pol Schickes
1986/87 - 89/90
Michel Lepinois
1990/91 - 93/94
Emile Monfort
1994/95
Romain Schneider
1995/96
Jeannot Closter
1996/97 - 98/99
Joël Mathieu
1999/00 - 11.2000
Bernd Krajczy
11.2000 - 05/06
Richard Wirard
06/07 - 12.2007
Rasim Kalabic
01.2008 - 08/09
Stéphane Carlier
2009/10 - 12.2010
Sébastien Bach
01.2011 - 12.2013
Steve Schaack
01.2014 - 10.2014
Alain Hourlay
11.2014 - 09.2015
Joël Mathieu
säit 28.09.2015
Christian Melchior
Comité vun 2001 Stoend: Jean Reichling, Leo Schmitz, Roger Biesen, Rene Daubenfeld (President), Franz Schon, Marco Richard Knéiend: Raymond Poos, Arnold Mertens, Joel Reichling
Ernennung zum Eirepräsident René Daubenfeld Vu lénks no rechts: Jean Reichling, Jang Klee, Erny Koeune, Joel Reichling, Roger Biesen, Marc Post, Fränz Thillen, Leo Schmitz, Rol Mertens, Raymond Poos, Jis Wiltgen, Marco Richard, Rene Daubenfeld, Franz Schon
Den aktuelle comité Rol Weber
Member
Jon Bellaut
Vize-President
Claude Nanquette
Member
Ben Majerus
Vize-Preisdent
Erny Koeune
Member
Dan Mertens
Sekretär
Marco Richard
Member
Fränz Thillen
Tresorier
Jos Pletschette
Member
Jis Wiltgen
Member
René Wiltgen
President
All Saisonen vun der éischter Ekipp Joer
Divisioun
Pos.
G/U/V
Pkt.
Goler
Diff.
1995/96
1.
13.
7/7/12
28
31:45
-14
1977/78
3.
3.
12/3/7
27
58:40
18
1996/97
2.
2.
16/4/2
52
57:17
40
39
1997/98
1.
7.
10/10/6
40
38:39
-1
1978/79
3.
2.
14/4/4
32
80:41
1979/80
2.
4.
13/0/9
26
53:54
-1
1998/99
1.
3.
13/3/10
42
58:44
14
1980/81
2.
11.
4/7/11
15
31:50
-19
1999/00
1.
8.
11/5/10
38
50:44
6
1981/82
3.
6.
11/1/10
23
56:52
4
2000/01
1.
5.
10/8/8
38
40:47
-7
1982/83
3.
9.
6/3/13
15
39:56
-17
2001/02
1.
8.
10/5/11
35
47:52
-5
1983/84
3.
10.
7/2/13
16
53:71
-18
2002/03
1.
3.
13/6/5
45
41:25
16
1983/84
3. Play-Off
1.
1/1/0
3
8:5
3
2003/04
1.
7.
10/3/13
33
46:54
-8
1984/85
3.
7.
9/3/10
21
47:44
3
2004/05
1.
6.
14/3/9
45
53:43
10
1985/86
3.
5.
8/5/5
21
50:32
18
2005/06
1.
10.
8/9/9
33
39:44
-5
1986/87
3.
4.
12/4/4
28
67:22
45
2006/07
1.
9.
7/6/13
27
37:52
-15
1987/88
3.
2.
13/3/4
29
59:16
43
2007/08
1.
8.
9/6/11
33
29:37
-8
1988/89
2.
5.
11/6/5
28
37:25
12
2008/09
1.
5.
12/8/6
44
47:39
8
1989/90
2.
8.
5/7/10
17
30:34
-4
2009/10
1.
1.
15/6/5
51
69:44
25
1990/91
2.
3.
13/5/4
31
51:33
18
2010/11
EP
12.
4/9/13
21
31:67
-36
1990/91
2. Play-Off
1.
1/0/1
2
3:1
2
1991/92
1.
8.
7/5/10
19
26:34
-8
Barrage-Match: Green Boys - FC Mamer 32 0- 1 2011/12
1.
10.
6/9/11
27
32:42
-10 -16
1992/93
1.
2.
16/3/3
35
38:18
20
2012/13
1.
11.
6/7/13
25
35:51
1993/94
EP Virronn
7.
5/4/9
14
16:34
-18
2013/14
1.
7.
8/9/9
33
45:38
7
1993/94
EP Play-off
6.
1/3/6
5
10:25
-15
2014/15
1.
14.
5/4/17
19
33:66
-33
1994/95
1.
8.
10/5/11
25
40:48
-8
2015/16
2.
14.
4/1/21
13
28:72
-44
2016/17
3.
2.
12/2/4
38
54:15
39
Ab der Saison 1995/96 gëtt et fir eng Victoire 3 Punkten
71
Top 20 Rekordspiller Seniors I
Top 20 Rekordspiller Seniors III
Statistiken vun der Saison 2007/08 bis 16/17)
Statistiken vun der Saison 2010/11 bis 13/14)
Matcher
Goaler
Spiller
Matcher
Goaler
1
Ragip SABOTIC
Spiller
156
4
1
Jeff HANS
49
2
2
Lucien NICOLAS
127
47
2
Alban BODÉ
48
7
3
David ALVES
126
1
3
Eric KOEUNE
44
4
Romeu MARINHO
125
14
4
Ben MAJERUS
43
3
5
Christian MELCHIOR
118
3
5
Francesco GIORGIO
35
9
6
Tom SCHAACK
113
20
6
Yves SCHLABERTZ
32
9
7
Diogo DE PINA
107
23
7
Claude STORK
31
9
8
Tom PEIFFER
102
23
Jean-Marie FEIDER
31
9
Asmir MUJKIC
97
17
Sebastien GUYOT
31
2
10
Guy KOEUNE
93
3
Jeff PEIFFER
29
3 9
Jeff SCHMIT
93
7
12
Jeff REULAND
89
7
13
Jang WILTGEN
88
Yves BLEY
88
Edis DRAGOLOVCANIN
15
Lars KLEE
29
12
Johnny LODRIGUEZ
27
6
13
Paul GIRA
26
9
14
Steve WEBER
25
83
13
15
Sven KWIATKOWSKI
24
16
Marc ESCHETTE
20
Yannick BURMER
20
1 3
Ramiz HODZIC
83
6
17
Tom MAJERUS
74
1
18
Michel DA SILVA
70
3
18
Mirnes HODZIC
19
19
Sead BADIC
65
12
19
Kief ALBERS
18
20
Lars KLEE
61
3
Yann VAN DE BERG
18
Top 20 Rekordspiller Seniors II Statistiken vun der Saison 2007/08 bis 16/17)
72
10
Spiller
Matcher
Goaler
1
Jeff PEIFFER
110
1
2
Philippe MARGREVE
109
60
3
Luc REMICHE
97
10
4
Jeff HANS
85
1
Joé MAJERUS
85
37
6
Guy KOEUNE
71
5
7
Jon BELLAUT
67
23
8
Mike MARGREVE
66
22
9
Christian MELCHIOR
60
6
10
Ramiz HODZIC
57
11
11
Almir CIVIC
53
6
Mirnes HODZIC
53
1
13
Lars KLEE
50
18
14
Johnny LODRIGUEZ
48
2
15
Pit BACKES
45
30
16
Alban BODÉ
41
1
17
Jang WILTGEN
40
3 8
18
Claude NANQUETTE
39
19
Tom KIEFFER
38
20
Kevin GINDT
37
6
3
9
D’Green Boys-Lidd Mir senn vun Harel, kennt dir eis Equipe, 11 stramm Kadetten, mir senn niemols mitt. Mir sangen an allen Ecken, lëschtig, stolz a frou, Hip-Hip-Hurra op d’Green-Boys, den Hareler toi-toi. Hip-hip-Hurra, hip-hip-hurra, Shala-lala-lala, fidiralala An wa mir och verléieren, Verléieren mir an Eiren, dann senn mir guer nick béiss, an bleiwen op den Féiss. Mir sangen an allen Ecken, .... Hip-Hip-Hurra ….. Haut gi mir gefeiert, mir sënn Tabellenéischt, Den Dupp, eisen Trainer, deen soll liewen héich. Mir sangen an allen Ecken, ....
73
Wéi et zur Fusioun koMm ASS
V
iru 40 Joer gouf an enger Ofstemmung ennert de Memberen vum FC Harlange 1963 an dem FC Tarwat Tarchamps 1948 d’Fusioun vu béide Klibb zum FC Green Boys 77 HarlangeTarchamps beschloss. Fir dass et dozou konnt kommen, huet allerdings vill Iwwerzeegungsaarbecht misse geleescht ginn.
D’Ekippe vu béide Veräiner hunn d’70er Joeren an der véierter a läschter Divisioun vum Championnat gespillt. No der Saison 75/76 goufen vun der FLF d’zweet Ekippen an de Championnat vun den éischten Ekippen integréiert, wouduerch den FC Harel an déi drëtt an den FC Tarwat an déi zweet Divisoun gestiige sinn. Béid Veräiner haaten allerdings hir Problemer, fir eng Ekipp zesummen ze kréien. Esou koum d’Iddi op, fir ze fusionéieren. Ennert der Iniativ vun de béide Sekretären, Albert Wiltgen (Harel) an René Wiltgen (Tarwat), gouf ee Comité gegrënnt, fir d’Fusioun virzebereeden. Während op Hareler Säit eng Majoritéit dofir war, war d’Skepsis op Eeschpelter Säit méi grouss: dem Wiltgens Ren säi Brudder Aly an säi Papp Jhemp waren dogéint, anerer wéi Armand Schmit oder Luss Burggraff waren dofir.
Hëllef koum dunn vu Wolz: de Fern Thines, deen den Zesummeschloss vun der US Nidderwolz a Gold a Ro’t Wolz zum FC Wiltz 71 mat an d’Weeër geleet hat, koum an eng Comitésversammlung fir ze erzielen, wéi et e puer Joer virdrun zu Wolz ofgelaf war a fir d’Virdeeler vun esou enger Fusioun ze erklären. Esou koum et dunn de 14. Mee 1977, op engem Samsdeg, zu dem entscheedenden Referendum ennert de lizenzéierte Memberen vu béide Veräiner. D’Resultat vun X Stëmmen dofir an Y Stëmmen dogéint …
Firwat „Green Boys“?
A
m Kader vun der Fusioun gouf beschloss, dass d’Ekipp eng nei Uniform mat enger neier Faarw sollte kréien. Den FC Harel hat bis dohinn a blo gespillt, Tarwat hat giel Trikoten. D’Mëschung vun de Faarwe blo a giel ergëtt Gréng, d’Faarw vun der Hoffnung - esou war séier kloer, wéi déi nei Spillkleedung sollt ausgesinn. En neien Numm huet och misse gesicht ginn. Inspiréiert vu Veräiner wéi Red Boys Déifferdeng, Blue Boys Millebaach, Yellow Boys Weiler, Young Boys Dikkrech asw. gouf sech dunn op den neien Numm „FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps“
CHR
gëeenegt.
Ufanksjoeren
1
977/78 huet den neien FC Green Boys mat zwou Seniors-Ekippen ugefong: d’éischt Ekipp an der drëtter Divisioun, d’zweet an der véierter. Eischte President gouf den Armand Schmit, éischte Sekretär den Albert Wiltgen. Eischten Trainer war den Alfred Grisius, besser bekannt als „Fritti“.
Sportlech ass et relativ gutt gelaf: d’Ekipp huet sech quasi nëmmen aus Leit aus deenen zwee Diefer zesumme gesat. Wichteg Spiller ware beispillsweis de Luss Burggraff, Claude Thilmany oder Nico Gindt. Um Enn vun der éischter Saison verpasst d’éischt Ekipp den Opstieg knapp a schléisst op der drëtter Plaz of, d’zweet Ekipp dogéint gëtt 10. enner 12 Ekippen, viru Buerschent II a Wëntger II. D’Saison 1978/79 sollt eng ganz Pupilles, 2001/02 erfollegräich ginn: souwuel d’éischt Ekipp (2. Plaz an der 3. Divisioun 1. Bezierk) wéi och d’zweet Ekipp (1. Plaz an der 4. Divisioun 1. Bezierk) schéissen iwwer 80 Goler an 22 Matcher an steigen alle béid eng Klass méi héich. Aus gesondheetleche Grënn muss den Opstiegstrainer Grisius awer vu sengem Posten Minimes, 2006
74
RIS PHILIPPS Vun Harel an d’Nationalekipp Als 6-Jähregen huet de Chris Philipps seng éischt Päss zu Harel um Fussballsterrain gespillt. Haut ass de mëttlerweil 23 Joer alen Defensivspezialist vu Beruff Fussballprofi an aus der FLF-Selektioun net méi wechzedenken.
17
Joer ass et hier, dass de Chris seng éischt Lizenz als Jugendspiller zu Harel kritt huet. Scho säi Papp Carlo war Spiller a Comitésmember bei de Green Boys. An de Pupilles kritt de Chris vum René Daubenfeld an René Koecher d’Basics bäibruecht, spéider ware seng Traineren de Marco Cornaro, haut Jugendkoordinator bei de Green Boys, an den Angelo Cardinali.
laang: nach an der selwechter Saison entdeckt den FC Metz de gebiertege Wëltzer bei engem Testmatch mat der U13-Nationalekipp, an de Chris wiesselt an d’Fussballsschoul vum Veräin aus der Lorraine. Wéi schonn an den Nationalekippen kënnt hien dacks eng Kategorie méi héich wéi säin Alter zum Asaz: vertéischt an der U17, déi Saison duerno schonn an der U19 an net vill méi spéit an der zweeter Ekipp.
Mat 12 Joer gett och d’FLF op den talentéierten Ofwierspiller opmierksam. Hien gëtt an den Detektiounstraining geruff a spillt seng éischt Lännermatcher am Jugendberäich. Am Juni 2006 spillt hien um Jugendturnéier fir d’läscht an Hareler Faarwen: an deem Summer wiesselt hien bei d’Scolaires vun der Etzella Ettelbréck. Allerdings net fir
Den 21. Oktober 2013 kënnt den 19-jähregen Chris ënnert dem Trainer Albert Cartier zu sengem éischten Asaz an der Profimannschaft vum FC Metz. Am defensive Mëttelfeld spillt hien déi 90 Minutten duerch, seng Ekipp gewënnt 3:0 zu Brest. En halleft Joer virdrun hat hien säin éischte Profiskontrakt ënnerschriwwen. Am Laf vun
dëser Saison gëtt hien nach 4 mol agewiesselt, Metz steigt an d’Ligue 1 op. Schonn am Februar 2012 werft den Nationaltrainer Luc Holtz de Chris mat 17 Joer an dat kaalt Waasser. Géint Mazedonien spillt hien déi 90 Minutten an der Innenverteidegung an gewënnt direkt säin éischten A-Lännermatch mat 2:1. Säitdem ass hien Stammspiller an brengt et op 40 Selektiounen. Net esou gutt leeft et dogéint fir hien beim FC Metz: nom Opstig an d’Ligue 1 kënnt de Chris just 9 Mol zum Asaz. 2015/16 léisst hien sëch bei Preussen Münster ausléinen, wou hien trotz klenge Startschwieregkeeten zum Stamm spiller avancéiert a 25 Matcher an der däitscher 3. Liga absolvéiert.
75
Fir d’Saison 2016/17 geet et fir de Chris zréck op Metz. An der Hironn gëtt hien awer just eemol am Championnat an zweemol an der Coupe de la Ligue agesat. An d’Réckronn start hien als Stammspiller an d’Ekipp hëllt 10 Punkten aus 5 Matcher - no dem Retour vun de Spiller aus dem Afrika-Cup muss hien onverständlecherweis erem zréck op d’Bänk.Bis zum Enn vun der Saison kënnt hie just nach 4x zum Asaz. An engem rezenten Interview mam “Le Quotidien” seet de Philipps, dass hien aner Ambitiounen hätt, wéi op der Ersatzbänk ze sëtzen. Et ass also net ausgeschloss, dass dëst seng läscht Saison beim FC Metz war…
76
De Chris am Duell mam Blaise Matuidi, Lännermatch géint Frankräich, de 25. Mäerz 2017
Chris Philipps Gebuer: 08.03.1994 zu Wolz Gréisst: 1,83m Positioun: defensift Mëttelfeld, Innenverteidegung A-Lännermatcher: 40
Veräiner: FC Green Boys (2000-2007) Etzella Ettelbréck (2007) FC Metz (2008-2015) Preußen Münster (2015/16) FC Metz (2016/17)
votre contrat tout en un
Simple et rapide: regroupez vos assurances auto, habitation et responsabilité civile en un seul contrat et bénéficiez de la meilleure couverture quoi qu’il arrive. Vous avez à tout moment un aperçu clair et précis de toutes vos garanties et sommes assurées. De plus, vous pouvez profiter de la commodité du paiement mensuel de vos primes sans frais supplémentaires. Parlez-en à votre agent.
Agence Générale SCHON s.à r.l. 16, Grand-rue L-9530 WILTZ thierry.schon@lalux.lu Tél.: 26 95 06 50
5, rue Bettlange L-9657 HARLANGE francis.schon@lalux.lu Tél.: 26 95 06 50
LALUX est une marque du Groupe LA LUXEMBOURGEOISE
www.assurances-schon.lu
lalux – meng Versécherung
77
78
44 83 73-1
www.trans-immo.lu 16, rue Adolph e L-1116 Luxembourg RDC LU. : B12184
Cité An der UeCht Terrains à bâtir à Kaundorf de 3 à 11 ares.
Partenaire de vos transactions immobilières depuis 40 ans. Service personnalisé pour vos estimations pour pouvoir mettre en valeur et concrétiser votre vente. MeMbre de lA
KAUNDORF CITÉ AN DER UECHT
VOUS VOULEZ EN S AV O I R P LU S ?
· Nouveau Lotissement «Cité An der Uecht», dans un cœur d’ilot vert près du centre du village, entre la Rue Hielt et An der Buregaass.
Alors contactez-nous au 44 83 73-1 ou trans-immo@trans-immo.lu
· Terrains à bâtir de 3,12 à 11,22 ares de 84 586 € à 256 553 €.
Nous nous ferons un plaisir de répondre à toutes vos questions. Like us on Facebook facebook.com/transimmo.lu
79
ial Eck z e n
Unglaublich, aber wahr! Nach zähen Verhandlungen und einem gehörigen Handgeld (Stichwort: flüssiges Gold) hat sich die Redaktion der Gri „Voix de Harlingen“ dazu bereit erklärt, einen ComebackArtikel in der Jubiläumsbroschüre zu veröffentlichen. Wie immer mit einer gewissen Portion Sarkasmus!
Sp nge
“fir de Gebuertsdag ...” 40 Jahre nun schon pilgern an jedem Sonntag Zuschauer, Fans und Trunkenbolde zu den Spielen der Green Boys. 40 Jahre, in denen sich viel getan hat. Aus der Fusion von zwei Dorf vereinen entstand ein über die Grenzen der Gemeinde Stausee bekannter Fußballverein, der für viele Menschen die einzige Sonntagnachmittags beschäftigung darstellt. Die Green Boys hatten viele Höhen und Tiefen durchzumachen. Aufstieg, Abstieg, Aufstieg, Abstieg, Aufstieg. Von einer Fahrstuhlmannschaft kann man aber nicht sprechen. Unvergessen die Zeiten in den goldenen Neunzigerjahren als die Granden, und zum Teil heutige Vorstandsvorsitzenden, darunter Daniel das Rauhbein, Zerrungs-Roll und Claudio Nanquetta in der Arena „um Haff“ manche Minettsvereine in den Wahnsinn trieben. Unvergessen auch als selbst noch Minister Romanus Schneidarus sonntäglich seine Stollenschuhe mit Kabelbindern flickte und den Verein in die geehrte Promotion führte. Berüchtigt sind auch die Zeiten
80
nach der Jahrtausendwende als Johann Sebastian Mozart seine Mannschaft unter der Führung von Käptn Djeff Harrison sensationell in die Ehrenpromotion und wieder zurück dirigierte. Auch die Auftritte der Green Fanatics mit ihrem Obertrommler Maxil’ho und Fanshoppy Magirus gehören zu den großen Momenten dieser Ära. Der neuliche Aufschwung und der Aufstieg aus dem luxemburgischen Fußballnirvana, um Heiderscheid und Grevels, beschert den Green Boys wieder Glanz und Gloria für die Zukunft. Die ganze Redaktion um Chef redakteur Klaus Storch und Cheffotograf Benjamin Magirus wünscht den Grünen aus Harlingen alles Gute zum Geburtstag und ein rauschendes flüssiges Fest!
Raus aus dem FuSSballkeller Nach mehreren enttäuschenden und weniger überzeugenden Saisons der Green Boys, beziehungsweise der „Les garçons verts“, wie sie zeitweise in der Redaktion genannt wurden, hat man es diese Saison geschafft mit einem Kaderumbruch unter Neu-Coach
Duppert Luppert den vielen Fans und Trunkenbolden wieder ein Gesicht ins Lächeln zu zaubern. Eine alte-neue Mannschaft um Spieler wie Nikolaus, Guy Föhn oder Kebap Sabotic, bekannt aus der Mozart-Ära, und Emporkömmlingen wie Menn Schwiller oder Jo Schro, schaffte es nach nur einjährigem Abstecher in den luxemburgischen Fußballkeller den direkten Wiederaufstieg. Auch der Harlinger Zorro überraschte mit einigen Glückstreffern und half so der Mannschaft ein positives Schlussfazit unter einige Jahre der Fußballtristesse zu setzen. Auch wenn es diesmal keinen Umzug durchs Dorf gab, gefeiert wurde trotzdem, diesmal jedoch ohne Spanferkel neben der schönen Johanna.
Für eine Überraschung gut war die neu formierte Innen verteidigung um Kebap Sabotic und den wiederauferstandenen
Tommi Umtiti. Konnte einem beim Anblick der Startaufstellung oft Angst und Bange werden, so blieb die Abwehr der Grünen trotzdem sagenhafte 11 Spiele ohne Gegentreffer. Das passte so gar nicht zum traditionellen “Vorne pfui, hinten pfui”-Spielstil der vergangenen Jahre.
Jugend forscht! Auch in der Jugendabteilung der Grünen hat sich in den letzten Jahren so einiges getan. Nachdem Ex-PJK und -Presi Joseph Willdjö alle seine Ämter niedergelegt hat, kam es zu einem kleinen Loch in der Jünglingsabteilung. “The Voice” Tombola-Erny hat jedoch zusammen mit seinem kongenialen Sekretarius Pico Bello der Jugend wieder neues Leben eingehaucht, und auch die jüngeren Generationen der Green Boys trumpfen mit soliden Leistungen auf.
noch Bedarf an motivierten Jungs und Mädels denen man die grünen Gene einimpfen möchte. Also liebe Leser, sollten Sie Kinder zu Hause haben: zerren sie ihre Liebsten vom Fernseher weg und ab mit ihnen auf den Fussballplatz. Sollten sie keine Kinder zu Hause haben: es ist immer noch Zeit, welche zu machen! Was macht eigentlich … Alberto Villchen - als Ex-Presi ein treuer Fan mit einem Hang zur Kritik Arny Bibolet - in der belgischen Provinz überzeugt er als Spielertrainer und führte seine Mannen zum Aufstieg, er hat wohl viel von Mozart gelernt Bauer Hansi - frisch verheiratet überzeugt er wöchentlich Duppert Luppert mit seiner NichtTrainingspräsenz
Bibbi Römisch - gelegentlich zeigt er dem Gegner noch seinen Apfelsaft; ansonsten verschwunden im Derenbacher Nirvana Laut On-Off-Jugendkoordinator, -trainer und -betreuer Marcus Kornerahorn besteht aber immer
Carlos von Nah - stand zuletzt öfters in München auf
dem Rathausbalkon als an der “Cloture” in Harlingen Chris Spiegelei - vom Goalgetter zum Phantom, niemand weiß wo er sich herumtreibt. Aber bei seiner Frau hat er jedenfalls getroffen Dalban Dupperter - Ex-Kassierer mit Hang zum Schaukeln versuchte sich mit einer neuen Karriere als Ski-Artist (Anmerkung der Redaktion: leider mit keinem ganz großen Erfolg, sondern eher mit großen Schmerzen) Edisu, das meterlange Bein - überzeugt als Bauherr und Immobilienmogul, hat seine Fußballschuhe verloren Forry Eschetter, der brasilianische Jamaikaner - verschwunden im tiefen Dschungel Süd luxemburgs Käptn Djeff Harrison & Rappi Hatschi - mischen als Extremsportler die luxemburgische Sportwelt auf Thomas Madjer - mit den Green Boys in die 3. abgestiegen, danach leider nicht aufgestiegen (AdR.: Ach ja, er hatte sich ‘ne andere ausgesucht) Tzacha Jeu de Plume - den Oldtimern verfallen fährt er nur noch seine Schuhe spazieren und zeigt, wie man einen Einwurf NICHT machen soll
81
MERCI allen aktuellen a fréiere Spiller, Trainer, Comitésmemberen, Bénévolen, Zuschauer, Donateuren, Sponsoren an Ënnerstetzer vum FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt aus deene läschte 40 Joer!
MERCI der Stauséigemeng an dem Schoulsyndikat vun der Regionalschoul Uewersauer fir hir finanziell a materiell Ënnerstëtzung! 82
Eis Jugendekippen
PUPILLES (U9) & POUSSINS (U11)
MINIMES (U13)
Trainingszäiten: Dënsdes an Donneschdes vun 17:30 bis 18:45 Auer
Trainingszäiten: Dënsdes, Donneschdes a Freides vun 17:45 bis 19:15 Auer
Trainer: Laurent Wilmes GSM: +352 691 816 199
Trainer: Marco Cornaro GSM: +352 621 461 272
Mir sichen nach Jugendspiller! Den FC Green Boys 77 sicht fir déi nei Saison nach Jugendspiller an alle Kategorien. Léif Elteren, wann är Kanner (op Jongen oder Meedercher) Spaass um Fussball hunn, a Loscht hätten, an enger Ekipp matzespillen, oder einfach mol eng nei Sportart wellen ausprobéieren: meld Iech bei eingem Comitésmember oder beim Jugendkoordinator Marco Cornaro GSM: +352 621 461 272 E-Mail: marco_cornaro@greenboys.net Dir kënnt och gäeren engkéier onverbindlech op een Training oder ee Match kucke kommen.
83
40 JOER
1977 - 2017
40-Joer Feier vum FC Green Boys 77 Samsdes, den 1. Juli 2017 zu Harel um Terrain “am Duerf” 14:00 Auer 17:00 Auer 18:00 Auer Duerno
Mini-Turnéier mat Ekippen aus fréiere Spiller Gala-Match vun eiser Minimes-Ekipp géint Wolz Gala-Match Senior I 2016/17 géint d’Opstigsekipp vun 2010 Ofschlosspatt & Owesiessen (just op Umeldung)
Owesiessen fir 15,- €: gegrillte Fierkelshämmercher oder gegrillte Poulet mat Gromperen an Zalot
Just op Umeldung per Virement op de Kont vum FC Green Boys 77: LU46 0019 3600 1768 6000 (BCEE) mam Vermierk „Menu Fierkel“ resp. „Menu Poulet“.
De ganzen Nomëtten ass d’Buvette an de Grill op !