12 minute read

GRÉIWEMAACHER

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Stad Gréiwemaacher

Léon Gloden

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Stad Gréiwemaacher den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Stad?

Fir d’éischt huet d’Stad Gréiwemaacher sech dëst Joar eng nei Corporate Identity ginn. Den neie Logo representéiert d’Eegeschafte vun der Muselmetropol; méi faarweg, awer modern a prett fir d’Zukunft.

A punkto Covid-Gestioun hu mir de vulnerable Leit weider en Akafsservice ugebueden, eis administrativ Servicer, souwäit et méiglech war, iwwer Telefon an Email erleedegt. Selbstverständlech hu mir fir d’Maacher Bierger zertifizéiert Schnelltester ausgestallt a scho fréi gratis Maske verdeelt. Zu Maacher war och eent vu véier Verdeelungszentren am Land, déi Schnelltester fir Betriber verdeelt hunn. D‘Stad Gréiwemaacher huet hire Biergerinnen a Bierger Akafsbonge geschenkt, a fir Nationalfeierdag huet jiddereen e besonnesche Kaddo kritt.

D’Maacher Geschäftsleit si finanziell ënnerstëtzt ginn an d’Taxe fir Terrasse si wärend der Pandemie ausgesaat ginn. D’Maacher Schwämm konnt trotz ville Restriktiounen hir Dieren dëse Summer opmaachen. Wéinst dem gudde Wieder am September ass d’Schwämm dann dëst Joar och méi laang opbliwwen.

D’Baustelle, wéi zum Beispill d‘Clubheem op Flohr, d’Infrastrukturaarbechten an der Rue Leitschbaach an an der Rue des Tisserands, konnten ofgeschloss ginn. De Parking Réngmauer wäert Enn November opgoen an d’Parksituatioun zu Maacher nach eng Kéier verbesseren. Dës Weidere goufe Borne fir d’Opluede vun E-Bikes opgeriicht, d’Beliichtung fir d’Foussgänger verbessert an eng fonkelnei Spillplaz am Weier gouf gebaut. D’Baustell vum Centre culturel, dee komplett erneiert gëtt, mat neier Busgare a Parking ass dëst Joar gutt viru komm. 2021 ass och de PAG fir Maacher gestëmmt ginn, ënnert aanerem wäert am Pietert e komplett neie Wunnquartier fir ca. 250 Leit entstoen.

Och fir de Schluss vum Joar huet d’Stad Gréiwemaacher nach vill vir; de Kleesche kënnt nees, wéi gewinnt, bei d’Kanner op d’Moartplaz, a mir organiséieren dëst Joar e besonnesche Chrëstmoart. Domat goufen a ginn et dëst Joar zu Maacher vill Highlights, déi op en Neits weisen, datt d‘Muselmetropol d‘Heemecht vum „Miseler Way of Life“ ass.

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

Den traditionnelle Wäimoart hu mir dëst Joar mol anescht gemaach. All Wënzer huet sech per Video virgestallt, an et konnt ee sech “Wäimoart in the box” mat enger Auswiel u lëtzebuerger Wäiner a Cremante bestellen. Fir d’Aweiung vun eisem neie Comptoir op der kleener Moartplaz hu mir zesumme mat der Maacher Musek e Summerfest organiséiert.

Och d’Wäifest war dëst Joar anescht. D’Kréinung ass live iwwerdroe ginn an et gouf nëmmen e ganz reduzéierten Ëmzuch duerch Maacher. Trotzdeem ware mir frou, datt d’71. Maacher Drauwen- a Wäifest net nach eng Kéier huet missen ofgesot ginn. Dank der gudder Aarbecht vum Comité des Fêtes an de Maacher P(in)oten war et e gelongent Fest, bei deem een endlech mol nees bal esou feiere konnt wéi virun der Pandemie. Et goufen awer och méi batter Erënnerungen an dësem Joar.

D’Héichwaasser huet d’Stad Gréiwemaacher gréisstendeels verschount, wat an den Nopeschgemenge leider net de Fall war.

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Stad 2022 freeën?

Ufank 22 wäert de Chantier am Osburg-Haus fäerdeg ginn. D’Renovatioun vun dësem historesche Gebai ass eng flott Symbios vun Al an Nei, hei wäerten an Zukunft vill Concerte stattfannen, an d’Schüler vun der Regionaler Maacher Museksschoul kënnen déi modern Säll fir hir Schoulstonnen notzen.

Am nächste Joar gëtt et vill ze feieren: De Maacher Wäimoart soll an den Zentrum vu Maacher kommen, wou all Wënzer en eegent Zelt fir seng Wäiprouwen huet, dat iwwer 2 Deeg. Den 2. Dag vum Wäimoart gëtt et ausserdeem en Oldtimer-Dag zu Maacher, wou ee sech déi al Autoen an der Foussgängerzon ukucke kann. Am Mee kann dann och “Mosel, Licht & Flammen” stattfannen, nodeems et wéinst der Pandemie huet misse verréckelt ginn. De Summer geet et sou richteg lass zu Maacher, am Juni feiere mir 100 Joar Maacher Grondschoul, an am Juli fanne grouss Festivitéiten zum 100järege Bestoe vun der Muselpromenad, dem 60järege Bestoe vum Maacher Camping an 230 Joar Goethe zu Maacher statt. Donieft wäert d’Wiss beim Parking Laangwiss zum “Maacher Beach” ëmfunktionnéiert ginn, mat där d’Plage-Atmosphär op Maacher kënnt. Freet Iech op vill flott Aktivitéiten a gemittlech Stonnen an de Liegestill am Sand. Natierliech dierf dat 72. Maacher Drauwen- a Wäifest vum 9. bis den 11. September net feelen. Am Hierscht ass dann och nees de „Festival des Nations“, wou déi vill verschidden Nationalitéiten, déi et zu Maacher ginn, sech virstellen.

Steckbréif

Stad Gréiwemaacher

DIERFER Gréiwemaacher

AWUNNER 5.039 NATIONALITÉITEN 81

BUERGERMEESCHTER Léon Gloden SCHÄFFEN Monique Hermes, Marc Krier GEMENGERÉIT Tess Burton, Martine Cognioul-Loos, Liane Felten, Patrick Frieden, Lynn Mantz, Carine Sauer, Claire Sertznig, Claude Wagner

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Fir 2022 wënschen ech mir, dat mir sou lues nees an dat normaalt Liewen zeréck komme kënnen. Gréiwemaacher huet d‘Kris relativ gutt iwwerstan, mee de Wonsch no Normalitéit ass grouss. Mir befannen eis leider nach ëmmer an enger Pandemie, et ass awer wichteg och de Bléck no vir ze riichten, eis vill Festivitéiten am nächste Joar wiere sécherlech méi flott ouni Restriktiounen. Op alle Fall wënschen ech de Biergerinnen a Bierger, esou wéi de Lieserinnen a Lieser vun der Musel- a Sauerzeidung eng gutt Gesondheet, schéi Chrëstdeeg, an e gudde Rutsch an dat neit Joar.

D’Gemeen Gréiwemaacher wënscht schéi Feierdeeg an e goude Rutsch an dat neit Joar!

Ëffnungszäiten

op Hellegowend, de 24. Dezember a Silvester, den 31. Dezember: 8.30 - 11.40 Auer Weider Informatioune fannt Dir op

grevenmacher.lu

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Stad Maacher

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

De Klimawandel ass di gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächste Joren. Wéi een Moossnamen huet Är Stad schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen?

Ëmwelttheme si seit Joren an der Aktualitéit. Wéinst de letzte wëssenschaftlechen Erkenntnisser, an och wéinst eiser Jugend, déi verstäerkt fir dës Themen op d’Strooss geet, ass den Zäitpunkt fir richteg ze handelen elo komm. D’Ëmsetzung an d’Resultater hunn e groussen Impakt op eist Liewen. D’Gemeng Gréiwemaacher huet dëst scho laang erkannt an huet beim Thema Mobilitéit schonn d’Weiche gestallt. D’Konzept vum elektresche City-Bus ass erweidert ginn. Eis Bierger kënne sech an engem “Porte à Porte” op een Adress, och an d‘ Nopeschgemengen, féiere loossen. Fir d’“Mobilité douce” an och de Vëlostourismus ze stäerken, si gratis elektresch Bornë geschaf ginn an dat Netz gëtt och weider ausgebaut. Doniewent ass d’Netz vun de Chargy-Bornen ausgebaut ginn, a bei zukënftegen Parkkonzepter gëtt d’Elektromobilitéit fest mat ageplangt. Iist Personal benotzt de Vëlo fir kuerz Strecken (Chantiersvisiten,...) an ass frou, datt verschidden Déngschtautoen op Elektro ëmgestallt gi sinn. Fir dat ambitiéist Zil vun 1,5 Grad ze erreechen, hu mir op nohalteg ressourceschounend Energie gesat. D’Gemeng huet festgehal, datt all Neibauten (Centre Culturel, soziale Wunnengsbau,... ) an Ëmbaute no dëse Kriterien (Naturstroum, Solaranlagen, Niddereg-Energie-Sanéierung, Benotze vu lokalem Holz,... ) evaluéiert ginn. Zum Beispill gëtt am Bautereglement net nëmmen de Schottergaart verbueden, mä encouragéiert gëtt de begréngte Flaachdaach, dee Solarzellen an d’Reewaasserbenotzung fir d’Toiletten erméiglecht. Dëst soll och de Privatpersounen erméiglechen dës Energie ze produzéieren an net nëmmen de CoProprietéiten oder de staatlechen Anlagen (wéi déi bei der Schléiss oder op der Maison relais). Fir d’Effektivitéit vun der Exploitatioun ze steigeren, kann all Bierger op de Solarkadaster zeréckgräifen. Och déi ëffentlech Beliichtung ass op energieschounend LED ëmgestallt ginn. E weidere Virdeel vun dem neie Beliichtungskonzept ass, datt et just nach do hell ass, wou et gebraucht gëtt. Dëst ass e wichtege Punkt

fir d’Schoune vun eiser Insekten- an Déierewelt. (Fir dëst ze realiséieren, si leider vill Baustellen (Gas, Kanalisatioun,... ) néideg, déi muenchmol vill Gedold vun de Bewunner verlaangen.) Marc Kr ier Am Kader vum Drénkwaasserschutz hu mir eis aktiv agesat, datt eis Quellegebitter geschützt ginn. D’Gemeng benotzt net nëmmen pestizidfräi Planzen, mä a ville Beräicher (z. B. Botzmaschinn, Bewässerung vun den Planzen,...) dat gekläerte Waasser vun der Kläranlage. Eis Bierger hunn och verstanen, datt den neie Waasserpräis hir Unerkennung vun dëse Beméiungen duerstellt. Och dat aus der “Müllanalyse” entwéckelt Müllkonzept dréit zu den Energie- a Waasserspuermoossname bäi. Net nëmmen d‘Trennung vum Dreck an de Spullwénchen erlaben et op de Fester dozou bäizedroen, mä och d‘Privatleit kënnen dovu profitéieren, datt méi recycléieren a weider benotzen demnächst e positiven Impakt op d’Käschten huet. Och di sëlleche Prime verstäerken d’Initiative vun eise Bierger. Duerch de Covid ass et eis an de letzte Méint bewosst ginn, wéi wichteg et ass fir lokal produzéiert Wueren ze hunn mat kuerze Liwwerweeër. Fir de Schäfferot war et wichteg, datt um Maart e Geméishändler ass. Selwer produktiv ass d’Gemeng duerch den ëffentleche Gaart, wou d’Leit sech gratis Geméis kënnen huelen. D’Sensibiliséierung vun de Leit ass e wichtege Punkt an eiser Gemeng. Iwwer Manifestatiounen (Kompostdag, Grouss Botz, MoselCleanUp, Wanderunge vum Fierschter a vun der biologescher Statioun,... ) ginn di Erwuessen op d’Problematik higewisen a kënnen an de Kommissiounen hir Iddien abréngen. Eis Zukunft fest am Bléck, ginn och d’Kanner schonn an dëse Prozess agebonnen (Fliedermauskëschte bauen, Beem planzen, Maacher moves for climate,... ). Fir datt dëst Engagement awer net nëmmen eng Momentopnam ass, mä e Versprieche fir d’Zukunft, huet d’Gemeng sech vis-à-vis vum Staat beim KlimaPakt, Geopark Mëllerdall, NaturPakt,... engagéiert. Ech hu mech perséinlech dofir agesat, weil ech iwwerzeegt sinn, datt, wa mir eis zesummen engagéieren an net nëmme meckeren, et e klenge Schrëtt fir eis awer e grousse Schrëtt fir d’Mënschheet an d’Ëmwelt ass.

Eis D‘ganz Equipe vum CIGR Canton Grevenmacher wënscht Iech schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer

Servicer

- Hecke schneiden - Gaart gruewen - Beem schneiden - Ronderëm d’Haus propper maachen - Wanterdéngscht - Griewer botzen - Am Stot hëllefen - a villes méi

Gréiwemaacher | Mäertert | Wormer | Fluessweiler | Manternach | Biwer | Bech

Ëffnungszäiten: Méindes-Freides 8.00-16.00

3 rue de Flaxweiler L-6776 Grevenmacher proximite@grevenmachercig.lu Tél. : 26 74 63 853

Monique Hermes En Tourist, deen an Är Stad kënnt, kann um touristeschen a kulturelle Plang villes entdecken. Wéi eng Plazen däerf een op kengem Fall verpassen, fir sech unzekucken? Hutt

Dir eng perséinlech Liblingsplaz an Ärer Stad?

D’Stad Maacher huet ganz vill ze bidden, wann et ëm Kultur an Tourismus geet. An déi Begrëffer ginn hei eegentlech Hand an Hand. En Tourist, deen z. B. vu Mäertert erfort kënnt, soll op kengem Fall de Päiperleksgaart an de Kulturhuef lénks leie loossen. Wann en da weider iwwer déi nei gestalt Muselpromenad trëppelt, hëlt e ganz sécher de Soen- a Legendepad mat der Aféierung an d’Geschicht vun der Muselmetropol eppes méi genee ënner d’Lupp.

Vun do ass et nëmmen e Kazesprong bis an eis Tourist-Info op der Wäistrooss, wou Prospekter a véier Sproochen leien iwwer de kulturhistoresche Rondgang, deen am Häerz vu Maacher, beim fréiere Waacht- a Wiertur ufänkt. Op deem Tour si vill Spure vun der fréierer „Festung Maacher“ ze entdecken.

De Rondgang féiert laanscht deen nogebaute „Kundel“ duerch d’Fräiliichtgalerie Turgaass, wou Maacher Geschicht op sechs grousse Panneaue lieweg gëtt. An deem restauréierte Festungstur an der Syr ass eng flott Wunneng fir Touristen. Hannerum Tur huet een eng herrlech Vue op de Kräizerbierg mat där uraler Kräizkapell, déi eis Stiedche bewaacht.

An der Kierchestrooss läit eent vun deene schéinste Renaissance-Gebaier aus der Muselgéigend, eis Zéintscheier mat hirem verwëllefte Keller.

Et misst een elo nach ganz vill soen iwwer eise Kierchtur, iwwer d‘Skulptur vum „Blannen Theis“ oder iwwer d’Kondschafter um Buer um Prosteneek.

Am Zentrum vu Maacher muss och Zäit bleiwe fir e sëffege Pättche Miseler an e gudde Maufel. Oder eng Taass Kaffi mat engem Stéck Kuch…

Meng Liblingsplaz an eiser schéiner Stiedchen? Eis herrlech Muselpromenad mat der Vue op déi futuristesch Bréck, déi Länner a Mënsche matenee verbënnt.

Réckbléck

D‘Highlights vum Joer 2021 an der Stad Gréiwemaacher

GRÉIWEMAACHER

5000. Awunner

GRÉIWEMAACHER

Maacher Drauwen- a Wäifest 2021

Réckbléck

D‘Highlights vum Joer 2021 an der Stad Gréiwemaacher

GRÉIWEMAACHER

E Stär fir de Maacher Camping

GRÉIWEMAACHER

Commemoration 331st Division

GRÉIWEMAACHER

Aweiung vum Projet „Maacher zesummen entdecken“ organiséiert vun der Integratiounskommissioun

So e ektiv wie 20.000 Sit-ups in 30 Minuten!

NEU IN GREVENMACHER!

Muskelau bau und Fettver brennung ohne Mühe

Revolutionierte, wissenscha t- lich bewiesene FEM-Techno logie (High-Intensity Focused Electromagnetic) macht dies möglich Die weltweit erste Technik, die ohne OP Po-Li ting, Bauch Stra ung, Winkearm-Straf fung, Ober- und Unterschen keloptimierung möglich macht

Muskelau bau, Fettabbau und Bodyforming verhil t

Fett weg frieren

Kryolipolyse

Jetzt KENNENLERNANGEBOT nutzen und KOSTENLOSEN BERATUNGSTERMIN

vereinbaren!

+352-26 72 95 57

36, Rue du Stade · Grevenmacher www.praxis-brust.com www.hypno-body.lu

Réckbléck

D‘Highlights vum Joer 2021 an der Stad Gréiwemaacher

GRÉIWEMAACHER

Summerfest vun der Maacher Musik op der kleener Moartplaz

GRÉIWEMAACHER

Visitt vum Wäibauminister an der Lies an der Maacher Fels

GRÉIWEMAACHER

„Wäimoart in the Box“

Chrëstmoart zu Maacher

den 11. & 12. Dezember 2021 vun 12 bis 20 Auer an der Foussgängerzon an op der Moartplaz (CovidCheck)

This article is from: