
2 minute read
Är Fotoen
from Muselzeidung 496
by Presss sarl
Réckbléck Är Fotoen
Nei Fotoen aus der Regioun vun Iech a fir Iech zesummegestallt! Bei Iech war och eppes lass? Da schéckt eis gären Är Foto vun engem flotte Moment eran: burton@pt.lu
Nidderaanwen
Déi nei Schoulbus- a Pedibusbegleeder aus dem Cycle 4 kruten hiren Diplom iwwerreecht
Wasserbëlleg
D’ Road Runners op hirem traditionelle Fréijoerstour

Waasserbëlleg
Kraiderwanderung vum Club Senior Muselheem


Wëntreng
Nei Uniforme goufen dem Keeleclub KC Beim Jang vun der Firma ADY‘S HYGIENE vu Léiweng am Café „Wëntrenger Stuff“ iwwerreecht

Nidderaanwen
Niedz4kidz, d‘Jugendhaus an d‘Maison relais haten op hir éischt Kanner- a Jugendversammlung fir Jonker tëschent 8 a 20 Joer agelueden
Paräis
Eng Rei Wënzer waren zesummen fir Vins & Crémants Luxembourg op der professionneller Wäifoire Wine Paris 2022 dobäi. Si krute Besuch vun der Madamm Schommer, Ambassadrice fir Lëtzebuerg a Frankräich

Biwer
D‘Gemeng Biwer huet an der Schoul Drénkwaasserbornen opgestallt an de Schäfferot huet all Schüler eng Drénkwaasserfläsch offréiert


Rued-Sir
Fotoausstellung „Eng Foto seet méi wéi 1000 Wieder“ am Stengert organiséiert vun der Sozialkommissioun vun der Gemeng Betzder

Petrisbierg
De Wandergrupp vu Wuermer ënnert der Leedung vum Fernand huet ee kulturellen Tour gemaach
Réimech
Vereedegung vum neie Gemengeconseiller Luc Thillmann

Schengen
Schengen mecht mat bei #LightItUp fir de Rare Disease Day 2022

Conter
D‘Gemeng Conter huet dat neit Konzept vum Conti Bus virgestallt. Bei dëser Geleeënheet ass och d‘Aféierung vum „Night Rider“ virgestallt ginn

Munneref
Fändelwei bei der Harmonie municipale Mondorf-les-Bains
Mënsbech
Um Weltfraendag si Rouse verdeelt ginn


Rëmerschen
Grënnungsversammlung vu playcornhole.lu
