déi Lénk: Revue de Presse 11-2021

Page 1

REVUE DE PRESSE NOVEMBRE 2021 RTL, 2.11.2021

Stad Lëtzebuerg wëllt Kontrakt mat privater Sécherheetsfirma net ver‐ längeren Vum 15. November u patrulléieren keng privat Sécher‐ heetsbeamte méi an der Haaptstad. De Stater Schäfferot huet nämlech säi Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma G4S net verlängert, sou den 100,7. De Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes huet dem Radio erkläert, datt eng Biergerversammlung géing orga‐ niséiert ginn an datt doropshin iwwert déi weider Demar‐ che géing decidéiert ginn. Donieft wéilt een "konstruktiv" sinn, nodeems d'Regierung en neie Mesurëpak géint d'Drogekriminalitéit presentéiert huet. D'Erfarung mat G4S wier eng "gemëschten", sou de Ser‐ ge Wilmes weider. Den Tëschefall Ufanks September, wéi en Hond vun der privater Patrull eng Persoun gebass huet, wier "een Element, mee net d'Haaptelement", fir de Kontrakt net ze verlängeren. D'politesch Oppositioun am Stater Gemengerot huet d'Decisioun vum Schäfferot per Communiqué begréisst a behaapt, dee Revirement wier warscheinlech net ouni hiren Drock zustane komm. Déi Gréng, d'LSAP an déi Lénk an der Stad verlaangen, datt de Schäfferot sech an Zukunft och un d'Verfassung an un d'Gesetzer hält a keng nei Konventioun mat enger privater Sécherheetsfirma ageet.


Land, 18.9.2020


Tageblatt, 18.9.2020


Tageblatt, 26.9.2020 Tageblatt, 21.9.2020

Wort, 13.11.2021


Wort, 16.11.2021

RTL, 18.11.2021 Reportage über das Viertel Gare

Déi Lénk schockiert über "RTL-Propaganda" Bisher hat sich der Sender noch nicht zu den Vorwürfen geäußert. Foto: Anouk Antony Ein Beitrag bei RTL sei eine "Unterstützung und Verharmlosung rassistischer Propaganda", so déi Lénk in einer Pressemitteilung. (jwi) - Der nationale TV-Sender RTL verstoße laut Déi Lénk formal gegen die Verpflichtungen zur journalistischen Redlichkeit. Das teilt die Partei in einer Pressemitteilung am Dienstagabend mit. Grund sei eine Reportage am Dienstagabend zu einer Informationsversammlung zur Sicherheit im Bahnhofsviertel. In dem Beitrag sei eine Person zu Wort gekommen, welche „ein bekannter Vertreter rechter politischer Projekte“ sei. So schreiben déi Lénk: „Bereits hier stellt sich die Frage, ob RTL durch das Ausstrahlen und die positive Darstellung (…) volksverhetzen‐ der Beiträge nicht gegen die grundlegende Ethik von Presse und Rundfunk verstoßen hat. Allerdings ist der „Garer Awunner“ der hier zur Volksstimme verherrlicht wird, eben kein Jedermann und vor allem kein Unbekannter.“ Weiter heißt es: „RTL lässt also nicht einfach aus unprofessioneller Schludrigkeit rassistische Anwohner des Garer Quartiers zu Wort kom‐ men, sondern biedert sich, ohne dies kenntlich zu machen, einem bekannten Vertreter rechter politischer Projekte als Sprachrohr an.“ Am 1. Dezember wollen die politischen Verantwortlichen von Luxemburg-Stadt mit den Bürgern des Bahnhofsviertels über deren Siche‐ rheit diskutieren. Dies teilte die Pressestelle der Hauptstadt am Dienstagnachmittag mit.


Le quotidien, 17.11.2021

Land, 19.11.2021


19.11.2021


RTL, 29.11.2021 Invité vun der Redaktioun

Déi Lénk fir den "3G Plus" a géint Impfflicht Vum François Aulner De CovidCheck-Regime gëtt eng falsch Sécherheet, well och wann ee geimpft ass, kann een nach de Virus kréien a weiderginn. Dat sot d’Deputéiert vun déi Lénk, d’Nathalie Oberweis um Méindeg de Moien hei op der Antenn. Déi Lénk sinn dowéinst éischter fir en «3G Plus», an anere Wieder, datt d’Leit déi geimpft sinn awer och nach fir Fräizäitaktivitéiten misste getest ginn. D’Nathalie Oberweis huet och a Fro gestallt, wéi ee kéint de ganze Wanter grouss CovidCheck-Evenementer bäibehalen. Déi Lénk hätten donieft léiwer gehat, datt d’Tester gratis bleiwen. Och wa gratis Tester den Drock op Leit, fir sech impfen ze loossen, redu‐ zéiert. D’Nathalie Oberweis ass der Meenung, datt den Drock net all Mënsch iwwerzeegt sech impfen ze loossen. Déi Lénk sinn och kloer géint eng generell Impfflicht, och wa se mam CovidCheck an de Betriber a Verwaltungen «zur Hannerdier» agefouert gi wier. D’Regierung hätt sollen eng besser Impfcampagne féieren an de Leit hir Ängscht ewech huelen, mä d’Regierung wier net op der Héischt gewiescht. D’Nathalie Oberweis huet och bedauert, datt d’Regierung u 6 Méint géing festhalen, iert eng geimpfte Persoun kann e Rappell kréien. Et wier nämlech elo kloer, datt de Vaccin no 4 bis 5 Méint manner protegéiert. Besonnesch beim AstraZeneca géing eng drëtt Impfung méi fréi Sënn maachen. E weidere Sujet am Interview war d’Debatt iwwert d’Sécherheet an der Haaptstad. Et gëtt e Problem, sou d’Nathalie Oberweis. E wier an hiren Ae awer net onbedéngt méi schlëmm ginn an de leschte Joren, mä de Quartier wier jorelaang vernoléissegt ginn. Elo mam Tram, soll den Quartier chic gemaach ginn. Den Drogeproblem, wier awer net mat private Sécherhetsfirmen ze léisen.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.