déi Lénk - Revue de Presse 1-2022

Page 1

REVUE DE PRESSE JANUAR 2022


Land, 18.9.2020


RTL,: 18.01.2022

Majoritéit mat Lénk a Pirate stëmme fir Nobesserung vun Natur‐ schutzgesetz Um Dënschdeg stoung an der Chamberplenière den Naturschutz op der Lee. Dat entspriechend Gesetz gëtt adaptéiert. An der Chamber gouf en Dënschdeg de Mëtteg mat de Stëmme vun déi Lénk an de Piraten eng Nobesserung vum Naturschutzgesetz gestëmmt. Et si keng fundamental Ännerungen, mä Upassunge vum Gesetz vun 2018. Sanktioune ginn ugepasst an déi strofrechtlech Ëmsetzung soll besser garantéiert ginn. Administrativ Eng administrativ Vereinfachung soll kommen an zum Beispill Mesurë géint Liichtverschmotzung - dat ass eng iwwerméisseg Beliichtung an der Nuecht – gi verbessert. Dat wär alles néideg, sot de Rapporter de gréngen Deputéierte François Benoy. Et wär déi lescht Jore vill geschitt am Beräich Naturschutz, mä nawell wär den Zoustand vun der Natur net gutt. Extrait François Benoy "Mat den Upassungen an dësem Gesetzprojete suerge mer eben dofir, datt de Staat déi Moyen huet, déi e brauch, fir d'Natur ze schützen, re‐ spektiv géint d'Zerstéierung vun der Natur virzegoen. A gläichzäiteg maache mer Upassungen, fir d'Ëmsetzunge vum Gesetz unzepassen an auszebauen, grad ewéi, fir Administrativ Hürden ofzebauen." Vun der gréisster Oppositiounspartei gouf et nawell vill Kritik um presentéierte Projet. Dat well keen ee vun de Verbesserungsvirschléi, déi d‘CSV proposéiert huet, ugeholl ginn ass. An dat obschonn den aktuellen Text an den Ae vun der Co-Presidentin vun der CSV-Fraktioun Mar‐ tine Hansen, ënnert anerem nach vill ze vill Willkür zouléisst. Extrait Martine Hansen „Mir si wierklech fest dovun iwwerzeegt, dass et net ka sinn, dass ee Minister kann opgrond vum Gesetz, well dat et zouléisst, deenen engen u sech Geneemegungen nogeheien an deenen aneren immens vill Steng an de Wee leeën. Dir wësst, et gëtt immens vill Haiser an der Gréngzon, dat sinn net nëmme Weekendhaiser. Et ginn am Éislek ganz kleng Dierfer, déi an der Gréngzon leien. Wann déi hir Trap e bësse wëlle ver‐ gréisseren, da kréie si Schwieregkeeten, do eng Geneemegung ze kréien.“ Ausserdeem géif et un der néideger Transparenz feelen an d‘Restriktioune fir Transformatiounen u Gebaier a Gréngzone wieren deels kom‐ plett iwwerdriwwen. Derbäi kéim, dass dës Reform kaum Plaz fir eng modern Landwirtschaft géif loossen, esou d'Martine Hansen. Dësen an och de Reproche vun engem Manktem un Transparenz huet d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg allerdéngs net gëlle gelooss. Extrait Carole Dieschbourg "Et ass net duerch d'Sträichen oder duerch een Artikel, datt ee méi Transparent fir de Bierger gëtt oder datt ee méi fir Gläichbehandlung ass. Mä duerch e méi strukturéiert Virgoen, duerch Reglementer, déi ënnerwee sinn, duerch och Ëmstrukturéieren. Mir sinn amgaangen, eng Uni‐ téit opzebauen, och an der Natur- a Bëschverwaltung ebe grad fir d'Prozedure méi schnell ze maachen. [...] Eben och, fir eng nei Struktur hei eranzebréngen." Och d‘Kritik zum Beispill un de Reegele fir Renovatioune vun Haiser a Gréngzonen huet d‘Ministesch zeréckgewisen. Dës wiere selbst‐ verständlech nach ëmmer méiglech, ma se wiere ganz genau kadréiert. D'Reform ass mat 35 Jo-Stëmmen a 25 Nee-Stëmmen ugeholl ginn.

Mouveco fuerdert Changementer am adaptéierten Naturschutzgesetz

Le Quotidie18.1.2022

De Mouvement écologique verlaangt grondleeënd Changementer, anerwäerts riskéiere mer de Verloscht vu Biodiversitéit, heescht et an en‐ gem Communiqué. Eng Rei Neierunge wieren ze begréissen, wéi zum zum Beispill d'Verankerung am Gesetz vun der Liichtverschmotzung oder den Ausbau vum Virkafsrecht. Et hätt ee sech awer erwaart, datt nieft dem Naturschutz och eppes fir d'Akzeptanz an der Bevëlkerung gemaach hätt kënne ginn, zum Beispill bei der administrativer Vereinfachung. Leider wieren och aner Propose vum Mouveco net consideréiert ginn, wéi déi schrëttweis Legaliséierung vum Biotopkadaster oder eng déif‐ gräifend Reform vum Kompensatiounssystem bei Agrëffer an d'Natur. Och misst onbedéngt bei de landwirtschaftleche Praktiken eppes geschéien, déi géingen e groussen Deel zum Verloscht vun der Biodiversitéit bäidroen. Radio 100,7, 19.1.2022

Déi Lénk am Moment net fir eng Impfflicht Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web) Déi Lénk wëllen am Moment nach net mat op de Wee vun enger Impfflicht goen. D'Deputéiert Nathalie Oberweis seet, hir Partei géif déi obli‐ gatoresch Impfung zwar net prinzipiell fir ëmmer ausschléissen. Mee Stand elo géifen et nach Inconnuen an onbeäntwert Froe ginn. Déi Lénk mengen, datt ee mat enger méi pro-aktiver Approche nach vill iwwer d'Impfcampagne kéint beweegen. Andeems een zum Beispill geziilt op Leit duergeet, déi a prekäre Verhältnisser liewen. Zënter der leschter Woch géif een nämlech wëssen, datt den Impftaux bei de sozio-ekonomesch schwaachste Leit am niddregste wier. "Dat sinn déi Leit, déi am prekärste liewen, déi am meeschten isoléiert sinn an eiser Gesellschaft, déi am mannsten deelhuelen un eisem kul‐ turellen, politeschen, intellektuelle Liewen, déi net de Kloertext lauschteren oder ären Invité vum Dag. Wann een dat weess, da kann ee wierk‐ lech op déi Leit agoen, an de Quartier goen, vläicht Porte-à-porte maachen." Fir d'Deputéiert vun déi Lénk schwätzt awer näischt dogéint, elo schonn e Gesetz iwwer eng Impfflicht virzebereeden, fir et - wann néideg ganz séier kënnen a Kraaft trieden ze loossen.

Impfflicht als allerlescht Mëttel D'Impfflicht soll awer déi lescht Kaart sinn, déi ee spillt, soen déi Lénk. Hir Deputéiert Nathalie Oberweis mengt awer, et hätt een am Moment nach anerer am Grapp, zum Beispill d'Impfcampagne. Mat enger méi pro-aktiver Approche wier do nach vill ze erreechen. Well am Endeffekt géif et bei der aktueller Diskussioun jo virun allem ëm d'Fro goen, wéi een den Impf-Taux an d'Luucht gesat kritt. D'Impfflicht gëtt fir déi Lénk noutwenneg, wann zum Beispill bis den nächsten Hierscht net genuch Leit geimpft wieren a wa beispillsweis eng méi déidlech Variant géif optauchen, sou d'Nathalie Oberweis, Deputéiert vun déi Lénk.


RTL, 20.1.2022 Thema Pressefräiheet an der Chamber

Iwwerschaffte Versioun vum "Circulaire Bettel" proposéiert Vum Fanny Kinsch|Update Et géing een international gesinn, datt d'Gewalt géintiwwer Mataarbechter aus der Press an de Medien zejoert zougeholl hätt. Pressefräiheet: Reportage vum Fanny Kinsch Journaliste liewen a geféierlechen Zäiten, dat sot den DP-Deputéierte Guy Arendt en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber am Kader vun enger Aktualitéitsstonn zum Thema Pressefräiheet, déi seng Partei ugefrot hat. Net nëmmen am Ausland, och zu Lëtzebuerg géing ee gesinn, datt Menacë géint Journaliste wärend der Pandemie zougeholl hätt. Journa‐ liste géingen Doudesmenace kréien, et géinge Plainte gemaach ginn, fir si ënner Drock ze sëtzen an hinne géing reprochéiert ginn, Ligen ze verbreeden a vu bausse gesteiert ze sinn. Dat wat den Ament géing geschéien, wier inakzeptabel, esou de Guy Arendt. "Et dierf net sinn, datt Fotografen op Manifestatiounen harceléiert gi vu Leit, déi behaapten, si géinge fir hir Meenungsfräiheet protestéie‐ ren. Si vergiessen dobäi, datt all Fräiheet do ophéiert, wou deem anere seng ufänkt. Et dierf net sinn, datt Zeitunge wéinst hirer Berichters‐ tattung juristesch poursuivéiert ginn. A wat nach méi schlëmm ass - dës Gewaltbereetschaft limitéiert sech net méi just op d'Aarbecht vun de Journalisten, nee, dës Gewaltbereetschaft dréngt bis an d'Privatliewe vun de Journalisten a Journalistinnen eran." Déi meescht Riedner hate kloer Wieder fonnt, esou och d'LSAP-Deputéiert Francine Closener. "Et geet duer. De Kampf géint déi, déi eise Staat, eist Zesummeliewe wëlle futti maachen, dee Kampf muss eis alleréischte Prioritéit sinn. Déi aner Säit huet vill Terrain gutt gemaach. D'Situatioun ass esou fragil, wéi scho laang net méi, mir dierfen dat wierklech net ënner‐ schätzen." Den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser huet ënnerstrach, seng Partei wier fir d'Pressefräiheet, huet der Press awer och ënnerstallt, si géing hir Verantwortung net Eescht huelen. "D'Press däerf dowéinst och ni eng Regierungspress sinn oder ginn. An deene leschte Joren huet een awer leider den Androck, datt si dem Rôle net ëmmer gerecht gëtt, och net hei zu Lëtzebuerg. A ville westleche Länner mécht si sech zum Sproochrouer vun der Regierungspoli‐ tik an hëlleft kritesch Stëmme kleng ze halen oder auszegrenzen." D'Nathalie Oberweis sot hirersäits, d'adr géing Stëmmung géint onofhängeg Medie maachen. Déi Lénk Deputéiert huet awer och net u Kritik un der Regierung gespuert. "Wou bleift e gutt Informatiounszougangsgesetz, wéi d'Medien et elo scho säit Jore fuerderen? Esou ee Gesetz gëtt et an all Demokratie, déi e bëssen eppes op sech hält. Dass Communicanten a Ministèren an Administratiounen Informatioune filteren iert se un d'Journaliste ginn, ass eigentlech en Hon." Am Numm vun alle Parteien an der Chamber huet den DP-Deputéierte Guy Arendt eng Resolutioun agereecht, mat där d'Deputéiert sech engagéieren, sech fir d'Pressefräiheet anzesetzen. De Premier- a Medieminister huet dem Presserot eng iwwerschaffte Versioun vun der sougenannter "Circulaire Bettel" proposéiert, sou de Xavier Bettel en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber. Hien huet zouginn, datt d'Circulaire hiert Zil net ganz erreecht hätt. Xavier Bettel: "Ech muss och direkt hei Iech matdeelen, Här President, dass déi Circulaire och net vläicht den Zweck ganz erfëllt huet, vun der Iddi, déi hannert der Circulaire och stoung. An dofir hunn ech och dem Presserot eng iwwerschaffte Circulaire virgeluecht fir den Zougang justement zur Informatioun nach besser, méi effikass kënnen ze gestalten a parallel gëtt och eben de Bilan vum Transparenzgesetz gemaach." Hie géing och hei Adaptatiounen net ausschléissen, esou de Minister. D'LSAP-Deputéiert Francine Closener an déi gréng Deputéiert Djuna Bernard wollten am Kader vun der Debatt iwwert d'Pressefräiheet vum Minister wëssen, wou den Dossier vum Informatiounszougang dru wier. D'Circulaire Bettel vun 2016 ass ëmstridden - se sollt eigent‐ lech den Zougang zu den Informatioune verbesseren, ma der Journalistenassociatioun ALJP no huet se de Géigendeel erreecht. Virgesinn ass, datt d'Journaliste sech un eng Kommunikatiounspersoun an de Ministère musse riichten, déi d'Ufroe koordinéiert, a sech net méi dier‐ fen un d'Beamten direkt riichten. Nodeems an de leschte Woche perséinlech Donnéeë vu Journalisten a Politiker an de soziale Medien gedeelt goufen, wouropshin dës Per‐ soune belästegt goufen, sot d'Justizministesch Sam Tanson, datt d'Gesetz eventuell kéint ugepasst ginn, fir dat ze bestrofen. Am franséische Code Pénal wier dat virgesinn a si géing sech dat an den nächste Woche méi genee ukucken.



Wort, 20.1.2022



Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.