1 minute read

Eis Clienten hunn d'Wuert

Eva & Andreas Fischer

MODEHAUS FISCHER, NENNIG Zur Jubiläumsausgabe gratulieren wir dem gesamten Team der Muselzeidung und wir freuen uns auf viele weitere Jahre guter Zusammenarbeit. Lynn Rocchio

DUERFBUTTEK & DUERFTREFF BEIM LIS, RUED-SIR Eis 1. Annonce war viru 5 Joer, wou eisen Duerfbuttek an Duerftreff seng Dieren opgemaach huet. Grad ewéi bei der Musel- a Sauerzeidung gëtt och bei eis lokal a regional ganz grouss geschriwwen a mir si mat vill Engagement ëmmer fir eis Clienten do.

Marina Mouravieva

PARKING ENERGY SERVICES, LÉIWENG Notre société a choisi le Muselzeidung pour placer nos annonces, car ce magazine est premièrement riche en reportages des événements locaux, de la région, et en cela intéressant pour les résidents, et deuxièmement très agréable à lire et simplement feuilleter avec un joli design. Nous souhaitons beaucoup de succès à cette édition.

Jean-François Wirtz

BUERGERMEESCHTER VUN DER GEMENG BETZDER Juni 2001 - En neit Doheem fir d’ Gemeng Betzder am Schlass zu Bierg – D’Gemengenhaus zitt vu Rued-Sir op Bierg an d’Schlass. Eng Aweiung verbonne mat engem Volleksfest. Der Muselzeidung ass et gelong dësen historesche Moment a flotte Biller festzehalen. Ech wënschen der Muselzeidung weiderhin nach ganz vill Erfolleg.

Jessica Zeimetz

GÉRANTE AQUATOWER Wat mir gutt gefält ass déi Rubrik Scheckiwwerreechunge fir déi gutt Saach. Et ass wichteg sech dorun ze bedeelegen an anere Leit ze hëllefen. Ausserdeem fannen ech d'Zeitung am Allgemenge super designt. Et ass iwwersiichtlech an net ze vill openee gedruddelt. Ech fannen et wierklech immens, dass sou vill Betriber hir Annonce bei Iech maachen, sou gëtt ee villäicht och deen een oder anere Geheimtipp gewuer. Wat ech och spannend fannen ass den Deel „Nei an der Regioun“. Sou kritt ee wéinstens mol mat, wat ronderëm geschitt.

„Vakanz doheem“ hunn ech virdrun nach guer net kannt, mee dat ass wierklech flott gemaach. Et muss een net ëmmer wäit ewechfuere fir Vakanz ze maachen. Dat gesäit een hei ganz gutt. Eng schéi Rubrik fir op dat Besonnescht vum eegene Land opmierksam ze man. Och hei ware vill Saachen dobäi, wou ech guer net kannt hunn a mir awer elo onbedéngt ukucke wëll. (z.B. Museumsmeile, Musée National de la Résistance et des Droits Humains). Ëmmer weider esou !

This article is from: