De Panewippchen 3/2015

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°112 3/2015

De Panewippchen als Fuerscher n linde dium Urope

ënnerwee a Latäinamerika

ium miped Phrag ment tuelle ii (ac

ii). linden

e parue Planch hor elgique dans la B

ticole, . 1854

www.panda-club.lu


News

Natur entdecken

Rotmilan, schwanz, r ie s é h c S vus milvu Roude d kite, Mil e r l, a y o r milan

Am Oktober zitt de Roude Schéierschwanz iwwer Lëtzebuerg a Richtung Spuenien, wou hien iwwerwantert.

Dëse Gräifvull ass ganz liicht u sengem ageschniddene Schwanz an den helle Flecken ënner de Flilleken z’erkennen.

Foto: Christian Knoch

Fo to

: Th

om

as K

raf t

Sich dir eng Plaz mat enger gudder Vue fir Gräifvullen ze kucken.

wanz

ersch

Schéi Roude

Zu Lëtzebuerg britt de Roude Schéierschwanz plazeweis am Guttland an och ganz uewen am Éislek (Klierfer Kanton).

anz

schw

éier e Sch z r a a Schw

Himmelsdéierchen-Invasiounen

Si maache kee Schued a sollen am beschten net verdriwwe ginn. Nom Wanter verschwanne si erëm vum selwen. Himmelsdéiercher si ganz nëtzlech, well si friessen haaptsächlech Blatlais.

Foto: entomart

Himmelsdéiercher iwwerwanteren als erwuessen Insekt ënner der Schuel vu Beem, am Moos, a Bamlächer, mä och a Splécke vu Maueren. Dofir versammele sech dacks ganz vill Himmelsdéiercher am Hierscht an den Haiser.

hen m asiatesc vu giel-orange D’Faarf vu t e g ierche e ll an Himmelsdé Et kann tëschent nu . rz a bis schwa hunn. 22 Punkten fer, r Marienkä asiatische , e asiatiqu coccinelle , bird asian lady axyridis Harmonia

Kuck dir d’Himmelsdéier ganz genee an enger Becherlupp un: Ass den hënneschten Deel vum Flillek liicht agedréckt, dann ass et en asiatescht Himmelsdéier. Déi si viru Joeren an Europa ausgesat ginn, fir Blatlais ze bekämpfen, a sinn elo bei ons ganz heefeg. Foto: Kulac

2 I De Panewippchen 3/2015 I Text: Claude Heidt


PW 3/2015 Thema: Lëtzebuerger Fuerscher a Latäinamerika

Wat ass dran?

Den ‘natur musée’ ass och op facebook!

www.facebook.com/MNHNL

SäIT 2 News aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SäIT 4 Champignonsziichter. D’Blatbäisser-Seejomes huet Honger SäIT 6 Geckeg Vullen Exotesch Vullen aus Südamerika SäIT 9 Kniwwelen Friichten a Some sammelen SäIT 10 De Mais Grashalme mat Popcorn Kachen a Kniwwele mat Mais SäIT 14 De schmocken Harfräsch SäIT 16 Vullenhecken Dës Kéier: d’Heckerous SäIT 19 Kniwwelen Fuerscher ënnerwee SäIT 20 Orchideeën An den Tropen a bei eis. D’Vanille. SäIT 24 Kniwwelen En Tropebësch doheem Dës Kéier: selwer en Avocado an eng Passiounsfruucht planzen SäIT 26 Fair fashion Kleeder aus fairem Handel D’Kottengsplanz D’Rees vun enger Jeansbox Impressum SäIT 24 ‘natur musée’

I3


Champignonsziichter

Déi hu mir gär: Just kleng Blieder transportéieren an dann net vun der Plaz kommen.

Stop! Carte d’identité w.e.g.

Muss du op den Zuch, datt s du esou presséiert bass?

Egal wat. Hunn deng Antennen eng Téitsch, datt s du net méi riche kanns?

Ech sinn hongereg!

En Hamburger an eng Cola w.e.g.!

4 I De Panewippchen 3/2015

Da muss du bei de Noper goen, well hei fänken d’Champignonen eréischt u mat wuessen.

Egal wat. Iess e Stéck Champignon an trentel net ze vill, well mir brauchen nach masseg Blieder fir Champignonen ze zillen.


Transporttunnel

écker gi Bliederst ass kleng geb

Lo

ftt

Bräifabrik

d’Kummer vu n der Kinnigin uelen en h r Planz rstoffe n, Näh ummere K aus wou en messéi o j e e d’S scht m en näi se fann s z’ies

nspigno Cham terei ziich rant tau a Res

Of

fal

lku

un

nel

mm

er

Blatbäisser-Seejomesse si ganz heefeg am tropesche Bësch. Si friesse just een eenzege Champignon, deen op de muuschtege Blieder wiisst.

Foto: Benj

amint444

Soubal net méi genuch

omes -Seej isser eise ä m b a t r a e Bl hneid c ille s u t e pe f Blat mi cou r ant r u o e F utt ica Leafc olomb c a t At

Champignonen op de Blieder sinn, zillen d’Seejomesse Champignonen an neie Kummeren. An déi al ongenotzte Kummere wuesse Wuerzele vu Beem eran, well si do nach genuch Nährstoffer fannen.

Text: Claude heidt I

5


Geckeg Vullen? Foto:Gilles Pretet

Foto: shutterstock

Foto: Quartl

Foto:Travis Isaacs

6 I De Panewippchen 3/2015


Megaschniewel A Südamerika liewe Vulle mat ganz groussen, faarwege Schniewelen: d’Tukanen. D’Tukanen friesse besonnesch gär Friichten, mä awer och Insekten (wéi Termiten) a Spannen. Mat der Spëtzt vum Schniewel huele si hiert Iessen, geheien et an d’Luucht a loossen et an de Schniewel falen. De Schniewel vun den Tukanen ass mat Loft gefëllt an dofir ganz liicht, soss géife si no vir ëmkippen.

rassari alias araçari grigri alias black-necked aracari alias Pteroglossus aracari

Foto: Pyrrhula

Verschidden Tukanen, wéi de Cari, wunnen a Spiechthielen, wou si och hir Eeër leeën. Déi jonk Carie fléien aus der Hiel wa si ongeféier 40 Deeg al sinn.

Foto: BraNewbs

Fetteg Kaméidismécher An Hielen a Venezuela liewe Vullen, déi sech wéi Fliedermais mat Ultraschall orientéieren. Fir an den däischteren Hiele keng bluddeg Nuesen ze kréien an hire Wee ze fannen, jäize si déi ganz Zäit. Well de Mënsch awer verschidden Téin vun dëse Vullen héiert, si si Guacharo (=Kaméidismécher) genannt ginn. Nuets fléie Guacharoen aus hirer Hiel a siche Friichten, déi am Fluch gefriess ginn.

Foto: The Lilac Breasted Roller

ias aro al Guàch alias walm Fettsch nes s caver aro de h c a u G alias ilbird alias o s ripensi rnis ca Steato

Cari alias Schwarzkehla

aus Venezuela fréier déi Jonk aus de Näschter geholl, si dout gemaach a gekacht fir Ueleg ze kréien. Dësen Ueleg hu si geholl fir hiert Iessen ze preparéieren oder Uelegluuchten ze maachen.

Am Dag schlofe si an den Hielen, wou si och hier Näschter aus Kack an eraus gekatzte Friichte bauen.

Foto: shutterstock

Well déi jonk Guacharoe bal 4 Méint am Nascht sëtzen, gi si déck a fett. Dofir hunn d’Leit

Text: Claude Heidt I

7


Foto:Mdf

Minihelikopteren Firwat bleiwe kleng Vulle mat grousse Schniewelen am tropesche Reebësch viru Blummen an der Luucht stoen? Ganz einfach: Dës Kolibrien drénken Nektar (=Zockerwaasser) an dofir musse si op der Plaz fléien. A Kolibrie kënnen esouguer hannerzech fléien. Och wa Kolibrien déi klengste Vulle vun der Welt sinn, leeschte si ganz vill: Hiert Häerz schléit 20x méi séier wéi dat vum Mënsch a si kënne mat 72 km an der Stonn fléien. Dofir verbrauche si ganz vill Energie, déi si vum Nektar kréien. Niewent dem Zockerwaasser friesse Kolibrien och nach kleng Insekten, déi si an der Loft

Faarweg Schnësserten Papageie si bekannt, well si ganz al ginn an heiansdo esouguer schwätze kënnen. Um Menu sti besonnesch Friichten, Somen, Nëss an awer och Insekten. Mat hire Patte stieche si hiert Iessen an de kromme Schniewel, mat deem si ouni Problemer déck Nëss knacke kënnen.

De Mënsch ass de gréisste Feind vum Ara, well hien tropesch Bëscher futti mécht an awer och Papageie fänkt, fir si am Prisong (=Käfeg) anzespären.

Fotos: shutterstock

fänken. Nuets beim Schlofe setze Kolibrien hier Kierpertemperatur erof an hiert Häerz schléit vill méi lues. Kolibrie bauen hir Näschter op de Beem an hier Eeër sinn dacks net méi grouss wéi Ierbessen.

Foto: Belizian

Kolibri alias colibri alias e alias oiseau-mouch hummingbird

Kleng Kolibrien am Nascht Rouden Ara ali as hellroter Ara ali as ara roug e alias scarlett macaw a lias Ara ma cao

Foto: JarOd

Papageie kënnen och ganz gutt klammen a si wunnen dacks a Spiechtlächer. Beim Rouden Ara ginn déi 2-4 Eeër vum Weibchen eleng ausgebréit. De Männche fiddert seng Fra. Déi jonk Aaraen bleiwe ganz laang am Nascht: knapp 4 Méint.

8 I De Panewippchen 3/2015 I Text: Claude Heidt

Foto: Robert01

bla bla bla Foto: Benjamint444


Friichten a Some sammelen

mmelzäit. Hierschtzäit ass Sa en le vill Déiere Friicht Am Hierscht samm e r te an W ial, fir am a kuschelegt Mater ze n se es nuch ze fri waarmt Nascht a ge hunn. usse ck, wat s du doba Géi op d’Sich a ku ! un g Sammlung fënns - a lee dir en

Vullefiederen

Sonneblummekären

.2015

23.7

Buchecker Som vu Beem

Spackelter Käschten

Hieselnëss Déck Nëss

Foto: Rex

Fal dir Këschtecher fir deng Sammlungen dran ze leeën. Text: Sylvie Hagen I

9


Mais

10 I De Panewippchen 3/2015

bei eis Foto: Shutterstock


amen D’Maisplanze st us Mexiko ursprünglech a honns am an et goufe sc uenien Joer 1525 a Sp er éischt Maisfeld hristoph ugebaut. De C d’Planz Columbus hat an Europa t entdeckt a ma bruecht.

terstock

Foto: Shut

1

00 = 500-10

allem als Mais virunais oder Feldmais) tt ë g is e i m Be z (Getreidaeut. Awer och fir eis Fudderplanre n ugeb fir d’Déieen (Zockermais). fir z’iess

= vill nnen Vitam i ralien a Mine

s gesch:Mai Lëtzebuer ais Däitsch:M h:mais Franséisc n maize,cor Englesch: a mays Latäin:Ze

= o: k

oc

rst

te

ut

Sh

Ge méi s um G rill

t Fo

Maisplanze sinn eigentlech riseg Grashalmen a kënne gutt 2 Meter grouss ginn.

r e i e F m u s i a M 2x

eels stend Mais Gréis e d s et beste ärke» an as St gt aus „« e t h vill wic och e tel fir . nsmët rgien hunn Liewe e ll A i é d Leit,

R ez ept 1 20

éissegem No reegelm de Mais Dréinen ass Minutte 0 2 no 15 bis gegrillt.

, deen Zockermais er H g üllblied nach a sen ril ss. De G l gepaakt a aarm sinn. muss gutt w

rofhuelen, D‘Blieder e tter drop, e bësse Bo n iessen. wierzen… a

5

R ez ept 2 op e 5 Minutten auspaken l, ril G e g e glidd an iessen.

Virun allem an Af rik a an a Më tte lam eri ka ass de Mais e

Gro ndn ahr ung sm ëtt el.

Als Cornflakes oder Popcorn hues du Mais bestëmmt scho mol giess. Et ginn awer nach vill aner gutt Manéieren, wéi ee Mais ka preparéieren: gegrillte Maiskolben, Polenta, Tortillachips, Tortillas… Och Maiskeimueleg oder Maismiel benotze mir an der Kichen.

15

. D’Blieder Zockermais ten a 15 Minut erofhuelen chen ka r e ss a a am Salzw

bësse Wierzen, e an an p ro d r tte Bo obeier sp m iu Alumin le awécke n

Text: Michelle Grosbusch I

11


Götterplanz

FAARWEGg

„Mays“

MOL MECH

Well de Mais d‘Indianer a Mëttelamerika sou gutt ernährt huet, hu si de “Mays“, wéi si e genannt hunn, als e Geschenk vun de Götter ugesinn.

Zu éiere vun de „Maisgötter“ goufe vill Fester gefeiert, bei deenen d‘Mënschen hir Haiser mat Maisplanze gerëscht hunn a Maisflade giess hunn. D‘Faarwe vum Mais - wäiss, giel, rout a schwaarzblo - ware bei deenen Zeremonien och ëmmer vertrueden. Mol de Maisgott och an deene Festfaarwen!

Po p c o rn em Bedeck de Bued mat e pp Dë Wa Maiskären a em ng erhëtzt vun de leg ais, Ue nm m or me pc ar (Po wa ären op an et Maisk glaseger, er, ginn, platze se nn dë t ma . Schëtt a entsteet Popcorn haarder Schuel) ëtzbaren op el ck De n 2 Iessläffelen erh lee ee ppen Ueleg an een Dë d‘Dëppen. n. Pa ich hé g oder en

sch ma acht och dohee m, an net ne.. mmen am Kin o

lack Maach d‘Kachp et bis elo t ar un a wa ploppt.

Maiskultur •Mais gëtt bei eis vu Mëtt Abrëll bis Ufank Mee, wann de Buedem waarm genuch ass, ausgeséint.

Foto: Shut

terstock

•Um Feld ginn eenzel Käre mat Maschinnen a Reie geséint. Awer och doheem am Gaart kanns du Zockermais uplanzen . •Maisplanze maachen no alle Säite staark Wuerzelen a wuessen extrem séier. •Scho Mëtt September bis Ufank Oktober gesäis du déi grouss Maishächsler iwwer d‘Felder fueren an de Fuddermais ernten. Dobäi gëtt déi ganz Planz gehäckselt an als Silo verfiddert. •Käremais gëtt nëmmen a Géigende mat mëllem Klima ugebaut an dann och réicht e bësse méi spéit erageholl.

Foto: Shutterstock

Foto: Shut

terstock

To rt il l a s 100 g Maismiel 120 g Weessmiel 150 ml Waass 1 Téiläffel Bakpoer lve ½ Téiläffel Salz r

terstock

Foto: Shut

Vermësch a kniet alles zu engem glaten Deeg a looss en en g hallef Stonn quellen.

traditionn ellt mexikan escht F lade brout

Deel den Deeg an 8-10 Portiounen a rull e ganz dënn aus (1 mm ).

Du kanns se einfach esou oder gefëllt ma t Geméis oder Fleesc h iessen.

léiwer Wéi hues du et g? - séiss oder salze

Foto: S

hutters

ent Wa gutt d‘Halsch platzt ge op n re Kä vun de du s nn ka ass, sdréinen d‘Kachplack au net méi et bis de ar a wa ploppt.

12 I De Panewippchen 3/2015

pcorn De fäerdege Po le kil of n sse bë e cker loossen a mat Zo zen. (oder Salz) wier

Lo kanns du d’Tortilla s mat e bëssen Ueleg an enger Pan kuerz vun 2 Säiten ubroden.

Ze laang gebrode ginn d‘Tortillas bréch eg an et kann ee se ne t méi gutt rullen

tock


Bastel dir eng Maispëppchen e vum Buuscht ’ d l e u H of. Mais er

Klapp déi dréche Blieder no ënnen.

Stréck Bast z d’Blieder esumme mat n

Du kanns deng Maispëppche mat allem wat s du fënns decoréiren...

... mat Plomme Dillendäpp, Pä n oder Neelcheskäpp f erelen, ir d’Aen.

a schten p de u u B ’ d Trëtz r Popp se o pech de Kapp.

Text: Michelle Grosbusch I

13


De schmocken Harfräsch , frosch

horn hmuck

g», née, ue or n fro n a r m o c c r «pa uille g ode greno o r f rned ne ho i t n e g Ar ata ys orn r h p o t Cera

Sc

14 I De Panewippchen 3/2015


De schmocken Harfräsch wunnt am tropesche Reebësch vu Brasilien an Uruguay an an Argentinien. Hee lieft am léifsten u Bëschränner an op Lichtungen. An der Dréchenzäit rout heen ongeféier 2 Méint laang. Duerfir grueft e sech ganz an. Seng baussegt Haut mécht eng Zort Kokon, fir datt heen net verdréchent. No dëser Roupaus, wann et ërem ufänkt mat reenen, da kënnt et zur Paarung: et gëtt fir Nowuess gesuergt. De Männche ka bis 11 cm grouss ginn, d’Weibche bis 15 cm.

iewegt räsch ass d’l sst alles rf a H n e k c o ë De schm spill». Hie fr cman, n a m c a P « m éi de Pa Virbild vu elronn, an, w g u k l a b ss a an tit. olitten Appe hu e t e n e n z De schmocken Harfräsch huet e kräftege Kiefer. Seng Zänn kucken no bannen fir datt hee säin Iesse gutt festhale kann. Hien ass richteg gefréisseg a leet sech op d’Lauer, fir ze joen. Hie fänkt sech alles, wat an der Gréisst passt: grouss Insekten, kleng Schlaangen, Ederessen (Eidechsen), kleng Mamendéieren a Vullen. Heiandsdo feiert e souguer säin eegenen Nowuess eran.

De schmocken Harfräsch grueft sech an de Buedem an oder verstoppt sech ënner Moos a lauert op säin Iessen.

Fotos: shutterstock

Text: Simone Backes, Anna Müller I

15


Vullenhecken Kenns du dĂŠi lackeleg Friichte fir eis FrĂŤnn mat Plommen?

16 I De Panewippchen 3/2015 Fotos: Shutterstock


Déi vu wäit liichtend knallrout a schwaarz Friichten an onsen Hecke lackele vill verschidde Vullen un. ger Fruucht Foto vun enger lackele

sch, Däitsch, Numm op Lëtzebuerge täin La Franséisch, Englesch a

Vullekiischt

Vullekiischtebam Vogelbeere sorbier des oiseleurs mountain ash Sorbus aucuparia

63 Vullenaarte n Ebereschen. vu e friessen d’Bier

elt Stäre fir De Panewippche verde nt ura sta re e l Vu de beschte

Hielenner lenner Schwaarzen Hie Schwarzer Holunder sureau noir black elder Sambucus nigra

62 Vullenaarte friessen d’Biere lenner. vum Schwaarzen Hie

Deen a séissem Fruuchtfleesch verpaakte Som vun de Sträicher gëtt vun de Vigel gefriess an den onverdaute Som, ëmgi mat beschtem Dünger, gëtt op enger anerer Plaz verbreet. D’Vigel kréien ze friessen an d’Hecke kréien hire Som op aner Plazen transportéiert.

Päerdsbier

Mullebutzen

Päerdsbier Brombeere ronce commune blackberry Rubus fruticosus

Wäissdar Weissdorn aubépine épineuse hawthorn a Crataegus oxyacanth 32 Vullenaarte vum friessen d’Mullebutze ar. issd Wä

Spackelter Heckerous Hundsrose églantier dog rose Rosa canina

27 Vullenaarte Spackelter. sse frie

32 Vullenaarte friesse Päerdsbier.

Pafenhittchen

Pafenhittchen Pfaffenhütchen fusain spindle us Euonymus europae arte na lle Vu 24 hittchen. fen Pa sse frie e s dem Routbréschtch De Pafenhittchen as ganz gëfteg

awer säi Lieblingsrestaurant, fir de Mënsch!

Haartrutt

Schléiwen

Haartrutt roter Hartriegel cornouiller sanguin common dogwoods cornus sanguinea 24 Vullenaarte friessen Haartrutt. En ass liicht gëfteg fir eis.

Schléiwen Schlehe prunellier blackthorn prunus spinosa

20 Vullenaarte friesse Schléiwen.

Dräidar

Dräidar Berberitze épine-vinette barberry berberis vulgaris

19 Vullenaarte friessen Dräidar. En ass liicht gëfteg fir eis.

Ech mengen, ech hunn zevill gefriess!! Text: Michelle Grosbusch I

17


v i t k e t e d l e w w i n K De

Spackelter Foto: Shutterstock

i n K

De Panewippchen huet sech eng Heckeplanz eraus gesicht:

Géi op d‘Sich no enger Heckerous, pléck e puer Blieder a lee se ënnert e wäisst Blat Pabeier. Wann s du lo mat enger Wuessfaarf driwwer rubbels, kriss du déi genee Form vum Blat ofgemoolt. Schneit se aus a pech se heihinn.

Spackelter kann een och ganz einfach opfiedelen a Kränzercher oder Häerzer als Deko a Vullefudder un e Bam hänken. Dofir einfach Wéckeldrot durch d‘Spackelter picken. Wann der genuch drop sinn, e Knuet ënnendra man oder zu engem Häerzchen oder Kranz formen, den Drot mat enger Zaang ofpëtzen an zoudiebelen.

Foto: Kotoviski

Pléck dir och e puer Friichten, dréck oder schneid se op. Kuck dir déi kleng horeg Käre bannendran un. Kuck se mat enger Lupp: lo kanns du vläicht och déi kleng Widerhake gesinn. Plogeeschter maache Juckpulver doraus. D‘Käre mussen dofir ganz vum Fruuchtfleesch befreit an da gedréchent ginn (an der Sonn geet dat ganz séier). Déi 18 I De Panewippchen 3/2015 I Text: Michelle Grosbusch

gedréchent Käre kann een an eng kleng Tiitche maachen a wann een ee wëllt foppen, mécht een him e puer vun deene Kären hannen an de Kolli.

D‘Fruuchtfleesch vum Spackelter kënne mir réi jicken an do ass esou vill Vitamin C dran, datt et eis hëlleft, gutt iwwer Schnapp an Erkältungszäiten ewech ze kommen. Aus deene gedréchente Schuele kann och e gudden, vitaminräichen Téi gemaach ginn.

Foto: Shutterstock


Planzefuerscher ënnerwee Profitéier vum schéine Wieder, fir raus an d’Natur op Planzejuegd ze goen. Huel onbedéngt Gaardenhändschen (et gëtt pickeg) an e Rucksak mat.

Gall

Spackelter

lantier, Heckerous, Hundsrose, ég dog-rose, rosa canina

Foto: Evelyn SImak

Probéier Heckerousen (Friichten = Spackelter) ze fannen. Dat dierft kee Problem sinn, well dës Planz wiisst am ganze Land an Hecken, um Bëschrand an esouguer an onsen Uertschaften. Sammel Blieder, Spackelter an eng Gall (Gall-Harespele leeën hir Eeër op d‘Heckerous. D’Heckerous wiert sech a baut e struppegt Haus ronderëm d’Eeër an dat gëtt Gall genannt.) an huel dat Ganzt mat heem.

An elo kanns du dës eidel Säit selwer ganz flott maachen.

ihin. Heckerous he r de n vu t la hnen a Pech d’B däi Blat dréc ns eng du s s u m u dr ste Vir et dofir minde pressen. Lee lefonsbuch. Te Woch an en

Wéi gesinn d’Fr iic Mol d’Spackelter hten aus? eng Foto heihin. oder pech

Spackelter Blat _ _ . _ _ . 2015

vun uewen Schneid eng Spackelter äre mat d’K no ënnen duerch. Pech hiren Hoer heihin. Mat Spackelter kanns du e ganz gutt Gebeess maachen. Mä opgepasst! Du muss all d’Käre mat hiren Hoer raushuelen. Vill Spaass! Text: Claude Heidt I

19


n ë e e d i h c Or fasz

in

deeën ass mat D’Famill vun den Orchi n de gréisste vu g en n te ar A 00 .0 30 ronn l Liewensraum al an l Ba n. pe up gr ze Plan Orchideeën. en ss ue w d er Ä r se on n vu t een awer an Déi gréisste Vilfalt fënn cher. de waarm-fiichte Reebës fa a r w eg t n a

a ro m a t e sc

h

d ei er

sc h é

wäert

voll

g

ht esic

seelen

exotes

ch

in lec k er

v e r f ü h re re sc

h

bed roh t attleya Orchid and Three

Martin Johnson: Heade-C

20 I De Panewippchen 3/2015

Brazilian Hummingbirds


rc

h

er z

el e

n

: sh Foto

rsto utte

ck

E ng G e spe

ns

t

o er

id e e

Foto: shutterstock, Igor Gobvriov

Déi meescht tropesch Orchideeë sinn Opsëtzerplanzen, dat heescht, si benotzen aner Planzen als Ënnerlag, fir sou u méi Luucht ze kommen. Hir laang Loftwuerzele kënne séier Reewaasser an Nährstoffer ire ville Loftw ophuelen. m at h u

fala : Jef Foto

le nha

Foto: Shuttersto

ck

Déi opfälleg Bléie lackelen Déieren un, fir bestäubt ze ginn (dat heescht, d’Déieren droen de Pollen op d’Narb vun enger anerer Bléi vun der selwechter Aart) a Som ze bilden.

Foto: DougieWII

Einfach exotesch schéin!

Jee nodeem ob Beien, Mécken, Päiperleken oder esouguer Kolibrien ugezu solle ginn, muss d’Bléi eng aner Form, Faarf a Geroch hunn.

Lauter Spann en op engem A ascht?

Sou sinn op der ganzer Welt am Laf vu Joermilliounen déi komeschste Bléieformen entstan. Typesch fir déi meeschten Orchideeën ass eng Lëps ënnen an der Mëtt, déi als „Landepist» fir d’Insekten déngt.

Foto: Orchi

Lëps ong erënnert d’ Beim Fraesch ! un eng Schlapp

Dës Dracula-Orchidee erënnert un d’Gesiicht vun engem Af.

Text: Catherine Faber I

21


Zu Lëtzebuerg

Foto: Hans Hillewaert

s Foto:

Sus pan nee Hickman

Och zu Lëtzebuerg ginn et seelen Orchideeë mat ganz spezielle Bléien. Well hier Liewensraim, wéi z.B. dréchen, moer Wisen oder Fiichtgebidder awer ëmmer méi seele ginn, sti si all ënner Naturschutz.

All Bléi vun dëser Orchidee erënnert un e klenge Mënsch, dofir gëtt se bei ons och nach „gehaangene Männchen“ genannt.

h

, ck sto r e utt

Foto: BerndH

Dëse Beieragwurz zitt mat senger hoereger Lëps Insekten un an erënnert un d’Comic-Figur Shrek.

Orchideeëjuegd Viru ronn 150 Joer gouf et an Europa Moud, fir sech mat deene schéinsten Orchideeën ze bretzen. Kinneken a räich Familljen hu geckeg Praïsser fir seelen Orchideeë bezuelt an eng richteg Juegd op dës exotesch Planzen ausgeléist.

Ouni Rücksicht si ganz Bëscher ausgeraumt ginn. Kee Wonner, datt ëmmer méi Orchideeënaarten an der Wildnis vum Ausstierwe bedrot sinn.

Foto: shutterstock

uerger Ee vun de lëtzeb där Planzejeeër aus Zaït schreift aus Südamerika:

22 I De Panewippchen 3/2015

er Baum, “Ein einzig s der den wir läng uen ließen, Straße abha etwa lieferte uns hideen hundert Orc chiedenen von 20 vers Arten“

(Nicolas Funck)

Glécklecher weis ginn haut déi meescht Orchideeë kë nschtlech vermehrt a geziicht. Sou ka jidferee sech un dëse Bléien erfreeën, ouni e schlec ht Gewësse mussen ze hunn.

Foto: shutterstock

Abenteurer a Fuerscher si bis an Amerika gereest, fir nei Aarten ze fannen a se deier ze verkafen.


Vanille -

en tropescht Gewierz Déi bekanntesten Orchidee ass d’Vanille, déi ursprünglech aus Mexiko kënnt. Haut gëtt se op villen tropeschen Inselen, z.B. op La Réunion gezillt.

Indonesien Tahiti

Mexiko Westindesch Inselen

Afrika: Madagaskar, Komoren, La Réunion, Mauritius

Foto: shuttersto

ck

n dréchnen a gäre

n

cke

plé

Aus den onscheinbare Bléie vun der Vanilleplanz entwéckle sech no der Befruchtung Somkapsele mat iwwer 10.000 Somkären. Dës Scheeken (Vanillestaangen) gi gepléckt an duerno gären an dréchne gelooss. Nëmme sou entwéckelt sech deen typeschen Aroma. ubauen

Foto: Bouba

n Azteke f scho vun de u o g le il n a ’V D en a benotzt fir Iess üméieren. parf Gedrénks ze ewierz a Haut ass d’G eeten, wéi ville Séissegk cen a Cola Schokela, Gla h ze denken. net méi ewec arfumer Och vill Fraep le. enthale Vanil

Foto: Bouba

Foto: Sunil Elias

ill

Van

Echt Vanille ass ganz deier, well d’Produktioun bei wäitem net duergeet, fir d’ganz Welt domat ze versuergen. Den Ubau bedeit ganz vill Aarbecht: als Kloterplanz gëtt d’Vanille op Péil gezillt a muss vun Hand bestäubt ginn, well dat Insekt, dat an der Natur des Aufgab iwwerhëlt, net iwwerall virkënnt.

n

nge

aa est

Dofir gëtt vill gefuddelt: amplaz mat richteger Vanille gëtt mat kënstlechem Vanillin geschafft. Dat schmaacht a richt net esou gutt, mee ass vill méi bëlleg. Richtege Vanillezocker erkennt een un de schwaarze Punkten, de Somkäre vun dëser Orchidee.

gëtt d’Vanillestaang an n de id hn sc opge raazt ek sg d’Kären erau

Text: Catherine Faber I

23


E klengen Tropebësch bei mir doheem!

2

n (2 Deeg) Fir +/- 48 Stonne sser op a wodelecht Waa n. lle eng Heizung ste

3

En Avocado

Dës Kéier:

1

Ma us

Vill vun de Friichten, déi mir hautdësdaags iessen, kommen ursprénglech aus dem tropeschen Amerika, z.B. d’ Passiounsfruucht an den Avocado. Well den Transportwee mam Fliger ganz séier ass, ginn dës Friichten zeideg gepléckt an enthale keimfäheg Somkären. Zill dir selwer eng tropesch Zëmmerplanz:

Fo to :

Foto: Marco Finke.

Déi dënn brong Schuel erofzéien.

4

kär aus dem Den décke Som aushuelen. Fruuchtfleesch er

ler E puer Zännstëpp Millier virsiichteg (e pu n. ke meter déif) apic

Foto: Maus

7

n Wann d‘Wuerzele s la G dat ganzt Planz ausfëllen, muss d‘ m de ue a Blummeb ëmgesat ginn.

Mat e bësse Chance wiisst däin Avocadobam elo ganz séier. Gëtt en awer ze gakeg, kanns du den Haaptspross einfach an der Mëtt dëse Stäipe mat De Somkär mat ofschneiden, d‘Planz verdréit dat ouni no uewen op e der spatzer Säit Schued. All puer Woche muss se las esou wäit las setzen an d ‘G G r gedüngt ginn. n, datt de Somkä mat Waasser fëlle s la G D‘ beréiert. d‘Waasser ënne , ch eng däischter au br r mam Somkä . az Pl waarm mindestens 21°C

5

sech fir No 2-6 Woche weise du , erno och d‘éischt Wuerzelen en. Dës uewen eng Plänzch eli Sonn icht fir ze nei Planz brauch elo fir hell gestallt ginn wuessen a muss do D‘Wuerzelen am (keng prall Sonn). er däischter stoen, Waasser sollen aw lie. n d‘Glas mat Alufo dofir emwéckelt ee

6

24 I De Panewippchen 3/2015


An eng Passiounsfru ucht

(Maracuja) Foto :

fir00 0

2

Foto: Wikimedia commons

Wann s de d’Gellisschicht net mam Kichepabeier ewech kriss, da probéier mat de Fanger

6

No 2-3 Woche weise sech déi éischt Planzen. An all Dëppche gëtt just déi kräftegst Planz gelooss, si gëtt gutt genat a bei eng Fënster gestallt.

… a mat waarmem Waasser ofgewäsch.

3

4

Je 4-6 Somkäre ginn an e Blummendëppe mat Buedem geluecht a mat 0,5 cm Buedem bedeckt.

5

Des Dëppercher ginn op eng 20-23°C waarm Plaz gestallt. De Buedem muss ëmmer fiicht gehale ginn.

7

Déi jonk Planze brauche scho fréi e klengt Gerüst oder e Bengel, well als Kloterplanz wëlle si sech upaken.

Mat vill Gedold kanns du deng Planz elo iwwert e puer Joer op der Fënster halen an dech un hire schéine Bléien erfreeën. All puer Woche muss se dofir awer gedüngt ginn.

Foto: Mannes

1

D‘Somkäre ginn aus der Fruucht erausgeholl…

2

Op Kichepabeier gëtt d’Gellischicht ronderëm de Som ewech gerubbelt.

Text: Catherine Faber I

25


Fair Fashion Wat ass Fairtrade? Fairtrade ass eng Organisatioun, déi sech drëms këmmert, datt d’Aarbechter an den Entwecklungslänner ënnert bessere Konditioune schaffe kënnen. E Groussdeel vun de Kottengsproduzente weltwäit liewen an Entwécklungslänner. Duerch d’Konkurrenz um Weltmaart verdénge si net genuch fir sech an hir Familjen ze ernähren. Duerch de Fairen Handel verbessere sech d’Liewens- an Aarbechtsbedingunge vun de Produzenten. Sou kréien d’Fairtrade Bauere méi Sue fir hire Kotteng, fir datt hir Kanner net musse mathëllefen, mee kënnen an d’Schoul goen. Och gëtt op d’Sécherheet vun den Aarbechter opgepasst a verbessert. Dat Land mat der meeschter Kottengsubaufläch ass Indien.

Foto: ©TransFair E.v.

Foto: ©Didier Gentilhomme

26 I De Panewippchen 3/2015


Wéi gëtt een T-Shirt fabrizéiert?

Well et awer esou eng empfindlech Planz ass, mussen dacks vill Gëftstoffer benotzt ginn, déi der Ëmwelt an der Gesondheet vun de Bauere schueden. Donieft gëtt och vill Waasser gebraucht. Fir ee Kottengs-T-shirt brauch een ongeféier 2.720 Liter Waasser!

Nodeems de Kotteng gepléckt gouf, gëtt e gebotzt an an Asien weider transportéiert.

Do gëtt de Kotteng dann zu engem Fuedem gesponnen. An dono zu Stoft gewieft.

Da gëtt de Stoft entweder gebleecht oder gefierft.

Dono gëtt e geschnidden, gebitzt a vläicht bedréckt.

De fäerdegen T-shirt gëtt dann op eng laang Rees geschéckt aus Asien bis bei eis an Europa an d’Butteker.

Beim Akaf kanns du op d’Labelen oppassen. Dës sinn ëmmer op der Etikett an der Kleedung drop. Et kritt een ëmmer méi Kleedung, déi fair gehandelt ass. Kuck op

www.fairtrade.lu Säit e puer Méint gëtt et och den Akabo Fashion Bus. Dëst ass en ëmgebaute Bus, dee sech an e Kleederbuttek op Rieder mat faire Kleeder verwandelt huet. De Bus ass all Dag an der Woch op enger anerer Plaz. Méi Informatioune gëtt et op

www.akabobus.com-----

Foto: CSIRO

Wou kritt ee Fairtrade Kleedung? tt gebotzt De Kotteng gë

De Kotteng gëtt gepléckt

Foto: ©Fairtrade Austria

D’Basis vun engem T-shirt ass meeschtens de Kotteng. Dëse kënnt dacks aus Amerika, Afrika oder aus Asien.

D’Kleeder gi gebitz t

Wat f ir Labele ginn et? Fairtrade certified cotton Fairtrade setzt sech virun allem fir d’Kottengsbaueren an den Entwécklungslänner an. Bis 2016 soll awer déi ganz Produktioun iwwerwaacht a kontrolléiert ginn.

GOTS (Global Organics

Textile Standard), ass een Zeechen, wat sech fir gutt Aarbechtsbedéngungen an der Naturtextilproduktioun asetzt. Text: Valérie Klein I

27


D’Kottengsplanz Kotteng, Baumwolle, coton,

De Kotteng ass e Strauch oder klenge Bam. E gëtt 1,2 m héich. E wiisst an den Tropen an an de Subtropen (kuck d’Kaart Säit 30). Hien huet et gär gutt waarm (30° - 38° Grad) a brauch vill Luucht a fiichte Buedem.

cotton, Gossypium.

Famill vun de Malvenplanzen

Wann d’Bléie wieleg sinn, wiisst aus all Bléi eng Kapsel, dat ass d’Kottengsfruucht.

Z éi S

De Kotteng kritt schéi giel Bléien.

éi pd o r he c é tr

Wa si no 25 Deeg zeideg ass, spréngt se op an da quëllt eng flauscheg wäiss “Watt” eraus. D’”Watt”, dat sinn d’Somkäre vum Kotteng, déi ganz vill Hoer hunn.

o: Fot

g Plaz op d richte er P lan z

us gn Ma

Ma

ke ns

Fo to: C

eld E Kottengsf

hriKo

Déi wäiss “Watt” gëtt gepléckt, meeschtens mat grousse Maschinnen (heiandsdo och nach mat der Hand) an da weider verschafft (kuck Säit 27 an 31)

M. tor Foto: Vic

Hei gëtt Kotteng mat der Hand gepléckt

Foto: shuttersto

ck

lv a Se

s

:

Fot o:

Foto: Claude Renault

te en Vic

h en Micha el Bass-Desc

es

1 d’Bléi ass op 2 d’Bléi verwielegt Foto: Ma gnus Manske

3 d’Kapsel wiisst 4 d’Kapsel ass zeideg

Hei gëtt Kotteng mat Maschinne gepléckt

5 d’Kapsel spréngt op 6 d’Fruucht quëllt eraus

28 I De Panewippchen 3/2015 I Text: Sylvie Hagen


d’Gefill een Jidderee brauch m Grupp ze ze sinn, zu enge ree brauch gehéieren, jidde uerch eis eng Identitéit. D s Identitéit Kleeder gi mer ei ider machen z’erkennen: „Kle ller)! Leute“(Gottfried Ke maachen he Awer d’Mënsc dat dacks och Kleeder, an eche ënner onmënschl Bedingungen.

Wéi kleeds du dech am léifsten? _______________________________________ _______________________________________ Wou a wéini keefs du deng Kleeder an op wat pass du op beim Akafen? _______________________________________ _______________________________________ _______________________________________ Mir kafen an der Moyenne all Joer 12 kg Kleeder. Woraus sinn déi Kleeder gemaach, déi s du haut un hues? _______________________________________ _______________________________________ Ënnersich mol d’Kleederetikett vun dengem T-Shirt. Wat steet hei alles drop? __________________ __________________ __________________ Wat bedeiten déi Zeeche vun der Botz? __________________ __________________ __________________

edem gëtt 4 % vum fruchtbare Bu ugeplanzt. weltwäit mat Kotteng

De Kottengsubau verbraucht 11 % vun allen Insektiziden an Herbiziden.

90 % vun eise Kleeder ginn importéiert, déi meescht aus China an anere Bëlleglounlänner wéi Bangladesch. Vill Kleeder ginn a grousse Fakrike produzéiert mat vill Stëbs a Kaméidi. D’Aarbechter(innen) kënnen zu all Moment entlooss ginn fir datt d’Firma anzwousch anescht nach méi bëlleg ka produzéieren. Si hunn en onreegelméissegt Akommen, laang Aarbechtszäiten (dacks méi wéi 8 Stonne pro Dag), si kaum informéiert iwwer hir Rechter an net organiséiert a Gewerkschaften.

Virun allem Frae bitzen Jeansboxen, bei deene ganz bëllege Kleeder ass d’Gefor grouss, datt och Kanner mat dru geschafft hunn. Amplaz datt op der Etikett steet „Made in China, Bangladesch oder Indonesien», kéint och drop stoen: «Made in poverty». (poverty=Aarmut)

Wann an de Produktiounslänner d’Aarbechter(innen) géifen duebel sou vill verdéngen, géif hei bei eis eng Jeans vun 100 Euro 101 Euro kaschten (1% méi).

Fair gehandelt Kleeder goufen ënner mënschewierdege Konditioune fabrizéiert, wou den Aarbechter genuch verdéngt, fir vu senger Pei ze liewen.

Fir deng Elteren: www.saubere-kleidung.de / www.suedwind-institut.de / www.fairplay-fairlife.de Text: Françoise Theisen I

29


1

Kottengsubau

an Asien, Afrika an Amerika a fiichtem a waarmem Klima u. D’Haaptubaulänner si China, Amerika, Indien, Pakistan, Usbekistan, d’Türkei a Brasilien. Sich der e Land eraus fir d’Rees vun denger Jeans unzefänken.

2

Entkärung

3

Spannen

4

Wiewen

5

Fierwen

D’Rees vun en op déi aus a lee se en p p ta E el z n Schneid déi ee aart. op der Weltk en z . la P g te h c ri t den Etappen en h c s të em ed nsbox Zéi e Wollfu t Rees eis Jea äi w g en éi w kënnt. Du gesäis, an de Buttek ei h e s is b mécht,

1

Nom Plécke gëtt d’Faser vun de Käre getrennt a gewäsch a gekämmt.

Lëtzebuerg

Aus de Kottengsfasere gëtt e laange Fuedem gesponn, den Zwir.

Nordamerika

Aus dem Zwir gëtt op risege Wiefstill, bei vill Kaméidi a Stëbs, Stoft gewieft. Eisen Zwir gëtt an Indonesien weiderverschafft. D’Stoftballe ginn a sténkege Bidde mat bloer Faarf gefierft.

Eis Stoftballe ginn am Kenia gefierft.

6

El Salvador

Brasilien

Schneiderei

A risegen Hale ginn d’Stëfter op e Patron (Modell) zougeschnidden.

Südamerika

D’Stécker vun eiser Jeans ginn an Indien zougeschnidden.

7

Afrika

Bitzen

An Hale mat vill Kaméidi, an deenen Honnerte Bitzmaschinne ratteren, gëtt d’Jeansbox zesummegebitzt.

Eis Jeans gëtt am El Salvador zesummegebitzt.

8 9

Déi wäiss Flächen op der Kaar ugebaut gëtt. Déi Géigende g

Finish

D’Tirett an de Knapp (deen aus Italien kënnt) ginn ugebitzt an d’Etikett gëtt dropgebitzt. Dono gëtt d’Jeans gewäsch, gestreckt a verpaakt.

D’Feinaarbecht vun eiser Jeans gëtt an der Türkei gemaach.

10

Verkaf

D’Jeans gëtt am Buttek verkaaft.

Eis Jeans gëtt hei zu Lëtzebuerg verkaaft. 30 I De Panewippchen 3/2015

8

6 5

7


nger Jeansbox 3

‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

4

Foto: CSIRO

2

De Panewippchen

Impressum Redaktiounscomité:

S. Backes, J. de la Gardelle, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Kirsch, M. Reichard, F. Theisen, L. Schley, M. Ursone, F. Wolff

Texter:

S. Backes, C. Faber, S. Goerens,

Usbekistan

Türkei

M. Grosbusch, S. Hagen, C. Heidt, V. Klein, A. Müller, F. Theisen, M. Ursone,

Asien

Grafik an Illustratioun:

China

P. Diederich, S. Goerens, MP. Goetzinger, M. Grosbusch, S. Hagen, M. Kayser, A. Müller.

Fotoen:

Pakistan

‘natur musée’

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun

Indien

Ministère de la Culture -

Kenia

Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Education nationale, de

Indonesien

l’Enfance et de la Jeunesse Service national de la Jeunesse Ministère du Développement durable et des Infrastructures -

Australien

Administration de la nature et des forêts Administration de l’Environnement Administration de la gestion de l’eau Ministère de la Santé

Abonnementer & Info

rt sinn déi Plazen, wou Kotteng gi «Baumwollgürtel» genannt.

panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

9

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „de Panewippchen“

10

4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en

Eng Jeans flitt an hirer Produktiounszäit méi wéi 50.000 km hin an hir, d.h. méi wéi 1 mol ronderëm d’Welt, ier se am Buttek ukënnt.

Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar. Text: Françoise Theisen I

31


Von

Orchideen, s i r b i l o K & o K aka

scher und r o f r u t a N r e g r Luxembu erik a m a in e t a L in r Pfla nzenjä ge

4.12.2015 -

natur musée Musée national d’histoire naturelle

25, rue Münster 32 I De Panewippchen 3/2015

Luxembourg

Imprimerie Faber

16.7.2016 6.7.2016


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.