Panewippchen 3/2022 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk www.panda-club.luLeit35 J oer N° 140 3/2022

De Panewippchen

Opléisung Rätsele Säit 12: Ons Superaen am Weltall Ufank Juli 2022 war et endlech esouwäit. Den 13Stären(JWST)James-Webb-WeltraumteleskophuetgestacheschaarfBillervuaGalaxien,déivirunMilliardeJorenentstanesinn,op d’Äerd geschéckt. E Meilesteen fir d’Weltraumfuerschung an e grousse Succès fir eng technesch kriddeleg DeMissioun.25.Dezember 2021 hunn d’USA (NASA), Kanada (CSA) an Europa (ESA) den James-Webb-Weltraumteleskop op d’Rees geschéckt. E gudde Mount méi spéit an 1,5 Millioune Kilometer wäit ewech op der sonnenofgewannter Säit vun der Äerd huet hie seng Aarbechtsplaz erreecht. Esou schiermt d’Äerd d’Sonnestralen of, déi déi temperaturempfindlech Sensore vum Teleskop stéiere kéinten. Bal 2 Méint huet den Teleskop gebraucht fir de risege Spigel, deen aus 18 Sechsecker zesummegesat ass, an och nach säi Sonneschëld auszeklappen. Duerno hunn d‘Wëssenschaftler nach 3 Méint gebraucht, fir den Teleskop optimal anzestellen, fir datt mir elo e messerschaarfe Bléck op den Universum hunn. Dem JWST seng Missioune sinn: - sichen no Liicht vun den éischte Stären a Galaxien, déi nom Urknall entstane sinn - beobachten, wéi Stären entstinn - erausfannen, wéi Galaxie sech -entwéckelenerfuerschen, ob Liewen an anere Planéitesystemer méiglech ass. 2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022 News HAGENMIKETEXT:

S Ä IT 1 DE PANEWIPPCHEN 3/2022 Theema: Den IMPACT vum Mënsch op d’Biodiversitéit S Ä IT 2 NEWS S Ä IT 4 ALL AM NETZ S Ä IT 8 FIR D’ÉISCHTLIESER Den Hieselter S Ä IT 10 FRIESSEN A GEFRIESS GINN S Ä IT 14 HIERSCHTRÄTSEL S Ä IT 15 FIR NachMATZESANGENnetzespéit S Ä IT 16 AUSGESTUERWEN… AN HAUT? S Ä IT 22 MINETT INK S Ä IT 24 NACH NET ZE SPÉIT? S Ä IT 26 SelwerKNIWWELKéis maachen S Ä IT 28 REDAKTER FIR EN HALLWEN DAG Theema Ëmweltschutz S Ä IT 35 35 JOER «DE PANEWIPPCHEN» S Ä IT 36 DE SPUERVULL S Ä IT 38 SERIE PLANÉITEN D’Äerd S Ä IT 42 ImpressumRecycléiertKNIWWELENChampignonen S Ä IT 44 ‘natur musée’ de 26.11.2022 fir jiddwereen, de 25.11.2022 ausschliisslech fir d’Lycéeën Wat ass dran? PW 3/2022

4 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 An der Natur ass awer alles méi komplizéiert. D’Kaweechelche frësst net nëmme frëscht Gréngs, mee och Raupen, Eechelen, Vulleneeër… An hatt selwer gëtt och alt mol vum Fuuss gefriess! Et kommen also e puer Feiler dobäi! Mir hunn elo e Friessnetz A wann d’Vulleneeër net all vum Kaweechelche gefriess ginn, da frupst déi erwuesse Mees sech sat u Raupen. A si selwer gëtt vum Fuuss oder vum Gräifvull verbotzt! An d’Raupe onbedéngtbrauchen gréng Blieder fir sat zeMirginn.kënne soen: D’ frësst D’ gëtt vum gefriess Lo hu mer eng Friessketten. All am Netz

TEXT: CARMEN GREISEN I 5 Do, d’Maus wëllt och matspillen! All Kéiers, wa mer en Déier oder eng Planz dobäi "neientstinnhuelen,ocherëmBezéiungen, friessen oder gefriess ginn". Fënns de eng Plaz an eisem Netz fir de Marder an de Reewuerm? A wéi eng Richtung weisen déi Feiler déi nach bäikommen? Wat der méi matmaachen, wat mer méi Bezéiunge kréien. Eist Netz ass stabill!

senge Planzen an Déieren. Fält ee vun de Spiller ewech, gëtt e Lach an d’Netz gerappt! Dat Ganzt kënnt an d’Wackelen. Wa genuch Anerer do sinn, kënne si d’Enner vun de Seeler, déi lass gaange sinn, rëm opfänken. Dofir

ass et wichteg, datt mir eng grouss BIODIVERSITÉIT hunn. Biodiv rsi , teit déi Joerhonnertendéck, al Eech gefällt gëtt (well jo all Summer dee buuschtege Raup drop prozessionéiert) …? … („Onkraut“)PlanzenverschiddematGëftgesprëtztginn(wellsedowuessen,wouseneterwënschtsinn)...,… de Fuuss gejot gëtt (well en e Konkurrent fir eis Jeeër ass a Krankheete kann iwwerdroen) …, Iwwerlee mol, watwanngeschitt… Fale mer duerch d’Netz? 6 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022

A wei een IMPAKT hunn ech, als Mensch? De Mënsch spillt och mat, mee leider dacks iwwer d’Mooss! Hie gräift op ville Plazen an dëst Netz an, a bréngt esou séier eppes aus dem Gläichgewiicht. , :

Esou e Friessnetz ass e vereinfachte Modell vun enger vill méi nëmmend’KaweechelchenWellWierklechkeet.komplexernatierlechbrauchnet eppes ze friesse fir ze iwwerliewen, mee et brauch Gehecks fir sech ze verstoppen, e Partner fir sech fortzeplanzen, e Bam fir

säi Kobel dran ze bauen, an deem seng Kleng geschützt Ansinn…de grousse Bam brauch gudde Buedem fir ze wuessen, propper Loft, genuch Waasser, Sonneliicht… Mir schwätze vun engem Ökosystem, dat heescht engem Liewensraum mat all

Wa mir gäre wëlle gesinn, wéivill an der Natur vun allem gebraucht gëtt, dann ass et besser eng Friesspyramid ze molen.

Dofir: méi dacks Gréngs mat gudde Vitaminnen a Boune mat gudde Proteinnen iessen, dann ass genuch do jiddereen!fir Wei een IMPAKT hunn ech, als Mensch?

Wa mir Mënschen ëmmer als Top-Raiber ganz uewen op der Pyramid danzen - dat heescht vill Fleesch iessen -, da kënnt de System un d’Wackelen. , :

TEXT: CARMEN GREISEN I 7

Eng Basis!ferm

Fir en Top-Raiber wéi de Fuuss oder de Wollef un der Spëtzt sat ze kréien, brauche mer ganz vill Déieren a Planzen ënnen an der Pyramid.

an Europa a

bësse muusseg

driwwer fiers,

huet meeschtens e puer Stämm. E gëtt 5 bis 6 m héich. D’Blieder sinn ongeféier 10 cm laang. Si si ronnelzech mat enger Spëtzt an hunn e gezackte Rand. Den

8 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 DenHaselnussstrauch,Hieselternoisetier,commonhazel,Corylusavellana

se sech

mat

s

Den Hieselterstrauch Hieselter wiisst Klengasien. Wann de der Hand fille e un.

männlech Bléiweiblech Bléi Den Hieselter ass e Fréibléier. Dëst Joer huet e schonn am Januar geblitt! Am Spéitsummer sinn d’Hieselnëss zeideg. Mmm! D’Kaweechelcher sammelen a verstoppen Hieselnëss fir de Wanter. … leet seng Eeër a jonk Nëss. D’Muede friessen d’Nëss a bueren e Lach an d’Schuel fir erauszekommen. Den Hieselnossbuerer … bëssefiers, TEXT: GUY KERSCH I 9

10 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022

TEXT: MURIEL NOSSEM I 11

12 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022

TEXT: MURIEL NOSSEM I 13

Verbann all Fruucht mat hirem richtege Blat! Hierschtsudoku: Dës 6 Hierschtbiller sollen allkéiers an all Linn an an all Rei virkommen.eemol D’Léisung fënns du op der Säit 2.14 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 ?

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op TEXTmimamu.lu/pwAMUSEK:BOB MINETTE, MIMAMU I 15

Ausgestuerwen

EuropaAfrika

16 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 I TEXT: SYLVIE HAGEN

Den DODO 1 Meter grouss, 20 Kilo schwéier MadagaskarMauritius

Cette exposition a été conçue et produite par le MUSÉUM d’histoire naturelle de Toulouse

IMPACTLabiodiversitéenquestions

Vill Déieren a Planzen op eiser Äerd sinn, dacks duerch den Afloss vun de Mënschen, ausgestuerwen. An der Ausstellung IMPACT am ‘natur musée’ gëss du méi doriwwer gewuer. Den Dodo huet Millioune Joer laang op der Insel Mauritius gelieft, bis de Mënsch mat senge Geessen, Schwäin, Afen a Raten op d’Insel koum. Den Dodo war e schwéiere Vull, deen net fléien an net séier lafe konnt. D’Mënsche konnten hien dofir ganz einfach joe fir säi Fleesch z’iessen. Déi Déieren, déi de Mënsch op d’Insel matbruecht hat, hunn dem Dodo seng Eeër a seng Kleng gefriess. A mol keng 70 Joer nodeems den Dodo dem Mënsch begéint war, ëm 1680, war en ausgestuerwen. Du Mansur,UstadDodovunZeechnungleschtengemvum1625 d’Alice an den Dodo Raphus cucullatus

Den Dodo war perfekt u seng Insel ugepasst. Hien hat keng Feinden an huet mat dofir gesuergt, datt den Dodobam (Calvariabam), dee just hei wiisst, sech verbreede konnt. Den Dodo huet d’Friichte gefriess an d’Kären nees erausgekackt, aus hinne sinn nei Beem gewuess. Den Dodo huet säin Nascht aus Palmeblieder um Buedem gebaut.

Stieglitz/Distelfink, European Goldfinch, Chardonneret élégant, Wat kënne mir man, fir datt den Dëschtelpéckchen an aner Vullen iwwerliewen? De Panewippchen stellt dir 3 Déiere vir, déi ausgestuerwe sinn. Donieft 3 Déieren, deene mir Mënschen hëllefe kënnen ze iwwerliewen, wa mer eist Verhalen änneren. Ass dëse faarwege Villche grad aus engem Käfeg fortgeflunn? Neen, hie lieft wierklech fräi a wëll an eiser Natur. Et gesäit een hie just net sou dacks, well e sech - a säin Nascht - meeschtens gutt verstoppt. Am léifste frësst hien de Som vun den Dëschtelen, der Kardel (wilde Karde, Dipsacus fullonum), de SkabioseFlackeblummen oder vun allméiglech anere wëlle Planzen. De Probleem ass, datt seng Liblingsplanzen no an no verschwannen an datt nach ëmmer vill ze vill Gëft agesat gëtt. Wa jidderee vun eis einheimesch wëll Planze séint, se wuessen a stoe léisst, bis datt se Som kréien, dann ass villen Déieren- a Planzenaarte scho ganz vill Wëllgehollef!Plazen am Eck vum Gaart, virun der Dier, laanscht d’Strooss, … sinn immens wichteg a verwinnen eis all mat vill wëllem Liewen, Gesang a Schéinheet. Probéier deng Famill, Noperen a Kolleegen, vläicht souguer de Portier vun der Schoul oder deng Gemeng ze iwwerzeegen e bësse manner am Gréngs ronderëm d‘Haiser ‚opzeraumen‘. Den Dëschtelpéckchen a seng Kolleege soen der MERCI!

CentaureaSkabiosen-Flockenblume,Skabiose-Flackeblumm,scabiosamatSchachbriet,Schachbrett, Melanargia galathea TEXT: MARIANNE HOFFMANN I 17 … an haut?DenDËSCHTELP É CKCHEN hei lieft Dëschtelpéckchenden

Skelett vun engem Hielebier aus der Grott Ekainberri an Nordspuenien

Höhlenbär, ours des cavernes, cave bear, Ursus spelaeus bis 3 Meter laang an ongeféier 1,60 Meter héich, bis 1200 Kilo schwéier HielebierDen huet am léifste Planze gefriess. Hien huet net an Hiele gelieft, mee seng Wanterrou dodra gehal. Wat haut iwwer den Hielebier bekannt ass, konnten d’Wëssenschaftler erausfannen, andeems se déi vill Schanke vun Hielebieren, déi an Hiele fonnt goufen, ënner d’Lupp geholl hunn.

Südfrankräich,ausgestuerwen.A

HielebierDen huet scho viru ronn 400.000 Joer an Europa gelieft. D’Mënschen hunn hie gejot wéinst sengem Fleesch a sengem Pelz. Viru 25.000 Joer, an der leschter Äiszäit, ass d’Klima méi kal ginn, den Hielebier huet net méi genuch Planze fir ze friesse fonnt an ass zum Beispill an der Grott Chauvet, kanns du den Hielebier an de Molereie vun de SteenzäitMënsche gesinn. prähistoresch Zeechnung vun engem Hielebier an der Grott Chauvet

18 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 Den HIELEBIER

Pelzdéierschéint,Dëstfaarwegtlieftanengem Bau, meeschtens ënner Felder a Wisen. Do kann et sech gutt verstoppen a fënnt alles, wat et gär frësst: Wuerzelen, Kraider, Kären, Uebst, Reewierm a Kiewerleken. De Feldhamster gëtt just bis 2 Joer al. Hien ass nuets ënnerwee. E jonke demluusstFeldhamsterausBau. hei lieft de Feldhamster haut bis 34 cm laang, tëschent 200 a 650 Gramm schwéier

Wéinst sengem Pelz an och well d’Mënsche gemengt hunn, hie géif d’Felder eidel friessen, ass de Feldhamster massiv dout gemaach ginn. Well vill Stroossen an Industriegebidder gebaut ginn, gëtt säi Liewensraum vun Dag zu Dag méi kleng. Op de Felder gëtt haut méi fréi, och am Wanter, mat méi grousse Maschinnen, a mat Pestiziden a Monokulture geschafft. Esou fënnt hien net méi dat richtegt Friessen a kann net méi säi Rhythmus liewen. Dofir geet d’Zuel vun de Feldhamstere zënter den 1980er Joren zréck. Am Juli 2020 gouf hien als «vum Ausstierwe bedrot» agestuuft. D’Fuerscher soen, datt de Feldhamster ouni Hëllef bis 2050 kéint ausgestuerwe sinn. An Europa ass hie streng geschützt. Säit e puer Joer lafe Programmer fir en ze ziichten an nees an der Natur auszesetzen. ( kuck PW 3/2012 Säit16) Wat kënne mir man, fir datt de Feldhamster a seng Kolleegen iwwerliewen?

Zu Lëtzebuerg ass nach kee Feldhamster gesi ginn, et fënnt ee si an eisen Nopeschlänner a virun allem am KuerzemViruOsten.huet den europäesche Geriichtshaff en Urteel fir de Feldhamster a géint d’Baulobby entscheet. Et goung hei ëm Bauaarbechten, déi op engem Terrain sollte gemaach ginn, wou Feldhamstere liewen. Vun elo un dierfe Plazen, wou de Feldhamster seng Kleng kritt, net méi zerstéiert ginn!

TEXT: SYLVIE HAGEN I 19 De FELDHAMSTER

Feldhamster, hamster d’Europe, european hamster, Cricetus cricetus Gëff dem Feldhamster eng Stëmm! Schwätz iwwer seng Situatioun, fir datt d’Landwirtschaft méi natur- an ëmweltfrëndlech gëtt. Dat géif him a villen aneren Déieren- a Planzenaarten Anhëllefen.Däitschland kann ee fräiwëlleg hëllefen, nom Bau vu Feldhamsteren ze sichen. Do wou der fonnt ginn, gi Moossnamen ergraff, fir de Feldhamster ze schützen.

PyrénäesteebockDe war an der Zäit an de Bierger vun de Pyrenäen a Frankräich, Andorra a Spuenien wäit verbreet. Joerzéngtelaang gouf hie gejot an am Joer 2000 war hien ausgestuerwen, obwuel e streng geschützt war. Franséisch a spuenesch Fuerscher hu probéiert, en ze klonen, dat ass awer bis elo nach net gelong. GeesseHienkonntPyrenäesteebockDeganzguttklammen.huetzurFamillvundegehéiertanhuetGrieser,KraideraBliedergefriess.SengHarekonntebis75cmlaangginn. Pyrenäensteinbock, bouquetin des pyrénées, Pyrenean ibex, Capra pyrenaica pyrenaica 20 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 De PYREN ÄE STEEBOCK bis 1,40 Meter laang a bis 75 cm héich, 40 - 80 Kilo schwéier Dësen ZeechnungNaturelleamPyrenäesteebockopgestopptesteetMuséed’HistoirezuToulouse.vum Joseph Wolf, 1898

Wat kënne mir man, fir datt de Steebock a seng Kolleegen iwwerliewen? SteebockDelieft héich uewen an de Bierger. Hien huet d’Keelt gär. Hie frësst Grieser a Kraider a ka bis 20 Joer al ginn. Am Summer liewen d’Geesse mat hire Jonken an Häerden, d’Béck liewen eleng. Wa Männercher sech ëm Weibercher streiden, kämpfe si mateneen.

Zielt esou vill wéi méiglech Leit d’Geschicht vum Steebock, deen nëmmen iwwerlieft huet, well engagéiert a motivéiert Mënsche sech fir hien agesat hunn. Wa vill Leit informéiert sinn iwwer d’Geforen, deenen d’Déieren ausgesat sinn, muss et aneren Déieren net sou goe wéi dem Steebock. Well d’Mënsche fréier mat allen Deeler vum Steebock eppes ufänke konnten, gouf hie souvill gejot, datt et Ufank vum 19. Joerhonnert just nach Steebéck am Juegdgebitt vum italienesche Kinnek gi sinn, dee verbueden huet, datt se anzwousch aneschters ugesidelt géife ginn. Ufank vum 20. Joerhonnert hunn zwee Wëlderer der illegal an d’Schwäiz geschmuggelt. Hei sinn du Steebéck geziicht an ausgesat ginn. Haut gëtt et der erëm tëschent 30.000 a 40.000 queesch duerch d’Alpen. bis 1,50 Meter laang a bis 90 cm héich, 40 - 100 Kilo schwéier, Hare bis 1m laang Wéi al e Steebock ass, kann een un de Rille vu sengen Hare gesinn. Si weise wéivill Wanteren (wou d’Haren net gewuess sinn) d’Déier iwwerlieft huet. Geess mat hirem Jonken 2 mateneenkämpfeBéck Bock hei lieft de Steebock haut

TEXT: SYLVIE HAGEN I 21 De STEEBOCK

Alpensteinbock, bouquetin des Alpes, alpine ibex, Capra ibex

Zesumme mat der Grafikerin Isabelle an dem Minell (kuck QR Code) si Kanner a Jugendlecher aus dem Panda a Science Club ganz kreativ ginn an hunn hier eege Campagne entworf, fir op d’Wichtegkeet vun der Biodiversitéit opmierksam ze maachen. Fir unzefänken hu mir versicht ze verstoen, wat dat komplizéiert Wuert „Biodiversitéit“ iwwerhaapt ass (Kuck den Artikel „All am Netz“ Säit 4). Dono hu mir d’Virgäertercher vun den Haiser an d’Natur ronderëm d’Stroossen an d’Foussgängerweeër méi genee ënner d’Lupp geholl. Dobäi hate mir sou munch Verbesserungsvirschléi, déi hu mir an eise Pousteren zum Ausdrock bruecht. Mir wënschen dir vill Spaass beim Kucke vun eise Pousteren . Hoffentlech inspiréieren déi dech an du setz dech fir méi Biodiversitéit an dengem Ëmfeld an.

Tim(10Joer)anAxel(9Joer)Pascal(9Joer)aMathilde(9Joer) Joer)(9MichèleaJoer)(8Zora INK

22 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 INEM T N & B IO VI EMINETT INK & BIODIVERSIT DE WORKSHOP MINETT

Loosst d’Déiere liewen, mir wäerte soss och stierwen! Esou nennt een d’Method, mat där mir eis flott Poustere gedréckt hunn. Et ass eng japanesch Drockprozedur, bei där d’Tënt aus Soja hiergestallt ass. Dës Tënt ass besonnesch ëmweltschounend. Mat dëser besonnescher Drocktechnik konnte mir ëmmer nëmmen eng Faarf drécken, dono hu mir dann eng zweet Schicht an enger anerer Faarf drop gedréckt. Um Poster an Panewippchendësemfënns du nach 2 vun dëse Konschtwierker.coole Dëse Projet gëtt finanzéiert vum FNR. Joer)(12FlorianaJoer)(12Zibo Dana(11Joer)aShari(11Joer) Joer)(12MartinaJoer)(11Benoît TEXT: ANNE-MARIE BIS I 23 E R I T I T BIODIVERSITÉIT RISOGRAFIE

Vill Déieren a Planzen hunn hiren natierleche Liewensraum duerch de Mënsch verluer. Ouni Liewensraum kënnen dës Aarten net iwwerliewen. Eng Rei Leit gi sech awer vill Méi an hëllefen dëse vum Ausstierwe bedroten Déieren, fir datt et der an Zukunft erëm méi gëtt. Ech sinn e Bierggorilla (Gorilla beringei beringei) an de gréisste Mënschenaf. Ech wunnen an de Reebëscher vun Ostafrika, an de Bierger. Mir ware bal ausgestuerwen, elo si mir erëm zu ongeféier 1.000** Individuen. Mir sinn awer nach ëmmer staark a Gefor, dofir ass et wichteg, datt dir och weiderhin extra gutt op eis oppasst. Ech wunnen am Mier a sinn e westpazifesche Growal (Eschrichtius robustus). Ech hu keng Zänn, mee filtere mäin Iessen aus dem DuerchMierwaasser.deWalfang an d’Ueleg- a Gasbuerunge sinn ech ganz staark bedrot, am Moment si mir zu 100150 Déieren**. Dir gesitt am Verglach zu iech Mënschen (ongeféier 8 Milliarden) si mir zu guer net vill, dofir ass et wichteg, datt dir iech och an Zukunft fir eist Iwwerliewen asetzt. ** Donnéeë vun 2018, WWF ZZZ ! ZZZ !ZZZ ! ZZZ !24 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 Ass et nach net ze spéit? ZZZ ! ZZZ !ZZZ ! ZZZ ! bis 1,75 m aWuerzelenKnospen,Blieder,Friichten bis 200 kg 18 - 20 Joer bis 15 m MëlldéierenAasselen,Kriibsen, 20Tonnen30 50 - 60 Joer

Elo gehéieren ech leider zu de bedroten Aarten an et ass schwéier fir mech nach eng Plaz fir ze liewen ze fannen. Ech sinn en Zuchvugel. Meng gutt Frëndin, dat a Fräiheet gebuer ass, krut a sengem éischte Liewensjoer de Wee fir an de Süde vu sengen Eltere gewisen. Ech sinn awer an engem Zoo gebuer. Wéi ech fräi gelooss gouf, wousst ech guer net, wouhi fléie fir de Wanter ze verbréngen. Dofir ass e Mënsch mat engem liichte Fliger (ULM) viru mir a Richtung Süde geflunn, fir mir de Wee ze weisen.

Viru ganz laanger Zäit hunn ech relativ no bei iech a groussen Deeler vun Europa, gewunnt.

40 km/h beweegen ech mech duerch d‘Mier. Dat ass bal esou séier, wéi dir mam Auto duerch d’Duerf fuert. Du fënns mech an alle Mierer vun der Welt, ëmmer wäit ewech vun de Küsten; am Summer sichen ech am kale Waasser vun de Polarregiounen no mengem Friessen. Aktuell liewe mir zu ongeféier 100.000** Finnwalen, dat sinn der duebel esou vill wéi nach viru 50 Joer. TEXT: ANNE-MARIE BIS I 25 ZZZ ! ZZZ !ZZZ ! ZZZ ! bis 26 m Fësch(Krill),déierenKriibs-77 Tonnen 50 - 60 Joer ZZZ ! ZZZ !ZZZ ! ZZZ ! 60 bis 70 cm klengAmphibien,Spannen,Insekten,Fësch1,5ongeféierkg 15 - 20 Joer

Wéi s du gesäis, ass et nach net ze spéit an och du kanns däin Deel dozou bäidroen, fir de Liewensraum vun eisen einheimeschen Déieren a Planzen ze schützen. Komm dir dofir déi nei Ausstellung „Impact - La biodiversité et les hommes“ ukucken. Hei gesitt dir eng flott Foto vu mir, ech sinn de Glatzenibis, Waldrapp (Geronticus eremita).

Ech sinn dat zweetgréissten Déier vun der Welt, weess du wien ech sinn? Ech sinn e Finnwal (Balaenoptera physalus) a ka super séier schwammen. Mat bis zu

2 Liter Mëllech, 2 Zitrounen, e grousst Dëppen, e Schnéibiesem, e Sift an e Wéckelduch oder en dënnt Kichenduch. An een Erwuessenen, deen heiansdo op d’Kachplack kuckt . Kach d’Mëllech am Dëppen a réier mam Schnéibiesem dran, fir datt si net ubrennt. Bleif am beschten déi ganzen Zäit beim Dëppen, well d’Mëllech kacht gäre séier iwwer. Wann d’Mëllech opkacht (dat heescht wann s du grouss Blose gesäis), schëtt 6-8 Iessläffelen Zitrounejus dobäi. Huel d’Dëppe vun der Kachplack a réier d’Mëllech virsiichteg. 26 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 3. Kéis selwer maachen 1. 2.

Lee lo d’Wéckelduch oder d’Kichenduch an de Sift a stell en iwwer en Dëppe fir de Wässeg, deen duerchleeft, opzefänken. Schëtt alles, wat am Dëppen ass, an de Sift. En Deel vum Wässeg kanns du halen, fir dono däi Kéis dran ze lageren, wann s du en net direkt iesse wëlls. Oder du drénks en: Vläicht schmaacht en e bësse wéi Rivella? Do ass nämlech 35 % Wässeg dran. Wann de Wässeg ofgedrëpst ass, kanns du de Kéis am Duch ausdrécken, mee opgepasst, datt s du dech net verbrenns! Am beschten hëlleft dir een Erwuessenen dobäi. Du kanns och d’Duch mam Kéis am Lavabo stoe loossen an e schwéiert Dëppe mat Waasser dropstellen. Dann ass Zäit fir

d’Owesiessen, an du kanns däi selwer gemaachte Kéis mat Salz a Peffer (an enger Tomat oder frësch geschnidde Bratzelen) op der Schmier iessen. Gudden Appetit! Am gewuer.duPanewippchennächstegëssméiiwwerd’MëllechAnduléierswéieeBotterselwerkamaachen. Lo gesäis de, wéi Mëllech zimmlech séier gerënnt: Et gesäit aus, wéi wa Schnéi an der Mëllech wier. Déi geronne Mëllech trennt sech nämlech vum Wässeg (op Däitsch: “Molke”). Wann dat net geschitt, schëtt einfach nach e bësse méi Zitrounejus dobäi. Mee opgepasst, däi Kéis soll dono net no Zitroun schmaachen! TEXT: SOPHIE SCHMIZ I 27 5. 6. 8. Sou léis du de Kéis 2-3 Stonne stoen.7. 4. 9.

bestëmmt schonns

1. Lass das Wasser nicht laufen, während du dir die Zähne putzt. 2. Mach das Licht aus, wenn du aus dem Raum gehst. 3. Reduziere Plastik! Es gibt viele Arten von Plastik. Weiches Plastik solltest du reduzieren. Hartes Plastik ist wiederverwendbar und dadurch umweltfreundlicher. 4. Zieh den Stecker aus der Steckdose, wenn du den Apparat nicht benutzt. 5. Geh zu Fuβ, anstatt mit dem Auto zu fahren, wenn es nur 5-15 Minuten sind. 6. Recycle deinen Müll. Umkreise diese Bilder mit der richtigen Farbe der Tonne und lerne den Müll richtig zu trennen! 28 I DE PANEWIPPCHEN 2/20223/2022 Redakter fir en hallwen Fabienne a Zoé Um welt MüllSpielrichtig trennen

Thema Umwelt,

Quiz zum Thema

Super flott a kreativ Artikelen zum Theema Ëmweltschutz hunn 10 Panda Kanner geschriwwen. Iwwer de Redaktiounskommitee, d’Recherche, d’Biller molen an d’Säit(en) zesummestellen, hu si alles selwer gemaach. Gratulatioun fir dës fantastesch Aarbecht ! Wëlls och du däin eegenen Artikel schreiwen, da mell dech fir déi nächst «Redakter fir en hallwen Dag»Aktivitéit vum Panda Club den 1. Dezember 2022 un! ____ ____ ____ ____ ____ ____ 5 1 4 2 6 3 a) Der Natur möglichst viele Rohstoffe entnehmen . A b) Der Natur immer wieder Rohstoffe entnehmen können. D c) Der Natur nur entnehmen, was wieder nachwachsen kann. M 1. Was bedeutet „Nachhaltigkeit“ ? a) … sich möglichst wenig anzustrengen. I b) … möglichst wenig Erdöl, Strom und Gas zu verbrauchen. E c) … möglichst wenige Kalorien zu sich zu nehmen. Z 2. Energie sparen bedeutet … a) … das Wetter sich verändert. N b) … die Erde sich dauerhaft erwärmt. T c) … das Klima natürliche Schwankungen hat. S 3. Klimawandel bedeutet, dass … a) Man sortiert den Müll, damit er wiederverwendet wird. W b) Man schmeisst den Müll in die Natur. K c) Man schmeisst alles in eine Tonne. O

a) Man benutzt wiederverwendbare Plastikprodukte. L b) Man kauft immer neue Plastiktüten. H c) Trotz Brotdose verpackt man sein Brot in Plastiktüten. F 6. Wie spart man Plastik?

Inspiriert Schülerquizvon:zum UNICEF gemeinsam für Kinder Lösung: hallwen Dag Umweltverschmutzung

a) Beim Kochen lässt man das Wasser laufen. C b) Man befüllt jedes Mal das Schwimmbecken neu. R c) Man duscht nicht stundenlang. U 5. Wie spart man Wasser?

TEXT: FABIENNE, ZOÉ, ANNE-MARIE BIS I 29

4. Was bedeutet „Recycling“?

SummerWanterSonnenafall am Wanter notzen NohaltegkeetSchoul méiSchoulgréngmaachen Schmierekëschten Recycling Fach zuëffentlechenRecyclingfiranderSchoulTransportFoussaVeloInsektenhotelrecyceltBliederopriichten Beem amplazBetonvumanner mannerbenotzenLuuchtahëtzen HimmelsrichtungennoSchouldenausriichten Dreckskëschtengetrenntiwwerall 30 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 I TEXT: TIMÉO A PIA Timéo a Pia Schoul

1. Keine Fische aus Gewässern fischen, sondern Müll. 2. Keinen Müll in die Natur werfen, sondern in den 3.Mülleimer.Wennkein Mülleimer in der Nähe ist, Müll entweder in die Tasche stopfen oder selber eine Mülltüte mitnehmen. 4. Aus alten Sachen selber etwas Neues machen. 5. Recycling. 6. Sachen kaufen ohne Verpackung. 7. Obst und Gemüse kann man selber anpflanzen im Garten oder auf dem Balkon. 8. Kleidung weitergeben oder tauschen. Wie kann man weniger Müll machen? Wir Menschen machen weltweit jedes Jahr um die zwei Milliarden Tonnen Abfall. Der Abfall entspricht der Ladung von zweihundert Millionen Müllwagen. Wenn diese aneinander gereiht werden, würden diese fünfzig Mal um die Erde Luxemburgreichen.ist das reichste Land der Welt 2022. Burundi ist das ärmste Land der Welt 2022. Die reichen Länder machen viel mehr Dreck als die armen DieLänder.USA macht 697 kg Müll pro Einwohner in einem Jahr und Indien macht 30 kg Müll pro Einwohner in einem Jahr. Die reichen Länder machen 16% der Weltbevölkerung aus und produzieren die Hälfte des Mülls weltweit. TEXT: LYNN A LOUANE I 31 Lynn a Louane Um der Welt zu helfen Müll auf der ganzen Welt: 16%

Die Nahrung der Zukunft

Die

Helles Brot aβen nur Reiche. Zusätzlich gab es oft noch Brei oder Suppen.

Wir haben andere Lebensmittel wie früher, z. B. viel mehr Sorten von Brot und haben auch schon Lebensmittel um aufs Brot zu legen. (z. B. Butter, Käse und Salami, …) Heute benutzen wir auch Pfannen und Töpfe um zu kochen. Wir kochen auch nicht mehr über offenem Feuer sondern auf dem Herd. Wir essen auch heute nicht mehr auf dem Boden, sondern auf einem Küchentisch mit Stühlen.InderZukunft könnte das Fleisch aus dem Labor sein. Forscher beschäftigen sich seit ein paar Jahren mit dem In-vitro-Fleisch. Aus einem lebendem Tier wird ein Teil entnommen um es zu analysieren. Das entnommene Teil wird kultiviert damit sich die Zellen vermehren können.

Die Nahrung von heute

Das Hauptnahrungsmittel war dunkles Brot, das aus Roggen, Dinkel oder Hafer bestand.

32 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022

Die Ernährung von früher

Ernä

In den meisten Lebensmitteln steckt Chemie. Dünger und Pestizide belasten die Natur. Bei der Produktion von vielen Lebensmitteln wird sehr viel Wasser verbraucht. TEXT: JILL A LYNN I 33 Jill a Lynn

hrungDieProbleme von heute

34 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 I TEXT: ZOÉ A LEA Zoé a Lea Um

- mit dem Fahrrad oder zu Fuß - mit dem Zug in die Ferien fahren - Flugzeuge sind ungesund für die Natur - nicht immer mit dem Auto fahren

Die Sonnenstrahlen treffen die Erde und gehen normalerweise wieder zurück. Und heute mit den Abgasen bleiben die Sonnenstrahlen auf der Erde. Dafür wird es wärmer auf der Erde. welttipps

- kein Plastik in die Natur werfen- keine Tüten sondern Körbe benutzen - mehr recyceln

- alte Handys abgeben - alte Kleidung nicht in den Müll werfen,reparierensondern

Die Welt wird wärmer wegenAbgase.der

Kuerz drop gouf dunn och d’Iddi vun enger Zeitung gebuer, déi de Jonke Spannendes aus Natur an Emwëlt erklärt a weist, wat am ‘natur musée’ an am Panda Club alles esou lass ass. 1987 hunn den ‘natur musée’, d’Forstverwaltung, d’Ëmweltverwaltung an de Service National de la Jeunesse de Panda Club gegrënnt fir jonke Leit d’Natur zu Lëtzebuerg méi nozebréngen. Gesot, gemaach: D’Zeitung gouf «De Panewippchen» genannt, de

lëtzebuergeschen Numm fir ˮBachstelzeˮ, an am Fréijoer 1987 schonn ass déi éischt Nummer, schwaarzwäiss a mat der Hand geschriwwen, an d’Bréifboîte gefladdert komm. Am Laf vun de Joeren hunn d’Ausgesinn an den Inhalt sech no an no geännert a sinn zu där cooler Zeitung ginn, déi s du haut an der Hand häls. 35zënterJoer! De PanewippchenDovun141Vullenan100Mamendéieren! Sichs du Informatiounen iwwer en Déier, eng Planz, e Planéit oder änleches, oder wëlls du just mol al Panewippecher duerchbliederen, da kuck hei: https://www.panda-club.lu/category/panewippchen/ TEXT: SYLVIE HAGEN, MIKE HAGENI 35

D’Ekipp vum Panewippchen wäert weider mat vill Begeeschterung dofir suergen, datt s du véier mol am Joer deng Nues an «De Panewippchen» stieche kanns! An all deene Joere goufen iwwer 450 Déieren an iwwer 200 Planzen ënner d’Lupp geholl, gutt 460 balgebasteltKniwwlereiea200Rezeptergekacht!

35 Joe MERCI eise Lieser a Kucker, MERCI all de Mataarbechter, déi am Laf vun de Joere gehollef hunn «De Panewippchen» zu deem ze maachen, wat en ass: eng cool an intressant Zeitung fir jonk Leit iwwer eis spektakulär Natur, eis faszinant Ëmwelt an eise spannenden ‘natur musée’ mat sengen Ausstellungen an naturwëssenschaftleche Fuerschungsprojeten.

Séier, méiSéier, BaartsträifméiWanderfalke,fauconpèlerin,Peregrinefalcon,Falcoperegrinus

36 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022

Weibchen Männchen

Um Menü vum Spuervull sti virun allem Vullen (vum Spatz bis bei déi Wëll Int). Fir genuch ze friessen, muss de Spuervull ganz séier sinn an dofir huet en e super Trick parat. Gesäit hien eng krank Dauf, flitt hie ganz héich an d’Luucht. Soubal hien iwwer der Dauf ass, zitt hien d’Flilleke fest un de Kierper a léisst sech wéi eng Rakéit op säin Affer falen. Dobäi si schonns Vitesse vun iwwer 300 km an der Stonn gemooss ginn. U sengem décke Baartsträif an un de spatze Flilleken ass de Spuervull ze erkennen. D’Weibchen ass esou grouss wéi e Kueb, de Männchen ass awer däitlech méi kleng.

séier,

TEXT: CLAUDE HEIDT I 37 séier, Spuervull E Falkner mat sengem Spuervull E Fliger d’InsektegëftsprëtztDDT,1955

De Spuervull gëtt et bal op der ganzer Welt. Viru 60 Joer war dësen interessante Vull an Europa an Nordamerika awer bal ausgestuerwen. Zu där Zäit sinn nach vill Falleken ofgeschoss ginn an déi Jonk sinn aus den Näschter geholl an u Falkner verkaaft ginn. E ganz grousse Problem war awer och den DDT, deen op d’Felder gesprëtzt gouf. DDT De Spuervull bréit an héije Fielswänn an neierdéngs och op Gebaier, wou hien eng gutt Vue huet. Wéi all Falleke baut de Spuervull keen eegent ugesammelt. Dat huet dozou gefouert, datt d’Weibchen Eeër mat enger ganz dënner Schuel geluecht huet. Wann hatt sech op d’Eeër gesat huet fir ze bréien, sinn déi gebrach. Leider huet et Jore gedauert bis Wëssenschaftler dat erausfonnt haten. Réischt an den 1970er Joren ass DDT an Europa an Amerika verbuede ginn (1975 zu Lëtzebuerg). Naturschützer hunn zu där Zäit déi lescht Brutplaze vum Spuervull bewaacht. An den erwuessene Spuervullen ass no e puer Joer däitlech manner DDT fonnt ginn, sou datt erëm Eeër mat méi enger décker Schuel geluecht gi sinn. Dës Eeër konnten also ausgebréit ginn, sou datt de Spuervull sech erholl huet. 1988 huet erëm eng Koppel zu Lëtzebuerg gebréit, nodeems hien um Ufank vun den 1960er Jore bei ons verschwonne war. Haut ginn et 12-14 Koppelen am Land. Spuervull

Äerd 38 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022

De PlanéitJupiter

Wann d’Fuerscher op der internationaler Raumstatioun duerch d’Fënster luussen, fält hire Bléck op e bloen, mat wäisse Bänner duerchzunnene Planéit: ons Äerd. Den drëtte Planéit am Sonnesystem ass ouni Zweifel deen, deen am meeschten erfuerscht ass. Wat och net iwwerrascht, well hien ass onsen Heemechtsplanéit an d’Wëssenschaft huet sech schonns an der Antik fir ons Äerd interesséiert. Esou wësse mer haut, datt ons Äerdkugel e feste Kär aus Eisen an Nickel huet. En ass ongeféier 7.000 km am Duerchmiesser a mat ëm déi 5.000 Grad Celsius gliddeg waarm. Datt d’Eise bei der héijer Temperatur net geschmolt a flësseg ass, erkläert sech duerch den immens héijen Drock am Bannenzegste vun onsem Planéit. De Kär gëtt esou fest zesummegedréckt, datt e sech net verflëssege kann. Bannenzegste Kär5000°CÄerdkuuscht Uranus 3000-5000°CBaussenzegste1000-2000°CÄerdmantelKär TEXT: MIKE HAGEN I 39 Planéit vum Liewen  D’International Raumstatioun ISS (International Space Station), 2021 D’Astronauten Robert Lee Curbeam a Christer Fuglesang bei engem Aussenasaz wärend der Missioun STS-116 vun der ISS, 2006.

zimmlech kal. Hei vergléien och d’Meteoritten, déi mir dann als Stäreschnäize beobachte kënnen. Als baussecht d’Exosphär 10.000 km iwwer Eng ganz Rëtsch Héicht stationéiert. Duerno kënnt d’Thermosphär. Déi heescht esou, well et do zerguttstert waarm ka ginn. 1500 Grad sinn hei duerchaus dran. Ballon Kampfjet StäreschnäizISS Fliger MtEverest Satelitt OPolarliichtzonschichtMESOSPHÄRSTRATOSPHÄRbis50km bis85km THERMOSPHÄR bis800km EXOSPHÄRbis10.000km TROPOSPHÄRbis18km 40 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 Magma an engem Vulkan op Hawai 

De Kär ass ëmginn vum Äerdmantel Dee besteet gréisstendeels aus 2000 Grad Celsius waarmem déckflëssegem, verformbare Gestengs, dem sougenannte Magma. An dëse Magma ass ëmmer a Beweegung, wat dozou féiert, datt et op onser Äerd zu Vulkanausbréch an Äerdbiewe kënnt. (kuck och am PW 1/2022 Bumm) Uewen op dem zéiflëssege Magma fanne mir dann d’Äerdkuuscht. Si ëmgëtt déi ganz Kugel, ass awer net aus engem Stéck, mee besteet aus enge sëllegen Deeler, de sougenannte Kontinentalplacken. Dës schwamme niewenteneen um Magma, bestinn aus festem Steen a sinn tëschent 8 a 70 km déck. Doriwwer eraus ass onse Planéit och nach ëmgi vun enger Atmosphär. An déi gëtt vun der Wëssenschaft a 5 verschidde Schichten agedeelt. Der Äerd am noosten ass d’Troposphär. Hei fënnt een net nëmmen déi meeschte Gase wéi Sauerstoff a Stéckstoff, mee och am meeschte Waasserdamp. Et ass hei wou d’Wieder stattfënnt a Mënschen, Déieren a Planze kënnen existéieren. Si ass ënnerschiddlech déck, tëschent 8 a 17 km. Duerno kënnt d’Stratosphär. Si ass immens wichteg fir ons, well hei fanne mer d’Ozonschicht. Dës schützt ons wéi en vunultravioletterSonneprabbeliiwwerdimensionalevirunderStralungderSonn.Ongeféier50kmiwwerdemÄerdbuedemfänktd’ Mesosphär un. Dës Schicht ass mat ëm déi -100 Grad Celsius nawell

Duerch d’Beweegunge vum Magma kann et virkommen, datt d’Äerdkuuscht opbrécht an dat déckflëssegt Gestengs un d’Uewerfläch kënnt. Dat erliewe mir dann als Vulkanausbroch Et kann awer och sinn, datt eng vun de Kontinentalplacken iwwer oder ënner d’Nopeschplack gedréckt gëtt; da rubbelt et nawell zolidd an de Buedem ziddert ënner onse Féiss. Mir nennen dat en Äerdbiewen. D’Äerdkuuscht ass zu bal 71% mat Waasser bedeckt. Déi grouss Weltmierer hunn e Liewen, esou wéi mir et kennen, eréischt méiglech gemaach. Onse Planéit huet awer och nach een natierleche Satellit, de Mound. Hie besteet haaptsächlech aus Eisen, Titan, Aluminium a Kalzium an ass vun enger 20 km décker Schicht aus Regolith, dem sougenannte „ Moundstëbs“,

bedeckt. Fir méi iwwer hie gewuer ze ginn, plangt d’Nasa an den nächste Joren eng nei bemannte Missioun op onsen Äerdtrabant. Et bleift spannend! baussecht Kusch hu mer dann Exosphär. Si läit tëschent 1000 an iwwer der Äerduewerfläch. Rëtsch Satellitte sinn an dëser stationéiert. Duerchmiesser 12.765,28 km Distanz zur Sonn 149,6 Millioune km Temperatur tëschent -90 a +58 Grad Celsius 1 Dag dauert 24 Stonnen 1 Joer dauert 365 Deeg, 5 Stonnen, 48 Minutten a 46 Sekonnen Mounden 1 mam Numm Mound Steckbréif Äerd Stäreschnäiz TEXT: MIKE HAGEN I 41  Déi bloelzeg Äerdatmosphär,SchichteieweschtvundervunderISSausgesinnwärendderISS-Expedition13 Den Neil Armstrong, éischte Mënsch um Mound, D’Weltmierer1969Vulkanausbroch vum Ätna an Italien, 2013 De Mound  

Mol se faarweg. Briech Stécker vun den Äscht erof. (Oder fro en Erwuessene fir der se erofzeschneiden.) Stiech all Kéiers en Aascht an en Hittchen. Bréng vum Tour an de Bësch e puer Äscht an Hierschtfriichte mat, déi s du um Buedem fonnt hues. Da brauchs de nach: Eeërkarton, Schéier, Faarf a Pinsel. 3 2 4 42 I DE PANEWIPPCHEN 3/2022 I TEXT: SYLVIE HAGEN ˝Recycléiert˝ Champignonen

Redaktiounscomité: A. Bis, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Nossem, F. Theisen. Invité: Monique Kirsch

Schneit d’Hittercher an der Mëtt vum Eeërkarton eraus. Stiech d’Champignonen an eng Béchs, e Blummendëppen, en Uebstkierfchen, déi mat Buedem gefëllt sinn. Oder bei denger Mamm hir Dëppeplanzen. Lee Käschten, Eechelen, Bucheckeren, Dillendäpp a Blieder dobäi, sou wéi et dir gefällt. Info

Texter: A.-M. Bis, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, B. Minette, M. Nossem, S. Schmiz. Grafik an Illustratioun: S. Goerens, L. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz. Fotoen: S2 Hannergrond: ©shutterstock, zwou kleng Fotoen: NASA, aner: NASA, ESA, CSA, and STScI S6 Kand am Netz: shutterstock S8-9 Hannergrond: Glenn, Kaart: Giovanni Cadullo, Strauch: H. Zell, Blat: Dmitry Makeev, weiblech Bléi: Ivar Leidus, männlech Bléi: Agnes Monkelbaan, Hieselnossbuerer grouss: Hedwig Storch, aner: S17shutterstockDëschtelpéckchen: Andreas Trepte, aner: mnhn S18 Schanken Hielebier: GipuzkoaKultura S19 grouss Foto Feldhamster: katanski, aner: SgH Vienna S20 Pyrenäesteebock: MHNT_ART_39 S21 Alpesteebock Kampf: Rosellino, Geess mat Jonkem: Raoul Feignoux, Bock: Joxerra Aihartza S24-25 Gorilla: pixabay, Growal: José Eugenio Gomez Rodriguez, Finnwal: Aqqa Rosing-Asvid S26&27 mnhn S28 Pixabay S29 mnhn S30 shutterstock S31 S32&33mnhnGeméis: Pixabay, aner: mnhn S34 S36-37mnhnHannergrond a Koppel: shutterstock, Falkner: Isiwal, Spuervull grouss: Hari K Patibanda S38-39 NASA S40-41 Ätna: gnuckx, Mound: Gregory H. Revera, aner: S42-43NASA mnhn S44 Muséum d’Histoire Naturelle Toulouse Ministère de la CultureMusée national d’histoire naturelleMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durableAdministration de la Nature et des ForêtsMinistère de la Santé Tel.:panda-club@mnhn.lu462233450

‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450 www.panda-club.luwww.naturmusee.lu

1 I 43 Abonnementer &

gëtt ënnerstëtzt vun De Panewippchen Impressum De Panewippchen

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

IMPACTLabiodiversitéenquestions 07.10.22 > 16.04.23 EXPOSITION Cette exposition a été conçue et produite par le MUSÉUM d’histoire naturelle de Toulouse

Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.