Luci Special - GrandTour - Editioun 2021 – Lëtzebuergesch

Page 1

Luci Special

Inspiréierend Roadtrippen duerch Lëtzebuerg EDITIOUN 2021 – LËTZEBUERGESCH

Net just fir Oldtimer Ënnerwee tëscht Fielsrisen

Grand Tour de Luxembourg Plaze fir ze genéissen a fir Kulturbegeeschterter

Traditioun a Modernitéit D’Villfalt vun de Regiounen an der Haaptstad



Editorial Moien an häerzlech wëllkomm zu Lëtzebuerg! Hutt Dir se och gär, déi grouss Fräiheet op véier Rieder? Vill Fräizäit am Gepäck, d’Fënster op, de Wand an den Hoer an ënnerwee op de Stroosse mat villen duusse Kéieren – wat brauch ee méi fir en onvergiessleche Roadtrip? An dësem Luci Special „Grand Tour“ huele mir Iech mat op eng Rees duerch Lëtzebuerg. Op de beandrockende Streckeféierunge bleiwe mer ëmmer nees stoen, genéissen d’Aussiicht, léieren d’Mënsche kennen, schmaache regional Spezialitéiten. Op der Plaz, mattendran a ganz authentesch. Begleet begeeschtert Oldtimer-Piloten duerch déi weltoppen Haaptstad vu Lëtzebuerg an déi ënnerschiddlech, immens charmant Regioune vum Land. Am Grand-Duché ginn et nëmme kuerz Distanzen, déi nächst Attraktioun ass dacks just e puer Kilometer ewech. Déi bescht Viraus­ setzung also fir en Tour mat bleiwendem Androck – net just fir Classic-Car-Fannen. Mir hoffen, dass mir Iech Loscht op e ganz perséinleche „Grand Tour“ maache konnten, a géingen eis freeën, Iech ganz geschwë begréissen ze dierfen.

Romain Weber President Luxembourg for Tourism

Dr. Sebastian Reddeker CEO Luxembourg for Tourism

3 2_EDITO_LU.indd 3

15.05.21 16:01


Inhalt 6-21

Yves Fiat 500 — 1967 MËLLERDALL

Tëscht Fielsrisen Déi beandrockend Fielswand Perekop léisst d’Smiling-Machine nach emol méi kleng wierken, wéi se souwéisou schonn ass. Mir sinn ënnerwee an der Regioun Mëllerdall – matzen an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

38

22-37

Simone Volvo PV544 — 1962 GUTTLAND

Alles op Rout D’Regioun Guttland ass eng Kulturlandschaft, déi sech duerch dicht Bëscher a Weeden, Bongerten a Felder auszeechent. Eng roueg Géigend, wéi gemaach, fir eng Sprëtztour mam Oldtimer ze genéissen.

22 38 -53

Thierry Aston Martin DB 2/4 — 1956 MUSEL

Rally Riviera An der südëstlecher Regioun beim Dräilännereck schlängelt sech d’Musel duerch d’Landschaft mat de Riefstäck. Eng Plaz fir jiddereen, dee gär genéisst an u Kultur interesséiert ass. An der uraler Kulturlandschaft ginn d’Traditioun an dat Modernt eng faszinant Verbindung an.

54 4

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

3_INHALT_LU.indd 4

15.05.21 16:30


88

54-69

Claude „Kinch“ Cadillac Sedan DeVille — 1956 MINETT

Nach laang net Schluss Déi lescht Minn ass zou, déi lescht Grouf ass ausser Betrib an am leschten Héichuewen ass d’Glous verläscht. D’Transformatioun ass amgaang: ënnerwee op engem beandrockenden Tour duerch d’Konversiounsland vun den Terres rouges.

72-87

Frazer VW Bulli T2 Westfalia — 1976 ÉISLEK

72

Den orangë Béischt Opgepasst, Éislek, mir kommen! Wann ee mat engem klassesche Bulli, wéi dem „Orange Beast“, wéi säi Chauffer e gedeeft huet, duerch d’Lëtzebuerger Ardenne fiert, kann ee säi Vanliewe voll genéissen. Waasser, Bësch, Däller a lëfteg Héichplateauen, gekoppelt mat klengen Dierfer a Buergen – am naturbeloossenen Norde vum Grand-Duché setze mir mat eisem Gefier e konterbonte Kontrapunkt.

88-103

Pascal Morgan 4/4 — 2018 ZENTRUM

Good Morgan! Wie mam Auto an der Stad Lëtzebuerg ënnerwee ass, wäert sech e bësse fille wéi op enger Aachterbunn. Serpentinnen a Brécke prägen dem Morgan-Chauffer Pascal säi Roadtrip duerch d’City. D’Uewer- an Ënnerstad: schaarf vunenee getrennt duerch de Canyon-méissegen Dall vun der Uelzecht an der Péitruss. An hannert dem Zentrum waart dat iwwerraschend hiwwelegt „Häerz vum Land“.

106

Impressum

6 5 3_INHALT_LU.indd 5

15.05.21 16:30


Mëllerdall ·

Yves ·

Fiat 500 — 1967

Tëscht Fielsrisen Déi beandrockend Fielswand Perekop léisst d’Smiling-Machine nach emol méi kleng wierken, wéi se souwéisou schonn ass. Mir sinn ënnerwee an der Regioun Mëllerdall — matzen an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

6

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND DES ROAD-TRIPSROADTRIPPEN INSPIRANTS À DUERCH TRAVERSLËTZEBUERG LE LUXEMBOURG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 6

15.05.21 16:02


Reisduerf Eppelduerf Befort Steeën Bäerdref Noumer

Iechternach

Waldbëlleg Uesweller

Fiels

Mompech

Fëschbech Lelleg Jonglënster Buerglënster

7 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 7

15.05.21 16:02


De Mëllerdall gëtt wéinst senger hiwweleger Landschaft am Volleksmond Kleng Lëtzebuerger Schwäiz genannt. Net nëmmen d’Stroosse fir eisen Oldtimer sinn an engem gudden Zoustand, och d’Wanderweeër si gefleegt a gutt ausgeschëldert.

8

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 8

15.05.21 16:02


Mat engem breede Grinse klëmmt den Yves aus dem Schoulbus. Mir treffen eis an der Mëttespaus, fir nach e puer Froen zu eisem Tour duerch de Mëllerdall ze beschwätzen. „Voilà, meng Aarbechts­plaz! Mat dësem Monster féieren ech d’Schüler queesch duerch d’Stad.“ Privat fiert hien am léifste mat sengem 1967er Fiat 500, deen am Verglach esou kleng ass, datt net emol d’Steierrad vum Bus géing drapassen. „De Poli, dat ass den Numm vum klenge Fiat, gehéiert mir eigentlech guer net. Mee säit ech 14 Joer hunn, dreemen ech vun esou engem Auto. Elo huet mäi Papp sech dee 500 kaf an ech hu mer en ausgeléint – dat war virun 20 Méint!“, laacht den Yves. Seng gutt Laun stécht un an zesumme mat senger Knuutschkugel soll eisen Trip esou entspaant wéi eng Vakanz an de Süde ginn.

Yves säin Oldie eng Smiling-Machine: Dat kleng Gefier zaubert de Passanten e Laachen an d’Gesiicht. Verschiddener wénken, anerer wëllen eng Foto maachen. Dolce Vita am Grand-Duché!

Bei de Fielsrisen Vun Iechternach aus geet et op Bäerdref. Déi beandrockend Steilwand vum Fielsris Perekop léisst de Fiat nach méi kleng wierken. Mir si matzen an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Matzen am fiichtwaarme Mikrokli­ ma vum grénge Schluchtbësch. D’Waasser huet déif Splécken an de mëlle Lëtzebuerger Sandstee gefriess

a wärend Joerdausenden eng verwënschten Dschungellandschaft geschaf. Hei an do päift e kale Wand iwwert d’Schlucht ewech. Ënnen ass praktesch kee Wand ze spieren an et ass ëmmer e bësse méi waarm wéi op de Plattoen. Do­ wéinst wuessen hei iwwer 30 Mooszorten, siele Farnen, vill Champignonen an netgezielte Flechten. Zum Deel wuessen dës un de Stämm vun de Biche bis héich erop an d’Bamkrounen. Mir parken den Auto an der Parkbucht virum Perekop a ginn e puer Schrëtt zu Fouss. Mir drécken eis duerch d’Fielsen, klamme schif Trapen erop an erfuersche stackdä­ ischter Hielen. Iwweregens alles perfekt fir Wanderer ausgeschëldert. Net nëmmen d’Stroosse sinn a

1300 Joer Geschicht E puer Deeg méi spéit geet et lass. Start an der Haaptstad. Éischt Zil: Iechternach. „Wann een zum Beispill vu Mompech aus d’Serpentinnen eroffiert, dann ass dat puere Vakanzefeeling. Mat all Héichte­ meter, deen ech hannert mer loossen, ginn ech méi entspaant! An dann Iechternach selwer: déi historesch Haiser a verwénkelt Gaassen! Am Verglach zur Haaptstad ass dat hei eng aner Welt!“ Den Yves kënnt aus dem Schwäermen net méi eraus, an effektiv, och mir spieren déi onopgereegte Liichtegkeet vun der eelster Lëtzebuerger Stad, wéi mer op d’Maartplaz komme fir eise Fotoshooting. Zu Recht nennt den

An der Géigend vum sougenannte Priedegt­stull féiert e ganz besonnesche Wee duerch e Fielslabyrinth mat extra déif ageschniddene Gäng. A wien de Priedegtstull fir e kuerzt Gebiet genotzt huet, ass prett fir d’Doudes­ kummer an d’Häll, déi direkt donieft sinn.

9 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 9

15.05.21 16:02


Iechternach, d’Haaptstad vun der Regioun Mëllerdall a gläichzäiteg eelste Stad vu Lëtzebuerg, huet bis haut säi mëttelalterleche Flair behalen an entféiert een esou a fréier Zäiten.

10

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 10

15.05.21 16:02


Duerch den décke Bësch vum Naturpark Mëllerdall féieren enk Serpentinnen erof bis op Iechternach, wou verwénkelt Gaassen a prächteg Härenhaiser waarden. Zënter 2010 zielt d’Sprangpressessioun zum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO. 11 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 11

15.05.21 16:02


De Müllerthal Trail féiert geüübte Wanderer duerch eng herrlech Hiwwel- a Fielslandschaft, där hir Fielsen droleg Nimm hu wéi Pitesch­ kummer, Geierslee oder Huel Lee. Nieft usprochsvolle Wanderstrecken gëtt et an der Regioun Mëllerdall awer och en ausgedeentent Netz vu Spadséierweeër, déi en herrlechen Ausbléck bidden.

12

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 12

15.05.21 16:03


Den Doft vum Bësch an der Nues — hei am fiichte Schluchtbësch vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz vermësche sech d’Aromae vu Moosen, Champignonen a Beem. Kleng Waasserleef a Baache siche sech hire Wee.

13 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 13

15.05.21 16:03


guddem Zoustand fir eisen Oldtimer, och d’Wanderweeër si beschtens gefleegt! Dëse Management vun de Weeër huet dem Mullerthal Trail d’Predikat „Leading Quality Trails – Best of Europe“ abruecht.

Am Dall vun de Millen Kee Besuch an der Regioun Mëller­ dall ouni Visitt vu Mëllerdall! D’Duerf, dat der Regioun den Numm ginn huet, ass Ausgangspunkt fir vill Wandertier an de Sëtz vum Touristcenter Heringer Millen. Am „Best of Wandern“-Testcenter kann een Outdoorausrüstunge gratis fir ze testen ausléinen, z. B. Wander­

schung, Kanner-Kraxen, Jacketten oder Wanderbengelen. Praktesch, wann een emol eppes vergiess huet. Mir hunn eis Wanderetapp schonn hannert eis a besichtegen d’Anlag vun der aler Millen an dem histo­ resche Muelwierk.

Laanscht d’Schwaarz Iernz Se ass bal ee Geheimtipp – no bei der Heringer Millen: d’Brasserie mam nämmlechten Numm. De Kichechef Lars Fiebig huet säin Handwierk am Institut Paul Bocuse geléiert an huet elo, wäit ewech vum Stater Troublement, verstoppt op enger klenger Bëschwiss, d’Méiglech­

Am Touristcenter Heringer Millen gëtt et nieft gratis Outdoorausrüstungen och Picknickkierf, déi mat regionale Spezialitéite gefëllt sinn. Mir testen dës Offer op Häerz an Nieren a kënne soen: wierklech ze recommandéieren!

keet, seng Gäscht kulinaresch ze iwwerraschen. Nom Iesse loosse mer de klenge Fiat stoen a ginn zu Fouss iwwert de Wanderwee W7 laanscht de Schéissendëmpel bis bei d’Kallektuffquell. Iwwert en Holzstee, laanscht d’Schwaarz Iernz, kënnt ee bei dës verwënschte Plaz: Glaskloert Waasser fléisst iwwert e Fielsvirsprong an e Baseng. Jee no Wieder a Sonnestand glënneren d’Fielsen an d’Waasser an de verschiddenste Faarwen, vun Turquoise iwwer Raschtrout bis zu liichtendem Gréng. Iwwerall drëpst a spruddelt et. – Géingen op eemol Feeën aus dem Waasserschleier opdauchen, et géing een net weider wonneren.

Vu Buergen a Schlässer Well mir, beniwwelt vum magesche Waasserdamp vun der Kallektuffquell, souwisou schonn an anere Welten ukomm sinn, passt et gutt, dass déi nächst Statioun vun eisem Roadtrip d’Buerg an d’Schlass Beefort sinn. Fir eis Fotosession dierf de Poli ausnamsweis am Bannenhaff poséieren. Mir ginn zu Fouss duerch d’Buerg an d’Schlass. Am fréiere Prisong erënnere massiv Eiseketten un den ursprénglechen Zweck vun dësen däischtere Gemaier. – Wat muss d’Mëttelalter fir eng frëndlech Epoch gewiescht sinn! Haut gëtt d’Verwëllef zum Gléck anescht genotzt: Knapps 5.000 Liter Cassis ginn hei aus Kréischelen aus lokalem Ubau am Joer produzéiert. Elo fanne mir et schued, dass mir mam Auto ënnerwee sinn. Méi wéi eng kleng Schlippchen ass leider net dran. Prost, dir Ritter!

14

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 14

15.05.21 16:03


Immens stilvoll gesäit et aus, wéi de klenge Poli duerch d’Afaart vum Schlass Beefort fiert: wéi fir hie gemaach! Vill méi grouss dierft en awer och net sinn, schliisslech ass d’Paart aus dem 17. Joer­ honnert zur Renaissance­ zäit fir Kutsche gebaut ginn. De bemierkenswäerten Interieur vum Schlass ass Zeie vum Zauber vun der Vergaangenheet.

15 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 15

15.05.21 16:03


E 600 Meter laangen Holzstee féiert bei d’Kallektuffquell — glaskloert Waasser, dat iwwert e Fielsvirsprong an e Baseng fléisst. Jee no Wieder a Sonnestand glënnere Fiels a Waasser a ville Faarwen: vun Turquoise iwwer Raschtrout bis zu liichtendem Gréng.

16

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 16

15.05.21 16:03


De Mëllerdall ass en eenzegaartege Biotop, deen duerch déi kuriéis Sandsteefielse gepräägt ass. Hiert Ausgesi verdanken dës der joerdausendlaanger Erosioun. 17 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 17

15.05.21 16:03


Déi beandrockend Mëttelalter­buerg zu Beefort ass tëscht 1050 a 1650 entstanen. No gréisseren Aarbechte konnten d’Ruinen 1932 fir d’Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn a gëllen haut als historescht Monument.

18

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 18

15.05.21 16:03


D’Trape féieren an de fréiere Prisong vun der Beeforter Buerg. D’Verwëllef vum Schlass gëtt haut ganz anescht genotzt: Knapps 5.000 Liter Cassis ginn hei am Joer aus regionale Kréischele produzéiert.

19 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 19

15.05.21 16:03


Regional ass déi éischt Wiel

Kulinaresch um Wee Wann de klengen Honger kënnt: Kéis, Hunneg, Likör a villes méi fënnt

20

© LFT PANCAKE!

Hannert all Fiels oder Bam ka sech am Mëllerdall eng grandios Aussiicht verstoppen. Wanderer um Mullerthal Trail kennen dat. Mee op véier Rieder kann een ëmmer erëm stoe bleiwen. Sou wéi beim Fielsris Perekop . Nächsten Aussiichtspunkt: Vu Bäerdref a Richtung Iechternach am Ausgang lénks ofbéien op e schmuele Feldwee Richtung Bësch. Vum Wanderparking bei Bäerdref aus geet een 300 m zu Fouss bis bei den Amphitheater an d’Hohllay , wou ee kucke kann, wéi Muelsteng aus de Fielse geschloe gi sinn. Vun der Fielsforma­ tioun Priedegtstull  gesäit een iwwer Schluchten a Fielsen. Och vum Waasser­ tuerm, dem Aquatower , huet een eng super Vue! www.mullerthal.lu

Elektriséierend!

De Musée Tudor Wiem scho mol d’Luuchten um Auto ausgefall sinn: Ouni Stroum geet net vill. Zu Rouspert kann een dem Henri Tudor praktesch iwwert d’Schëller kucken: Fir den Ingenieur a Pionéier bei der Entwéck­ lung vun der Stroumspäi­ cherung war Elektrizitéit eng Leidenschaft. De Musée Tudor  ass eng Mëschung aus Science Center an tradi­ tionellem Musée. Experi­ mentéieren erwënscht! www.musee-tudor.lu

© ROSTISLAV ROUSEV

Iwwer Bierg an Dall

© LFT PANCAKE!

Gutt Aussiichten

een an der Regioun Mëllerdall bal op all Eck. Am Touristcenter Heringer Millen  gëtt et net nëmmen eng Wanderausrüstung fir auszeléinen, mee och regional a lokal Produiten, am Picknick­ kuerf oder eenzel. An esou e Kuerf passt och eng Fläsch Cider. Wien d’Produzéiere vum tradi­ tionellen Äppelwäin intresséiert, dee sollt beim Ramborn Cider-Haff  eraluussen. Fruuchteg an héichprozenteg gëtt et bei den Tudorsgeeschter: eng gutt Schlippchen, déi een zu Rouspert schmaache kann. Wärend dem Autostour natierlech léiwer als Sirop oder Jus. www.mellerdaller-produzenten.lu

© LFT PANCAKE!

Mëllerdall

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 20

15.05.21 16:04


Wie schreift, dee bleift

© LFT RENATA LUSSO

Iechternach ass et derwäert, fir den Auto stoen ze loossen an zu Fouss weiderzegoen. Mee ronderëm déi bean­drockend Abtei gëtt et fir Kulturinteresséiert och nach eppes aneres ze entdecken: de Skriptorium vun der Iechternacher Schreifschoul. Vun hei aus sinn am Mëttelalter kënschtleresch Hand­ schrëften an d’Welt gaangen. D’Visite guidée „Abbey Top Secret & Scriptorium“ weist déi faszinant Aarbecht vun de Benediktinermënchen. Luusst a Raim eran, déi soss net ëffentlech sinn. www.museedelabbaye.lu

En Hauch Vergaangenheet

D’Fielsser Schlässer

© LFT RENATA LUSSO

© LFT DIETER TELEMANS

© LFT ALFONSO SALGUEIRO

© LFT VÉRONIQUE KOLBER

Schrëftkonscht zu Iechternach

D’Schlässer an der Fiels  prägen d’Bild vum Duerf: Si trounen iwwert dem Dall. D’Buergruin an dat restauréiert Schlass kann ee besichtegen. Auto stoe loossen, duerch d’Ruin trëppelen an en Hauch vun der Vergaangenheet spieren. www.visitlarochette.lu

21 4_GRAND TOUR_Müllerthal_LU.indd 21

15.05.21 16:04


Guttland ·

22

Simone ·

Volvo PV544 — 1962

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND INSPIRIERENDE ROADTRIPPEN ROAD-TRIPS DURCH DUERCH LUXEMBURG LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 22

15.05.21 16:02


Alles op Rout D’Regioun Guttland ass eng Kulturlandschaft, déi sech duerch dicht Bëscher a Weeden, Bongerten a Felder auszeechent. Eng roueg Géigend, wéi gemaach, fir eng Sprëtztour mam Oldtimer ze genéissen.

Wal Groussbus

Viichten

Préizerdaul

Biissen Réiden-Attert Béiwen-Attert Miersch Bieckerech

Ansebuerg

Äischen

Stengefort

Käerch

Kielen

Kohler Mamer

23 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 23

15.05.21 16:02


Virun de Paarte vun der Haaptstad bitt d’Regioun Guttland — geografesch gesi westlech an der Mëtt vum Land — eng Kuliss wéi am Märchen, mat imposante Schlässer a geheimnisvolle Buergen, charmanten Dierfer a wonnerschéinen Naturlandschaften.

24

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 24

15.05.21 16:02


„Wow, wat ass dee schéin!“, seet d’Simone, dat haut déi éischt Kéier a sengem Liewe wäert mat engem Oldtimer fueren. Méi genee ass et e „Buckelvolvo“ vun 1962, d’Sammlerstéck vun engem gudde Kolleeg, dat haut mat senger eleganter Form wäert am Mëttelpunkt stoen. Allerdéngs ass hatt gespaant, wéi et sech als ongeüübt Oldtimer-Chauffesch an esou engem Auto ouni Servolenkung wäert maachen. De Volvo: feierrout, „Wäißwand“-Pneuen, e perfekt geformte Chassis. Zesumme mam Simone wëlle mer net just d’Reesgefill bei der Faart mam Oldtimer erliewen, mee och d’Regioun Guttland kenne léieren. Dës ass ganz besonnesch fir Classic-­ Car-Neientdecker gëeegent: Am Guttland schéngt alles méi duuss ze sinn. D’Kéieren zéien sech méi laang, d’Hiwwelen erstrecke sech méi wäit wéi soss anzwousch am Grand-Duché. Mir fuere laanscht Felder, déi geschwonge sinn, wéi wann en Impressionist se gemoolt hätt, ëmmer nees ënnerbrach vu klenge Stécker Bësch. D’Beem vun der Allee si mat opgemoolte wäisse Bännercher dekoréiert. Och wann dat eigentlech just fir d’Sécherheet gemaach gouf, maache mir am Dall vun de siwe Schlässer esou, wéi wann déi Beem extra fir eis – als Begréissung – esou ugestrach gi wären. Et verstäerkt déi zauberhaft Märerchersstëmmung op dësem Deel vun der Streck.

vun der belscher Grenz. Dat ganzt Duerf ass mat Graffitie verschéinert. Eng Afe-Brass-­ Band ass – a groussem Moossstaf – op enger Fassad ze gesinn. Schréi vis-à-vis en iwwerdimen­ sionéierte Fräsch op engem Vëlo. Donieft rennt e Schleek iwwer eng Hausdier ewech. Zu Koler bleift keng Mauer eidel. „Schold“ dorun, dass dëst Duerf sech zu enger Galerie gewandelt huet, ass den Alain Welter, e Kënschtler a Bouf vum Duerf, deen seng Noperschaft dovu konnt iwwerzeegen, säin Heemechtsduerf als Leinwand fir seng Bacheloraarbecht ze benotzen.

Mir si beandrockt, wëllen awer trotzdeem virun. D’Simone zitt et bei d’Alpakae vum Haff Freylinger-Klein zu Huewel.

E Grand-Duché fir en Alpaka D’Dany an de Jean-Marc halen op hirem pedagogesche Bauerenhaff e puer vun deene faszinanten Déieren a bidde guidéiert Spadséiergäng mat hinnen un. Am Ufank hunn d’Duerfbewunner nach de Kapp iwwert d’Alpaka-­ Bauere gerëselt. Et war en drolegt Bild, matten am Duerf Alpakaen

D’Urspréng vun den historesche Gäert vum Schlass Aansebuerg ginn zeréck bis an d’17. Joerhonnert. Fir dat „neit“ Schlass net mat der méi aler Aansebuerger Buerg nobäi um Bierg ze verwiesselen, gëtt d’Schlass dacks als „Nouveau Château“ bezeechent. Buerg a Schlass ziele béid zum Dall vun de siwe Schlässer.

Als Kontrast zu den urale Gemaier vun de Buergen a Schlässer aus fréieren Zäite besiche mer Koler, ganz am Westen, an der Géigend

25 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 25

15.05.21 16:03


Néierens soss fënnt de Visiteur sou vill mëttelalterlech Baute beienee wéi am Guttland. Prinzessinneschlässer fir ze dreemen an eng Hellewull schéi Plazen, fir stoen ze bleiwen an op aner Gedanken ze kommen. Einfach de Schëlter mam Hiwäis „Vallée des 7 Châteaux“ nofueren. 26

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 26

15.05.21 16:03


All stinn se Spaléier virum Schlass Aansebuerg: de stengene Wiechter bei der Paart, d’Äppel­beem beieneen an enger Rei. D’Hecke vum Pällems­labyrinth si ganz akkurat geschnidden. Do trëppelt ee mat Freed derduerch! Eng Sprëtztour mam Oldtimer duerch de wonnerschéinen Dall vun de siwe Schlässer ass eng duebel Zäitrees.

27 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 27

15.05.21 16:03


Um pedagogesche Bauerenhaff Freylinger-Klein zu Huewel gi guidéiert Trëppeltier mat Alpakaen ugebueden: De Charly Brown, den Danny, den Donatello, de Mister D, de Wonder an den Eldorado loossen sech dankbar vun de Visiteuren heemelen, knuddelen an un der Léngt mathuelen.

28

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 28

15.05.21 16:03


D’Alpakae gehéieren zu der Famill vun de Kaméilen, grad esou wéi d’Lamaen, si sinn awer méi kleng a ginn engem Erwuessene meeschtens just bis bei d’Schëller. A Südamerika ginn se virun allem wéinst hirer Woll geziicht. An Europa sinn se opgrond vun hirem duusse Charakter an hirer berouegender Wierkung e feste Bestanddeel vun der Déierentherapie. 29 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 29

15.05.21 16:03


op der Wiss ze gesinn, mee mëttlerweil kann een sech et guer net méi ouni dës Déiere virstellen. Endlech ukomm, gi mer fir d’éischt bei d’Gallowaye geféiert, déi och zum Haff gehéieren. Si stinn op enger riseger Weed a kommen, wéi se eis erblécksen, virwëtzeg erbäigelaf. „Ech kann et guer net gleewen, wéi heemeleg déi riseg Béischte sinn!“ D’Simone ass begeeschtert. A fir den Dram vun all Déiere­ frënd ze erfëllen, geet et no de Randbéischten dann endlech bei d’Alpakaen. Déi sechs Mini-Kaméile stinn an enger Rei a kucken eis virwëtzeg un. Et schéngt, wéi wann d’Alpakaen hire Kapp an den Trockner gestach hätten, well en ass nach

méi wujeleg a kuscheleg wéi de souwisou scho muussege Rescht vum Kierper. Lo kucken se eis mat hire grousse Knappaen un. De Kapp: eng Plott Woll. D’Simone ass verkaf: Et ass Léift op den éischte Bléck! Mir haten d’Häerz déck, den Déieren Äddi ze soen.

D’Guttland deet gutt Um Wee fir op Randschelt dann dem Simone säi Fazit vum Dag: „Ech muss soen, mat esou engem eedele Gefier geet een dach méi virsiichteg ëm, et fiert ee méi lues a méi bewosst wéi soss an et kritt een tatsächlech méi vun der

De Bistro zu Randschelt ass net just wéinst senger Ariichtung e Besuch wäert: Hei ginn aus regionale Produite fantastesch Plate kreéiert. E klenge Bistro mat grousser Kichen!

Landschaft mat! No deem ganzen Zodi op der Aarbecht deet esou eng Rees a méi luesem Tempo an enger „Slow-Tourism-Géigend“ wéi dem Guttland einfach gutt. Et kann ee wierklech e Gank zeréckschalten!“ Dat gesot, parkt et virun deem klenge Bistro. D’Simone leeft energesch op eng Plaz an deem mini-klenge Café duer. Dem Romaine Zieser, der Besëtzerin vum Randschelter Café, an deem mir eis Guttland-Rondrees ausklénge loossen, verzielt et vu senger Affektioun fir Alpakaen. Rout, wäiss a schwaarz sinn déi dominant Faarwe vun deem klenge Raum am Café a wann een do sëtzt, ass een ëmgi vun enger Hellewull Aphorismen, Songtexter, Spréchelcher an aneren Textschnëppelen an et gëtt ee guer net méi fäerdeg, ronderëmzekucken an alles ze entdecken. Nieft de Spréch, déi d’Romaine mat schwaarzem Tuschbic op d’Dieren, d’Regaler an op d’Mauere geschriwwen huet, ass de fréiere Schwéngsstall iwwerfëllt mat Konscht-Gerëmpel a Kinos-Devotionalien. Dëse Sammelsurium mécht et onheemlech gemittlech a mir kommen aus dem Kucken a Schmunzele guer net méi eraus. Dammecercelen treffen sech hei besonnesch gär. D’Atmosphär inspiréiert immens. A mat der Cheffin vun deem Ganze kann ee gutt Gespréicher féieren, déi grad esou inspiréieren. Kee Wonner, dass et engem derno ass, haart seng Léift ze gestoen. A sief et d’Léift fir d’Alpakaen.

30

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 30

15.05.21 16:03


Verstoppt an engem Dall, ofgeleeë vu Verkéier an Tumult, läit Randschelt — mat just engem Awunner dat klengst Duerf vu Lëtzebuerg. Nach méi zur Rou kënnt ee bei engem Trëppeltour um Meditatiounswee. Zwielef Statioune lueden dozou an, ze liesen, nozedenken an ze raschten.

31 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 31

15.05.21 16:03


„Make Koler kooler“ sollt ursprénglech just dem Alain Welter seng Bachelor­ Ofschloss-Aarbecht ginn – a wiisst lo awer ëmmer weider. Kaum war déi eng Fassad vum Bauerenhaus verschéinert, wollt schonn deen Nächsten e Bild hunn. Sou wéi d’Kueben, déi och am Wope vum Duerf ze fanne sinn.

32

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 32

15.05.21 16:03


Zu Koler bleift keng Mauer eidel. „Schold“ dorun, dass dëst Duerf sech an eng Galerie verwandelt huet, ass den Alain Welter, e Kënschtler a Bouf vum Duerf, deen seng Noperschaft dovu konnt iwwerzeegen, säin Heemechtsduerf als Leinwand ze benotzen.

33 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 33

15.05.21 16:03


Mat hirem struppege Pelz kënnen d’Galloway-­Randbéischten — theoreetesch — dat ganzt Joer iwwer am Fräie gehale ginn. Iwwregens stamen se ursprénglech aus Galloway am Südweste vu Schottland. Am Guttland sinn se wëllkomm als Exoten.

34

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 34

15.05.21 16:03


„Moiiien“ — d’Simone jäizt iwwerrascht, wéi et vun engem vun den Déieren ugestupst gëtt. Wéi et ausgesäit, sinn d’Randbéischten un d’Mënsche gewinnt a kommen sech gär heemelen a mat engem Stéck Brout fiddere loossen.

35 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 35

15.05.21 16:04


Guttland Daydream

Guttland, d’Land vun den siwe Schlässer , déi sech op der Faart duerch den Dall, deen no hinne benannt ass, unenanerreien, droen als dramhaft Kuliss zu der besonnescher Stëmmung bäi. Zu de siwe Schlässer gehéieren dat zu Miersch an dat zu Schëndels, d’Buerg an d’Schlass Aansebuerg, an d’Anlagen zu Käerch, Huelmes a Siwebueren. Och d’Schlass vun Useldeng  ganz an der Géigend ass kuckeswäert. Owes ass d’Ruin romantesch beliicht. www.visitguttland.lu

© ALFONSO SALGUEIRO

Sech vu Schlass zu Schlass dreemen

Eng historesch Plaz

36

© D'MILLEN ASBL

© ELISABETH NEY

Eng schéi Vue iwwert d’Land bitt den Napoleonsgaart. Vu Kietscht aus muss ee fënnef Kilometer der Landstrooss a Richtung Osten nofueren a schonn ass een um Hiwwel. En ass mat 554 Meter den drëtthéchsten Hiwwel vu Lëtzebuerg. Et gëtt gesot, dass den Napoleon och scho vun hei aus erofgekuckt huet. Randschelt,  dat klengst Duerf vu Lëtzebuerg, ass just ëm den Eck. Wann ee Richtung Gréiwels fiert, gesäit ee bei guddem Wieder

© LFT REANAT LUSSO

Schéi Vuen

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 36

15.05.21 16:04


e Panorama, dee bis bei de Kierchbierg-Plateau an der Haaptstad geet. www.visitguttland.lu Millen-Traditioun

© ALFONSO SALGUEIRO

© VISIT GUTTLAND

Guer net verstëbst 

Klipp-klapp! Fréier hunn d’Millen nieft de Baache geklabbert. Lëtzebuerg ass och e Land vun de Millen. Se waren duerch de ganze Grand-Duché um Bord vun de Flëss verspreet. Alles ronderëm dëst traditiounsräicht landwirtschaftlecht Kultur­ ierwe gitt Dir an der Biekerecher Millen  gewuer. E liewege Musée! D’Maschinne gi benotzt a gewisen. Och d’Visiteure kënnen eng Hand mat upaken. Nieft Liesunge gi Concerten, Konscht­ ausstellungen a Mäert an natierlech kulinaresch Spezialitéiten ugebueden. Daucht an an d’Atmosphär vu fréier! www.dmillen.lu

© DISTILLERIE ARTISANALE DU MUSÉE

Sech idyllesch d’Bee vertrëppelen

Op de Spuere vum Hunnekinnek 

Den Hunnekinnek soll am 5. Joerhonnert hei mat senge Krichsleit d’Päerd drénke gelooss hunn –

firwat sollten Autosfrënn dann net hiert Gefier hei ofstellen an sech selwer eng kleng Paus am Bësch mat Picknick a Gedrénks geneemegen? Den „Hunnebuer“ ass e geheimnisvolle Weier an engem klenge Bësch. Vill Soen a Legende sinn un dës Plaz geknäppt. Vläicht héiert Dir jo ganz lues dem Attila seng Päerd. Als sprëtzegen Ofschloss

Brennen a brauen „Don’t drink and drive!“ Déi zwou Ausfluchsdestinatiounen, déi lo kommen, eegnen sech éischter fir den Ofschloss vum Dag, zum Beispill no enger Visitt am Urban-ArtDuerf Koler. Zu Kielen erwaart d’Visiteuren net just de Brennereismusée , an der Distillerie Adam  kann een och déi éischt weiblech Brennerin vu Lëtzebuerg besichen. Zu Käerjeng kann een an déi national Brauerei Bofferding goen, mat groussem ugebaute Muséesberäich, a verschidden traditionell a modern Béierzorte schmaachen. Bei der Béierhaascht ginn doriwwer eraus nach regional Spezialitéiten aus Lëtzebuerg ugebueden. Dat sinn ideal Souveniren! www.distillerie-adam.lu

37 5_GRAND TOUR_Guttland_LU.indd 37

15.05.21 16:04


Musel ·

Thierry ·

Aston Martin DB 2/4 — 1956

Rally Riviera An der südëstlecher Regioun beim Dräilännereck schlängelt sech d’Musel duerch d’Landschaft mat de Riefstäck. Eng Plaz fir jiddereen, dee gär genéisst an u Kultur interesséiert ass. An der uraler Kulturlandschaft ginn d’Traditioun an dat Modernt eng faszinant Verbindung an.

38

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND INSPIRIERENDE ROADTRIPPEN ROAD-TRIPS DURCH DUERCH LUXEMBURG LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 38

15.05.21 16:04


Mäertert

Gréiwemaacher

Wormer Lennéng

Stadtbriedemes Waldbriedemes Duelem

Réimech

Schengen

39 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 39

15.05.21 16:04


„D’Musel“, wéi d’Bewunner de Museldall nennen, bilt op enger Streck vun 39 Kilometer déi natierlech Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. D’Regioun ass net just als Gebitt vum Wäibau bekannt, si zitt Wanderer an esouguer Amateure vum Waassersport un.

40

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 40

15.05.21 16:05


„Net direkt mat der Dier an d’Haus falen!“ Sou begréissen ech den Thierry zu Munneref. Mir fänken eise Muselsgrandtour nämlech – éischter ontypesch – do un, vu wou aus een d’Wéngerten an de Floss net direkt gesäit. Mir treffen eis am Fligermusée ënner der „Klemm“. De restauréierten Eendecker aus den 1930er-Joren ass net ze iwwersinn. Knallrout an op Héichglanz poléiert hänkt de Fliger ënnert dem Plaffong vun deem klenge Musée. Um Wee vum Park vum Thermalbad bis bei d’Parkplaz, wou den Oldtimer waart, erzielt den Thierry d’Geschicht vu sengem Gefier, déi ee kaum ka gleewen. Hien ass de Proprietär vun engem Aston Martin DB 2/4 aus dem Joer 1956 an der Faarf Hellgréng-metallic.

Schrauwe fir Fortgeschrëttener „U sou engem Auto ass am Fong alles Handaarbecht“, schwäermt den Thierry, deen am Finanzberäich schafft. „Wann ech do eppes flécken oder austausche wëll, muss ech dat entweeder selwer maachen oder e speziellen Handwierker fannen, deen zum Beispill weess, wéi een en Deel vum Instrument fléckt. Nokafe kann een do eigentlech näischt. Mee grad dat mécht de Reiz aus! Déi fantastesch Handwierkerkonscht ze erhalen! Déi verschidden Aarbechtsschrëtt nozeempfannen. Dat Gefill vu Satisfactioun, wann eng Restauratioun gelongen ass. Einfach schéin!“

Als Normalstierflechen op jidde Fall net. Dem Thierry säi Papp hat eng Tankstell mat engem ugebauten Atelier an esou huet de Fils sech scho fréi sou muenchen handwierklechen Trick bei him ofgekuckt. Wéi e 14 Joer hat, hunn se zesummen e Landungsjeep nees zesummegschrauft, deen déi Alliéiert zeréckgelooss haten. Vun do un huet den Thierry bei allerlee Reparature gehollef an och, wann en net haaptberufflech an enger Autosgarage schafft, huet en nach ëmmer keng Angscht, sech d’Fangere knaschteg ze maachen. Enges Daags huet en an der franséischer Zeitung „La vie de l’auto“ eng Annonce fir en Aston Martin gesinn. E war net wierklech am Zoustand fir ze fueren. „Grad sou gutt“, erzielt hien eis, „dat war genee déi Erausfuerderung, déi ech gesicht hunn!“ Mir kommen op der Parkplaz un. Et ass kaum ze gleewen, dass dat

Gefier, dat an eisen Ae fonkelnei ausgesäit, eemol eng raschteg Mille soll gewiescht sinn. De Chrom blénkt. D’Speechele vun de Rieder: tipptopp. D’Lieder: perfekt gespaant.

E Klassiker fir sech Wéi vill Aarbechtsstonnen een do wuel muss investéieren? Wat mir net begräifen, ass, wéi een sech am Eescht mat esou engem Schatz an den normale Stroosseverkéier ka woen. „Firwat hunn ech dann en Auto“, setzt den Thierry entgéint, „wann ech net domat soll fueren?“ Also fuere mer lass a Richtung Musel. Den Aston Martin fiert vir, mir hannendrun: Elo wannechgelift ënner kengen Ëmstänn hannendrop rennen. Eis Assurance geheit eis direkt eraus! Mee schéin ass en.

Den Europa-Musée zu Schengen ass mat engem Botz versinn, deem Muselsand bäigemëscht gouf. Sou füügt sech de Bau faarflech harmonesch an d’Bild vun der Uertschaft mat den ale Wënzerhaiser, déi aus Sandsteen gebaut sinn, an. Virum Musée iwwerpréift den Thierry nach eemol kuerz de Motorraum vu sengem Aston Martin.

Allerdéngs gëtt engem déi Fäegkeet natierlech net an d’Wéi geluecht.

41 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 41

15.05.21 16:05


Vun hei uewen aus muss ee ganz genee kucken: De Biodiversum füügt sech, ouni erkennbaren Iwwergank, an d’Landschaft an. Et ass e Wierk vum Architekt François Valentiny, deen international bekannt ass. A sengem Heemechtsduerf Remerschen huet en d’„Valentiny-­ F­oundation“ gegrënnt. Unhand vu Modeller, Biller an Zeechnunge kënnen d’Visiteuren do gesinn, wéi den Architekt schafft a wouvun e sech inspiréiere léisst.

42

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 42

15.05.21 16:05


Wéi en d’ënnescht d’iewescht gedréiten Holzboot läit de Biodiversum, den Informatiounszenter um Naturschutzgebitt „Haff Réimech“, op enger Hallefinsel tëscht de Lëtschen an de Weieren. An de futuristesch dekoréierten Ausstellungsraim ginn d’Geschicht wéi och d’Fauna an d’Flora presentéiert an d’Ënnerwaasserwelt vum „Haff“ gewisen.

43 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 43

15.05.21 16:05


Als e gelongene Mix aus Wuelfilloas, Gesondheetszenter a Kuergebitt ass d’Kuerstad Munneref wäit iwwer d’Grenzen eraus bekannt. Mat sengem iwwer 40 Hektar grousse Park begeeschtert d’Thermalbad d’Naturfrënn. Déi al Thermen, d’Orangerie an de Kino Waasserhaus si just e puer vun den Entdeckungen, déi een op engem Spadséiergang duerch de Park ka maachen. 44

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 44

15.05.21 16:05


An der Mëtt vum 19. Joerhonnert koum bei Bueraarbechten, bei deenen no Steesalz gesicht ginn ass, op eemol Thermalwaasser aus dem Buedem gespruddelt — a sou gouf d’Uertschaft Munneref ëmmer méi zu engem Treffpunkt fir Gäscht op der Sich no Erhuelung. Bei engem Spadséiergang kënnt ee laascht herrschaftlech Jugendstil-Villaen aus der Grënnungszäit vum Thermalbad. Wéi et ausgesäit, fillt sech och den Thierry direkt zeréckversat an dat gëllent Zäitalter.

45 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 45

15.05.21 16:05


Och vun hannen. E richtege Klassiker. No enger kuerzer Faart duerch d’Hannerland komme mir an der Grenzuertschaft Schengen un.

De Musée beliicht d’Geschicht an d’Auswierkunge vum Schengener Ofkommes. En ass e Wierk vum Architekt François Valentiny, deen iwwert d’Grenzen eraus bekannt ass.

Berüümt an onbekannt

Just e puer Kilometer weider: de Biodiversum zu Remerschen. E weidert Konschtwierk vum Valentiny. Mir klammen eraus a spadséieren iwwert déi verschidde kleng, schmuel Holzbrécken, déi queesch duerch den „Haff Réimech“ verlafen, laanscht d’Uwänner vun de Weieren. Mir probéieren d’Hauwendaucher ze zielen, déi op ëmmer neie Plazen am Waasser erof- an nees eropdauchen. Eng onméiglech Aufgab.

Dat Drolegt u Schengen ass, dass ganz Europa den Numm kennt, mee nëmme ganz wéineg Leit och e Bild vun der Uertschaft virun Aen hunn. Am Fong ass dat kee Wonner: D’Gebuertsplaz vum fräien Europa ass en Duerf mat net emol 700 Awunner. En typescht Wënzerduerf, dat am Dräilännereck tëscht Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg läit a wéinst där Lag méi oder manner zoufälleg zum Symbol vun Europa gouf. Mir leeën en Tëschestopp beim Europa-Musée an, spadséiere bei d’Nationalsailen, tëscht de Fändelen erduerch a bei d’Europa-Denkmal.

Mir fuere viru mat eisem Roadtrip a béie bei Bech-Maacher of a Richtung Wellesteen. Op schmuele Stroosse fuere mer a Schlaangelinnen d’Wäinterrassen erop. Eist Zil: d’Panoramastrooss iwwert de Wäibierger, parallel zu der Musel. Sou wëlle mir, vun uewen, an d’„Lëtzebuerger Riviera“

Endlos Wéngerten an enger uraler Kulturland­schaft laanscht de Floss. An der Géigend vun der Musel läit déi eenzegaarteg an déi gréisste lëtzebuerger Wäiregioun.

erafueren an dobäi déi ganzen Zäit de Panorama vun der Musel am Bléck behalen. D’Esplanad vu Réimech mam Quai fir d’Ausfluchsschëffer, senge Restauranten a senge Bude gëtt vun den Touristen – éischter am Geck – „Riviera“ genannt. Wann een zum Beispill bei enger „Miseler Friture“ mat „Rotfederen“, déi frësch aus dem Floss gefëscht , duerno am Ganzen am Fett frittéiert goufen, an engem Glas Wäin aus der Regioun an der Sonn sëtzt, muss een allerdéngs unerkennen, dass d’Bezeechnung „Riviera“ duerchaus hir Berechtegung huet.

Laanscht d’Musel Gestäerkt fuere mer weider. D’Fangeren nach fetteg, d’Bäifuerer nach berauscht vum Auxerrois an dem Pinot gris, fuere mer nach eemol duerch d’Wéngerten fir erop bei d’„Koeppchen“, en Aussiichtspunkt, ënner deem sech déi ganz Schéinheet vum Museldall weist. Mir sinn inspiréiert vun der Leidenschaft an der Léift, déi d’Wënzer hei hirem Terroir widmen. Et kann een et un de gefleegten Dréche­ maueren ofliesen. Un der Léift fir den Detail, zum Beispill bei klengen Hiweisschëlter, déi tëscht de Riewen opgestallt goufen. Wann nei Kellereien entstinn, gëtt et – bei der architektonescher Gestaltung – ëmmer e Bezuch zur Heemecht, zum Buedem, zu de Steng. Tëscht de faarwege Riewe fuere mer en asphaltéierte Feldwee iwwer der Musel erop an d’Wënzerduerf Ohn. An deem klengen Duerf fënnt een nach méi Privatwënzer an authentesch Wäistuffen. Perfekt fir en Digestif.

46

GRAND TOUR IINSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 46

15.05.21 16:05


Op Entdeckungsrees mam Oldie: idyllesch Dierfer an enger eemoleger Kultur- a Flosslandschaft. Hei genéisst ee präisgekréinte Wäiner a spruddeleg Cremanten an historesche Wënzerdierfer, moderne Wäistuffen, Caféen oder Restauranten, déi zäit­ genëssesch Kachkonscht mat regionaler Kiche verbannen. 47 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 47

15.05.21 16:05


D’Wäilag „Koeppchen“ bei Wuermer ass déi vläicht bekanntste vu ganz Lëtzebuerg, op alle Fall ass et eng vun deene géissten: Duerch eng Steigung vu méi ewéi 45 Grad ; engem Buedem dee räich u Muschelkallek ass an duerch déi deels perfekten Ausriichtung no Süd-Westen kréien d’Riefstäck hei besonnesch vill Sonn.

48

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 48

15.05.21 16:06


Wuertwiertlech getoppt gëtt d’Koeppchen vun enger Kapell, déi gläichzäiteg Aussiichtspunkt ass, vun deem ee ka wäit an d’Landschaft kucken.

49 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 49

15.05.21 16:06


D’„Caves St. Martin“ sinn e richtegt Kellerlabyrinth. Déi ënnerierdesch Galerien erstrecken sech iwwer bal e ganze Kilometer. Wa mer schwätzen, ass e luesen Echo vun eise Stëmmen an de Gäng ze héieren. Hei brauch ee keng Leit, déi Wuecht halen! Deen Job iwwerhuelen d’Geeschter, déi sech — dat steet ausser Fro — nuets hei erëmdreiwen. D’Fläschegeeschter souzesoen.

50

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 50

15.05.21 16:06


D’„Caves“ sinn an e risege Fiels aus Kallekstee gehaen. D’Temperature leien hei dat ganzt Joer iwwer bei fiicht-­ kalen zwielef Grad Celsius. D’Gäng mat alen Holzfässer a verstëbste Fläschen, déi an d’Onendlecht ze reeche schéngen, sinn eng grujelegschéi Kuliss. Lues gluckst a plätschert et: pling, pling, pling – Drëpse falen op d’Fläschen.

51 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 51

15.05.21 16:06


Musel Op Är Gesondheet

© LFT GREGOR LENGLER

Schéin Aussiichten iwwer Floss a Wéngerten, am beschte mat engem Wäiglas am Grapp! Immens beléift ass heifir den Tuerm an Aus­siichtspunkt Markusbierg  matten an de Wéngertsreien iwwer Schengen. Hei gi Wäi­prouwen organiséiert. Och beim Wäigutt Henri Ruppert , organesch an de Wéngert integréiert, huet ee bei enger flotter Vue eng eedel Drëps am Glas. www.visitmoselle.lu

© SIP

Wäiprouf mat Weltsiicht

Wäin an Architektur

52

© VISIT MOSELLE

© LFT VALERY SHANIN

Wäin an Architektur hänken op der Musel enk zesummen. Elo kritt dës Allianz en Numm: „Via Mosel“. Si verbënnt grenziwwergräifend véier Wäibaugebidder, vun de Côtes de Toul an der AOC Moselle a Frankräich, iwwert d’AOP Moselle Luxembourgeoise bis bei dat däitscht Wäinubau­gebitt Mosel. Verschidde „Caven“ sinn a Steen ge­meesselt a bannendra befanne sech Joerhonnerten al Wäi­kelleren. Verschiddener dovu goufe modern an elegant an d’Héicht gebaut. www.viamosel.com

© CHRISTOPHER ARNOLDI

Eng genësslech Allianz

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 52

15.05.21 16:06


D’Antik erliewen

© LFT RENATA LUSSO

© DIRECTION GÉNÉRALE DU TOURISME / SOPHIE MARGUE

© JEAN WALTÉ

D’Réimer­ strooss

D’Antikitéit huet hir Spueren hannerlooss. Entdecke kann een déi zum Beispill zu Duelem laanscht d’Réimerstrooss. Déi gallo-réimesch Siidlung „Vicus Ricciacus“ war ëm 15 v. Chr. eng Rascht­ statioun no bei der wichteger Strooss, déi d’Mëttelmier mam Räin verbonnen huet. En Theater, dee besonnesch gutt erhalen ass, en archeo­lo­geschen Zentrum mat antiken Thermen an d’Iwwerreschter vun engem Wunn- a Geschäfts­véierel lueden dozou an, hei an d’Vergaangenheet ze reesen. Dee bedeitenden archeo­ logesche Site ass weekends fir de Public op. Erliewe kann een en och mat de „Lauschtouren“. www.ricciacus.lu www.lauschtouren.lu Dramhaft!

Päiperleken treffen op Prinzesinnen An de Summerméint fladdere Päiperleken an alle Gréissten a Faarwen duerch den iwwerdaachte Päiperleksgaart  zu Gréiwemaacher. Och aner exotesch Déiere sinn do ze fannen, vum Chamäleon bis zu der chineesescher

Zwergwuechtel. Net wäit ewech huet d’Princesse Marie-Astrid  ugeluecht. D’Passagéierschëff kënnt ënner anerem zu Gréiwemaacher laanscht a fiert weekends vun hei aus lass op e Ganzdagstour. Och un deenen anere Wochendeeg kann ee bis an den Hierscht eran ënnerschiddlech Statiounen usteieren a jidderzäit mam ëffentlechen Transport op den Ausgangspunkt zeréckkommen. www.papillons.lu www.entente-moselle.lu Schengen-Spirit

Europa ganz no Oppenheet an den „Europa-Spirit“ maachen de Charme vun der Regioun aus. Mee wéi koum et dozou, dass dat klengt Wënzerduerf Schengen zum Symbol vun engem fräien Europa gouf? Am Europäeschen Informatiounszenter  kann een et noempfannen. Hei hänkt den Original­ vertrag vum Schengener Ofkommes. Laanscht den Uwänner vun der Musel spadséiert een tëscht den Nationalsailen an engem Stéck vun der Berliner Mauer op der „Place des Étoiles“ an ënner de stolene Stelen op der „Place de l’Accord de Schengen“. www.visitschengen.lu

53 6_GRAND TOUR_Mosel_LU.indd 53

15.05.21 16:06


Minett ·

Claude „Kinch“ ·

Cadillac Sedan DeVille — 1956

Nach laang net Schluss Déi lescht Minn ass zou, déi lescht Grouf ass ausser Betrib an am leschten Héichuewen ass d’Glous verläscht. D’Transformatioun ass amgaang: ënnerwee op engem beandrockenden Tour duerch d’Konversiounsland vun den Terres rouges.

54

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND INSPIRIERENDE ROADTRIPPEN ROAD-TRIPS DURCH DUERCH LUXEMBURG LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 54

15.05.21 16:05


Barteng Dippech

Déifferdéng

Bétebuerg Schëffléng

Fréiséng

Esch-Uelzecht

Diddeléng Rëmeléng

55 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 55

15.05.21 16:05


De Kinch wärt haut sengem Bouf Philipp de Minett weisen, do gëtt et nawell vill ze kukken. D’Transformatioun vun der Indus­trielandschaft zum Natur­paradäis a vun der Stolveraarbechtung zur Zukunftsstad ass amgaang: D’Terres rouges sinn eng spannend Regioun, déi touristesch gesi grad ee Sprint zeréckleet.

56

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 56

15.05.21 16:05


„Et war emol viru laanger, laanger Zäit an engem Land wäit ewech. Do hunn Zwergen, déi an de Minnen d’Eisenäerz ofgebaut hunn, een Duerf aus Holz héich iwwert dem liichtend roude Buedem opgeriicht. D’Diecher ware spatz wéi Zipfelmutzen, all d’Dieren haten ënnerschiddlech Gréissten, d’Fënstere ware kromm a schif – an heiansdo souguer ronn. An alles war konterbont. A feierrout. Well Dag an Nuecht ass dëst lëschtegt Dierfche vun der Glous vun den Héichiewen hellorange beliicht ginn an huet d’Zwergen un déi haart a geféierlech Aarbecht ënnert dem Buedem erënnert!“ Esou hätte mir gären dem Philip, dem Kinch sengem Bouf, op d’Fro geäntwert, wien dann elo déi Bamhaiser am Déierepark zu Esch-Uelzecht gebaut huet. Leider si mir net esou spontan an erzielen d’Wouerecht: dass et an der Regioun vill verschidde Projete ginn. Minnen, déi rena­ turéiert ginn an deelweis als Mountainbike-Park genotzt ginn. Industrieanlagen, déi zougemaach goufen a besichtegt kënne ginn. D’Uni tëscht den Héichiewen um Belval an eben d’Bamhaiser, wou een och schlofe kann.

De Claude ass ee richtege Minetter. Wann een zu Lëtzebuerg d’Bild vun engem Rust Belt gebrauche wéilt, dann natierlech an den Terres rouges. Esou nennen d’Bewunner, mat gewëssem Stolz, hir Heemecht. De roude Steen ass am raschtege Süden iwwerall ze fannen.

Stol an Natur Fir eng Famill ass d’Regioun eng riseg Abenteuerspillplaz. Mir kommen an der Cockerill-­ Grouf, am Ellergronn bei Esch-Uelzecht, un. Et kéint och de Bünenopbau vun engem Rammstein-Concert sinn. Obwuel ... dofir ass et ze gréng hei. D’Natur huet sech schonn een Deel zeréckgeholl. Ausserdeem passt d’Spillplaz mat senger Seelbunn net an d’Rammstein-Bild –

fir de Claude an de Philipp eng Plaz, wou se gär hikommen, fir ëmmer erëm nei Ecker ze entdecken.

Grand Canyon am Grand-Duché Mir cruise mëll gefiedert am Ellergronn duerch ee renaturéiert Biergbaugebitt. De Fiels ass duerchlächert, wéi wann eng Armada u Maulefen sech doduerch gegruewen hätt. Ëmmer erëm tauchen d’Stollenagäng wéi Aen am Gestraich op. Deelweis gesäit ee rout Klippen duerch d’Beem liichten. Lues hëlt sech d’Natur d’Minnen erëm. A Form a Faarf erënnert déi fréier Minn un d’Red Rocks an den USA. Mir fueren nach eng Ronn duerch Kleng-Arizona. An der Luucht vun

Besonnesch fir Familljen een Erliefnes: Matzen am Déierepark zu Esch-Uelzecht stinn d’Escher Bamhaiser an enger Héicht vu bis zu 4 Meter.

Kléngt fir een Dräijäregen e bësse langweileg. Mee dat, wat sech am Süden alles verännert, ass derwäert, fir méi genau ënnert d’Lupp geholl ze ginn. Kinch ass iwwregens den DJ-Numm vun eisem Chauffer Claude. Hie mécht a sengem Cadillac de ville mat senger Fra Jill a sengem Bouf Philipp mat eis en Tour duerch seng Heemecht.

57 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 57

15.05.21 16:05


Op enger Fläch sou grouss wéi 170 Fussballfelder entsteet um Belval ee moderne Quartier mat Uni a Fuerschungszentren, Startuppen, Geschäfter, der Rockhal, Ausstellungsraim an natierlech Wunnengen — ee komplette Quartier am Wandel!

58

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 58

15.05.21 16:05


Roueg Stolrisen: D’Héichiewen um Belval si gigantesch Zeien aus enger anerer Zäit. Iwwer 7.000 Aarbechter waren zäitweis hei beschäftegt an haut wiisst hei am Süden eng modern Unis- a Wëssenschaftsstad.

59 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 59

15.05.21 16:05


Iwwerall kann ee beobachten, wéi d’Natur sech de Biergbauterritoire zeréckeruewert — am Minett gëtt et eng immens grouss Aartevilfalt a vill siele Planzen. Zënter Oktober 2020 dréit de Minett dowéinst den offiziellen Unesco-Label „Man and Biosphere“. Esou ass d’Regioun Deel vum prestigeträchtegen inter­ nationalen Netzwierk aus méi wéi 700 Biosphär-Reservater an 124 Länner.

60

GRAND TOUR IINSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 60

15.05.21 16:05


Aus dem Radio kënnt e Grease-Soundtrack, bei all Buedemwell schaukelt de Chassis. Sëtzt do wierklech d’Olivia Newton John nieft dem Chauffer? Souguer wann net, den Auto ass definitiv ee „Greased Lightning“!

61 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 61

15.05.21 16:06


der Sonn straalt d’Zenerie an engem liichtende Rout, wéi an engem Canyon – géing op eemol ee Puma virun de Cadillac sprangen, et géing ee sech net wonneren.

Tëscht Minnen a Modernitéit De Claude wëll eis bei säi léifste Fotospot bréngen: bei d’Héichiewen um Belval. Virdru war hei zu 100 % Schwéierindustrie, elo ass et ee Konversiounsgebitt: Déi gigantesch Gebaier vun den Héichiewe stinn zum Groussdeel nach, sinn op Héichglanz poléiert a blëtzen esou tëscht den Neibauten erduerch. Dat Neit an dat Aalt ginn hei eng spannend Symbios an.

Rumble in the jungle Dierf ech virstellen? Esou gesäit een Treffe vum Club Retro-­CarsPéiteng aus. Dem Claude steet ee breet Grinsen am Gesiicht. Obwuel nëmmen eng Handvoll Membere mat hire Gefierer am Minett Park Fond-de-Gras waarden, ass et ee Bild wéi aus engem James-Dean-Film. Et kann ee sech nëmme virstellen, wéi et muss ausgesinn, wann deen Autokorso laanscht ee fiert – wonnerbar! Mir werfen nach ee Bléck op de Kréimerbuttek Victor Brinck, deen als interaktiivt Ausstellungsstéck vun Déifferdeng hei an de Fond de Gras verplanzt gouf. Déi héich Holzetagèrë si voll mat antiken Dousen, Schësselcher an allerlee Verpackungn – alles scho mat enger

Treffe vun de Generatiounen: D’Autoe vun de Retro-Cars-Péiteng si genausou restauréiert wéi d’Wierkhale vum Minett Park Fond-de-Gras.

gewëssener Patina. Mir kënnen eis trotzdeem virstellen, wéi fréier hannert der Théik déi hëlzen Tiräng erausgezu gi sinn, fir Miel a Polenta mat klenge Schëppercher ofzemoossen an ofzefëllen. Schliisslech ware vill Italieener als Aarbechter op Lëtzebuerg agewandert, haaptsächlech an de Süden, an hunn hir Iesskultur matbruecht. Et fänkt un, däischter ze ginn. De Kinch bréngt seng Famill heem. Eng stëmmungsvoll Faart duerch d’Dämmerung. Silhouettë vu Groufbunnen, Loren, dem Walzwierk an anerem zéie laanscht. Onheemlech schéin.

Epilog bei Esch D’Regioun huet hiren eegene Klang. Wéi mir de Gespréicher vun de Mënschen nolauschteren, kënnt et eis vir, wéi wann den Toun hei vill méi direkt a méi rau wier, méi éierlech. Een Iwwerbleibsel aus der Zäit vun de Schächt an de Grouwen, wéi eng kuerz kloer Uso nach iwwerliewenswichteg konnt sinn. O, dat ass Kulturierwen. Häerzlechkeet ouni vill Ronderëm. Als Ofschloss: ee Besuch am Bar Chaplin. Op enger onscheinbarer Stroossekräizung zu Éilereng. De Kinch trëfft hei op d’Membere vun engem aneren Autosclub. A bei enger häerzlecher Bal-Opnam an d’Gang – et feelt de passenden Auto – si mer eis eens: D’Retro-Car-Clibb passe gutt an dës Regioun. Wou d’Gemeinschafts­gefill gekonnt um Liewe gehale gëtt, duerch Frëndschaft, Motorsgeräicher, mat poléiertem Metall, genuch Iessen, witzege Spréch an net onbedéngt alkoholfräiem Gedrénks.

62

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 62

15.05.21 16:06


„All we need“ steet mat grousse Buschtawen op enger aler Mauer vun enger Hal um Belval. Eng Fro? Een Ausruff? Dat dierf jidderee fir sech selwer interpretéieren. Hei, matzen an deem ganzen Al-trëfft-Nei denke mer: All we need, dat si Visiounen a Courage. Nëmmen da ka Groussaarteges an Inspiréierendes entstoen.

63 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 63

15.05.21 16:06


An der Cockerill-Minn, wou Joerzéngte laang onzieleg Äerzzich a n d’Stollen eran- an erausgefuer sinn, ginn haut dat natierlecht an industriellt Ierwe vun der Regioun Hand an Hand. Den Naturschutzzentrum Ellergronn ass direkt beim Musée. E weist, wéi androcksvoll d’Natur sech, ouni mënschlecht Agräifen, nom Zoumaache vun de Minnen entwéckelt huet. 64

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 64

15.05.21 16:06


Riseg Maschinnen aus Stol; gigantesch Schwongrieder; ausrangéiert Damplokomotiven; Quaien, déi verfalen; Minnenagäng, aus deenen de Wand bléist: Net nëmme fir Familljen ass dës Regioun eng riseg Abenteuerspillplaz.

65 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 65

15.05.21 16:06


Et fänkt un, däischter ze ginn. Uewen un den Heckflosse vum Cadillac stralen elo, wéi zwee Liichttierm, d’Réckblenden. Eng stëmmungsvoll Faart duerch d’Dämmerung. Silhouettë vu Groufbunnen, Loren, dem Walzwierk an anerem zéie laanscht. Onheemlech schéin.

66

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 66

15.05.21 16:06


Een Ausfluch an de Minett Park Fond-de-Gras ass een Trip an d’Vergaangenheet. Mat engem Dampzuch, dem Train 1900, kënne Grouss a Kleng vu Péiteng aus op de Fond de Gras fueren, matzen duerch d’Land vun den Terres rouges. Zënter 1973 suerge Benevollen dofir, dass d’Zuchlinn erhale bleift. 67 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 67

15.05.21 16:06


From dust to dawn

UnescoBiosphär Zënter 2020 dierfe sech d’Terres rouges Minett Unesco-Biosphere nennen. Ideal fir ee Stopp, wann ee mam Auto ënnerwee ass: de geologesche

68

Kulturhaaptstad 2022

© EMILE HENGEN

Einfach emol den Auto géint een Dampzuch tauschen a vun der Péitenger Gare aus mam Train 1900  op de Fondde-Gras fueren. Oder d’Minnièresbunn huelen. De Minett Park besteet aus dem Fräiliichtmusée Fond-de-Gras an dem fréiere Bier­gaarbech­ terduerf Zowaasch . Och flott: den nationale Biergbaumusée zu Rëmeleng an de Musée Cockerillgrouf am Naturschutzgebitt Ellergronn. D’Migratiounsgeschicht vu villen Aarbechter aus der Stolvergaangenheet gëtt am Dokumen­ta­tiouns­ zenter fir mënschlech Migratioun zu Diddeleng  dokumentéiert. www.minetttour.lu

Esch rockt de Süden Esch 2022: D’Regioun gëtt Europäesch Kulturhaaptstad 2022 . D’Stëmmung bestécht duerch alternative Multikulti, Startup-Esprit an eng gehéiereg Portioun Kreativitéit. Digital Projeten a Live-Performance vermësche sech virun enger ofwiesslungsräicher Kuliss aus Natur, Industriekultur a Future-World. An och dat neit Wanderweenetz Minett Trail geet un de Start. www.esch2022.lu Zu Esch-Belval  gëtt et schonn elo vill ze entdecken: déi al Industriehal Massenoire mat Ausstellunge ronderëm d’Vergaangenheet an d’Zukunft vum Terrain, d’Rockhal mat hire Concerten an anere Kulturevenementer oder generell d’Campusliewe mat senge Caféen,

© OLI KERNER ESCH 2022

En Tour duerch de Minett

© LFT ALFONSO SALGUEIRO

Industrievergangen­heet live

Rondgang Giele Botter . Op 2,5 km fënnt een een thematesche Spadséierwee duerch dat fréiert Tagebaugebitt a gëtt Wëssenswäertes iwwert d’Eisenäerzvirkommen, den Tagebau a Fossilie gewuer. www.minett.lu

© LFT OLIVER RAATZ

Minett

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 68

15.05.21 16:07


© LFT PANCAKE!

Restauranten a Baren. Dass et hei cool ass, mierkt ee schonn un de Stroossennimm, oder wou soss gëtt et eng Avenue du Rock’n’Roll? www.belval.lu D’Unisbibliothéik um Belval mam Luxembourg Learning Center  ass ee weidert Meeschterwierk vum Architekt François Valentiny. Banne si wäitleefeg Raim mat ville Liesecker an natierlech ee ganze Koup Bicher. Wien erauskuckt, gesäit wuertwiertlech de Stëbs vun der Eisenindustrie, mat deem déi facettëräich Fënstere bedréckt sinn. www.uni.lu

Gutt gekillt

© LFT RENATA LUSSO

© LFT RENATA LUSSO

© PANCAKE!

Fotosstopp fir Urban Art 

 

Déi fënnef Killtierm, déi nach um Terrain vum Stolproduzent Arcelor-­ Mittal  zu Déifferdeng iwwreg sinn, huet de Sprayer Alain Welter komplett mat senger Street Art bemoolt. D’Minettregioun a Biller: Schinnen, Zich a Buggyen, Minnenaarbechter a Riedensaarte sinn ze entdecken. De beschte Spot fir ze fotograféieren ass op der Bréck vun der Avenue de la Liberté aus, tëscht Nidderkuer an Déifferdeng, www.differdange.lu

69 7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 69

15.05.21 16:07


EXPERIENCE A REGION AS DIVERSE AS ITS PEOPLE Cultural diversity, a center of science, unique natural escapes, and an industrial heritage. Experience the European Capital of Culture.

With the support of

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 70 Print-Anzeige-Luci-Doppelseite-390x240mm-final_PSOuncoatedV3_RZ01.indd Alle Seiten

15.05.21 16:07


ESCH2022.LU

7_GRAND TOUR_Minett_LU.indd 71

© Emile Hengen

e.

15.05.21 16:07 09.04.21 10:44


Éislek ·

Frazer ·

VW Bulli T2 Westfalia — 1976

Wäiswampech Aasselbuer

Klierf Munzen

Stolzebuerg Wolz Veianen

Béiwen Esch-Sauer

Buurschent

Dikrech

72

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND DES ROAD-TRIPSROADTRIPPEN INSPIRANTS À DUERCH TRAVERSLËTZEBUERG LE LUXEMBOURG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 72

Ettelbréck

15.05.21 16:06


Den orangë Béischt

Opgepasst, Éislek, mir kommen! Wann ee mat engem klassesche Bulli, wéi dem „Orange Beast“, wéi säi Chauffer e gedeeft huet, duerch d’Lëtzebuerger Ardenne fiert, kann ee säi Vanliewe voll genéissen. Waasser, Bësch, Däller a lëfteg Héichplateauen, gekoppelt mat klengen Dierfer a Buergen – am naturbeloossenen Norde vum Grand-Duché setze mir mat eisem Gefier e konterbonte Kontrapunkt. 73 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 73

15.05.21 16:07


Den Éislek, am Norde vum Land, ass duerchzu vu molereschen Däller an Héichplateaue mat iwwerwältegende Panoramablécker. An dëser eenzegaarteger an zum gréissten Deel onberéierter Landschaft kommen net nëmmen d’Frënn vun der Natur op hir Käschten, well hei gläicht keng Vue där anerer.

74

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 74

15.05.21 16:07


Plaz vun der Handlung: den Éislek. D’Helde vun der Geschicht: zwee Britte mat Lëtzebuerger Pass, eng Spuenierin, een Däitsche mat engleschem Numm ... Woubäi ee soe muss, dass den Däitschen zwar eng Séil a Charakter huet, mee amplaz vun engem Häerz huet en e 47-PS-Motor. „The Orange Beast“ huet de Frazer, de Chauffer vum Volkswon, säi Bulli gedeeft. Scho laang ass Lëtzebuerg bekannt fir seng Diversitéit a Vilfalt an esou begleede mir déi typesch Lëtze­buerger Reesgemeinschaft op hirer Busfaart duerch den Norden. Märchenhaft steet d’Buerg op der Kopp zu Buurschent. Zu hire Féiss d’Sauer an elo och mir. Mir fuere laanscht de Camping an d’Uferpromenad a kucken no uewen.

Am Land vun de Buergen Déi majestätesch Buerg hu mer ëmmer am Bléck: „Ech si gespaant, ob mir et iwwerhaapt bis erop packen“, uuzt de Frazer, „nujee, déi al Buerg­ hären hu mat manner PS missen auskommen. Mäi Béischt wäert eis schonn net am Stach loossen!“

gebraucht hunn. Haut ginn se der Géigend e verwonschenen Androck. D’Spuenierin Cami an de brittesche Lëtzebuerger Andrew loosse sech vum Frazer a sengem Bulli laanscht d’Buurschenter Plage kutschéieren. Mir huelen eng Kéier an eng Ofzweigung bei d’Buerg, iwwregens dat gréisste Bauwierk vu senger Aart, a beweegen eis Richtung Mëttelalter. „Ech kennen e super Fotosspot e puer Kéieren hannert der Buerg! Wa mir eng Foto maachen, explodéiert ären Instagram-Feed!“, geckst de Mr. Disco­aquajogger – de Social-media-Numm vum Frazer léisst eranen, dass een et hei mat engem typesche Britt ze dinn huet (seng Eltere kommen aus England): witzeg, exzentresch a fir all Spaass ze hunn. Zu Lëtzebuerg ass en opgewuess, huet

Informatik studéiert a goung dunn an déi brittesch Arméi, huet am Irak gedéngt. Zréck zu Lëtzebuerg huet en dunn als Consultant geschafft an ass elo Quereinsteiger an der Grondschoul. E bekannte Marathonleefer ass en zu Lëtzebuerg och – an esou entdeckt hie gären, am léifste beim Joggen, d’Natur vu senger Walheemecht. Bei seng Lafstrecke fiert en natierlech mat sengem ale Bulli.

Andauchen a Waasser a Landschaft „Speaking of…“, de Frazer dreift eis un. Net bei engem Gedanken hänke bleiwen, obwuel d’Zeenerie dozou aluet: De Bléck iwwert d’Buerg an d’Landschaft sinn herrlech. „Meng

Net nëmmen de Kanner zaubert eist Gefier beim Laanschtfueren e Laachen an d’Gesiicht: „Ech komme mer vir, wéi an engem iwwerdimensionéierten, orangë Loftballon, deen iwwert der Strooss schwieft. Esou sinn d’Reaktioune vun de Leit! An dann déi oprecht Sëtzpositioun … perfekt fir zeréckzewénken.“ Et mierkt een, dass de Frazer säi Vanliewe gär huet.

Den Éislek am Norde vum Grand-­ Duché ass en Ausleefer vun den Ardennen. D’Landschaft ass vergläichsweis rau: geriffelte Schifer, Wand, Héichten, vu Flëss gegruewen Däller. Et ass ursprénglech a gläichzäiteg en ofwiesslungsräiche Fleck, dee vu Wanderweeër duerchzunn ass. Räich u Bësch trëfft een hei an der Landschaft ëmmer erëm op knuereg Steeneechen. Si goufen ufanks vun de Gierwer geplanzt, déi d’Schuel fir hiert Handwierk

75 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 75

15.05.21 16:07


Esou lues wéi mam 47-PS-Bulli waren d’Ritter viru 600 Joer warscheinlech net ënnerwee, wa se d’Serpentinne bei d’Buerg zu Buurschent geridde sinn. Mee d’Gemittlechkeet beim Fuere léisst een d’Landschaft méi genéissen! Den Éislek huet schliisslech vill Schéines ze bidden.

76

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 76

15.05.21 16:07


Buurschent huet déi gréisste Buerg vu Lëtzebuerg. Dëst impressionant Bauwierk, mat charakteristesche Rondtierm, gouf warscheinlech am 10. Joerhonnert gebaut an am 14. a 15. Joerhonnert duerch d’Festungs­ mauer mat sechs goteschen Tierm erweidert. Vun der Buerg aus huet een e fantastesche Bléck iwwert den Dall. Owes gëtt d’Gebai beliicht — einfach märchenhaft. 77 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 77

15.05.21 16:07


Zivilisatioun a Wildnis: Heiansdo féieren se en inspiréierenden Danz op. Den Uewersauer-Stau läit am Éislek matzen am Naturpark: Schwammen, paddelen, tauchen, surfen, seegelen — de gréisste Stau am Land bitt genuch Plaz a Méiglechkeeten. Awer nëmme fir Waassersport ouni Motorsgeräischer.

78

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 78

15.05.21 16:07


Fir déi ganz Schéinheet vum Naturpark Uewersauer ze erfaassen, besiche mir d’Panoramaplattform Belvedère zu Buerfelt. Iwwert d’Brüstung geleent kucke mir 70 Meter an d’Déift. Lues zitt d’Solarboot mat e puer Visiteuren u Bord erlaanscht.

79 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 79

15.05.21 16:08


Liblingslafstrecke sinn hei an der Géigend“, sou de Frazer, „ronderëm de Stau. Do ginn et vill Weeër duerch de Bësch, an ëmmer erëm fonkelt de Séi duerch d’Geäscht.“ D’Stroosse kennen se in- an auswenneg, sou oft sinn déi zwee, de Frazer a säin orangë Béischt, hei ënnerwee: d’Streck vun Esch-Sauer a Richtung Stau, laanscht d’Ufer oder och iwwert déi mächteg Staumauer. Et ass fir sech ze verléiwen. Mee ier mir eis an d’Séilandschaft verléiwe kënnen, hu mer nach e Rendez-vous am Hôtel de la Sûre zu Esch-Sauer. „Mäi Kinnekräich fir eng Servoslenkung“. De Frazer muss an de verwénkelte Stroosse vun der klenger Stad zimmlech kuerbelen, mee den Opwand gëtt belount. Déi schwéier Bamscheif, voll mat Ardenner Leckereien, luet zu engem längeren Openthalt op der Daachterrass an, mee de Motto vum

Grand Tour ass jo net, sech groussaarteg verwinnen ze loossen, also séier d’Wäifläsch an der Jackett verstoppt a weider geet et. „Wannechgelift eraklammen, de Stau waart.“ De Frazer steiert den T2 duerch den enken Tunnel, deen ënnert der Buergruin duerchféiert, op eng schmuel Strooss an den Naturpark Uewersauer. „Et voilà. Dat heiten, d’Streck vun Esch-Sauer laanscht de Séi, iwwert d’Staumauer, ass meng absolut Liblingsstreck. Déi laang Kéieren – wéi gemaach fir d’Cruisen. Schéin entspaant. Virun allem, wann een an esou engem Oldie sëtzt.“

Een Touch vu Vintage Eng ganz besonnesch Ausstellung besichtege mer am Norde vum

Den Hôtel de la Sûre zu Esch-Sauer ass ëmgi vun enke Gaassen. Vun der Daachterrass aus huet déi kleng Reesgrupp eng gutt Vue op d’Ruin vun der aler Schlassfestung an op d’Schläif vun der Sauer, déi den alen Duerfkär ëmkreest.

Land: „The Familiy of Man“ ass eng Dauerausstellung am Clierfer Schlass an ass Deel vum Unesco-­Weltdokumentenierwen. Mir fuere weider duerch Däller, déi sech déif an d’Ardenne gegruewen hunn. Iwwer geschwonge Stroossen, duerch déi hiwwelegst Regioun vu Lëtzebuerg. Schlängelen eis erop op d’Plateauen, wou een de Bléck iwwer alles huet, a verschwannen erëm an de vu Bëscher bewuessenen Däller vum Éislek — dës Aachterbunnfaart féiert eis op Veianen. Wéi aus dem Näischt taucht op eemol dat mächtegt Schlass virun eis op. Mir verrenken eis all, jidderee presst seng Nues widdert d’Scheif, fir ee Bléck aus dem enken Dall erop op dat impressionant Mauerwierk uewen um Fiels­ virsprong ze kréien.

Am Dall vun den Ieselen Dann op Dikrech. Ieselen op all Eck an an all Aggregatszoustand: op véier Been, aus Plüsch, aus Bronze. D’Maskottche vun der Stad fënnt een iwwerall. Mir si scho bal enttäuscht, dass sech am Oldtimermusée keen Ieselchen tëscht den Autoe verstoppt. Ganz bewosst hu mir eis dës Plaz als lescht Statioun vun eisem Tour duerch den Éislek erausgesicht. No der Visitt vum Geschichts­musée vun der Brauerei Diekirch schmaacht eise Feiwerowendbéier an der Brasserie beim Louis gläich duebel esou gutt.

80

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 80

15.05.21 16:08


„The Family of Man“ ass eng legendär Fotosausstellung vun der humanistescher Fotografie, 1955 vum Edward Steichen fir den New Yorker MoMA kuratéiert. No enger internationaler Rees gouf d’Ausstellung du permanent am Clierfer Schlass gewisen an ass elo Deel vum Unesco-Weltdokumentenierwen.

81 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 81

15.05.21 16:08


Fréier hunn d’Dikrecher Baueren Iesele genotzt, fir hir Felder a Wéngerten am Hang vum Härebierg ze plouen an ze bewirtschaften — den Iesel war dat eenzegt Déier, dat sech do beweege konnt.

82

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 82

15.05.21 16:08


Zu Dikrech begéint een de sympatheschen, stueren Déieren op all Eck. D’Maskottche vun der Stad ass iwwerall a wann een him hautno begéint, kann een novollzéien, firwat déi Dikrecher d’Sympathie zu dësen Déieren ni verluer hunn.

83 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 83

15.05.21 16:08


De Bulli a säi Chauffer verléieren an de verschachtelte Gaassen den Iwwerbléck a mussen an enger Sakgaass, virun enger Postkaartekuliss a mat motzege Passagéier u Bord, d’Kéier maachen. Ënner ästheetesche Gesiichtspunkten eng schéin Aktioun: de Vintage-Lack vum Gefier virun de Vintage-Fassade vun den alen Haiser zu Veianen — e perfekt Arrangement.

84

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 84

15.05.21 16:08


Veianen ass net nëmmen eng pittoresk Touristestad, mee och bekannt duerch ee berüümten Dichter: Am 19. Joerhonnert huet de Victor Hugo eng Zäit laang als politesche Flüchtling hei gelieft. D’Haus, an deem e gewunnt huet, ass zënter 1935 e Musée. A wie weess, vläicht kënnt jo heiansdo de Glöckner vun Notre Dame laanscht. 85 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 85

15.05.21 16:08


Éislek

© VISIT EISLEK

Am Summer lueden d’Plagen zu Ënsber, Lëlz a Léifreg  fir ze schwammen an. Super Vuë bidde sech z. B. beim Aussiichtspunkt Ourdaller Promenad , mat Bléck op d’Schlass Veianen, zu Méchela mat Bléck op d’Buurschenter Buerg a beim Aussiichtspunkt Heischtergronn-Teifëlslee . Zu Clierf luet d’Cité de l’Image  zu engem Rondgang mat Fotosgalerie ënnert fräiem Himmel an. D’Schlass bitt nieft der Unesco-klassifizéierter Fotosausstellung „The Family of Man“ nach e Musée zu der Ardennenoffensiv an eng Ausstellung mat de Modeller vun de Buergen a Schlässer zu Lëtzebuerg. Och eng Visitt derwäert: d’Benediktinerabtei Sankt Mauritius zu Clierf mat Loretokapell. www.visit-clervaux.lu

© VISIT ÉISLEK

Kulturell Wuerzelen a wëll Natur

© LFT THOMAS LINKEL

D’Lëtzebuerger Ardennen

Genoss am Éislek

86

© ECTO

Wéi wier et mat engem Picknick an den Éisleker Bëscher? Einfach eng

© VISIT ÉISLEK

Dëschelchen, deck dech!

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 86

15.05.21 16:09


© VISIT EISLEK

karéiert Decken apaken an e puer Scheiwe vun der Ardenner Ham erofschneiden. An den Naturparken Our an Uewersauer fënnt een net nëmmen eenzegaarteg, geschützten Natur, mee och Butteker mat regionale Spezialitéiten . Ob Kraider, Ueleg, Moschtert, Hunneg, Téi oder Kären: D’Produite Vum Séi oder vun der regionaler Bauereninitiativ Beo mat de Brauereien Ourdaller an Den Heischter sinn eng Visitt derwäert. www.beo.lu www.vumsei.lu

© VISIT ÉISLEK

© LFT MIKE ZENARI

© VISIT EISLEK

Mëttelalter erliewen

Schlässer iwwer Schlässer Den Éislek ass de Mëttelpunkt vun der mëttelalterlecher Kultur, där hir Spueren haut nach ze gesi sinn. Natierlech virun allem an den ikonesche Schlässer. Dat berüümtste Beispill ass Veianen . Och kuckeswäert: déi gréisste Buerg vu Lëtzebuerg zu Buurschent an d’Ruine vu Branebuerg an Esch-Sauer . Am Juni a Juli fënnt de Wëlzer Festival  statt: Virun der dramhafter Kuliss vum Schlass Wolz erliewen d’Visiteuren d’Musek an all hire Formen: Danz, Oper a Musicallen. Eng Abberzuel

u Weltstare stounge schonn op der Bün vum Amphitheater an hunn dozou bäigedroen, dass de Festival en héije Stellewäert am kulturelle Liewen anhëlt. www.festivalwiltz.lu A firwat net emol an engem Schlass iwwernuechten? www.chateau-urspelt.lu Den Alldag vu fréier erliewen

Musséeë fir matzemachen Éislek, d’Land vun der Landwirtschaft. Dat war fréier esou an ass bis haut esou bliwwen. Do, wou elo riseg Trakteren iwwert d’Stroossen an d’Feldweeër fueren, si virun 150 Joer Kutsche gerattert a Päerdshouf waren ze héieren. Abléck an d’Landliewe vun deemools bitt den Touristcenter Robbesscheier  zu Munzen an de Landmusée A Schwiewesch zu Bënzelt. Wousst Dir, dass am Éislek och Stëfter hiergestallt goufen? Dat gesäit een an der aler Duchfabrik Duch vum Séi zu Esch-Sauer. Bal 1.000 Joer Geschicht huet déi eelste Mille vum Grand-Duché um Bockel. Si ass zu Aasselbuer. Grad wéi d’Poststatioun an de Schreifwueremusée. Gutt ze wëssen: Déi al Millen zu Aasselbuer empfänkt och Hotelsgäscht. www.robbesscheier.lu www.museebinsfeld.lu

87 8_GRAND TOUR_Eislek_LU.indd 87

15.05.21 16:09


Zentrum ·

Pascal ·

Morgan 4/4 — 2018

Good Morgan! Wie mam Auto an der Stad Lëtzebuerg ënnerwee ass, wäert sech e bësse fille wéi op enger Aachterbunn. Serpentinnen a Brécke prägen dem Morgan-Chauffer Pascal säi Roadtrip duerch d’City. D’Uewer- an Ënnerstad: schaarf vunenee getrennt duerch de Canyon-méissegen Dall vun der Uelzecht an der Péitruss. An hannert dem Zentrum waart dat iwwerraschend hiwwelegt „Häerz vum Land“.

88

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND INSPIRIERENDE ROADTRIPPEN ROAD-TRIPS DURCH DUERCH LUXEMBURG LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 88

15.05.21 16:08


Fëschbech

Miersch

Schëndels Buerglënster

Betzder Walfer

Stad Lëtzebuerg

Niederanven

Conter

Duelem

89 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 89

15.05.21 16:08


Skylinen a Flossdäller, modern Glasbauten op historesche Fundamenter a vill Gréngs: D’Haaptstad vu Lëtzebuerg ass esou villsäiteg wéi hir Bewunner aus de méi wéi 170 Natiounen.

90

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 90

15.05.21 16:08


Mir befannen eis an engem Schneider­ betrib zu London an de spéiden 1920er Joren. En extreem stilsécher gekleete Mann mat engem Tweedkostüm no der neister Moud, dee sëtzt wéi ugegoss, hëlt Mooss. De Client mat Päif a Schnauz ënnerhält sech mam Proprietär vum Schneiderbetrib. Hei kritt een net just op d’Mooss geschneidert Kleeder, mee och d’Basicen, déi de Mann vun engem gewësse Stand fir säi Gléck brauch. An der Vitrinn gi Manchettëknäpp, Poschet­ ten, Krawatten, Parfum an aner Saachen, déi weisen, datt de Keefer e gudde Goût huet, presentéiert. E Journalist an eng Fotografin waarde gedëlleg, lauschteren a kucke virwëtzeg no. De Proprietär huet elo Zäit fir eis: „Bonjour, ech sinn de Pascal, de Besëtzer vun dësem klenge Buttek. Kommt, mir gi kuerz bis virun d’Dier – herno en Apero? – et ass grad esou vill lass! – mee super Projet, déi Classic-Car-Geschicht – Lëtzebuerg ass jo wierklech wéi gemaach fir d’Chauffere vun engem Oldtimer: wonnerschéi Landschaften, super Stroossen, och déi Stad, an där mir wäerten ënnerwee sinn, huet vill kuckeswäert Stroossenzich! Mäi Morgan 4/4 vun 2018 ass iwwregens bal d’nämmlecht gebaut wéi d’Modeller vun 1927. Eng richteg Zäitkapsel.“ Ee Moment. Mir sinn duercherneen. Mir ginn duerch d’Dier fir an d’Geschäft eran a stinn op eemol um Krautmaart, matten an der Alstad. Et ass scho wouer, mir sinn an den 20er Joren, awer dat e puer Joerzéngten dono. De Mann, deen esou energesch schwätzt an deen eis erausbegleet, ass de Pascal Zimmer. Ee wéi keen Zweeten an e Genie an allem. Nieft den dräi Butteker an der Stad, déi d’Visiteuren alleguer an en anert Joerhonnert katapultéieren, well se mat esou vill Léift fir den Detail dekoréiert sinn,

bedreift en och nach en Hotel. An en ass Entrepreneur vun enger Baufirma. En huet och en eegene Fitnessstudio. An tëschenduerch war en Nationaltrai­ ner vun der lëtzebuergescher Judo-Na­ tionalekipp! Wéi et ausgesäit gëtt et fir dee Mann just e „Ganz-oder-guer net“. „Ech hat scho fréi eng grouss Affinitéit fir Groussbritannien a fir d’Moud aus den 1920er Jore vun der Insel! Fir d’Männer war et de groussen Zäitalter. D’Schnëtter, d’Stëfter, d’Hitt an d’Kapen: D’Proportioune vun de Moudeartikelen hunn de Männer geschmeechelt. D’Accessoiren hate Stil, ouni datt se dobäi protzeg oder vulgär waren. Dat Ganzt gouf verbonne mat der legendärer britte­ scher Exzentrik an der ironescher Vue op sech selwer. Ech fannen et einfach immens“, mengt de Pascal.

Sielen hu mer ee begéint, dee sech esou konsequent dem Stil vun enger bestëmmter Epoch verschriwwwen huet. Mir si staark beandrockt a fänken u mat eisem City-Tour. Ëmmer am Fokus als faarwegen Highlight: den eleganten, knallroude Morgan vum Pascal. Et ass kee richtegen Oldtimer, mee änlech wéi bei der Stad, déi mer entdecke wëllen, ass et eng gelonge Kombinatioun aus historeschen Elementer an engem moderne Motor.

Alles Geschicht D’Geschicht vun der Stad léisst sech, esou vill ass duerch Quelle geséchert, op d’mannst 1.000 Joer zeréckver­ follegen. Bis haut ze spieren a mam Schicksal vum moderne Lëtzebuerg

D’Moud aus den 1920er Jore vun der Insel meets Tram vun haut. Niewebäi ugemierkt: D’Proportioune vun de Kostümer aus dem gëllenen Zäitalter vun der Eleganz sinn nach haut State of the Art fir klassesch Business­kostümer. Esou elegant ugedoen – mee natierlech och casual – kann een zu Lëtzebuerg iwwregens gratis vum kompletten ëffentlechen Transport profitéieren.

91 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 91

15.05.21 16:08


“CHARLOTTE POSENENSKE: WORK IN PROGRESS”, 10.10.2020 - 10.01.2021, MUDAM LUXEMBOURG SQUARE TUBES SERIES D, 1967/2018. DIA ART FOUNDATION

De „Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean – Mudam“ bréngt e kosmopolitesche Flair an d’Haaptstad an ass eleng scho wéinst senger Architektur zu engem Sënnbild ginn. Esouguer, wann een einfach „just“ Ästheet ass an Amateur vu schéine Saachen, kënnt een, fir sech ëmzekucken, an de Muséesshop oder an de Café, fir e kuerze Moment do ze verbréngen. E besonnesche Genoss ass eng Visitt de Weekend, wann de Brunch zu engem gemittlechen Iesse mat der Famill oder mat Frënn gëtt. All Mëttwochowend gëtt bei Live-Concerte gedanzt, bei Optrëtter geklappt oder bei Konferenzen nogelauschtert.

92

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 92

15.05.21 16:08


Et ass e schéint Bild, wéi de Mann aus dem Joer 1920 duerch d’Hale vum Mudam trëppelt. De Pascal hëlt säin Handy eraus, fir eng Foto ze maachen. Handy? „Ha!“, denke mer, „erwëscht!“ Mir hunn eis et dach geduecht, datt wéinstens eemol kuerz mat der perfekter nostalgescher Inzenéierung gebrach géing ginn! Mir entschëllegen et gär, well de Musée a seng Ausstellungsstécker sinn einfach vill ze fotogen.

93 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 93

15.05.21 16:08


Déi historesch Alstad huet e besonneschen Zauber. Eng riseg rout Bréck verbënnt se mam Kierchbierg-Plateau a vereent esou déi zwee kontrasträich Quartieren. Hei Festungsmaueren a pastellfaarweg Wunnhaiser, do europäesch Institutiounen, international Entreprisen a Kulturariichtungen, direkt op der anerer Säit vun der Bréck.

94

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 94

15.05.21 16:09


D’Grande-Duchesse-Charlotte-Bréck (am Volleksmond „Rout Bréck“ genannt) féiert iwwert d’Uelzechtdall. Op enger Héicht vu 74 m a mat enger Längt vun 355 m verbënnt se den Europavéierel um Kierchbierg mam Stadzentrum vu Lëtzebuerg.

95 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 95

15.05.21 16:09


verknäppt ass natierlech d’Enn vum Zweete Weltkrich. Um Amerikane­ sche Kierfecht mat sengen iwwer 5.000 blénkeg-wäisse Kräizer, wéi se, als Rappel, stomm an der Rei stinn, kréie mer eng Virstellung dovun, wéi wichteg et war an ëmmer nach ass, datt Lëtzebuerg sech mat engem vereenten Europa zesummegedoen huet. Datt d’Land ëmginn ass vu Staaten, zu deenen et eng frëndschaft­ lech Relatioun pfleegt a vun Handels­ partner. Datt d’Barriären op de Grenzen op sinn, ass keng Selbstver­ ständlechkeet, mee eppes, wat politesch huet missen erschafft ginn. D’Gaaschtfrëndlechkeet géintiwwer de Visiteuren, d’Tatsaach, datt an der Haaptstad méi Mënsche mat net-lëtze­ buergeschem Pass schaffen a liewen ewéi Lëtzebuerger, ass wuel Ausdrock vun der staark ausgepräägter Iwwer­

zeegung, datt Diversitéit, Weltoppen­ heet an d’Beschäftegung mat anere Kulturen sech um Enn bezuelt maachen. D’Wärung: Renconteren, Iddien, kulturellen Austausch, Geschichten, Frëndschaften an – natierlech – wirtschaftlechen Erfolleg. Mir fueren dem feierroude Morgan no duerch déi immens gréng Haapts­ tad, bis et eis dronke gëtt. Mir düsen duerch Gaasse mat franséischem (oder romaneschem?) Charme, laanscht Bongerte matten an der Stad an Häng mat Bësch. Vum Plateau aus fuere mer erof an de Gronn. Hei kann ee sech tatsächlech herrlech verfueren. An dat sollt een als Tourist am beschten esouguer. A verwénkelte Gaasse mat Pawee stéisst een op kleng Restauranten oder Butteker, déi ee soss ni entdeckt hätt.

Den Hotel Graace war an den 1960er Joren ursprénglech d’Schmëdd vun de GraasBridder. A genee esou, wéi den Numm vun der Famill nach an deem vum Hotel matschwéngt, sinn déi fréier Architektur an de fréieren Zweck vum Gebai nach ëmmer ze gesinn an ze spieren. Mat vill Léift fir den Detail gouf aus der Schmëdd en Hotel.

96

Konfus-schéin Mir awer fueren einfach just dem „roude Blëtz“ no, deem säi Chauffer d’Stad kenne muss wéi seng eegen Täsch aus Tweed. Mir fueren iwwer Brécke mat gemauerte Béi, nëmme fir eis no e puer Manövere genee ënnert hinnen erëmzefannen. Mir kommen op Aussiichtspunkten a soen: „O, wat e schéine spatze Kierchtuerm do hannen“ an hues-de-net-gesinn düse mer laanscht genee dëse Kierchtuerm. Déi ganzen Zäit iwwer ass en diskreet Schmunzelen um Pascal sengem Gesiicht ze erkennen. Et schéngt him Spaass ze maachen, eis iwwer Weeër, déi sech kräizen, duerch säi Lëtzebuerg ze féieren. Mir spadséieren e wéineg iwwert de Pawee. Kuerzen Tëschestopp an enger Pâtisserie. Kulinaresch vermëschen sech an der City déi verschidden Aflëss vun hiren Awunner. Natierlech gëtt et nieft de lëtzebuergesche vill franséisch ugehauchte Restauranten, mee och Caféë mat portugisescher, hollännescher, italieene­ scher oder spuenescher Kaart leien no beieneen, zum Beispill nërdlech a südlech vun der Groussgaass. „No beim Zentrum kann een iwwregens gutt am Parking ënnert dem Knuedler parken“, erkläert de Pascal. Dat maache mer allerdéngs net, mee mir fueren an der Dämmerung, wärend d’Luuchten an der Stad lues a lues uginn, weider bei den Hotel Graace. Modernen Industrial-Style. E flott Bild fir den Ofschloss: An engem Gebai, dat seng eigentlech Bestëmmung an der Mëtt vum leschte Joerhonnert hat an dat elo modern ëmdekoréiert gouf, steet hien do, de Pascal, de „Lonesome Rider“ aus de fréieren 1920er Joren. Wéi wann e schonn ëmmer do gestan hätt, wéi wann d’Zäit ronderëm hien einfach just méi séier ëmgaange wier. Mir si matten am Véierel Bouneweg. Lo nach eng cool Bar sichen. „Make it one for my baby. And one more for the road.“

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 96

15.05.21 16:09


Erop, erof, Bréck, Tunnel, Gaass, Einban: D’Stad Lëtzebuerg ass eng Plaz, wou ee sech kann dra verléieren. D’Haaptstad gëtt vun den déiwe Schluchte vun de Flëss Uelzecht a Péitruss duerchzunn. An de Fielse leien d’Hiele vun de Bock-Kasematten. Hannert all Kéier erwaarden een nei Andréck. Um Enn weess ee guer net méi, wou uewen a wou ënnen ass. Konfus-schéin. 97 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 97

15.05.21 16:09


„Et voilà Kuckt iech déi Vitrinn un. Wat fir eng Menagerie!“ De Pascal huet eis bei en Antiquaire geféiert. De Besëtzer steet — wéi et mat geschwongene Buschtawe op der Scheif geschriwwen steet — fir säi Fachwëssen an. An der Vitrinn stinn déi Saachen, déi et derwäert waren, iwwer Joerzéngten a Joerhonnerte versuergt ze ginn an déi elo en neie Proprietär sichen. De Pascal ass deemno net deen Eenzegen, deen e Faibel fir Saachen huet, déi net verginn an zäitlos sinn.

98

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 98

15.05.21 16:09


An der Alstad vu Lëtzebuerg ginn et vill interessant Geschäfter. Dëse Staddeel ass déi ideal Plaz, fir sech dreiwen ze loossen: ze verwénkelt, fir sech e séieren Iwwerbléck kënnen ze verschafen, – an de selwechte Moment ze kleng, fir wierklech verluer ze goen. 99 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 99

15.05.21 16:09


Steen op Steen entsteet d’Geschicht. Mir passéiere Gebaier aus ënnerschiddleche Joerhonnerten. Mol sinn et aluedend kleng Boutiquen oder Caféen, mol imposant Gemaier aus Steen, déi vun der Festung an der Stad erzielen. Ëmmer nees bléist eis de Wand den Hauch vun der Geschicht an de Cabrio.

100

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 100

15.05.21 16:10


D’Festung vu Lëtzebuerg, am Grand-Duché och houfreg als „Gibraltar vum Norden“ bezeechent, war, bis se am Joer 1867 geschlaff gouf, eng Festungsanlag mat enger strategescher Bedeitung fir d’Grenzregioun. Vill Bauten — wéi d’Schlassbréck, déi 1735 aus roudem Sandstee gebaut gouf — sinn awer glécklecherweis erhale bliwwen. 101 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 101

15.05.21 16:10


Zentrum Mobil Haaptstad

© LFT GAUVIN LAPETOULE

An der Haaptstad kann ee sech mam eegene Gefier an de Gässelcher verléieren. Oder et trëppelt een zu Fouss duerch d’Stad a beweegt sech mam Bus oder dem fonkelneien, héichmodernen Tram  fort. Einfach den Auto stoe loossen op enger vun de Parkplazen, zum Beispill um Parking Glacis, Gare, Luxexpo, P+R Centre Douanier oder P+R Bouillon, an da gratis (jo, richteg gelies!) matten eran an dat mol hektescht, mol besënnlecht Stadliewen. www.mobiliteit.lu

© LFT GAUVIN LAPETOULE

Den Tram kënnt

102

© LFT GREGOR LENGLER

An de klenge verwénkelte Gaassen, Geschäfter a Boutiquë  vun der Stad léisst et sech wonner­ bar shoppen. Gourmete fannen an de Schneekeg­ keetsgeschäfter a Pâtisse­ rien an der Stad alles vun der Knippchen iwwert déi berüümt Rieslings­ paschtéit bis hin zu botterzaarte Madeleinen.

© LFT RENATA LUSSO

Shopping a Genoss

© LFT THOMAS LINKEL

Aluedung fir ze bummelen

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 102

15.05.21 16:10


Kultur-Hopping

© LFT A. SCHÖSSER

En Ensembel vu Muséeën Eleng an de Muséeën am Zentrum vu Lëtzebuerg kann ee méi wéi e ganzen Dag verbréngen. Um „MuseumSmile“ gëtt de Kulturgenoss wuertwiert­ lech zum Spadséiergang. Siwe Muséeë gehéieren dozou: d’Villa Vauban , de Casino Luxembourg – Forum d’Art Contemporain, de Lëtzebuerg City Mu­ seum, de Musée national d’histoire naturelle – natur musée, de Musée National d’Histoire et d’Art an, um Kierchbierg, de Musée Dräi Eechelen an de Mudam . www.museumsmile.lu

an d’Abtei Neimënster vereent sinn. Tëscht der Uewerstad an dem Pafendall fiert de Panorama-Lift . Wärend een erop- oder eroffiert, kann een duerch déi gliese Wänn kucken. Et ass spektakulär! De Vauban-Wee bitt esouwuel zu Fouss wéi och mam Auto schéin Aussiichten. www.luxembourg-city.com Schlässer an der Géigend vun der Stad

Bei der groussherzoglecher Famill

Op de Spuere vun der groussherzoglecher Famill am Zentrum-Guttland: Am Fëschbecher Schlass An- an Aussiichten lieft den Ierfgroussherzog Guillaume mat senger jonker Famill. An do ass nach de léiwe Geescht vum Grand-Duc Jean ze spieren. De beim Vollek immens D’Corniche gëtt och beléifte Papp vum Grouss­ „schéinste Balcon vun herzog Henri huet no senger Europa“ genannt. De Wee verleeft laanscht d’Uelzecht­ Ofdankung bis zu sengem Doud 2019 hei gewunnt. dall iwwert de Festungs­ Am Schlass Colmar-Bierg maueren, déi am 17. méi wäit am Norde sinn de Joerhonnert opgeriicht Groussherzog Henri a seng goufen. En zitt sech vum Fra María Teresa doheem. Bockfiels bis bei den Weider kinneklechënneschten Deel vun der schéi Gemaier: d’Schlass Helleg-Geescht-Zitadell. vu Mënsbech mat senge En Iwwerbléck iwwert prächtege Gäert an d’Unesco-Weltkulturierwe d’Buerglënster Schlass , vun der Alstad verschaaft de Wenzelspad , an deem wou ee beim Stärekach René d’Corniche, de Rahmplateau, Mathieu kann akéieren. www.bourglinster.lu d’Bock-Kasematten 

© LFT GAUVIN LAPETOULE

© LFT GAUVIN LAPETOULE

© LÊMRICH

Kuckt op dës Stad!

103 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 103

15.05.21 16:10


Avenue Emile Reuter

Bvd. Prince Henri

VILLA VAUBAN MUSÉE D’ART DE LA VILLE DE LUXEMBOURG

DISCOVER THE DIVERSITY OF LUXEMBOURG’S MUSEUMS WITHIN A SHORT DISTANCE

Rue Notre Dame

CASINO LUXEMBOURG FORUM D’ART CONTEMPORAIN

W W W. M U S E U M S M I LE . LU

9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 104 07275_DSTAATERMUSEEEN_MUSUMSMILE_ADAPT_ANN_WALK THE MILE_LUCI_240X390MM.indd All Pages

15.05.21 16:10


y

enned n F. K

e Joh Avenu

MUDAM LUXEMBOURG MUSÉE D’ART MODERNE GRAND-DUC JEAN

o uF

e

ed

Ru

ds

an

l s-G

roi sT

en

ng

hü rt T

d ue

R

MUSÉE DRÄI EECHELEN FORTERESSE, HISTOIRE, IDENTITÉS

MNHA MUSÉE NATIONAL D’HISTOIRE ET D’ART

theim

Rue Wil

efroi

Rue Sig

es

au

’E el

ed

e

dF

ran

MUSÉE NATIONAL D’HISTOIRE NATURELLE ‘NATUR MUSÉE’

Rue M

Bv

Rue du

LËTZEBUERG CITY MUSEUM

ünster

Ru

rit St Esp

Ru

v Trê de

klin

sev

oo

oR

lan

De elt 9_GRAND TOUR_Zentrum_LU.indd 105

15.05.21 16:10 17.12.2020 8:39


Luci Special

Konzept & Chefredakter Valerio D‘Alimonte

EDITIOUN 2021

Kreativdirektioun & Editorial Design Guido Kröger, ampersand.studio

Inspiréierend Roadtrippen duerch Lëtzebuerg EDITIOUN 2021 – LËTZEBUERGESCH

Storien

www.visitluxembourg.com · www.Luci.travel

Thomas Jutzler (Redaktioun) Pancake! (Fotoen) Net just fir Oldtimer Ënnerwee tëscht Fielsrisen

Grand Tour de Luxembourg Plaze fir ze genéissen a fir Kulturbegeeschterter

Traditioun a Modernitéit D’Villfalt vun de Regiounen an der Haaptstad

Editeur Luxembourg for Tourism BP 1001, L-1010 Lëtzebuerg Tel. +352 42 82 82 1 info@visitluxembourg.com VisitLuxembourg visit_luxembourg @luxembourginfo www.visitluxembourg.com

Tipps Birgit Pfaus-Ravida (Redaktioun) Lis Lorang (Koordinatioun) Fotoe mat frëndlecher Geneemegung vun de Partneren Schlussredaktioun Birgit Pfaus-Ravida Iwwersetzungen op Lëtzebuergesch Binsfeld Lektorat Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Luc Marteling

© LFT 2021 All d’Rechter virbehalen. All vollstännegen oder deelweise Gebrauch, all Vervillfältegung, Reproduktioun, Verëffentlechung, Iwwermëttlung oder Verbreedung, ënnert wéi enger Form och ëmmer, ass ouni schrëftlech Erlaabnes vun LFT am Viraus net erlaabt. ISSN 2716-733x

106

Kaarten Walter Ciotti Merci Dem Frazer Alexander mat de Frënn Cami an Andrew Dem Simone Decker Dem Claude „Kinch“ Frantzen mat senger Fra Jill a sengem Fils Philipp Dem Thierry Hilger Dem Yves Mentz Dem Pascal Zimmer

Drock Imprimerie Centrale WP

LUCI SPECIAL

GrandTour — Inspiréierend Roadtrippen duerch Lëtzebuerg

EDITIOUN 2021 – LËTZEBUERGESCH

Luci Special

Oplo Gesamtoplo: 20.000 Lëtzebuergesch Editioun: 5.000 Sproochen Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch Reklamm hello@luci.travel Kooperatioun Déi sechs presentéiert Tier bezéien sech op de „Grand Tour de Luxembourg”, dee vun den Tourismusämter vun de Regiounen Éislek, Guttland, Minett, Musel a Mëllerdall – Kleng Lëtzebuerger Schwäiz – ausgeschafft gouf.

Weider „Inspiring Travel Stories from Luxembourg“ ënner www.Luci.travel

GRAND TOUR INSPIRÉIEREND ROADTRIPPEN DUERCH LËTZEBUERG

10_IMPRESSUM_LU.indd 106

15.05.21 16:09


DIEKIRCH VILLE DES MUSÉES Musée National d’Histoire Militaire 10, Bamertal L-9209 Diekirch www.mnhm.net

Musée National d’Histoire Militaire (MNHM)

Musée d’Histoire[s] Diekirch 13, rue du Curé L-9217 Diekirch www.mhsd.lu

Conservatoire National de Véhicules Historiques / Musée d’Histoire de la Brasserie de Diekirch 20-22, rue de Stavelot L-9280 Diekirch www.cnvh.lu _ www.luxem.beer

Conservatoire National de Véhicules Historiques / Musée d’Histoire de la Brasserie de Diekirch

Musée d’Histoire[s] Diekirch (MH[s]D)


www.visitluxembourg.com · www.Luci.travel