Informatiounsblat °11 2018

Page 85

6. Plan de gestion des forêts BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Respektiv de Fierschter, wann deen dat a sengem Zäitplang ka mat eranhuelen.

Wann Dir schonn alles sot, wat den Här Schwachtgen soe wollt, bleift dann nach eppes Här Schwachtgen? Kann ech Iech d'Wuert awer ginn?

Zu de Fiichten: Mer hunn eng Ekologie hei, déi mat Fiichte lieft. Also eng Fauna, déi dervu lieft. Denkt un d'Eilen, denkt un d'Mais, denkt un d'Spiechten, denkt un d'Seechomessen ënnendrënner. Déi Seechomessekéip sinn nëmmen a Fiichtebëscher an net an engem Buchebësch. Schlofbeem brauchen all Vullen. Déi gi léiwer an eng Fiicht schlofe wéi an eng plakeg Bierk am Wanter. Dat ass alles en Ekosystem. An dee soll een net nohalteg stéiere goen.

FRENZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Jo, ech däerf nach eng Kéier. Ech wëll am Fong bestätegen, wat den Här Liesch gesot huet. Ech wëll mech de Mercien uschléissen, déi ausgedréckt gi sinn. Well mir hunn eng ganz flott Relatioun mam Déifferdenger Fierschter an och mam Här Leitem, dem Ressortfierschter. Mer treffen eis dacks do uewen, mir hu schonn e puer Visitte gehat. Mir sinn och am Gaang, Sentieren nei fräi ze schneiden, respektiv sollen déi dann amenagéiert ginn, fir verschidde Punkte vun eisem Bierg och aus der Stad besser mateneen ze verbannen. Dat sinn Aarbechten, déi en cours de route sinn. Wat flott ass, ass, dass deen ale Bamléierpad oder Naturléierpad, deen hei um Rollesbierg virun 30 Joer quasi vun der Vulleschutzliga ugeluecht ginn ass, erëm nei gemaach gëtt respektiv nei replantéiert gëtt oder nei signaliséiert gëtt, fir dann esou an deem Pourtour, wou och de Mäerchepark ass, de Leit en Attrait ze ginn. Wat gesot gi war, zousätzlech, dat steet elo net hei an deem Rapport, dass een effektiv sollt iwwer eng App nodenke fir déi Mäerchen, an och eventuell bei de Beem dat dann installéieren. Déi aner Saach, wat nach gesot ginn ass – dat steet kuerz am Rapport, awer just vum Prënzebierg/ Giele Botter –, et gi ganz vill Entretiensaarbechten do uewe vum Fierschter gemaach. Och Securisatiounsaarbechten. An ech leeën do wierklech un d'Häerz, bei der Bëschcrèche an esou virun, reegelméisseg, een Expert op d’Plaz ze schécken. Obschonn dass dat net d'Aarbecht ass vum Fierschter. Mä den Här Drouard, ee Bamexpert, dee mer jo elo an der Gemeng hei hunn, deen am Service écologique ugestallt ass, dee reegelméisseg wierklech, no staarke Wandstéiss, op déi ganz sensibel Plazen ze schécken.

Et war d'Diskussioun opkomm: Kënne mir dem Fierschter eppes virschreiwen? Fir mech ass dat ganz kloer: An eise Gemengebëscher solle Fiichte stoen. Et sinn och Fiichten do, déi iwwer Naturversomung op d'Plaze komm sinn, déi sollten, no Méiglechkeet, an deene verschiddene Parzelle gehale ginn. E Punkt, dee mer net esou gefall huet, an deen eis och net esou gefall huet, mer hunn effektiv op eisem Bierg eng ganz Rei Parzellen, an net déi klengst, déi vun engem anere Fierschter betreit ginn, vum Bielesser Fierschter. Well deem seng Bëschgéigend net grouss genuch ass, huet deen hei och eng Partie Bëscher ze geréiere kritt, allerdéngs Staatsbëscher. An do hu mer am Fong guer keng Informatioun an och keng Matsprooch, wat do passéiert. Am Staatsbësch hu mer keng Matsprooch, mä mer kënnen awer eisen Avis ginn. Esou ass et eben d'lescht Joer virkomm – an dat hu ganz vill Leit gesinn, déi op de Bierg gaange sinn –, dass do e Koup remarkabel Eeche gefällt goufen. Iwwregens déi Stämm leien elo nach do. An dat hat eis ganz onverständlech geschéngt. Am Ufank war eise Fierschter accuséiert ginn. Deen dunn awer kloergestallt hat, dass hien et net war. An ech denken, dass mer an Zukunft, och mat Hëllef vun eisem Schäfferot, sollte kucken, dass mer dee Bielesser Fierschter an eis Versammlunge kréien. An dass mer Informatioune kréie respektiv eisen Avis derzou ginn. Well schliisslech ass et eist Wandergebitt hei uewen an eist Naturgebitt.

85

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) se demande s’il reste quelque chose à dire à M. Schwachtgen.

FRENZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) répond que oui.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) plaisante sur le fait qu’il aura essayé.

FRENZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) confirme les propos de M. Liesch. Il s’associe aux remerciements, car la commune s’entend bien avec le garde forestier et son chef. Actuellement, des sentiers sont en train d’être débroussaillés pour relier plus efficacement la ville à la colline. L’ancien sentier didactique aménagé par la Vulleschutzliga il y a trente ans au Rollesberg sera refait pour rendre le site et son parc de contes de fées plus attrayant. Le rapport stipule qu’une application pourrait fournir des explications quant aux contes de fées et que ces explications pourraient aussi être installées dans le parc près des arbres. Le garde forestier réalise de nombreux travaux d’entretien et de sécurisation au Giele Botter. Frenz Schwachtgen demande au collège échevinal d’envoyer régulièrement l’expert en arbres communal, M. Drouard, sur les sites sensibles comme la crèche en forêt lorsqu’il y a eu des rafales de vent. En ce qui concerne les épicéas, toute une faune en vit: les hiboux, les souris, les pics, les fourmis… Tous les oiseaux ont besoin d’arbres pour dormir et ils préfèrent en général un épicéa aux bouleaux. Il ne faut pas déranger cet écosystème de manière durable. Frenz Schwachtgen estime que la commune peut donner son avis au garde forestier, car les épicéas doivent faire partie des forêts de Differdange. Plusieurs parcelles sur la montagne sont gérées par le garde forestier de Belvaux. Malheureusement, la commune de Differdange n’est pas associée aux décisions qui y sont prises. Pour ce qui est des forêts gérées par l’État, la commune peut au moins donner son avis. Frenz Schwachtgen rappelle que l’année


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.