INFOBLAT °05 2017

Page 31

4. PAG et PAP Et freet eis awer, dass d’Commission de l’aménagement eis Kritik, déi mer geäussert haten, deelt betreffend d’Densitéit vun der Bebauung. An och de CSS, dee sougenannte Coefficient de scellement du sol, deen ausseet, dass iwwerhaapt kee Gréngs am PAP duerno op där Plaz iwwereg géif bleiwen. Den Avis vun der Kommissioun weist, dass ze vill dicht wäert gebaut ginn.

ball ze spillen an de Basketballsterrain iwwreg bloufen.

Mir hate jo och kritiséiert, dass do géife grouss Residenze kommen, déi net an dee Quartier passen. D’DP stëmmt déi Modification ponctuelle vum PAG net mat aus de genannte Grënn.

Dat Ganzt mat flott amenagéierte Weeër fir d’Leit, déi einfach do wëllen trëppele goen oder e bësse raschten. Déi Weeër maachen eng flott Verbindung vum Péitenger Wee an de Prënzebierg. Also och e Gewënn fir d’Awunner.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dëst gouf an der Biergerversammlung an engem relativ breede Konsens ugeholl. Natierlech ass net jidderee frou doriwwer, mä dat hei ass e gudde Kompromëss, wou engersäits een Deel Terrain getosch gëtt fir am Mattendall eng Schoul mat Maison relais kënnen no bei de besteeënde schouleschen a sportlechen Infrastrukturen ze bauen an op där anerer Säit am Péitenger Wee endlech erëm e schéine Park entsteet.

Merci, Här Meisch. Här Hartung.

JERRY HARTUNG (CSV): Dir Dammen an Dir Hären, erlaabt mer bei dësem Punkt kuerz auszehuelen. Wéi der all wësst an och schonn ugeschwat gouf, gouf et virdrun en anere Plang zur Bebauung vun dëser Plaz, déi den hënneschten Deel ganz beluecht gehat hätt. Vill Awunner konnten dësem Zeenario wéineg ofgewannen. Dofir e grousst Kompliment un de Schäfferot, dem viregten an dem jëtzegen, datt si sech éischtens mat den Awunner getraff an ausgetosch hunn, wéi wichteg dës Spillplaz fir Nidderkuer ass. An zweetens de Konsens gesicht hunn an d’Pläng revidéiert a reduzéiert hunn. D’Resultat vun deem Konsens ass u sech een Deel dovun, wat mer elo hei virleien hunn. Gebaut gëtt elo just nach dee viischten Deel zur Strooss hin. Een Drëttel vun der Gesamtfläch vum fréiere Park. An am Géigenzuch realiséiert d’Gemeng um verbleiwenden Deel e flotte Park. D’Awunner goufen och gefrot, wéi si sech dëse Park géife virstellen a wat fir Spiller sollten dohi kommen. An deem Kontext ass och ze bemierken, datt op dëser Spillplaz an de leschten zwanzeg Joer net vill investéiert gouf an ee Spill nom anere verschwonnen ass. An esou quasi just nach d’Wiss fir Fuss-

Aus dëser Spillplaz soll dann elo lues a lues e schéine Park entstoe mat ville Spiller fir d’Kanner an d’Jugend, déi zum groussen Deel och schonn ëmgesat goufen, a weideren Elementer fir och déi méi erwuesse Leit. Wéi Sportsgeräter an eng Petanquespist.

Zu deenen zwee negative Punkten am Avis vun der Commission de l’Aménagement hunn ech eng aner Siicht drop. Si hunn de Bauprojet wuel isoléiert bewäert ouni d’Informatioun vum Park hannendrun, dee jo och en Deel vum Ganzen ass. Zum enge schwätze se vun der Gréisst vun Habitations anonymes. Et handelt sech heibäi jo just ëm zwee Stäck. Jo, wann et näischt géif ronderëm ginn. Mä grad hei ass jo och de Park ronderëm. Ee Park, wou an der Ver­gaangenheet d’Leit sech getraff hunn an och deemnächst erëm kënnen do treffen. Den Här Muller huet u sech vun engem „Wunnen am Park” geschwat, wat gutt zoutrëfft. Zum Zweeten, schwätze se och vun Utilisation rationelle ultérieure des fonds maintenus semblent largement hypotéquée. Dat heescht si schwätze vum hënneschten Deel, datt deen net uerdentlech méi duerch en Accès ugeschloss kéint ginn, fir verbaut kënnen ze ginn. Jo, dat ass jo och gutt esou, well mer jo de Park esou wëlle bestoen halen. Gutt ass och, datt de Park elo schonns besteet. Dat heescht d’Leit, déi elo do wëlle kafen, wëssen, datt do eng Spill-

31

La Commission d’aménagement se montre elle aussi critique concernant la densité de construction. Le coefficient de scellement du sol démontre qu’il n’y aura plus de verdure sur le site. Par ailleurs, le site n’est pas adapté à la construction de grandes résidences. Le DP votera contre.

JERRY HARTUNG (CSV) signale que le premier projet prévoyait des constructions sur tout le site. Le collège échevinal a finalement rencontré les habitants et constaté qu’une aire de jeux était importante à Niederkorn. Les plans ont alors été modifiés. Seule la partie antérieure de la rue sera bâtie, soit un tiers de l’ancien parc. Sur la surface restante, la commune aménagera un parc. Jerry Hartung constate que peu a été investi dans ce site au cours des vingt dernières années. De l’aire de jeux, il ne reste que la prairie et un terrain de basket. Le collège échevinal compte désormais y aménager un parc avec des jeux pour les petits et une piste de boules pour les grands. Des chemins de promenade relieront la route de Pétange au Prënzebierg. Bien entendu, tout ne le monde n’est pas content. Mais il s’agit d’un bon compromis permettant d’un côté de construire une école avec maison relais dans le Mathendahl à proximité d’autres infrastructures scolaires et de l’autre d’aménager un parc dans la route de Pétange. La Commission de l’aménagement a évalué le projet sans tenir compte du parc. Or les différents éléments forment un tout. La Commission mentionne notamment les habitations anonymes, mais il y a un parc autour. M. Muller a d’ailleurs dit que c’était comme habiter dans un parc. La Commission constate également que la partie postérieure du site ne serait que difficilement accessible ce qui ne permettrait pas de la viabiliser. Pour Jerry Hartung, c’est une bonne chose puisque la commune souhaite conserver le parc. Le parc existe déjà. Par conséquent, les potentiels acquéreurs savent qu’ils habiteront à proximité d’une


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.