InfoBlat °01 15

Page 26

2. PAG ET PAP ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au vote. Il propose de voter les modifications du PAG concernant la rue de la Montagne et la rue de la Chiers en bloc, et l’entrée en ville ensuite. (Vote) Le bourgmestre passe à un autre projet important: les Terrasses de la Ville. Pour le conseil communal, il s’agit aujourd’hui d’approuver un PAP qu’il attend depuis des années. Il y a deux mois, le chantier devait débuter en mars. Ce matin, le collège échevinal a appris que ce sera en mai.

ERNY MULLER (LSAP) sera bref. Il rappelle que le projet compte 75 logements répartis en 9 résidences. La convention d’exécution dont disposent les conseillers communaux décrit ce qui sera construit. 21 % du terrain sera cédé à la commune. La commune aménage généralement ses aires de jeux elle-même. Dans ce cas-ci, une place publique sera construite sur laquelle elle installera les jeux. La commune aménage aussi l’éclairage afin qu’il y ait une uniformité dans le choix des réverbères. Il faut compter 8 000 euros par poteau, soit 50 000 euros en tout. Le revêtement de la partie cédée à la commune est choisi d’un commun accord avec le collège échevinal. Il s’agira aussi de veiller à ce que ce chantier et celui de la Grand-rue puissent être réalisés parallèlement. Le bourgmestre a parlé d’un petit retard. Il est dû à une étude écologique réalisée sur un terrain par lequel passera la bretelle d’accès. Mais le collège échevinal ne pense pas que cela causera des problèmes. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) espère qu’il ne faudra pas patienter plus longtemps. Il précise que les 75 appartements créés sur ce site seront mis en vente.

Le conseil communal décide avec 15 voix oui, une voix non et une abstention d’approuver la modification ponctuelle du PAG «Entrée en ville» à Differdange.

Merci. Nach e wichtege Projet ass d’«Terrasses de Differdange». Endlech, kann een hei awer soen, geet do e PAP haut hoffentlech duerch deen heite Gemengerot. Wéi der gesinn hutt, d’Strooss ass amgaange frësch gemaach ze ginn. Op deen heite PAP waarde mer awer scho sechs, siwen, aacht Joer! Mir hunn och schonn iwwer ee Joer versprach kritt, „et ass elo“, „et ass elo“. De Moien hu mer den Datum kritt. Virun zwee Méint war et nach Mäerz! De Moien hu mer dann den Datum kritt, datt et Mee wär, wou mer da géifen ufänken. Här Muller, et ass erëm un Iech.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Elo maachen ech et awer wierklech kuerz. Dat hei kennt jo bal jiddwereen. Et ginn am Ganze 75 Logementer. 9 Residenzen am Ganzen. Dir kennt jo déi Procédure, also d’Convention d’exécution. Wann der dat do duerchgelies hutt, hutt der gesinn, dass weider näischt dra beschriwwen ass, wéi dat, wat realiséiert gëtt. Wéi eng Partien un d’Gemeng ofgedroe ginn. Dat ass 21% vum Terrain. A wat och drasteet, ass, wéi mer dat regelen. Mir hu jo ëmmer déi Prozedur, dass mir d’Spillplaze selwer amenagéieren an hei gëtt eng fräi Plaz amenagéiert. D’Spiller setze mir drop. Do trëtt de Promoteur 25.000 Euro un eis of, fir dat ze miwweléiere mat Spiller. An dann och d’Luuchten. Fir dass mer eng Uniformitéit an der Gemeng kréien, stelle mir och ëmmer d’Luuchtepottoen an d’Luuchte bäi. Dat ass an der Regel 8.000 Euro pro Potto an dat wär hei fir 50.000 Euro. Et ass och esou, dass all Kéiers de Choix vum Material definitiv mat eis ofgestëmmt gëtt.

26

Also wat do agesat gëtt am Belag, an deene ganzen Infrastrukturen, déi mir hei herno iwwerhuelen. A wat nach wichteg ass, ass, dass mer och oppassen, dass dat e bësse synchron geet mat der Groussstrooss, dass déi Chantiere sech net géigesäiteg behënneren. Ech muss allerdéngs soen — den Här Buergermeeschter hat net gesot firwat —, datt mir e klenge Retard kritt hunn. Et ass elo fir de Mee — dat ass jo net méi esou laang — well déi Zoubréngerstrooss elo iwwer deen Terrain niewendru geet. Do ass momentan nach eng kleng Etude écologique amgaangen am ieweschte Beräich, well mer do e bëssen an deen ieweschte Beräich stoussen. Mir mengen awer net, dass mer do Problemer géife kréien. Dat ass awer d’Ursaach, firwat et net am Mäerz lassgeet, mä awer am Mee eréischt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Hoffe mer, datt déi kleng Problemer net mat sech bréngen, datt mer nach méi laang musse waarden. Ech wëll just soen, datt déi 75 Wunnengen, déi do geschaf ginn, an de Verkaf ginn. Ech wollt dat just preziséieren, well dat awer vläicht net onwichteg ass. Wann do keng Wuertmeldung ass… Dach. Dat ass absolut kee Problem, Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech wëll iech just derzou e puer Explikatioune ginn, wéi mer dës Kéier exemplaresch mam Ëmweltdossier ëmgaange sinn als Ëmweltkommissioun, als Ëmweltschäffen an an Zesummenaarbecht mam Schäfferot. Dacks gëtt gesot, datt op engem Terrain, wou eppes Neies drop kënnt, och villes ewech flitt. An dësem Fall ass dat effektiv och esou. An do ass an der Zäit einfach emol esou lässeg driwwer ewechgaange ginn. Ech wëll einfach zu


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.