INFOBLAT °01 2018

Page 26

2. Finances communales Une première réunion a eu lieu. Il faudra réaliser des études complémentaires. Les frais pour ces études seront financés à 50 % par la commune et à 50 % par l’investisseur. Si le projet est réalisé, la commune sera intégralement remboursée. L’éclairage public sera modernisé. Chaque année, le budget prévoit des fonds, mais Georges Liesch trouve que cela ne va pas assez vite non plus. Cent-quatre-vingt-mille euros seront destinés à réduire substantiellement les frais. Tous les passages pour piétons seront adaptés aux personnes handicapées et illuminés. La priorité sera accordée au «Séchere Schoulwee». Pour ce qui est des primes aux citoyens, le montant passe de 100 000 € à 50 000 €. Et ce, non pas parce que le collège échevinal veut faire des économies, mais parce que peu de citoyens demandent des subsides. Le collège échevinal a toutefois l’intention de promouvoir ses primes. Si la demande devait augmenter, le budget serait bien entendu revu à la hausse. L’assainissement de bâtiments existants permettra à la commune de faire des économies d’énergie. Il faudra investir massivement dans ce domaine. Le service énergie devra se montrer plus actif.

LAURA PREGNO (DÉI GRÉNG) va donner un aperçu de ses ressorts en commençant par l’égalité des chances. Le budget alloué a augmenté considérablement et est passé de 40 000 € à 70 000 €. Le collège échevinal veut faire de l’égalité des chances une priorité. L’équipe du wok a plein d’idées et le collège échevinal veut lui donner les moyens financiers de les réaliser. Des projets comme la Journée internationale de la femme, la Journée internationale de l’homme, la Journée internationale du handicap, etc. seront reconduits. En partenariat avec le service des structures d’accueil, les enfants seront sensibilisés à ces thèmes. Un des nouveaux projets concerne le sentiment d’insécurité dans la ville.

Et geet awer och ëm eise Wandpark-Projet. Ech soen „eise Wandpark”. Et ass jo eigentlech en Investor, deen de Wandpark mécht, wou mer awer enk mat deem zesummeschaffen, an och als Gemeng jo d'Intentioun hunn, ze partizipéieren un deem Projet. Do ass eng éischt Reunioun gewiescht, eng Aart Scoping-Reunioun, wou also nach Zousazetüde gefrot gi sinn, déi mer dann am selwechte Modus maachen, wéi mer dat bis elo gemaach hunn, wou mer eis déi Etüdëkäschte mam Investor deelen. 50/50. A wann et dann zur Realiséierung kënnt, wäerten déi Fraisen natierlech och integral erëm un d'Gemeng zeréck fléissen, oder mir wäerte se als Kapital an déi Anlag investéieren. Duerfir sinn déi 425.000 Euro geduecht.

Ee vun deene wichtegste Punkten hei an der Stad Déifferdeng, fir d'Energie erofzedrécken, ass sécher net méi bei den Neibauten, well där hu mer der net méi esou vill, mä ganz kloer de Sanéierungsbedarf vum Albau, wou mer déi meeschten Aspuerpotentialer wäerten hunn. Do musse mer an deenen nächste Jore massiv investéieren. Dat ass am Fong och d'Zil vun eisem Service Energie, fir an deem Beräich méi aktiv ze ginn.

Mir wäerten awer och eisen Eclairage public weider moderniséieren. Dat ass all Joer am Budget. An och do, muss ech soen, geet et mir net schnell genuch. Mir hunn och do eng Baisse. Dat heescht, eisen Energieverbrauch vum Eclairage public geet erof. Awer och do geet et mir net schnell genuch. Mir hunn 180.000 Euro an de Budget gesat, fir dëst Joer substanziell Energiekäschten anzespueren. D'Prioritéit läit ganz kloer op de Foussgängerweeër, déi mer net nëmmen alleguerte wäerte behënnertegerecht maachen, mä am selwechte Coup och beliichten. Sou dass déi mol alleguerten anstänneg beliicht sinn, mat der Prioritéit natierlech um séchere Schoulwee, mat deene mer wäerten ufänken.

Merci och, Här Liesch. Da géif ech d'Wuert der Madame Pregno ginn. Madame Pregno, Dir hutt d'Wuert.

Als leschte Punkt hunn ech nach d'Primë fir d'Bierger. Dir gesitt, dass mer déi Subsidë vun 100.000 Euro, déi mer ageschriwwen haten, reduzéiert hunn. Dat ass net, well mer manner Sue wëllen ausgi fir eis Bierger, mä well mer feststellen, dass déi Subsiden, déi mer do ausgeschafft hunn, bei de Bierger nach net ukomm sinn. D'Demandë vun de Leit si wesentlech méi kleng wéi déi 100.000 Euro. Duerfir hu mer elo emol 50.000 Euro dra gesat. Mä mir hunn awer kee Problem domat, wa mer et fäerdeg bréngen, an dat wëlle mer maachen, méi Subsidereglementer ënnert d'Leit ze bréngen, hinne méi ze erklären, wat se vun der Gemeng u Sue kënne kréien, wa se an hir Haiser investéieren, dee Montant dann erëm eropzesetzen, en cours de l'année, wa mer dat feststellen.

26

Voilà. Dat war et fir meng Beräicher. Ech soen Iech Merci fir d'Nolauschteren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

SCHÄFFE LAURA PREGNO (DÉI GRÉNG): Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen an Hären aus dem Gemengerot, elo ass da mäin Tour, Iech e kuerzen Iwwerbléck ze verschafen, wat déi Ressorten ugeet, déi ech am Moment besetzen. Ech fänken u mam Ressort Egalité des chances. E Service, deen dëst Joer am Budget e gudde Krack méi héich ass wéi dat Joer virdrun. D'Zomm ass awer nach ëmmer iwwersiichtlech. Mir leien op 70.000 Euro. Virdru knapp 40.000 Euro. Dat entsprécht dem Wëlle vum aktuelle Schäfferot. Mir wëllen do vermehrt Akzenter an der Chancëgläichheet setzen. Eis Equip am Wok quëllt iwwer vun Iddien a Projeten. A mir wëllen hinnen déi néideg Finanzmëttele stellen. Och wéi déi lescht Jore ginn d'Projeten zur Gläichstellung vu Mann a Fra, den internationalen Dag vun der Fra, den internationalen Dag vum Mann, den internationale Behënnertendag etc., etc. weidergefouert. Mir wäerten awer a Kooperatioun triede mam Service vun de Structures d'accueil, fir d'Kanner vu Klengem un un déi Themen erunzeféieren, fir dass mer do kënne beschtméiglech schaffen.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.