DIFFMAG °02 2019

Page 14

14 NEWS

© Claude Piscitelli

RTL-MEGAFUESEND

MALLE ALAAAAAAAAAF Fuesboken opgepasst: Déi 12. Editioun vun der RTL-MEGAFGUESEND steet un, dës Kéier ënnert dem Motto: Malle Alaaf. MUSEK, ANIMATIOUN A SPILLER

An Zesummenaarbecht mat véier lokale Veräiner an der „Commission des festivités“ organiséiert d’Stad Déifferdeng vum 1. bis 3. Mäerz den ultimative Fuesweekend um Parking Centre-ville (fréiere Parking Contournement) – e Must fir all Fuesgeck!

Op déi Kleng waart déi 9. Editioun vum Mini Clochard’s-Bal um Fuessonndeg, 3. Mäerz, vu 15 bis 18 Auer am Festzelt. Fir 5 Euro kënne sech Kleng a Grouss hei formidabel ameséieren, an et gëtt flott Präisser ze gewannen.

IKKE HÜFTGOLD A LORENZ BÜFFEL

PRAKTESCH INFORMATIOUNEN

Startschoss ass e Freideg den Owend, 1. Mäerz ab 19 Auer mam bekannten DJ-Duo Hoffi-Zambezi. Direkt am Uschloss geet et weider mam Lorenz Büffel, dem Ikke Hüftgold a weidere bekannten Artisten wéi dem Isi Glück, dem Axel Fischer, Honk an Tobee.

Den Entréespräis fir de Clochard's-Bal a Malle Alaaf läit bei 15 Euro (VVK: 10 Euro). Tickete mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.luxembourg-ticket.lu.

NEIEN ORCHESTER: NOISEMAKERS Um Fuessamschdeg ab 21 Auer geet et viru mam traditionelle Clochard’s-Bal, dee mëttlerweil ee vun de beléiftste Fuesbaler am Süden ass. Fir Superstëmmung suergen hei wéi ëmmer de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes, de fantasteschen Duo Jeannot Conter a Rol Girres a fir déi éischte Kéier d’Orchester Noisemakers.

Mat Ärem Entréesticket ass den ëffentlechen Transport gratis, an d’Déifferdenger Gare ass op 200 m. Och déi 4 Linne vum Diffbus fuere freides a samschdes bis 3 Auer moies. Also profitéiert dovun, fir nom Feiere sécher heemzekommen. Parkméiglechkeete gëtt et um Parking des Hauts-Fourneaux.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.