Page 90

d a t Sied r b

, g n e d l e Greiwedemes i r b d Sta

u l . s u m i d e r b t d a t s . w w w

D'Muselzeidung bedeit fir mech a meng Gemeng...

D’Muselzeidung ass iwwer d’Joren zu engem feste Bestanddeel vun de Printmedien an der Muselgéigend ginn. Nieft de Reportagen iwwer waat wou lass wor (a ween dann erëm alles do wor), a wou da geschwënn erëm eppes lass wäert sinn, ass et eng vun de beschte Méiglechkeete fir Geschäftsleit, Handwierksbetriber a Veräiner an „hirer“ Regioun hir Servicer an Offeren un d’Leit ze bréngen. Dass d'Muselzeidung och nach an Zäite vun Internet a Social Media hir Wichtegkeet huet, gesäit een drun, dass se bei de meeschten Haushalter, direkt wann se ukënnt, vu bal der ganzer Famill duerchgebliedert gëtt, an dass se och an de meeschten Haushalter méi laang wéi aner Publikatiounen op dem „Zeidungsstapel“ gehal gëtt. Den Erfolleg gëtt der Redaktiounsequipe also Recht, a mir felicitéieren zum 35-järege Gebuertsdag a wënschen och fir d’Zukunft vill Erfolleg. Marco Albert, Buergermeeschter vun der Gemeng Stadbriedemes

90 | 35 jahre muselzeidung

Muselzeidung 434