Page 50

e n n e L g n e n n e L , h c e n a C

u l . n e g n i n n e l . w w w

D'Muselzeidung bedeit fir mech a meng Gemeng... 35 Joer Muselzeidung, dat ass zwar kee ronne Gebuertsdag, mä trotzdem e Gebuertsdag, dee ka gefeiert ginn. 35 Joer ass nämlech eng laang Zäit, déi mat vill Ustrengungen an Engagement verbonnen ass. An nëmmen duerch d’Leidenschaft vun all deene Leit, déi un der Muselzeidung un iergendenger Form matgeschafft hunn, respektiv nach ëmmer matschaffen, huet d’Muselzeidung et fäerdeg bruecht och haut, an Zäiten an deenen d’Print-Medien engem enormen Drock duerch d’Online-Konkurrenz ausgesat sinn, nach ëmmer seng Daseinsberechtegung ze hunn. Déi Daseinsberechtegung huet d’Muselzeidung sech doduerch opgebaut, dass si de Lieser eppes gebueden huet, wat déi “grouss” Zeitungen net konnten oder wollten, nämlech Berichter a Fotoen iwwert och déi kleng lokal Geschichten an Evenementer aus eiser Géigend. Deemno sinn ech frou, dass d’Muselzeidung och scho sëlleche Kéieren iwwert Evenementer aus der Gemeng Lenneng bericht huet. An deem Sënn wënschen ech der Muselzeidung alles Guddes fir hir 35 Joer a freeë mech op eng weider gutt Zesummenaarbecht! Arnold Rippinger, Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng

50 | 35 jahre muselzeidung

Muselzeidung 434  
Advertisement