Page 36

l e u D , f e r d h c s l ë F , m e g l n e e u r D Welf u l . m i e h l a d . www

D'Muselzeidung bedeit fir mech a meng Gemeng... Och an der heideger Mediëwelt, déi ëmmer méi staark duerch déi sougenannte « sozial Medie » beaflosst gëtt, kënnt der geschriwwener Press ëmmer nach eng wichteg Roll zou a si behält hire Wäert an enger verännerter Kulturlandschaft, well si als bleiwend Dokument iwwer Jorzéngten ewech d’Entwécklung an d’Aktivitéite an der Regioun, am Land, an der ganzer Welt dokumentéiert. Zu Lëtzebuerg huet d’Traditioun vum Zeitungliesen zwar och ënner deene « moderne Medie » gelidden, mee déi wéinegst vun äis kënnte ganz op hir Zeitung oder hir Zäitschrëft verzichten. Dat beweist och d’Beléiftheet vun der Muselzeidung, déi sech zënter 35 Joer d’Vermëttlung vu kulturellen a gesellschaftleche Manifestatiounen am Oste vum Land zur Aufgab gemaach huet, an sech domatt hir eege Plaz geschafen huet. Kleng Berichter a virun allem vill Fotoe suerge Mount fir Mount derfir, dass d’Leit aus der Regioun am Bild sinn a bleiwen, wat ronderëm si esou passéiert. Dofir ass d’Muselzeidung um regionale Plang och kaum ewechzedenken a verdéngt, zesumme mat all hire Mataarbechter, eise Respekt an eis Unerkennung. Am Numm vum Schäfferot a vum Gemengerot vun der Gemeng Duelem wëll ech dofir bei Geleeënheet vum 35järege Bestoen häerzlech gratuléieren, an och fir d’Zukunft all Guddes wënschen. Joseph Heisbourg, Buergermeeschter vun der Gemeng Duelem

36 | 35 jahre muselzeidung

Muselzeidung 434  
Muselzeidung 434  
Advertisement